visiten am musĂŠe programm service ĂŠducatif
2010-11
natur an der stad
wat bidde mir
? visiten am natur musée Cycle Cycle Cycle Cycle Cycle Cycle
1.2 ...................................................................... 4 2 ........................................................................ 6 3 ......................................................................... 8 3 a 4 .................................................................... 10 4 ........................................................................ 12 4.2, Lycée’s Klassen ....................................... 15
Mëttegiessen am natur musée........... 16 Umeldeziedel..........................................17 (an der Mëtt fir erauszehuelen)
natur an der stad
Cycle 1.2 ....................................................................... 21 Cycle 2+3 ..................................................................... 21 Cycle 4+Lycée’s Klassen ............................................ 22
2
extra ausstellungen......................................24 praktesch informatiounen ..................... 26 wanderausstellungen ................................. 28
wat bidde mir
?
visiten am natur musée Féierungen an Animatioune fir all Schoulklassen (cycle 1.2 bis 4), Klassen aus dem Secondaire, mä och fir all anere Grupp.
natur an der stad Den natur musée huet mat sengem Site am Gronn eng eenzegaarteg Lag direkt nieft der Uelzecht, ëmgi vun impressionante Sandsteefielsen, déi eng ganz speziell Déieren- a Planzewelt opweisen. De Service éducatif bitt Féierungen dobaussen un, déi vum natur musée ausginn an d’Flora, d’Fauna oder d’Geologie vun der Stad als Thema hunn. Dauer vun enger Visite: 2h Praïs: 45 eur/Klass
2 klassen (gruppen) kënne mateneen fir deeselwechte sujet kommen (z.b. am Kader vum Team-Teaching 1 klass pro sujet
3
visiten am natur musée queesch
duerch den natur musée
1. - 3. Trimester
Cycle 1.2
Op dëser spannender Rees ronderëm d’Äerd, kënnen d’Kanner eppes iwwert de Sonnesystem, Vulkaner, Fossilien, Dinosaurier, Insekten, exotesch Déieren, awer och iwwert d’Déiere bei eis an de Mënsch gewuer ginn. Am Ufank vun der Visite kënnt Dir déi Themen uginn, déi Iech am meeschten interesséieren an zesumme mam Guide Schwéierpunkter setzen. D’Kanner kréien en Iwwerbléck iwwert déi fir si interessantste Sujeten am Musée a si sécher begeeschtert fir duerno erëmzekommen.
Aarbechtsheft fir d’Kanner
4
visiten am natur musée wëllefchen a fiischen 2. Trimester Viru laanger Zäit hunn de Wëllefchen an de Fiischen nach zesummen an eise Bëscher gelieft. Duerch eng un eis Zäit ugepasste Geschicht, erzielt mat Handpoppen, léiere mer déi zwee Kosenge besser kennen. De Fuuss intresséiert eis besonnesch, mir kucken eis säi Fell a säi Gebëss un. Wat frësst en a wéi komme seng Kleng op d’Welt? Mir maachen eis op d’Sich no senge Spueren am Musée.
Cycle 1.2
Aarbechtsheft fir d’Kanner
5
visiten am natur musée Cycle 2
déierekanner 1. Trimester Wie kraucht aus engem Ee a wie gëtt lieweg gebuer? Mir ënnersichen d’Eeër mol méi genee a kucken, wat do alles dran ass. Eis kleng lieweg Mais am Nascht hëllefen eis d’Mamendéieren an hir Fortpflanzung z’entdecken. Zu wéi enger Grupp gehéiere mir Mënschen iwwerhaapt? Wéi komme mir op d’Welt a wat brauche mir fir ze wuessen?
Aarbechtsheft fir d’Kanner
déieren am
wanter
1. - 2. Trimester
Cycle 2
6
Wéi schützen d’Déieren sech virun der Keelt am Wanter a wat friessen se? Wat maachen d’Vullen an der kaler Joreszäit? Firwat fléien déi eng fort an déi aner net? Wou wunnen Dachs, Kaweechelchen a Kéisécker am Wanter? Mir beschäftegen eis souwuel mat eenzelne Vullenzorten, wéi och mat Mamendéieren, wéi dem Réi, Hirsch a Wëllschwäin a maachen eis op d’Sich no hire Spueren.
