Panda News 03/2012 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

012 2

Panda-News 3

www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu

u v r r e k oe n o 0J J fir 6-1


Kalenner Familjen 9-10 Joer 6-8 Joer

2

Abrëll 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30

Beien&Bléien D’Famill Rhino

D’Famill Rhino

Bëschkauz

Storchen&Fligeren

Beien&Bléien Aborigines Molerei

Mee 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

Loftspiller

Bësch Kobolden

Rallye Nuetsbësch

Bësch-Mënschen

Beim Gäertner

Bësch-Mënschen

Beim Gäertner

Vullenhaiser

Fotoexperimenter

Vullenhaiser

Fotoexperimenter Wiederfräsch

Vullenhaiser

Wiederfräsch

Geméiszopp Geméiszopp Mëllechfabrik

Bioscope

Juni 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30

Juli

Mëllechfabrik

Bioscope

Am Beiestack Action am Bësch

Arbor Larix

Am Beiestack Action am Bësch De Maulef

Arbor Larix

Action am Bësch

Propper Uelzecht

Propper Uelzecht

Muschelrallye Schatz sichen

Buedem-Detektiv

Muschelrallye

Hexekraider Hexekraider Summerwe Lëlz

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

Summer WE Lëlz

Summer WE Lëlz

Fliedermaus WE


Samsdeg, de 5. Mee 2012

Guedber

Familjen

Rallye am Nuetsbësch E spannenden Nuets-Rallye duerch den däischtere Bësch wou s du zesumme mat dengen Elteren op eng speziell «Bëschdéiere-Juegd» gees.

um 21.00 Auer um Schiltzbierg bäi Guedber (zréck: 22.30 Auer) Mike Hagen

gr

atis

3


6-8 Joer

Beien a Bléien Donneschdeg, den 19. Abrëll 2012

Manternach

Mir beobachte Beien a Bléien a léiere verschidde flott Moltechnike mat Wuessfaarwe kennen. Déi Biller déi mir molen, kënne fir de Molconcours vum Panewippche geholl ginn oder awer einfach fir mat heem ze huelen.

um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch

4

4

Euro


Donneschdeg, den 19. Abrëll 2012 Dënschdeg, de 24. Abrëll 2012

Lëtzebuerg

6-8 Joer

D’Famill Rhino Mir kucken ons d’Famill vun de Nashörner emol méi genee un a gi gewuer, fir wat der dobäi sinn déi ëmmer e spatze Mëndche maachen!

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

4

Euro

5


6-8 Joer

Bësch-Mënschen Dënschdeg, den 8. Mee 2012 Donneschdeg, den 10. Mee 2012

Lëtzebuerg

Op onser Expeditioun duerch de Reebësch erfuersche mir d’Liewe vun de BëschMënschen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

6

4

Euro


Housen

Dënschdeg, de 15. Mee 2012 op der Kockelscheier Dënschdeg, den 22. Mee 2012 op der Kockelscheier Donneschdeg, de 24. Mee 2012 zu Housen

Kockelscheier

6-8 Joer

Vullenhaiser-Kontroll Mir probéieren erauszefannen, wien an onse Vullenhaiser wunnt: Meesen, Schwaarze Méckefänkert, Hieselmais oder vläicht souguer Fliedermais.

um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

4

Euro

7


6-8 Joer

Geméiszopp Dënschdeg, den 29. Mee 2012 Donneschdeg, den 30. Mee 2012

Lëtzebuerg

Geméis a gogo kucken, taaschten, schmaachen. Mir maachen eng Geméiszopp, déi dir mat heem kënnt huelen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone

8

4

Euro


Donneschdeg, den 31. Mee 2012 Freideg, den 1. Juni 2012

Lëtzebuerg

6-8 Joer

Mëllechfabrik Wat geschitt mat der Mëllech, wann de Mëllechtanker op de Bauerenhaff kënnt a säin Tank do voll oplued? Wouhi fiert hien? An eng Fabrik? Wat geschitt dann do mat all der Koumëllech?

