Service éducatif "eraus an d'natur"

Page 1

Service éducatif

eraus an d’natur m m a r g o r P

programm

service éducatif

2010-11 d’natur an ärer gemeng


inhaltsverzeechnes eraus an d’natur op e flotte site 3 Cycle 1 (vu 4 Joer un) bis 4 7 Cycle 2 bis 4 10 Cycle 3 a 4 16 Cycle 4 d’natur an ärer gemeng Praktesch Informatiounen 2

18 21


eraus an d’natur op e flotte site ! t a bes plet comfir 2010

Cycle 1 bis 4

mir ginn an d’drauwelies extra recommandéiert fir de Cycle 3 !

+/- 1. oktober (während der drauwelies) /halwen dag

D’Kanner gi selwer an d’Wéngerte liesen, pressen hiren eegenen Drauwejus a ginn e ganze Koup iwwert eis Musel gewuer. Aus organisatoresche Grënn kënne mer iech de geneeën Treffpunkt eréischt am leschte Moment (dee Muere selwer) matdeelen. Wéinst schlechtem Wieder kann et sinn, dass mer d’Aktivitéit kuerzerhand mussen ofsoen.

mellt iech elo schon un fir den oktober 2011! Grevenmacher-Jardin des Papillons 15 min.

3


Cycle 1 bis 4 de

eraus an d’natur op e flotte site

gréngewald

vum 1. oktober un / halwen oder ganzen dag

naturspiller

Cycle 1-2

natur- a kulturgeschichten

Cycle 3-4

De Gréngewald ass dee gréisste lëtzebuergesche Bësch. Um Site vun de Raschpëtzer, wou mer ganz al Waasserleitungen au der Réimerzäit entdecken, gi mer gewuer, dass de Gréngewald e wichtegt Drénkwaassergebitt ass. Op enger flotter Plaz am Bësch maache mir eng ganz Rei Naturspiller, fannen eraus wéi eng Zorte Beem een hei fënnt a sichen och Spuere vun Déieren. Jee no Saison an op Ufro kënne mer folgend Sujeten verdéiwen: Fréijorsbësch a Fréibléier Bëschbuedem, Buedemdéieren a Naturkreeslaf Som, Friichten an hir Verbreedung Liewensraum Bësch a Bëschdéieren De Bësch mat all de Sënner erliewen De Notze vum Bësch fir Mënsch an Ëmwelt

4

Op Ufro kënne mir Iech och e flotte Bësch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg proposéieren, wou Dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.

All dës Sujetë gi kandgerecht mat vill Naturbeobachtung a Spiller presentéiert. Walferdange-Gare


ellergronn

an Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung vum 1. oktober un Am Ellergronn zu Esch fanne mir eng eenzegaarteg Naturlandschaft: Bësch, Weier, Dréchewiss a Baach bidde Liewensraim fir eng villfälteg Flora a Fauna, déi mir an der interaktiver Ausstellung am ‚Centre d’Accueil’ vun der Forstverwaltung besser kenneléieren.

Mir bidden Iech am Ellergronn 2 Themen un:

minett

Cycle 3.2-4 / halwen oder ganzen Dag Fréier goufen hei a schwéierer Aarbecht déi eisenhalteg Minette s Steng an der Minn Cockerill ofgebaut. Lo nach erzielen d’Iwwerreschter aus där Zäit eis d’Geschicht vun deemools. Net fir näischt ass den Ellergronn haut en Naturschutzgebitt. Mir entdecken déi verschidde Landschaften - Liewensraim fir vill Déieren a Planzen - a gesi wéi d’Industrie d’Natur verännert huet. Cycle 1-3.1

déieren am bësch

/ halwen oder ganzen Dag

Am Bësch gesi mer se seelen, dofir gi mir op d’Sich no hire Spuren. Wou wunnen se? Wat friessen se? Wéi iwwerliewen se de Wanter? Wéi kommen hir Kleng op d’Welt? Dëse Sujet bidd sech besonnesch fir de Wanter un. Esch/Alzette Ellergronn

5


Foto:Oennenzopp

iechternacher séi vu mäerz bis oktober

naturspiller um iechternacher séi

Cycle 1-2 Mäerz bis Oktober / halwen oder ganzen Dag Mat ville flotten Naturspiller, déi der Saison ugepasst ginn, entdecke mir d’Liewen am a ronderëm de Séi.

