Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen tt op chlorfr De Panewippchen gë
ier gedréckt. äi gebleechte Pabe
N°84 3/2008
‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusée.lu www.panda-club.lu
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche Musée national d’histoire naturelle - ‘natur musée’ Ministère de la Famille et de l’Intégration - Service National de la Jeunesse Ministère de l’Environnement - Administration de l’Environnement -Administration des Eaux et Forêts Ministère de la Santé Ministère de l’Intérieur et de l’Aménagement du Territoire Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
Wupp News Impressum: Redaktiounscomité: S. Backes, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kirsch, S. Majerus, M. Reichard, F. Theisen, M. Ursone, Y. Wagener. Texter: P. Armborst, P. Diederich, S. Goerens, C. Greisen, S. Hagen, C. Heidt, M. Kirsch. Grafik an Illustratioun: P. Diederich, S. Goerens, S. Hagen. Fotoen: ©‘natur musée’, ©shutterstock Wëssenschaftleche Rot: A. Faber, D. Fuchs, Ministère de la Santé, P. Putz. D’Texter goufen duerchgelies vum P. Michaely
Panda Fest
Panda Familjefest am Gronn Sonndeg, de 14. September 2008 Komm mat denger Famill an denge Frënn a verbréng de ganzen Nomëtteg mat Spiller an Atelieren iwwert d’Natur, de Weltall, d’Déieren an d’Planzen.
oktober-Dezember 2008 Wat ass am `natur musée´ lass?
vum 9. Oktober un am ‘natur musée’:
Coquilles coquines
HARTE SCHALE, WEICHER KERN
Eng Ausstellung iwwert d’»Mëlldéieren» mat den haarde Schuelen. Klamm an e Schleekenhaischen eran, kuck de liewegen Nautilussen no, bewonner dee gréissten Ammonit vun der Welt an déi risegrouss Origaminautilussen, sich am Sand no Muschelen a géi ënnert dem Risekalamar duerch, deen iwwert dengem Kapp hänkt. Verbréng mat dengen Elteren a Frënn e puer Stonnen an der faszinanter Welt vun de Muschelen, Schleeken an Tëntefësch.
Projet Kaalbermillen Gratis Entrée an den ‘natur museé’. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Vu 14.00 bis 18.00 Auer an der Rue Münster am Gronn
Bicher: Naturführer fir Kanner: Muscheln, Schnecken, Krebse und Schildkröten. Alles iwwert déi heefegst Muschelen a Schleeken, vill Spiller, Bastlereien an Experimenter. Täschebuch 18x13 cm am Verlag Dorling Kindersley ISBN-10: 3831004579 ISBN-13: 978-3831004577 5 Euro
2
Text: Sylvie Hagen, Claude Heidt
Hëllef fir d’Flosspärelmuschel Hei zu Lëtzebuerg päift d’Flosspärelmuschel aus dem leschte Lach (kuck de Panewippchen 1/2008). Dofir probéiert d’Stëftung Hëllef fir d’Natur d’Flosspärelmuschel op der Kaalber Millen ze ziichten. D’Larve vun der Muschel ginn am Summer gefaang an duerno an e groussen Aquarium bei Baachfrelle gesat. Hues de héieren? Lo maache se mol endlech eppes fir eis!
Dës Larve setze sech dann an de Kiemen vun de Frelle fest, wou si sech zu enger Muschel entwéckelen. Déi jonk Muschelen, déi am Fréijoer vun de Frelle roffalen, ginn agesammelt an duerno a speziellen Dëppercher an e Gruef gesat, wou si iwwerwaacht ginn. An der Natur stierwe ganz vill Flosspärelmuschelen als Larv oder als ganz jonk Muschel. No 5 Joer sollen d’Muschelen da rëm an der Our ausgesat ginn. Mat dësem Projet hoffen d’Naturschützer genuch Muschelen ze ziichte fir datt dëst interessant Déier bei ons iwwerliewe kann. Ma ‘t gëtt awer och héich Zäit!
Schleeke-Killer? Haut hu mir dëse Bréif kritt.
Onse Reporter Sherlock Panewupp ass direkt op déi Plaz gefuer, fir dat schlëmmt Verbriechen opzeklären an huet do eng Dréischel begéint.
Hëllef Panewippchen!
Um Bëschrand huet e Mo nster all meng Kollegen ëmbrue cht. Et si just nach futtis Ha iser
A m
vun hinnen iwwereg. Fänk Red w.e.g. akt i oun «D eP de Killer an! ane am w Mu i Merci sée ppche am n» Gro Schleimi Schleek nn
Gudde Moien. Hues Du gesinn, wien déi Schleeken hei ëmbruecht huet?
Wéi hues Du déi Schleeken dann aus hirem Haus kritt?
Äddi Du Schnëssert.
se
l, D ross el, Fink u-und
und die
g
Jo, hei ass mäi Restaurant an um Menu sti bal all Dag Schleeken!
HA HA
HA
HA
Voge-elscha
r …
Aha - hei ass et!
Du bass also de Schëllegen!
Ech hunn hinne Salz op de Schwanz gestreet an du si se raus komm.
ze an
St ar
Egal wat! Schleeken hunn dach guer kee Schwanz!
Schwetz net sou domm, well Du hues dach elo grad e puer Insekte giess. Du wëlls jo och net als Mäerder vernannt ginn.