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone

4

Euro

9


6-8 Joer

Housen

Heischent

Mir luussen an e Beievollek eran, kucken ons un wéi si wunnen, wat se iessen, wéi si d’Wanterméint verbréngen a wéini si sech op de Wee bäi déi éischt Bléie maachen.

um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen, Béatrice Casagranda Euro 4

10

Am Beiestack Dënschdeg, de 5. Juni 2012 zu Housen Donneschdeg, de 7. Juni 2012 zu Heischent


Donneschdeg, de 7. Juni 2012

Manternach

6-8 Joer

De Maulef Wëssen, Spiller a Gebastels ronderëm de Maulef.

um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch

4

Euro

11


6-8 Joer

Action am Bësch Dënschdeg, de 5. Juni 2012 op der Kockelscheier Donneschdeg, de 7. Juni 2012 op der Kockelscheier Dënschdeg, den 12. Juni 2012 zu Walfer

Walfer Kockelscheier

Mir maache flott Naturerfahrungsspiller a léieren d’Natur vun alle Säite kennen.

um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

4

12

Euro


Dënschdeg, den 19. Juni 2012 Donneschdeg, den 21. Juni 2012

Lëtzebuerg

6-8 Joer

Muschelrallye Mir maachen e grousse Muschel-Rallye duerch de Musée, kucken den Ënnerscheed tëschent Muschelen, Austeren a Schleeken, léieren déi vill Forme vun de Muschele kennen a bastelen eng Muschelkëscht, déi dir mat heem kënnt huelen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone

4

Euro

13


6-8 Joer

Housen

Dem Schatz op der Spuer Dënschdeg, den 19. Juni 2012 zu Housen

Et gëtt ëmmer erëm erzielt zu Housen am Bësch wier e grousse Schatz verstoppt. Mir wëlle versichen mat Hëllef vu mysteriéisen Zeechen a Biller de Wee bäi de Schatz ze fannen.

um 14.30 Auer zu Housen (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen, Béatrice Casagranda Euro 4

14


Dënschdeg, de 26. Juni 2012 Donneschdeg, den 28. Juni 2012

Schëffleng

6-8 Joer

Hexekraider Mir sichen no Kraider fir ons domat en HexenUeleg ze brauen, dee géint Verbrennungen Wonner wierkt.

um 14.30 Auer zu Schëffleng (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

4

Euro

15


6-8 Joer

Summerweekend zu Lëlz vu Samsdeg, den 30. Juni 2012 bis Sonndeg, den 1. Juli 2012 vu Samsdeg, de 7. Juli 2012 bis Sonndeg, den 8. Juli 2012

Lëlz

Mir gi fëschen um Stau, kucken eis déi verschidde Beem vum Éislek un, maachen e Planzebuch, en Natur-Bild, maachen e grousst «Wie frësst wien»-Spill a bastele mat Naturmaterialien … nach vill aner flott Spiller waarden op eis.

um 10.00 Auer um P&R Howald (zréck Sonndeg: 16.00 Auer) Maria Ursone

o

Eu 30 r

16


Wäiswampech

Freideg, den 13. Abrëll 2012

Op onser Expeditioun duerch d’Naturschutzgebitt Conzefenn probéiere mir erauszefannen, wéivill Bëschkauzen an onsen Eilekëschte wunnen.

9-10 Joer

Bëschkauz am Conzefenn

um 10.00 Auer zu Wäiswampech (zréck: 16.00 Auer) Claude Heidt

4

Euro

17


9-10 Joer

Storchen & Fligeren Donneschdeg, den 19. Abrëll 2012

Miersch

Wéi brénge Storchen et fäerdeg fir e puer Honnert Kilometer an engem Dag ze fléien? Fir dat erauszefannen, baue mir masseg Segelfligeren (aus Pobeier an och aus Balsa-Holz).

um 14.30 Auer zu Miersch (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

4

18

Euro


Dënschdeg, de 24. Abrëll 2012

Manternach

Mir beobachte Beien a Bléien a léiere verschidde flott Moltechniken mat Wuessfaarwe kennen. Déi Biller, déi mir molen, kënne fir de Molconcours vum Panewippchen geholl ginn oder awer einfach fir mat heem ze huelen.