natur- a kulturrallye um Iechternacher séi

Cycle 3-4 Mäerz bis Oktober / ganzen Dag Op engem flotte Rallye gi mir Interessantes a Spannendes iwwer Geschicht a Kultur vun Iechternach an iwwer Déieren a Planzen ronderëm de Séi gewuer. Echternach Nonnenmillen/lac; 10 min

d’sauer als liewensraum Cycle 3-4 Mee bis Oktober / halwen Laanscht d’Sauer entdecke eng Vigel liewen a bréien eng Waasserdéieren kënne

6

oder ganzen Dag mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen. Wéi do? Wéi propper ass d’Waasser an der Sauer? Wéi mer do fannen ? Echternach Gare: 5 min


Cycle 2 bis 4 „ a wiewesch“ zu

manternach

an zesummenaarbecht mat der naturverwaltung

Am Häerz vum Dierfche Manternach, net wäit vun der Syr an dem Naturschutzgebitt „Manternacher Fiels“ läit de Centre d’Accueil vun der Naturverwaltung. Hei kënne mer Iech verschidden Themen ubidden:

schatzkëscht buedem Cycle 2-3

hierscht an am fréijoer / halwen Dag Mir erliewen an erfuerschen de Buedem. Wat wibbelt ënnert eise Féiss? Aus wat besteet Buedem? Firwat ass Buedem sou wäertvoll?

de buedem lieft Cycle 3.2-4

am hierscht an am fréijoer / halwen Dag Wat geschitt mat de Blieder, déi vun de Beem falen? Mir wullen am Bëschbuedem, kucken eis déi zersate Blieder ënnert der Lupp un a mierken, dass et hei nëmmen sou wibbelt vu Liewen! aarbechtsheft fir d’kanner

7


beien a bléien Cycle 3-4

15. abrëll bis 1. november / halwen dag Wat ass e Bongert ? Firwat si Beien esou wichteg ? Wat geschitt bei der Bestäubung ?Wéi kënne mir de Beien a Wëllbeien hëllefen ? Mir ginn an de Bongert, maache Spiller a kënnen och de Beien an engem Glasschaukasten nokucken. aarbechtsheft fir d’kanner

Hecke bidde Liewensraum Cycle 3.2-4

15. abrëll bis 15. november / halwen dag Wéi eng wichteg Roll spillen Hecken an der Landschaft ? Weem bidden se Schutz an Nahrung ? Ofwiesslungsräich Spiller a Beobachtunge bréngen eis d’Zesummenhäng vun Heck an Ëmwelt méi no.

d’syr, een natierlecht fléissgewässer Cycle 3.2-4

1. mee bis 15. oktober / halwen dag Laanscht d’Syr entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen, awer och d’Waasserkraaft an d’Millen, déi domat bedriwwe goufen. Mat Stiwwelen an Netz gi mir op d’Sich no allem wat am Waasser wibbelt.

8

Rendez-vous: um Parking vum „Sentier Pierre Moes”, tëscht Manternach a Mäertert. Stiwwelen an Ersatzkleeder net vergiessen! Manternach: 5 min


di faszinéierend welt vum

vullegesank

an zesummenaarbecht mat der naturverwaltung mäerz bis mëtt juni / halwen dag

Vill Vigel kann ee bal ni gesinn, mir gi meeschtens eréischt duerch hire Gesank op si opmierksam. Léiert déi eenzegaarteg Welt vun de Vullestëmme kennen, ënnert der Leedung vun engem erfuerenen Ornitholog an engem Guide aus dem natur musée. Mat engem speziellen, professionelle Parabolmikro hale mir dës Stëmme fest. Unhand vun Naturerfahrungsspiller ginn d’Kanner ausserdeem vill iwwert d’Liewe vun de Vigel gewuer, vun der Partnersich iwwert d’Bréien, bis zum Fiddere vun de jonke Vigel. Fir dës Aktivitéit kënne mer iech folgend Site proposéieren:

iechternacher séi

Echternach Nonnenmillen/Lac: 10 min

d’néolitik-haus zu blaaschent Blaschette-Kreizung: 10 min

de Moschberg zu dikrech Friedhaff: 5 min

„ a wiewesch “ zu manternach Manternach: 5 min

9


d’liewen am waasser - sténgefort an zesummenaarbecht mat der naturverwaltung am Summer / halwen Dag Mir verbrauchen all Dag vill Waasser: wou kënnt dat Waasser hir, firwat ass et esou wichteg a firwat solle mir et net verbëtzen? Mat Netzer gi mer op d’Sich no ver schiddene Lurchen an engem klengen Dëmpel. Wéi eng Déiere fanne mer an der Äisch a wat seet dat eis iwwer d’Waasserqualitéit vun der Baach? All Kand soll Stiwwelen un hunn!

