Panda News 04/2024 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1


De

Natur Musée Fest

Sonndeg, de 15. September 2022

Lëtzebuerg

E Fest fir d’ganz Famill iwwer d’Natur, de Weltall, d’Déieren an d’Planzen. Masseg Atelieren a Spiller fir d’Kanner, Neies aus der Fuerschung an den naturwëssenschaftleche Sammlunge fir déi Grouss.

vu 11.00 bis 18.00 Auer ronderëm den ‘natur musée’ an neimënster gratis

Lëtzebuerg

Erlief gläich zwou nei Ausstellungen am ‘natur musée’: «Tönende Tiere» an «Luxembourg on the Rocks» mat Live-Performance a Workshoppen.

Op kee Fall verpassen!

Nuit des Musées

Samsdeg, den 12. Oktober 2024

vu 17.00 bis 1.00 Auer am ‘natur musée’

Kannerliesung: Die kleine Grille

Samsdeg, de 26. Oktober 2024

Samsdeg, de 4. Januar 2024

Mir liesen d’Buch

«Déi kleng Grill séngt hiert Lidd» vum Eric Carle. We are reading the story «The very quiet cricket» by Eric Carle.

Nous lisons l’histoire

«Le grillon qui n’a pas de chanson» de Eric Carle.

Fir Famille mat Kanner (3 Joer+)

am ‘natur musée’: 10.30 op Lëtzebuergesch 11.15 in english 12.00 en français

Lëtzebuerg

Buerglënster

Den Hierscht huet ugefaang an am Bësch ass den Dësch räichlech gedeckt. Mir léieren eis Bëschfriichte kennen, kucken eis u wéi si verbreet ginn a wéi eng Déiere sech zervéieren kommen

Bëschfriichten

Dënschdeg, de 24. September 2024

Donneschdeg, de 26. September 2024

um 14.30 Auer zu Buerglënster (zréck: 17.00 Auer)

Janosch Diederich 5 Euro

Mam Hittchen am Bësch

Donneschdeg, den 3. Oktober 2024

Dënschdeg, den 8. Oktober 2024

Schiltzbierg

Si sinn iwwerall am Bësch an dach si se schwéier ze erblécksen. Et gëtt se a sëllege Faarwen a Formen a si hunn esou bosseg Nimm ewéi Héngerfouss, Dréischel a Kochel. Mir maachen ons op d’Sich no deene klenge Bëschbewunner!

um 14.30 Auer

um Schiltzbierg

(zréck: 17.00 Auer)

Mike Hagen

5 Euro

Buerglënster

Ob giel, rout oder brong, am Hierscht weist sech de Bësch vu senger faarwegster

Säit, mä wisou iwwerhaapt? A wouhi verschwannen eigentlech all déi Blieder déi falen? Mir maachen eis op d’Sich no Äntwerten.

An alle Faarwen!

Dënschdeg, den 22. Oktober 2024

Donneschdeg, de 24. Oktober 2024

um 14.30 Auer zu Buerglënster

(zréck: 17.00 Auer)

Janosch Diederich 5 Euro

Wantervigel

Dënschdeg, de 5. November 2024

Donneschdeg, de 7. November 2024

Buerglënster

Et geet op de Wanter zou a vill vun eise Villercher si scho fort a Richtung Süden. Mir kucken eis un, wéi eng trotz dem kale Wieder bei eis bleiwen, a wéi si dat maache fir de Wanter ze packen.

um 14.30 Auer zu Buerglënster (zréck: 17.00 Auer)

Janosch Diederich 5 Euro

Lëtzebuerg

Kleng a méi grouss

Naturexperimenter stinn um Programm.

Experimenter

Dënschdeg, den 12. November 2024

Donneschdeg, de 14. November 2024

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel) 5 Euro

Schokelasfabrik

Donneschdeg, de 5. Dezember 2024

Dënschdeg, den 10. Dezember 2024

Lëtzebuerg

Vu wou kënnt de Schokela hier? Wat fir Zorte ginn et? Et gëtt e séissen Nomëtteg.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel) 5 Euro

Héierkonscht a Klangbiller

Lëtzebuerg

Zesumme mam

Klangkëschtler Sam Erpelding entdecke mir d’Geräischer aus eiser Ëmwelt, huele se op a verschaffe se mat Hëllef vun Tountechnik. Mir produzéieren eis eegen Héierspiller a probéiere verschidden Techniken aus fir Klangbiller ze schafen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Dominique Schauss 5 Euro

Freideg, den 3. Januar 2025

Samsdeg, de 4. Januar 2025

Panik am Bësch

Samsdeg, den 21. September 2024

Buerglënster

An engem Experiment am Bësch benotze mer Vullestëmme fir Villercher unzelackelen. Wéi si sech wuel verhale wäerten? Schei, vilwëlzeg oder éischter granzeg? Komm mat an entdeck et selwer.

um 8.30 Auer zu Buerglënster (zréck: 11.00 Auer)

Janosch Diederich 5 Euro 9-10

Ellergronn

Mir sammelen am Bësch interessant Schätz a vergréissere se am Natur Mobil Bus ënner der grousser Lupp. Komm staunen!

