5 minute read

Raphaël Lecoquierre

FR L’artiste Raphaël Lecoquierre est originaire de Saint-Cloud à l'ouest de Paris. Aujourd’hui il vit et travaille à Bruxelles. Son travail consiste à créer des « Nūbēs » un mot latin qui signifie NUAGES.

Dans sa pratique artistique, Raphaël utilise la peinture, la sculpture, l’installation et le son. Il aime transformer, effacer et créer du nouveau. Pour ce faire, il part le plus souvent de photographies.

Advertisement

LU De Kënschtler Raphaël Lecoquierre kënnt vu Saint-Cloud an der Géigend vu Paräis. Elo wunnt a schafft hien zu Bréissel. A senger Aarbecht beschäftegt hie sech mat „Nūbēs“, ee Wuert dat aus dem Latäin kënnt a WOLLEKEN heescht.

Hie schafft vill mat Molerei, Skulptur, Installatioun an Toun. Him gefällt d’Iddi Saachen ze transforméieren, verschwannen ze loossen an eppes Neies draus ze maachen. Als Ausgangspunkt benotzt hien am léifste Fotoen

Est-ce que tu peux nous expliquer la technique du stuc (stucco) ? D’où vient-elle ? Et comment t’es-tu rendu compte que tu aimais travailler avec cette technique ?

Le stucco est une technique originaire d’Italie qui remonte au quinzième siècle. Il s’agit d’un enduit décoratif naturel composé de chaux et de poudre de marbre utilisé pour la réalisation de fresques sur les murs, les plafonds, les colonnes ou le plancher. J’ai découvert cette technique lors d’une résidence en France, près de la célèbre carrière de calcaire de Saint-Astier. J’aime la dimension méditative de cette technique ancestrale. J’aime également sa couleur blanche, sa finition et la texture, qui rappelle un peu le marbre poli.

Quelle est la part du hasard dans ton travail ?

Souvent les images viennent à moi. Je les trouve dans les rues ou aux environs de mon atelier. Le hasard et l’aléatoire jouent un rôle important dans mon travail. J’aime que l’œuvre donne la sensation de s’être composée par elle-même, comme un motif provenant de la nature par exemple.

Raphaël pense qu’à l’avenir, il sera de plus en plus difficile de distinguer sur une image ou une photo le vrai du faux, de savoir ce qui est réalité et ce qui est fiction.

Kanns du eis d’Technik vum „Stucco“ erklären? Vu wou kënnt se? A wéi hues du entdeckt, dass du gäre mat „Stucco”“ schaffs?

D’Technik vum Stucco kënnt ursprénglech aus Italien a gouf am 15. Joerhonnert erfonnt. Kallek a Pudder vu wäissem Marbersteen ginn zesumme mat Waasser vermëscht an dann fir dekorativ Zwecker benotzt. Domadder kann een da Freske maachen oder de Plaffong, Sailen oder de Buedem dekoréieren. Ech hunn dës Technik wärend enger Kënschtlerresidenz a Frankräich an der Géigend vum bekannten Kalleksteebroch zu Saint-Astier entdeckt. Mir gefält wéi ee sech einfach ka goe loosse wann ee mat Stucco schafft, an och, dass et eng al Technik ass. D’Resultat, dat ee mat där Technik kritt ass einfach flott. Déi wäiss Faarf, an och d’Textur, déi u glate Marber erënnert, fannen ech immens schéin.

Wat fir eng Roll spillt den Zoufall an denger Aarbecht ?

D’Biller déi ech benotze fale mir oft éischter zoufälleg an d’Hänn. Ech sammelen se an de Stroossen oder an der Ëmgéigend vu mengem Atelier. Den Zoufall spillt also eng grouss Roll a menger Aarbecht. Beim fäerdege Wierk kéint ee bal mengen, dass d’Faarwe sech vum selwen esou kombinéiert hunn, bal wéi ee Motiv aus der Natur.

De Raphaël mengt, dass et an Zukunft ëmmer méi schwéier wäert ginn op engem Bild oder enger Foto, Echtes an Onechtes auserneenzehalen, ze soen wat Wierklechkeet a wat Fiktioun ass.

FR

Cette distinction entre réalité et fiction, joue aussi un rôle dans l’exposition Bodies of Identities (corps/ensembles d’identités). Dans le cadre du Mois européen de la photographie, vingt artistes abordent – chacun·e à sa manière – le sujet de l’identité, parfois mise en scène, intime, artificielle, silencieuse. Nous te présentons ici le travail de deux d’entre eux.

