Lëtzebuergesch
Introduction Einleitung
Aleedung Aller voter et se porter candidat... Wählen oder selbst zur Wahl antreten,…
Wielen oder selwer bei Wahlen untrieden, fir sech fir seng Iddien ze engagéieren, erschéngt haut wéi en onëmstriddent Recht. Mee dat war net ëmmer esou. Vun 18 Joer un dierfen haut all Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger hir Stëmm bei de Legislativ-, Kommunal- an Europawahlen ofginn. Wien net déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, kann zwar net un de Parlamentswahlen, mee awer ënner bestëmmte Konditiounen un de Gemengen- an Europawahlen deelhuelen. Virun 100 Joer war dat wichtegst demokratescht Recht, d’Wahlrecht, awer net fir jidderee selbstverständlech. Eréischt virun 100 Joer kruten, no laangen a schwierege politeschen Ausenanersetzungen, all d’Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger dëst Recht. Et war e laange Wee vun der Franséischer Revolutioun bis zur Aféierung vum allgemenge Wahlrecht zu Lëtzebuerg am Joer 1919. Et ass eng Geschicht voller Géigesätz, Hoffnungen an Enttäuschungen, vum 18te Joerhonnert un bis haut, déi dës Ausstellung verzielt.
3
Le pouvoir : du roi au peuple Die Macht: vom König zum Volk
D’Muecht: vum Kinnek bei d‘Vollek Am Mëttelalter waren d’Gebidder vum haitege Lëtzebuerg vu Monarche regéiert, déi hier Muecht opgrond vun hirer Ofstamung geierft hunn. Am Laf vun de Joerhonnerte sinn des Gebidder heiansdo vun engem Monarch bei deen aneren iwwergaangen, mee den absolute Pouvoir vun de Monarchen u sech gouf ni hannerfrot. Eréischt am 17. a virun allem am 18. Joerhonnert gouf d’Allmuecht vun de Monarchen an Europa a Fro gestallt: fir d’éischt vu Philosophen, déi d’Onofhängegkeet vun de Regierungen, de Parlamenter an de Geriichter gefuerdert hunn; bal zur gläicher Zäit hu Revolutiounen an Groussbritannien, an de Vereenegte Staate vun Amerika an a Frankräich zu déifgräifende politesche Verännerunge gefouert; dobäi gouf d’Iddi, datt d’Vollek déi politesch Muecht soll ausüben, ëmgesat. No a no huet sech d’Iwwerzeegung duerchgesat, datt déi politesch Féierung vun der gesamter Bevëlkerung muss gewielt ginn.
La République française donne le droit de vote... Die Französische Republik: das Wahlrecht für Besitzbürger
D’Franséisch Republik: d’Wahlrecht fir d‘Besëtzer 1795, e puer Joer nom Ausbroch vun der Franséischer Revolutioun zu Paräis, hunn déi d’franséisch Truppen d’Herzogtum Lëtzebuerg besat, dat dunn en Deel vum „Département des Forêts“ goufs. Esou koum och de franséische politesche System op Lëtzebuerg, mat der Republik an dem entspriechende Wahlsystem. Ënnert der Republik, grad ewéi ënnert dem Keeserräich vum Napoleon I., hunn d’Lëtzebuerger lokal Verwalter a Friddensriichter gewielt, mee och Deputéierter, déi den „Département des Forêts“ zu Paräis vertrueden hunn. De Wahlsystem huet sech schrëttweis weiderentwéckelt: An der Theorie konnten am Ufank all d’Männer wielen, mee si haten opgrond vun engem véierstufege Wahlsystem faktesch näischt ze soen. An enger zweeter Etapp duerften awer nëmmen nach Männer wielen, déi genuch Steiere bezuelen. Sou goufen um Enn just déi räich Propriétairen opgeruff, ze wielen, wärend déi grouss Majoritéit vun de Leit vum Wahlrecht ausgeschloss blouf. Onofhängeg vun hirem Verdéngscht waren och all d’Frae vum Wahlrecht ausgeschloss. En plus ass den indirekte Wahlsystem bestoe bliwwen: Déi räich Bierger hu Wahlmänner gewielt, déi an engem zweete Schrëtt d’Vertrieder fir déi Gremie bestëmmt hunn, déi hirersäits Vertrieder a méi héije Gremie gewielt hunn. Ënnert dem Stréch blouf esou déi reell Muecht an den Hänn vun e puer wéinege Leit.
4
19e siècle 19. Jahrhundert
19. Jorhonnert Payer pour voter : le suffrage censitaire Zahlen, um zu wählen: das Zensuswahlrecht
Bezuele fir ze wielen: d‘Zenzuswahlrecht Am 19. Joerhonnert war d’Wahlrecht nach e Privileeg vu räiche Bierger. Nom Zensuswahlrecht, dat zu Lëtzebuerg bis 1919 gegollt huet, war d’Wahlrecht deene Männer virbehalen, déi all Joer en gewëssene Mindestbetrag u Steiere bezuelt hunn. Dësen Zensus ass am Laf vun de Joren e puer Mol erofgesat ginn, sou datt no a no ëmmer méi Männer hunn dierfe wiele goen. Ab 1848 ass d’Zensuswahlrecht ëmmer erëm vu bestëmmte Gruppen aus der Bevëlkerung a Fro gestallt ginn, déi vum Wahlrecht ausgeschloss waren, d. h. virun allem vu manner bemëttelt Baueren an Aarbechter. D’kathoulesch Kierch huet och zäitweis d’Ausdeenung vum Wahlrecht gefuerdert. Virum Hannergrond vun der Industrialiséierung vum Land, déi dunn ugefaangen huet, huet déi rapid Entwécklung vun der Gesellschaft d’Fro, wien dierft un der politescher Muecht deelhuelen, ëmmer méi virulent gemaach.
5
Une société divisée : riches et pauvres au 19e siècle Eine geteilte Gesellschaft: Arm und Reich im 19. Jahrhundert
Eng gedeelte Gesellschaft: Aarm a Räich am 19. Joerhonnert Am 19. Joerhonnert war d’Lëtzebuerger Gesellschaft vu villen Ongläichheete gepräägt. Mat den Ufäng vun der Industrialiséierung an der Mëtt vum Joerhonnert ass eng nei Schicht vu aiséierte Bierger entstanen. Gutt situéiert Grondbesëtzer, räich Händler, biergerlech Entrepreneuren, Schmelzhären, Affekoten, Notairen a Juristen hunn d’politescht Liewe bestëmmt. Hannert dëser Fassad huet eng grouss Zuel vu klenge Leit aus der Aarbechterklass an der Landwirtschaft un der Schafung vum Räichtum deelgeholl, ouni datt hir materiell Situatioun sech verbessert an huet an hir Stëmm an der Politik Gehéier fonnt hätt. De wirtschaftleche Wuelstand war also an der Gesellschaft ganz ongläich verdeelt, a bis an di zweet Halschent vum 19. Joerhonnert hunn d’Aarmut an de Mangel u Perspektiven eng massiv Emigratioun, besonnesch no Frankräich an de Vereenegte Staaten. Eng Mëttelklass vu Männer mat Bildung, déi als Beamten, Employéen a kleng Händler geschafft hunn, huet duerno gestrieft, sech un der Verwaltung vum Land ze bedeelegen. No 1890 huet D’Eisen- a Stolindustrie e phenomenalen Opschwong erlieft. Dat dozou bäigedroen huet, datt sech nei Gruppéierunge forméiert hunn, déi sozialistesch Iddien opgegraff an an den ëffentlechen Debatten zu Lëtzebuerg un Afloss gewonnen hunn. Zur gläicher Zäit huet sech déi kathoulesch Sozialléier verbreet, déi sech ausdrécklech un d’Aarbechterklass geriicht huet an zum Deel där hir Emanzipatiounsbeweegungen ënnerstëtzt huet. Duerch d’Immigratioun vun auslänneschen Aarbechter, vun deenen der vill politiséiert waren, hunn sech déi Leit, déi vum Wahlrecht ausgeschloss waren, ëmmer méi Gehéier verschaf.
Le retour du roi : la bourgeoisie de la période hollandaise Wieder ein König: das wohlhabende Bürgertum der niederländischen Zeit
De Retour vun de Kinneken: d’Bourgeoisie vun der hollännescher Zäit (1815-1830) De Wiener Vertrag vun 1815 dem Keeserräich vum Napoleon I. en Enn gesat. Lëtzebuerg gouf zu engem Groussherzogtum, geleet a Personalunioun vum hollännesche Kinnek, deen iwwer d’Gebidder vun den haitege Benelux-Staate regéiert huet. De franséische Wahlsystem gouf mat e puer Upassunge bäibehalen. Et war en indirekte Wahlsystem: An all Kanton hunn di räichste Steierzueler Vertrieder bestëmmt, déi sech dunn an enger zweeter Phas zesummefonnt hunn, fir d’Deputéierte vum Parlament ze wielen, dat deemools “Ständeversammlung” geheescht huet. Déi haten awer nëmme wéineg ze soen, well de Kinnek-Groussherzog net un d’Weisunge vun der Ständeversammlung gebonne war, dat souwisou just wärend e puer Deeg am Joer zesummekoum. Méi aflossräich war d’Assemblée 6
des États zu Den Haag, der hollännescher Haaptstad. An där Versammlung waren och Lëtzebuerger Deputéierte vertrueden, déi nom selwechten Zensuswahlrecht bestëmmt goufen.
L’intermède belge (1830-1839) Belgisches Zwischenspiel (1830-1839)
Belschen Intermezzo (1830-1839) 1830 huet sech d’Belsch vun Holland ofgespléckt a seng Onofhängegkeet erkläert. E groussen Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung huet sech der Belscher Revolutioun ugeschloss; eng Ausnam war d’Haaptstad, wou déi preisesch Garnisoun stationéiert war, déi fir d’Oprechterhale vum Status quo war an déi och finalement duerchgesat huet. Et goufe Lëtzebuerger Deputéiert an d’Bréisseler Parlament gewielt , woubäi awer och nees d’Zensuswahlrecht applizéiert gouf. Wéi 1839 de Konflikt tëscht der Belsch an Holland bäigeluecht gouf, ass d’Groussherzogtum nees vun der Belsch getrennt an op seng haiteg Gréisst reduzéiert ginn. Lëtzebuerg koum nee ënnert d’Herrschaft vum hollännesche Kinnek, deen, a Personalunioun, och Groussherzog vu Lëtzebuerg war. D’Verwaltung gouf reforméiert, mee dat indirekt Zensuswahlrecht, dat d’Wahlrecht op déi räich Bierger beschränkt huet, ass a Kraaft bliwwen. D’Personalunioun mat Holland sollt 1890 un hiert Enn kommen, wéi de Groussherzog Adolph op den Troun koum an domat déi Dynastie begrënnt huet, déi haut nach zu Lëtzebuerg regéiert.
Un feu de paille : le suffrage universel de 1848 Ein Strohfeuer: das allgemeine Wahlrecht von 1848
E Stréifeier: dat allgemengt Wahlrecht vun 1848 1848 koum et a ganz Europa, virun allem a Frankräich an Däitschland, zu Revolutiounen. D’Bevëlkerung huet sech géint déi autoritär a konservativ Monarche revoltéiert, och zu Lëtzebuerg. Demokratesch Fuerderunge sinn opkomm. D’Groussherzogtum huet deemools souwuel dem Däitsche Bond wéi och dem Däitschen Zollveräin ugehéiert an huet am Mee 1848 sechs Deputéierter, dräi effektiver an dräi stellvertriedender, an d’Frankfurter Nationalversammlung geschéckt. A Konformitéit mat de Reegele vum Bundeswahlgesetz konnten du fir d’alleréischt all lëtzebuergesch Männer, déi mindestens 25 Joer al waren, un der Wiel vun dëse sechs Deputéierten deelhuelen; ausgeschloss war just d’Hauspersonal. Dësen éischte Versuch fir Ëmsetzung vun engem allgemenge Wahlrecht blouf ouni Suitten. Nodeems déi revolutionär Beweegung u Kraaft verluer hat, gouf 7
sech d’Groussherzogtum Lëtzebuerg am Juli 1848 eng nei Verfassung, déi d’Zensuswahlrecht bäibehalen huet. Obschonns den Zensus erofgesat gouf, ass d’Wahlrecht deemno e Privileeg vu Männer bliwwen, déi sech es gutt stoungen. Fir d’éischte Kéier huet d’Constitutioun du virgesinn, datt ee misst déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, fir kënnen d’Wahlrecht auszeüben. Mee elo gouf d’Wahlrecht awer direkt: D’Wieler hunn onmëttelbar d’Deputéiert aus hirem Kanton gewielt, woubäi hir Zuel op Basis vun der jeeweileger Bevëlkerungszuel gerechent gouf. Ausserdeem gouf d’Zensur ofgeschaaft, sou datt eng fräi Press konnt entstoen, an där elo oppen iwwer Politik diskutéiert gouf. 1856 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. awer eng nei, autoritär Verfassung duerchgesat, déi d’Befugnisser, déi d’ Chamber 1848 krut hat, nees ageschränkt huet. Den Zensus, deen noutwenneg war, fir kënnen un de Wahlen deelzehuelen, gouf eropgesat an d’Zuel vun de Wieler ass doropshin däitlech erofgaangen.
En route vers le suffrage universel : le cens attaqué (1868-1913) Auf dem Weg zum allgemeinen Wahlrecht: der Zensus unter Beschuss (1868-1913)
Op dem Wee zum allgemenge Wahlrecht: den Zensus ënner Beschoss (1868-1913) Déi direkt Wiel vun den Deputéierte gouf an der liberaler Verfassung vun 1868 endgülteg bestätegt. Mee dat selwecht war och fir de Prinzip vum Zensus de Fall, wat et spéiderhi sollt erschwéieren, fir en ofzeschafen. 1901 gouf den Zensus op 10 Frang erofgesat, de Minimum, deen an der Verfassung virgesi war, sou datt déi héchsten Zuel u Männer erreecht war, déi ouni Verfassungsännerung un de Wahle konnten deelhuelen. Um Enn vum 19. Joerhonnert hunn sech awer ëmmer méi Stëmme manifestéiert, déi d’Ofschafung vum Zensus gefuerdert hunn. Duerch den Opschwong an der Eisen- a Stolindustrie an d’Entstehung vun enger neier Aarbechterklass huet sech déi Lëtzebuerger Gesellschaft verännert. D’Aarbechter, déi vum Wahlrecht ausgeschloss waren, hunn hiert Recht op politesch Matbestëmmung an domat d’allgemengt Wahlrecht agefuerdert, dat an den Nopeschlänner zum Deel scho Realitéit war. Liberal a fortschrëttlech Deputéiert hunn och eng Reform an deem Sënn verlaangt. D’Fraewahlrecht gouf dergéint an den etabléierte Kreeser nach net a Betruecht gezunn. Eng nei Berechnungsmethod vum Zensus, bei där zousätzlech d’Gemengesteiere berécksiichtegt goufen, huet 1913 zu engem substantiellen Zouhuele vun der Zuel vun de Wahlberechtegte gefouert. Bal zwee Drëttel vun de Männer iwwer 25 Joer waren elo zur Wahl opgeruff. Sou war et méiglech, datt 1914 de Jean Schortgen als éischten Aarbechter zum Deputéierte gewielt gouf. Eng endgülteg Ofschafung vum Zensus an d’Aféierung vum allgemenge Wahlrecht war awer ouni eng Verfassungsännerung net méiglech. 8
Biographien Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) „Ech behaapten ëmmer nach, datt sech d’Lëtzebuerger zu Recht der Revolutioun ugeschloss hunn an Europa hinne géintiwwer mat der Trennung vun der Belsch eng grouss Ongerechtegkeet begaangen huet.“ Dee jonke Lëtzebuerger Affekot Jean-Baptiste Nothomb spillt an der Belscher Revolutioun vun 1830 eng zentral Roll a setzt sech fir di ugestrieften Onofhängegkeet vun der Belsch par rapport zu Holland an. No der Lassléisung vun Holland schafft hien un der Ausaarbechtung vun engem neie Wahlgesetz mat a sëtzt d’Erofsetzung vum Mindestwahlalter op 25 Joer duerch. D’Zensuswahlrecht gëtt par contre am neie belsche Kinneksräich net a Fro gestallt. Bei den éischte Wahlen nom Broch mat Holland gëtt den Nothomb als Deputéierte gewielt. Wéi 1839 d’Groussherzogtum Lëtzebuerg nees ënnert d’Herrschaft vum hollännesche Kinnek fält, decidéiert hie sech, an der Belsch ze bleiwen. Vun 1841 bis 1845 ass den Nothomb belsche Regierungschef.