Also déi Schleeke verstoppe sech direkt an hirem Haus, wann ee bei se kënnt. Well ech awer mat mengem Schniewel déi Schleekenhaisercher net futti kréien, hunn ech mir e Super-Trick afale gelooss! Ech huelen d’Haiser an de Schniewel a schloe se sou laang op e Steen, bis se futti sinn. An da kann ech d’Schleeke friessen. Du gesäis, mir Dréischele sinn also ganz gescheit Vullen an net sou topeg wéi Panewippercher.
Dréischel, Si
ngdrossel,
Turdus philom
elos
Hien ëss t nach W ausser Schleeke n ierm, In Uebst sekten . an Hie s éngt ouni uew midd en a ze gi n de B Hien nn ams iwwe pëtz rwan Süd ten. - Fra tert a nkrä Leid ich er la a Sp do nde uen um v ien. i l Telle l Dré r. isch elen
Text: Claude Heidt
3
Muschelen a Schleeken, b 1) Muschelen D’Muschele gehéieren an d’Kategorie vun de «mëllen Déieren» oder «Mëlléieren». Wat heescht hei Mëlldéieren? Wat ass dann do lo mëll?
erz ä H
Mo
Mond
Daarm
Kie m en
Fouss
Mantel
Tëscht deenen zwou Klappe fënnt een de «Mantel» vun der Muschel.
Sinn ech dann elo spatz oder ronn?
Déi baussechst Fal um Rand bild d’Schuelenhaut; an der zweeter Fal sinn déi 5 Sënner. Déi bannenzechst Fal reegelt de Waasserstroum am Mantelraum an an de Kiemen. Muschele gëtt et an alle Formen an Zorten: et gi «ronn», «oval» a suguer «spatz» Muschelen.
Wéi de Numm «Weichtiere» oder «Mëlldéieren» et scho seet, besteet eng Muschel aus engem «mëlle» Kierper; dëse «mëlle» Kierper ass vun zwou haarde Kallek-Schuelen ëmginn, déi de Kierper virun all méigleche Gefore schützen.
D’Schleeken hunn awer nëmmen 1 sou eng haart Schuel fir sech ze schützen!
4
Fir sech ze beweegen hunn d’Muschelen e spezielle „Fouss“. mat deem se sech séier agruewe kënnen. Domat krauchen a sprange si souguer.
Muschele liewen am Waasser an ootme net wéi mir mat Longen. Si „ootme“ mat Kiemen, déi de Sauerstoff aus dem Waasser ophuelen.
Wann d’Muschelen hongerech sinn, strecke si einfach eng verlängert “Zong” (Sipho) eraus a kënne sou Eenzeller, Eeër, Larwen an anert klengt Gedéiesch oprafen an iessen.
Waasser
Sipho
Sand
Toc Toc Toc!! Ass een do? Ah nee, et ass jo just eng hallef Muschel. an do wunnt kee méi dran.
:
baussen haart, banne mell Gëtt et dir net dronken dobannen?
2) Schleeken D’Schleeke gehéieren och an d’Kategorie vun de «mëllen Déieren» oder «Mëlldéieren» . Wéi, d’Schleeke sinn och «mëll»?
Reent et net, mussen d’Schleeke sech selwer weiderhëllefen: mat speziellen Drüse produzéiere si ee Schläim, deen hinnen hëlleft virunzekommen, och wann de Buedem net méi glëtscheg ass. En anere Virdeel ass, datt de Schläim pecheg ass, wat dem Schleek hëlleft, fir iwwer Äscht a géi Maueren ze kommen.
Neen, an du, hues du keng Héichtenangscht wann s du flitts? D’Haische vun de Schleeke besteet aus enger Rei vun Dréiungen, déi eng Spiral bilden. Héi Klengen, wëlls de e bësse Kallek, fir ze wuessen?
Wéi d’Muschele besti si och aus engem «mëlle» Kierper. D’Schleeken hunn awer keng zwou Schuelen, si sinn duerch hiert Haische geschützt.
Aua!
D’Haische vum Schleek fänkt schon am Ee un ze wuessen. Wat dee klenge Schleek méi Kallek aus sengem Iesse kritt, wat säin Haische méi stabil a resistent géigeniwwer de Feinde gëtt. (Vullen, Igel, …) Wëlls du eppes fir unzedoen?
Nee merci, dat geet schon esou!
Fir an der Vakanz beim Mier:
Wéi séier beweegt e Schleek sech?
Mol mat Neellack e Krees ronderëm eng Napfschnecke um Fiels. No der nächster Flut kucks de dann, wéi Ech däerf wäit däi Wann s du e Schleek dach och op eng Glasplack setz spazéiere goen, Schleek sech a vun ënne kucks, da oder? duerch gesäis du déi welleförmeg d’Bascht Beweegunge vum Muskel. gemaach huet. D’Schleeke kommen eraus, wann et reent; dann ass de Buedem naass an de Schleek ka gutt iwwert de Buedem rutschen. An d’Waasserschleeken dann, brauchen déi dann lo een Anker, fir sech fest ze halen?
Et gëtt och Schleeken, déi keen Haischen um Réck hunn, dës Schleeke ginn “Nacktschnecken” (plakeg Schleeken) genannt.
Ech sinn dee Schleek, deen dir dacks am Gaart oder um Weerand gesitt, de Wéngerteschleek (Weinbergschnecke).
