De Panewippchen
De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
N°122 1/2018
www.panda-club.lu
News
Rock Fossils
Vum 7. Juni bis 29. Juli a Neimënster an am ‘natur musée’ Wat gëtt et méi Cooles wéi Rockmusek a Fossilien? Ganz genee: d‘Kombinatioun vun deenen zwee! Laang Zäit hu sech d’Paläontologie an d’Rockmusek heemlech géigesäiteg inspiréiert, mä elo ass et un der
2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016
Zäit, fir des geheim Léift ëffentlech ze maachen. Et gëtt Paläontologen, déi hire Faible fir Rock a Metal, ausliewen andeems se nei Aarte vun Dinosaurier oder aneren ausgestuerwenen Déieren no hirem Idol aus der Rockmusek benennen.
Komm dëse Summer an den ‘natur musée’ an a Neimënster an erlief dës aussergewéinlech „Rock Fossils“ zesumme mat der Musek, déi hir Entdeckung begleet huet!
TEXT: BEN THUY
PW 1/2018 Wat ass dran?
Dinosaurier a Speck-Kiewerleken Fuerscher hunn am Bernstein op enger Dinosaurierfieder Zecken entdeckt. Virun 99 Millioune Joer sinn et wierklech Dinosaurier mat Fiedere ginn. Niewent den Zecken hunn d’Fuerscher awer och nach Hoer vu Speck-Kiewerleke fonnt. Dës Entdeckung ass besonnesch interessant,
well si weist, datt verschidden Dinosaurier hir Eeër wahrscheinlech ausgebritt hunn. Muede vum Speckkiewerlek liewen haut nämlech a Vullennäschter, wou si Reschter vu Fiederen iessen. A si hu bestëmmt och schonns virun 99 Millioune Joer an Näschter gewunnt.
De Panewippchen ass online:
SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2018 SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur SÄIT 4 COMIC D’Blobrëschtchen SÄIT 6 FUERSCHUNG AM ‘NATUR MUSÉE’ Insekten a Spannen, Svenja Christian SÄIT 12 FIR MATZESANGEN Léiwe klengen Ouschterhues SÄIT 13 KNIWWELEN E wibblege Raup SÄIT 14 UNEXPECTED TREASURES SÄIT 21 KNIWWELEN Huesen, Huesen… SÄIT 22 DEN HUES SÄIT 26 DE SCIENCE MOBIL SÄIT 30 DEN NEIE MUSÉE Wat ass d’Liewen? SÄIT 34 KNIWWELEN Huesebréidecher Eeërdëppecher Impressum SÄIT 36 Nei Ausstellung am ‘natur musée’
www.panda-club.lu/category/panewippchen/ Hei kënnt dir iech all d’Nummere vum Joer 1995 un ukucken.
TEXT: CLAUDE HEIDT
I3
Spottvullen? An enger fiichter Wiss, niewent enger Baach héiert eng Weidemësch e komesche Gesang:
Mat esou engem Téinert wëll ech näischt ze doen hunn.
dir? t Bei , pst e laabt r e So, pii ir d t e e z g hu Gesan Ween héine ? n mäi sc e knäip
D’Blobrëschtche gesäit eng Blobrëschtchen-Fra a séngt iwwer dem Fléien
Neen, wat ass dat e flotte Borscht an dee kann och nach gutt sangen. Hoffentlech gesäit hie mech.
E puer Woche méi spéit...
4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
ëmmer mat der Rou, Meeschter! Ech hu jo Nëmmen den Ufank vun dengem Gesang, mä och ganz vill aner Téin a mengem schéine Lidd verschafft. An dat kënne just déi bescht Sänger wéi ech.
Bleift ëmmer hei an der Géigend a laaft net wéi déi Mëll ronderëm! A probéiert Iech ëmmer gutt ze verstoppen!
Dir kënnt nach net fléien. An et gi genuch Monsteren, déi Iech friesse wëllen.
Firwat?
Wéi eng Monsteren?
