DANS LE FEU DE L’ACTION
En Tëschebilan mat der Inneministesch, Taina Bofferding Maison Moderne
Bal 3 Joer no dem Schafe vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours, bléckt d’Inneministesch, Taina Bofferding, op d’Reform vun der Rettungsdéngschter zréck a gëtt och en Abléck wou de CGDIS an Zukunft drop hin schafft.
16
Wéi en Tëschebilan zitt Dir als Inneministesch elo, méi wéi zwee an en halleft Joer nom Schafe vum CGDIS? A géift Dir haut eppes anescht maachen? Taina Bofferding: D’Schafe vum CGDIS war eng déifgräifend Strukturreform, jo, eng Jorhonnertreform, déi vu ville Säite gefuerdert gouf. Hiert Haaptobjektiv war an ass eng optimal Noutfallversuergung bei engem Feier, engem Accident oder engem medezineschen Noutfall, an dat iwwerall am Land. D’Zesummebréngen ënner engem Daach erlaabt haut eng besser Gestioun an Organisatioun vun de Rettungsdéngschter. Mär zielen an dësem Beräich eng 7.000 engagéiert Fraen a Männer: Dat ass enorm! Mä et ass och noutwendeg, dass de CGDIS ëmmer méi grouss gëtt, well all Eenzelne gebraucht gëtt!