Do mierkt een awer datt s du e Vull bass! Neen, mir Schleeken hunn e «Saugfouss» mat deem mir eis festhalen.
5
:
Muschelen a Schleeken, baussen haart, banne mell 3)"Kappfeissler" (cephalopodes)...
Mmhh? E gebrodene Cephalopod, oder wëlls du däi Kappféissler léiwer a Rondele geschnidden a frittéiert?
…sinn Déieren, déi Fänkäerm un hierem Kapp hunn. Et gëtt si schons zënter 500 Millioune Joer op eiser Äerd. Stees du dann elo op der Kopp?
D’Kraken, d’Kalmaren an d’Tëntefësch gehéieren zum Beispill zu dëser Zort Déieren.
6 6
Maach d’Äerm iwwert dem Kapp zesummen... Wéi eng Äerm? A jo, du hues jo e puer Puer Aërm! Hmm???
D’Kapféissler liewen am Mier a si Fleeschfriesser. Si iessen haaptsächlech Muschelen, Fësch a Kriibsdéieren. Fir ze friessen hale si hirt Affer mat hire Fänkäerm fest. Dës speziell Äerm nennt een Tentakelen. Et ginn Déiere mat aacht oder suguer 10 Tentakelen.
Oh, schwamm wéi s du wëlls!
Fir sech am Waasser ze beweege brauchen d’Kappféissler nëmme mat hiren Tentakelen ze “schloen”, sou kënne si perfekt schwammen a renkelen. (Kuck och de Réckstoussprinzip op der Säit 18).
Ee «Weichtier» oder «Mëlldéier» ass Eng Ritterrüstung also… wär och gutt fir sech ze schützen, mee am … en Déier, Waasser rascht se! dat kee fest Kierpergerüst (Skelett) huet. Dat ass och de Grond firwat d’«Mëlldéiere» sech an all Richtunge béien a krëmme kënnen. Hire mëlle Kierper Héi, mir muss awer virun all Kanarievillercher si méigleche Friessfeinde Kärefriesser!! Dat do geschützt ginn; dofir iessen ech net! hunn d’Muschelen hir zwou Schuelen, déi si bei Gefor einfach Dat solls du zouklappen. De awer, dat ass eng Schleek zitt sech a «Sepiaschuel oder Schulp» an do ass vill säin Haischen zréck. Bei de Kappféissler Kallek dran. ass dëse Kallekschutz bannen. Dat ass dat Stéck, dat bei de Kanarievillercher am Käfeg hänkt a wou se hiere Schniewel dru wetzen. Sie knabberen dës Sepiaschuel fir Kallek ze kréien. Text: Pascal Armborst
r e a m n m o e d n i t s r i o k R e R un r e b o t Vum Ok : dee ée am Mus Ammonit n gréisste Welt! r vun de
Ammonite gehéieren zum Grupp vun den ausgestuerwene „Miereskappféissler“. Et gi bis 40.000 Aarten! Hiirt ‚Haischen’ ass dacks nëmmen e puer Zentimeter grouss, et goufen awer Schuele fonnt, déi méi grouss ware wéi 1 Meter! Dat gréisstent Haischen, dat bis lo fonnt ginn ass, huet en Duerchmiesser vun 180 Zentimeter a weit 3,5 Tonnen!!
Dee Risenammonit ass «Fossil vum Joer 2008» a gouf 1895 an engem Steebroch am Münsterland an Däitschland fonnt. Vum 9. Oktober 2008 u kann de Risenammonit am ‘natur musée’ an der Ausstellung «Harte Schale, weicher Kern» bewonnert ginn.
c hleek s r u p r Pu
el! r ä P e gréisst
déOpi de Philippine gouf 1934 di gréisste Pärel vun der Welt
fonnt, si huet e Gewiicht vu 6,4 Kilo (si gouf fréier «Pearl of Allah» genannt an heescht haut «Pearl of Laotse»)
Oh meng Oueren!
Dat haartste Geräisch am Déiereräich kënnt vun engem Kriibs, deen nëmme 5 cm grouss ass. Mat senge spezielle “Pistouleschéieren” kann hie Blose maachen, déi mat engem haarde Knuppert vun iwwer 190 Dezibel futti ginn.
tär is é S te s is é r g e e d
Dee gréisste Séistäer huet en Duerchmiesser vun 1,30 Meter a weit 70 Kilo.
De „Purpurschleek“ gouf fréier benotzt fir Faarf ze maachen. Dësen aussergewéinleche Schleek huet nieft senger Otemhiel eng Drüs, déi ee gielzege Schläim mécht. Dëse Schläim gëtt an der Sonn fir d’éischt gréng, da blo a schlussendlech purpur (donkelrout). Dobäi sténkt e ganz eekeleg a laang … Di Réimesch Senatoren hunn eng ‚Toga’ gedroen, déi mat dësem Schläim gefierft ginn ass; um Ufank war dëse gefierfte Stofft nach gréng, mee mat der Zäit, wann d’Sonn bis drop geschéngt huet, ass e purpur ginn!