9-10 Joer

Beien a Bléien

Um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch

4

Euro

19


9-10 Joer

Aborigines Molerei Lëtzebuerg

Eng Rees bei d’Urawunner vun Australien, hier Kultur an d’Molerei. An dësem Atelier kanns du dir däi Bild no den Techniken vun den Aborigines selwer molen an natierlech mat heem huelen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone, Maryse Jost ur E o 4

20

Donneschdeg, de 26. Abrëll 2012


Donneschdeg, den 3. Mee 2012

Lëtzebuerg

Mir bastele mat Naturmaterialien witzeg Figuren, déi dir doheem och kënnt gebrauchen.

9-10 Joer

Bësch Kobolden

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone, Maryse Jost Euro 4

21


9-10 Joer

Beim Gäertner Dënschdeg, den 8. Mee 2012 Donneschdeg, den 10. Mee 2012

Lëtzebuerg

Mir kucken a riche verschidde Kraider. Mir planzen ons e Kraidergaart fir duerno mat heem ze huelen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

22

4

Euro


Dënschdeg, de 15. Mee 2012 Dënschdeg, den 22. Mee 2012

Esebuer

Mir gi villes iwwert d’Fotografie gewuer, maachen eng sëllegen Experimenter an der Dunkelkammer a ginn Deel vun engem flotte Fotoprojet op Haiti.

9-10 Joer

Fotoexperimenter

um 14.30 Auer zu Eesebuer (zréck: 17.00 Auer) Magdalena Blazek, Neckel Scholtus, Objectif Tiers Euro 4 Monde- Haiti

23


9-10 Joer

Housen

Heischent

Wie mécht eigentlech onst Wieder? A wat huet de Fräsch domadder ze dinn? Zesumme kucke mir ons un wéi eng Wiederstatioun fonctionnéiert, maachen onsen eegenen Tornado an nach eng sëllegen aner Experimenter zum Thema Wieder.

um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen, Béatrice Casagranda Euro 4

24

De Wiederfräsch Dënschdeg, den 22. Mee 2012 zu Housen Donneschdeg, de 24. Mee 2012 zu Heischent


9-10 Joer

Bioscope an Ecomusée 1 Nuecht vun Donneschdeg, den 31. Mee 2012 bis Freideg, den 1. Juni 2012 Ungersheim

Am EcoMusée zu Ungersheim, kucke mir ons un, wéi fréier d’Leit am Elsass gelieft hunn. Mir schlofen an traditionellen elsässeschen Haiser. Freides gëtt dann experimentéiert. Mir besichen de Bioscope, wou mir eng Onmass vun interaktive Spiller matmaachen, fir ons Ëmwelt besser kennenzeléieren.

um 08.30 Auer um P&R Howald (zréck Freideg: 21.00 Auer)

o

Eu Christiane Flesch (Igel) 95 r

25


9-10 Joer

Arbor Larix Dënschdeg, de 5. Juni 2012 Donneschdeg, de 7. Juni 2012

Allënster

Mir maachen ons op d’Sich nom Larix decidua, engem ganz besonnesche Bam.

um 14.30 Auer zu Allënster (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

4

26

Euro


Dënschdeg, den 12. Juni 2012 Donneschdeg, de 14. Juni 2012

Lëtzebuerg

Wéi propper ass d’Uelzecht am Gronn? Chemesch a biologesch Analysen ginn ons eng Äntwert.

9-10 Joer

Propper Uelzecht

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

4

Euro

27


9-10 Joer

Buedem-Detektiv Reiler

Dënschdeg, den 19. Juni 2012

Mir maachen e puer Experimenter mam BëschBuedem an ënnersichen duerno Buedem-Déieren ënnert de Mikroskopen.

um 14.30 Auer am NaturMobil zu Reiler (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt

28

4

Euro


vu Samsdeg, de 7. Juli 2012 bis Sonndeg, den 8. Juli 2012

Iechternach

Nuets Fliedermais ronderëm den Iechternacher Séi kucken a lauschteren. Natur-Rallye duerch d’Wolfsschlucht. Mir schlofen an der Jugendherberg zu Iechternach.