Emmanuel Servais (1811-1890) „Ech hu mat Pleséier den Ausbroch vun der Revolutioun zu Paräis erlieft. Ech war besonnesch glécklech iwwer déi Revolutioun, déi als Konsequenz zu Bréissel koum.“ De jonken Affekot Emmanuel Servais begréisst déi Belsch Revolutioun. Hie léisst sech zu Arel nidder a gëtt 1836 Member vum Conseil provincial. Wéi sech 1839 d’Fro vun der méiglecher Deelung vun der Provënz Lëtzebuerg stellt, organiséiert de Servais Manifestatiounen zugonschte vun der Belsch. No der Separatioun entscheet sech de Servais fir d’Groussherzogtum Lëtzebuerger a gëtt do no e puer Schwieregkeeten nees als Affekot zougelooss. 1841 gëtt hie Member vun der neier, vum Wëllem II. agesate “Ständeversammlung”. Wéi 1848 d’Revolutioun och zu Lëtzebuerger ausbrécht, kann de Servais, deen elo regierungstrei ginn ass, awer net méi novollzéien, wat d’Leit op d’Strooss dreift. Trotzdem gëtt hien als Représentant an d’Parlament op Frankfurt gewielt. De Servais trëtt an d’Regierung an, ënner där die autoritär Verfassung vun 1856 vum Kinnek duerchgesat gëtt, wat hier spéider wäert bereien. Als Staatsminister dréit hien 1868 zur Aféierung vun enger neier, méi liberaler Verfassung bäi. 9
Norbert Metz (1811-1885) „Mir loungen ëmmer d’Interête vun de Proletarier ze vill um Häerz, als wéi datt ech se perséinlech kéint fäerten.“ Den Ingenieur an Industriellen Norbert Metz ass am 19. Joerhonnert ee vun de gréisste Schmelzhären zu Lëtzebuerg. Tëscht 1843 an 1885 ass hien och politesch aktiv. Als Deputéierten hëlt den Norbert Metz 1848 un den Diskussiounen ëm eng méi liberal Verfassung deel. Dobäi schwätzt hie sech géint d’Aféierung vum allgemenge Wahlrecht aus: Och wann hien dëst perséinlech net géif oflehnen, so géif et dach duergoen, den Zensus op e Minimum vun 10 Frang ze setzen. Esou, mengt de Metz, géif d’Mëttelklass d’Wahlrecht kréien a kéint di widderspréchlech Interesse vun Aarm a Räich ausgläichen. Déi, déi vun hirer Aarbecht liewe missten, sou argumentéiert hie weider, géife Gefor lafen, sech vu schéine Verspriechen a lackelegen Iddien an d’Ier féieren ze loossen. Dowéinst wier et méi sënnvoll, déi politesch Emanzipatioun schrëttweis anzeféieren.
Charles Théodore André (1822-1883) „Mir aner, Mir aner, Si rout Republikaner!“ De Charles Théodore André ass 1848 ee vun den äifregste Verfechter vum allgemenge Wahlrecht. Dee jonken Affekot rifft an der Zeitung “Der Volksfreund” zur Grënnung vun enger Aarbechterpartei op a verfaasst en “Opruff un d’Aarbechter aus dem Lëtzebuerger Land” an deem d’Deputéiert opgefuerdert ginn, dat allgemengt Wahlrecht an d’Verfassung anzeschreiwen. Deen Opruff gëtt och vun Aarbechter an Handwierker ënnerschriwwen. Zesumme probéieren si de 25. Abrëll 1848, der Ständeversammlung hir Petitioun ze iwwerreechen, déi zu Ettelbréck hir éischt Sitzung ofhält. Mee d’Majoritéit vun den Deputéierte weigert sech, d’Delegatioun mam André un der Spëtzt zouzeloossen. Den Dichter Edmond de la Fontaine (genannt Dicks) würdegt den André ironesch a sengem Lidd „D’Vulleparlament am Gréngewald“, andeems en hien als „Schnautzvull“ (Grünschnabel) bezeechent. Ganz schnell kéiert hien awer der Aarbechterbeweegung de Réck a schléisst sech der liberaler Stréimung un.
10
Eduard Michelis (1813-1855) „Mir mussen eis virleefeg op dat allgemengt Wahlrecht an op di allgemeng Wielbarkeet virbereeden, mir mussen se an d’Weeër leeden, mee direkt wëlle mer se net.” Den däitsche Geeschtlechen Eduard Michelis gëtt vum Jean Theodor Laurent, dem Apostolesche Vikar an domat Verwalter vun der Lëtzebuerger Kierch, als Professer un de Seminär genannt. An der Revolutiounszäit vun 1848 ass hien donieft di dreiwend Kraaft an der neier kathoulescher Zeitung “Lëtzebuerger Wort”, déi sech fir méi eng grouss Muecht vun der Kierch am Staat asetzt. D’Wort ass deemools e Kampfblat vun der Kierch géint d’Regierung a schwätzt sech fir d’Ofschafung vum Wahlzensus aus. De Michelis wäicht awer nees relativ schnell nees vun dëser Fuerderung of. An der Broschür “Iwwer allgemengt Wahlrecht an allgemeng Wielbarkeet” plädéiert hien zwar dofir, d’Land op d’allgemengt Wahlrecht virzebereeden, fënnt et awer ze fréi fir et anzeféieren. well d’Lëtzebuerger Vollek nach net op esou eng Verantwortung virbereet wier. Geschwënn dono distanzéiert sech d’Kierch nees ganz vun esou Demokratiséierungstendenzen, déi eréischt Jorzéngte méi spéit mat dem “Kathoulesche Volleksveräin” eng nei Bléi erlieft. Dëse Veräin, deen 1903 gegrënnt gëtt, wëll duerch Konferenzen a Broschüren zur Erzéiung vum Vollek bäidroen.
Paul Eyschen (1841-1915) „Och ech wëll d’Vertriedung vum Land op eng méiglechst zolidd a breet Basis stellen. Awer mat dem onageschränkten allgemenge Wahlrecht, dat am Endeffekt just d’Stäerkt vun de Massen ass, ass ee wäit dovun ewech.” Den Affekot Paul Eyschen gëtt 1876 Member vun der Regierung an 1888 Staatsminister. Als konservative Liberalen interesséiert hie sech fir sozial Reformen nom Virbild vum Bismarck, dem allgemenge Wahlrecht géintiwwer, wéi et am Däitsche Räich scho besteet, ass en awer skeptesch. Zu Lëtzebuerg, fënnt den Eyschen, géif keen op Strooss goen, fir mat Gewalt eng Ännerung vun der Verfassung am Sënn vun enger Wahlrechtsreform ze verlaangen. Dat léich dorunner, datt d’Regierung an d’Deputéiert sech och ëm d’Wuelbefanne vun de schwaache Membere vun der Gesellschaft géife bekëmmeren. An de Jorzéngten dono muss den Eyschen erliewen, datt d’Fuerderung nom allgemenge Wahlrecht och zu Lëtzebuerg an engem Stéck u Buedem gewënnt an eng grouss Zuel vu Gesetzesinitiativen an deem Sënn agereecht ginn. Trotzdeem bekennt hie selwer sech awer ni eendeiteg zum allgemenge Wahlrecht.
11
Charles André Engel (1849-1900) „Et gi Leit, déi sech abilden, si wieren op d’Welt komm, fir déi aner ze regéieren.” Den Affekot a Journalist Charles André Engel setzt sech fir sozialistesch Iddien an. Hien ass Editeur vu verschiddenen Zeitungen a Chefredakter vun där vum lénksliberalen Émile Servais gefouerter Zeitung “Den Echo”, déi ab 1890 dat wichtegst Sproochrouer zugonschte vum allgemenge Wahlrecht ass. An enger ëffentlecher Versammlung den 1. Mee 1892 ënnersträicht den Engel a senger Ried d’Noutwennegkeet vum allgemenge Wahlrecht fir eng méi gerecht Gesellschaft. Et géif Leit, sou kritiséiert hien, deenen hir Leetprinzipien dodra géife bestoen, datt d’Vollek fir si géif schaffen, si awer amplaz vum Vollek géife bestëmmen. An dofir sollt een haut um 1. Mee ganz haart soen: “Mir wëlle Lëtzebuerger Bierger sinn an sou behandelt ginn; mir verlaangen eisen Undeel un der Herrschaft; mir wëllen, datt d’Gesetz fir all d’Leit do soll sinn, an dofir soll et vun en all gemaach ginn. An da wäert mer triumphéieren, well mir hunn d’Verfassung fir eis, d’Gesetz vum Fortschrëtt a vun der Gerechtegkeet an d’Muecht vun der Zuel, well mir sinn d’Natioun!”
Michel Welter (1859-1924) „Mir hunn d’allgemengt Wahlrecht ganz uewen op onse Programm gesat.“ Den Dokter Michel Welter gëtt 1897 an d’Parlament gewielt. Wéi seng politesch Frënn bezeechent och hie sech als “Demokrat”. Et geet him drëm, e gerechte Wahlsystem ze schafen an der Aarbechterschaft zu politescher Gläichberechtegung ze verhëllefen. 1902 ass de Welter Matbegrënner vun der Sozialdemokratescher Partei a gehéiert do zum moderate Fligel. Géintiwwer vun der staarker Oppositioun am Parlament gëtt hie sech an der Wahlrechtsfro kompromëssbereet, Fir wéinstens schrëttweis virunzekommen, probéiert hie mat verschiddene Gesetzespropositiounen den Zensus erofzesetzen. 1912 schliisslech, wéi et kaum nach prinzipiell Géigner vum allgemenge Wahlrecht gëtt, setzt de Welter zesumme mat anere Kollegen d’Schafung vun enger parlamentarescher Kommissioun duerch, déi eng Reform virbereede soll. Dat ass awer eng Verzögerungstaktik. Liberaler a Sozialiste fäerten nämlech, datt d’Ausweidung vum Wahlrecht net hinnen, mee der kathoulescher Rietspartei zegutt komme géif.
12
Aline Mayrisch-de Saint-Hubert (1874-1947) „Nun, dir Dammen, loosst mer eis wieren a loosst eis solidaresch sinn, fir eisen Afloss ze vergréisseren.” D’ Aline de Saint-Hubert kënnt aus biergerleche Verhältnisser. 1894 bestit si den Ingenieur a Schmelzhär Émile Mayrisch. Obwuel si selwer kee méi héije Schoulofschloss huet, ass si als Konscht- a Literaturkritikerin aktiv. 1906 grënnt si zesumme mat anere Fraen de “Veräin fir d’Intresse vun der Fra” (VIF). Kuerz dono mécht de Veräin e private e private Meedercherslycée an der Stad Lëtzebuerg op, deen 1911 zu enger staatlecher Schoul gëtt. 1916 kënnen déi éischt jonk Fraen zu Lëtzebuerg e Secondaires-Ofschloss virweisen a sinn domat e grousse Schrëtt méi wäit wéi d’Generatioune virun hinnen. Si kënnen net nëmmen eng ganz Rei Beruffer ergräifen, mee si hu vun elo un och d’Méiglechkeet ze studéieren. De VIF betount zwar, ëffentlech, keng Reklamm fir d’Fraewahlrecht wëllen ze maachen, well deem seng Aféierung zu Lëtzebuerg nach verfréit wier. D’Aline Mayrisch an hir Matkämpferinnen organiséieren awer Konferenze mat auslännesche Riednerinnen, déi an hiren Heemechtslänner aktiv fir e Fraewahlrecht antrieden.
Margarete Hey-Fink „Gläich Flichten, gläich Rechter! Also en allgemengt, geheimt Wahlrecht fir Persoune vun deenen zwee Geschlechter vun 18 Joer un.” Iwwer d’Margarete Hey-Fink ass wéineg bekannt. Si wunnt zu Déifferdeng, ass vun däitscher Nationalitéit an ass zënter 1905 am lénke Fligel vun der Sozialdemokratescher Partei aktiv. Vun 1909 un trëtt si als Riednerin bei ëffentleche Versammlungen op. Si setzt sech fir d’Vergesellschaftung vun de Produktiounsmëttel a fir den Aachtstonnendag an an engagéiert sech géint de Krich. Dobäi fuerdert si d’Fraen op, “de Kampf an dëse wichtege Froen net de Männer ze iwwerloossen”. Besonnesch awer setzt sech d’Hey-Fink a fir d’Emanzipatioun vun der Fra. Vun 1917 u bedeelegt si sech un der nei entflamtener Mobiliséierung fir d’Fraewahlrecht. Am Summer 1918 fënnt sech hiren Numm ënnert deene vun den Initiatorinne vun der sozialistescher Petitioun fir d’Fraewahlrecht. Am Hierscht 1918 gëtt si souguer Member vun der Parteileedung. Mee wéi 1920 déi Kommunistesch Partei entsteet, gesäit si hir Intressen do besser vertrueden a schléisst sech hir un. Well si beim Generalstreik matmécht, gëtt si aus dem Land verwisen. 13
(1914-1919) À marche forcée vers le suffrage universel Ein Gewaltmarsch zum allgemeinen Wahlrecht
E Gewaltmarsch a Richtung allgemengt Wahlrecht D’Jore vun 1914 bis 1919 sinn an der Geschicht vum allgemenge Wahlrecht zu Lëtzebuerg vun zentraler Bedeitung. Obwuel d’Land am Éischte Weltkrich vun däitschen Truppe besat war, blouwen d’Groussherzogin Marie-Adelheid, d’Regierung an och d’Chamber am Amt. 1917 koum et vu Säite vun den Aarbechter, déi wéinst dem Krich Honger gelidden hunn, zu engem Streik, mee si konnten hir Lounfuerderungen awer net duerchsetzen. Zur gläicher Zäit hunn d’Lëtzebuerger Zeitunge vun de revolutionären Ereegnesser a Russland bericht. Wéi a ganz Europa war déi bolschewistesch Revolutioun am November 1917 och zu Lëtzebuerg fir déi radikaalst Vertrieder vun der Aarbechterbeweegung scho geschwënn e wichtegen Impuls. An dëser ugespaanter Situatioun gouf am Juni 1918 eng nei Chamber gewielt, déi eng Verfassungsännerung sollt duerchsetzen. Géif d’allgemengt Wahlrecht agefouert ginn?