Ma, Marder, Wisel, Fuuss a Gräifvullen. Wa mir verstoppt sinn, wéi fannt dir ons, wa mir hongereg sinn?
ganz einfach: Dir braucht just ze ruffen an da kommen de Papp oder ech Iech fidderen.
alias chen t h c s rës en alia t Blob hroa ehlch Blauk alias bluet a e svecic ebleu scinia Gorg u L s alia
- Wunnt a Fiichtwise ganz gär niewent Baachen - Menü: Insekten - Iwwerwantert a Westafrika - Gett hei zu Lëtzebuerg just um Duerchzuch gesinn: am Mäerz-Abrëll an am AugustSeptember - An der Belsch ass d’Blobrëschtchen amGaang sech erëm auszebreeden, sou datt et mat vill Gléck an e puer Joer erëm zu Lëtzebuerg bréie kann. An sengem Gesang verschafft d’Blobrëschtche Stëmme vun anere Vullen an awer och Geräischer (Klacken, Päifen). TEXT: CLAUDE HEIDT I
5
FuerschUNG am
Fuerschung - haut mam Svenja Christian, Spezialistin fir Insekten a Spannen.
6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
musée’: m ‘natur insekten a Spannen D’Svenja Christian war schonns als Kand immens un Insekten a Spannen interesséiert. Si huet se beobacht, analyséiert a bestëmmt. D’Svenja huet hiert Wëssen och mat aneren Entomologen (Insektefuerscher) an Arachnologen (Spannefuerscher) iwwer Internetforen an um Terrain ausgetosch. Viru siwe Joer konnt si dunn endlech hiert Hobby zum Beruff maachen. D’Svenja huet eng Aarbechtsplaz am Labo vun der Zoologie vun den Invertebraten (wierbellosen Déieren) am ‘natur musée’ kritt. Zënterhier kann si haaptberufflech Insekten a Spannen analyséieren, bestëmmen a preparéieren. Am Moment schafft d’Svenja ënner anerem um Projekt “Klosegrënnchen”. De Klosegrënnchen ass ee Park um Kierchbierg, dee virun 20 Joer ugeluecht ginn ass. Deemools gouf d’Autobunn ronderëm d’Stad gebaut. Dobei ass vill Sandsteen ausgegruewe ginn, deen am Klosegrënnchen gesammelt gouf. Op dësen ‘Dünen’ hu sech speziell Planzen an Déieren ugesidelt, déi ganz gutt un de rauen, dréchenen an exponéierte Liewensraum ugepasst sinn.
D’Svenja interesséiert sech virun allem fir d’Insekten an d’Spannen, déi hei liewen. TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
7
Fir erauszefannen, wéi eng verschidden Insekten- a Spannenaarten hei virkommen, huet si dräi Joer laang ëmmer nees verschidde Falen 1. opgestallt. Buedemfalen: Si buddelt ee Lach a stëllt een Dëppchen dran, esou dass de Rand vum Dëppchen op enger Héicht mam Buedem ass. Am Dëppchen ass eng Flëssegkeet aus Waasser, Spüli, Alkohol an anere Substanzen. D’Déieren, déi iwwer de Buedem krabbelen, falen an d’Dëppchen a ginn hei gesammelt.
2. Netzfalen: D’Svenja stellt een Netz op, op deem all méiglech Insekten an aner Krabbeldéiere landen. Dës krabbelen dann instinktiv no uewen, wou si dann an engem mat Flëssegkeet gefëllte Behälter gesammelt ginn. 3.Giel Falen: Si bestinn aus engem flaachen Dëppchen, dat bannendra grell giel gemoolt ass. Dës giel Faarf lackelt Insekten un, déi sech vu Pollen ernieren. D’Svenja sammelt déi gefaangen Déieren all puer Wochen an, an hëlt se mat a hire Labo. 8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Begéins du villen Insekten am Wanter? Nee. Vill Insekte Dofir stierwen am Wanter fänkt d’Svenja oder verkrauchen d’Insekten am Summer. sech iergendswou, fir ze De Wanter, notzt hatt fir déi iwwerwanteren. Et si virun gefaangen Déieren am allem d’Eeër an d’Larven, Labo ze bestëmmen. déi am Buedem oder Doutholz iwwerwanteren.
Am Labo geet dem Svenja hir Aarbecht eréischt richteg lass. Si spéngelt d’Insekten op an analyséiert se ganz genee ënner der Lupp, fir erauszefannen, ëm wéi eng Aart et sech handelt. Heiansdo brauch si och d’Hëllef vun engem Spezialist aus dem Ausland.
D’Spanne ginn net opgespéngelt. Si bleiwen och no der Bestëmmung am Alkohol.
