An der véierter Ausgab vun der CSV-Memberzäitschrëft "Elo" presentéiere mir Iech, unhand vun interessante Bäiträg vu Gefährten, Zäitzeien a Biografen een Iwwerbléck iwwert d'Persoun an de Politiker Pierre Werner, ewéi och iwwert seng Verdéngschter fir Lëtzebuerg an Europa.
Am neie Programm vun der CSV-Akademie bidde mir Iech da Formatioun iwwert d'Geschicht vu Rietspartei a CSV, esou wéi och iwwert d'Geschicht vun de chrëschtlech-sozialen a chrëschtlech-demokratesche Parteien an Europa un.