Aarbechtsheft fir d’Kanner
visiten am natur musée fräschen
an hir famill
Cycle 2
3. Trimester Wéi eng Fräschen, Mouken, Molchen a Salamanderen ginn et bei eis? Wéi gesinn d’Eeër vun de Fräschen aus? D’Kanner gesinn d’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch an hunn och d’Geleeënheet lieweg Amphibien a Rou ze kucken, se unzepaken a sech duerch flott Spiller opfalend Detailer ze mierken.
aarbechtsheft fir d’kanner
NEI !
safari
Cycle 2+3.1
1.-3. Trimester Op deser spannender Safari duerch de Musée reese mer vun engem Kontinent zum nächsten a mir sichen eis iwwerall een typescht Déier eraus, dat mer da besser kenne léieren.
Aarbechtsheft fir d’Kanner
7
visiten am natur musée Cycle 3
déieren an
aalt holz
1. Trimester Mat Hëllef vun engem Sichspill ginn eng ganz Rei Déiere virgestallt, déi hir typesch Spueren am Bësch hannerloossen. Wat fir eng Roll spillen al Beem an engem Bësch? Wie lieft nach am alen Holz a firwat? Datt et zum gudden Deel ëm d'Spiechte geet, sollen d'Kanner net virun der Visite wëssen.
aarbechtsheft fir d’kanner
liewensraum
bësch
2. Trimester
Cycle 3
Et gëtt am Bëschbuedem gewullt, a wat mer do fannen, hëlleft eis scho sou munches iwwert de Bam, iwwert seng verschidden Deeler an seng Funktioune kennenzeléieren. Nieft de Spuerenofdréck am Buedem hannerloosse vill Bëschdéieren typesch Friessspueren, Kierperspueren a Wunnengen, déi eis verroden, wat fir en Déier do lieft. Mir probéieren och de Bësch mat eise Sënner ze ‘erliewen’.
aarbechtsheft fir d’kanner
8
visiten am natur musée gräifvullen
an eilen 2. Trimester
Laang spatz Krallen, e staarke kromme Schniewel, schaarf Aen a wëll op d'Fleesch! Hei geet et ëm Eilen an aner Gräifvullen. Wéi erkenne mer déi verschidde Vigel erëm? Wat friesse si a wat fir eng Roll spille si an der Natur?
Cycle 3
aarbechtsheft fir d’kanner
vum
ee zum fräsch 3. Trimester
D'Kanner léieren déi verschidden Zorten Amphibien, déi bei eis am Land virkommen, kennen: Fräschen, Mouken, Salamanderen a Molchen. D’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch gëtt erkläert. Et gëtt net nëmme gekuckt, et däerf een och upaken.
aarbechtsheft fir d’kanner
Cycle 3
9
visiten am natur musée Cycle 3
insekten a spannen 3. Trimester Wéi hält een Insekten a Spannen auserneen? Mir kucken eis hire Kierperbau an hir Sënnesorganer ënnert der Lupp un. Verschidde ‚Krabbeldéieren’ kënne sech wonnerbar virun hire Feinde verstoppen. Mir loossen eis och vun e puer liewegen Exemplaren iwwerraschen. Wat ass esou schéin un enger Méck? Wéi entwéckelt se sech? Sollen déi Plogeeschter net och fir eppes nëtzlech sinn?
aarbechtsheft fir d’Kanner
knackeg frësch!
gaardegeméis
3. trimester
Cycle 3+4
10
Gedämpt, gebroden, gebak oder vläicht verbrutscht: wat ass dat fir eng Vitaminebomm, déi mer - méi oder manner gären - dagdeeglech um Teller hunn? Wou kënnt eis d’Geméis hir a wéi ee ‚Gréngs’ gouf et fréier zu deene verschiddene Joreszäiten? D’Kanner kréien d’Geleeënheet ze schmaachen a mir maachen och en Tour duerch dee schéine Geméisgaart vun der Stad Lëtzebuerg.
aarbechtsheft fir d’Kanner
visiten am natur musée wiederstatioun 1. trimester Am Muséesgaart steet eng richteg Wiederstatioun. Hei beobachten a moosse mir, wéi ee Wieder mer grad hunn. Mat Hëllef vu klengen Experimenter ginn d’Wiederphänomener, déi sech an der Atmosphär ofspillen, einfach erkläert. Mir ënnersichen en aktuellt Satellitebild a kucken, wéi d’Meteorologe probéieren d’Wieder virauszesoen.
