Panewippchen 2/2024 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1


News

De Rise-Séiskorpioun vu Konstem

De Ben Thuy an de Robert Weis si Fuerscher an der Paläontologie, also der Wëssenschaft vun de Liewewiesen aus laang vergaangenen Zäiten. Du kenns d’Dinosaurier, mee et hunn och vill aner Liewewiesen op eiser Äerd gelieft a sinn haut ausgestuerwen: zum Beispill d‘RiseSéiskorpiounen. A genee esou een hunn de Ben an de Robert viru kuerzem bei Gruewungen zu Konstem am Éislek fonnt.

Wéi grouss war dat Déier? Et goufe verschidde Stécker vum Kierper fonnt, déi bal 50 cm laang sinn. De ganze Séiskorpioun huet deemno schätzungsweis annerhallwe Meter gemooss. Dës Raubdéiere gehéieren zu de gréisste Glidderdéieren, déi et jeemools gouf.

Schnéifléi (LAT: Collembola FR: collemboles alpins, DE: alpine Springschwänze) si ganz kleng Déiercher mat 6 Patten, déi just 1 bis 9 Millimeter grouss ginn. Si gesinn aus wéi Insekten, sinn awer keng. Zu zegdausende liewe Schnéifléi zesummen, a grousse Kolonien, op der Uewerfläch vum Schnéi. Si brauchen de Schnéi fir sech ze ernären, sech weiderzebeweegen a sech ze verbreeden.

Genee dëst Verhale gouf vun engem Fuerschungsteam, zu deem och den David Porco aus dem ‘natur musée’ gehéiert, ënnersicht. Genetesch Analysen hunn och gehollef erauszefannen, ob a wéi d’Schnéifléi aus Däitschland mat deenen aus Norwege Famill sinn, an ob et eventuell nei Aarte ginn, déi nach net fonnt goufen.

Déi butzeg Schnéifléi aus den Alpen

Well et duerch de Klimawandel ëmmer manner Schnéi gëtt, ass de Liewensraum vun de winzegen Déiercher staark bedrot. Dobäi spille si eng wierklech wichteg Roll an der Natur, well si déi organesch Matière verschaffen an esou d’Buedem- an d’Pilzstrukture beaflossen. Dofir musse mir versichen, esou vill wéi méiglech iwwer si ze léieren, fir hire Liewensraum ze schützen an hinnen ze hëllefen.

Results 2024

Observation breakdown

Wat

S Ä IT 1

DE PANEWIPPCHEN 2/2024

S Ä IT 2

NEWS

Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg

S Ä IT 4

KLINZEGKLENGE STÄRESTËBS

S Ä IT 8

KNIWWELEN

Insekte-Boulespill

S Ä IT 10

FRIESSEN A GEFRIESS GINN

S Ä IT 14

CHAOS UM STÄRENHIMMEL

S Ä IT 18

RÄTSELEN

S Ä IT 19

FIR MATZESANGEN

Vampirtëntefësch

S Ä IT 20

INSEKTEN A FAARWEN

Experiment

S Ä IT 24

FIR KLENG LIESRATEN

D’Mauereederes

S Ä IT 26

KNIWWELEN

Summerdekoratioun

S Ä IT 28

BERUFFER AM ‘NATUR MUSÉE’

Interview mam Paul

S Ä IT 33

SCIENCE INFLUENCER

Mam Patrick Michaely

S Ä IT 36

DE KOLIBRIPÄIPERLEK

S Ä IT 38

KNIWWELEN

Selwer gemaachte Glace

Impressum

S Ä IT 40

‘natur musée’

Geescht
Weess Räis Spelz Mais Kar Huewer
Léisung

Klinzegklenge Stärestëbs

Si komme vu ganz wäit hier aus den Déifte vum Weltraum a si schonns Milliarde Joer ënnerwee. All Dag jauwen eng Onmass vun hinne mat engem Afenzant an d’Atmosphär vun onser Äerd eran a falen op ons erof. A mir mierken et net emol! Rieds geet vun de Mikrometeoritten, dem kosmesche Stärestëbs.

Stärestëbs

D’Astronomie, als Wëssenschaft vun de Stären an dem Weltall, ass benzeg drop si ënner d‘Lupp ze huelen an ze ënnersichen. Si waren nämlech dobäi, wéi onse Sonnesystem gebuer gouf a kënnen der Weltraumfuerschung esou munches vun deemools erzielen. Mee fir se ze fannen ass nach laang net esou einfach!

Si sinn nawell wierklech butzegkleng. Déi gréisste Mikrometeoritte sinn 1 Millimeter grouss, déi meeschten awer just e puer Dausendstel Millimeter. Bei där Gréisst kënnt dir iech och elo virstellen, firwat mir net mierken, wa se ons stänneg op de Kapp falen. Et gëtt geschat, datt all Dag ongeféier 100 Tonne vun dem Stärestëbs op onser Äerd ukommen. A well ee vun deene kosmesche Kären nëmmen e puer Dausendstel Gramm weit, mécht dat fir d’Wëssenschaft eng Häerd vun ausserierdeschen Zäitzeien a Geschichtenerzieler.

Bei der Abberzuel vu Mikrometeoritte misst ee se jo dann einfach zesummekiere kënne fir se ze ënnersichen. Am Prinzip jo, mee op der Äerduewerfläch läit awer net nëmme Stëbs aus dem Weltraum, mee och vill anere Stëbs. Dësen entsteet zum Beispill beim Verbrenne vun Holz, beim Produzéiere vu Stol, beim Lassloosse vu Knupperten, beim Bremse mam Auto, beim Schweesse vu Metall an esouguer beim Aschloe vun engem Blëtz. A gutt vermëscht mat all deem sinn ons Mikrometeoritten.

