ZONE
30
MANNER ASS MÉI
FIRWAT ZONE 30 KM/H? Den iwwerall spierbare Wonsch no enger Verbesserung vun der Liewensqualitéit an de Gemengen hängt an entscheedendem Mooss vun der Verkéierssécherheet a Schutz vun den Awunner virum Verkéierskaméidi an den Ofgasen of. Well eng Reduzéierung vun der erlaabter Vitesse virun allem eng erhéichte Verkéierssécherheet bedeit, gouf vun de Gemengeverantwortlechen eng Étude iwwert eng flächendeckend Aféierung vun Tempo 30-Zonen op alle Gemengestroossen an Optrag ginn. Dat geplangten Tempo 30-Konzept huet mëttlerweil all Genehmegungsinstanzen duerchlaf a gëtt den 30. Oktober 2017 an der Gemeng Kielen agefouert.
Guy SCHOLTES > Buergermeeschter Lucien KOCH > Schäffen Felix EISCHEN > Schäffen
POURQUOI LES ZONES 30 KM/H? Répondant à une demande généralisée, l’amélioration de la qualité de vie dans les communes est largement tributaire de la sécurité routière et de la protection des riverains contre les bruits de la circulation et les gaz d’échappement. Étant donné qu’une réduction de la vitesse maximale autorisée entraîne avant tout une amélioration de la sécurité routière, les responsables communaux de Kehlen ont fait élaborer une étude relative à la création généralisée de zones 30 km/h dans l’ensemble des rues communales. Le plan pour l’introduction des zones 30 km/h, ayant à présent passé toutes les procédures administratives, entrera en vigueur dans la Commune de Kehlen pour le 30 octobre 2017.
Guy SCHOLTES > Bourgmestre Lucien KOCH > Echevin Felix EISCHEN > Echevin
AVANTAGEN MÉI KLENGE BREMSWEE
Tempo 30 kann Liewe retten! Opgrond vun der méi klenger Vitesse verkierzt sech den “Anhalteweg” vun engem Gefier dramatesch. Bei enger Vitesse vun 50 km/h brauch ee Chauffer 26m, fir säi Gefier un d’Stoen ze bréngen. Dës Streck setzt sech aus engem Reaktiounswee (zeréckgeluechte Streck bis ee Chauffer ee plëtzlecht Hinderniss erkennt a mat Bremsen ufänkt) vu 14 m an dem eigentlechen Bremswee vun 12 m zesummen. Mat enger Vitesse vun 30 km/h brauch ee Chauffer nëmmen 13 m (8 m Reaktiounswee a 5 m Bremswee) fir stoen ze bleiwen. Ee Chauffer kënnt also bei enger Vitesse vun 30 km/h virun engem Hinderniss zum Stoen (“Anhalteweg” = 13 m), während en bei 50 km/h nach guer net ugefaangen huet mat Bremsen (Reaktiounswee = 14 m) an domat mat voller Vitesse mat dësem kollidéiert. Den Opprall entsprécht engem fräie Fall aus 10 m Héicht.
Reaktiounswee / Distance de réaction: 14 m
De Risiko vun engem déidlechen Accident ass mat 30 km/h 4x méi kleng wéi mat 50 km/h.
Bremswee / Distance de freinage: 12 m Total: 26 m
REDUZÉIERUNG VUM KAMÉIDI
Duerch eng Reduzéierung vun der Vitesse vu 50 km/h op 30 km/h hëllt de Geräischpegel ëm 3 dB of, wat ongeféier der Halschent entsprécht vum empfonnte Kaméidi.
WÉINEG ZÄITVERLOSCHT
D‘Tempo 30-Zonen bezéie sech nëmmen op Gemengestroossen. D‘Angscht vun de „besonnesch presséierten” Autoschaufferen, dass déi Vitessereduzéierung vun 30 km/h een onzoumuttbaren Zäitverloscht duerstellt, ass domat net gerechtfäerdegt. Bei enger duerchschnëttlecher Streck vun 300 bis 600 m bis zu der nächster Haaptstrooss (wou weiderhin mat 50 km/h gefuer kann ginn) ergëtt sech een Zäitverloscht vu just 15 bis 30 Sekonnen.