r a m a Risekal Déi allergréisste Krak, déi bis elo fonnt ginn ass, huet am Nordatlantik gelieft an ass 16,8 Meter laang! (wann een d’Spannweit miesst vum hënneschten Enn bis zu der Tentakelspëtzt). Dës Krak weit knapp 2 Tonnen! Fir sech festzehalen oder eppes ze fänken, hunn d’Risekalamare Saugnäpf, déi sou grouss wéi Zoppentellere kënne ginn…
…also am léifste kenger Krak begéinen…
7
Text: Pascal Armborst
experimentéieren
bastelen
kachen a brachen
Kniwwel e e W e d n Fan dem ndeems du a e e W e d Fann de nofiers. Muschelco
Bastel der e «Lingelliing»
A wat ass dann dat? Ma dat sinn déi flott Klangspiller déi iwwert de Fënsteren hänken an e flotte Kaméidi maachen all Kéiers, wou een dës opmécht. Ëmwéckel gutt fest all Muschel eenzel mat Basteldrot. Stréck se elo zwee an zwee zesummen. Stréck zum Schluss all deng Muschelen zesummen a bann deng Dréit, déi iwwerstinn un e Stéck Dreifholz. (Wann s du keen Dreifholz hues, mécht een normale Bengel et och)
Vu Kéiskraken a Broutschleeken Knied en Deeg aus 350 ml Waasser, 500 gr Broutmiel, 1 Kaffisläffel Salz an engem Päckelchen Hief.
Looss däin zougedeckten Deeg eng gutt hallef Stonn bei Zëmmertemperatur opgoen
8
Text: Sabine Goerens
Fir d’Kéiskraken muss du 4 Strulle rullen, déi s du an der Mëtt mat enger Schéier duerchneids. Fir de Kapp brauchs du eng oval Deegbull. D’Aen kanns du ganz gutt matt Kürbiskäeren oder Kaffisboune maachen. Stree e bësse gerappte Kéis iwwert d’Tentakelen. Nom Opgoen schneids du dir handgrouss Stécker Deeg erof. Fir Schleeke muss du däin Deeg zu enger Strull rullen, an déi ronderëm sech selwer oprullen. Fir Muschele forms du däin Deeg zu engem Bréidchen, dat s du op enger Säit mat engem Knäipchen aschneids.
Lee deng fäerdeg geformte Schleeken a Muschelen op e gemielte Bakblech. Looss all deng «Mëlldéieren» nach eng Véirelstonn opgoen a bak se 15 Minutten am op 200° virgehëtzte Bakuewen.
kniwwelen
rätselen
bauen
spillen an ameséieren
säiten*** ..
Muschelstempelen Stempel kann een op e ganze Koup Manéiere maachen. Mol der e puer flott Muschelen op e Blat Pobeier. Déi kanns du da fir dës puer Stempelzorte benotzen. Huel der eng Gromper, schneid se an zwee Stécker an iwwerdro däi Muster op d’Gromper. Mat engem Knäipche kanns du elo d’Form erausschneiden.
Eng zweet Manéier fir Stempelen ze maachen ass mat Moosgummi. Fro däi Papp, ob hien net e puer kleng Stécker Holz huet, wou s du kanns däi Moosgummi droppechen. Lee deng Schabloun mat der Bläistëftsäit op däi Moosgummi a rubbel mat engem Bläistëft driwwer. Mat engem Cutter schneids du lo deng Form eraus.
Du kanns awer och e Stempel aus engem einfache flaache Gummi maachen. D’selwecht wéi bei der Moossgummimethod iwwerdréis de däi Motiv duerch Rubbelen. Mat engem Cutter kanns du elo hei ganz reng Stécker rausschneiden.
eng Iwerraschungsmuschelseef Du brauchs e puer Muschelen, eng Kasserol fir Seef ze schmëlzen, eng Form fir d’Seef dran ze géissen an natierlech Seef.
Soubal d’Seef «mëll» (net leefeg) ass, kanns du ufänken en Deel dovunner an deng Form ze drécken. Lee e puer Muschelen an d’Mëtt. A fëll de Rescht vun der Form mat Seef op.
Schmëlz d’Seef mat e bësse Waasser an enger Kasserol.
A wou ass dann d’Iwweraschung?
Mat Plastillin kanns du deng Forme stäipen, datt si beim Géissen net ëmkippen. Fir datt deng Seef häerno och gutt eraus geet, pinsel deng Form mat Ueleg aus.
Déi kënnt eréischt, wann s du dech domadder wäschs. Ausser du hëls eng duerchsiichteg Seef fir ze schmëlzen, da gesäis de d’Muschelen direkt.
9
g la P r e d p o n e k e le h c S a Muschelen Opgepasst:
Lees du dir gär eng Sammlung un?
pa baussent Euro t iwwerall däerf een ne Schleeke Muschelen a mat heem sammelen a bréngen!
dk laf
fm us c l he
Da sprang an d’Stiwwelen oder d’Waasserschlappen (soss schneide gebrache Muschelstécker dir d’Féiss op), huel en Eemer oder eng Tut an en Notizheft a lass!
Sandmusc hel , Sa n
S
Déi meeschte Muschele fënns du bei Ebbe an op Plazen op der Plage, wou nach Pill stinn.
