Gemäneblat 122021

Page 30

| Veräiner & Organisatiounen |

Ouverture vum Echter’Classic Festival mam Sinfonietta Ensembel vun der Iechternacher Museksschoul

Foto: © Pierre Weber

Den 8. Oktober huet den Ensembel Sinfonietta Echternach d’Ouverture vun der éischter Editioun vum Echter’classic Festival am Trifolion gespillt. Dësen aussergewéinleche Concert war eng Koproduktioun vun der Iechternacher Museksschoul an dem Trifolion. Den Ensembel besteet aus 22 Museker, wouvunner déi meescht Enseignant an der Iechternacher Museksschoul sinn, a gëtt dirigéiert vum Enseignant a Militärmuseker Jhang Thill. Den éischten Deel ass de russesche Komponisten a Komponiste mat russeschen Originnen dediéiert gewiescht an um Programm waren den Histoire

du Soldat vum Igor Stravinsky, d’Jazz Suite N.2 vum Dmitri Shostakovich an d’Sonatina pour Trombone et Orchestre vum Kazimierz Serocki mat als So-

listin d’Enseignante Simone Patz. Den 2. Deel war dem George Gershwin gewidmet mat Extraiten aus „Un américain à Paris“ an „Porgy & Bess“.

.

Remise de diplômes aux lauréats de l’année scolaire 2020-2021 De 29. Oktober war d’Remise des Diplômes vun der Regionaler Museksschoul Iechternach am Trifolion Iechternach a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch.

Nodeem d’Diplomiwwerreechung d’lescht Joer duerch d’Pandemie ausfalen huet missen, kruten dëst Joer 198 Schüler am ganzen 223 Diplomer virun engem volle Sall am Trifo-

lion iwwer­reecht an dat och ëmmer jeeweils zesumme mat de politesche Vertrieder vun de verschiddene konventionéiere Gemengen.

Foto: © Marlene Soares

No enger Begréissung vum éischte Schäffe Ben Scheuer huet d’Zere­ monie dann ugefaange mat engem Concert vu verschiddene Laureaten bei dem déi enorm grouss stilistesch Diversitéit a musikalesch Qualitéit kloer am Virdergrond stoungen. Nom Optrëtt vun eise Formation Musicale Klassen zesumme mat der Latin Percussion Klass vum Eric Durrer an de Klasse vum Iechternacher Centre pour le Développement Intellectuel (CDI) huet d’Directrice Nadine Eder

30


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.