Vill Kiewerleke kann ee besonnesch gutt un hire Geschlechtsorganer erkennen. Dofir hëlt d’Svenja déi eraus a pecht se niewent dat opgespéngelt Déier. TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
9
Fréijoers-Päerdskrécher, Frühlingsmistkäfer, bousier, dor beetle, Trypocopris vernalis
Kurzflügler, Staphylinidae, rove beetle, Staphylinidae
Hei e puer Beispiller:
Hainlaufkäfer, carabe des bois, bronze carabid, carabus nemoralis
Lafkiewerlek, Laufkäfer, famille des carabidés, ground beetle, Carabidae
Nodeems d’Svenja erausfonnt huet, ëm wéi ee Kiewerlek, wéi eng Bei oder wéi eng Spann et sech handelt, gëtt hatt dës Donnéeën an d’Datebank RECORDER vum ‘natur Am musée’ an. RECORDER stinn all weider Informatiounen iwwer dat Sammlungsstéck: Wou ass et fonnt ginn? Wéini? Ween huet et gesammelt?... All Wëssenschaftler kann dës Donnéeë fir seng Fuerschung notzen. Zënter dem Ufank vun dësem Projet huet d’Svenja zeg Dausenden Déiercher gesammelt. Vill vun deene schwammen nach am Alkohol a waarden drop bestëmmt ze ginn. 10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Vill sinn der awer och scho bestëmmt ginn a gehéieren elo zu der grousser Kollektioun vum ‘natur musée’.
Esou zum Beispill e puer vun dëse Sandbeie vun der Gattung Andrena. Dëst si WëllBéien, déi hir Eeër an de sandege Buedem leeën. Si fannen also am Klosegrënnchen hiren ideale Liewensraum. D’Svenja ass och immens begeeschtert vun dëser Spann, déi nëmmen ee laténgeschen Numm huet: Xerolycosa miniata.
Si kënnt a bal ganz Europa vir a lieft op dréchenen, waarmen a sandege Wisen. Och si fillt sech, wéi et schéngt, ganz wuel am Klosegrënnchen.
Eng aner flott Aart, déi d’Svenja am Klosegrënnchen fonnt huet, ass de Kiewerlek Orthocerus clavicornis. Hien ass immens kleng an huet grouss gefächert Antennen. Och hie fënnt alles, wat hie fir ze liewe brauch am Klosegrënnchen.
D’Svenja huet nach vill Aarbecht virun sech, ma si kann elo scho soen, dass sech vill speziell Insekten a Spannen am Klosegrënnchen niddergelooss hunn. D’Schafe vun dësem Liewensraum war also fir dës Aarten ee grousse Gewënn.
TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
11
sioun vum Lidd fënns D’Musek an eng gesonge Ver https://www.inecc.lu/pw/
12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
du op:
TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS
Pech
E wibblege Raup
Schéier
Schallimo mat Ziehharmonika Stéck grénge Karton
Schneit all Rill vun der Ziehharmonika bis zur Halschent an.
Schneit d’Halschent vum ënneschte Stéck vum Schallimo ewech.
Schneit all zweet Rill duerch, dat ginn d’Patten.
Maach just virun der Ziehharmonika e klenge schife Schnatt, dat gëtt d’Schnuff.
Pëtz den ënneschten Deel fest zesummen.
Stiech deen Deel an de Rescht vum Schallimo an zéi en déi aner Säit eraus.
Wann s du dat due t Stéck Schallimo rchgezunnen elo erauszitts… m
Schneit e Blat aus de Karton.
Pech de Raup op d’Blat.
… od da beweeg er erandrécks, t de Raup sech.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
13
Unexpected e t r a erwa
On
z t ä h Sc
„Saachen hutt Dir, déi a kengem anere Musée ze fanne sinn. A wann dach, nëmmen a schappegen, eenzelnen Exemplaren. Hei sinn elauter prachtvoll Stécker, an, wat dat Bescht ass, an enger soignéierter wëssenschaftlecher Presentatioun an Unuerdnung.» Batty Weber *, Abreißkalender, 4. Februar 1914 *De Batty Weber ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller, dee vun 1860 bis 1940 gelieft huet. 14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
treasures 2018
ass Europäescht Joer vum Kulturierwen.
Dat ass awer e komplizéiert Wuert. Kanns de mir dat mol erklären?
