m m a r g Pro
n a r u t a N d er
r se
a
du cat if 2 01 1/
Stad
vic
eé
Vis ite n
m e é s u M 12
Wat bidde mir ?
Visiten am Natur Musée Cycle 1 préscolaire ............................................................................ 4-5 Cycle 2 ................................................................................................6-7 Cycle 3 ..............................................................................................7-11 Cycle 3a4 ........................................................................................10-11 Cycle 4 .................................................................................................12 Cycle 4.2, Lycée’s Klassen ...............................................................13-15 Mëttegiessen am natur musée.............................................................16
Natur an der Stad Cycle 1.2 ..............................................................................................21 Cycle 2+3 ............................................................................................22 Cycle 4+Lycée’s Klassen ......................................................................22 Extra Ausstellungen...............................................................................24 Praktesch Informatiounen ....................................................................26 Wanderausstellungen ...........................................................................28
2
Wat bidde mir ?
Visiten am Natur Musée Féierungen an Animatioune fir all Schoulklassen (cycle 1 préscolaire bis 4), Klassen aus dem Secondaire, mä och fir all anere Grupp.
Natur an der Stad Den natur musée huet mat sengem Site am Gronn eng eenzegaarteg Lag direkt nieft der Uelzecht, ëmgi vun impressionante Sandsteefielsen, déi eng ganz speziell Déieren- a Planzewelt opweisen. De Service éducatif bitt Féierungen dobaussen un, déi vum natur musée ausginn an d’Flora, d’Fauna oder d’Geologie vun der Stad als Thema hunn.
3
Visiten am natur musée
Entdeckungsrees nëmme fir Fräizäitgruppen! (1.-3. Trimester, Vakanzen, fir Kanner vu 4 bis 11 Joer)
D’Indianer si ganz verbonne mat der Natur; zesumme mat hinnen entdecke mir de Musée. Mir léiren hir Zeechesprooch kennen, kucke wéi si Spuere liesen a wéi eng Déiere fir si ganz wichteg sinn. Mir bastelen eis en Amulett, bitzen e Liederbeidel fir eis kleng Schätz dran ze versuergen a maache vill Spiller, duerch déi mer d’Liewen an a mat der Natur besser kenneléieren.
Cycle 1 préscolaire
Queesch duerch de Musée 1.-3. Trimester
Op dëser spannender Rees ronderëm d’Äerd, kënnen d’Kanner eppes iwwert de Sonnesystem, Vulkaner, Fossilien, Dinosaurier, Insekten, exotesch Déieren, awer och iwwert d’Déiere bei eis an de Mënsch gewuer ginn. Am Ufank vun der Visite kënnt Dir déi Themen uginn, déi Iech am meeschten interesséieren an zesumme mam Guide Schwéierpunkter setzen. D’Kanner kréien en Iwwerbléck iwwert déi fir si interessantste Sujeten am Musée a si sécher begeeschtert fir duerno erëmzekommen. Aarbechtsheft fir d’Kanner
4
Visiten am natur musée Cycle 1 préscolaire
Wëllefchen a Fiischen 2.Trimester
Viru laanger Zäit hunn de Wëllefchen an de Fiischen nach zesummen an eise Bëscher gelieft. Duerch eng un eis Zäit ugepasste Geschicht, erzielt mat Handpoppen, léiere mer déi zwee Kosenge besser kennen. De Fuuss intresséiert eis besonnesch, mir kucken eis säi Fell a säi Gebëss un. Wat frësst en a wéi komme seng Kleng op d’Welt? Mir maachen eis op d’Sich no senge Spueren am Musée. Aarbechtsheft fir d’Kanner
5
Visiten am natur musée Cycle 2
Déierekanner 1.Trimester