Fuersch a staun!

Dënschdeg, den 1. Oktober 2024

Donneschdeg, den 10. Oktober 2024

um 14.30 Auer am Centre d’accueil am Ellergronn (zréck: 17.00 Auer)

Claudine Biel 5 Euro

Nossknacker

Dënschdeg, de 15. Oktober 2024

Donneschdeg, de 24. Oktober 2024

Schiltzbierg

Eng haart Noss! Mir maachen ons op d’Sich no den Nossknacker ënner de Bëschdéieren. Duerno bastele mir nach ons eegen Nossschuelenopsprengmaschinn!

um 14.30 Auer

um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer)

Mike Hagen

5 Euro 9-10

Nouspelt

Gëff och du zum Aulebäcker!

Zesumme mam Usch Biver, engem Nouspelter Original, entdecke mir wéi aus Leem e Péckvillche gëtt. Jiddereen dierf sech dobäi als Aulebäcker versichen a säin eegene Péckvillchen zum Päife bréngen.

um 10.00 Auer zu Nouspelt (zréck: 16.00 Auer)

Vum Leem bis bei d’Péckvillercher

Dënschdeg, den 29. Oktober 2024

Katharina Kurt, Dominique Schauss

Kürbis a Co.

Mëttwoch, den 30. Oktober 2024

Donneschdeg, den 31. Oktober 2024

Lëtzebuerg

Mir kucken ons déi

verschidde Kürbiszorte mol méi genee un.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel)

Lëtzebuerg

Esch-Uelzecht

Mir entdecken déi faszinant

Welt vun Naturgeräischer a loossen eis dovun influenzéieren fir selwer zu Klangkënschtler ze ginn.

Eng Umeldung fir déi 3 Deeg!

De Grillen hir Musek

1. Donneschdeg, de 14. November 2024 am ‘natur

vu 14.30 – 17.00 Auer am ‘natur musée’ 15 Euro 9-10

Dominique Schauss

2. Samsdeg, den 30. November 2024 zu Esch-Uelzecht

3. Dënschdeg, de 17. Dezember 2024 am ‘natur musée’

1.

Zesumme mam Axel Hochkirch, eisem Grillenexpert, kucke mir ons u wéi d’Grillen hir Musek maachen. Mir ginn och gewuer, wat si domat soe wëllen, a mat wiem si am léifste schwätzen.

2. Kanns du dir virstellen, wéi ee Musek mat

Déieregeräischer maache kéint?

Dauch an an déi faszinant Welt vun der kreativer Musekgestaltung an entdeck, wéi een aus scheinbar onmusikalesche Geräischer, wéi dem Zirpe vu Grillen, eenzegarteg Soundstécker kreéiere kann.

vun 10.00 bis 12.00 Auer zesumme mam Rocklab, an der Rockhal zu Esch-Uelzecht

3. Mir presentéieren eis Sounds an de Projet ‘De Grillen hir Musek’ wärend der Konferenz ‘Tönende Wissenschaftler’.

vun 18:30 -20.00 Auer am ‘natur musée’

Joer Déierecomic

Lëtzebuerg

Mir léiere wéi een Déiere richteg zeechent a molen e coolen Déierecomic fir mat heem ze huelen.

Dënschdeg, de 26. November 2024

Donneschdeg, den 28. November 2024

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Mike Hagen 5 Euro

Sief ganz Ouer!

Dënschdeg, den 10. Dezember 2024

Donneschdeg, den 12. Dezember 2024

Lëtzebuerg

An der Déierenausstellung vum Musée gëtt gepiipst, geflüstert, gebläert, gepëspert a gegrunzt. Mir versichen dat ganz speziellt „Geräisch-Rätsel“ ze léisen. Gutt nolauschteren ass hei Tromp!

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Mike Hagen

Quiz

Opléisung Quiz 3/2024

Dir hutt gutt gehollef de kosmesche Kleederschaff ze raumen! Elo huet all Planéit seng richteg Box erëmfonnt.

Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir ee Gewënner gezunn: et ass d’

Lia Tropeano vu Lëntgen.

Mir gratuléieren!

Quiz 4/2024

Gif

Forell

Spuerk

Hiecht

Piisch

Routa

Dës Fësch wunne bei ons an de Baachen, Flëss a Weieren. Kenns du hire Lëtzebuergeschen Numm?

Däin Numm:

Deng Adress:

Schéck deng Äntwert un:

Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu

Umeldung:

E-Mail: panda-club@mnhn.lu

online: www.panda-club.lu/umeldung

Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken.

Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg

scan mech

online Umeldung a komplette Programm

Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/

Gëff Member:

Du bass interesséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den

Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.

Als Member kriss du reegelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.

D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen: Panda-Club tel: 462233-450 panda-club@mnhn.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.