Wichteg:
, Strand sc
ecke
g Pla
hleek c s ë
l
hn
sammel ni lieweg Déieren, mä nëmmen eidel Schuelen!
ige i é
Schreif an däin Notizheft, wou s de wéini wéi eng Muschele fonnt hues. Au
Harschleek, Horn
ste
r
schn ecke
Tiermche ttmuschel, S
am tm u sc
hel Text: Sylvie Hagen mat der wëssenschaftlecher Ënnerstëtzung vum Alain Faber, Dirk Fuchs a Pol Pütz
necke
me a S
sc h
el
ch us r zm Häe
Herzmusch , l e
n, T urm
ge Coqu i
Da ll e S
t Ja cqu e
s, Pilg
p
re p, K
iselschnecke
ermuschel
er
wä
Sch
Nu e b
Mull, Miesmusche l
e
sch
u ertm
hw l, Sc
hel
sc tmu
lee sch l e
k, Nabelschnecke
Da ginn d’Schuelen esou séier wéi mé
iglech gebotzt:
fir d’éischt kanns du se e puer Stonnen
ho
1/1 Léisung vu Waasser a Botzmëttel
P l,
ffermusche Pe
fe fef
B
Mat enger gebéitener Nol (Crochet
rn
leeën. oder Drot) kraazt
du den Dreck aus de Schuelen eraus.
nd a r B r, dha n ra
Mat enger aler Zännbiischt a Seefwa
asser schrupps du
se da gutt.
rmusc
Looss se op engem Duch dréchnen. Well de Muschelschuelen hir schéi Faa
l he
Luucht verblatzen, versuergs de se am
klenge Këschtecher oder Dëpperche
Zä
u sc he l
Tra ch
schel
m
hel, Tro usc gm
mu er
uschel
ersmuschel h c er nn ezahnmusc g Sä
l, Koff he
llm Te
an eng
rwen un der beschten a
r an engem
Tirang oder enger zouener Këscht. Zortéiere kanns du se der Gréisst, de
Plaz wou s du se fonnt hues no.
Faarwen oder der
Lee oder pech Etiketten drënner ma
m Numm, der
Plaz an der Zäit wou s du se fonnt hue
eng Nummer drënner a widderhuel
s oder schreif
déi Nummer an
dengem Heft bei den Notize vun dee
ër Muschelschuel.
Sich nom Schleekekinnek: dat ass e
dat géint d’Auer gedréint ass.
Schleekenhaus,
Wéi koumen déi plakeg Schleeken zu hirem Haischen? Kalekplacken!
Muss du de Jong da sou fäerdeg maachen? Grad haut wou Schoulbal ass!
Féier keen op! Alge si gesond, si solle jo vill Kalzium hunn…
Weider esou! Da kënns du nach mat Zäiten op de Schleekebal … vum nächste Joer!
De Jong mécht sech op de laange Wee op de Schleekebal.
Jo an? Sou ee Mutant wëll dach keent!
g!
Jon Hey
Schan!
?!!!
Oh neen! De Bully a seng «Wild snails»
Vergiess et! Hautesdaags muss ee schonn eng Schleekekar hunn, fir sech un d’Meedercher erun ze schläimen!
ha!
Haha
m!!
rrrmm
Tjo, Mutante-boy, do méchs de Aen, he?
Dododo … Een Anomalocaris!
?
*Mutant: Liewewiesen, dat anescht ass wéi seng Elteren.
Wat gëtt et?
*Genetesch Verännerung: bewierkt, datt d’Liewewiesen e bëssen anescht sinn, wéi hir Elteren.
Dat ass jo eng genetesch Verännerung! Sou eppes huet et an eiser Famill nach ni ginn! Sou eng…
Hei, dës steenhaart Dénger op mengem Iiiiihhhh! Réck!
*Anomalocaris: Urzäitkriibs
Endlech!
Kalzium? Dovu kréien ech
Ma Algen, wéi all Dag!
*Präkambrium: viru méi wéi 540 Millioue Joer.
h! m m M
D’Iessen ass fäerdeg!
??
Auauauauau!
TJO! Ouni meng superhaart Kalekplacken wär ech lo dout. Sou wéi de Bully a seng «Wild snails» …
Hehehe!
Wou sinn nëmmen n! d’Jongen? Lo waarde mer che änn ee chen! M schonn eng Woch! Ee dlech Männ En htege ic r
A sou gouf de Jong ee vill bewonnert
IDOL.
!!!!!!
Heen huet sech e flott Meedche gekroopt …
… da liewe se nach haut.
D’Ies
Beurk!
12
Text: Patrick Diederich
eg!
äerd
ss f sen a
An datt jiddferee schéi brav säin Teller eidel ësst! Datt är Kalekplacken esou staark ginn wéi déi vun ärem Papp!
Evolutioun am Schleekentempo Millioune vu Joeren
Op hirem Hochzäitsdag war de ganze Präkambrium an déiwer Trauer… A wa se net ausgestuerwe sinn…
D’Panzerschuel dréint sech zu engem Schleekenhaische fir den Eingeweide méi Plaz ze maachen. D’Schuppe wuessen zu enger Schuel zesummen. D’Kalekplacke wuessen zu engem Schuppepanzer zesummen. Kleng Kalekplacke schützen de mëlle Kierper.
Mech kriss de net! tefësch n ë T
wéi wieren a schützen d’Mëlldéiere sech?
Stachelschleek
HEEE! Ech gesi jo näischt méi!
Gutt esou! Da sinn ech fort!
De Stachelschleek huet, wéi den Numm et scho seet, lauter Stachele ronderëm. Do kënnt kee Feind un d’Haische run an de Schleek ass gutt geschützt. D’Stachelschleeken hunn och nach eng besonneg laang “Pick” fir sech ze wieren oder Beute ze fänken. dat do gëtt näischt!?!