14
La Révolution internationale Die internationale Revolution
Déi international Revolutioun Déi bolschewistesch Revolutioun vun 1917 an di domat verbonne Virstellung vun enger neier Gesellschaftsuerdnung hunn e groussen Deel vun den Aarbechter an Aarbechterinnen an Europa um Enn vum Éischte Weltkrich begeeschtert. No der Néierlag vun Däitschland am November 1918 huet den däitsche Keeser Wëllem II missten ofdanken an zu Berlin gouf d’Republik ausgeruff. Vun November 1918 bis Mäerz 1919 koum et an Däitschland, virun allem zu Berlin an zu München, zu revolutionären Onrouen. Och zu Lëtzebuerg sinn et vun 1916 un ëmmer méi Demonstratioune fir sozial a politesch Reforme ginn. D’Ereegnesser am Groussherzogtum sinn dobäi am Kontext vun den internationalen Ëmwälzungen ze gesinn.
La Chambre est morte ! Vive la Constituante ! Die Kammer ist tot! Es lebe die Konstituante!
D’Chamber ass dout! Vive d’Constituante! Wärend der Besetzung vu Lëtzebuerg duerch däitsch Truppe goung dat politescht Liewen am Grand-Duché onverännert weider. Nom Doud vum Paul Eyschen 1915 huet d’Grande-Duchesse Marie-Adelheid eng kathoulesch Regierung ernannt, déi sech awer net konnt op eng Majoritéit an der Chamber stäipen. Esou en direkt Agräife vun der Herrscherin an d’Politik hat et bis dohin net ginn an et gouf hir um Enn vum Krich zum Virworf gemaach. D’Ausernanersetzungen tëscht kathouleschen, liberalen a sozialistesche Politiker woren deemools vun enger erstaunlecher Häert gepräägt, déi duerch déi vill Volleksprotester op de Stroossen nach zousätzlech verstäerkt gouf. Am Juli 1918 gouf eng nei Chamber gewielt, déi als “Constituante” bezeechent gouf. Si hat den Optrag, d’Verfassung ze änneren. Wärend dem Wahlkampf hunn all d’Parteien erkläert, si wéilten d’allgemengt Wahlrecht aféieren. Zum Fraewahlrecht hunn si sech awer guer net geäussert, obwuel eng Rei engagéiert Fraen ënnert dem Afloss vun den däitsche feministeschen a sozialistesche Beweegungen ugefaangen hunn, sech dofir anzesetzen. Eng Petitioun zugonschte vun der Aféierung vum Fraewahlrecht, déi vun e puer Honnert Fraen ënnerzeechent an an der Chamber agereecht gouf, huet näischt doru geännert, datt d’Majoritéit vun den Deputéierten d’Fraewahlrecht net ugeschwat huet.
15
Faim et colère Hunger und Zorn
Honger a Roserei D’Groussherzogtum Lëtzebuerg war am Éischte Weltkrich net wierklech bedeelegt. Zwar hunn sech vill Lëtzebuerger als Fräiwëlleger bei de Krichsarméie gemellt, besonnesch bei der franséischer Friemelegioun, mee d’Bevëlkerung zu Lëtzebuerg huet de Krich virun allem als eng Zäit vun der Liewensmëttelknappheet erlieft. Tëscht 1914 an 1919 hu vill Lëtzebuerger Leit Honger gelidden! De Schwaarzmaart huet an de Stied floréiert a vill Leit hunn am Éislek, der Agrarregioun am Norde vum Land, Liewensmëttel bei Bauere kaf, déi hir Situatioun ausgenotzt hunn, fir ganz héich Präisser ze verlaangen. Vum Honger gedriwwen hu munnecher zur Gewalt gegraff, hu Liewensmëttel geklaut oder Verkafsplaze geplëmmt. Frae waren zu där Zäit besonnesch gefuerdert, well si, wéi am Ausland, ëmmer méi als Aarbechterinnen an de Betriber gebraucht goufen, an deenen et krichsbedéngt u männlechen Aarbechtskräfte gefeelt huet. Deemools war et selbstverständlech, datt d’Mamme weiderhin hu missen dono kucken, datt hir Kanner genuch z’iessen haten. D’Regierung huet sech als onfäeg erwisen, fir der Hongersnout en Enn ze setzen. Déi deemoleg politesch Klass gouf ëmmer méi onbeléift.
Vers la république ? Eine Republik?
Eng Republik? Um Enn vum Krich sinn zu Lëtzebuerg, ähnlech wéi an Däitschland a Loutrengen, Aarbechterréit entstanen. Déi hunn d’allgemengt Wahlrecht fir Männer a Frae gefuerdert, d’Aféierung vum Aachtstonnendag an och d’Schafung vu Conseils d’Usines an de Fabricken. Virun allem awer gouf zweemol, am November 1918 an am Januar 1919, d’Republik ausgeruff, ouni datt dat awer zu engem Ëmstuerz vun de Muechtverhältnisser gefouert hätt. Vis-à-vis vum Drock, dee vun der Bevëlkerung ausgoung, huet d’Regierung missten handelen. Schonns um Dag vum Armistice, dem 11. November 1918, huet si e Referendum iwwert d’Monarchie ugekënnegt. Mat der Aféierung vum Aachtstonnendag an der Industrie war am Dezember 1918 de soziale Fuerderunge vun der Bevëlkerung Rechnung gedroe ginn. Am Januar 1919 huet d’Regierung franséisch Truppen zu Hëllef geruff, déi d’Uerdnung nees hiergestallt an esou faktesch d’Ëmsetzung vum republikanesche Programm verhënnert hunn. Den 9. Januar, wärend sech zu Lëtzebuerg Massendemonstratiounen ofgespillt hunn, huet d’Grande-Duchesse Marie-Adelheid zugonschte vun hirer méi jonker Schwëster Charlotte ofgedankt.
16
Biographien (Büsten an der Mëtt) Marie-Adelheid (1894-1924) “[…] hunn ech decidéiert, der Kroun vum Grand-Duché ze entsoen. [...] An deem Abléck, wou d’Enn vum Weltkrich d’Groussherzogtum Lëtzebuerg virun en neien Abschnitt vu senger Geschicht gestallt huet, hunn ech meng Absicht manifestéiert, d’Geschécker vum Land an d’Hänn vum Lëtzebuerger Vollek ze leeën.” Am Alter vun nëmmen 18 Joer trëtt d’Marie-Adelheid 1912 d’Nofolleg vun hirem Papp Wëllem IV. un. Vun där ganz gleeweger jonker Herrscherin, déi um Haff haaptsächlech vun däitsche Beroder ëmginn ass, gëtt a politescher Hisiicht gemengt, datt si de kathoulesche Kreesser ganz no géif stoen. Schonns um Ufank vun hirer Amtszäit gëtt hir vun der Gauche virgeworf, dat neit, vun der kathoulescher Kierch ofgeleentend Schoulgesetz eréischt no sechs Woche promulgéiert ze hunn. Nom Doud vum Staatsminister Paul Eyschen am Joer 1915 berifft si eng konservativ Regierung, déi awer keng Majoritéit am Parlament huet. Duerfir mécht si zwar vu Virrechter Gebrauch, déi hir laut der Verfassung tatsächlech zoustinn, vun deenen hir Virgänger awer schonn zënter bal engem hallwe Joerhonnert kee gebrauch méi gemaach hunn. Andeems se sech op dës Aart a Weis an d’Politik amëscht, dréit d’Grande-Duchesse dozou bäi, eng schwéier politesch Kris auszeléisen. Vun 1915 bis 1919 gëtt et fënnef verschidde Regierungen. Um Enn vum Éischte Weltkrich ass d’Positioun vun der Groussherzogin staark geschwächt. En Deel vun de liberalen a sozialisteschen Deputéierte mécht hir de Virworf, den däitsche Keeser matten am Krich empfaangen ze hunn. Republikanesch Komiteeë fuerdere schonn a, November 1918 d’Enn vun der Monarchie. Vis-à-vis vum Drock aus der Bevëlkerung an der kompromëssloser Haltung vun den alliéierte Muechten, déi de Krich gewonnen hunn, léisst d’Regierung Émile Reuter d’Grande-Duchesse schliisslech falen. Si muss den 9. Januar 1919 ofdanken. Nodeems se Lëtzebuerg verlooss huet, zitt sech d’Marie-Adelheid an e Karmeliterinneklouschter an Italien zréck. Si stierft 1924 a Bayern am Alter vu just 29 Joer.
17
Émile Reuter (1874-1973) “Vü datt jo all d’Leit am Land sech eeneg sinn, datt dem Vollek a senger Gesamtheet d’Entscheedung iwwer déi zukünfteg Staatsform an d’Schicksal vum Land iwwerlooss gi muss, ass all revolutionär Beweegung absolut iwwerflësseg.” Den Émile Reuter, Grënnungsmember vun der kathoulescher Rietspartei, ass vun 1911 un Deputéierten an der Chamber. Am September 1918 gëtt hien zum Regierungschef ernannt an ass an dëser Funktioun eng Schlësselfigur an der Kris vun 1918/1919. Vis-à-vis vum Oprou vum 10. an 11. November 1918 erkläert hien, datt e wëllt e Referendum zur Fro vum Fortbestand vun der Monarchie ofhalen. Hie steet deemools ënner staarkem Drock, net nëmme wéinst de Massendemonstratiounen, mee och, well d’Sigermuechten eng wéineg frëndschaftlech Haltung géintiwwer der Lëtzebuerger Regierung un den Dag leeën. D’Alliéiert werfen hir Komplizeschaft mat den Däitsche vir. Aus dësem Grond wëll de Reuter der ganzer Welt den Onofhängegkeetswëlle vun de Lëtzebuerger Leit beweisen an doduerch d’Monarchie retten. Schonn am November 1918 erkläert hien, d’Regierung wéilt dozou all groussjäreg Männer a Frae befroen. E puer Méint virun der Verfassungsrevisioun beschleunegt hien also dës Entwécklung. Am Januar 1919 verhënneren de Reuter an d’Rietspartei an der Chamber eng Ofstëmmung iwwert d’Ofschafung vun der Monarchie. D’Regierung rifft och déi franséisch Truppen zu Hëllef, fir d’Demonstratiounen opzeléisen, déi virum Chambersgebai ofgehale ginn. Beim Referendum am September 1919 legitiméiert d’Bevëlkerung nodréiglech dës monarchiefrëndlech Politik vum Émile Reuter, deen och bei de Wahlen am nächsten Oktober als Regierungschef bestätegt gëtt. Hie bleift bis 1925 an dësem Amt an ass duerno vun 1926 bis 1959 President vun der Chamber.
Aloyse Kayser (1874-1926) “[...] konfrontéiert mat de Moossname vun den auslännesche Militärkommandanten, déi op Demande vun der Regierung a vum President vun der Chamber handelen, gesäit sech de [Comité de Salut public] net méi an der Lag, all déi Waffen ze gebrauchen, déi déi Lëtzebuerger Verfassung a Gesetzer him bereetstellen. E wäert esou energesch handelen, wéi him dat déi wéineg Fräiheet, déi de Lëtzebuerger Bierger bleift, erlaabt, fir am Land d’Republik anzeféieren.” Den Eisebunner a Gewerkschaftler Aloyse Kayser vertrëtt déi Grupp, déi 1918/19 zu Lëtzebuerg d’Aféierung vun enger Republik fuerdert. De Kayser, ee vun de Leadere vun der Sozialistescher Partei, ass vun 1908 bis 1918 an dunn nees vun 1919 u bis zu sengem Doud an der Chamber. De Kayser ass ee vun den eminente Membere vum “Comité de Salut public”, deen den 9. Januar 1919 vun enger 18
Handvoll sozialisteschen a liberalen Deputéierte gegrënnt gëtt. Si fäerten, datt d’Monarchie en oniwwerwannbaren Obstakel beim Erhale vun der Onofhängegkeet vum Land wäert sinn. Dës Politiker sinn sech bewosst, datt déi Alliéiert net mat der Groussherzogin Marie-Adelheid verhandele wëllen, a gesinn an der Proklamatioun vun der Republik déi eenzeg Méiglechkeet, fir datt Lëtzebuerg net vun der Landkaart gestrach gëtt. Wéi et dunn an där als Fräiwëllegenarméi bezeechente klenger Lëtzebuerger Arméi zu enger Meuterei kënnt, schéngt fir déi Lëtzebuerger republikanesch Beweegung den Zäitpunkt gënschteg, fir hire Plang ëmzesetzen. Den 9. Januar 1919 gëtt a verschiddenen Uertschafte vum Land bei Demonstratiounen d’Republik ausgeruff. De Comité de Salut public ernennt den Ingenieur a fréieren Deputéierten Émile Servais (1847-1928) zum President vun dëser Republik. Wärend déi franséisch Truppen, déi d’Regierung an de Chamberspresident als Verstäerkung fir d’Oprechterhale vun der Uerdnung ugefuerdert hunn, d’Leit, déi demonstréieren, ausernanerdreiwen, kënnen d’Deputéiert, déi an der Chamber bliwwe sinn, net iwwer d’Fro vun der Monarchie ofstëmmen, well de President vun der Chamber d’Sitzung ophieft. Nach de selwechten Dag dankt, d’Groussherzogin Marie-Adelheid of. An den Deeg duerno verhënneren déi franséisch Besatzungstruppe weider Volleksversammlungen. D’Revolutioun vun 1919 ass deemno gescheitert. De Referendum am September 1919 bestätegt d’Monarchie a setzt de Fuerderungen no enger Republik en Enn. Dat hënnert den Aloyse Kayser, grad sou wéi aner Membere vum Comité de Salut public, net drun, an den 1920er Joren eng erfollegräich politesch Carrière ze maan.
19
Référendum et constitution Referendum und Verfassung
Referendum a Verfassung Une nouvelle ère Ein neues Zeitalter
En neit Zäitalter Den 8. Mee 1919 huet d’Chamber d’Verfaassungsännerung ugeholl, duerch déi d’allgemengt Wahlrecht agefouert gouf. Et war dëst eng kruzial Decisioun, well vun elo un all Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger ab dem Alter vun 21 Joer onofhängeg vun hirem Akomme wielen an ab 25 Joer och selwer bei Wahlen untriede konnten. Bei Referendum vum 28. September 1919 iwwer déi zukënfteg Staatsform an iwwer déi wiertschaftlech Ausriichtung vum Land hunn d’Lëtzebuergerinnen an och vill Lëtzebuerger fir d’éischt e Wahlziedel an eng Urn gestach. Den 26. Oktober duerno woren déi éischt Parlamentswahlen nom System vum allgemenge Wahlrecht. Et fällt op, datt déi haapt Charakteristike vum Wahlsystem zënter 1919 nëmme wéineg geännert hunn: d’Lëschtewahl an de véier Wahlbezierker, d’Méiglechkeet, eng Partei oder awer eenzel Kandidaturen aus enger oder verschiddene Lëschten ze wielen (“Panaschéieren”) a virun allem d’Wahlpflicht. 20
La parole au peuple : le référendum du 28 septembre 1919 Das Volk hat das Wort: das Referendum vom 28. September 1919
D’Vollek huet d’Wuert: de Referendum vum 28. September 1919 No Krichsenn huet d’Regierung e Referendum iwwert d’Monarchie ugekënnegt. Si wollt domat zwee verschidde Problemer léisen: d’Fro vun der Staatsform, déi och bei Massendemonstratiounen intern opgeworf gi wor, an d’Bedrohung vun der Onofhängegkeet vum Land vu Säite vun de Sigermuechten Alliéierten. De Referendum wor fir am Ufank fir de 4. Mee virgesinn, gouf awer op Drock vun den Alliéierten op den 28. September verréckelt. Och wann et sech just ëm eng Befroung gehandelt huet, konnten d’Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger dach dunn nom Prinzip vum allgemenge Wahlrecht hir Meenung äusseren. Eng Wahlflicht gouf et beim Referendum allerdéngs nach net. 72 % vun de Wahlberechtegten hunn um Referendum deelgeholl: 77,8 % vun de Wielerinnen a Wieler hu fir d’Monarchie gestëmmt, nëmmen 19,6 fir eng Republik. Wat déi zukënfteg Wirtschaftsunioun ugoung - eng Fro, déi och am Referendum gestallt gouf - hunn sech 73 % fir eng Unioun mat Frankräich ausgeschwat. Well d’Nopeschland déi Offer awer ofgelehnt huet, huet Lëtzebuerg schliisslech 1921 awer eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch ofgeschloss, fir déi am Fong just 27 % gestëmmt haten.
La souveraineté du peuple Die Souveränität des Volkes
D’Souveränitéit vum Vollék No Krichsenn wor d’Monarchie staark ëmstridden. Mee d’ëffentlech Meenung huet sech an dësem Punkt tëscht Januar a September 1919 gewandelt: Während d’Monarchie uganks als Gefor fir d’Onofhängegkeet vum Land geschéngt huet, gouf si ëmmer méi zu engem Argument fir hiren Erhalt. Während d’Monarchie virum Referendum op ganz wackelege Féiss stoung, goung se gestäerkt aus dem Referendum ervir. Duerch d’Reform vun der Verfaassung loung awer déi souverän Gewalt [...] an der Natioun” an net méi beim Monarch oder der Monarchin, wat deenen hir Befugnisser staark ageschränkt huet. Iwwer déi eigentlech politesch Muecht hunn elo definitiv d’Chamber an d’Regierung verfügt. Zënter 1919 huet de Grand-Duc respektiv d’Grande-Duchesse nëmme méi eng formell a representativ Funktioun.
21
Pour être électeur, il faut être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise Um wählen zu können, muss man Luxemburger bzw. Luxemburgerin sein
Fir wielen ze dierfen, muss ee Lëtzebuerger oder Lëtzebuergerin sinn 1919 kruten déi lëtzebuergesch Fraen d’Wahlrecht, wat deemools am internationale Verglach keng Selbstverständlechkeet war. An Däitschland haten se d’Wahlrecht zwar schonn 1918 krut, Frankräich an d’Belsch hunn de Fraen dëst Recht awer eréischt no 1945 zougestanen. Och wann et zu Lëtzebuerg keng Massemobiliséierung fir d’Fraewahlrecht gouf, hunn sech zënter 1905 scho Stëmmen Gehéier verschaf, déi d’Fraewahlrecht gefuerdert hunn. Virun allem déi radikal Sozialistinnen a Sozialisten hu Petitiounen an deem Sënn abruecht. Am Summer 1918 hunn eng Rei vun engagéierte Fraen, dorënner besonnesch d’Marguerite Mongenast-Servais, Petitioune lancéiert, an deenen se d’Wahlrecht fir d’Lëtzebuergerinne gefuerdert hunn. Si krute schliisslech Satisfaktioun, trotz der Retizenz vun de liberale Politiker, déi gefaart hunn, datt d’Fraen sech liicht géife vu Geeschtleche beaflosse loossen an doduerch haaptsächlech déi Konservativ géinge wielen. Déi kathoulesch Rietspartei huet grad esou wéi d’Sozialisten an di meescht onofhängeg Deputéiert fir d’Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir béid Geschlechter gestëmmt.
Un système électoral « moderne » : la représentation proportionnelle Ein „modernes“ Wahlsystem: das Verhältniswahlrecht
E “moderne” Wahlsystem: d’Verhältniswahlrecht Duerch d’Verfassungsreform gouf d’Proporz- oder Verhältniswahlrecht no Lëschten agefouert: Zënterhier ginn d’Sëtzer vun enge, Wahlbezierk proportional zur Stëmmenzuel verdeelt, déi all Lëscht krut. Dëse System soll eng Representatioun vun alle wichtege politesche Kräften, déi an der Gesellschaft implantéiert sinn, ofsécheren. D’Wiel nom Proporzwahlsystem implizéiert, datt d’Parteien eng Equipe vu Leit presentéieren, déi e gemeinsame Programm wëlle verwierklechen. Virun 1919 gouf et e Majorzsystem, d. h., datt dee Kandidat, deen am beschte gewielt war, de Sëtz krut, deen ze vergi war. Dat erkläert, firwat esou vill Kandidaten onofhängeg vu Parteien an d’Wahle goungen, obwuel déi éischt politesch Parteien zu Lëtzebuerg scho vun 1902 un entstane sinn.
22
Quatre circonscriptions électorales Vier Wahlbezirke
Véier Wahlbezierker Bis 1919 huet all Kanton seng eegen Deputéiert gewielt. 1919 goufen dunn awer zwee oder méi Kantoner zu engem Wahlbezierk zesummegefaasst. D’Zuel vun de Mandater an all Kanton gouf op 1 Sëtz fir 5.000 Leit fixéiert. D’Zuel vun de Sëtz am Parlament huet sech duerfir am Laf vun der Zäit verännert. 1919 waren et der 48, 1983 64. Eréischt 1988 gouf d’Zuel vu Mandater pro Wahlbezierk endgülteg festgeluecht: 23 fir de Wahlbezierk Süden, 21 fir den Zentrum, 9 fir den Norden a 7 fir den Osten, wat eng Gesamtzuel vu 60 Sëtz ergëtt. Bis 1956 goufen d’Deputéiert fir sechs Joer gewielt. Wahle gouf et all dräi Joer, ofwiesselnd an 2 vun de véier Wahlbezierker. D’Chamber gouf esou all dräi Joer ëm d’Halschent erneiert. Haut gëtt déi ganz Chamber all fënnef Joer nei gewielt. D’Festleeung vun de Grenzen tëscht de Wahlbezierker ass net ouni Bedeitung, well déi sozial Zesummesetzung vun der Wielerschaft eng grouss Inzidenz op d’Wahlresultat kann hunn. Fir beispillsweis d’Stëmme vun der zueleméisseg dominanter Aarbechterschaft aus dem Kanton Esch-Uelzecht auszegläichen, hunn d’Deputéiert 1919 festgehalen, de Kanton Capellen, déi méi landwiertschaftlech gepräägt war, dem Wahlbezierk Süden zouzeschloen.
Voter : du privilège à l’obligation Vom Recht zur Pflicht zu wählen
Vum Recht zur Flicht ze wielen Zu Lëtzebuerg sinn all Wahlberechtegt och zur Wahl verflicht; dëst ass eng Partikularitéit, déi et weltwäit just an e puer Länner gëtt. Si kënnt dohier, datt sech de Problem vun der Wahlabstinenz scho virun 1919 gestallt hat. Bei net justifiéiertem Net-Deelhuelen un de Wahlen huet d’Gesetz 1919 Geldstrofe vun engem bis 25 Frang virgesinn. Haut kënne Strofe vun 100 bis 1.000 Euro verhaange ginn. 1924 gouf awer eng Ausnam fir Persounen iwwer 70 Joer gemaach. 2003 gouf dës Altersgrenz op 75 Joer gehéckt. Zënter 1964 musse Wielerinnen a Wieler, déi net un der Wahl deelhuelen, faktesch awer net méi mat enger geriichtlecher Poursuite resp. enger Strof rechnen. Laut Gesetz vun 1919 blouwe bestëmmte Persoune weiderhi vum Wahlrecht ausgeschloss: Leit, déi wéinst bestëmmte Verbriechen oder Delikter veruerteelt gi waren, souguer nom Ofsëtze vun hirer Strof, Prostituéierter a bestuete Männer, déi wéinst Ontreiheet veruerteelt gi waren, souwéi leit, déi an der Faillite waren oder Sozialhëllef empfaang hunn. Déi meescht vun dësen Ausschlossreegele goufen entretemps ofgeschaaft. Just déi Leit, déi hiert Wahlrecht opgrond vun denger geriichtlecher Entscheedung explizit verluer hunn souwéi Erwuessener, déi ënner Tutell stinn, sinn haut vum Wahlgang ausgeschloss. 23
Nouveaux groupes électoraux Neue Wählergruppen
Nei Wielergruppen Le suffrage universel – et maintenant ? Das allgemeine Wahlrecht – und nun?
Dat allgemengt Wahlrecht - an elo? Zënter 1919 erlaabt d’Souveränitéit vum Vollek, déi sech duerch d’allgemengt Wahlrecht ausdréckt, alle Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger, sech um politesche Liewen ze bedeelegen. 1919 kruten net nëmmen d’Fraen, mee och déi aarm männlech Bevëlkerung, virun allem d’Bauereleit an d’Aarbechterschaft, fir d’éischt d’Wahlrecht. Mee mat der Abezéiung vun dësen dräi Bevëlkerungsgruppe waren net all Problemer geléist. D’Fraen, d’Aarbechterschaft an d’Bauereleit hu sech weider gezwongen gesinn, weiderhin och aner Mëttel anzesetzen, fir hir Revendicatiounen zum Ausdrock ze bréngen an hir Interessen ze vertrieden. No 1919 hu virun allem déi sozialistesch Partei souwéi och, wann och mat manner elektoralem Succès, déi kommunistesch Partei d’Aarbechterfuerderunge vertrueden. D’Bauerewelt, déi déi chrëschtlech-sozialer Rietspartei elektoral Clientèle als en Deel vun hirer Stammwielerschaft ugesinn huet, huet sech a Verbänn zesummegeschloss, fir hier Fuerderunge besser abréngen ze kënnen. D’Fraen dogéint sinn, obwuel se elo d’Wahlrecht haten, scho vun den 1930er Joren un nees vun der politescher Bühn verschwonnen. Wärend gutt drësseg Joer hunn d’Partei quasi keng Kandidatinne méi bei Wahlen opgestallt. 24
Les femmes : les grandes absentes du débat politique Die Frauen: die großen Abwesenden der politischen Debatte
D’Fraen: déi grouss Ofwiesend an der politescher Debatt 1919 hunn d’Frae fir d’éischt un de Wahlen deelgeholl. Eenzeler, déi scho virdrun a Parteien aktiv gewiescht waren, hu souguer kandidéiert, mee just eng eenzeg Fra gouf gewielt: d’Marguerite Thomas-Clement, déi mat Ënnerbriechunge bis 1931 an der Chamber siegéiert huet. Eréischt 34 Joer méi spéit krut mat der Astrid Lulling nees eng Fra e Chambersmandat. Si gouf déi zweet Lëtzebuerger Deputéiert. 1967 ass d’Madeleine Frieden-Kinnen als éischt Fra Member vun der Regierung ginn. An den 1920er Joren hunn eng Rei Fraerechtlerinne paritéitesch Lëschten an esou guer reng Fraelëschte presentéiert, awer ouni grousse Succès. Eréischt an den 1960er an 1970er Joren huet d’Nees-Opliewe vun der Fraebeweegung no an no zu enger Verännerung vun de Verhältnisser gefouert. D’Fraebeweegung huet sech an neie Veräiner organiséiert an huet no villen Demonstratiounen a politeschen Aktioune grondsätzlech Gesetzesännerungen zum Statut vun de Fraen an der Gesellschaft erreecht. Mee och wann sech zënter den 1970er Joren ëmmer méi Frae politesch engagéieren an d’Gesetz zënter 2016 virgesäit, datt d’Parteie bei de Wahle musse Lëschten opstellen, ob deenen déi béid Geschlechter zu mindestens 40 % vertruede sinn, bleiwen d’Fraen an der Lëtzebuerger Politik ëmmer nach staark ënnerrepresentéiert: 2019 ware vu 60 Deputéierte just 15 Fraen.
L’essor du mouvement ouvrier Der Aufschwung der Arbeiterbewegung
Den Opschwong vun der Aarbechterbeweegung Am 19. Joerhonnert ass zu Lëtzebuerg eng Aarbechterklass entstanen. Parallel zur Aféierung vum allgemenge Wahlrecht huet sech d’Aarbechterbeweegung an der Tëschekrichszäit strukturéiert. Déi fräi Gewerkschaften hunn eng aktiv Roll an der chrëschtlech-sozialer Rietspartei gespillt. Well vun den 1920er an 1930er Joren u vill Lëtzebuerger an der Eisen- a Stolindustrie geschafft hunn, huet sech d’Aarbechterklass zu enger ganz wichteger Wielergrupp entwéckelt. Reegelméisseg goufen Aarbechter an d’Chamber gewielt respektiv erëmgewielt. Obwuel se also politesch vertruede war, huet d’Aarbechterschaft, déi mat schlechten Aarbechtskonditiounen a Lounproblemer ze kämpfen hat, a Krisenzäite fir Verbesserungen demonstréiert. Sou hu se Drock op d’Politik ausgeüübt, där hir Vertrieder den Ausgläich tëscht hinnen an hire Patronen hu misse schafen. An den 1930er Joren huet sech esou e Sozialmodell en Place gesat, deen op Dialog a Verstännegung baséiert huet: D’Patronen, d’Gewerkschaften an d’Regierung 25
koume reegelméisseg zesumme fir déi sozial Problemer ze léisen. An dëse Reuniounen, déi als “Tripartite” bezeechent goufen an déi an den 1970er Joren institutionaliséiert goufen, war d’Chamber net mat agebonnen. Hir Roll beschränkt sech bei dëser Virgoensweis drop, d’Ofkommesse vun der Tripartite ze ratifizéieren, obwuel d’Deputéiert als vum Vollek Gewielten eigentlech méi missten an dëse Froe ze soen hunn.
Les intérêts agricoles à la Chambre Die Bauerninteressen in der Kammer
D’Bauereninteressen an der Chamber Déi aarm Bauereleit waren déi aner grouss Gewënner vum allgemenge Wahlrecht. Onofhängeg dovun, ob si selwer e landwirtschaftleche Betrib haten oder ob se Kniecht oder Mod waren, hunn si wuel dee wichtegste Stëmmereservoir vun der kathoulescher Rietspartei duergestallt, déi sech ganz laang spezifesch un d’Bauerewelt geriicht huet. D’Interesse vun de Bauereleit hunn sech vun deene vun der Aarbechterschaft ënnerscheet, sou huet zum Beispill den Aachtstonnendag Uganks net an der Landwirtschaft gegollt. De landwirtschaftleche Secteur huet sech an den 1920er an 1930er Joren och a Veräiner a Verbänn organiséiert. E wichtegt Thema an der Politik sinn zënterhier déi staatlech Interventioun am landwirtschaftleche Beräich: Remembrement, Moderniséierung vun de Produktiounsmethoden, Ënnerstëtzung vu landwirtschaftlechen Ofsaz- a Vetriebsgenossenschaften asw. All dës Aspekter, déi fir d’Landwirtschaft vun zentraler Bedeitung sinn, hunn d’Politik vum 20. Joerhonnert gepräägt.
L’éducation citoyenne : condition préalable ou conséquence du suffrage universel ? Bürgerkunde: Voraussetzung oder Folge des allgemeinen Wahlrechts?
Instruction civique: Viraussetzung allgemenge Wahlrecht?
oder
Suite
vum
Wärend dem ganzen 19. Joerhonnert hunn eng Rei Politiker eng Ausweidung vum Wahlrecht mam Argument ofgeleent, datt d’Vollek nach net prett fir dës Verantwortung wier, well et him u Bildung géif feelen. D’Aféierung vun der Schoulflicht bis zum Alter vun 12 Joer 1881 an d’Schoulreform vun 1912 hunn déi deemoleg Deputéiert als Etappe gesinn, déi laangfristeg d’Abezéiung vu méi engem groussen Deel vun der Bevëlkerung a politesch Entscheedunge sollt erméiglechen. Wärend verschidde Politiker wierklech méi en héije Bildungsniveau erstrieft hunn, war déi schappeg Bildung vun der Bevëlkerung fir anerer just e Virwand, fir hinne politesch Rechter ze verweigeren. Eng Bevëlkerung mat gudder Schoulbildung huet sech effektiv oft mat méi Nodrock fir hir Rechter agesat. 26
Zënter 1919, also der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht, war d’Biergererzéiung nees en zentraalt Thema. De Lëtzebuerger politesche System gouf zanterhier och ëmmer méi staark an de Schoulbicher behandelt. Trotzdeem gëtt oft fonnt, datt déi politesch Bildung vun de Biergerinnen a Bierger net wäit genuch geet. Heiansdo gëtt den Unterrecht och als Brems erlieft: D’Weiderbestoe vun ënnerschiddlechen Inhalter an de Programmer vu Jongen a Meedercher huet zweiwellos laang Zäit dozou bäigedroen, datt Frae vun der Politik ewechgehale goufen. Eréischt 1968 goufen an de Lycéeën eenheetlech Léierpläng agefouert.
27
Biographien Marguerite Mongenast-Servais (1882-1925) „De Wahlsproch ass Egalitéit, Fir d’Schoul a spéider och fir d’Stéit. Mir hunn ons Aarbecht an ons Flicht, Sinn duerfir och op d’Recht erpicht“ D’Marguerite Mongenast-Servais ass d’Duechter vum Ingenieur an Deputéierten Émile Servais, dee fortschrëttlech Iddie vertrëtt. Onermiddlech engagéiert si sech a n der Sozialistescher Partei an a verschiddene Veräiner, ënner anerem an der “Action républicaine”. Si setzt sech dofir an, datt jonk Frae besser op hir zukünfteg Roll als Hausfra, bestuete Fra a Mamm virbereet ginn, awer och dofir, datt d’Fraen hir Rechter als schaffend Fraen an als Biergerinne kennen. 1918 ass d’Mongenast-Servais eng vun den dreiwende Kräfte beim Organiséiere vun enger Ënnerschrëftesammlung fir d’Fraewahlrecht. Wéi dëst 1919 agefouert gëtt, schreift d’Marguerite Mongenast-Servais: “Lo si mer - genee wéi d’Fraen an den avancéierte Länner - Biergerinnen am Sënn vum Wuert. [...] Mee wéi gesäit et aus a wirtschaftlecher Bezéiung? Kritt d’Fra fir gläich Aarbecht zum Beispill gläiche Loun wéi d’Männer? Do gëllt direkt nees deen ale Refrain: D’Fra zielt dach net! An dach! D’Fra wäert ze beweise wëssen, datt se zielt, datt d’Mënschheet vun haut a vu muer si net méi däerf iwwergoen [...].”
Marguerite Thomas-Clement (1886-1979) „Loosst de Fraen d’Recht, selwer ze entscheeden, ob jo oder nee de Stand vun der bestuetener Fra hinnen erlaabt, weider hire Fonktiounen nozegoen, oder se verflicht, se opzeginn.”“ Bei de Chamberwahle vun 1919 gëtt d’Marguerite Thomas-Clement als eenzeg vun dräi Kandidatinne vun der sozialistescher Partei gewielt. Domat ass si déi éischt Fra am Lëtzebuerger Parlament. Si ass spéider och wärend enger Rei Joren déi éischt Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg. An der Chamber interesséiert sech d’Marguerite Thomas-Clement staark fir Aarbechts- a Finanzpolitik, gräift awer och aktiv an de politesche Muechtkampf an. Donieft engagéiert si sech fir d’Rechter vun de Fraen, déi hirer Meenung no zu den ausgebeutenen an ënnerdréckte Schichte vun de der Gesellschaft gehéieren. Eng vun hiren éischten Initiativen ass eng Proposition de loi fir d’Gläichstellung 28
vu Mann a Fra am rechtlechen a wirtschaftleche Beräich - well trotz dem neie Wahlrecht bleiwen d’Fraen an anere Beräicher weiderhi rechtlech benodeelegt. Si, di selwer Léierin war, kämpft géint Bestëmmungen, déi bestuete Fraen et verbidden, weider am ëffentlechen Déngscht ze schaffen. D’Marguerite Thomas-Clement Wiesselt spéider bei déi Radikal-Sozialistesch Partei, déi méi liberal ass wéi d’sozialistesch Aarbechter-Partei. Bei de Chamberwahlen 1931 gëtt si net méi zréck gewielt.
Catherine Schleimer-Kill “D’Wahlrecht ass de Fraen an de Schouss gefall wéi eng fréiräif Fruucht, déi se ugangs virwëlzeg erschreckt ugekuckt hunn, mat där se awer am éischten Abléck näischt unzefänke woussten.” 1919 encouragéiert d’Catherine Schleimer-Kill a verschiddenen Zeitungsartikelen d’Fraen, sech fir di ustoend Wahlen ze interesséieren, bei deenen se fir d’éischte Kéier hir Stëmm dierfen ofginn. Bei dëser Wahl kandidéiert d’Haushaltungsléierin dann och selwer, an zwar fir déi kathoulesch Rietspartei - awer ouni Succès. Well se sech fir d’Gläichstellung vun de bestuetene Fraen asetzt, brécht si och schnell mat hirer Partei. Bei de Gemengewahle vun 1928 wot d’Schleimer-Kill et, zu Esch-Uelzecht eng reng Fraelëscht opzestellen - an si kritt e Mandat! Nieft hirer politescher Aktivitéit grënnt si de Veräin “Action féminine”, dee sech fir d’Verbesserung vun der Meederchersbildung a fir d’Recht vun de bestuetene Fraen op Erwerbstätegkeet asetzt. Spéider beschreift d’Catherine Schleimer-Kill d’Wahlrecht als e Geschenk, deem säi Wäert d’Frae just lues a lues erkannt hunn: “Wat an anere Länner d’Ursaach war, ass bei eis als Suite vum Fraewahlrecht ze gesinn. D’Frae gruppéiere sech, fir [...] och deenen anere Fuerderunge vun hirem Geschlecht - iwwregens Fuerderunge vun enger natierlecher Gerechtegkeet - Gehéier ze verschafen.”
Lily Krier-Becker (1898-1981) „De Frae war deemools dach alles wurscht. Si kruten d’Wahlrecht an de Schouss geschott fir d’Dynastie ze retten” Bei der turbulenter Manifestatioun vum 13. August 1919 huet d’Butteksmeedche Lily Becker zündend Wierder fir d’Organisatioun vun allen Aarbechter fonnt,” schreift d’Dageszeitung “Tageblatt”. Et ass wahrscheinlech déi éischte Kéier, datt eng Fra virun enger grousser Mënschemass ëffentlech d’Wuert ergräift. Mee si interesséiert sech manner fir d’Fraewahlrecht u sech wéi fir déi lénk Aarbechterbewee29
gung, fir déi se sech herno och als Gewerkschaftssekretärin engagéiert. An der Aféierung vum Fraewahlrecht gesäit si spéider just e monarchistescht Manöver. Trotz hirer radikaler Rhetorik an hirer spatzer Fieder vertrëtt si geschwënn éischter reformistesch Positiounen. Nieft Artikelen an der Dagespress verfaasst si och sozialistesch Broschüren oder engagéiert sech während dem Spuenesche Biergerkrich fir de “Fräiheetskampf a Spuenien”. 1925 bestit si de Gewerkschaftler Pierre Krier. 1927 ass d’Lily Becker Matbegrënnerin vum sozialdemokrateschen Ënnerstëtzungsveräin “Foyer de la fëmme”, deen nieft der Verdeedegung vun den Interesse vun de Fraen an der Gesellschaft och Fortbildungen a Vakanzenaktivitéite fir seng Memberen organiséiert. D’Lily Krier-Becker verléisst 1970 d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP), fir sech der Sozialdemokratescher Partei vun der Astrid Lulling unzeschléissen, déi tëscht 1971 an 1984 aktiv ass.
Jean Schortgen (1880-1918) “Ech bleiwen trei de Prinzipien, mat deenen ech vu menge Wieler an d’Chamber geschéckt gouf: fir déi Aarm an déi Entierften anzetrieden.” Hien ass de Prototyp vum Lëtzebuerger Aarbechter: Mat dräizéng Joer fänkt de Jean Schortgen un, an der Landwirtschaft ze schaffen, duerno gëtt hie Hütten- a Biergaarbechter. Als jonke Mann trëtt hien an déi “Sozialdemokratesch Partei” an, an ass scho geschwë Member vun der Parteileedung. Kuerz virun Ausbroch vum Éischte Weltkrich, nach ënnert dem Zensuswahlrecht, gëtt hien als Deputéierte gewielt an ass domat den éischten Aarbechter am Parlament - allerdéngs geléngt ëm dat just mat Ënnerstëtzung vu biergerleche Liberalen. De Schortgen setzt sech virun allem fir d’Aarbechterschaft an. Virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich, dee fir Liewensmëttelknappheet suergt, weist hien op déi onerdréiglech Lag vun der Bevëlkerung hin, déi Honger leid, a betount, datt hie sech fir déi Aarm wëll asetzen: “[D]éi Räich hunn et net néideg, datt ee sech fir si asetzt, si hu sech bis elo nach ëmmer ze hëllefe gewosst [...].” Den 1. Mee 1918 kënnt hie bei engem Aarbechtsaccident an der Minn ëm d’Liewen.
30
Jean-Pierre Bausch (1891-1935) “D’Kloe vun de Biergaarbechter mussen endlech gehéiert an hir Fuerderunge realiséiert ginn.” Ugangs engagéiert sech de Minnenaarbechter Jean-Pierre Bausch gewerkschaftlech an hëlt un de grousse Streiker vun 1917, 1921 an 1924 deel. 1924 gëtt hien an de Rëmelenger Gemengerot gewielt, an et geléngt dem temperamentvolle jonke Politiker schnell, zum Buergermeeschter opzesteigen, ënnerstëtzt vun enger sozialliberaler Koalitioun. 1928 packt hien de Sprong an d’Chamber, wou hie sech virun allem fir d’Suerge vun de klenge Leit a weiderhi fir “seng” Gemeng asetzt. Dem Bausch säi perséinlecht Schicksal weist, datt sech mam Wahlrecht eleng d’Lag vun den Aarbechter an de Minne kaum verbessert: 1927 huet säi 14-järege Bouf e schwéieren Accident an der Minn. 1933 stellt de Bausch an der Chamber fest: “De Biergaarbechter gëtt mat 65 Joer pensionéiert, awer kaum ee Prozent vun de Biergaarbechter erreecht deen Alter. [...] Ass et mat System oder net, datt de Biergaarbechterstand esou schikanéiert gouf an esou gedréckt ass?” D’Biergaarbechterléin wieren an nëmmen e puer Joerzéngte massiv gefall. 1935 kënnt de Jean-Pierre Bausch selwer bei engem Minnenongléck ëm d’Liewen. Ee Joer méi spéit gëtt den éischte Kollektivvertrag fir Minnenaarbechter ënnerschriwwen.
Pierre Krier (1885-1947) „No dësem Krich [...] däerf et keng klenglech sozial Reformen als ‘Berouegungspëlle’ ginn [...].” 1918 gëtt de Pierre Kréier fir d’éischt an d’Parlament gewielt. Den Interessi vum Lokomotivféierer a sozialistesche Politiker gelt ugangs der Gewerkschaftsbeweegung. Hie gëtt Virsëtzende vum neie “Lëtzebuerger Bierg- a Metallindustrieaarbechter-Verband (LBMIAV), aus deem spéider den haitege “Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg” (OGB-L) ervirgeet. 1925 bestit hien d’Gewerkschaftssekretärin Lily Becker. Zesumme mat anere Partei-Membere féiert de Realpolitiker Krier de Wandel vun der Sozialistescher Partei zur Aarbechter-Partei erbäi. An den 1930er Jore kämpft hie parteiintern géint gemeinsam Aktioune mat der Kommunistescher Partei. 1937 bedeelegt sech d’”Aarbechter-Partei” fir d’éischte Kéier un enger Regierung, an enger Koalitioun mat der Rietspartei. De Pierre Krier ass Aarbechtsminister. Nom Amarsch vun den däitschen Truppen zu Lëtzebuerg 1940 flücht hien no London a setzt sech do am Exil mat de mat de Prinzipie vum “Welfare State” ausernaner. A sengem Nokrichsprogramm “De sozialen Nees-Opbau am Groussherzogtum Lëtzebuerg”, deen en awer viru sengem Doud net méi ausféiere kann, gräift hien 31
d’Iddi vun déifgräifende soziale Reformen op: “[D]er Mënschheet [...] mussen [...] déi natierlech a materiell Räichtemer zeréckgi ginn, déi hir gehéieren an déi se geschaf a gefërdert huet.
Dominique Urbany (1903-1986) “D’Oktoberrevolutioun hat op ons jonk Aarbechter a Studenten e groussen Androck gemaach. [...] Zënterhier war d’Land vun de Sowjets fir eis ëmmer d’Bollwierk vum soziale Fortschrëtt, vum Fridden, vum Sozialismus a vun der Fräiheet. D’Geschicht huet dat bestätegt.” Den Dominique Urbany, Jong vun engem Minnenaarbechter, ass schonn als Jugendleche bei der Grënnung vun der Kommunistescher Partei dobäi, wéi déi sech 1920 vun der Sozialistescher Partei ofspléckt. Vun der antikommunistescher Repressioun an den 1930er Joren ass hie perséinlech betraff: 1934 gi säi Parteikolleg Jean Kill an hie selwer vun der Regierung gezwongen, den Déngscht als Schoulmeeschter ze quittéieren. Hie verléiert och säi Mandat, dat hien duerch seng Wiel an de Rëmelenger Gemengerot krut hat. Dëst Politikverbuet steet am Kontrast zur politescher Atmosphär vun den éischten Nokrichsjoren: Du gëtt de KPL-Vertrieder an d’Parlament gewielt an 1946 souguer fir kuerz Zäit Minister an enger Regierung vun der nationaler Eenheet. Den Urbany ass en traditionellen, moskautreie Kommunist, deen als Generalsekretär vun der KPL zënter 1935 u villen Treffe vun der Kommunistescher International deelhëlt. Parteiintern suergt hien dofir, datt dës streng Linn net a Fro gestallt gëtt.