Zur Kultur ziele mir alles, wat de Mënsch geschafen huet. De Géigesaz dozou ass d‘Natur, an déi de Mënsch net agräift. Jiddwer Zäit a jiddwer Regioun an der Welt huet hir besonnesch Kultur. Dir hutt bestëmmt schonns vun der griichescher oder der ägyptescher Kultur héieren. Gemengt ass also d’Aart a Weis, wéi d’Mënschen am Alldag liewen oder fréier gelieft hunn, a wat se zum Beispill an de Beräicher Technik, Wëssenschaft, Konscht, Musik, Literatur, Architektur a Relioun entwéckelt hunn.
Et ass haut d’Aufgab vu Museeën, Bibliothéiken, Archiven an Denkmalschutz besonnesch wichteg Objeten, Bicher, Dokumenter, wëssenschaftlech Aarbechten, Filmer, Musikstécker, mä och Gebaier a Gebräicher esou ze versuergen, datt och nach d’Leit an den nächste Joerhonnerten eppes dovunner wësse kënnen. Mir verierwen also eppes weider un déi nächst Generatiounen, duerfir schwätzt ee vu Kulturierwen.
Am Herbier vum ‘natur musée’
An de Sammlunge vum Centre national de l’audiovisuel
An de Sammlunge vum Centre national de recherche archéologique
Am Nationalarchiv TEXT: PATRICK MICHAELY I
15
Fir dëst Europäescht Joer vum Kulturierwen hunn d’Kulturinstituter** vum Staat d’Diere vun hire Sammlungsraim opgemaach a presentéieren eng éischt Kéier zesummen aussergewéinlech Objeten an enger grousser Ausstellung am ‘natur musée‘. Si sinn aus Millioune vun Objeten erausgesicht ginn, déi am Laf vun de Jorzengte gesammelt gi sinn.
Jiddwer Sammlungsstéck huet dobäi seng eege Geschicht. Mir stellen Iech der hei e puer vir, déi besonnesch intressant, spannend oder souguer amüsant sinn.
**Kulturinstituter zu Lëtzebuerg:
- Nationalmusée fir Konscht a Geschicht - Nationalmusée fir Naturgeschicht oder och ‘natur musée’ - Musée Dräi Eechelen - Nationalbibliothéik - Nationalarchiv - Nationale Literaturzentrum - CNA - Nationalen Archäologiezentrum - Service des sites et monuments nationaux
16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
D’Bomm aus der Ënneschtgaass
déif am Buedem
D’Geschicht vu Lëtzebuerg ass staark mat där vu grousse Perséinlechkeeten aus der Weltgeschicht verbonnen. 1684 huet de franséische Kinnek Louis de Véierzengte Lëtzebuerg belagert. Awer schonns am Dezember 1683 huet en den Uerder ginn, fir d’Stad ze bombardéieren. 2.827 Bommen a 447 Granate sinn iwwer d’Chrëschtdeeg an d’Stad gejummt ginn, sou datt bal all d’Diecher futti waren. Och d’Gebai, wou haut den ‘natur musée’ dran ass, ass deemools zerstéiert ginn. Ganzer 300 Joer méi spéit ass eng Bomm, déi net explodéiert war, an enger Déift vun 3 Meter um Hällepull an der Stad erëmfonnt ginn (Kräizung rue Aldringen / Ënneschtgaass). Dës Bomm gëtt haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt.
Den Dromedar vu Mamer
Schanken am Pëtz
Am Joer 2010 hunn Archäologe vum Nationalen Archäologiezentrum zu Mamer bei Ausgruewunge vun engem réimesche Pëtz e bal komplett Skelett vun engem Dromedar fonnt. Datt et sech ëm en Dromedar handelt, ass awer eréischt 2014 vun enger däitscher Archäozoologin erausfonnt ginn, déi déi 19.000 Schankereschter ënner d’Lupp geholl huet. Haut wësse mir, datt et sech ëm e männlecht Dromedar vu 6-7 Joer gehandelt huet, dat am 3. Jorhonnert n. Chr. an den 12 Meter déiwe Buer gehäit gouf. Am Buer sinn awer och nach Schanke vun op mannst 258 aneren Déiere fonnt ginn. Fir dës Ausstellung ass de Skelett vum Dromedar fir d’éischt Kéier zesummegesat ginn.