ERWEIDERUNG VUM SIICHTFELD
De Chauffer lenkt säi Bléck normalerweis op ee Punkt, op deem hie sech 2 bis 3 Sekonne méi spéit befënnt. Duerch d‘Erofsetze vun der Vitesse verbessert sech d‘Wahrnehmung vum Chauffer fir säin Ëmfeld an heiduerch bleift dem Chauffer méi Zäit, fir op Onviraussiichtleches ze reagéieren an Accidenter ze vermeiden. Domat huet d’Siichtfeld een direkten Afloss op d‘Verkéierssécherheet.
71 dB
AVANTAGES DISTANCE DE FREINAGE RÉDUITE
Reaktiounswee / Distance de réaction: 8m Bremswee / Distance de freinage: 5m
Les zones 30 km/h peuvent sauver des vies! La réduction de la vitesse entraîne une réduction très significative de la distance d’arrêt du véhicule. En roulant à 50 km/h, un véhicule parcourt une distance de 26 m avant de s’arrêter. Cette distance se compose de la distance de réaction (distance parcourue entre le moment où le conducteur aperçoit un obstacle imprévu et le moment où il commence à freiner) de 14 m et de la distance de freinage proprement dite de 12 m. À 30 km/h, le véhicule ne parcourra que 13 m (distance de réaction de 8 m et distance de freinage de 5 m) avant de s’arrêter. Un véhicule roulant à 30 km/h s’arrêtera devant un obstacle (distance d’arrêt = 13 m), avant que le conducteur d’une voiture roulant à 50 km/h n’ait commencé à freiner (distance de réaction = 14 m), qui entrerai ainsi en collision avec l’obstacle sans même avoir ralenti. Cet impact est comparable à une chute libre d’une hauteur de 10 m. A une vitesse de 30 km/h, le risque d’une blessure mortelle est réduit par 4 par rapport à une vitesse de 50 km/h.
Total: 13 m
RÉDUCTION DU BRUIT 68 dB
La diminution de la vitesse de 50 km/h à 30 km/h entraîne une réduction considérable du bruit de 3 dB, ce qui correspond à une réduction de ca. 50% du bruit perçu.
PERTE DE TEMPS MINIMALE
Les zones 30 km/h ne concernent que les quartiers résidentiels. Les craintes des automobilistes pressés, que la vitesse limitée à 30 km/h entraînerait des pertes de temps intolérables, sont sans fondement. En effet, vu que la distance moyenne jusqu’à la prochaine rue principale est comprise entre 300 et 600 m (où l’on peut rouler à 50 km/h), la perte de temps occasionnée va de 15 à 30 secondes seulement.
CHAMP VISUEL ÉTENDU
Le conducteur a l’habitude de fixer son regard sur l’endroit où il se trouvera dans les deux à trois secondes qui suivent. En ralentissant, sa perception des alentours est améliorée et il dispose de plus de temps pour pouvoir réagir et éviter ainsi une éventuelle collision. Le champ visuel a donc une répercussion directe sur la sécurité des usagers de la route.
VIRGABEN
VUM NOHALTEGKEETSMINISTÈRE
Am Agang vun den Zone 30 km/h D’Entrée gëtt duerch d‘Beschëlderung vun der Tempo 30-Zone oder duerch eng Vitessebegrenzung 30 km/h charakteriséiert. Den eenzegen Ënnerscheed ass, dass et sech bei enger Tempo 30-Zone ëm ee Wunngebitt mat e puer zesummenhängende Stroossen handelt. D‘Beschëlderung vun der Vitessebegrenzung op 30 km/h gëllt just fir eng eenzel Strooss. All weider Virschrëfte gëlle souwuel an der Tempo 30-Zone wéi och a Stroossen, déi op 30 km/h reduzéiert sinn. Den Ufank an de Schluss vun den Tempo 30-Zonen gëtt dem Chauffer mam Schëld „Zone 30 km/h“ oder „30“ ugewisen. D’Entrée an esou eng Zone 30 km/h gëtt, wa méiglech, mat engem rout ënnerluechten Zebrasträife verdäitlecht. Weiderhin gëtt eng maximal Stroossebreet zwëschen den Trottoiren vu 5 m (bzw. 4,5 m optesch mat Markéierung) an der Zonenentrée virgeschriwwen. Bei méi breede Stroosse gëtt d’Zonenentrée entspriechend mat enger säitlecher Insel agëengt. Insgesamt sinn 67 Zonenentréeën an der Gemeng Kielen geplangt. Dovun erfëllen 47 Afaarten haut schonn d’Virschrëften vun enger Zone 30 km/h Afaart (d.h. et ginn nëmmen Zone 30 km/h Schëlder opgestallt an evtl. Zebrasträifen agezeechent). 20 Entréeën mussen nach zousätzlech mat Inselen agëengt ginn.
PRESCRIPTIONS DU MINISTÈRE DU DÉVELOPPEMENT DURABLE ET DES INFRASTRUCTURES Entrée des zones 30 km/h L’entrée est signalée par le signal « zone 30 km/h » ou par une limitation de vitesse à « 30 km/h ». Seule différence entre les deux signalisations est qu’une zone 30 km/h consiste dans une liaison de plusieurs rues dans un quartier résidentiel. La limitation de vitesse à «30 km/h» s’applique uniquement sur des rues solitaires. Toutes les autres instructions sont valables pour les zones 30 km/h ainsi que pour les rues avec une limitation de vitesse à 30 km/h. Le début et la fin des zones 30 km/h sont signalés aux conducteurs par le signal « zone 30 km/h » ou « 30 ». Les entrées en zone 30 km/h sont avisées, si possible, d’un passage pour piétons au fond rouge. En outre, une largeur maximale entre les bords de chaussée de 5 m (4,5 m par rétrécissement optique) est obligatoire à l’entrée de la zone. Pour les rues plus larges, l’entrée en zone est rétrécie de manière appropriée par un îlot directionnel latéral. Au total, 67 entrées de zones sont planifiées dans la Commune de Kehlen, dont 47 sont d’ores et déjà conformes aux réglementations (c-à-d. que la mise en place de signaux zone 30 km/h et l’évtl. marquage d’un passage pour piétons est suffisant). 20 entrées font supplémentairement l’objet d’un rétrécissement au moyen d’îlots.
An den Tempo 30-Zonen Riets-Virfahrt op alle Kräizungen An enger 30-Zone ginn all Virfahrten als „Riets-viru-Lenks” geregelt. An den geplangten Zonen an der Gemeng Kielen sinn haut schonn 68 vun 92 Kräizungen „Riets-viru-Lenks” geregelt, sou dass op 23 Kräizungen d’Virfahrt geännert gëtt. Ee bestehenden Rond-Point zu Kielen gëtt aus Sécherheetsgrënn net an eng „Rietsviru-Lenks“-Regelung ëmgewandelt. Generell kee Sens-Unique Well a Sens-Uniquen generell méi séier gefuer gëtt, verlaangt den Nohaltegkeetsministère, dass d’Sens-Uniquen op ee Minimum reduzéiert ginn. Nëmmen do, wou d’Strooss ze schmuel ass bzw. d’Gefor vum Schläichverkéier ze grouss ass, kënnen d’Sens-Uniquen erhale bleiwen.
Generell keng Zebrasträifen Mat der reduzéierter Vitesse an den Tempo 30-Zonen sollen d’Foussgänger d‘Méiglechkeet kréien, do iwwert d’Strooss ze goen, wou si wëllen. Een Ëmwee iwwert een Zebrasträife muss domat net a Kaf geholl ginn. Den Nohaltegkeetsministère verlaangt deemno d‘Zebrasträife bannen an den Tempo 30-Zonen op ee Minimum ze reduzéieren.
A l’intérieur des zones 30 km/h Priorité de droite s’applique toujours Il existe dans les zones 30 km/h projetées dans la Commune de Kehlen 92 intersections à l’intérieur desdites zones dont 68 sont déjà réglées à priorité de droite. 23 modifications de la règle de priorité sont encore nécessaires. Il y a seulement un rond-point à Kehlen qui ne se soumet pas à la priorité de droite.
En principe pas de sens-uniques Vu que la vitesse de circulation est plus élevée en sens-unique, le Ministère du Développement durable et des Infrastructures oblige de réduire le nombre des sens-uniques avec l’introduction des zones 30 km/h. En cas d’un gabarit étroit et en cas d’un danger de trafic clandestin élevé, les sens-uniques ne seront pas mis en question. En principe pas de passages pour piétons Avec l‘introduction des zones 30 km/h et la réduction sensible des vitesses de circulation, les piétons doivent avoir en principe la possibilité de traverser la rue sans détour par un passage pour piétons existant. Ainsi, le Ministère du Développement durable et des Infrastructures demande une réduction maximale du nombre de passages pour piétons dans les zones 30 km/h.
