
4 minute read
Poterbänken zu Déifferdeng
PROJET GÉINT ISOLATIOUN FR
S.42
Advertisement
Dir hutt se vläicht schonn entdeckt? An de verschiddene Quartieren an eiser Gemeng goufen elo fënnef Bänken engem neien Zweck zougefouert.
Drop sëtzen dierf ee sech natierlech nach ëmmer. Dës sougenannte Poterbänken sinn Deel vun engem neie Projet géint d’sozial Isolatioun hei zu Déifferdeng. Virun allem säit Corona huet d’Gefill vun Einsamkeet bei ville Mënschen nach zougeholl. Sech einsam ze fillen, ka sech negativ op d’Gesondheet auswierken an zu Erkrankunge wéi Depressioun féieren. Mat de Poterbänke wëll d’Stad Déifferdeng bewosst eng ganz einfach Méiglechkeet schafen, fir datt Mënsche vun all Alter an de verschiddene Quartieren erëm méi liicht Kontakt zuenee fannen an iwwert dëse Wee an d’Gespréich kommen a sech kenneléieren.
D’Iddi vun den „Chat benches“ ass schonn 2018 an England entstanen an huet sech iwwert déi sozial Medie séier op der ganzer Welt verbreet: an Nordamerika, Australien, Europa – elo och zu Déifferdeng. Déi fënnef Bänken an eiser Gemeng goufe mat engem Hiweis zu hirem neien Zweck markéiert a ginn nach faarweg bemoolt: vun eise Maisonrelaisen, dem Projet Outreach Youthwork, dem Jugendhaus an eisem CollecDiff.
Eng Iddi, déi verbënnt
Sech einfach hisetzen a Moie soen. Sech op e Gespréich aloossen mat Leit, déi ee soss am Liewen vläicht ni kennegeléiert hätt. Wie sech op dës Bänk sëtzt, weist, datt en oppen ass fir ee Gespréich. Mat der Poterbänk soll den Austausch tëschent Mënsche gefërdert ginn. Si soll Persoune vun all Alter, déi sech eleng fillen, erméiglechen, ganz einfach a Kontakt mat aneren ze kommen: diskutéieren, schwätzen, laachen, nolauschteren oder einfach nëmme beieneesinn – alles ass hei méiglech.
Zu bestëmmten am viraus ugekënnegten Zäite kënnen och Politiker, Membere vum Seniorerot, de Kommissiounen oder de Club Senior mat Iech op dëse Bänken an een Austausch goen.
Dës Poterbänke bidde vill verschidde Méiglechkeeten, Mënsche méi no beieneen ze bréngen.
Hei fannt Dir d’Bänken:
Déifferdeng-Zentrum – Kiosk beim Parc Gerlache Uewerkuer – nieft der aler Post Nidderkuer – aalt Bushaische virun der Maison Muller-Tesch Fousbann – virun der Kierch Lasauvage – op der Spillplaz
KONTAKT
Eeler Leit zu Déifferdeng
Prett fir d’Pensioun?
PRESENTATIOUN VUN 2 ETÜDEN GRATIS COACHING

© Shutterstock
En Donneschdeg, de 6. Oktober um 17 Auer am Ale Stadhaus ginn zwou Etüden iwwer d’Situatioun vun eelere Leit an der Gemeng Déifferdeng presentéiert:
· Intégration sociale et situation de vie des personnes âgées
· Aktives Altern im Kontext kultureller Vielfalt
D’Etüde gi vun der Dr. Martine Hoffmann vum GERO-Kompetenzzenter fir den Alter a vun der Dr. Isabelle Albert vun Uni.lu presentéiert. D’Presentatioune sinn op Lëtzebuergesch.
Umellung
Dir kënnt Iech bis de 5. Oktober beim Service Senior Plus umellen. Eng Umellung ass obligatoresch. D’Pensioun kënnt ëmmer méi no? De Moment, deen ee sech oft erbäiseent, ass heiansdo och mat Onsécherheet verbonnen.
Den Antrëtt an d’Pensioun ass eng wichteg Phas vum Liewen, iwwer déi ee mat Zäit a Rou nodenke sollt: Wéi wëll ech liewen? Wat wëll ech nach maachen? Wat kënnt op mech duer?
Et ass wichteg, gutt op de Wiessel vum aktive Beruffsliewen an d’Pensioun virbereet ze sinn. Dofir organiséiert de Service Senior Plus zesumme mam GERO fir Bewunnerinnen a Bewunner vun der Gemeng Déifferdeng ab 55 Joer een Dag Gratis-Pensiounscoaching.
D’Romaine Mathey-Vandivinit an den Henri Feit, zwee vum GERO ausgebilte benevole Pensiounscoachen, begleeden Iech duerch dësen Dag a ginn Iech konkret Ënnerstëtzung, fir Är Pensioun beschtméiglech virzebereeden.
De Pensiounscoaching ass eng Initiativ vum GERO – Kompetenzzenter fir den Alter ASBL, zesumme mam Lëtzebuerger Ministère fir Famill an Integratioun. GERO setzt innovativ Impulser, fir d’Liewen am Alter positiv an aktiv ze gestalten.
Wéini a wou?
De Pensiounscoaching fënnt den 18. November 2022 vun 10 - 15 Auer an der Schoul zu Lasauvage statt. An der Mëttesstonn iesse mer eppes Klenges zesummen a mir verbréngen och Zäit dobaussen an der Natur. Et kënne bis 15 Leit un dësem Coaching deelhuelen. De Coaching ass op Lëtzebuergesch.
Umellung
Wann Dir Interessi hutt, da mellt Iech bis den 31. Oktober am Service Senior Plus un.
KONTAKT & UMELLUNG

LUX-Mëschungen – Geseemsmëschunge mat heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau
Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. D‘Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe zanter e puer Joer zesumme mat weidere Partner um Opbau vun enger Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen. D’Zil ass fir mat Hëllef vu Lëtzebuerger Bauere Som vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren. Gemengen a Privatleit, déi eng Blummewiss op ëffentleche Gréngflächen oder doheem am Gaart uleeë wëllen, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vun der Firma Rieger-Hofmann. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn.
Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?
Fir kleng Flächen vun 25–50 m2 kennen 100 g Tuten vun den dräi Mëschungen LUXBlumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend kaft ginn:
Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatioune zum „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” fannt Dir op: www.sicona.lu/projekte/saatgut.
All d’LUX-Mëschunge kënnen och a gréissere Quantitéiten am Web-Shop vun der Firma Rieger-Hofmann ënnert „Mischungen für Luxemburg“ bestallt ginn: www.rieger-hofmann.de.
Fir déi richteg LUX-Mëschung auszewielen, berode mir Iech gären.
Naturschutzsyndikat SICONA 12, rue de Capellen L-8393 Olm T : (+352) 26 30 36 25 E : administration@sicona.lu
• Bartreng, a.c.i.e.r. Luxembourg • Diddeleng, Fondation Kräizbierg • Kockelscheier, Haus vun der Natur • Lëtzebuerg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg • Lëtzebuerg, Oekozenter Pafendall • Lëtzebuerg, Shop vum ‘natur musée’ • Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA • Réiden op der Atert, Op der Schock • Réiden op der Atert, Waasserhaus • Useldeng, TouristInfo Wëlle Westen • (...)