Naturspiller Baggerweieren
Naturspiller Baggerweieren
Early Bird Kanu Tour
Op der Pirsch
Op der Pirsch
Asteroiden-
Dinodeeg: Fossilie sichen
Dinodeeg: Ech si Paleontolog.
Dinodeeg: mam Ranger am Dinopark
Natur Musée Fest
Naturspiller Baggerweieren
Naturspiller Baggerweieren
Early Bird Kanu Tour
Op der Pirsch
Op der Pirsch
Asteroiden-
Dinodeeg: Fossilie sichen
Dinodeeg: Ech si Paleontolog.
Dinodeeg: mam Ranger am Dinopark
Natur Musée Fest
Sonndeg, de 15. September 2024
Den Datum vum Fest steet, also haalt Iech deen Dag fräi. Mir si frou, Iech fir e puer flott Stonnen am Gronn ze empfänken.
Bis dohi schéi Vakanz!
Weider Infoe fannt dir deemnächst op mnhn.lu gratis
Schiltzbierg
Am Bësch maache mir ons
op d’Sich nom Arbor Poter, engem ganz besonnesche Geschichtenerzieler. Vun him wäerte mir esou Munneches iwwer de Bësch a seng Bewunner gewuer ginn.
Dënschdeg, den 30. Juli 2024
Mëttwoch, den 31. Juli 2024
um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Mëttwoch, de 7. August 2024
Freideg, den 9. August 2024
Just ier d’Sonn opgeet schläiche mir duerch de Bësch an iwwer d’Gewan, fir déi nuetsaktiv Déieren um Heemwee ze begéinen.
um 05.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 07.30 Auer)
Mike Hagen 5 Euro 6-8 Joer
Buerglënster
An onser Virwëlztut ass eng flott a spannend Aktivitéit verstoppt! Wéi eng? Looss dech iwwerraschen!
Dënschdeg, den 13. August 2024
Mëttwoch, de 14. August 2024
um 14.30 Auer zu Buerglënster (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro
Mëttwoch, den 21. August 2024
Guedber
Mir fänke Kriibsen an engem Bëschweier bei Guedber a kucken ons déi Borschten emol vu méi no un.
um 14.30 Auer zu Guedber (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen
Schiltzbierg
Am Bësch sinn eng helle Wull un Déierewunnengen verstoppt. Mir siche se a luusse bei de Bëschdéieren an d’Stuff eran.
Méindeg, de 26. August 2024
Freideg, den 30. August 2024
um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Dënschdeg, de 27. August 2024
Mëttwoch, den 28. August 2024
Mir ginn an de Bësch a baue kleng Konschtwierker.
um 14.30 Auer zu Stroossen (zréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel)
Huelmes
all Dag um 8.10 Auer um P&R Bouillon (zréck: 16.45 Auer)
Du kanns dech fir 1, 2, 3, 4, oder 5 Deeg umellen. All Dag erwaart dech eppes aneres.
Christiane Flesch (Igel), Mike Hagen, Katharina Kurt, Steph Risch, Dominique Schauss
20Euro/Dag
Bësch a Waasser
Méindeg, de 22. Juli 2024
Mat Netzer a Sifte gi mir op d’Sich no Waasserinsekten, Kriibsen a Skorpiounen.
Dënschdeg, den 23. Juli 2024
Haut gi mir op Besuch bei déi Huelmesser Beiekinnigin. Si ëmfänkt ons a weist, wat si alles kann.
Mëttwoch, de 24. Juli 2024
Mir entdecken de Fliedermais hir
Wunnengen a léieren de Bësch besser kennen.
Bëschexpeditioun
Freideg, de 26. Juli 2024
Mir entdecken de Bësch op eng spilleresch Aart a Weis.
Donneschdeg, de 25. Juli 2024
Mir ginn e Bauerenhaff besichen a maachen e grousst Spill am Bësch.
Stroossen
Mir maachen e groussen a flotten Naturrallye duerch de Bësch mat Atelieren a Spiller.
um 14.00 Auer zu Stroossen (zréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro
Méindeg, den 19. August 2024 Dënschdeg, den 20. August 2024
Keespelt
Mir ginn de Fliedermais hir Wanterresidenze besichen.
um 14.15 Auer um Klaushaff (zréck: 16.45 Auer)
Christiane Flesch (Igel)
Dënschdeg, den 3. September 2024
Remerschen
Mir maachen kleng Ateliere ronderëm d’Baggerweieren.
