An der sechster Ausgab vun der CSV-Memberzäitschrëft "Elo" presentéiere mir Iech déi nei Membercampagne, de neie Formatiounsprogramm a villes méi.
Vill Leit interesséiere sech fir Politik. Si wëllen d'Problemer ugoen an u Léisunge matschaffen. Dofir eis Membercampagne "CSV... mat mir".
Am neie Programm vun der CSV-Akademie bidde mir Iech da Formatiounen iwwert déi chrëschtlech-sozial Grondwäerter, iwwert d'Gemengefinanzen, Rhetorik an iwwert d'Themen ewéi d'nohalteg Entwécklung oder Beruffsausbildung un.