Cycle 3 a 4

rollénger baach

- dem laf vum waasser no

vum 1. mee bis den 31. oktober / ganzen dag

10

Mir begleeden d’Rolléngerbaach op engem Stéck vun hirem Wee. Wou kënnt se hir? Wou leeft se hinn? Tëscht aussergewéinleche Fielsformatiounen an engem ale Bësch entdecke mir d’Liewen an der Baach, léieren d’Zesummenhäng kennen a gesinn, wéi dëse Liewensraum sech verännert. Mersch-Gare oder

Rollingen Veräinsbau an de Mierscher Flexibus (virbestellen um Tel.: 80021010)


kanecher wéngert

An Zesummenaarbecht mat der Sektioun Lenneng/Kanech vun der LNVL Halwen Dag An engem 2 km laange Südhang voller Hecken, Drëschewisen, Bongerten, Schof- a Geesseweeden erënneren nach just déi al Drëchemaueren a verwëldert Riewen un d’Kulturlandschaft vu fréier. Ee Bio-Wéngert wiert sech verbruet dergéint, dass seng Maueren an Trapen afalen an d’Hecken hien erdrécken. An enger eemoleger Landschaft mat engem flotte Chalet als Ënnerdag, bitt sech d’Geleeënheet, dëse Liewensraum op zwou Manéieren ze entdecken. Dobäi ginn op spilleresch Aart a Weis souwuel dat wëssenschaftlecht, wéi dat magëcht Denken vum Kand ugereegt. 1. Déi méi kreativ Variant: “De Vugel a säi Nascht!” 2. Déi méi abenteuerlech Variant: “D’Schatzkaart”! Wichteg: Wann zwou Klassen zesumme kommen, kënnen déi zwou Variante parallel lafen.

de panewippchen N°9

12

Dës Zesu Numm mm er enaa gouf rbec gem ht m aach at de an r Na turve

/20

10 rwal

tung

Zeit

De "Panewippchen”kënnt 4 mol am Joer eraus. E Joresabonnement fir eng Schoulklass kascht:

ewippc ung

vum

‘na

tur

mu

sée

hkritt eWeider n dir Informatiounen ënnert ’ fir

jon

k Le

it

dem Tel: 46 22 33 -450 oder 46 22 33 -1 oder iwwer Email: panda-club@mnhn.lu

De

Pane

wip pche

n gë

tt op

chlor

fräi ge

bleec

hte

Pabe

ier ge

dré

lëtzebuergesch

geschriwwen - ee Pluspunkt, dee vill Enseignanten ze schätze wëssen.

De Pan

ckt.

Eng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt. D’Sujeten, déi am “Panewippchen” behandelt ginn, gi mat Wëssenschaftler vum natur musée a mat Vertrieder vun de Ministèren zesummen ausgeschafft a kannergerecht illustréiert. Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst. De “Panewippchen” ass op

‘na tur L-216 mu sée 0

w w Lëtzebue’ - 25, rue Mü w w w.n a tu rg - Tel.: 46 nster w.p 22 a nd rm us 33 450 a -c ée .lu lu b .lu Min

istè

re d

M

pro kand fir e joer 3,20€

11


de minett: d’natur mellt sech zréck! ganzt joer / halwen oder ganzen dag Wou fréier riseg Baggeren de Bierg verschampléiert hunn, huet haut d’Natur rëm alles zréck eruewert. Mir léieren de Minette-Stee kennen, a gesi wéi säin Ofbau vun deemools och nach haut d’Landschaft markéiert. Firwat ginn et grad hei esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Wéi iwwerliewen d’Planzen déi extrem Liewensbedingungen am Dréchegebitt? Dëse Sujet kann op folgende Plazen ofgehale ginn:

Huttbierg zu Rëmeleng

Rumelange-Gare: 20 min

«Giele Botter» zu Péiteng Pétange-Gare: 5 min Pétange-Kiirfecht

Haard zu Diddeleng

Dudelange-Usines: 10 min Dudelange-Scheer

12


geologie entdecken!