Fir esou mann ewéi méiglech vu Mënsche gemaachte Stëbs an hire Prouwen ze sammelen, ginn d’Wëssenschaftler an d’Wëssenschaftlerinnen an d’Äiswüüste vun der Arktis an der Antarktis de Stärestëbs asammelen. Zanter enger Dose Jore gëtt awer och an de Stied no de butzegen Himmelskierper gesicht. Si ginn zum Beispill op den Diech vu Sportshalen zesummegekiert, gesifft, gewäsch, gedréchent an nach gesifft an duerno ënner der Lupp gekuckt a fotograféiert. Mat Hëllef vu Computerprogrammer, déi d’Forme vun de Stëbskäre matenee vergläichen, loosse sech hautdesdaags Mikrometeoritte méi liicht identifizéieren.

Dës ginn duerno vun der Weltraumfuerschung genee ënnersicht. Esou interesséiert d’Wëssenschaft virun allem, aus wat si bestinn, well ons dat ganz vill iwwer d’Entstoe vun onsem Sonnesystem an esouguer vum Universum ka verzielen. A mir kënnen esou verstoen, wat viru Milliarde Joren dozou gefouert huet, datt et ons Äerd an d’Liewen dorop iwwerhaapt gëtt. Et bleift spannend!

Arktis/Antarktis

Den Numm Arktis bezeechent dat, wat am Norde läit, d’Antarktis dann de Géigendeel, also dat, wat am Süde läit. Ofgeleet si se alle béid vum algriichesche Wuert arktos, dat ënner anerem de Grousse Bier (Ursa major) benannt huet, also d’Stärebild, dat am nërdlechen Himmel ze fannen ass.

Vill vun dëse Stëbskären hunn d’Form vun enger Jick oder enger Drëps. D’Wëssenschaft nennt dës da Sphärulen. Si sinn entstanen, wéi de kosmesche Stëbskär duerch ons Äerdatmosphär gejauft ass. Hie gouf fatzeg ofgebremst, huet sech doduercher extreem erhëtzt, ass geschmolt an duerno nees an Drëpsen- oder Jickeform ofgekillt. Si kënnen och verschidde Faarwen hunn. Dëst hänkt dovunner of, ob si aus Steen oder Metall oder awer aus engem Gemësch vu béidem bestanen hunn. An och d’Vitess an de Wénkel, mat deem si ukomme spillt hei eng grouss Roll.

A sou gëtt gespillt:

All Spiller a Spillerin hëlt sech 4 déi selwecht Insekten. De jéngste Spiller oder Spillerin schéisst de méi grousse Steen e puer Meter wäit ewech. Een nom anere probéiert elo all Spiller oder Spillerin eent vu sengen Insekten am nooste bei den décke Steen ze puchen. Dat Insekt, dat am noosten um décke Steen ass, huet gewonnen.

Du kanns natierlech och probéieren déi aner Insekte wäit vum décke Steen ewech ze diksen.

Friessen a gefriess

Ëmmer nees ginn am Süde vu Lëtzebuerg, an der Géigend vu Käerjeng, spektakulär Fossilien aus der Jurazait fonnt. Hei läit de sougenannten „Uelegschifer“ am Bueden, dee ronn 183 Millioune Joer al ass, an an deem d’Fossilie vu Mieresdéieren extra gutt erhal bliwwe sinn.

Esou zum Beispill

Fossilie vun Tëntefësch, bei deenen och mëll Deeler, ewéi Tentakelen, Muskulatur an esouguer fossil Tënt erhale bliwwe sinn.

Tëntefësch

2 kleng hierkenänlech Fësch

Sou

Dës Fossilie viru bal 200 Millioune wie gefriess

Awou kë n nt

D’Wuert

Fossil kënnt aus dem Laténgeschen a bezeechent einfach „eppes, dat ausgegruewe gouf “, och wann haut éischter verstengert Iwwerreschter vun Déieren oder Planzen aus fréieren Epochen domat gemengt sinn.

r?

ginn am Juramier

Dee schwaarze Fleck ass ausgelafe verstengert TëntWOW!

cool! weisen, wie Millioune Joer gefriess huet!

Stéck vum Tëntefësch groussen thonaartege Fësch

Nieft dem Vampirtëntefësch vu Käerjeng hunn eis Paläontologen awer nach aner Fossilien ënnersicht, déi schonns an den 90er Joren am Süde vu Lëtzebuerg fonnt goufen.

Si hunn hei eng ronn 70 verstengert Fësch aus der Grupp vun de Pachycormiden ënnersicht, an dobäi festgestallt, datt 7 vun hinne Reschter vun Tëntefësch am Hals- oder Bauchberäich leien hunn. Dëst gëtt als Beleeg gedeit, datt dëse Grupp vu Fësch spezialiséiert op Tëntefësch als Narungsquell war.

Rezent huet eis Ekipp vu Paläontologen a Paläontologinnen esou e besonnesch gutt erhalenen Tëntefësch fonnt an als nei Aart beschriwwen, mam Numm Simoniteuthis michaelyi. Dëst Fossil gehéiert zur Grupp vun de Vampirtëntefësch, déi hautdesdaags bal ausgestuerwe sinn: et gëtt just nach eng Aart, déi am déiwe Mier lieft.