Mëttwoch, de 4. September 2024
um 14.15 Auer zu Remerschen
(zréck: 16.45 Auer)
Christiane Flesch (Igel)5 Euro
Donneschdeg, den 1. August 2024
Freideg, den 2. August 2024
Schiltzbierg
Am Bësch, tëschent de Fielsen an de Beem, baue mir eng mega Jickebunn aus Naturmaterialien. Duerno gëtt se natierlech och getest. A lass!
um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen
5 Euro
9-10
Lëlz
Mir briechen op wann et nach däischter ass, fir de Sonnenopgang um Waasser ze bestaunen an den Déieren um/beim Waasser nozelauschteren an nozekucken, wéi se wakereg ginn.
Méindeg, de 5. August 2024
um 05.20 Auer zu Lëlz (zréck: 08.30 Auer)
Dominique Schauss
Vun Dënschdeg, de 6. August 2024 bis Mëttwoch, de 7. August 2024 Vu Mëttwoch, de 7. August 2024 bis Donneschdeg, den 8. August 2024
Stengefort
Hues du Loscht un engem Mini Fuerschungsprojet deelzehuelen? Mir huelen d’Liewensbedéngunge vun Insekten an aneren Déieren am Bësch, am Dag an an der Nuecht, ënner d’Lupp. Owes schlofe mir an de Beem, 7 Meter iwwer dem Buedem an ofgesécherten Hängematten.
um 15.00 Auer an der Géigend vu Stengefort (zréck: 10.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 85
Lëtzebuerg
Wolls du schon ëmmer bei Ausserierdesche schlofen a gewuer ginn, wou se hirkommen? Da komm mat op eis Asteroidennuecht! Mir ginn op Asteroidejuegd, entdecken Himmelskierper an eisem Planetarium a ginn op Nuetswanderung fir de Mound an d’Stären ze beobachten.
Vu Sonndeg, den 11. August 2024 bis Méindeg, den 12. August 2024
um 17.00 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: Méindeg 09.00 Auer)
Dominique Schauss, Mike Hagen, Julien Meyer
den 13. August 2024
Mir entdecken d’Natur
ënnerwee mam Vëlo. Et wäert awer kee schwéieren
Terrain sinn. (30 km). Et muss ee just mat sengem Vëlo gutt eens ginn.
um 10.00 Auer zu Réimech (zréck 16.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel)
Guedber
Mir fänke Kriibsen an engem
Bëschweier bei Guedber a kucken ons déi Borschten emol vu méi no un.
den 22. August 2024
um 14.30 Auer zu Guedber (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Donneschdeg, den 29. August 2024
Buerglënster
Mat Kächer, Lupp a Suckelglas maache mir ons op d’Sich no klenge wibbelege Krabbeldéieren an Sprénkerleken. Duerno kucke mir ons déi Borschten emol vu méi no un.
um 14.30 Auer zu Buerglënster (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich
5 Euro 9-10
Iernzen
Lëtzebuerg
Rëmeleng
Komm mat op ons Dinodeeg an dauch an an d’Welt vun der Paleontologie.
Eng Umeldung fir déi 3 Deeg!
Samschdeg, de 7. September 2024, zu Rëmeleng
Dënschdeg, den 10. September 2024, am ‘natur musée’ Donneschdeg, den 12. September 2024, zu Ernzen
Samschdeg, de 7. September 2024
Mat der Ënnerstetzung vum Roby an dem Roland (zwee Paleontologen aus dem ‘natur musée‘), gi mir op d’Sich no Fossilien am Steebroch zu Rëmeleng.
All Dag vu 14.00 Auer bis 18.00 Auer
Dominique Schauss, Katharina Kurt
Dënschdeg, den 10. September 2024
Mir entdecken d’Arbecht vum Paleontolog, ënnersichen d’Fossiliekollektioun vum
Musée an erfuerschen eis Fossilien, déi mir selwer fonnt hunn.
Dag 3
Donneschdeg, den 12. September 2024
Mam Ranger duerch den ‘Dinosaurierpark Teufelsschlucht’.
Départ um P&R Bouillon
Léisung:
Sou kann de Wäisse Mued sech an e Meekiewerlek verwandelen.
Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir ee
Gewënner gezunn: et ass den
Jasper Albersmeyer
vu Schieren.
Mir gratuléieren!
Et ass e bësse Wull am kosmesche Kleederschaf! Kanns du de Planéiten hëllefen hir Box erëmzefannen?
Däin Numm:
Deng Adress:
Schéck deng Äntwert un: Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu
Julien Meyer
Animatioun
Steph Risch
Animatioun
Katharina Kurt
Animatioun
Anne-Marie Bis
Animatioun
Umeldung:
E-Mail: panda-club@mnhn.lu
online: www.panda-club.lu/umeldung
Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken.
Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg
online Umeldung a komplette Programm
Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/
Gëff Member:
Du bass interesséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den
Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.
Als Member kriss du reegelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.
D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen: Panda-Club tel: 462233-450
panda-club@mnhn.lu scan mech