L’identité décrit qui nous sommes, ce qui nous distingue et ce qui nous relie aux autres. Elle peut changer avec le temps, en fonction des expériences au cours de notre vie – par exemple, l’endroit où nous grandissons, nos loisirs, nos amitiés, nos voyages, …

Dans l’œuvre de l’artiste Alban Muja, plusieurs personnes racontent, comment leur prénom a influencé leur identité. Le prénom fait partie de nous, alors qu’on ne le choisit pas. Le choix appartient à nos parents – un choix intime, souvent lié à une histoire personnelle ou à une époque.

Sais-tu pourquoi tes parents t’ont donné le prénom que tu portes ?

Dessine ton portrait ici.

LU An der Gruppenausstellung Bodies of Identities (Identitéitskierperen), déi am Kader vum Europäesche Mount vun der Fotografie gewise gëtt, beschäftegen sech zwanzeg Kënschtlerinnen a Kënschtler och mam Ënnerscheed tëschent Realitéit a Virstellung. Si versichen d’Thema vun der Identitéit op eng ganz eege Mannéier unzegoen. Mir presentéieren dir hei d’Aarbecht vun zwee vun hinnen.

Eis Identitéit beschreift wie mir sinn, wat eis vun deenen anere Mënschen ënnerscheed oder mat hinne verbënnt. Identitéit baut sech am Laf vun eisem Liewen op, a gëtt beaflosst vun deem wat mir erliewen. Zum Beispill d’Plaz wou mir grouss gi sinn, eis Hobbyen, eise Frëndeskrees, eis Reesen...

Am Wierk vum Alban Muja beschreiwe Leit, wéi hire Virnumm hir Identitéit beaflosst huet. Eisen Numm ass Deel vun eiser Identitéit, och wa mir en net selwer eraussichen. Eis Elteren gin eis eisen Numm wa mir op d’Welt kommen; oft huet d’Wiel vum Virnumm eng perséinlech Geschicht.

Fro deng Elteren vu wou däi Virnumm hierkënnt.

Zeechen däi Portrait.

L’artiste Lucia Pizzani utilise la technique du photomontage pour combiner des autoportraits avec des éléments de la nature. À travers ses œuvres, elle se construit une carapace d’écailles, de peau d’animal ou de plantes pour se protéger du monde extérieur et pour rétablir le lien entre les humains et la nature.

Quels végétaux ou animaux reconnais-tu dans ses collages ?

Tu peux les noter ou créer ici ta propre créature en associant des éléments humains avec des éléments de végétaux ou d’animaux.

D’Kënschtlerin Lucia Pizzani schafft mat Photomontagen a vermëscht esou Autoportraiten (Selfies) mat Elementer aus der Natur. Esou entsti fantastesch Fabelwiesen: E Mënsch an engem Kostüm, deen aus Fëschschuppen, Planzen an Déierenhaut besteet a Schutz gëtt.

An dësem neie „Kleed“ schwätzt d’Kënschtlerin iwwert d’Vergaangenheet an iwwert eng Zukunft an där d‘Mënsche sech erëm méi verbonne mat der Natur spieren.

Wéi eng Planzen oder Déieren erkenns du a senge Collagen? Schreif op wat s du gesäiss oder erfann deng eege Kreatur mat Elementer aus der Planzen-, Déiren- a Mënschewelt.

Ateliers de vacances Vakanzenatelieren

Pendant les vacances scolaires, ces ateliers sont l’occasion de créer un projet commun en compagnie d’un·e artiste pendant une journée entière, de 9h00 à 16h30.

Participation : 14€ par enfant / 12€ avec la Klik Kaart / 1,50€ avec le Kulturpass Pour les enfants de 7 à 12 ans

Les ateliers des vacances de Pâques, Pentecôte et d'été sont à découvrir sur notre site web. Inscrivez-vous à notre Newsletter KLIK pour rester au courant du programme.

Wärend de Schoulvakanzen sinn dës Atelieren eng Geleeënheet iwwert ee ganzen Dag, vun 9.00 bis 16.30 Auer, op engem gemeinsame Projet mat engem / enger Kënschtler·in ze schaffen.

Participatioun: 14€ pro Kand / 12€ mat der Klik Kaart / 1,50€ mam Kulturpass Fir Kanner vun 7 bis 12 Joer casino-luxembourg.lu/fr/visites/jeune-public

D’Vakanzenatelieren fir Ouschteren, Päischten a Summer fannt dir op eiser Internetsäit an an eiser KLIK-Newsletter.

Inscrivez-vous!

Schreiwt Iech an!

This article is from: