CONFÉRENCES | KONFERENZEN | LECTURES
KONFERENZEN FRÄISCHAFFEND KËNSCHTLER ZU LËTZEBUERG. WAT HUET DAT FRÉIER GEHEESCHT A WAT HEESCHT ET HAUT? Vu senger Konscht ze liewen, dat war an ass de Wonsch vu ville bildende Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg. Ma d’Situatioun um Niveau vun der Educatioun, dem kënschtlereschen Austausch, der Konkurrenz, der Visibilitéit, der sozialer Ofsécherung oder dem offiziellen Statut waren am 20. Joerhonnert deels ganz verschidden ewéi haut. Wien dierf, virum Hannergrond vun dësen ongläiche Konditiounen, als fräischaffende Kënschtler oder fräischaffend Kënschtlerin verstane ginn? Anhand vu wéi enge Krittären zeechent sech dëse Beruff aus? A wat bréngt et mat sech zu Lëtzebuerg professionelle Kënschtler oder Kënschtlerin ze sinn? Table ronde mat der Julie Wagener (Kënschtlerin, Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg), dem Roland Schauls (Kënschtler), der Erna Hennicot-Schoepges (fréier Kulturministesch), der Jamie Armstrong (Lëtzebuerger Konschtarchiv) an engem Vertrieder vum haitege Kulturministère). Kulturministère D‘Diskussiounsronn gëtt vum Paul Bertemes (mediArt) moderéiert.
Jeudi 30 septembre 18 h (LU) gratuit - sur inscription
EXPO ROBERT BRANDY