Cycle 3+4
groussen observatiounspouster
(fir d’Wiederbeobachtungen an der Schoul opzeschreiwen)
aarbechtsheft fir d’Kanner
rallye
duerch den natur musée 1.-3. trimester
D’Kanner kréien eng Brochure mat op de Wee, an all Sall sinn e puer Aufgaben ze léisen. Wie fënnt dann zum Schluss d’Léisungswuert eraus? Ziel ass et ze léieren, wéi een an engem Musée Äntwerten op seng Froe kritt. Dëse Rallye ka mat oder ouni Guide vum Musée oflafen; en ass och flott fir eng Visite mat der Famill a fir d’Touristen.
Cycle 3.2+4
aarbechtsheft fir d’kanner (op däitsch a franséisch)
11
visiten am natur musée Cycle 4+ Secondaire
äerd
vun uewen
3. Trimester Mat Hëllef vu Satellitebiller a Photoen aus dem Fliger entdecke mer Wolleken, Land a Mier, den tropësche Bësch, d’Wüsten an dat éiwegt Äis. Mir schwätzen iwwert d’Satelliten, de Klimawandel, déi weltwäit Energieversuergung, genuch Iesswuere fir jiddereen an iwwert eng ekologesch Liewensweis.
fossilien
d’geschicht vum liewen
1. trimester
Cycle 4+ Secondaire
12
Wat ass e Fossil a wéi ass en entstan? D’Kanner gi selwer op d’Sich no Fossilien an deene verschiddene Géigende vum Land a probéieren erauszefannen, wat fir Liewewiesen et sinn. Wéi al ass ee Fossil an aus wat fir enger Gestengsschicht kënnt en? D’Fossilien an d’Modeller aus dem “Evolutiounssall” erzielen d’Entwécklungsgeschicht vun den éischte Liewewiesen bis bei de Mënsch an d’Déiere vun haut.
aarbechtsheft fir d’kanner
visiten am natur musée rees duerch eise
sonnesystem 2. trimester
Wéi gesi mir d'Sonn an de Mound um Himmel viru goen? Firwat liicht d’Sonn esou staark? Firwat hu mer Vollmound an Neimound? Wéi entstinn d'Joreszäiten? Wéini schwätzt ee vun enger Mounddäischtert a wéini vun enger Sonnendäischtert? Wat mer méi wäit reesen, wat mer och aner Planéiten ze gesi kréien. Firwat kann op dëse Planéite kee Liewen entstoen?
Cycle 4+ Secondaire
aarbechtsheft fir d’kanner dossier fir den enseignant
mënsch,
wie sinn ech ? 3. trimester
Hei gi mer eppes méi iwwert eis Mënsche gewuer! Wéivill Leit gëtt et op der Welt? Sinn ech eenzegaarteg? Wéi ass mäi Kierper opgebaut? Wéi entsteet e neie Mënsch a wéi kënnt e Kand op d’Welt?
Cycle 4+ Secondaire
aarbechtsheft fir d’kanner
13
visiten am natur musée Cycle 4+ Secondaire
dynamesch äerd 1.-3. trimester Wéi gesäit eis Äerd vu bannen aus? Wéi ass et méiglech, dass d’Kontinenter d’Plaz wiesselen an d’Bierger ëmmer méi héich ginn? Wéi entsteet e Vulkan? Kënnen et och bei eis Äerdbiewe ginn? Puzzelen, Modeller, Filmer an Experimenter hëllefen de Kanner am Sall vun der Äerd déi richteg Äntwerten op hir Froen ze fannen.
steng
vu lëtzebuerg
1. Trimester
Cycle 4+ Secondaire
Wat fir eng Steng ginn et an deene ver-schiddene Regioune vum Land, wéi si se entstan a wéi kënne mir se vuneneen ënnerscheeden? Unhand vu verschiddenen Tester léieren d’Kanner d’Steng selwer - wéi e richtege Geolog - z’analyséieren, a gesi wéi e prakteschen Notzen se hunn. E gudde Start fir de Geographiesprogramm vum 6. Schouljoer!