- mam michel lucius

vum mäerz un / halwen oder ganzen dag Am Michel Lucius sengem Gebuertshaus am Préizerdaul (zu Rëmmereg/Reimberg) gëtt eng flott Ausstellung gewisen iwwert säi Liewen a säi Wierk. Mir verfollegen d’Spuere vun dësem bedeitende Geolog, vun der Steekaul, wou säi Papp dra geschafft huet, bis an déi russesch Uelegfelder. Hei léiere mir wat e Geolog schafft, wéi een eng geologesch Kaart entziffert a wat fir eng Steng am an ëm d’Haus ze fanne sinn. Beim Waassertuerm entdecke mer wat d’Steng mat eisem Drénkwaasser ze dinn hunn, an och nach en Tour duerch déi berüchtegt ’Schankegriecht’ steet um Programm. Halwen Dag mat Bus op der Plaz Ganzen Dag ouni Bus op der Plaz

13


koffergrouf

sentier géologique stolzebuerg vum mäerz bis 1. oktober / halwen oder ganzen dag Alles dréit sech em déi fréier Koffergrouf zu Stolzebuerg Eng Visite a 4 Etappen: De Musée vun der Koffergrouf mat senge Mineralien, Kofferäerzer a Steng vu Stolzebuerg. Dir kënnt d’Grouwematerial ënnersichen an dir kritt de Grouwebetrieb erkläert (Pannoen, Film, Schema, …). Wat erzielen eis d’Dokumenter iwwer d’Geschicht vun dëser Mine? War se wichteg? De geologesche Léierpad féiert Iech op d’Grouf, iwwer de selwechte Wee ewéi d’Biergleit fréier op d’Schicht gaange sinn. Ënnerwee stinn 10 Pannoë laanscht den Trëppelwee (1,5 km) mat Informatiounen iwwer d’Waasser an der Grouf, de Verlaf vun de Galerien, d’Dall vun der Klangbach, Versuchstollen, asw. Op der Grouf, op den alen Halden, kann ee säi Gléck versichen a vläicht Mineralien fannen. Et kann een Déieren entdecken a Planze sammelen, fir se duerno mat der Handlupp ze kucken an ze bestëmmen. Et kann een am Koffer schaffen a säin eegene Souvenir mathuelen.

14

1 2 3


4

An da kommt Dir och an d’Galerie eran. Duerch den Entwässerungsstollen geet et an d’Galerie Nr. 3. Do entdeckt Dir d’Spure vum Ofbau (Loftschacht, Förderschacht, Transport, ...), d’Äerzspléck, d’Entwässerung, asw… Haut gëtt de Stollen elektresch beliicht, fréier war dat anescht. Haut sinn et Trapen, wou fréier Leedere stungen.

praktesch informatiounen:

Fir de Musée an de Léierpad soll een 3 Stonne virgesinn, fir d’Grouf an d’Galerie och 3 Stonnen. 5 Stonnen erlaben Iech alles ze gesinn. Wichteg fir déi ënnerierdesch Besichtegung: pro Guide kënnen nëmmen 15 Leit mat eran; Helm a Plastikreemantel gi gestalt, Stiwwelen an e Pullover soll jiddereen derbäi hunn, eng Täscheluucht ass vun Notzen. Fir de Picknick steet een Ënnerdaach zur Verfügung. Stolzebourg-Kiirch

arboretum

léiert eis beem a straicher kennen! oktober 2010 a vum abrëll 2011 un (wann d’beem blieder hunn) Wat ass een Arboretum? Wéi ënnerscheede sech Beem a Straicher? Wourun erkenne mir se? Wéi ee Bam/ Strauch ass dat? Mir ginn Iech Rendez-vous am Parc Réimerwee um Kierchbierg fir op eng spilleresch Manéier einheimesch Beem a Straicher kennen ze léieren. Mat Hëllef vun engem Steckbréif, deen d’Kanner opstellen, ginn si ugeleet fir d’Beem an d’Straicher ze kucken, ze beschreiwen, ze bestëmmen, ze moossen, ze molen a ginn dann och nach allerlee iwwer dës Beem, Straicher an de Park selwer gewuer.