Eugène Hoffmann (1886-1935) “Mir Baueren hunn en Urecht op staatlech Hëllef, well mir Bauere sinn de Staat selwer; wa mir um Buedem leien, dann ass och de Staat zu Gronn gaang.” Dem konservative Groussbauer Eugène Hoffmann vu Viichten leie virun allem d’Interesse vun de Bauereleit um Häerz, wouwéinst hie sech scho ganz fréi fir d’Schafung vun enger Landwirtschaftskummer asetzt. 1915 gëtt hien als Vertrieder vun der Rietspartei an d’Parlament gewielt. Mee de Referendum vun 1919 iwwer déi zukünfteg wirtschaftlech Ausriichtung vum Land suergt fir parteiintern Spannungen. Wärend Majoritéit vun der Partei fir en Uschloss un d’Belsch ass, setzt den Hoffmann sech fir eng Unioun mat Frankräich an. Hien zéckt dobäi net, mat Lénksliberalen eng gemeinsam Campagne ze starten. 1915 dréit den Hoffmann zum Fall vun der Regierung bäi, trëtt aus der Rietspartei aus a grënnt déi Onofhängeg Rietspartei, spéider d’Baueren- a Mëttelstandspartei. 32
Bis zu sengem fréien Doud 1935 setzt den Hoffmann sech souwuel als Buergermeeschter wéi als Deputéierte fir d’Belaanger vun de Bauereleit a vum Norden an, kämpft géint d’Landflucht a fir eng Organisatioun vun der Landwirtschaft. Wann et him och net geléngt, seng Bauerepartei ze konsolidéieren, sou gelt hien awer als Vertrieder vun der Bauerewelt am Parlament an hie gëtt mat hire Stëmmen e puer Mol erëmgewielt.
Auguste Delaporte (1892-1960) “Mat allem Nodrock wäert ech [...] fir déi reliéis, patriotesch a kantonal Interesse vun der Bevëlkerung antrieden.” Scho säi Papp ass fréi Deputéierte gewiescht. 1918 gëtt de studéierten Agronom a Groussbauer Auguste Delaporte vu Weiler bei Klierf an d’Chamber wielt an ass mat 26 Joer dee jéngsten Deputéierten. Bis 1937 setzt de Vertrieder vun der Rietspartei sech a fir praktesch Verbesserunge wéi d’Verbreederung vun de Gemengeweeër oder d’Entwécklung vun der landwirtschaftlecher Ausbildung. Nom Zweete Weltkrich ass hien nees bis 1954 am Parlament. Wéi den Eugène Hoffmann trëtt den Delaporte beim Wirtschaftsreferendum vun 1919 fir eng Verbindung mat Frankräich an. Mee am Géigesaz zu deem schwenkt hien op d’Parteilinn an, wéi déi als Regierungspartei d’Wirtschaftsunioun mat der Belsch ëmsetzt. De politesche Succès vu Bauere wéi dem Auguste Delaporte weist déi gesellschaftlech Relevanz, déi de Bauerestand an där Zäit nach huet. Och wann hie selwer Groussbauer ass, sou gehéiert en dach zu de Baueren, déi als nei gewielten Deputéierten och op déi sozial Problemer an der Landwirtschaft aginn.
Albert Dühr (1882-1937) “Haut, wou sech d’Weltkrisis iwwerall bemierkbar mécht, [...] bilt d’Landwirtschaft dat bescht a sécherst Fundament vum Vollek a sinn [...] hei déi glécklechste Leit ze fannen.” Den Albert Dühr aus der Miseler Uertschaft Ohn entstaamt enger Baueren- a Wënzerfamill. Hien ass mat Ënnerbriechunge vun 1916 bis 1934 Parlamentarier. An der Chamber fuerdert hie wirtschaftlech Erliichterunge fir de Wäibausektor, dee schwéier ënnert der Kris leit, well en duerch d’Opléisung vum Zollveräin seng traditionell Ofsazmäert verléiert. Den Albert Dühr ass en Deputéierten, dee sech als Vertrieder vu sengem Beruffsstand gesäit; an de kathoulesche Veräiner fënnt hie seng Wielerschaft. Mee 1934 33
gëtt hien d’Affer vun engem hefteg gefouerte Wahlkampf, an deem et op eemol net méi ëm Alldagsproblemer geet, mee ëm Grondsätzleches: D’Rietspartei ënnerstellt der Aarbechterpartei kommunistesch Tendenzen, d’Gauche der Rietspartei - ee Joer nom Muechtuntrëtt vum Hitler - faschistescht Gedankegutt. An dësem Kampf verléiert d’Rietspartei e Sëtz am Osten an den Dühr domat säi Mandat. Nom Doud vum Dühr 1937 freet d’”Tageblatt”, ob een ee wéi hien, “schlicht an einfach am Optrieden”, iwwerhaapt als Politiker kéint bezeechnen. Mee wärend virun 1919 d’Groussbaueren an der Chamber den Toun uginn hunn, steet den Dühr och mat senger Perséinlechkeet stellvertriedend fir déi politesch Emanzipatioun vun de klenge Baueren a Wënzer.
34
Campagnes électorales Wahlkämpfe
Wahlkämpf Votez pour nous ! Wählen Sie uns!
Wielt eis! Bei de Wahle stellen d’Parteie Kandidaturen op a presentéiere politesch Programmer, tëscht deenen d’Wielerinnen a Wieler sech mussen entscheeden. Dobäi konkurréieren Iddie fir d’Zukunftsgestaltung matenaner. D’Partei versiche mat ënnerschiddleche Methoden, Opmierksamkeet ze kréien: Plakater am ëffentleche Raum, Fluchblieder, Wahlversammlungen, Publicitéitsstänn op Mäert asw. De System vum Panaschéiere féiert dozou, datt och déi eenzel Kandidatinnen a Kandidate versichen, sech bei der Wielerschaft gutt ze verkafen, well déi sech net nëmme fir e politescht Konzept entscheeden, mee och geziilt Leit auswiele wëllen, déi dëst Konzept hirer Meenung no am beschte vertrieden. Net alles ass erlaabt: Haut ass et zum Beispill laut Gesetz verbueden, potenzielle Wielerinnen a Wieler wärend dem Wahlkampf Iessen oder Gedrénks ze bezuelen, wärend am 19. Joerhonnert vill Kandidaten nach üppeg Festiessen organiséiert hunn. Ausserdeem ass et hautzedaags üblech, datt d’Parteie virun de Wahlen eng Vereenbarung ënnerschreiwen, an där se zum Beispill d’Héchstzuel vu grousse Plakater op de Stroosse festleeën oder eng Grenz fir Wahlkaddoen. Zënter 2007 verflicht d’Parteiefinanzéierungsgesetz doriwwer eraus d’Parteien, transparent ze sinn, wat d’Origine vun de Gelder ugeet, déi wärend engem Wahlkampf agesat ginn. 35
Les partis politiques Die politischen Parteien
D’politesch Parteien Virun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919 waren déi politesch Parteie manner present wéi haut. Meeschtens hunn d’Kandidaten sech eenzel zur Wahl gestallt. No an no hunn sech awer Politiker mat ähnlechen Usiichten zesummegedoen, fir hir Virstellungen an der Chamber besser kënnen ze vertrieden an als Grupp bei de Wieler opzetrieden. Sou gouf 1902 déi Sozialdemokratesch Partei gegrënnt, 1904 déi Liberal Liga an 1914 déi kathoulesch Rietspartei. Zënter 1919 begënschtegt de System vum Proporz a vun de Wahllëschten d’Bildung vu Parteien, well Eenzelkandidaten a -kandidatinne keng Chance op Erfolleg méi hunn. Well et dobäi och nach ganz seele virkënnt, datt eng eenzeg Partei an der Chamber méi wéi 50 % vun de Sëtz kritt, maachen déi grouss Parteie Koalitioune matenaner, fir datt d’Regierung iwwer eng Majoritéit verfüügt. Zu den dräi grousse Regierungsparteie gehéieren zënter 1919 traditionell déi “Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei” (CSV), D’”Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei” (LSAP) an déi liberal “Demokratesch Partei”. Zënter 2013 sinn och déi 1983 gegrënnten “Déi Gréng” dobäi komm. Aner, méi kleng Parteie ware respektiv sinn och an der Chamber vertrueden, heiansdo awer just mat engem oder zwee Deputéierten. Am Moment sinn sou nieft den uewe genannte Parteien déi Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR), “Déi Lénk” an d’Piratepartei am Parlament vertrueden. Et ginn och nach aner Parteien, déi un de Wahlen deelhuelen, mee si kréien awer just seele Mandater.
36
Bureau électoral
Wahlbüro
Wahlbüro
Les élections Die Wahlen
D’Wahlen An enger Demokratie ass de Wahlgang u sech an d’Stëmmenauszielung vu kruzialer Bedeitung. All déi Wahlberechtegt mussen d’Méiglechkeet hunn ze wielen an hir Stëmme musse berécksiichtegt ginn. De gesetzleche Kader fir dëse Prozess ass an der Verfassung verankert an duerch eng ganz Rei Gesetzer gereegelt. Sou ass et beispillsweis de Kandidatinnen a Kandidaten sou wéi och hiren noe Familljememberen, mee och alle gewielte politesche Mandataire verbueden, sech an engem Wahllokal ze betätegen oder sech un der Stëmmenauszielung ze bedeelegen. Déi leschtgenannt muss ëffentlech oflafen an et es erlaabt, als Zeien dobäi ze sinn. Zu Lëtzebuerg sinn d’Wahllokaler um Wahlsonndeg vun 8:00 bis 14:00 Auer op. Fir volljäreg Biergerinnen a Bierger bis zum Alter vu 75 Joer besteet Wahlflicht. D’Wahl ass geheim a gëtt perséinlech ausgeüübt, kee kann am Numm vun enger anerer Persoun wielen. Just Leit, déi aus gesondheetleche Grënn Ënnerstëtzung brauchen, kënne vun enger Persoun , déi si bestëmmen, an d’Wahlkabinn begleet ginn. Zënter e puer Joer wielen ëmmer méi Leit scho virum Wahldag per Bréifwahl. 37
Textes dans les cabines électorales Texte in den Wahlkabinen
Texter an de Wahlkabinnen Voter pour un parti ou pour des personnes ? Eine Partei oder Personen wählen?
Eng Partei oder eng Persoun wielen? Zu Lëtzebuerg kann een op zwou verschidde Manéiere wielen: Et ass méiglech, eng Partei ze wielen an dëser mat engem Kräiz all d’Stëmmen ze ginn, déi een huet. Et kann een awer seng Stëmmen och tëscht eenzele Kandidature vun ënnerschiddleche Parteie verdeelen. D’Entscheedung fir eng vun dësen zwou Virgoensweise ka grouss Repercussiounen op d’Wahlresultat hunn! Wat ass fir Iech méi wichteg? Déi politesch Programmer vun de Parteien? Hir Virschléi fir d’Zukunft vum Land? Oder sidd Dir der Meenung, dat dës Programmer manner wichteg si wéi d’Kompetenz oder dat sympathescht Wiese vun de Leit, déi sech opstellen? Wie wielt Dir déi Leit eraus, deenen Der Äert Vertraue schenkt?
Système majoritaire ou proportionnel ? Mehrheits- oder Verhältniswahlrecht?
Majorz- oder Proporzwahlrecht? Och wann een eenzel Leit wielt, ginn d’Mandater opgrond vum Lëtzebuerger Wahlsystem entspriechend der Zuel vun de Stëmme verdeelt, déi d’Parteien insgesamt kritt huet. Et ass duerfir bal onméiglech, datt eng Partei eleng déi absolut Majoritéit am Parlament kritt. Fir d’Regierungsbildung sinn duerfir Koalitiounen noutwenneg. An anere Länner, wéi de Vereenegte Staate vun Amerika, Groussbritannien oder Frankräich, kritt just déi Persoun mat de meeschte Stëmmen de Sëtz vum jeeweilege Bezierk. Dëst Majorzwahlrecht funktionéiert nom Prinzip “The winner takes it all”. An deene Länner gëtt et oft just zwou Parteien, déi dat politescht Liewe bestëmmen an déi déi eng Kéier déi absolut Majoritéit kréien, an di an Kéier an d’Oppositioun ginn.
Obligation de vote Wahlpflicht
Wahlflicht Zu Lëtzebuerg sinn all groussjäreg Bierger a Biergerinnen ënner 75 Joer verflicht, un de Wahlen deelzehuelen, woubäi si sech entweder um Wahlsonndeg an d’Wahllokal mussen deplacéieren oder per Bréifwahl wiele mussen. Och wann ee sech net fir Politik interesséiert, ass et eng Obligatioun, ze wielen! D’Wahlflicht, déi just an e puer Länner besteet (wéi zum Beispill an der Belsch), huet grouss 38
Auswierkungen op den Ausgang vun de Wahlen. Si stäerkt och d’Legitimitéit an d’Representativitéit vun de Gewielten: Kee ka soen, d’Entscheedunge vun de politesche Responsabele géifen hien net betreffen an dat domat begrënnen, net drun deelgeholl ze hunn, si ze wielen. D’Wahlresultat hänkt ausserdeem net vun der Fähegkeet vun de Parteien of, hir eege Memberen dozou ze beweegen, un de Wahlen deelzehuelen. Wéi denkt Dir iwwert d’Wahlflicht? Ass dat eng gutt Saach oder wier et méi sënnvoll, d’Leit selwer entscheeden ze loossen, ob si un de Wahle wëllen deelhuelen oder net?
Comment voter ? Wie wird gewählt?
Wéi gëtt gewielt? Genuch Theorie, komme mer zur Praxis! Probéiert selwer, richteg ze wielen! Liest d’Instruktioune fir ze wielen, déi Der zesumme mat Ärer Convocatioun fir wielen ze goe kritt hutt, opmierksam duerch. Wielt eng Partei oder awer verschidde Kandidatinne respektiv Kandidate vun enger oder méi Parteien, a passt op, datt Der net méi Kräizer maacht, wéi der Stëmmen ze verginn hutt.
Élections communales Kommunalwahlen
Gemengewahlen D’Gemeng ass dee politeschen Niveau mat der gréisster Proximitéit zu de Leit. An den 102 Lëtzebuerger Gemenge gëtt de Gemengerot all sechs Joer gewielt. D’Zuel vun de Membere vum Gemengerot gëtt dobäi en Fonctioun vun der Bevëlkerungszuel vun der jeeweileger Gemeng festgeluecht: déi klengst Gemengen, mat manner wéi 1.000 Leit, wiele 7 Memberen, déi gréisst, d’Stad Lëtzebuerg, dogéint 27. De Gemengerot wielt ënnert senge Memberen de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch, an och d’Schäffinnen a Schäffen, déi fir d’deeglech Leedung vun der Gemeng zoustänneg sinn. Wéi bei alle Wahlen zu Lëtzebuerg gëllt och hei d’Wahlflicht. Anescht wéi bei den Nationalwahle kënnen awer och Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit, déi zënter mindestens fënnef Joer am Grand-Duché liewen, hir Inscriptioun an d’Wielerlëschte froen. D’Participatioun un der Wahl ass an dësem Fall och obligatoresch. Ausserdeem kënnen dës Leit och kandidéieren. Bei de Gemengewahle gëtt et zwee verschidde Wahlsystemer: A Gemenge mat manner wéi 3.000 Leit gelt de System vun der relativer Majoritéit, bei deem d’Kandidatinnen a Kandidaten eenzel untrieden. Wien déi meeschte Stëmme krut huet, 39
ass gewielt. A Gemenge mat méi wéi 3.000 Leit gelt de Proporzsystem, no de selwechte Modalitéite wéi bei de Parlamentswahlen.