Wie kraucht aus engem Ee a wie gëtt lieweg gebuer? Mir ënnersichen d’Eeër mol méi genee a kucken, wat do alles dran ass. Eis kleng lieweg Mais am Nascht hëllefen eis d’Mamendéieren an hir Fortpflanzung z’entdecken. Zu wéi enger Grupp gehéiere mir Mënschen iwwerhaapt? Wéi komme mir op d’Welt a wat brauche mir fir ze wuessen? Aarbechtsheft fir d’Kanner
Déieren am Wanter
1.-2.Trimester
Wéi schützen d’Déieren sech virun der Keelt am Wanter a wat friessen se? Wat maachen d’Vullen an der kaler Joreszäit? Firwat fléien déi eng fort an déi aner net? Wou wunnen Dachs, Kaweechelchen a Kéisécker am Wanter? Mir beschäftegen eis souwuel mat eenzelne Vullenzorten, wéi och mat Mamendéieren, wéi dem Réi, Hirsch a Wëllschwäin a maachen eis op d’Sich no hire Spueren Aarbechtsheft fir d’Kanner
6
Visiten am natur musée Cycle 2
Fräschen an hir Famill 2.+3.Trimester
Wéi eng Fräschen, Mouken, Molchen a Salamanderen ginn et bei eis? Wéi gesinn d’Eeër vun de Fräschen aus? D’Kanner gesinn d’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch an hunn och d’Geleeënheet lieweg Amphibien a Rou ze kucken, se unzepaken a sech duerch flott Spiller opfalend Detailer ze mierken. Aarbechtsheft fir d’Kanner
Cycle 2 + 3.1
Safari 1.-3.Trimester
Op deser spannender Safari duerch de Musée reese mer vun engem Kontinent op dee nächsten a mir sichen eis iwwerall een typescht Déier eraus, dat mer da besser kenne léieren. Aarbechtsheft fir d’Kanner
7
Visiten am natur musée Cycle 3
Déieren an aalt Holz 1.Trimester
Mat Hëllef vun engem Sichspill ginn eng ganz Rei Déiere virgestallt, déi hir typesch Spueren am Bësch hannerloossen. Wat fir eng Roll spillen al Beem an engem Bësch? Wie lieft nach am alen Holz a firwat? Datt et zum gudden Deel ëm d’Spiechte geet, sollen d’Kanner net virun der Visite wëssen. Aarbechtsheft fir d’Kanner
8
Visiten am natur musée Cycle 3
Gräifvullen an Eilen 2.Trimester
Laang spatz Krallen, e staarke kromme Schniewel, schaarf Aen a wëll op d’Fleesch! Hei geet et ëm Eilen an aner Gräifvullen. Wéi erkenne mer déi verschidde Vigel erëm? Wat friessse si a wat fir eng Roll spille si an der Natur? Aarbechtsheft fir d’Kanner
Vum Ee zum Fräsch 2.+3.Trimester
D’Kanner léieren déi verschidden Zorten Amphibien, déi bei eis am Land virkommen, kennen: Fräschen, Mouken, Salamanderen a Molchen. D’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch gëtt erkläert. Et gëtt net nëmme gekuckt, et däerf een och upaken Aarbechtsheft fir d’Kanner
9
Visiten am natur musée Cycle 3
Insekten a Spannen 3.Trimester
Wéi hält een Insekten a Spannen auserneen? Mir kucken eis hire Kierperbau an hir Sënnesorganer ënnert der Lupp un. Verschidde ‚Krabbeldéieren’ kënne sech wonnerbar virun hire Feinde verstoppen. Mir loossen eis och vun e puer liewegen Exemplaren iwwerraschen. Wat ass esou schéin un enger Méck? Wéi entwéckelt se sech? Sollen déi Plogeeschter net och fir eppes nëtzlech sinn? Aarbechtsheft fir d’Kanner
Cycle 3 + 4
Knackeg frësch! Gaardegeméis 3.Trimester
Gedämpt, gebroden, gebak oder vläicht verbrutscht: wat ass dat fir eng Vitaminebomm, déi mer - méi oder manner gären - dagdeeglech um Teller hunn? Wou kënnt eist Geméis hir a wéi ee ‚Gréngs’ gouf et fréier zu deene verschiddene Joreszäiten? D’Kanner kréien d’Geleeënheet ze schmaachen a mir maachen och en Tour duerch dee schéine Geméisgaart vun der Stad Lëtzebuerg. Aarbechtsheft fir d’Kanner
10
Visiten am natur musée Cycle 3.2 + 4
Wiederstatioun 1.Trimester