15


Treffpunkt: Entrée vum Parc beim Busarrêt (25 an 18), rue Coudenhove-Kalergi, vis-à -vis vun der Uni Lëtzebuerg an der Europaschoul Dauervun der Visite: 1 1/2 bis 2 Stonnen Präis: 45 Euro Université-Campus Kirchberg fir weider Informatiounen: Thierry Helminger Tel: +352 46 22 33-201 Fax: +352 46 38 48 email: thelminger@mnhn.lu

Cycle 4

“saturn”

Astronomieléierpad zu Schëffleng juni bis september / halwen dag Op engem schéine Parcours vun 3 km iwwert de Lalléngerbierg, eng typesch Minettelandschaft, gi mer zu Fouss duerch eise Sonnesystem. Mat Hëllef vu flott illustréierte Pannoen, Experimenter a Spiller léiere mer d’Sonn, d’Planéiten, de Mound, d’Asteroiden an all aner Kierper aus eisem Sonnesystem kennen.

16

Et brauch een 2 1/2 bis 3 Stonne fir dësen Tour. Rendez-Vous: zu Schëffleng beim AS Terrain (Athlétisme) hannert dem Kierfech oder Gare Schëffleng (wann dir mam Zuch kommt). Aarbechtsheft fir d’Kanner


baggerweieren am wanter

oktober 10 bis februar 11, enn mäerz 11 / halwen dag

Wéi eng Vullen iwwerwanteren op de Baggerweiere vu Remerschen? Mat der Spektiv beobachte mir déi verschidde Vullen (an och aner Déieren) a probéieren se sou kennenzeléieren. Wintrange-Dorefplaz: 10 min

fiichtgebitt zu menster

an zesummenaarbecht mat der naturverwaltung 15. mäerz bis 15. juli / halwen dag Tëschent Mënsbech a Menster ass duerch d’Renaturéiere vun der Syr a kuerzer Zäit eng grouss Biodiversitéit entstan. Dëst wäertvollt Fiichtgebitt huet net nëmmen eng grouss Bedeitung fir d’Zuchvigel a Brutvigel, mee och fir vill aner Déieren a Planzen. Duerch déi extensiv Bewirtschaftung mat onkomplizéierten Déiererassen wéi déi robust Gallowayranner kënnen dës Fiichtwise genotzt an als Oppeland erhale ginn. Mensdorf-Ennen am Duerf: 10 min

17


d’natur an ärer gemeng e guide kennt bei iechan är gemeng e flexibele programm a flotter natur dir kënnt en halwen oder e ganzen dag virgesinn stellt äre perséinleche programm mam guide zesummen

Cycle 1 bis 4

d'natur am laf vun de joreszäiten

18

Hierschtfaarwen, Friichten a Som, d’Liewen am doudegen Holz, Iwwerwanteren, Spuren, Fréibléier, Keimlingen a Knospen, Summerhëtzt an Dréchent: firwat hu mir iwwerhaapt Joreszäiten, a wéi een Afloss hunn se op d’Liewen an d’Natur? Fir de Kanner ze erlaben déi 4 Saisonë mam natur musée kennen ze léieren, ass et méiglech, fir all Joreszäit eng Animatioun unzefroen, respektiv dat Ganzt iwwert 2 Joer lafen ze loossen.


fir d’klassen aus der stad lëtzebuerg

eraus an de bësch De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem: säin Opbau, säin Notzen, Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren

0p ufro kënne mir iech e flotte bësch ronderëm d’stad lëtzebuerg proposéieren, wou dir mat engem städtesche bus kënnt hifueren. november bis mäerz

wanter

am bësch

D’Déieren am Bësch gesi mer seelen, mee hir Spure verroden eis wou se sinn! Wou halen se sech op, wat friessen se, wéi iwwerliewen se de Wanter? Firwat fléien déi eng Vigel fort an déi aner bleiwen hei? Dobanne léiere mer déi wichtegst Spure kennen, an da gi mer selwer op d’Sich.

mee - juni

himmelsdéierchen

& co.

cycle 1 bis 3.1

Mir maachen eis op d’Sich no allerlee Krabbeldéieren a probéieren erauszefannen, wat mer fonnt hunn. Wéi kënne mer Insekten a Spannen auserneenhalen? Flott Naturerfahrungspiller bréngen eis d’Liewensweis vun dësem klengen, interessante Gedéiesch méi no.

fréijoer a summer

d’liewen am

waasser

cycle 3 a 4

Mir ënnersichen e Weier oder eng Baach an Ärer Géigend a kucken, wat fir eng Déieren a Planze mer hei fannen. Vläicht kënne mer jo souguer unhand vun dëse Liewewiesen d’Qualitéit vum Waasser bestëmmen?