Élections européennes Europawahlen
Europawahlen Zënter 19179 ginn déi Wahlberechtegt all fënnef Joer opgeruff, déi sechs Lëtzebuerger Europa-Deputéiert ze bestëmmen. All EU-Biergerinnen a -Bierger kënnen onofhängeg vun hirer Nationalitéit un dëse Wahlen deelhuelen. Si hunn de Choix, ob si léiwer un der Wahl vun de Lëtzebuerger Mandatairen oder vun deene vun hirem Hierkonftsland deelhuelen. Bis 2009 waren d’Europawahlen de selwechten Dag wéi d’Chamberwahlen. D’Têtes-de liste vun de wichtegsten nationale Parteien hunn deemools oft och bei den Europawahle kandidéiert, och wa se net wierklech e Sëtz am Europaparlament ugestrieft hunn. Et goung vill méi drëm, hir Beléiftheet am ganze Land an net nëmmen an hirem Wahlbezierk ze testen. Zënter de virgezunnen Neiwahlen fir d’Chamber vun 2013 sinn d’Parlaments- an Europawahlen net méi am selwechte Joer. Trotzdeem trieden nach verschidde Leit bei deenen zwou Wahlen un. Vill wichteg Froe ginn op europäeschem Niveau decidéiert, deen am Laf vun de Joren u Bedeitung gewonnen huet. Trotzdeem schéngen d’Europawahlen d’Leit ëmmer nach manner ze interesséiere wéi Gemengen- a Chamberwahlen: De Wahlkampf ass méi kuerz, d’Diskussiounsronnen an Informatiounsversammlunge si manner heefeg an d’Leit, déi kandidéieren, sinn an der Ëffentlechkeet oft manner bekannt, wéi dat bei nationale Wahlen de Fall ass.
40
Participation Wahlbeteiligung
Wahlbedeelegung Obwuel déi tatsächlech Wahlbedeelegung vill méi héich ass ewéi a Länner ouni Wahlflicht, gëtt et Wielerinnen a Wieler, déi net wiele ginn. Huele mer zum Beispill d’Parlamentswahle vun 2018: Ronn 260.000 Wahlberechtegter waren deemools an d’Wahllëschten ageschriwwen, mee just 89,6 % hunn e Stëmmziedel ofginn. Vun dësen 233.000 hu ronn 7.000 Leit en eidele Stëmmziedel an domat keng Stëmm ofginn. Doriwwer eraus goufen 9.800 ausgefëllten Ziedelen als ongülteg agestuuft, well d’déi betreffend Persoun entweder méi Kräizer gemaach hat wéi erlaabt oder well den Ziedel net erlaabten Zeechen opgewisen huet. Alles an allem heescht dat, datt vun den 259.887 Wieler a Wielerinnen der nëmmen 216.177, also 83& vun den ageschriwwene Wahlberechtegten, e Stëmmziedel ofginn hunn, dee consideréiert gouf. Obwuel déi eidel oder ongülteg Stëmmziedele bei der Mandatsverdeelung net berécksiichtegt ginn, bréngen déi Leit, déi bewosst en eidele Stëmmziedel ofginn, och eng politesch Botschaft zum Ausdrock: Keng vun de Parteien a Kandidaturen entsprécht hire politesche Virstellungen. Si fille sech vun der aktueller politescher Klass also net vertrueden. Lëtzebuerg huet den 1. Januar 2018 eng Bevëlkerung vun 602.005 Leit gehat, vun deene 47,9% net déi Lëtzebuerger Nationalitéit haten. Dat ass d’Erklärung dofir, datt déi fir d’Wahlen agedroe Persounen nëmmen 53,6% vun de Leit iwwer 18 Joer ausmécht, déi zu Lëtzebuerg liewen. Wann een nach déi ofwiesend Wahlberechtegt an déi eidel an ongülteg Stëmmziedelen ofzitt, dann hu bei de Parlamentswahle vum 14. Oktober 2018 just 44,5% vun de Leit iwwer 18 Joer, déi zu Lëtzebuerg liewen, d’Deputéiert gewielt - trotz Wahlflicht! Au vü vun dësen Zuele werfe verschidde Stëmmen d’Fro op, ob d’Legitimitéit vun de Gewielten nach genuch assuréiert ass. Aus dësem Grond ginn zënter den 1980er Jore reegelméisseg Fuerderungen no enger Ëffnung vum nationale Wahlrecht fir Auslänner gestallt an och eng Senkung vum Wahlalter gëtt gefuerdert. Bei engem Referendum konnten d’Wielerinnen a Wieler 2015 iwwer béid Propositiounen ofstëmmen; si goufe mat enger Majoritéit vun 80% ofgeleent.
41
Référendums nationaux et communaux Nationale und kommunale Referenden
National a kommunal Referenden Nieft de Chamber- an Europawahlen, déi all fënnef Joer sinn, an de Gemengewahlen all sechs Joer sinn déi Wahlberechtegt och heiansdo opgeruff, sech bei engem Referendum zu konkrete Froen ze äusseren. Op nationalem Plang goufen et bis elo véier Referenden: de Referendum vun 1919 iwwert d’Monarchie an déi zukünfteg Wirtschaftsunioun, dee vun 1937 iwwer d’Uerdnungsgesetz (“Maulkuerfgesetz”), dee vun 2005 iwwer d’Adoptioun vum Vertrag iwwer eng Verfassung fir Europa an de Referendum vun 2015, bei deem et haaptsächlech ëm Froen a Relatioun mat der Ausweidung vum Wahlrecht goung. Zum Zäitpunkt vun der Ouverture vun der Ausstellung (September 2019) diskutéiert d’Chamber iwwer d’Méiglechkeet, déi Lëtzebuerger Wahlberechtegt am Kader vum Prozess vun der Verfassungsreform an engem Referendum ze befroen. An de Gemenge si Referende méi heefeg: Opgrond vun enger Entscheedung vum Gemengerot oder op Initiativ vu Leit aus der Gemeng gëtt de Referendum heiansdo als Instrument agesat, fir spezifesch Bauprojeten ze geneemegen, fir ze bestëmmen, op um Gebitt vun der Gemeng e staatleche Projet soll ugeholl ginn, asw. Et besteet keng Verflichtung, lokal Referenden ofzehalen; just bei der Fusioun vun e puer Gemengen ass d’Entscheedung vun de Wahlberechtegte bindend.
Poser sa candidature Zur Wahl antreten
Zur Wahl untrieden Déi politesch Parteie si bestrieft, bei de Wahle komplett Lëschten opzestellen, well de Wahlsystem politesch Gruppéierunge benodeelegt, déi net an der Lag sinn, genuch Kandidaturen zesummenzekréien, fir all d’Mandater an engem Wahlbezierk kënnen ze besetzen. Bei de Parlamentswahle vun 2018 goufen et deementspriechend 547 Kandidaturen, mee et ware just 60 Mandater ze verginn. Zënter de Wahle vun 2018 muss ausserdeem all Lëscht bei den National- an Europawahle mindestens 40 % Männer a 40% % Fraen opweisen. Parteien, déi dees Virgaben net anhalen, gi finanziell bestrooft. Fir bei Wahlen ze kandidéieren, muss een déi selwecht Viraussetzungen erfëllen, wéi wann ee wëll wielen. All groussjäreg Leit hunn also d’Méiglechkeet ze kandidéieren, andeems se entweder vun enger Partei mat opgestallt ginn oder andeems se genuch Kandidature fir eng eege Lëscht zesummekréien, fir als nei Partei unzetrieden. Et kënnen awer och eenzel Leit untrieden. 42
Mee firwat iwwerhaapt kandidéieren, wann ee weess, datt déi meescht Leit, déi hir Kandidatur stellen, net gewielt ginn? Do kënne vill Grënn matspillen: de Wëllen, eppes ze veränneren, de Wonsch, sech ze engagéieren a Verantwortung ze iwwerhuelen, d’Bestriewen, engem Uleies Visibilitéit ze ginn, dat engem um Häerz läit, de Wëllen, dat eegent Duerf oder déi eege Gemeng op nationalem Plang ze vertrieden, perséinlech Ambitiounen, de Wonsch no Afloss asw. Natierlech sollt dobäi och ëmmer en Engagement fir de politesche Programm vun der eegener Partei do sinn. Fir d’Parteien ass et heiansdo schwiereg, genuch Kandidature fir hir Lëschten ze fannen. Dat hänkt net nëmmen domat zesummen, dat d’Wahlcampagne ganz ustrengend sinn, mee och mam negativen Image vun der Politik, déi heiansdo als eng erbaarmungslos Welt voller ambitionéierter Opportuniste beschriwwe gëtt, déi just hiren eegene Virdeel sichen. Mee eng Demokratie lieft vum perséinlechen Engagement vun de Biergerinnen a Bierger. Eng Diversitéit vun de politesche Meenunge setzt viraus, datt et Mënsche gëtt, déi dës verschidde Meenunge vertrieden. Ouni déi Dausende vu Kandidatinnen a Kandidaten, déi sech zënter 1919 engagéiert hunn, wier eis Demokratie dout!
43
Poser sa candidature Zur Wahl antreten
D’Demokratie a Gefor gëschter Am Laf vun de vergaangenen honnert Joer gouf déi parlamentaresch Demokratie méi wéi eemol a Fro gestallt. Déi grouss antidemokratesch Ideologien hunn hiren Héichpunkt an den 1930er Joren erreecht. Faschistesch an esou guer nationalsozialistesch Iddie sinn zu Lëtzebuerg zirkuléiert. Anerer wollten déi representativ Demokratie duerch eng korporatistesch Staatsform ersetzen, an der Wahle géifen duerch d’Consultatioun vu verschidde Beruffsverbänn ersat ginn. An den 1930er Jore waren och verschidde Politiker iwwer di ëmmer méi grouss Bedeitung vun der kommunistescher Partei beonrouegt, déi am Verdacht stoung, antidemokratesch ze sinn, an hu versicht, ënner Mëssuechtung vun de Reegele vun der Ausdrocksfräiheet, déi Partei ze verbidden. 1937 huet d’Regierung e Referendum iwwer dat virun allem als “Maulkuerfgesetz” bekanntent “Gesetz zum Schutz vun der politescher a sozialer Uerdnung organiséiert. Dëst Gesetz hätt et erméiglecht, bestëmmte politesch Gruppéierungen, wéi eben d’kommunistesch Partei, ze verbidden. D’Gesetz gouf vu 50,6% vun de Wielerinnen a Wieler ofgeleent, déi mat dësem autoritären an antidemokratesche Schrëtt net averstane waren. Wärend der Besetzung vum Grand-Duché duerch dat nationalsozialistescht Däitschland vun 1940 bis 1944 goufen all demokratesch Institutiounen ofgeschaaft. D’Grande-Duchesse an d’Regierung goungen an den Exil a koumen eréischt no Krichsenn zeréck. D’Parteien, déi virum Krich bestanen hunn, hu sech ënner anerem Numm nei constituéiert a schonn am Oktober 1945 gouf et nees eng demokratesch Wahl. No der Erfarung vun der Besetzung stoung déi Lëtzebuerger Bevëlkerung méi iwwerzeegt wéi jee hannert der parlamentarescher Demokratie.
44
La Chambre des Députés Die Abgeordnetenkammer
D’Chamber La Chambre des Députés Die Abgeordnetenkammer
D’Chamber Déi 60 Membere vun der Chamber ginn all fënnef Joer an allgemenger, geheimer an direkter Wahl bestëmmt. No de Wahle consultéiert de Grand-Duc d’Vertriederinnen a Vertrieder vun alle politesche Parteien an designéiert schliisslech eng Persoun, déi mat der Regierungsbildung beoptraagt gëtt. Bei déi Ministerinnen a Ministeren, déi uschléissend vum Grand-Duc ernannt ginn, muss et sech net zwangsleefeg ëm Gewielten handelen. Allerdéngs muss d’Regierung iwwer eng Majoritéit an der Chamber verfügen. Zënter 1919 ass d’Regierungsbildung de Parteien hir Saach, wärend dem Grand-Duc oder der Grande-Duchesse eng reng formell Roll zoukënnt. D’Têtes-de-liste trieden deemno bei de Chamberwahlen net un, fir perséinlech e Sëtz am Parlament ze kréien, mee fir eng Regierung ze bilden. Déi Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, maachen zesumme Koalitiounen, fir datt d’Regierung sech op eng Majoritéit stäipe kann; d’Regierung setzt sech dobäi aus Leit zesummen, déi vun de betreffende Parteie bestëmmt goufen. D’Majoritéit muss mindestens 31 Deputéierter hunn. D’Fraktiounen a politesch Stréimungen, déi net der Regierungskoalitioun ugehéieren, forméieren d’Oppositioun. Dem Parlament kënnt eng Schlësselroll an der Demokratie zou, well d’Deputéiert stëmmen d’Gesetzer. All Deputéiert huet prinzip45
iell d’Recht, Gesetzespropositiounen anzebréngen, och wann déi meescht Gesetzer op Projete vun der Regierung baséieren, déi esou hire politesche Programm ëmsetzt. D’Chamber kontrolléiert donieft och d’Aarbecht vun der Regierung a kann Enquête-Kommissiounen asetzen. Ouni den alljäerleche Vote vum Budget duerch d’Chamber wier d’Regierung handlungsonfäeg. Am Parlament gëtt et ausserdeem Debatten zu aktuelle politeschen Themen an déi Lëtzebuerger Deputéiert bedeelegen sech och un internationalen Aktivitéiten. An engem Rechtsstaat wéi Lëtzebuerg kënnen all d’Biergerinnen a Bierger, déi der Opfaassung sinn, datt d’Gesetz net agehale gouf, viru Geriicht goen, fir hiert Recht anzefuerderen. Dës Trennung vun de Gewalten a Legislativ (Chamber), Exekutiv (Regierung) a Judikativ (Geriichter) ass de Grondprinzip vun enger moderner Demokratie.