9-10 Joer

Fliedermaus-Weekend

weider Infoen no der Umeldung. Claude Heidt

o

Eu 40 r

29


Quiz

Opléisung Quiz 1/2012 Léisung: an der Antarktis kann een de Pinguin, den Albatros an de Wal fannen. Ënnert de ville richtegen Äntwerten hu mir ee Gewënner gezunn: et ass d’

Line Faber vu Stroossen.

Mir gratuléieren!

30


K

Kurelfësch

Wéi een Déier ass fir de Mensch am gëftegsten?

ra ob

rze Witwe a w Sch

Quiz

Quiz 3/2012 Däin Numm: __________________

Skorp io

Deng Adress:

un

__________________ __________________ __________________

ke pic

ge

Ge

Schéck deng Äntwert un:

llisk ap

Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu

31


Team

채ert Pandateam

Chantal Kerschen Animatioun

Mike Hagen

Animatioun

32

Michelle Grosbusch Animatioun

Maria Ursone Animatioun

Claude Heidt Animatioun

Christiane Flesch Animatioun


Team Edith Pedroso Sekretariat

Sylvie Hagen Graphik

Sabine Goerens Graphik

33


Concours

Molconcours Beien a Bléien Maacht mat beim Molconcours: «Beien a Bléien», vum Panda-Club an dem ‘natur musée’! Vun deene schéinste Biller loosse mir Postkaarten an en Timber drécken a maache sou Reklam fir de Schutz vun de Beien. Dir kënnt eenzel oder als Klass matmaachen an e flotte Präis gewannen: - eng Visite beim Imker wa geschleidert gëtt, - Käerzenzéien, - eng Visite am Centre d’accueil zu Manternach oder am Musée zum Thema Beien a Bléien, - eng Rees mam Panda-Club, - e Postkaarte-set Äert Bild kann op DinA4 oder DinA5 gemoolt ginn. Op der Récksäit soll Numm, Adress an Alter vermierkt sinn. Wann dir als Klass matmaacht, notéiert och den Numm vun der Schoul an der Léierin oder dem Schoulmeeschter. D’Biller solle bis den 1. Mee 2012 un déi hei Adress geschéckt ginn: Panda Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Dir kënnt se awer och selwer am Musée laanscht bréngen an an der Receptioun ofginn.

34


Du kanns dech fir Aktivitéiten umelle just mat dengem Benotzernumm an engem Passwuert. Du brauchs also net méi all Kéiers däin Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, asw. anzedroen fir dech unzemellen. Du kanns online kucken, bei wat fir engen Aktivitéiten s du an der Vergaangenheet schonns matgemaach hues. Du kanns online kucken, fir wat fir eng zukünfteg Aktivitéiten s du dech ugemellt hues.

Online-Umeldung

Schreif dech an um Internetsite vum Panda Club a profitéier vun dëse Virdeeler:

Du bass sécher, datt deng Umeldung bei eis ukomm ass, wa se ënnert dengem Log-in ugewise gëtt. Du kanns online kucken, ob s du ugeholl bass oder ob s du op der Waardelëscht stees.

www.panda-club.lu/umeldung.aspx

35


Umeldung

Ech melle mech fir dës Aktivitéiten un:

Numm:

........................................................................................................... ...........................................................................................................

Virnumm:

...........................................................................................................

Adress:

........................................................................................................... ...........................................................................................................

L-

...........................................................................................................

Tel.:

........................................................................................................... ...........................................................................................................

Handy:

...........................................................................................................

Gebuertsdatum:

Bemierkungen: ................................................................................... ...........................................................................................................

e-mail:

Umeldung un: Harespelallergie: Jo Jong

Meedchen

Nee

Panda Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg

Info: 46223 3450

Fax.: 462233451 e-mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung.aspx


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.