Wann den Tëntefësch gesäit, datt eng Gefor op hien duerkënnt, da sprutzt hie sengem Feind eng Zort Tënt an d’Gesiicht. Den Tëntefësch wëll sengem Géigner sou Angscht maachen. Nodeems den Tëntefësch gesprutzt huet, gesäit säi Géigner näischt méi an den Tëntefësch ka sech ouni Problem duerch d’Bascht man.
Mäerdermuschel Neen, scho rëm net!
D’Riisemuschel ass di gréisst Muschel vun der Welt. Si ka bis 1,40 m laang an 8 bis 10 cm déck ginn; si kann iwwer 200 kg weien. Sou schützt si sech géint hir Feinden, wéi Fësch, Kraken, Mieresvillercher a Séistäeren: wann d’Luucht oder d’Schieder sech änneren, klappt d’Riisemuschel sech mat sou enger Muskelkraft a Vitesse zou, datt kee Feind u se rukënnt. Taucher si scho mol mam Aarm oder dem Been an der Muschel gefaange ginn an ëmkomm. Dofir gëtt si och Mäerdermuschel genannt. Si ass awer kee Mënschefriesser a gräift och keen un.
n e k e e l h c S
Soubal e Schleek eng Gefor spiert, zitt hie sech a säin Haischen TOCTOC! zréck. Waasserschleeken Raffinéiert, déi hunn en extraen Trick fir sech Mëlldéieren! géint d’Verdréchnen ze schützen. Virun der Öffnung vum Schleekenhaischen entsteet eng Schutzhüll (eng Zort Dir), déi verhënnert, datt nach méi Waasser verluer geet.
wat has du da gemengt?
Pech gehat!!
Muschelen
D’Muschelen hunn e puer Tricke fir sech géint hir Feinden ze schützen. Si kënne sech zouklappen, datt kee friemd Liewewiesen u si kënnt. D’Coquille St Jacques klappt seng Schuele ganz séier op an zou a sprutzt dobäi e Waasserstral op säi Géigner a mécht sech séier fort.
klapp
klapp
p
klap
ciao!!
heeeee!
Aner Muschele vergruewe sech am Sand fir sech ze verstoppen. an do!
D’Tigerkaurimuschel sprutzt Schwiefelsaier op hire Feind, dat brennt a bäisst dann a sengen Aen an hie léisst d’Muschel mat Rou. Text: Pascal Armborst
aaaahhhhh!
13
Panik am Geméisgaart
Neeeeen! Meng Zalot!!!!
Amplaz vun zaarter Laitue léiwer Batavia oder Lollo rosso setzen.
3
e
e B uede f f a m gr
ke
!
e
n
B ue de
m
re
ma
2
a g ri m m e g l n
g
1
Schleeken hu gär Fiichtegkeet an Dréchent ass hire gréisste Feind!
Dat hues du bestëmmt schon deng Mamm héiere jäizen! Keng Panik, hëllef denger Mamm mat dësen einfache Rotschléi fir d’Schleeken aus dem Gaart ze verdreiwen.
etzen, Net owes n net berieselen Gaart a Wues
4
Buedem oplackeren dat loossen ech awer léiwer déi Grouss man!
Geméis ubauen, dat de Schleeken net esou schmaacht
5
Onkraut
Awer net bei den Noper geheien! Iergend eng Kéier komme se nees zréck an den Noper ass net frou.
6
ewech man Schleeken afänken
a fortdroen an eng Wiss
14
7
ups! Blech
hei gëtt et näischt ze baffen!
Wichteg!
5 cm ëmdiebelen
kee Schleekegëft
10 cm iwwert dem Buedem
dat ass geféierlech fir eis Gesondheet a schiedlech fir Reewierm, Vullen, Igelen an Hausdéieren.
10 cm an de Buedem stiechen
Schleekenzonk setzen nz chleeke s S a e l ech g il if e h
l!
mmmh! kuscheleg fiicht a grafft Gewulls a vill Plaze fir drënner ze krauchen!
Op sou Plazen am Gaart kanns du natierlech och d’Schleeken asammelen a fort droen.
pp
t hinne vill ze e pr ss o a i he
e wu
Wéi friesse Schleeken?
er , n he l a k e g an z e dréc ze p
Déi meescht Schleeke si Pflanzefriesser. Schleeken hu keng Zaangen, wéi e Kriibs an och kee Gebëss, wéi d’Mamendéieren. Si hu wéi all “Mëlldéieren” en eenzegaartegt Organ: eng Raspelzong, si gëtt och Radula genannt. Si kënnen hir Nahrung net ofbäissen oder ofpëtzen, awer ofraspelen.
Du kenns och bestëmmt d’Raspel, déi een Doheem an der Kichen huet, probéier selwer, wéi sou eng Raspel fonktionnéiert, am Beschte mat engem Stéck Kéis. D’Raspelzong fonktionnéiert, wéi d’Rad vun engem Bagger.
ech siche mir eng aner Plaz!
Text: Sylvie Hagen, Monique Kirsch
En elastescht Band, voll mat mikroskopesch klengen Zännercher, d’Radulazännercher, gëtt iwwert e Knorpelkär gefouert. Dobäi raspelen d’Radulazännercher Nahrungsstéckercher of a féiere se an de Mo vum Schleek. Muskelen
15
Salz ass liewenswichteg! Ouni Salz kéinten d’Zellen net liewen, d’Organer géifen net fonktionnéieren an d’Waasser géif net méi am Kierper transportéiert ginn.
