2 minute read
En Tëschebilan mat der Inneministesch, Taina Bofferding
D’Zesummebréngen ënner engem Daach erlaabt haut eng besser Gestioun an Organisatioun vun de Rettungsdéngschter. „
Eng extern Bewäertung - an net eng intern Évaluatioun - huet de ganz groussen Engagement an déi remarkabel Kompetenz ënnerstrach. Donieft goufen Innovatioune wéi z.B. eng nei Kommandostruktur oder d’Weiderverbreede vum „first responder“ ganz positiv ervirgestrach. An där Bewäertung geet och Rieds vun enger koherenter Struktur, wat ë.a. d’territorial Organisatioun ugeet, a vu groussen Effore bei der Aus- a Weiderbildung. Fir mech gëllt et elo, op dëser gudder Basis opzebauen an do, wou et néideg ass, Detailer unzepassen. Dat ëmmer mam Objektiv, d’Noutfallversuergung weider z’optimiséieren!
Wéi gesäit déi kuerz- bis mëttelfristeg Agenda vun der ziviler Sécherheet hei am Land aus?
T.B.: An deem Kontext sief virop de PNOS, de Plan national d’organisation des secours, ernimmt. Mäin Zil ass et, duerch de PNOS de CGDIS sou kënnen opzestellen, dass e bei engem Noutfall egal wou am Land bannent 15 Minutte fir Hëllef suerge kann. Dee Wëllen ass net gratis, mä bedeit e wichtegen Investissement an d’zivil Sécherheet.
D’national Plattform zur Reduktioun vu Katastroferisiken huet als Objektiv, den Impakt vu Katastrofen ze reduzéieren, duerch eng enk Zesummenaarbecht mat alle Ministèren a Verwaltungen an de Beräicher Préventioun a Preparatioun, mä och Reaktioun an Erëmopbau no Katastrofen. Et gëllt, d’Resilienz, also d’Widderstandsfäegkeet, op allen Niveauen ze stäerken. Déi Plattform gouf am Dezember 2020 offiziell lancéiert, an dëst Joer wäerten eng Rei Aarbechtsgruppen en place gesat a besonnesch och de Gemengesecteur prioritär mat an d’Aarbechten agebonne ginn. Och d’GouvAlert fir d’Informatioun an d’Warnung vun de Biergerinnen a Bierger iwwer hire Smartphone gëtt iwwerschafft an ausgebaut. An Zukunft solle sou méi Alerten iwwert d’GouvAlert un d’Bevölkerung kënne verschéckt ginn, z.B. am Beräich Liewensmëttelsécherheet, Wiederwarnungen asw...
Wat Seveso-Industriesiten ugeet, gëtt un enger Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne vun der Populatioun geschafft, déi am Kader vum nächste Préventiounsdag am Oktober ulafe soll. Mär wëllen haaptsächlech - awer net nëmmen - déi, déi an direkter Noperschaft wunnen, iwwert d’technologesch Risiken, déi mat sou Installatioune verbonne sinn, an déi richteg Gesten an d’Bild setzen, fir dass si beschtméiglech reagéiere kënnen, sollt et zu engem Tëschefall kommen.
Donieft hunn ech mech vun Ufank u fir den neie Préventiounscours zum Thema „Sécherheet a Préventioun vun Accidenter am Alldag” agesat. D’Biergerinnen a Bierger solle mat Hëllef vun deem Cours vu 16 Stonnen an Noutsituatioune richteg reagéiere kënnen, andeems se déi elementar Gesten uwenden.
Wann Dir e perséinleche Message un d’Membere vum CGDIS riichte géift, wat fir ee wär dat?
T.B.: Vum Virus, deen eis zanter engem knappe Joer an Otem hält, ass kee Beräich verschount bliwwen, och net Ären. Mat Ären Eegeschaften an Ärer sozialer Verantwortung hutt Där awer, u viischter Front a sou wéi een et vun Äerch gewinnt ass, dogéint gehalen! Fir dës Solidaritéit mat de Biergerinnen a Bierger wëll ech op dëser Plaz Äerch all mäin déifste Respekt ausdrécken, Äerch vun Häerze Merci soen an Äerch versécheren, dass Ären Asaz ronderëm d’Auer net vergiess gëtt!