2 minute read
Dominique Gonzalez-Foerster
FR Le titre Endodrome est une combinaison de deux mots grecs : endon (interne) et dromos (chemin). Mis ensemble, Endodrome signifie « voyage intérieur ».
Dans l’œuvre de Dominique GonzalezFoerster, on voyage comme dans un rêve à travers un monde de couleurs. C’est un voyage dans notre fantaisie, dans nos pensées.
Advertisement
Notre cerveau pense à longueur de journée, et il arrive même que nous pensons sans nous en rendre compte. Il faut alors que notre cerveau fasse le ménage dans toutes ces pensées – c’est ce qui arrive pendant le sommeil, quand le cerveau transforme certaines de nos pensées en rêves (parfois très bizarres) et les « classe » dans une sorte de dossier qu’on appelle le subconscient. C’est ce mélange de choses conscientes et inconscientes qui dictent notre comportement.
Les adultes essayent parfois d’accéder à ces informations rangées dans le subconscient. Ils recourent par exemple à des exercices de pleine conscience, de méditation ou de transe. Tu en as déjà entendu parler ou peut-être déjà participé à de tels exercices ? Tu peux tester certaines de ces méthodes pour t’apaiser ou te concentrer entièrement sur tes sens.
Choisis un endroit dans l’exposition et mets-toi par terre dans un coin.
Ensuite, ferme les yeux et respire lentement. Tu peux poser les mains sur ton ventre pour mieux sentir ton souffle rentrer et sortir de ton corps. Maintenant, essaye de faire très attention aux bruits autour de toi, ceux qui sont proches et ceux que tu entends au loin. Puis concentre-toi sur les odeurs, sur la température.
Comment te sens-tu à la fin de l’exercice ?
LU Den Titel Endodrome ass zesummegesat aus den zwee griichesche Wierder endon (ënnerlech) an dromos (Parcours, Rees). Endodrom heescht also esou vill wéi ënnerlech Rees.
D’Wierk vum Dominique Gonzalez-Foerster änelt enger Dramrees duerch eng Welt voller Faarwen. Et ass eng Rees an eis Fantasie oder eis Gedankewelt.
An eisem Ënnere liewe vill Gedanken –puer dovu bemierken mir emol net, si sinn eis net bewosst. Wärend mir schlofen, raumt eist Gehier op (a Form vun – heiansdo ganz komeschen – Dreem). Eist Gehier lagert bestëmmt Gedanken an Gefiller an enger Zort Keller oder Hiel, an deem eist Ënnerbewosstsinn wunnt. Si sinn also just iergendwou verstaut, mee si sinn trotzdeem do a beaflosse weiderhin indirekt eist Verhalen.
Erwuessener versichen heiansdo hiert Ënnerbewosstsinn ze erfuerschen duerch verschidde Methode wéi Meditatioun oder Trance. Hues du schonn emol eppes dovun héieren oder sou eppes ausprobéiert? Du kanns e puer vun dëse Methoden ausprobéieren, fir dech ze berouegen oder dech ganz op deng Sënner ze konzentréieren.
Als éischt setz du dech op de Buedem an en Eck vun der Ausstellung.
Maach deng Aen zou an otem lues an an aus. Du kanns och deng Hänn op däi Bauch leeën fir däin Otem besser ze spieren. Versich elo ganz gutt op d’Geräischer ronderëm dech opzepassen, déi ganz no vun dir an och déi méi wäit ewech. Konzentréier dech als nächst och op d’Gerécher oder op d’Temperatur.
Wéi fills du dech no dëser Übung?