Am Muséesgaart steet eng richteg Wiederstatioun. Hei beobachten a moosse mir, wéi ee Wieder mer grad hunn. Mat Hëllef vu klengen Experimenter ginn d’Wiederphänomener, déi sech an der Atmosphär ofspillen, einfach erkläert. Mir ënnersichen en aktuellt Satellitebild a kucken, wéi d’Meteorologe probéieren d’Wieder virauszesoen. Groussen Observatiounspouster
(fir d’Wiederbeobachtungen opzeschreiwen)
an
der
Schoul
Aarbechtsheft fir d’Kanner
Rallye duerch den natur musée 1.-3.Trimester
D’Kanner kréien eng Brochure mat op de Wee, an all Sall sinn e puer Aufgaben ze léisen. Wie fënnt dann zum Schluss d’Léisungswuert eraus? Ziel ass et ze léieren, wéi een an engem Musée Äntwerten op seng Froe kritt. Dëse Rallye ka mat oder ouni Guide vum Musée oflafen; en ass och flott fir eng Visite mat der Famill a fir d’Touristen. Aarbechtsheft fir d’Kanner (op däitsch oder franséisch)
11
Visiten am natur musée Cycle 4 +secondaire
Rees duerch eise Sonnesystem 2.Trimester
Wéi gesi mir d’Sonn an de Mound um Himmel viru goen? Firwat liicht d’Sonn esou staark? Firwat hu mer Vollmound an Neimound? Wéi entstinn d’Joreszäiten? Wéini schwätzt ee vun enger Mounddäischtert a wéini vun enger Sonnendäischtert? Wat mer méi wäit reesen, wat mer och aner Planéiten ze gesi kréien. Firwat kann op dëse Planéite kee Liewen entstoen? Dossier fir den Enseignant Arbechtsheft fir d’Kanner
Äerd vun uewen 3.Trimester
Mat Hëllef vu Satellitebiller a Photoen aus dem Fliger entdecke mer Wolleken, Land a Mier, den tropësche Bësch, d’Wüsten an dat éiwegt Äis. Mir schwätzen iwwert d’Satelliten, de Klimawandel, déi weltwäit Energieversuergung, genuch Iesswuere fir jiddereen an iwwert eng ekologesch Liewensweis.
12
Visiten am natur musée Cycle 4 + secondaire
Fossilien - d’Geschicht vum Liewen 3.Trimester
Wat ass e Fossil a wéi ass en entstan? D’Kanner gi selwer op d’Sich no Fossilien an deene verschiddene Géigende vum Land a probéieren erauszefannen, wat fir Liewewiesen et sinn. Wéi al ass ee Fossil an aus wat fir enger Gestengsschicht kënnt en? D’Fossilien an d’Modeller aus dem “Evolutiounssall” erzielen d’Entwécklungsgeschicht vun den éischte Liewewiesen bis bei de Mënsch an d’Déiere vun haut. Aarbechtsheft fir d’Kanner
Mënsch, wie sinn ech? 3.Trimester
Hei gi mer eppes méi iwwert de Mënsch gewuer! Wéivill Leit gëtt et op der Welt? Sinn ech eenzegarteg? Wéi ass mäi Kierper opgebaut? Wéi entsteet en neie Mënsch a wéi kënnt e Kand op d’Welt? Aarbechtsheft fir d’Kanner
13
Visiten am natur musée Cycle 4+ secondaire
Dynamesch Äerd 1.+3.Trimester
Wéi gesäit eis Äerd vu bannen aus? Wéi ass et méiglech, dass d’Kontinenter d’Plaz wiesselen an d’Bierger ëmmer méi héich ginn? Wéi entsteet e Vulkan? Kënnen et och bei eis Äerdbiewe ginn? Puzzelen, Modeller, Filmer an Experimenter hëllefen de Kanner am Sall vun der Äerd déi richteg Äntwerten op hir Froen ze fannen.
Steng vu Lëtzebuerg 3.Trimester
Wat fir eng Steng ginn et an deene verschiddene Regioune vum Land, wéi si se entstan a wéi kënne mir se vuneneen ënnerscheeden? Unhand vu verschiddenen Tester léieren d’Kanner d’Steng selwer - wéi e richtege Geolog - z’analyséieren, a gesi wéi e prakteschen Notzen se hunn. E gudde Start fir de Geographiesprogramm vum 6. Schouljoer! Aarbechtsheft fir d’Kanner
14
Visiten am natur musée Cycle 4.2 + secondaire
Evolutioun 1.Trimester
Vum Urknall bis zu den haitege Liewewiesen: wéi huet d’Liewen op eiser Äerd sech lues a lues entwéckelt, firwat si verschidden Déieren a Planzen nees ausgestuerwen, wéini ass de Mënsch entstan a firwat konnten déi eng sech an enger neier Ëmgéigend besser duerchsetzen wéi déi aner? Op dës Froen a vill anerer probéiere mer mat Hëllef vun eisen Ausstellungsstécker, Fossilien a Skeletter eng Äntwert ze fannen.