Hues du schon eng Tréin geschmaacht? Oder deng Haut, wann s du schweess? Ma dat schmaacht salzeg! Jo, an eisem Kierper sinn ongeféier 200 Gramm Salz an dat kann ee schmaachen. Eise Kierper suergt dofir, datt de Salzgehalt vun ongeféier 0,9% an eisem Blutt an eise Kierperflëssegkeeten ëmmer d’nämlecht bleift. Heen huet do genial Systemer: Iesse mir vill Salz, kréie mer Duuscht, drénke vill a musse vill op d’Toilette. Dobäi gëtt dat Salz, dat zevill ass, aus dem Kierper erausgeschwemmt. Schweesse mer vill (beim Schweesse geet vill Salz verluer), kréie mer Duuscht a Loscht op Salzeges. A wann d’Iesse versalzt ass, schmaacht et eis net a mir loossen et leien.
Na
Cl
Na
= +
Cl
Am Mond léist de Spaut d’Salz op an en Natrium-Ion an e Chlorid-Ion.
Salz = NaCl
Na
Sal
Cl
z
Salz besteet aus engem Natriumatom an engem Chloratom
Mond
«Salz mat Moossen, awer Jodsalz!»
Tip vum Ministère de la Santé:
Pro Dag solle mir ongeféier 5 Gramm Salz zou eis huelen. Dat Salz kënnt awer net all aus dem Salzdëppchen. Dat meeschte Salz, dat mir iessen, ass verstoppt: an der Ham an aner Charcuterien, dem Brout, dem Kéis a virun allem a FäerdegGeriichter, Fast-Food a Chipsen. Nosalzen ass dofir net néideg.
D’Niere suergen dofir, datt eise Kierper ëmmer d’nämlecht vill Salz huet. Si botzen d’Blutt a geheien dat Salz, wat de Kierper net brauch, mam Pipi eraus.
Der Nier hir Aarbecht
Dem Salz säi Wee op déi richteg Plazen
16
Text: Sylvie Hagen mat der wëssenschaftlecher Ënnerstëtzung vum Ministère de la Santé
D’Bluttbunne bréngen d’Salz-Ionen an d’Waasser bis an all eenzel Zell. D’Zelle brauchen d’Salz un éischter Plaz fir de Flëssegkeetstransport. An déi verschidden Zelle brauchen d’Salz-Ionen fir hir verschidden Aarbechten: d’Muskelzelle fir sech ze beweegen, d’Nervenzelle fir Kommandoen virun ze ginn.
Déi nächst Statioun vun de Salz-Ionen ass den Dënndaarm. Duerch Kanäl am Daarm sengen Zellen spadséieren d’SalzIonen an d’Bluttbunnen. Dobäi zéie se ëmmer Waasser mat sech.
De Spaut transportéiert déi Deelercher an de Mo. Zellen am Mo huelen en Deel vun de Chlorid-Ionen fir Salzsaier ze maachen. Déi mécht Keime futti, déi mir duerch eist Iessen an de Mo kréien. Dat ass eng gutt Saach, well soss géifen déi Keimen eis krank maachen.
17
Bluttbunnen
Zellen
Dënndaarm
Mo
Harnblos
Harnleiter
Nier
WICHTEG! Bei Duerchfall oder Iwwerginn verléiert de Mënsch vill Salz! Hei ass et ganz wichteg Flëssegkeet a Salz zou sech ze huelen: op 1 Liter Waasser 8 Kaffisläffelen Zocker mat 1 Kaffisläffel Salz opléisen a fir de Goût de Jus vun 1-2 Orangen drënner mëschen. Iwwert e puer Stonne schluppeweis drénken. E puer Salzstaangen dobäi knabberen ass och gutt. De Kanner, déi bei enger Mogripp net gäer drénken, kann ee Glacestäbercher aus engem Isodrink maachen.
Dat Salz, dat net gebraucht gëtt, leeft vum Harnleiter aus an d’Harnblos a gëtt do als Urin ausgescheed.
Am Harnleiter gëtt eng Flëssegkeet gemaach, de Primärharn.
Arterie
D’Blutt (mat de SalzIonen am Waasser) kënnt duerch eng Arterie an d’Nier. An der Nier deelt déi Arterie sech an eng Millioun minikleng Oderen. Duerch deenen hir Wänn ginn d’Waasser an d’Salz an déi winzeg Enner vum Harnleiter gedréckt.
Den Nautilus Mäin Haus ass symetresch gedréint a besteet aus ville Kummeren. Ech wunnen an deeër leschter a gréisster vun all de Kummeren. Duerch all meng Kummere leeft e Schlauch, de “Siphunkel”. Deen hëlleft mir mech am Waasser rop a rof ze beweegen: domat veränneren ech de Gasgehalt an de Kummeren a sou den Opdriff vu mengem “Haischen” am Waasser. Ass wéineg Gas an de Kummeren, ginn ech erof. Ass méi Gas an de Kummeren, ginn ech erop, sou wéi en U-Boot. Mir Nautilussen hunn och en Trichter (Sipho), mat deem mir eis nom Réckstoussprinzip, wou mer Waasser erauspressen, viru beweege kënnen.
ser an dë
les r te ch
Dat éischt U-Boot “Nautilus” huet en amerikaneschen Erfinder, de Robert Fulton 1800 virgestallt. Mä dat wuel berühmtesten U-Boot (wann och net dat éischt a sengem Numm) ass den “Nautilus” Jules Verne «Vingt mille lieues sous les mer» vum Kapitän Livre de poche: ISBN: 2-253-00632-7 “Nemo” aus dem Roman vum Jules Verne (franséische Schrëftsteller) «Vingt mille lieues sous les mers» (Zwanzigtausend Meilen unter dem Meer), deen 1872 erauskomm ass. Ech heeschen «Nautilus» op däitsch och «Perlboot». Ech wunnen am westleche Pazifik an an Deeler vum Indeschen Ozean.