21

19


d’natur mat alle

sënner

erliewen

vu mee un

Zesummen dobaussen d’Natur genéissen: genee kucken, lauschteren, fillen, richen a schmaachen. Naturspiller, wou mer eis an d’Verhale vu verschiddenen Déieren erafillen an d’Wichtegkeet vun de Sënner och fir eis erfuere kënnen

cycle 3 a 4

kraider,

keng hexerei!

am mee a juni

Op eisem Spadséiergang duerch Bëscher a Wisen, léiere mir duerch Kucken, Richen a Schmaachen eng ganz Rei Kraider kennen. Datt si bei klenge Boboen, Schnapp, Bauchwéi a Schréibsen hëllefe kënnen, ass da kee Geheimnis méi. Datt si awer och an onserer Ernährung eng wichteg Roll spillen, kënne mer bei engem selwer zoubereetenen Mëttegiessen erausfannen. Heifir brauche mir allerdéngs e ganzen Dag.

konscht

am bësch

fréijoer a summer

Mat Naturmaterialien, déi mir dobausse fannen, maache mir Konschtwierker a si ganz kreativ matten an der Natur. All méiglech ‘Konschtstécker’ hëllefen eis, verschidde Begrëffer a Verhalensweisen eng Kéier anescht auszedrécken.

naturrallye

vum 1. mäerz un

Naturerfahrung, Spiller, Beobachtungen, Wëssensvermëttlung, Kreativitéit… dat alles a Form vun engem Rallye dobaussen an der Natur. Zesummen entdecken an erliewe mir dat Bescht, wat d’Natur ronderëm d’Schoul ze bidden huet.

20


PRAKTESCH INFORMATIOUNEN wéini? wéi laang? wat kascht dat? D'Visite besteet aus enger Féierung iwwert de Site, deen Dir gewielt hutt, verbonne mat vill Animatioun, prakteschen Aarbechten an interessanten Observatioune fir d'Kanner. Dëst ass méiglech all Schouldag (ausser Samschdes), mueres tëschent 8.00 Auer an 12.30 Auer, nomëttes tëschent 13.30 Auer an 16.30 Auer (oder e ganzen Dag mat Picknick). Nodeems Dir ären Umeldeziedel erageschéckt hutt, gitt Dir vun eis kontaktéiert. Duerno schécke mir Iech eng definitiv Konfirmatioun mat den néidegen Erklärungen an enger Weebeschreiwung zum Site. Dir musst Iech selwer em den Transport vun Ärer Klass op dee jeweilege Site bekëmmeren. Mir huelen maximal 20 Kanner pro Guide! Bei all Site gi mir Iech déi nooste Gare oder Bushaltestell vum ëffentlechen Transport un, a wéi laang der vun do nach musst zu Fouss goen. Sicht Iech är Verbindung op www.mobiliteit.lu eraus, a sot eis Bescheet wa mer de Rendez-Vous sollen upassen.

fir d'disziplin muss den enseignant suergen, bei deem och d'responsabilitéit bleift.

dir kënnt all dës sujeten och als schoulausflug oder als vakanzaktivitéit ufroen. Fir weider Info, Tel:

46 22 33 –1 / -312 vum natur musée.

suergt w.e.g. derfir, dass d’kanner dem wieder entspriechend gekleet sinn!

21


deutsche fassung version française www.mnhn.lu/educatif eise komplette programm visiten am natur musée visiten ‘mam musée an d’natur’ musée-bus galileo science-mobil panda-club science-club fannt dir op eisem internet site iwwert deen dir iech och kënnt online umellen:

www.mnhn.lu/educatif/umeldung

programm

service éducatif

2010-11 tel: 462240-312 fax: 462240-315 e-mail: educatif@mnhn.lu musee-info@mnhn.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.