Dat besonnescht un dësem Fossil ass awer nieft der gudder Erhalung, datt nach 2 kleng, hierkenänlech Fësch am Mondberäich vum Tëntefësch ze erkenne sinn: d’Paläontologen an d’Paläontologinnen ginn dovunner aus, datt et sech heibäi ëm d’Reschter vun der leschter Molzecht vum Tëntefësch handelt, kuerz ier e warscheinlech an eng sauerstoffaarm „Doudeszon“ am Mier geroden ass, wou en da gestuerwen ass.

Esou een Noweis vu Raiber-Beute Bezéiungen ass immens seele bei Fossilien. Et ass och déi éischte Kéier, datt dëst Phenomeen hei zu Lëtzebuerg beschriwwe gouf.

Wat ass e Vampirtëntefësch?

Komm an den ‘natur musée’!

Hei kanns du mech an nach vill Fossilien, déi am Uelegschifer fonnt gi sinn, bewonneren.

Zu der Grupp vun de Vampirtëntefësch Vampyromorpha) gehéieren, nieft enger Rei Zorten, déi zënter dem Mesozoikum (Äerdmëttelalter) bekannt sinn, haut just nach den Déifséi-Vampirtëntefësch Vampyroteuthis infernalis), deen a Mieresdéifte vu 600 bis 1000 m lieft. Seng 8 Faangäerm si mat enger Haut verbonn, déi opgespaant un de Mantel vun engem Vampir erënnert. Dobäi ass den haitege Vampirtëntefësch ee ganz friddlechen Zäitgenoss: hie frësst planzlech Reschter, déi op de Mieresgrond erofdreiwen.

Wat ass e Pachycormidefësch?

D’Pachycormidae sinn eng ausgestuerwe Famill vu Fësch, déi ee Skelett aus Schanken haten. Si ware meeschtens mëttelgrouss, thon- oder schwertfëschfërmeg Raiber, a si relativ heefeg als Fossilien am Uelegschifer am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen. De gréisste Pachycormid ass de Leedsichthys, dee virun 165 bis 152 Millioune Joer am heitege Westeuropa gelieft huet: hien huet kleng Liewewiesen, déi am Waasser mat der Stréimung schwammen, gefriess a konnt bis 16 m laang ginn.

Fësch

woukënntdëst

A

Wuert hir?

D’Wuert

Vampir staamt

vum Balkan a kënnt vun de slawesche Sproochen, an deenen et fréier virun allem Gespenster an aner Ongeheier bezeechent huet. Zënter dem 18. Joerhonnert gëtt et benotzt, fir déi Zort Vampir ze bezeechnen, déi mer haut kënnen, also déi, déi sech gär vu Blutt erniert. Um Enn vum 19. Joerhonnert ass dunn de Vampirtëntefësch entdeckt ginn an e krut säin Numm, well en e bëssen esou ausgesäit wéi e Vampir mat engem donkele Mantel.

vumSamMersch

De Paläontologen a Paläontologinnen hir Aarbecht ass faszinant!

Hei ass d’Fossil vum Tëntefësch fonnt ginn

Wat ass den Uelegschifer?

Käerjeng Esch-Uelzecht Uelegschifer

Lëtzebuerg

Den Uelegschifer oder Bitumenschifer (‘schistes bitumineux’ op Franséisch) ass eng Gestengsformatioun, déi een am Süde vu Lëtzebuerg, op enger Sträif vu Käerjeng am Westen bis Beetebuerg am Osten fënnt. Den Numm kënnt vum Ueleggehalt, deen op de groussen Undeel vu Reschter vu Liewewiesen am Gestengs zeréckgeet. Kommerziell verwendbar ass deen Ueleggehalt beim Lëtzebuerger Steen awer net. Dofir ass den Uelegschifer awer fir seng vill gutt erhale Fossilie bekannt, déi ënner anerem bei der Ausstellung ‘Lost Ocean am ’natur musée’ theematiséiert goufen.

Um Terrain:

Mam Bagger gi ganz virsiichteg d’Schichten

Mat sou Instrumenter gi mat ganz vill Gedold a Fangerspëtzegefill d’Fossilie

Am Atelier

Chaos um Stä

Elo an der Summervakanz, wou s du och mol méi laang opbleiwen däerfs, lount et sech nuets d’Nues erauszestrecken an en A op den Himmel ze riichten. Si sinn nämlech all Owend um Rendez-vous: eng Abberzuel vu Stären, Planéiten, Stäreschnäizen an aner Himmelskierper.

Mee wéi soll een an deem Gewulls vun helle Punkten do eenzel Stären erëmfannen?

Dat hu sech d’Leit och schonns virun Dausende vu Jore gefrot. Fir sech besser erëmzefannen, hu si a Gedanke Linnen tëschent de Stäre gezunn. Eraus koume Stréchmännercher oder -déieren, an déi hu si du Stärebiller genannt. Zu all Stärebild hu si sech eng Geschicht afale gelooss, esou war et méi einfach, sech d’Bild ze mierken. An där Stärebiller ginn et nawell eng sëllegen; ganz bekannter sinn de Groussen an de Klenge Bier, d’Kassiopeia, de Schwan, den Adler an och nach d’Leier.

D’Band vun der Mëllechstrooss

Adler
Grousse Bier

renhimmel?

A vum Polaris, dem Polarstär, hues du och schonns bestëmmt héieren. Hie weist ons den Himmelsnordpol a ronderëm hie schéngen all aner Stären ze dréinen. Stärebiller no beim Polaris sinn d’ganzt Joer um Himmel ze bewonneren. D’Astronomie als d’Wëssenschaft vun de Stären an dem Weltraum nennt dës Stärebiller zirkumpolar (= déi ronderëm ee Punkt dréien). All aner Stärebiller kënnen och alt mol fir eng Zäitchen hanner dem Horizont verschwannen a sinn nëmmen zu bestëmmten Zäiten am Joer ze erblécksen.