Ech si wäitleefeg Famill mat de Schleeken, den Tëntefësch an de Kalamaren. Mir hu keng Schanken, wéi d’Mënschen, d’Déieren an d’Fësch. Ech hu keng “Saugnäpf” wéi d’Tëntefësch. Ech hunn ongeféier 90 Fänkäerm (Tentakelen). Mir sinn och Famill mat den ausgestuewenen “Ammoniten”. D’Ammonite waren 330 Millioune Joer laang op der Äerd a si gréisstendeels viru 65 Millioune Joer mat den Dinosaurier ausgestuerwen.
Dat hei ass mäin Aen
”Sipho”
Huel e Loftballon a blos en op. Looss e lass! D’Loft, déi aus dem Ballon eraus kënnt, mécht, datt de Ballon sech beweegt.
18
Text: Monique Kirsch
a
gr éis
ste
r Ku mm e
r wunnen ech.
Hannert dëser Klapp kann ech mech viru menge Feinde verstoppen. An der Klapp ass e klengt Lach, fir datt ech awer eppes gesinn, wann ech a mengem Haische sëtzen.
Ech hu bis zu 90 Fänkäerm.
Réckstoussprinzip:
Ech hu genee wéi déi aner Tëntefesch e Schniewel wéi e Papagei, mat deem ech de Panzer vu menge “Beutetiere” opknacke kann. Ech friessen se da mat menger Raspelzong (Radula), sou wéi d’Schleeken, meng wäitleefeg Famill (kuck Säit 15 am Panewippchen).
Mam ”Siphunkel” kann ech de Gas an de Kummere regléieren.
De Loftballon gëtt duerch de Rëckstouss mat der nämlechter Kraaft no vir gedréckt, wéi d’Loft no hanne vum Loftballon erausgestouss gëtt.
Mëll- a Kuuschtendéieren am südleche Polarmier
r e o j r a l o Serie P dës Kéier: Den antarktesche Kontinent ass eng grouss, liewensfeindlech Äiswüst, wou nëmmen e puer - ganz spezialiséiert Planzen- an Déierenaarte kënne liewen. Anescht am südleche Polarmier: do wibbelt et nëmme sou vu Liewen.
..
Äisplacken erofkrazen, a si schütze sech an de klenge Ritzen a Lächer vum Äis virun hire Feinden.
Krill si kleng Krevetten, déi fluo-blo liichten an a risege Schwärm am kale Mier liewen .
..
Vill Walen, Robben, Pinguinen an aner Mieresvulle liewen haaptsächlech vum Krill Déi winzeg Kriibsdéiercher filteren am Summer masseg klinzegkleng Alge mat hire Been aus dem Waasser fir z’iessen. Dobäi muss hiere Mo sou séier schaffen, datt en eng Geheimwaff entwéckelt huet: extra-agressif Mosaier. Déi wierkt esou gutt, datt eng Krevett, déi stierft, sech bannent 10 Minutte selwer verdaut – et bleift näischt méi dovun iwwreg! Firwat muss de Krill da sou séier friessen a verdauen?
Well se an esou engem extreme Liewensraum liewen, entwéckelen dës Déiere sech nëmme ganz lues. Dacks gi se dofir vill méi al a vill méi grouss wéi hir Famill a méi waarme Mierer.
Verschidde Schwammaarte kënnen en Alter vun e puer Honnert Joer kréien. Et gi souguer Schwämm, déi Kriibsecher aussuckelen. An deem kale Mier ginn et och Schleeken, Muschelen, Korallen, Séianemonen, Séistären, Séiigel, Séicornischongen, Séipouken, Schwämm, Buuschtewierm… D’Risenassel gläicht eiser Kellerassel (Schwéngchen), mee gëtt bis 20cm laang. Si krabbelt iwwert de Mieresbuedem a verbotzt alles, wat een do ka fannen, am léifsten awer doudeg Déieren. D’Risenassel frupst sech heiansdo sou voll, datt se sech kaum nach beweege kann ; et weess ee jo ni, wéini datt déi nächste Molzecht um einsamen, däischtere Mieresbuedem ze fannen ass!
Fir des enorm Vielfalt ze erhalen, a fir datt d’Pinguinen och an Zukunft nach genuch fir tëscht de Schniewel fannen, ass et wichteg, datt dat südlecht Polarmier e kaalt Mier bleift!
Majo, den arktesche Summer ass kuerz an am Wanter gëtt et net vill Gréngs am Mier: Do mussen se d’Algen ënne vun den Text: Carmen Greisen
19
Waasserkraaft Mee 2008 Melusina Juli 2008 Dasburg Juli 2008
20