Mikroskopie 3.Trimester
Hei léieren d’Kanner wéi ee mat engem Mikroskop ëmgeet. Si präparéieren hir Lame selwer an ënnersiche Saachen, déi ee mam bloussen A net gesäit. Wéi gesäit eng ‘Zell’ aus a wat fir eng Roll kann se hunn? Aarbechtsheft fir d’Kanner
15
Mëttegiessen am natur musée Menu fir Gruppen: Plangt no ärer Visite e Mëttegiessen an der Cafeteria MENU FIR GRUPPEN: Primär / Lycée Bio-Spaghetti Bolognese ..............................................7 / 8 EUR Bio-Gratin de Macaroni aux petits légumes..................7 / 8 EUR Bouchée à la Reine.......................................................7 / 8 EUR Gedrénks a Bio-Glace sinn am Präis abegraff. Reservéiert w.e.gl. um Telefon vun der Cafeteria: 46 22 40 – 303 Bei guddem Wieder fannt Dir am Gaart vum natur musée laanscht d’Uelzecht Plaz. Et ass och méiglech, äre Picknick matzebréngen, dir musst awer an der Cafeteria nofroen, wéinst der Plaz!
16
Visiten am natur musée Kaart Centre Aldringen
Naturmusée Cathédrale
Bus ligne 23: all véirel Stonn, vun der Gare aus um .04/.19/.34/.49 (an der Woch) Lift
Gare
17
Zu Fouss: vun der Gare: 20 Min vum Aldringer: 15 Min vum St.Esprit: 8 Min vun der Porte de Trèves: 7 Min
Visiten am natur musée 1. Trimester 1 préscolaire Queesch 2.1 Safari Déierekanner Déieren am Wanter Expo temp. FARBENFROH 2.2 Safari Déierekanner Déieren am Wanter Expo temp. FARBENFROH
3.1 Safari Déieren an aalt Holz Wiederstatioun Expo temp. FARBENFROH 3.2 Rallye Déieren an aalt Holz Wiederstatioun Expo temp. FARBENFROH
4.1 Rallye Wiederstatioun Dynamesch Äerd Steng vu Letzebuerg Expo temp. FARBENFROH Geologie vun (dobaussen)
der
Stad
Lëtzebuerg
4.2 Rallye Wiederstatioun Dynamesch Äerd Evolutioun Expo temp. FARBENFROH Geologie vun (dobaussen)
der
Stad
Lëtzebuerg
4 + secondaire Dynamesch Äerd Evolutioun Expo temp. FARBENFROH Geologie vun (dobaussen)
18
der
Stad
Lëtzebuerg
Visiten am natur musée 2. Trimester 1 préscolaire Queesch Wellefchen a Fiischen 2.1 Safari Déieren am Wanter Fräschen & Famill Expo temp. FARBENFROH 2.2 Safari Déieren am Wanter Fräschen & Famill Expo temp. FARBENFROH
3.1 Safari Gräifvullen & Eilen Vum Ee zum Fräsch Expo temp. FARBENFROH 3.2 Rallye Gräifvullen & Eilen Vum Ee zum Fräsch Expo temp. FARBENFROH
4.1 Rallye Sonnesystem Expo temp. FARBENFROH Naturrallye am Gronn (23/5/2012) dobaussen 4.2 Rallye Sonnesystem Expo temp. FARBENFROH Naturrallye am Gronn (23/5/2012) dobaussen 4 + secondaire Sonnesystem Expo temp. FARBENFROH Naturrallye am Gronn (7e MODULAIRE 23/5/2012)
19
Visiten am natur musée 3. Trimester 1 préscolaire
3.1
4.1
Queesch Krabbeldéieren (dobaussen) Waasserdrëps (dobaussen)
Safari Vum Ee zum Fräsch Insekten a Spannen Knackeg Frësch Gaardegeméis Naturspiller lanscht d’Uelzecht (dobaussen) Expo temp. Bësch Welt
Rallye Äerd vun uewen Mensch Fossilien Steng vu Lëtzebuerg Dynamesch Äerd Knackeg Frësch Gaardegeméis Expo temp. BëschWelt
2.1 Safari Fräschen & Famill Naturspiller lanscht d’Uelzecht (dobaussen)
2.2 Safari Fräschen & Famill Naturspiller lanscht d’Uelzecht (dobaussen)
3.2 Rallye Vum Ee zum Fräsch Insekten a Spannen Knackeg Frësch Gaardegeméis Expo temp. Bësch Welt