Klenge Bier

Polarstär

Schwan

Hues du Loscht e puer Stärebiller um Nuetshimmel ze entdecken? Hei e puer Iddien, wéi dir dat mat Sécherheet geléngt. Fir de Stärenhimmel ze beobachten, sich der eng Plaz, wou s du méiglech vill Himmel gesäis an ouni Stroosseluuchten. Do dech waarm un an huel der eng Decke mat, fir dech kënne gemittlech ze setzen oder ze leeën.

Kuck mam Kompass a wéi eng Richtung Norde läit a versich an dëser Richtung de Klenge Won ze fannen. De Klenge Won ass eigentlech en Deel vun engem Stärebild mam Numm Klenge Bier an erënnert och e bëssen un eng Lusch mat gebéitem Still.

Ganz um Wupp vun dem Still ass de berüümte Polaris.

Wann s de op der bannenzeger Säit vun der Lusch e bësse (Richtung Norden: no lénks) weider gees, entdecks du de Grousse Won, och nach Grousse Bier genannt. Dës zwee Stärebiller si bei eis ëmmer um Nuetshimmel ze bewonneren.

Riets vum Klenge Bier zitt sech en hellt Band iwwer den Himmel. Dat ass d’Mëllechstrooss Si besteet aus enger Abberzuel vu Stären an interstellaren Himmelskierper.

Grousse Won Klenge Won

Polaris

Matzen an der Mëllechstrooss fanne mer d’Stärebild vun der Kassiopeia ënner der Form vun engem risegrousse „W“.

Mir kucken no Norden, dofir hale mir d’Kaart esou

Tëschent Schwan an Adler, op der lénkser Säit niewent der Mëllechstrooss, fanne mer d’Stärebild vun der Leier. Et ass e klengt Stärebild, awer ganz liicht ze erkennen. Säin hellste Stär, d’Vega ass no Sonnenënnergang den éischte Stär, deen een um Himmel erbléckse kann.

Nach weider op der Mëllechstrooss, e bësse méi riets, steet den Adler um Himmel. Säin hellste Stär, den Atair steet fir de Kapp vum Adler.

Wa mer dann d’Mëllechstrooss weider eropginn, treffe mer op d’Stärebild vum Schwan. Et ass liicht ze erkennen, well et wéi e grousst Kräiz um Himmel steet. Am Schwan fanne mer ee méi helle Stär, den Deneb.

Wann een déi dräi Haaptstären aus Schwan, Adler a Leier matenee verbënnt, gesäit een eng Dräiecksform um Nuetshimmel. Dat ass dat berüümte Summerdräieck!

Weess, Weizen, blé, wheat

Räis, Reis, riz, rice

Kar, Roggen, seigle, rye

Kenns du déi verschidde Kären, déi lo am Summer an de Felder zeideg ginn?

Huewer, Hafer, avoine, oats Spelz, Dinkel, épeautre, spelt

Molfaarweg!

Mais, Mais, maïs, corn

Geescht, Gerste, orge, barley

Sich der Bei de Wee bis an hire Stack, laanscht Blummen, wou si Polle sammele kann.

De Vampir aus dem Mier

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

* kann am Kanon gesonge ginn

Inekten a Faawen

Verschidden

Insekte gi vu verschidde Faarwen ugezunn. Wéi dat genee geet, kanns du elo selwer erfuerschen.

Du brauchs: ee Blat Pabeier an de Faarwe Rout, Blo, Gréng, Giel, Wäiss, Rosa an Orange, eng Schéier, Steng, de Panewippchen an ee Bläistëft.

Schneit grouss Bléien aus dem Pabeier eraus.

Lee deng Bléien an eng Wiss a lee e puer Steng drop, fir datt d’Bléien net fortfléien.

Hei hues du eng Tabell...

...ëmmer wann een Insekt sech op eng Faarf sëtzt...

...da maach ee Stréch op der richteger Plaz an der Tabell.

D’Insekten, also déi Déiere mat 6 Been an 3 Kierperdeeler, sinn op der Sich no Nektar a Pollen. Dës fanne si an de Bléien. D’Bléien erkenne si unhand vun hirem Doft an hirer Faarf. Déi giel Bléien zéien z. B. besonnesch vill Insekten un. Hues du dat och beobacht? Den Insekten hier Ae si ganz aneschters wéi d’Ae vun eis Mënschen. Insekten hu Facettenaen, déi aus ganz vill klenge Miniaen bestinn. D’Insekte gesinn also a ganz ville klengen Deelercher.

Wéi oft?
Kapp
Abdomen
Torax
Wéi geet dat?

Een anere groussen Ënnerscheed ass, datt si Luucht kënnen erkennen, déi mir guer net gesinn. Beie gesinn z. B. ultraviolett Luucht (UV-Luucht), UV-Luucht ass fir eis Mënschen onsiichtbar.

Vill Bléie liichten am UV-Beräich ganz intensiv an zéien esou d’Bestëbser un.

Mir gesinn déi schéi Faarwen am UV-Beräich also net, mee d’Insekten awer schonn.

Dofir gesi Beien awer z. B. d’Faarf rout guer net, eng Wiss voll mat roude Feierblummen, gesi si z. B. als eng Wiss voll mat schwaarze Blummen.

violett cyan rout giel

Fir kleng Liesraten

D’Mauereederes

Mauereidechse, lézard des murailles, common wall lizard, Podarcis muralis

dëst W u ert hir?