aarbechtsheft fir d’kanner
14
visiten am natur musée mikroskopie 3. Trimester
Cycle 4.2+ Secondaire
Hei léieren d’Kanner wéi ee mat engem Mikroskop ëmgeet. Si präparéieren hir Lame selwer an ënnersiche Saachen, déi ee mam bloussen A net gesäit. Wéi gesäit eng ‘Zell’ aus a wat fir eng Roll kann se hunn?
aarbechtsheft fir d’kanner
NEI !
evolutioun 1.-3. trimester
Vum Urknall bis zu den haitege Liewewiesen: wéi huet d’Liewen op eiser Äerd sech lues a lues entwéckelt, firwat si verschidden Déieren a Planzen nees ausgestuerwen, wéini ass de Mënsch entstan a firwat konnten déi eng sech an enger neier Ëmgéigend besser duerchsetzen wéi anerer? Op dës Froen a vill anerer probéiere mer mat Hëllef vun eisen Ausstellungsstécker, Fossilien a Skeletter eng Äntwert an eisem Evolutiounssall ze fannen.
Cycle 4.2+ Secondaire
15
Mettegiessen am natur musée menu fir gruppen: Plangt no ärer Visite e Mëttegiessen an der cafeteria MENU FIR GRUPPEN:
Primär / Lycée
Bio-Spaghetti Bolognese Bio-Gratin de Macaroni aux petits légumes Bouchée à la Reine
7 / 8 EUR 7 / 8 EUR 7 / 8 EUR
Gedrénks a Bio-Glace sinn am Präis abegraff.
Reservéiert w.e.gl. um Telefon vun der Cafeteria: 46 22 40 – 303 Bei guddem Wieder fannt Dir am Gaart vum natur musée laanscht d’Uelzecht Plaz. Et ass och méiglech, äre Picknick matzebréngen, dir musst awer an der Cafeteria nofroen, wéinst der Plaz!
16
natur an der stad krabbeldéieren 3. trimester
Cycle 1.2
Mat Netz a Becherlupp gi mer dobaussen op d’Sich no liewege Krabbeldéieren. Mir léieren déi verschidden Insekten an ‘Net’-Insekten un hirem typesche Kierperbau ze ënnerscheeden a probéieren se aus Plastilin ze modelléieren.
aarbechtsheft fir d’kanner
mat der
waasserdrëps
op d’rees 3. trimester
Cycle 1.2
Mat Spiller an Experimenter gi mer zesumme mat der Waasserdrëps op eng spannend Entdeckungsrees. Mir kucke firwat et reent, firwat eis Wäsch op der Léngt dréchent a mir probéieren d’Kraaft vum Waasser aus. Um eegene Kierper an am Grupp maachen d’Kanner Erfahrunge ronderëm d’Thema Waasser; si verstinn d’Roll vum Waasser an der Natur a léiere ganz niewebäi, firwat mer d’Waasser net verbëtzen a verknaschte sollen.
aarbechtsblieder fir d’kanner
naturspiller
laanscht d'uelzecht 3. Trimester
Duerch vill flott Spiller dobaussen entdecke mir d’Déieren an d'Planzen an der Uelzecht souwéi bei de Fielsen. Mir léieren hire Liewensraum an hir Liewensweis kennen:
Cycle 2+3.1
21 17
natur an der stad Mir jäize wéi eng Fliedermaus, joen Eidechse wéi en Tuermfallek, fësche wéi de Groräer.... Méi verrode mir elo net; dot al Kleeder un a loosst iech iwwerraschen!
aarbechtsblieder fir d’kanner
Cycle 4+ Secondaire
déieren a planzen um 3. Trimester
wenzelspad
Mir entféieren Iech eraus an déi eenzegaarteg Landschaft vun der Alstad: laanscht d’Fielsen, d’Uelzecht an iwwert d’Wenzelsmauer. Kleng Experimenter weisen eis wéi d’Planzen op de Fielsen iwwerhaapt kënnen iwwerliewen a wou een d’Bloderkraut oder d’Hexemëllech ka gebrauchen. Vläicht entdecke mir och e puer Déieren, wéi de Groräer, de Steekueb oder d'Waasserhénkelchen. Op dësem Tour gitt Dir och eppes méi iwwert d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg gewuer.
aarbechtsheft fir d’kanner
wéi propper ass d’ Uelzecht 3. Trimester
Cycle 4+ Secondaire
18
?
Mat Netz a Pinsel klamme mir an (!) d'Uelzecht op d’Sich no klengen Déieren: Waasserasselen, Larwe vun Insekten, Spierkelcher (Stichlinge) an aner kleng Waasserdéieren, déi ee mat bloussem A oder mat enger Lupp erkenne kann. Mir ënnersichen d’Waasser awer och nach ënnert dem Mikroskop an entdecken esou déi winzeg, mee net manner interessant Déieren- a Planzewelt aus der Uelzecht.
aarbechtsblieder fir d’kanner
natur an der stad geologie
vun der stad lëtzebuerg 1.+3. trimester
Maacht mat eis en Tour eraus an d'Stad, versetzt Iech an d’Roll vum Geolog a léiert duerch verschidden Experimenter onse Lëtzebuerger Sandstee kennen, aus dem d’Fielsen, d’Iwwerreschter vun der Festung Lëtzebuerg a vill historesch Gebeier aus der Alstad bestinn. Mir gesinn, wéi d'Fielsen entstan sinn, wouduerch dat grousst Dall gegruewe ginn ass a wou onst Drénkwaasser hirkënnt.
Cycle 4+ Secondaire
naturrallye am gronn
am kader vun de « rallyes natures nationaux 2010/2011 »
e mëttwoch, den
18. mee
2011 vun 9 h00 bis +- 13h30
D’Kanner maachen en Tour vun +- 4 Stonnen dobausse ronderëm den natur musée am Gronn. Ënnerwee si si selwer ganz aktiv, maache Spiller, äntwerten op sëlleche Froen a ginn op deenen 12 Statioune vill Interessantes iwwer Déieren, Planzen a Steng gewuer. All weider Detailer kritt dir no ärer Umeldung. (Umeldeziedel an der Mëtt vun dëser Brochür) Et kënne maximal
15
Klasse matmaachen.
Cycle 4
1921
extra ausstellung 24. SEPTEMBER 2010 - 13. FEBRUAR 2011 Eise Geschmaach ass ganz individuell, fir deen ee schmaacht eppes gutt, deen anere fënnt et eekleg. Oft si ganz perséinlech Erfahrungen mat eisem Goût verbonnen. An dëser Expo kënnt dir är eege Schmaach-Experienze maachen. Wéi wäit iessen d‘Ae mat? Wéi fillt d’Iessen sech op der Zong un? Pickt et? Net ze waarm? Kréie mer méi Appetit, well et extra gutt richt? Kënnt dir eenzel „Molekülen“ erausrichen? Wat hunn typesch Lauter mat eisem Geroch ze dinn? Léisst eise Goût sech och duerch Faarwe beaflossen? Am Beräich « Miam miam » kënne kleng Kanner op de Maart goen. Si roden wéi en Déier oder wéi eng Planz zu hirer Iesswuer passt. Et gëtt vill ze schmaachen, ze richen, ze fillen, z‘entdecken,…
1.2 Visiten vum Cycle un a fir Lycée’s Klassen
20
le 3 c y C m u v n Visite un a fir ssen a l K s ’ e Ê c y L
2121
praktesch informatiounen oder
-> online um Internet: www.mnhn.lu/educatif/unmeldung -> fëllt dee wäissen Ziedel an der mëtt vun der Brochure komplett aus, schéckt en un den natur musée/service éducatif
mir kontaktéieren iech
am Laf vum Schouljoer a proposéieren Iech e Rendez-Vous op Grond vun äre Sujets-Wënsch an ärer Disponibilitéit.
wéi leeft d’visite of?
E Guide vum Service éducatif iwwerhëlt d’Klass, awer fir d’Disziplin muss den Titulaire suergen, bei dem och d’Responsabilitéit bleift. Schwätzt de Choix vun der Visite mat ärer neier Klass of, fir dass se net zweemol fir deeselwechte Sujet kënnt. Eng Virbereedong ass net noutwendeg an och net erwënscht! Zu verschiddenen Theme kréien d’Kanner am Musée en Aarbechtsheft, dat et erlaabt, de Sujet an der Schoul ze verdéiwen.
Wëllt Dir mat enger anerer Klass zesummekommen?
22
An deem Fall mussen déi 2 Klassen en Umeldeziedel eraschécken an den Numm vum Titulaire vun der 2. Klass uginn. Nëmme bei folgenden (Symbol 2 Klassen) Themen ass et méiglech, dass 2 Klassen zesumme fir deeselwechte Sujet kommen. Bei all anere Sujetë (Symbol 1 Klass) kënnen 2 Klasse fir 2 verschidden Theme kommen, wann et organisatoresch fir eis méiglech ass.
wéi mellt dir iech un
?
wéini? Visite si méiglech tëscht 8:3O Auer a 17:OO Auer. Méindes mëttes ass den natur musée zou. Dir kënnt och am Musée eppes iessen oder am Gaart picknicken. Mellt Iech w.e.gl. virdrun an der Cafeteria un Tel: 46 22 40 – 3O3
wéi laang?
Visiten am ‚natur musée’ an ‚Natur an der Stad’: 2 Stonnen. Dës Zäit ka bei Transportprobleemer ugepasst ginn.
transport
De Bus kritt am Gronn net gedréit an kann net an d’Rue Münster erafueren! Klammt bei der Kathedral um bvd. Roosevelt eraus an huelt de Lift um Helleg Geescht Plateau fir an de Gronn. Dir kënnt och an der schaarfer Kéier vun der Rue de la Tour Jakob (Clausen) erausklammen an zu Fouss bis an de Musée goen (+- 5 min) Vun der Stater Gare aus braucht der 15-20 Minutten zu Fouss bis an den natur musée.
wat kascht dat ? Visite guidée : 45 euros pro Klass / Grupp, Entrée abegraff. Är Gemeng kritt dëse Montant verrechent, zesumme mat de Käschte fir d’Aarbechtsmaterial, dat Dir mathuelt (tëscht o,5€ - 1€/Kand, jee no Sujet). Dir kënnt och selwer bezuelen, direkt an der Keess oder géint Rechnung un Iech adresséiert. Wann dir selwer mat ärer Klass am Musée wëllt schaffen, réservéiere mir Iech kee Guide. Präis: 25€/Grupp
Visite guidée pro Klass / Grupp, Entrée abegraff
45 € :
25 21
wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
knackig frisch ! – genuss aus dem gemüsegarten De Mënsch huet scho virun 10.000 Joer, säit hie méi sesshaft ginn ass, ronderëm sengem Haus Planzen ugebaut, déi hie fir seng Ernährung gebraucht huet. Ass et haut nach méiglech déi ursprénglech wëll Planz ze erkennen? Wat fir Zorte Geméis kenne mir haut? Op enger Weltkaart fanne mer eraus, wou déi eenzel Geméiszorten hirkommen. Wéi ënnerscheet ee Geméis an Uebst? Wéini ass déi richteg Saison fir déi eenzel Zorten? Vu wéi engem Planzendeel kommen déi verschidde Geméiszorten hir? Déi wichtegst GeméisFamille gi präsentéiert.
14 Pannoën Locatiounspräis:
100 €
24
Ausstellung, déi 2006 am Kader vum 75 te Gebuertsdag vun der Fédération horticole vum natur musée konzipéiert gouf.
aarbechtsheft fir d’kanner
wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
faszinatioun beien Am Summer fléien si fläisseg ronderëm, vu Bléi zu Bléi, mir iessen hire séissen Hunneg mat Genoss, an dach wësse mir net genuch iwwert dës sozial Insekten, déi ënner anerem dofir suergen, dass d’Beem vill Friichte kréien. Wéi gesäit e Beiestack vu bannen aus ? Wat ënnerscheed d’Kinnigin vun der Aarbechterin oder der männlecher Bei (Dron)? Wéini hält d’Kinnigin op mat Eeër leeën? Wat sinn d’Aarbechte vun engem Imker am Laf vum Joer? E Bléck an d “Beiewëssenschaftskëscht” verréit eis wéi e Beiegehir ausgesäit, am Beierestaurant waarden déi schéinste Bléien a mir kréien eng Idi wéivill Faarwen eng Bei gesäit. Eng Ausstellung vum “ Imkerverein Kanton Capellen “ , déi an Zesummenaarbecht mam natur musée ausgeschafft ginn ass.
gratis
1 groussen zentralen S-Form Panno 7 Info-Këschte mat Mini-Pannoe fir erauszezéien 1Film-Këscht (vun der Bléi zur Kiischt) 1 Elektro-Quiz
25 21
wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
X-tra, X-o Si mir eleng am Universum?
Säit 1995 wësse mer, dass et Planéite ginn, sougenannten Exoplanéiten, déi ronderëm aner Stären an eiser Galaxie kreesen. Wéi gesinn déi komesch Welten iwwerhaapt aus? Wéi ginn déi Planéiten entdeckt? Wat erlaabt dem Astronom esou vill iwwert dës Welten ze kennen? Wéi eng Rätselen ginn eis dës Entdeckungen awer nach? Ass d’Äerd deen eenzegen Himmelskierper, wou et Liewe gëtt oder ginn et aner Liewewiesen op anere Plazen am Universum? Kéinte mer eng Kéier mat aner intelligente Zivilisatione Kontakt ophuelen? Äntwerten op dës Froë fannt dir an der Ausstellung «X-tra, X-o» vum natur musée.
gratis
Déi Austellung gëtt et an zwou Sproochen, eng däitsch Versioun an eng franséisch. Pro Versioun: 2 grouss Pannoen an S-form (B: 2,6m, D: 1m, H: 2m) a 4 kleng Pannoen (B: 0,8m H: 2m) Zielpublikum: Schoulklassen aus dem Lycée, Jugendlecher an Erwuessener.
tiefgekühlt Am Kader vum internationale Polarjoer ass dës Ausstellung vum natur musée ausgeschafft ginn a geet elo op den Tour. Huet den Nord- an de Südpol eppes mat eisem Klima ze dinn? Wéi sinn d’Liewenskonditiounen an de Polarregiounen? Wéi sinn d’Liewewiesen un déi extrem Keelt ugepasst?
26
wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
bumerang ! Thema: Nohaltegkeet Dës Wanderausstellung, déi de Naturmusée zesumme mat den zwee Naturparken Our an Uewersauer entworf huet, versicht dat komplext Thema ‚Nohaltegkeet’ unhand vu konkrete Beispiller aus dem alldeegleche Liewen ze erklären. D’Ausstellung behandelt folgend Sujeten: wéi gesäit et op eisem Planéit aus? wat ass ‚Nohaltegkeet’? Konsum an Offall wat ass en ökologesche Rucksak? Klimaverännerung wou kënnt Energie hir? Erneierbar Energiequellen Schatzkëscht Bësch Waasser Mobilitéit an Tourismus ökologesche Foussofdrock Mat ville Biller, BDen, interaktiven Elementer an Texter ginn d’Kanner gezilt ugeschwat.
gratis
Reservatioun beim Naturpark Uewersauer Tel.: 908188-36
27 21
wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
réservatioun vu wanderausstellungen Wann Dir interesséiert sidd, fir eng vun dësen Ausstellungen fir eng bestëmmten Zäit (minimum 2 Wochen) fir Är Gemeng oder Schoul ze reservéieren, da rufft w.e.gl. u beim
Service technique et muséologique’ vum ‘natur musée’. Tel.: 46 22 40 – 305 Hei kritt Dir weider Informatioune wat d’Reservatioun vun Ausstellunge betrëfft. Et ass op Ufro méiglech, dat ee Mataarbechter vum natur musée déi gewënschten Ausstellung fir all interesséiert Enseignantë virstellt. D’Konditioune vum Verléine vun der Ausstellung gi kontraktlech gereegelt tëschent dem natur musée an Ärer Gemeng.
28
de panewippchen Eng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt. Informatiounen aus der Déieren- a Planzeweltvun eiser Ëmwelt, vum Universum,... Experimenter, Bastlereien, Rätselen an Denkspiller. Geschichten a Mäerecher Déiereportraiten a Form vu Bande Dessinée. Vill News a vill Fotoe vu Panda-Club an aneren Natur-Aktivitéiten. E grousse Poster fir opzehänken an och fir an der Schoul dermat ze schaffen. D’Sujeten, déi am «Panewippchen» behandelt ginn, gi mat Wëssenschaftler vum natur musée a mat Vertrieder vun de Ministèren zesummen ausgeschafft a kannergerecht illustréiert. Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst.
De «Panewippchen» ass gréisstendeels ob Lëtzebuergesch geschriwwen- ee Pluspunkt, dee vill Enseignanten ze schätze wessen.
abonnéiert de “panewippchen”:
de "Panewippchen” kënnt 4 mol am joer eraus e joresabonnement fir eng schoulklass kascht 3.20 eur/Kand weider informatiounen kritt dir ënnert dem tel: 46 22 33 -450 oder 46 22 33 -1 oder iwwer email: panda-club@mnhn.lu
pro kand fir e joer
3,20 €
Loscht op Wëssenschaft Science club 25, rue münster
De „Science Club“ ass eng Initiativ vum ‘naturmusée’ (www.naturmusee.lu) an
L-2160 lëtzebuerg
Zesummenaarbecht mat der
tel: 46 22 33 - 450
(www.uni.lu) an de ‘Jonk
Wat gëtt gebueden ?
fax: 46 22 33 - 451 e-mail: scienceclub@mnhn.lu
verschidden technesch a wëssenschaftlech Workshopen an Experimenter intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am In- an Ausland kucke goen „Science Camp“... Gitt Member vum Science-Club: Gratis Aschreiwung. Et gëtt en Onkäschtebäitrag fir d’Aktivitéit gefrot. All Member kritt 5 mol am Joer de “Science News”, d'Programmheft vum Science Club, zougeschéckt.
‘Université de Luxembourg’ Fuerscher Lëtzebuerg’ (www.ajsl.lu). Mir setzen 5 mol am Joer en intressante Programm op d‘Been a soen dem „Fonds National de la Recherche“ (www.fnr.lu) merci fir seng finanziell Ënnerstëtzung.
Loscht op Natur De Panda-Club organiséiert Natur- a Fräizäitaktivitéite fir Kanner vu 6 -10 Joer. An der Schoulzäit Dënschdes an Donnëschdes mëttes vu 14.30 bis 17.00 Auer. An der Vakanz all Dag. Doriwwer eraus organiséiert de Panda-Club Weekender, Campen an Auslandsreesen.
Wat gëtt gebueden? Déieren a Planze kenneléieren dobaussen an dobannen, mat Lupp, Spektiv oder Nuetssiichtgerät Sortien an d’Natur Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Fossilie sichen Weier uleeën Schaffe mat Lupp a Mikroskop am natur musée an am Musée-Bus Experimentéieren, Bastelen an Handwierkeren Naturspiller, Rallyen, Adventuresortien Gratis Umeldong; en Onkäschtebäitrag gëtt bei deenen eenzelenen Aktivitéiten gefrot. All Panda-Club Member kritt 5 mol am Joer de “Panda-News”, Programmheft vum Panda-Club a 4 mol am Joer de “Panewippchen”, Zeitung vum Panda-Club zougeschéckt.
Info an Umellen:
Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Luxembourg-Grund
www.panda-club.lu Tel.: 46 22 33- 450
Die deutsche Fassung des museumspädagogischen Programms finden sie unter: Téléchargez la version française du programme éducatif en ligne sous:
-> www.mnhn.lu /educatif Eise komplette Programm (Musée-Bus, Galileo Science-Mobil, Panda-Club, Science-Club a Visiten‘mam musée an d’Natur’ fannt Dir op eisem Internet Site iwwert deen Dir iech och kënnt online umellen
-> www.mnhn.lu /educatif/umeldung
Musée national d’histoire naturelle Service éducatif 25, rue Münster L-2160 Luxembourg tel: 462240-312/400 www.mnhn.lu musee-info@mnhn.lu