4.2 Rallye Knackeg Frësch Gaardegeméis Äerd vun uewen Mikroskopie Mensch Fossilien Steng vu Lëtzebuerg Dynamesch Äerd Expo temp. Bësch Welt Déieren a Planzen um Wenzelspad (dobaussen) Wéi propper ass d’Uelzecht (dobaussen) Geologie vun der Stad Lëtzebuerg (dobaussen)
4 + secondaire Äerd vun uewen Mikroskopie Mensch Fossilien Steng vu Lëtzebuerg Dynamesch Äerd Expo temp. Bësch Welt Déieren a Planzen um Wenzelspad (dobaussen) Wéi propper ass d’Uelzecht (dobaussen) Geologie vun der Stad Lëtzebuerg (dobaussen)
20
Natur an der Stad Cycle 1 préscolaire
Krabbeldéieren 3.Trimester
Mat Netz a Becherlupp gi mer dobaussen op d’Sich no liewege Krabbeldéieren. Mir léieren déi verschidden Insekten an ‘Net’-Insekten un hirem typesche Kierperbau ze ënnerscheeden a probéieren se aus Plastilin ze modelléieren. Aarbechtsblieder fir d’Kanner
Mat der Waasserdrëps op d’Rees 3.Trimester
Mat Spiller an Experimenter gi mer zesumme mat der Waasserdrëps op eng spannend Entdeckungsrees. Mir kucke firwat et reent, firwat eis Wäsch op der Léngt dréchent a mir probéieren d’Kraaft vum Waasser aus. Um eegene Kierper an am Grupp maachen d’Kanner Erfahrunge ronderëm d’Thema Waasser; si verstinn d’Roll vum Waasser an der Natur a léiere ganz niewebäi, firwat mer d’Waasser net verbëtzen a verknaschte sollen. Aarbechtsblat fir d’Kanner
21
Natur an der Stad Cycle 2+3.1
Naturspiller laanscht d’Uelzecht
3.Trimester
Duerch vill flott Spiller dobaussen entdecke mir d’Déieren an d’Planzen an der Uelzecht souwéi bei de Fielsen. Mir léieren hire Liewensraum an hir Liewensweis kennen: Mir jäize wéi eng Fliedermaus, joen Eidechse wéi en Tuermfallek, fësche wéi de Groräer.... Méi verrode mir elo net; dot al Kleeder un a loosst iech iwwerraschen!
Cycle 4 + secondaire
Déieren a Planzen um Wenzelspad
3.Trimester
Mir entféieren Iech eraus an déi eenzegaarteg Landschaft vun der Alstad: laanscht d’Fielsen, d’Uelzecht an iwwert d’Wenzelsmauer. Kleng Experimenter weisen eis wéi d’Planzen op de Fielsen iwwerhaapt kënnen iwwerliewen a wou een d’Bloderkraut oder d’Hexemëllech ka gebrauchen. Vläicht entdecke mir och e puer Déieren, wéi de Groräer, de Steekueb oder d’Waasserhénkelchen. Op dësem Tour gitt Dir och eppes méi iwwert d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg gewuer. Aarbechtsheft fir d’Kanner
Wéi propper ass d’Uelzecht? 3.Trimester
Mat Netz a Pinsel klamme mir an (!) d’Uelzecht a sichen no klengen Déieren: Waasserasselen, Bluteegelen,
22
Natur an der Stad Cycle 4 + secondaire Spierkelcher (Stichlinge) an aner kleng Waasserdéieren, déi ee mat bloussem A oder mat enger Lupp erkenne kann. Mir ënnersichen d’Waasser awer och nach ënnert dem Mikroskop an entdecken esou déi winzeg, mee net manner interessant Déieren- a Planzewelt aus der Uelzecht. Aarbechtsblat fir d’Kanner
Geologie vun der Stad Lëtzebuerg 1 + 3.Trimester
Maacht mat eis en Tour eraus an d’Stad, versetzt Iech an d’Roll vum Geolog a léiert duerch verschidden Experimenter onse Lëtzebuerger Sandstee kennen, aus dem d’Fielsen, d’Iwwerreschter vun der Festung Lëtzebuerg a vill historesch Gebeier aus der Alstad bestinn. Mir gesinn, wéi d’Fielsen entstan sinn, wouduerch dat grousst Dall gegruewe ginn ass a wou onst Drénkwaasser hirkënnt.
Naturrallye am Gronn Cycle 4 / e Mëttwoch, den 23.Mee 2012 vun 9h00 bis +/- 13h30
D’Kanner maachen en Tour vun +- 4 Stonnen dobausse ronderëm den natur musée am Gronn. Ënnerwee si si selwer ganz aktiv, maache Spiller, äntweren op sëlleche Froen a ginn op deenen 12 Statioune vill Interessantes iwwer Déieren, Planzen a Steng gewuer. Et kënne maximal 15 Klasse matmaachen.
23
Extra Ausstellung
ycle 2 C m u v n n Visite e’s Klasse é c y L r fi un a
24
Extra Ausstellung Fréijoer 2012
BESCH
WELT
25
Praktesch Informatiounen Umeldung -> online iwwert d’Fiche um Internet: www.mnhn.lu/educatif/umeldung
Mir kontaktéieren iech
am Laf vum Schouljoer a proposéieren Iech e Rendez-Vous op Grond vun äre Sujets-Wënsch an ärer Disponibilitéit.
Wéi leeft d’Visite of?
E Guide vum Service éducatif iwwerhëlt d’Klass, awer fir d’Disziplin muss den Titulaire suergen, bei dem och d’Responsabilitéit bleift. Schwätzt de Choix vun der Visite mat ärer neier Klass of, fir dass se net zweemol fir deeselwechte Sujet kënnt. Eng Virbereedong ass net noutwendeg an och net erwënscht! Zu verschiddenen Theme kréien d’Kanner am Musée en Aarbechtsheft, dat et erlaabt, de Sujet an der Schoul ze verdéiwen.
Wëllt Dir mat enger anerer Klass zesummekommen? An deem Fall mussen déi 2 Klassen sech umellen an den Numm vum Titulaire vun der 2. Klass uginn.
Wi laang? D’Visiten am ‚natur musée’ an ‚Natur an der Stad’ daueren: 2 Stonnen. Dës Zäit ka bei Transportprobleemer ugepasst ginn.
26
Wéi mellt dir iech un?
Wéini?
Visite si méiglech tëscht 8:3O Auer a 17:OO Auer. Méindes mëttes ass den natur musée zou. Dir kënnt och am Musée eppes iessen oder am Gaart picknicken. Mellt Iech w.e.gl. virdrun an der Cafeteria un Tel: 46 33 33 – 3O3
Transport De Bus kritt am Gronn net gedréint an kann net an d’Rue Münster erafueren! Klammt bei der Kathedral um bld. Roosevelt eraus an huelt de Lift um Helleg Geescht Plateau fir an de Gronn. Dir kënnt och an der schaarfer Kéier vun der Rue de la Tour Jakob (Clausen) erausklammen an zu Fouss bis an de Musée goen (+/- 7 min) Vun der Stater Gare aus braucht der ronn 15 Minutten zu Fouss, vum Aldringer 15 Minutten zu Fouss bis an den natur musée. An der Mëtt vun dëser Brochüre fannt dir och e Plang.
Wat kascht dat? Visite guidée: 55¤ pro Klass/Grupp Brochüren an Aarbechtsmaterial sinn am Präis abegraff. Är Gemeng kritt dëse Montant verrechent; dir kënnt och selwer bezuelen, direkt an der Keess oder géint Rechnung un Iech adresséiert.
27
Wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
Knackig frisch ! – Genuss aus dem Gemüsegarten 14 Pannoën Locatiounspräis 100 ¤
De Mënsch huet scho virun 10.000 Joer, säit hie méi sesshaft ginn ass, ronderëm sengem Haus Planzen ugebaut, déi hie fir seng Ernährung gebraucht huet. Ass et haut nach méiglech déi ursprénglech wëll Planz ze erkennen? Wat fir Zorte Geméis kenne mir haut? Op enger Weltkaart fanne mer eraus, wou déi eenzel Geméiszorten hirkommen. Wéi ënnerscheet ee Geméis an Uebst? Wéini ass déi richteg Saison fir déi eenzel Zorten? Vu wéi engem Planzendeel kommen déi verschidde Geméiszorten hir? Déi wichtegst GeméisFamille gi präsentéiert. Ausstellung, déi 2006 am Kader vum 75 te Gebuertsdag vun der Fédération horticole vum natur musée konzipéiert gouf.