Reduzéiert Stroossenbreet Well breet Stroossen zu enger erhéichter Vitesse verleeden, erlaabt d’staatlech Verkéierskommissioun bannen an den Tempo 30-Zonen eng maximal befuerbar Stroossebreet vu 5,5 m. All Stroossen, déi méi breet wéi 5,5 m sinn, mussen entspriechend agëengt ginn. Fir eng flächendeckend Aféierung vun Tempo 30 an der Gemeng ze erlaben, sou wéi et den Nohaltegkeetsministère verlaangt, gëtt d’Anengung net baulech mee mat Markéierungen vu Parksträifen duerchgefouert. Dëst ass méi séier a méi bëlleg ze realiséieren. Parksträifen gi generell bei Stroossebreeten iwwer 6 m realiséiert. Domat gëtt d’Strooss optesch agëengt an entsprécht den Virschrëften vum Nohaltegkeetsministère. Fir d’Verkéierssécherheet nach méi ze erhéijen, ginn d’Parksträifen ofwiesselnd riets an lenks säitlech ëmgesat. Domat ginn déi riicht Achse vun der Strooss am Sënn vun enger Vitessereduzéierung gebrach. D’Parksträife ginn och virun den Entréeë vun de Privatterrainen (z.B. bei Garagenentréeën) net ganz ënnerbrach. Dëst entsprécht den allgemengen Ëmsetzungsvirschléi vum Nohaltegkeetsministère an den Tempo 30-Zonen. Dëst erlaabt dem Propriétaire, selwer virun der Entrée zu sengem Privatterrain ze parken. Falls net anescht reglementéiert a beschëldert, dierf op der géigeniwwerleiender Säit vum Parksträife geparkt ginn, soulaang eng Fuerbunnbreet vun op mannst 3,5 m bestoe bleift.
Réduction de la largeur de rue Vu que de larges rues incitent les automobilistes à rouler à des vitesses plus élevées, le Ministère du Développement durable et des Infrastructures n’autorise qu’une largeur optique maximale de chaussée de 5,5 m à l’intérieur des zones 30 km/h. Toutes les routes ayant un gabarit supérieur à 5,5 m doivent être rétrécies. En vue d’une introduction généralisée des zones 30 km/h dans toutes les rues communales, tel qu’il est demandé par le Ministère du Développement durable et des Infrastructures, le rétrécissement ne sera pas réalisé sous forme constructive, mais à l’aide de marquages au sol, par l’intermédiaire d’une bande de stationnement ce qui économise du temps et de l’argent. Le marquage des bandes de stationnement est en principe prévu dans les tronçons routiers avec un gabarit supérieur à 6 m. En vue de réduire la vitesse de circulation et d’augmenter par-là la sécurité routière, les bandes de stationnement sont alternées du côté gauche et droit. Les bandes de stationnement ne sont pas interrompues devant les entrées privées (p.ex. entrée de garage). Ainsi le propriétaire peut stationner lui-même devant son accès privé. Ce type de marquage correspond aux propositions du Département des Transports du Ministère du Développement durable et des Infrastructures à l’intérieur des zones 30 km/h. Le stationnement au côté opposé de la bande de stationnement n’est pas interdit, si ce n’est pas réglementé et signalé comme tel, tant qu’un gabarit routier de 3,5 m est garanti.
CODE DE LA ROUTE ALLGEMENG REGELEN
Et sief nach op dëser Platz un déi allgemeng Regele vum Code de la Route erënnert, déi d’Parken op ëffentleche Stroossen betreffen: • Ee geparktent Gefier dierf de fuerende Verkéier net behënneren, d.h. eng Breet vun mindestens 3,5 m soll fräigehale ginn. Dës Breet erlaabt een Duerchkommen vu méi breeden Gefierer wéi z.B. Ambulanzen, Pompjeeën, Dreckswon, Schoulbusser oder landwirtschaftleche Maschinnen. (Extrait Code de la Route, art.165-c : Tout véhicule doit être placé de manière de ne pas gêner la circulation des autres usagers de la route et notamment celle des véhicules des services réguliers de transports en commun et des véhicules en service urgent). • Parken um Trottoir, wann net anescht signaliséiert, ass net erlaabt (och net mat 2 Rieder). Dëst gëllt fir all Stroossen, onofhängeg dovun, ob ee Parksträife besteet oder net. (Extrait Code de la Route, art.166-d : Le stationnement des véhicules est interdit sur les parties de la voie publique réservées aux piétons ou à d’autres usagers, sauf signalisation contraire). • Entréeën zu ëffentlechen a privaten Terrainen dierfen net blockéiert ginn. (Extrait Code de la Route, art.165-d : Tout véhicule doit être placé de manière de ne pas entraver les entrées ou les sorties des garages publics ou privés, les accès carrossables des immeubles ainsi que les accès des places de parcage publiques ou privées).