La langue de la Chambre Die Sprache der Abgeordneten
D’Sprooch vun der Chamber Haut schwätzen d’Deputéiert an och d’Regierungsmemberen an der Chamber Lëtzebuergesch. Dat war awer net ëmmer esou. 1848 goufen zwar e puer Rieden op Lëtzebuergesch gehalen, mee et koum ee schnell zum Franséischen an Däitschen zréck. Entgéint dëser üblecher Praxis huet de sozialdemokrateschen Deputéierte Caspar Mathias Spoo 1896 seng Untrëttsried op Lëtzebuergesch gehalen, d. h. an der Sprooch vum Vollek. Als Reaktioun dorop huet d’Chamber deemools mat iwwerwältegender Majoritéit decidéiert, d’D’Benotze vum Lëtzebuergeschen an der Chamber net zouzeloossen. eréischt no 1945 gouf déi Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi wichteg. Och an de Wahlcampagnen huet sech Lëtzebuergesch ëmmer méi duerchgesat. Zënter den 1970er Jore schwätzen ëmmer méi Deputéierten an der Chamber Lëtzebuergesch. Haut ass et onvirstellbar, datt d’Debatten an der Chamber an enger anerer Sprooch kéinten oflafen. 1984 huet en neit Gesetz iwwert Sproochereegelung festgehalen, datt Lëtzebuergesch d’Nationalsprooch ass. Franséisch an Däitsch sinn nieft dem Lëtzebuergesche weiderhi Verwaltungssproochen. D’Verfassungsreform, déi aktuell am gaangen ass, diskutéiert ze ginn, gesäit vir, datt Lëtzebuergesch als Nationalsprooch an der Verfassung festgeschriwwe gëtt. D’Gesetzer ginn awer op Franséisch verfaasst, well dës Sprooch och weiderhin d’Rechtssprooch vu Lëtzebuerg ass. 46
Le métier de parlementaire Die Abgeordnetentätigkeit
De parlamentaresche Metier Zu Lëtzebuerg gelt en Deputéiertemandat net als Vollzäitbeschäftegung. Den Deputéierte sti pro Woch 20 Stonne politesche Congé zou. Och wa vill Mandataire gläichzäiteg op kommunalem Plang Verantwortung iwwerhuelen an dofir zousätzleche Congé kréien, och wann d’Beamten an Employéeë beim ëffentlechen Déngscht hir Beschäftegung fir Regierung geméiss dem Prinzip vun der Gewaltentrennung wärend hirer Mandatszäit mussen opginn, kënnt et net seele vir, datt eng gewielte Persoun weider enger berufflecher Aktivitéit nogeet. D’Deputéiert kréien eng monatlech Entschiedegung a Jetone fir déi Sitzungen, un deenen se deelhuelen. Dëst soll sécherstellen, datt d’Ausübung vum Mandat net deene Leit virbehale bleift, déi méi räich sinn, mee datt Mandatairen, déi op hire Revenu ugewise sinn, hiert Amt a kompletter Onofhängegkeet kënnen ausüben. Deputéiert dierfen nämlech net bestiechlech sinn, d. h. et ass hinnen ënnersot, Geld oder materiell Leeschtunge vu Lobbyen unzehuelen. D’parlamentaresch Aarbecht spillt sech net nëmmen an de Plenières-Sëtzunge vun der Chamber of, mee virun allem och an de Reunioune vun de Kommissiounen. Hei ginn d’Gesetzesprojeten diskutéiert a virbereet. E Mandat erfuerdert deemno och Aarbecht hannert de Kulissen, wat der breeder Ëffentlechkeet oft net bewosst ass. D’Fraktioune kréien eng finanziell Ënnerstëtzung, déi entspriechend der Zuel vun den Deputéierte gerechent gëtt an dozou déngt, parlamentaresch Assistentinnen an Assistenten anzestellen, déi d’Mandatairen an hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Doriwwer eraus suergt d’Verwaltung vun der Chamber , déi 2019 aus ëm déi 100 Mataarbechterinnen a Mataarbechter bestoung, fir e reiwungslost Funktionéiere vum parlamentaresche Prozess. Jiddwer Deputéiert ka schrëftlech oder mëndlech Froen un d’Regierung riichten, déi dës beäntwerte muss.
Le métier de parlementaire Die Abgeordnetentätigkeit
D’Biergerinnen a Bierger am Kontakt mat der Chamber Obwuel nëmmen all fënnef Joer Wahle sinn, hunn d’Biergerinnen a Bierger haut vill Méiglechkeeten, den Deputéierten hier Iddien ze ënnerbreeden. All Persoun oder Grupp vu Persoune kann eng Petitioun direkt un d’Chamber riichten. Nieft dësem allgemenge Recht gëtt et och eng reglementéiert Form vun der ëffentlecher Petitioun, déi zënter e puer Joer e wichtegt Mëttel ass, mat deem 47
d’Biergerinnen a Bierger hir Fuerderunge virbrénge kënnen. Wann eng Petitioun de Reegele vun der Ethik entsprécht, gëtt se op der Websäit vun der Chamber zougänglech gemaach a kann online oder a Pabeierform vun all Persoun, déi mindestens 15 Joer al ass, ënnerzeechent ginn. Am Fall wou d’Petitioun bannent sechs Woche vu méi wéi 4.500 leit ënnerschriwwe gouf, gëtt et eng Debatt, déi vu “Chamber TV”, der Lëtzebuerger Parlaments-Tëlee iwwerdroe gëtt. D’Theme vun de Petitioune si ganz ënnerschiddlech a villfälteg, woubäi munch vu méi globaler Bedeitung sinn, anerer awer just eng kleng Grupp vu Persoune betreffen. Am Kader vun Hearingen zu spezifeschen Theme komme reegelméisseg Vertriederinnen a Vertrieder vu Verbänn an d’Chamber. Doriwwer eraus gëtt et opgrond vun engem Gesetz vun 2008 e Jugendparlament, an deem jonk Leit am Alter vu 14 bis 24 Joer reegelméisseg zesummekommen. D’Resolutiounen, déi vun dësem Jugendparlament geholl ginn, ginn den Deputéierte presentéiert.
48
Participation citoyenne alternative Alternative Bürgerbeteiligung
Alternativ Biergerbedeelegung
Participation citoyenne Bürgerbeteiligung
Biergerbedeelegung Och ausserhalb vum Parlament lafe politesch Debatten. Sozial, wirtschaftlech a politesch Fuerderungen äussere sech op divers Manéier. Zënter 1919 markéieren Demonstratioune vu Gewerkschaften, Vereenegungen, Net-Regierungs-Organisatiounen, Jugendverbänn asw. d’Geschicht vum Land. Vun einfache Plakat-Campagne bis hin zu Streiker notzen d’Biergerinnen a Bierger hir Méiglechkeeten, Drock op d’Regierung an op d’Chamber ze maan. Heiansdo bidden och éischter gesellege Veranstaltunge wéi dem Migratiounsfestival d’Geleeënheet, politesch Fuerderungen ze stellen. Zënter ongeféier drësseg Joer ginn och nei Forme vu Biergerbedeelegung gefërdert, haaptsächlech um kommunale Plang. Vill gesellschaftlech Gruppe versichen, d’Politik ze beaflossen. Déi fënnef Beruffskummeren (Chambre des Salariés, Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, Chambre de Commerce, Handwierkskummer, Landwirtschaftskummer) setzen sech aus gewielte Leit vun de jeeweilege Beruffsgruppen zesummen. D’Regierung muss d’Meenung vun dëse Beruffs-Chamberen anhuelen, iert bestëmmte Gesetzer adoptéiert ginn. Wéi an onsen Nopeschlänner maachen 49
iwwregens och Lëtzebuerger Interesseverbänn oft eege Virschléi fir Gesetzesännerungen. Privatentreprisen, net-staatlech Organisatiounen, Gewerkschaften oder einfach nëmme Biergerinnen a Bierger probéieren deemno, ausserhalb vu Wahlen d’Politik ze beaflossen ob a Form vu schrëftleche Stellungnamen oder am direkte Gespréich mat Regierungsmemberen oder Deputéierten.
50
Fin de l’exposition Ende der Ausstellung
Enn vun der Ausstellung La presse Die Presse
D’Press Am 19. Joerhonnert koum et zu engem Opschwong vun der Press sonnergläichen. Zënter 1848 verfügen all Meenungsrichtungen, spéider all d’Parteien, iwwer eng eegen Zeitung, mat där se hiert potenziellt Elektorat direkt erreeche kënnen. Zu Lëtzebuerg huet dës Parteipress d’Gesellschaft vläicht méi laang markéiert wéi an deenen anere Länner. Déi gréisst Dageszeitung vum Land, d“Lëtzebuerger Wort”, där hiren Aktionär d’kathoulesch Kierch ass, steet der chrëschtlech-sozialer Richtung no, D’”Escher Tageblatt”, ass, zënter datt et 1927 vun de fräie Gewerkschaften opkaaft gouf, dat wichtegst Sproochrouer vun de sozialisteschen Organisatiounen. Nom Verschwanne vun der “Lëtzebuerger Zeitung” am Zweete Weltkrich gouf de “Lëtzebuerger Journal” zum liberale Presseorgan. D’”Volksstimme”, déi 1945 an “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” ëmgedeeft gouf, ass d’Organ vun der Kommunistescher Partei, déi vun 1945 bis 1990 eng wichteg politesch Roll gespillt huet. Den 1988 gegrënntene “GréngeSpoun”, deen am Joer 2000 a “woxx ëmbenannt gouf, stoung laang Zäit deene Gréngen no, ier en sech vun där Partei distanzéiert huet. Zënter ongeféier zwanzeg Joer emanzipéieren sech d’Printmedie vun de Parteien, mat deenen se historesch verbonne sinn. D’Zeitunge wëllen ewell als politesch neutral Medie wouergeholl ginn. 51
Duerch den Opschwong vum Radio no 1945 a vum Fernseh an den 1970er a schliisslech vum Internet a vun de soziale Medie huet d’Bedeitung vun de Printmedien zu Lëtzebuerg ofgeholl. Haut informéieren sech ëmmer méi Leit virun allem, wann net souguer ausschliisslech, online op Informatiouns-Websäiten, awer och iwwer déi sozial Medien (Facebook, Twitter, Instagram asw.) Les défis de la démocratie aujourd’hui Die Herausforderungen der Demokratie heute
D’Erausfuerderunge vun der Demokratie haut Ee Joerhonnert no der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht steet d’Demokratie virun enger ganzer Rei vun Erausfuerderungen. A munche Länner, esou guer bannent der Europäescher Unioun, ginn déi politesch Verantwortlech verächtlech mat der Oppositioun ëm an trëppelen d’Gewaltendeelung mat Féiss. Iwwerall an der Welt si Riets- a Lénkspopulismus en Zeeche fir d’Ofleenung, déi d’Bevëlkerung der politescher Klass entgéintbréngt. De politeschen Establishment ass a Verruff geroden. Ëmmer manner Leit engagéieren sech an der Politik. D’Wahlverhale vun de Wielerinnen a Wieler ass manner konstant wéi fréier. Déi grouss Volleksparteien, déi d’Struktur vun der parlamentarescher Representatioun a Westeuropa wärend bal engem Joerhonnert bestëmmt hunn, verléieren iwwerall zugonschte vun neie politesche Gruppéierungen u Buedem. De politesche Rhythmus huet sech acceleréiert, an d’politesch Mandataire reagéieren ëmmer méi schnell op Ëmfroen a Kommentaren an de soziale Medien. Déi ideologesch Grondlagen a politesch Inhalter leiden ënnert deem scheinbaren Zwang, direkt ze reagéieren, well all d’Leit, déi mat am Spill sinn, versichen, sech sou schnell wéi méiglech ze positionéieren. D’Politik gëtt heiansdo wéi e groussen Theater ugesinn. Gesellschaftlech Beweegunge wéi d’Ignidados (“Déi Opbruechten”), Occupy Wall Streeet, d’Gilets jaunen oder d’Fridays for Future-Beweegung si Beispiller fir nei Forme vu politeschem Protest. Dës Gruppen notzen nei Technologien, amplaz den traditionelle politeschen Organisatioune wéi Parteien oder Gewerkschaften den 52
ausserparlamentaresche Protest eleng ze iwwerloossen. Internet an déi sozial Netzwierker erméiglechen et haut sécher méi enger grousser Zuel vu Leit, sech méi direkt u politesch Responsabeler ze wenne wéi fréier, a si stellen e groussen Diskussiounsforum duer. Allerdéngs ass et iwwert dee Wee awer och méiglech, d’Wielerschaft vill méi effikass ze manipuléiere wéi fréier. Dat war besonnesch bei den amerikanesche Presidentschaftswahlen 2016 oder och beim britesche Referendum iwwer de Brexit de Fall: Haut ass gewosst, datt auslännesch Muechten, awer och Interesseverbänn, déi ëffentlech Meenung manipuléiert hunn, fir d’Wahlresultat zu hire Gonschten ze beaflossen. Un système en évolution Ein sich weiterentwickelndes System
E System, deen sech weiderentwéckelt Zënter 1919 ass iwwer de Lëtzebuerger Wahlsystem ëmmer nees diskutéiert ginn, eng Hellewull vun Ännerunge goufe proposéiert, vun deene muncher ëmgesat goufen. D’Wahlrecht huet sech weiderentwéckelt: Erofsetzung vum Wahlalter vun 21 op 18 Joer, Ausweidung vum Wahlrecht op Persounegruppen, déi 1919 nach ausgeschloss waren, Ouverture vum Wahlrecht fir net-lëtzebuergesch Leit bei de Gemengen- an Europawahlen asw. An de vergaangene Jore goufen, virun allem am Kader vun den Diskussiounen iwwer eng eventuell Verfassungsreform. vun de politesche Parteien, der Zivilgesellschaft a vu Leit aus der Politikwëssenschaft Virschléi gemaach: Ofschafung vun der Andeelung a véier Wahlbezierker, Verbuet vum Kumuléiere vum Deputéiertemandat mat engem Buergermeeschter-Amt, Reform vun de Bestëmmungen iwwert d’Panaschéieren asw. Et wäert allerdéngs schwiereg ginn, eng Majoritéit vun den Deputéierte fir eng Ännerung vum System an eng bestëmmte Richtung ze fannen, well d’Parteien ënnerschiddlech Standpunkter vertrieden.
53
Dës Meenungsverschiddenheete bestinn och a Bezuch op d’Fro, ob eng zukünfteg Ausweidung vum Wahlrecht erfuerderlech ass oder net. D’Virschléi, fir d’Wahlrecht bei de Parlamentswahle fir net-lëtzebuergesch Leit opzemaachen an de Wahlalter op 16 Joer erofzesetzen, goufe beim Referendum vun 2015 mat grousser Majoritéit ofgeleent. Trotzdeem gëtt an der Zivilgesellschaft an an der Politik weider vill doriwwer nogeduecht, wéi een eng Ausweidung vun der politescher Representatiounsbasis mat anere Mëttelen erreeche kann. Un droit mal-aimé ? Ein wenig geliebtes Recht?
En onbeléiftent Recht? Zënter 1948 ass d’allgemengt Wahlrecht an der Allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter verankert: “De Wëlle vum Vollek ass d’Grondlag fir d’Autoritéit vun der ëffentlecher Gewalt; dëse Wëlle muss sech duerch reegelméisseg, éierlech Wahlen ausdrécken, déi periodesch, nom System vum allgemengen a geheime Wahlrecht, oder no engem equivalente System ofgehale ginn.” (Art. 21) Wärend an Europa verschidde Leit haut der parlamentarescher Demokratie midd ze sinn, gi weltwäit Mënsche fir demokratesch Rechter op d’Strooss: eleng an de vergaangene Joren hunn op der ganzer Welt Millioune vu Mënschen demonstréiert: sou zum Beispill an den arabesche Staaten wärend dem Arabesche Fréijoer, an Thailand, Algerien, Hongkong, der Tierkei, Russland asw. Nach haut musse vill Leit hiert Land verloossen, well si et gewot hunn, politesch Usiichten ze äusseren, déi vun hirer Regierung net toleréiert goufen. Firwat also dës Demokratie-Middegkeet an Europa an och zu Lëtzebuerg? Handelt et sech beim Wahlrecht a besonnesch beim allgemenge Wahlrecht ëm historesch Errongenschaften, déi mer haut net méi richteg ze wierdege wëssen? 54
www.wielewatmirsinn.lu
56