D’Wuert

Eederes ass eng eeler an alternativ Form vun Eidechs. Béid Wierder bezeechnen „eng Schlaang, déi lafe kann“.

vumSamMersch

D’Mauereederes lieft an engem groussen Deel vun Europa.

Si bewunnt Fielswänn, Gestengsramplien an Dréchewisen an der Natur, awer och al Hauswänn,

= männlech

= weiblech

Gaarden- a Kierfechtmaueren an den Uertschaften.

Lëtzebuerg
Atlantik
Schwaarzt Mier

Schwanz: 12 - 15 cm

Kierper: bis 7,5 cm

D’Mauereederësse leie gär op Steng an der Sonn. Eréischt wa si sech opgewiermt hunn,

D’Mauereederes ass déi eenzeg heemesch Eidechs, déi senkrecht Fielswänn a

Maueren erop- an erofklamme kann. kënne si sech flénk beweegen.

Vu Mee bis August leeën d’Weibercher

2 bis 10 Eeër a Fiels- oder Mauersplécken,

A Fiels- a Mauersplécke fënnt

d’Mauereederes Schutz géint Feinden,

Wa si aus dem Ee klammen, sinn déi Kleng op sech selwer gestallt. Si friessen Insekten

net méi sou laang wéi virdrun. Keelt a Reen - a kille Schiet am Summer. oder a selwer gegruewen Äerdhielen.

a Spannen, an och gär séiss Friichten.

Fir Friessfeinden ofzelenken, ka si hire Schwanz ofwerfen. Dee wiisst erëm no, awer

Du brauchs fir 2 Blummen:

3 Toilettëpabeier-Rulloen

Pinsel

Pollen*: eppes

Ronnes, z. B. eng Käscht oder e Stopp

Schéier Spiiss

Dréck d’Toilettëpabeier-Rulloe platt.

Schneit all Rullo a 4 Stécker.

Mol d’Toilettëpabeier-Rulloe faarweg.

Faarwen
Pech

Pollen* ass Bléiestëbs. Am Pollen ass dat männlecht Ierfmaterial vun der Planz dran. De Polle gëtt vum Wand oder vun engem Déier verdeelt. Wousst du, datt Polle mat der Loft bis zu 400 km transportéiert ka ginn? Dëse Pollefluch ass wichteg fir d’Bestëbsung vun de Planzen.

Mol deng kleng Stécker och vu banne faarweg.

5

Summerdekoratioun fr dohin zestellen

E l o h u e s d u e n g s c h é i

Pech deng Bléien zesummen a befesteg an der Mëtt de Pollen (an optional ee Spiiss).

Wéi heeschs du?

Hues du e Liblingsgiessen?

Couscous mat Geméis a vill Harissa (eng schaarf Paprikapast).

Wat ass däin Hobby?

Ech schaffe ganz gären am Gaart. Do entdecken ech och all Kéiers erëm nei

Planzen a Krabbeldéieren. Dës bestëmmen an dokumentéieren ech mat mengem Handy, dozou erzielen ech iech e bësse méi spéit nach méi.

Ech sinn de Paul.

Interview mam Paul Braun, Digital Curator

Hues du eng Liblingsfaarf?

rout

Wat ass däi Beruff?

Ech sinn Digital Curator am ‘natur musée‘. Do kënnt dir iech bestëmmt elo näischt drënner virstellen oder?

Neen, net esou richteg! Wat mécht dann esou een Digital Curator am Musée?

Mir hunn am Musée ganz vill verschidde Sammlunge vun Déieren, Planzen, Champignonen, Fossilien a Mineralien. Ech schaffe ganz vill mat dëse Sammlungen. Fir genee ze sinn, ass meng Aufgab all d’Sammlunge vum ‘natur musée‘ ze digitaliséieren. Dat heescht, datt se dono all um Computer ze fanne sinn. Ech maachen eng Foto vun den Objeten, da ginn ech um Computer an, wat et ass, wéi et heescht, wien et gesammelt huet a wou a wéini et fonnt ginn ass. Dir gesitt, ech muss mech gutt mam Computer an dem Fotoapparat auskennen. Zousätzlech muss ech och nach ganz vill iwwer eis Sammlunge wëssen, fir d’Objete richteg unzepaken a näischt futti ze maachen.

A wéi fënnt een dësen digitaliséierten Objet dono erëm zeréck?

All Objet huet seng eenzegaarteg

Nummer mat engem

QR Code. Wann ee Wëssenschaftler oder eng Wëssenschaftlerin da genee dësen Objet wëll gesinn, weess ech, wou an eise

Sammlungen oder an den Datebanken um Computer dësen ze fannen ass.

Wat ass iNaturalist an hues du och eppes domat ze dinn?