«CODE DE LA ROUTE» RÈGLES GÉNÉRALES
Il se propose un petit rappel des règles générales du « Code de la Route » traitant le stationnement sur les voiries publiques : • extrait Code de la Route, art.165-c: Tout véhicule doit être placé de manière de ne pas gêner la circulation des autres usagers de la route et notamment celle des véhicules des services réguliers de transports en commun et des véhicules en service urgent.
• extrait Code de la Route, art.166-d: Le stationnement des véhicules est interdit sur les parties de la voie publique réservées aux piétons ou à d’autres usagers, sauf signalisation contraire.
• extrait Code de la Route, art.165-d: Tout véhicule doit être placé de manière de ne pas entraver les entrées ou les sorties des garages publics ou privés, les accès carrossables des immeubles ainsi que les accès des places de parcage publiques ou privées.
• Dës weidere gëllt laut Artikel 166 vum Code de la Route e Parkverbuet ob enger Distanz vu manner wéi 5 m zum Zebrasträifen oder zur nächster Kräizung, an 12 m béidsäiteg vun enger Bushaltestell (falls déi net duerch Markéierungen anescht reglementéiert sinn).
DEN ERFOLLEG LÄIT OP DER HAND
Méi wéi d’Halschent vun den déidlechen Accidenter op eise Stroosse sinn op eng ze héich Vitesse zeréckzeféieren. Vun dohier ass d’Aféierung vun Tempo 30-Zonen op de Gemengestroossen vun der Gemeng Kielen staark ze begréissen. Wee méi séier wéi 50 km/h duerch eng Tempo 30-Zone fiert, riskéiert eng Geriichtsaffär wéint „délit de grande vitesse” mat engem entspriechende Punkteverloscht op dem Führerschäin!
• Entre autre le stationnement est interdit selon article 166 du Code de la Route: à moins de 5 m d’un passage pour piétons, à moins de 5 m d’un carrefour resp. de 12 m des deux côtés d’un arrêt bus (s’il n’y a pas de marquage contraire qui l’autorise).
LES AVANTAGES SAUTENT AUX YEUX
Plus de la moitié des accidents mortels sur nos routes sont dus à des excès de vitesse. Ainsi faut-il saluer la création de zones 30 km/h sur le réseau des routes communales de la commune de Kehlen. Quiconque roulant à plus de 50 km/h à l’intérieur d’une zone 30 km/h perdra des points sur son permis de conduire et risque d’être condamné pour « délit de grande vitesse » !
«ZONE RÉSIDENTIELLE» (SPILLSTROOSS) D‘Konzept vun enger „Zone résidentielle“ (Spillstrooss) erlaabt et, de Verkéier ze berouegen, d‘Sécherheet ze erhéijen an d’Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren. An esou enger „Zone résidentielle“ as d‘Vitesse ob 20 km/h limitéiert. Am Ganze sinn 4 Stroossen an der Gemeng Kielen als „Zone résidentielle“ reglementéiert, déi sech all zu Nouspelt befannen: „A Réitchemouer“, „Op Bounenaker“, „Rue Georges Kayser“ an „Am Bongert“. An enger „Zone résidentielle“ gëtt den ëffentleche Stroosseraum nei definéiert, andeems keng vertikal Oftrennung méi tëschent Trottoir a Fuerbunn gemaach gëtt. All Benotzer vum Stroosseraum deele sech déi selwecht Fläch. Autoschauffeuren a Velosfuerer dierfen hei awer ob kee Fall d’Sécherheet vun de Foussgänger a Gefor bréngen, sou wéi d‘Foussgänger de Stroosseverkéier och net behënneren duerfen (Artikel 162ter vum Code de la Route). Jiddereen ass deemno obgefuerdert, sech obmierksam an rücksichtsvoll deem Aanere géigeniwwer am Stroosseraum ze verhalen. Nom Artikel 162ter vum Code de la Route as d‘Parken an den „Zones résidentielles“ grondsätzlech net erlaabt, ausser et existéiere markéiert Parkplazen. Des Weideren duerfen d‘Kanner, am Géigesaatz zur „Zone de rencontre“, an enger „Zone résidentielle“ (Spillstrooss) ob der Strooss spillen.
ZONE RÉSIDENTIELLE Le concept de la zone résidentielle permet d’apaiser le trafic, d’augmenter la sécurité routière et d’améliorer la qualité de vie des riverains. La vitesse maximale en zone résidentielle est limitée à 20 km/h. Au total, quatre tronçons de rues seront réglementés en zone résidentielle dans la commune de Kehlen. Ces zones résidentielles se situent tous à Nospelt : « A Réitchemouer », « Op Bounenaker » (partie dans l’Est), « Rue Georges Kayser » et « Am Bongert ». Dans les zones résidentielles, le rôle de l’espace public est redéfini et on ne différencie plus entre chaussées et trottoirs. Tous les usagers de la voie publique se partagent le même espace et les conducteurs de véhicules et les cyclistes ne doivent en aucun cas mettre en danger les piétons. Alors que les piétons peuvent utiliser toute la largeur de la voie publique, ils sont également obligés de ne pas entraver la circulation des autres usagers (article 162ter du Code de la Route). Tous les usagers doivent faire preuve d’un comportement plus attentif et prudent. En ce qui concerne le stationnement, il faut noter qu’en zone résidentielle « le stationnement des véhicules est interdit, sauf aux endroits signalisés ou marqués comme emplacements de stationnement ou de parcage » (article 162ter du Code de la Route). D’ailleurs, contrairement à la zone de rencontre, la zone résidentielle est une plateforme de jeux pour les enfants.
De séchere Schoulwee Mat de reduzéierte Vitessen an den Tempo 30-Zonen sollen d‘Foussgänger d‘Méiglechkeet kréien, do iwwer d’Strooss ze goen, wou si wëllen. Sou muss keen Ëmwee iwwer een Zebrasträifen a Kaf geholl ginn. Déi staatlech Verkéierskommissioun verlaangt deemno bannen an den Tempo 30 - Zonen d‘Zebrasträifen ob e Minimum ze reduzéieren. Fir de Schoulkanner eng gréisstméiglechst Sécherheet um Schoulwee ze garantéieren, gouf zesummen mat der Elterenvereenegung, der Schoulkommissioun an dem Léierpersonal vun der Gemeng Kielen ee Schoulweekonzept obgestallt. Dorobshin sinn d’Schoulweeër an enger éischter Phase zu Kielen reorganiséiert an entspriechend Zebrasträife speziell erfirgehuerwen ginn. Hei gëtt ob dem Schoulwee de neie Schoulwee-Logo „Piupiu“ op der Héicht vun den Zebrasträifen béidsäiteg um Trottoir obgepëscht. Déi Haaptschoulweeër goufen op Basis vun der Ëmfro „De séchere Schoulwee“ bei den Elteren vun de Kanner festgeluecht.
La sécurité sur le chemin de l’école Avec l’introduction des zones 30 km/h et la réduction sensible des vitesses de circulation, les piétons doivent avoir en principe la possibilité de traverser la rue sans détour par un passage pour piétons existant. Ainsi, la Commission de Circulation de l’Etat demande une réduction maximale du nombre de passages pour piétons dans les zones 30 km/h. En vue de garantir une sécurité maximale des élèves au chemin vers l’école, un concept de déplacement vers l’école a été élaboré en collaboration avec la commission scolaire, l’association des parents d’élèves de l’école primaire et le corps enseignant de la commune de Kehlen. Selon ce concept, les chemins domicile-école ont été réorganisés en une première phase dans la localité de Kehlen et les passages pour piétons concernés ont été signalés comme tels. Le nouveau logo « Piupiu » est marqué sur le trottoir à la hauteur des passages pour piétons au chemin vers l’école. Les chemins principaux vers l’école ont été définis sur base de l’enquête « De séchere Schoulwee » auprès des parents.
15, rue de Mamer L-8280 Kehlen T. 30 91 91 - 1 commune@kehlen.lu