TEXT: PATRICK MICHAELY I
17
D’Schengener-Verträg
f f ë h c S m u t f ë r h c s r Ënne Vun dëse faméise Verträg hutt dir bestëmmt schonns héieren. 1985 ënnerschreiwen d’Benelux-Länner, dat sinn d’Belsch, Holland a Lëtzebuerg esouwéi Däitschland a Frankräich en Ofkommes, duerch dat no an no d’Kontrollen op de Grenzen tëschent hinnen ofgeschaaft solle ginn. Den originalen Traité, deen am Nationalarchiv conservéiert gëtt, gouf um Schëff „Marie-Astrid” zu Schengen ënnerschriwwen. Dësen Accord war e wichtege Schrëtt um Wee a Richtung europäesch Integratioun. Schengen ass duerch dës Verträg esou berühmt ginn, datt esouguer déi fréier Remerschen geheescht huet, op Schengen geännert ginn ass.
Dem Michel Rodange säi perséinlechen Exemplaire vum Renert
Buch mat Notizen De Renert ass eng vun de bekannteste Figuren aus der Lëtzebuerger Literatur. Och am Panewippchen war mol schonns vun him Riets (kuck PW 2/2012). Geschriwwe gouf e vum Michel Rodange, dee vun 1827 bis 1876 gelieft huet. Hie kritiséiert a sengem Buch mat vill Finesse déi sozial a politesch Zoustänn vu senger Zäit. 150 Joer nodeems en als Buch erauskomm ass, gehéiert de Renert nach ëmmer zu de beléiftsten a bekanntesten Texter a Lëtzebuerger Sprooch. Am Ufank huet sech d’Buch allerdéngs iwwerhaapt net gutt verkaaft. Dem Michel Rodange säi perséinlechen Exemplaire vum Renert (mat handschrëftlechen Umierkunge vum Auteur) gëtt haut am Nationale Literaturzentrum zu Miersch versuergt.
18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Eng Handschrëft aus dem Mëttelalter eng Heedenaarbecht Dem réimeschen Historiker a Schrëftsteller Gaius Plinius Secundus säi Wierk Historia naturalis gëllt als déi eelste vollstänneg iwwerliwwert Enzyklopedie. Si ass ëm 77 n. Chr. entstanen a behandelt Theme wéi Zoologie, Botanik, Mineralogie, Medizin a Geografie. Och am Mëttelalter, also méi wéi 1000 Joer méi spéit, hu vill Leit gemengt, datt dat, wat hei drastoe géif, nach ëmmer d’Wourecht wier. Duerfir ass et a Klouschteren ëmmer rëm frësch mat der Hand kopéiert ginn. Dat war eng Heedenaarbecht. Haut hëlleft d’Historia naturalis de Fuerscher ze verstoen, wéi déi al Réimer d’Welt gesinn hunn. Eng ewech vu Lëtzebuerg) versuergten Handschrëft vun der Historia Naturalis aus dem 10./11. Jorhonnert gëtt haut an der Nationalbibliothéik conservéiert an ass e wichtegt Stéck vun onsem Kulturierwen.
D’Klack vun Uewerdonven
Joerhonnerten iwwerlieft Virum Opkomme vun den Aueren hunn d’Dierfer am Rhythmus vun de Klacke gelieft. Geräischer a Gebräicher gehéiere genee esou zum Kulturierwe wéi richteg Objeten. Mir all erënneren ons u Lidder, Dänz a soss Bräicher, déi mir vun onse Virfare iwwermëttelt kruten, un deene mir ons nach ëmmer erfreeën, déi ons markéiert a gehollef hunn, ons Identitéit z’entwéckelen. Zu Uewerdonven an der Kierch steet eng Klack aus dem fréie 15. Jorhonnert. Nëmme well d’Duerfleit selwer d’Klacken iwwer Joerhonnerte virum Anzéien an Aschmëlzen a Krichszäite gerett hunn, konnte se vu Generatioun zu Generatioun fir de Gebrauch weiderverierft ginn an hunn dacks esouguer d’Gebaier iwwerdauert. Op Ufro vun der Gemeng Fluessweiler gëtt dës Klack elo esouguer als nationaalt Monument klasséiert.
TEXT: PATRICK MICHAELY I
19
D’Mumiennetz vum Nil
aus dem alen Ägypten Den Nationalmusée fir Konscht a Geschicht huet a senge Sammlungen och Objeten aus dem Alen Ägypten, dorënner e komplett restauréiert Mumiennetz. Dës Objete si schonns am 19. Joerhonnert op Lëtzebuerg komm, wéi ganz Europa am Ägypteféiwer war. 1927 si se an d’Sammlunge vum Musée um Fëschmaart opgeholl ginn. D’Mumiennetzer waren an engem ganz verwurrelten Zoustand a sinn eréischt an de Joren 2014-2015 opwenneg restauréiert ginn. Nodeems se entwurrelt waren, ass festgestallt ginn, datt et der zwee waren. Esou en Netz huet eng Mumie vum Hals bis bei d’Foussgelenker bedeckt. D’Pärele vum Netz bestinn aus ägyptescher Fayence.