Firwat ass deng Aarbecht wichteg fr de Musée?

mat där ee seng Ëmwelt entdecken an erfuersche kann. Wann s du eng Planz oder e Krabbeldéier fënns, kann s du dës mam Handy knipsen an eroplueden, dann hëllefen dir Fuerscher a Fuerscherinnen aus

Wann all d’Wëssenschaftler an d‘Wëssenschaftlerinnen op der Welt zesummeschaffen, kënnt ee vill méi séier an der Fuerschung weider. Dat kennt dir bestëmmt och z.B. beim Ekippesport: Wann d’ganz Ekipp zesummespillt, ass d’Chance ze gewanne méi grouss. An der Fuerschung ass et ganz änlech. Duerch d‘Digitalisatioun kënnen net nëmmen déi Leit, déi am Musée schaffen, eis Sammlunge gesinn a notzen, mee och jiddwereen, deen drun interesséiert ass. Esou kann z. B. ee Wëssenschaftler oder eng Wëssenschaftlerin aus Australien kucken, wat mir hei an der Sammlung hunn, ouni op Lëtzebuerg ze kommen, oder eis kontaktéieren, wann hien oder si eppes dovu brauch fir drun ze fuerschen.

der ganzer Welt se ze bestëmmen. Esou kann iwwerall op der Welt jiddfereen (och du) dobäi hëllefen, fir d’Biodiversitéit, also d’Villfalt vun den Déieren a Planzen ze dokumentéieren.

Wou ech viru 6 Joer am ‚natur musée‘ ugefaangen hu mat schaffen, hat de

Musée eng Website fir dëst ze maachen. Et ass awer vill méi einfach, wann een dat um Handy ka maachen - deen huet ee jo bal ëmmer dobäi. Du sinn ech op d’App iNaturalist gestouss an hunn dës super fonnt.

Ech hu schonn iwwer 12.000 Beobachtunge gemaach, a souguer schonn eng nei Aart fir Lëtzebuerg fonnt. Kann ee vun iech dat knacken?

Wat gefält dir am beschten un dengem Beruff?

D’Vilfältegkeet gefält mir am Beschten. Ech schaffe mat ganz vill verschidde Leit zesummen, mat Botaniker a Botanikerinnen, Fuerscher a Fuerscherinnen aus der Zoologie, Paläontologen a Paläontologinnen an engem Mineralog an enger Mineralogin. Do nieft gesinn ech natierlech och vill spannend Objeten. Wie vun iech huet z. B. schonn eemol e Fossil vun engem Vampirtëntefësch gesinn?!

Wollts du schonn ëmmer am ‘natur musée‘ schaffen?

Als Kand war ech zwar schonn am ‚natur musée‘, mee do gouf et dee Beruff, deen ech elo maachen, nach guer net. Als Student hunn ech ee Stage am Musée gemaach a war super begeeschtert a zënterdeem wollt ech am ‘natur musée‘ schaffen. Ech sinn och ganz frou, datt dat geklappt huet.

Wat hues du geléiert?

No der Primärschoul an dem Lycée sinn ech op Berlin op d’Uni gaangen. "Geologische Wissenschaften" hunn ech studéiert, do hunn ech vill iwwer d‘Naturwëssenschaften, Geologie, Paläontologie* an eis Ëmwelt geléiert. Heibäi hunn ech och meng Leidenschaft fir d‘Paläontologie entdeckt a mech dodra spezialiséiert.

Wat huet dir dann am meeschte Spaass gemaach an der Paläontologie?

A mengem Master hunn ech ganz vill u Muschelkriibse gefuerscht. Déi si ganz kleng, manner wei 2 mm a liewen am Waasser. Déi ginn et haut och nach ëmmer, dofir si se esou interessant. Well mir wëssen, a wat fir enge Liewensraim se haut virkommen, kënne mer rekonstruéiren, wéi d’Ëmwelt deemools ausgesinn huet.

*Paläontologen a Paläontologinnen erfuerschen d’Déieren- an d’Planzewelt aus laang vergaangenen Zäiten, mat Hëllef vu Fossilien, déi si am Gestengs fannen.

War däi Studium cool?

Jo mäi

Studium huet mir ganz vill Spaass gemaach. D’Stad Berlin huet mir gutt gefall. Wärend mengem

Studium hunn ech vill Expeditiounen an Däitschland gemaach, mee awer och an Israel a Jordanien.

Hues du vill misste léieren?

Jo, ech hunn z. B. vill misse fir d’Chimiescoursen léieren. Mathé ass mir awer ganz einfach gefall. D’Paläontologie war ganz nei fir mech, mee dat huet mir esou vill Spaass gemaach, datt et sech bal net wéi léieren ugefillt huet.

Wat war däi Liblingsfach an der Schoul?

An der Schoul war dat Wierken, do hu mir mat Holz geschafft an z. B. ee Stull gebaut. Sproochen hat ech ni esou gär. Op der Uni war dat natierlech d‘Paläontologie.

Wou ass deng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée?

Well den ‘natur musée‘ vill Sammlungen huet an déi net all an de Musée passen, hu mir och nach op aner Plazen am Land grouss Halen, wou eis

Sammlunge stinn. Meng Liblingsplaz ass eng dovunner an zwar zu Kielen am Depot, well ech do gesinn, wéivill

Aarbecht do nach op mech waart.

Hues du nach een Tipp un eis Lieser a Lieserinnen?

Gitt eraus an d’Natur a sicht no spannende Saachen, an dokumentéiert se. Villäicht fannt dir jo souguer ee Fossil oder eng nei Aart?

InfluencerScience

Hues du e Virbild?

E Mënsch deen s de bewonners, deen dech begeeschtert, deen der eng Welt opmécht an dech op dengem Wee begleet?

Dat wollt ech vu menge Kollegen a Kolleginnen am `natur musée` wëssen, fir ze verstoen, wat si dozou gefouert huet, e Beruff an den Naturwëssenschaften ze wielen. Vläicht léiere mer e puer verstoppten Helde kennen, emol e bëssen en anert Idol?

Eigentlech wollt de Patrick Michaely ëmmer Dokter ginn, genee wéi säi Monni. Als Lycéesschüler huet hien dunn op der däitscher Televisioun en Interview gesinn mat engem belsche Biochemiker an Zellbiolog.

