2 minute read
Judith Deschamps
FR Le titre an·other voice nous indique déjà de quoi parle l’exposition de Judith Deschamps – de la voix. Mais comment fonctionne la voix ?
LU Den Titel an·other voice verréit ons schonn, wourëm et am Judith Deschamps senger Ausstellung geet, nämlech ëm d’Stëmm. Mee wéi fonctionéiert eis Stëmm?
Advertisement
La voix naît dans notre gorge, plus précisément dans le larynx. C’est là que se trouvent les cordes vocales. Ce sont deux muscles qui, avec l’air expulsé par les poumons, produisent des vibrations.
Lorsque les vibrations atteignent nos oreilles, nous entendons ce que l’autre personne dit.
Tu peux même ressentir ces vibrations lorsque tu poses ta main sur ta gorge pendant que tu parles.
Les cordes vocales courtes vibrent plus vite, c’est pourquoi les enfants peuvent chanter des notes très aiguës. En grandissant, nos cordes vocales se rallongent. La voix devient donc plus grave. C’est ce qu’on appelle la mue.
D’Stëmm entsteet an eisem Hals, méi genau am Keelkapp. Do befannen sech eis Stëmmbänner. Dat sinn zwee Muskelen, déi zesumme mat der Loft, déi vun der Long ausgestouss gëtt, Vibratiounen ausléisen.
Wann d’Vibratiounen eis Oueren erreechen, héiere mir, wat déi aner Persoun seet.
Du kanns dës Vibratiounen souguer spieren, wann s du beim Schwätzen deng Hand op däin Hals lees.
Kuerz Stëmmbänner vibréieren méi schnell, dowéinst kënne Kanner ganz héich Téin sangen. Wa mir méi al ginn, verlängeren sech d’Stëmmbänner. D’Stëmm gëtt also méi déif. Dëse Virgang nennt ee Stëmmbroch.
Autrefois, certains chanteurs subissaient des opérations pour empêcher le changement de leur voix : on les appelait des castrats. Au dix-huitième siècle, le plus connu d'entre eux était Farinelli. Les gens disaient de lui qu'il avait la voix d'un ange.
À l’époque, Philippe V, le roi d'Espagne, souffrait de mélancolie : il était toujours triste et ne quittait presque jamais sa chambre. Aucun médecin ne pouvait l'aider, si bien que la reine engagea Farinelli comme chanteur personnel pour le roi. Le roi l'apprécia tellement que Farinelli resta auprès de lui jusqu'à sa mort.
À l’époque de Farinelli, les enregistrements sonores n’existaient pas encore. C’est pourquoi l’artiste Judith Deschamps tente, aujourd’hui, d’imaginer quelle aurait pû être la voix de Farinelli. Et parce que personne n’est capable de chanter comme lui, elle a utilisé un ordinateur doté d’une intelligence artificielle pour la récréer.
LU Ganz fréier ass et virkomm, dass sech Sänger hu missten operéieren loossen, fir d’Verännerung vun hirer Stëmm ze verhënneren: Si goufe Kastrate genannt. Am 18. Joerhonnert war de bekanntste vun hinnen den Opere-Sänger Farinelli. D’Leit soten iwwert hien, dass hien eng Engelsstëmm hat.
De Kinnek vu Spuenien, de Philipp V., huet u Melancholie gelidden: Hie war ëmmer traureg an huet seng Kummer bal ni verlooss. Keen Dokter konnt him hëllefen, sou dass d’Kinnigin de Farinelli als perséinleche Sänger fir de Kinnek agestallt huet. Dem Kinnek huet dem Farinelli seng wonnerschéi Stëmm sou gutt gefall, dass hien bis zum Dout vum Kinnek bei him am Palais bliwwen ass.
An der Zäit vum Farinelli goufen et nach keng Tounopnamen. Dowéinst versicht d’Kënschtlerin Judith Deschamps haut sech virzestellen, wéi dem Farinelli seng Stëmm eventuell geklongen huet. A well kee Mënsch esou sangen kann wéi hien, huet si op eng kënschtlech Intelligenz (ee spezielle Computer) zeréckgegraff fir se nozemaachen.
L’affiche pour cette exposition montre un détail très rapproché d’une sculpture qui se trouve dans l’exposition. Il s’agit de la combinaison d’une oreille humaine et d’un larynx. Peux-tu la retrouver dans l’exposition ?
Exercice dessin
À tes crayons ! Laisse libre cours à ton imagination et complète l’image autour des détails !
LU De Pouster zu dëser Ausstellung weist een Detail vun enger Skulptur, déi sech am Raum befënnt. Et handelt sech ëm eng Zesummensetzung aus engem mënschlechen Ouer an engem Keelkapp. Fënns du dës Skulptur an der Ausstellung erëm?
Zeechenübung
An elo un d’Stëfter! Looss denger Fantasie fräie Laf an ergänz d’Bild ronderëm d’Detailer.