28
Wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
Faszinatioun Beien Gratis
Am Summer fléien si fläisseg ronderëm, vu Bléi zu Bléi, mir iessen hire séissen Hunneg mat Genoss, an dach wësse mir net genuch iwwert dës sozial Insekten, déi ënner anerem dofir suergen, dass d’Beem vill Friichte kréien. Wéi gesäit e Beiestack vu bannen aus ? Wat ënnerscheed d’Kinnigin vun der Aarbechterin oder der männlecher Bei (Dron)? Wéini hält d’Kinnigin op mat Eeër leeën? Wat sinn d’Aarbechte vun emgem Imker am Laf vum Joer? E Bléck an d “Beiewëssenschaftskëscht” verréit eis wéi e Beiegehir ausgesäit, am Beierestaurant waarden déi schéinste Bléien a mir kréien eng Idi wéivill Faarwen eng Bei gesäit. Eng Ausstellung vum “aImkerverein Kanton Capellen“, déi an Zesummenaarbecht mam natur musée ausgeschafft ginn ass.
1 groussen zentralen S-Form Panno 7 Info-Këschte mat Mini-Pannoe fir erauszezéien 1 Film-Këscht (vun der Bléi zur Kiischt) 1 Elektro-Quiz
29
Wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
X-tra, X-O Gratis
Si mir eleng am Universum? Säit 1995 wësse mer, dass et Planéite ginn, sougenannten Exoplanéiten, déi ronderëm aner Stären an eiser Galaxie kreesen. Wéi gesinn déi komesch Welten iwwerhaapt aus? Wéi ginn déi Planéiten entdeckt? Wat erlaabt dem Astronom esou vill iwwert dës Welten ze kennen? Wéi eng Rätselen ginn eis dës Entdeckungen awer nach? Ass d’Äerd deen eenzegen Himmelskierper, wou et Liewe gëtt oder ginn et aner Liewewiesen op anere Plazen am Universum? Kéinte mer eng Kéier mat aneren intelligenten Zivilisatioune Kontakt ophuelen? Äntwerten op dës Froë fannt dir an der Ausstellung «X-tra, X-o» vum natur musée. Déi Austellung gëtt et an zwou Sproochen, eng däitsch Versioun an eng franséisch. Pro Versioun: 2 grouss Pannoen an S-form (B: 2,6m, D: 1m, H: 2m) a 4 kleng Pannoen (B: 0,8m H: 2m) Zielpublikum: Schoulklassen aus dem Lycée, Jugendlecher an Erwuessener.
30
Wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
Tiefgekühlt
Gratis
Am Kader vum internationale Polarjoer ass dës Ausstellung vum natur musée ausgeschafft ginn a geet elo op den Tour. Huet den Nord- an de Südpol eppes mat eisem Klima ze dinn? Wéi sinn d’Liewenskonditiounen an de Polarregiounen? Wéi sinn d’Liewewiesen un déi extrem Keelt ugepasst?
Bumerang! Thema Nohaltegkeet
Gratis
Dës Wanderausstellung, déi de Naturmusée zesumme mat den zwee Naturparken Our an Uewersauer entworf huet, versicht dat komplext Thema ‚Nohaltegkeet’ unhand vu konkrete Beispiller aus dem alldeegleche Liewen ze erklären. D’Ausstellung behandelt folgend Sujeten: Wéi gesäit et op eisem Planéit aus? Wat ass ‚Nohaltegkeet’? Konsum an Offalll. Wat ass en ökologesche Rucksak? Klimaverännerung. Wou kënnt Energie hir? Erneierbar Energiequellen. Schatzkëscht Bësch. Waasser. Mobilitéit an Tourismus. Ökologesche Foussofdrock. Mat ville Biller, BDen, interaktiven Elementer an Texter ginn d’Kanner geziilt ugeschwat. Reservatioun beim Naturpark Uewersauer Tel.: 908188-36
31
Wanderausstellungen vum ‘natur musée’ fir auszeléinen
Réservatioun vu Wanderausstellungen Wann Dir interesséiert sidd, fir eng vun dësen Ausstellungen fir eng bestëmmten Zäit (minimum 2 Wochen) fir Är Gemeng oder Schoul ze reservéieren, da rufft w.e.gl. u beim
Service technique et muséologique vum ‘natur musée’ Tél.: 46 22 40 -305 Hei kritt Dir weider Informatioune wat d’Reservatioun vun Ausstellunge betrëfft. Et ass op Ufro méiglech, dat ee Mataarbechter vum natur musée déi gewënschten Ausstellung fir all interesséiert Enseignante virstellt. D’Konditioune vum Verléine vun der Ausstellung gi kontraktlech gereegelt tëschent dem natur musée an Ärer Gemeng.
32
DE PANEWIPPCHEN
Eng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt. D’Sujeten, déi am «Panewippchen» behandelt ginn, gi mat Wëssenschaftler vum natur musée a mat Vertrieder vun de Ministären zesummen ausgeschafft a kannergerecht illustréiert. Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst. De «Panewippchen» ass op LËTZEBUERGESCH geschriwwen - ee Pluspunkt, dee vill Enseignanten ze schätze wëssen.
ABONNÉIERT DE «PANEWIPPCHEN»:
De «Panewippchen» kënnt 4 mol am Joer eraus, e Joresabonnement fir eng -Schoulklass kascht:
pro Kand Joer
fir e
3,20 € Weider Informatiounen kritt dir ënnert dem Tel: 46 22 33 - 450 oder 46 22 33 - 1 oder iwwer E-mail: panda-club@mnhn.lu
33
Loscht op Wëssenschaft Science Club 25, rue münster l-2160 lëtzebuerg tel: 46 22 33 - 450
Wat gëtt gebueden ?
fax: 46 22 33 - 451 e-mail: scienceclub@mnhn.lu
verschidden technesch a wëssenschaftlech Workshopen an Experimenter intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am In- an Ausland kucke goen „Science Camp“... Gitt Member vum Science Club: Gratis Aschreiwung. Et gëtt en Onkäschtebäitrag fir d’Aktivitéit gefrot. All Member kritt 5 mol am Joer de “Science News”, d'Programmheft vum Science Club, zougeschéckt.
34
De „Science Club“ ass eng Initiativ vum ‘naturmusée’ (www.naturmusee.lu) an Zesummenaarbecht mat der ‘Université de Luxembourg’ (www.uni.lu) an de ‘Jonk Fuerscher Lëtzebuerg’ (www.ajsl.lu). Mir setzen 5 mol am Joer en intressante Programm op d‘Been a soen dem „Fonds National de la Recherche“ (www.fnr.lu) merci fir seng finanziell Ënnerstëtzung.
Loscht op Natur De Panda Club organiséiert Natur- a Fräizäitaktivitéite fir Kanner vu 6-10 Joer. An der Schoulzäit Dënschdes an Donnëschdes mëttes vu 14.30 bis 17.00 Auer. An der Vakanz all Dag. Doriwwer eraus organiséiert de Panda Club Weekender, Campen an Auslandsreesen.
Wat gëtt gebueden? Déieren a Planze kenneléieren dobaussen an dobannen, mat Lupp, Spektiv oder Nuetssiichtgerät Sortien an d’Natur Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Fossilie sichen Weier uleeën Schaffe mat Lupp a Mikroskop am natur musée an am Natur Mobil Experimentéieren, Bastelen an Handwierkeren Naturspiller, Rallyen, Adventuresortien Gratis Umeldong; en Onkäschtebäitrag gëtt bei deenen eenzelenen Aktivitéiten gefrot. All Panda Club Member kritt 5 mol am Joer de “Panda News”, Programmheft vum Panda Club a 4 mol am Joer de “Panewippchen”, Zeitung vum vum Panda Club zougeschéckt.
Info an Umellen:
Panda Club 25, rue Münster L-2160 Luxembourg-Grund
www.panda-club.lu Tel.: 46 22 33- 450
Eise komplette Programm 2011-12
Visiten am natur musée Visiten eraus an d’Natur Natur Mobil Science Mobil Panda Club Science Club fannt dir op eisem internet Site iwwert deen dir iech och kënnt online umellen:
www.mnhn.lu/educatif/umeldung Musée national d’histoire naturelle Service éducatif Tel: 462240 -312 Fax: 462240 -315 e-mail: educatif@mnhn.lu musee-info@mnhn.lu
deutsche Fassung version française www.mnhn.lu/educatif