Christian de Duve hat de Nobelpräis* kritt fir seng Fuerschungen iwwer d’Struktur an d’Fonctionnement vun der Zell.

*De Nobelpräis gëllt als déi dichtegst Auszeechnung déi e Mënsch kann um Gebitt vun der Physik, der Chimie, der Physiologie oder Medezin, der Literatur oder der Beméiung ëm Fridde gewannen.

De Christian de Duve begéint 1983, zesumme mat aneren Nobelpräisträger, der belscher Kinnigin Beatrix. no deem den

D’Medaille mam AlfredNobel ,

Nobelpräisbenannt ass .

D’Zell ass dee klengste Bausteen vum Liewen. Komm mat op eng kleng ‚Expeditioun an d’Grondstuktur vum Liewen‘!

Dat ass den Ënnertitel vun engem Buch vum Christian de Duve vun 1984.

Planzenzellen hunn eng fest Zellwand, Déierenzelle just eng Haut.

Zellkär mat der Ierfinformatioun (DNA) dran

Op dësem Bild (ganz staark vergréissert!) erkenns du déi vill verschidde Strukture vun enger mënschlecher Zell; si hunn all hir Aufgab am Fonctionnement vum Liewen.

De Mënsch huet 100.000.000.000.000 (100 Billiounen) Zellen: Muskelzellen, Bluttzellen, Hautzellen, Hoerzellen…

Daarmzellen Reproduktiounszell Hautzellen

Einfach Liewewiesen, wéi verschidde Bakterien, bestinn aus nëmmen enger eenzeger Zell.

Muskelzellen

Op dëser Foto erkenns de Zelle vun enger Moosplanz, ënner dem Mikroskop vergréissert.

Chloroplast = gréng Faarf

De Christian de Duve war e ganz bedeitende Wëssenschaftler an huet op engem ganz komplizéierte Sujet gefuerscht.

Trotzdeem ass et dem Zellbiolog - deen am Ufank och wollt Medeziner ginngelonge ganz verständlech iwwer seng

Aarbecht ze schwätzen an de jonke Patrick ze begeeschteren. De Patrick huet sech doropshin fir en Andauchen an d’Welt vun der Biochimie entscheet. Well d’Erfuersche vu Strukturen a cheemesche Virgäng op allerklengstem Moossstaf ass mega spannend an einfach cool!

Dës Zell kanns du am Musée am Sall 3 gesinn.

D’Buch vum Christian de Duve, dat de Patrick inspiréiert huet.

De Christian de Duve am Oktober 2012, mat 95 Joer

Wéi wichteg eng exzellent Wëssenschaftskommunikatioun ass, huet de Patrick a senger weiderer Karriär selwer zergutts erlieft. Hie war 26 Joer laang zoustänneg fir d’Kommunikation an d’Ëffentlechkeetsaarbecht vum `natur musée`. Hie war souzesoen d’Gesiicht vum `natur musée`, a seng Stëmm no baussen. An der Press an am Radio huet hien esou reegelméisseg iwwer d‘Fuerschung am Musée wéi natierlech och iwwer d‘Ausstellungen a soss Manifestatioune vum Musée bericht.

Säit zwee Joer ass de Patrick Michaely Direkter vum `natur musée`. Als Chef operéiert hien zwar do net um oppenen Häerz, mee ass awer wuel beschäftegt mam gudde Fonctionnement vun enger komplexer eegestänneger a lieweger Organisatioun.

Kolibrien zu

Ass e Kolibri oder e Päiperlek op der Foto an der Mëtt ze gesinn?

Dat Déier op der Foto huet kee Schniewel an natierlech och keng Fiederen, mee e laange Rüssel, zwou Antennen a 4 Flilleken. Dofir ass et e Päiperlek a kee Kolibri.

D’Foto weist e Kolibri-Päiperlek

(Taubenschwänzchen, Morosphinx, hummingbird hawk-moth, Macroglossum stellatarum. De wëssenschaftlechen Numm Macroglossum heescht laang Zong.

Awou

kën n t dëst

D’Wuert Kolibri kënnt vum Franséischen an d’Lëtzebuergescht, mee ursprénglech kënnt d’Wuert aus enger Sprooch, déi an der Karibik geschwat ginn ass ‒ et weess ee just net genee wéi eng.

vum

Wuerthir?

SamMersch

Kolibrie si kleng Vullen, déi just an Nord- a SüdAmerika liewen an den Nektar (= Zockerwaasser) beim Fléien aus de Blumme suckelen. An dës Vulle kënnen net iwwer den Atlantik bis an Europa fléien. Zu Lëtzebuerg kanns du also keng Kolibrien an der Natur gesinn.

Net schlecht fir e Päiperlek, dee just 3 cm grouss ass!

De Rüssel vum Kolibri-Päiperlek ass ongeféier 2,5 cm laang!

Dat erlaabt him wéi Kolibrien den Nektar iwwer dem Fléien aus de Blummen ze suckelen. KolibriPäiperleke kënnen also op der Plaz an esouguer hannerzeg fléien. Erwuesse Kolibri-Päiperleke fléie bei all méiglech Blummen (esouguer bei d’Geranien um Balkon) fir Nektar ze suckelen. Well hien déi ganz Zäit a Beweegung ass, ass hien a Frankräich geckege Päiperlek (=Morosphinx) genannt ginn.

Lëtzebuerg?

A woukënnt dëst Wuert hir?

Kolibri-Päiperleke kommen normalerweis aus Südeuropa an ons Géigende geflunn a sinn dofir meeschtens vun Enn Juni bis September zu Lëtzebuerg ze gesinn.

