1 minute read
Wéi ee Stol un d’Brenne
Wéi ee Stol un d’Brenne kritt! Firwat brennt Eisestëbs awer en Eisenol net?
Datt Eise brennen oder gléie kann, weess een, wann ee scho mol ee gesinn huet mat enger Trennscheif schaffen. Déi schéi Fonke bestinn aus brennendem Metall. Hält een allerdéngs en Nol an eng Käerzeflam, da brennt a gléit näischt. Wisou ass dat sou?
Dat läit un der Uewerfläch, déi mat der Loft a Kontakt ass. Eng Verbrennung brauch vill Sauerstoff. Wann en Nol als Stëbs geraspelt ass, ass seng Kontaktfläch mam Sauerstoff aus der Loft vill méi grouss, wéi wann en nach ganz ass. Ausserdeem kritt ee kleng Käre vill méi séier op d’Temperatur wou se brennen; en Nol kann d’Hëtzt fortleeden.
Pabeier verbrennt jo relativ liicht, awer nëmme wann een d’Blieder eenzel ufänkt.
Joseph Rodesch Médiateur scientifique, Fonds National de la Recherche
En décke, kompakte Pabeiersblock kritt ee mat engem Fixspoun net un d’Brennen. Et ass zevill Material um Koup wat misst brennen. Éischtens kritt de Fixspoun de Block net gutt erhëtzt an zweetens ass net genuch Sauerstoff am direkten Ëmfeld vum décke Block fir datt d’Verbrennung statt fënnt. Bei Eisen ass et d’selwecht. Wa mer d’Eisen a renger Form virleien hunn, als Woll oder als Stëbs da kritt een et un d’Brennen. An de folgenden Experimenter weise mir dir wéi’s de Eisen un d’Brenne kriss.
OPGEPASST! Dës Experimenter si geféierlech, musse vun engem Erwuessenen iwwerwaacht ginn. Stellt e Feierläscher oder Waassereemer bereet a bedeckt Är Hoer mat enger Mutz oder enger Kap a schützt Är Ae mat engem (Schutz)brëll. All liicht brennbar Materialien aus dem Ëmfeld ewechhuelen.