D’Wuert Päiperlek ass dem franséische papillon noempfonnt, dat op d’Latäin zréckzeféieren ass. Dëst bezeechent ursprénglech einfach „dat (Déier), dat mat de Flilleke wackelt (an doduerch flitt)“.

D’Weibche leet seng Eeër op Wäisst Bettstréi (DE: Wiesen-Labkraut) an op Härgottsbettstréi (DE: Echtes Labkraut), well seng kriddeleg Raupe just dës Planze friessen.

A woukënntdëst

Wu e r t hir?

Den Nektar bei de Blummen heescht sou, well domadden op den Nektar aus der griichescher Mythologie verwise gëtt, also deen Drank, deen déi griichesch Gëtter der So no onstierflech gemaach an éiweg jonk gehal huet.

Déi Kolibri-Päiperleken, déi sech bei ons entwéckelen, fléien normalerweis am Hierscht erëm zeréck an de Süden. Mee an de leschte Joren hunn och erwuesse Päiperleke bei ons iwwerwantert (a Splécke vu Maueren, an Hielen). Dat erkläert, datt schonns heiansdo am Mäerz bei ons Kolibri-Päiperleken ënnerwee sinn.

vumSamMersch

Zu Lëtzebuerg si mir am Summer iwwregens am ganze Land ze gesinn.

selwer gemaachte Glace

Mango-Kokos-Glace Du brauchs fir 6 Glacen:

Fëll d’MangoKokosmëllech an eng Muffinform oder en eidele Jugurtsbecher a stiech e Läffel dran.

Looss deng Glace min. 4 Stonnen am Tifküler.

350 g Mango

qwertzu

200 ml Kokosmëllech

2 EL Hunneg

Schiel d’Mango a schneit se a kleng Stécker.

Mësch d’Mango mat der Kokosmëllech an dem Hunneg mam Stafmixer oder an engem Blender.

350 g

200 g

gëtt erausgi vum De Panewippchen

‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450 www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Botz d’Äerdbier a schneit et a kleng Stécker.

Äerdbier-JugurtGlace

Du brauchs fir 6 Glacen:

350 g Äerdbier

200 g griichesche Jugurt 2 EL Hunneg

Redaktiounskommitee:

A. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, C. Faber, J. Meyer, F. Theisen. Texter:

A.-M. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, S. Mersch, B. Minette, R. Weis.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, MP. Goetzinger, M. Hagen, S. Hagen. Fotoen:

S1 Hannergrond: shutterstock, Illustratioun Pachycormidefësch: Dmitry Bogdanov, aner: MNHNL S2 Hannergrond: shutterstock, Ausgruewung Konstem: MNHNL, Schnéiflou: Adobe Stock - Rauno, Schnéifléi Rendiconti Lincei a Landschaft: Michele Zeni, Dezember 2023

S4-7 Mikrometeoritten: Duprat (CNRS/MNHN), aner: MNHNL

S8&9 Hannergrond: shutterstock, aner: MNHNL

S10&11 MNHNL

S12&13 MNHNL, Illustratioun Pachycormidefësch: Dmitry Bogdanov

S14-17 Hannergrond: shutterstock

S20 F: M

S21 F: M

S22 F: M

S23 F: M

S24&25 Mauereederes op Mauer: shutterstock, Mauereederes op Hand: B. Schoenmakers, Mauereederes a Spléck: Friedrich Haag, Mauereederes Schwanz: AmreiMarie, aner: Roland Proess

S26&27 Hannergrond: pixabay, aner: MNHNL

S28&29 Couscous: shutterstock, aner: MNHNL

S30&31 MNHNL

S32 MNHNL

Fëll den Äerdbiersjugurt an eng Muffinform oder en eidele Jugurtsbecher a stiech e Läffel dran. Looss deng Glace min. 5 Stonnen am Tifküler.

Mësch d’Äerdbier mat dem Jugurt an dem Hunneg mam Stafmixer oder an engem Blender.

S33 Patrick: MNHNL, Christian de Duve: Julien Doornaert, Foto mat Kinnigin: RobCroesforAnefo, Medaille: IAU

S34&35 Zelle Waasserplanz: shutterstock, Christian de Duve: Julien Doornaert, Buch: MNHNL, aner: Adobe Stock

S36&37 Koilibri a Raup: shutterstock, Ee: Jutta Bastian, Kolibripäiperlek mat Flilleken zou: Eichler Andreas, Kolibripäiperlek ënne lénks: Łódź, Poland, aner: Claude Heidt

S38&39 MNHNL

S40 MNHNL

Poster:

S1 shutterstock

S2 Hannergrond, Hand mat Schleek an Deckel op Schleekenhaus: shutterstock, Waasserschleeken: Bernard Picton, Wéngerteschleek: Patrick Fischer, Schleek mat Haus frësst: Paasikivi, Schleek plakeg frësst: Dialectum, Schleek Haus Eeër: Evelina Gustafsson, Schleek plakeg Eeër: Lokilech, aner: MNHNL

De Panewippchen

gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable

Abonnementer & Info

panda-club@mnhn.lu

Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

NATUR MUSÉE ASTEROID MISSION

10/NOV/23 18/AUG/24

Location Musée national d’histoire naturelle 25, rue Muenster L-2160 Luxembourg

Opening Hours TUE 10Am – 8PM WED–SUN 10AM – 6PM Coordinates 49°36’34.88’’ N,6°8’8.34’’ E

Type exhibition made in Lux. First production

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.