E Fësch, dee ‘Lëtzebuerg’ heescht
180 Millioune Joer al Am Uelegschifer aus dem Toarcium (Dat ass d’Zäit virun ongeféier 180 Millioune Joer) fannen d’Paläontologen immens gutt erhale Fossilien, dorënner och vill Wierbeldéieren. Bei dësem Fësch aus dem ‘natur musée’ senge Sammlungen erkennt een zum Beispill seng Straleflosse ganz gutt. Am Joer 2017 hu Wëssenschaftler erausfonnt, datt dëse Fësch esouvill speziell Kierpermierkmoler huet, datt si en als eng nei Aart an esouguer als eng nei Gattung klassifizéiert hunn. De Fësch ass dunn op den Numm Luxembourgichthys gedeeft ginn.
20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
TEXT: PATRICK MICHAELY
Faarf Pinsel
Woll Bast oder Ficelle
Pech Schéier
Huesen, Huesen… 1 Raf Äscht a briech se op déi richteg Gréisst oder looss der déi méi déck vun engem Erwuessenen op d’Mooss schneiden.
Äscht mat Gafel Mol Aen an eng Schnuff.
3
Schneid aus Bast oder Ficelle e Schnurres a pech en un.
Wéckel Woll ronderëm den ënneschten Deel vum Aascht a pech de Wutz un.
2
4
Maach vill Huesen a stiech se am Gaart, an der Blummekëscht op der Fënster oder am Blummendëppen dobannen an de Buedem. TEXT: SYLVIE HAGEN I
21
Vum
Feldhues an
Ouschterhues
22 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Den Hues ass een Eenzelgänger. Den Dag verbréngt hie meeschtens geduckelt a mat ugeluechte Läffelen (Oueren) an enger Kaul. Wa Gefor besteet, bleift hie ganz laang esou verstoppt, an der Hoffnung, net entdeckt ze ginn.
Séier fort! Réischt am leschte Moment rennt hie fort a bréngt sech a Sécherheet. Huese kënne séier ditzen, mat iwwer 50 km/Stonn renne si, fir hire Feind ofzehänken. Dobäi lafe si am Zickzack.
TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
23
Steckbréif laang Ouere mat schwaarzer Spëtzt
Gewiicht: 3,5-6,5 kg
éis Gr
Spur
st : 6 -7
50 cm laang Been
Um Menu Si si virun allem nuetsaktiv a friesse Grieser, Kraider, Knospen an d’Schuel vu jonke Beem, Som, Knollen a Wuerzelen. Dat fanne si an enger ofwiesslungsräicher Landschaft mat groussen a klengen Hecken, op Felder a Wisen an um Bëschrand. An enger plakeger Landschaft dogéint, mat intensiver Landwirtschaft, hunn d’Huesen et schwéier z’iwwerliewen. Och déi vill Stroossen, wou si riskéieren iwwerrannt ze ginn, maachen, datt et haut vill manner Feldhuese gëtt wéi nach viru 50 Joer. 24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Vill Huesekanner
Well den Hues vill Klenger kritt, war hie scho bei den ale Griichen a Réimer e Fruchtbarkeetssymbol. Zesumme mat den Eeër gëtt dëst Symbol nach verstäerkt a sou och bei eisem Ouschterfest als Zeeche vun neiem Liewe gebraucht.
Zwee- bis véiermol d’Joer kréien d’Huesemammen 1 bis 5 Klenger. Déi jonk Huesekanner verbréngen de gréissten Deel vum Dag eleng an enger Kaul geduckelt a gi just zweemol den Dag vun hirer Mamm geniert. Si hu Pelz vu Gebuert un an och d’Aen op. Fënnt ee sou ee klengen Hieschen, soll een en net upaken! Seng Mamm huet en net verlooss a kënnt zréck, fir no him ze kucken.
TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
25
de Science Mobil Zënter 2002 fiert de Science Mobil vum ‘natur musée’ duerch d’Land an d’Groussregion. De Science Mobil ass eng Zuchmaschinn mat engem 13 m laangen Unhänger. Dee gëtt mat Hëllef vun enger Hydraulik an een 42 m2 groussen Ausstellungsraum ëmgewandelt. Bei Grondschoulen, a Lycéeën oder och op Gemengeplaze bleift e stoen, gëtt auserneegeklappt - an da geet et lass!
uf
De Science Mobil
go
“Flad Firma r e d vun
26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
stallt. ierge h ” d & Fla
Wann de Science Mobil an de Schoulhaff erafiert, da gesäit een op eemol plattgedréckten Nuese widder de Fënsteren. Knapps huet et geschellt fir an d’Paus, da stinn déi éischt virwëtzeg Kanner am Haff ronderëm de Camion a luussen hannen zu der Dier eran. An de Science Mobil erakommen, ass wéi an eng aner Welt goen! Froen, entdecken, fuerschen! An engem aussergewéinleche Kader däerfen d’Kanner eng ganz Rei vun Aktivitéite maachen an dobäi wéi e jonke Fuerscher schaffen. Dat motivéiert a léisst keng Langweil opkommen.
Wat d’Schüler op dës Aart a Weis eemol geléiert
Themen, déi bis elo virgestallt
hunn, dat vergiesse se net méi sou séier.
goufen.
rgien 1) Alternativ an erneierbar Ene clever! k 2) Trickkëscht Natur - natierlech blemer a Fuerschung an Techni Pro fir , ere iréi insp tur Na r de un Wéi kann de Mënsch sech ze léisen? i Mënsch an 3) Eis 5 Sënner i entziffere si d’Informatiounen, dé wé a ner Sën nef fën eis n iere Wéi fonktionné Déier all Dag ophuelen? ut. 4) Alles anescht wéi banal! llech, Kleeder, Waasser, Tënt a Bro Më i wé ag Alld m de s au n che Experimenter mat Saa 5) Vun alle Säite beliicht! g! Sou heescht déi aktuell Ausstellun Vill Froen zum Thema Liicht. villen interaktiven Experimenter. Äntwerte fanne mir mat Hëllef vu Alles am Schiet! heiansdo ass e Schiet heiansdo grouss an at Firw iet? Sch e h lec ent eig ass Wat ire! Ginn et faarweg Schieter? Ka Affa g ele ww kni eng en: au nob kleng? E Schietbild Luucht eis Ëmwelt verschmotzen? www.science-mobil.lu TEXT: MURIEL NOSSEM I
27
Alles faarweg! – Pigmenter maachen? E bloe Kann een aus “Blo” “Schwaarz” ? sinn ge ze n rwe Faa fir mir e Wat brauch ss fierwen? Firwat si vill Déieren sou Në cke dé t ma ee n Kan ld? Go i Faarfstoff: méi deier wé schéi faarweg? n Alles faarweg! – Strukturfaarwe seng Fieder? en? Firwat blénken dem Pohunn arw ufa bo ee d’R un los feb ee d’S Wéi kënnt nenënnergang rout? Firwat ass de Son im be e me , blo er ww gsi da l Firwat ass den Himme Schnéi wäiss? Planzen a Luucht rscht giel? Wéi Firwat gesi mir se gréng an am Hie en? liew ze fir nz Pla eng ht uch Wat bra t geschitt, wann eng Planz kee Liic Wa s? au kop ros Mik m de er ënn gesäit Waasserpescht kritt? Wat ass e Solarschleek?
Bis Enn 2017 waren am Ganzen 94.403 Visiteuren am Science Mobil. Um Enn vum dësem Joer begréisst de Science Mobil säin 100.000sten Visiteur!
Muss ech besonnesch schlau sinn, fir Wëssenschaftler ze ginn? Wunns du hei? Madame, Mäin dës Kéier wëll ech Experiment huet net virun d’Dier goen! geklappt, et war guer net komplizéiert! Schléifs Wéini du am fuere mir? Wéi Camion? dann?
Wéi kann dann esou e breede Camion iwwert d’Strooss fueren? Dee gëtt zesumme geklappt! ;-)
Virun 2 Joer hunn ech mech schlecht beholl an hu misse kuerz aus dem Camion. Dëst Joer wëll ech alles matkréien!
28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Wéi geet dat dann?
i Plaz fiert:
Ier de Science Mobil op eng ne Mir kontrolléieren all technesch Installatiounen a botzen de Klasseraum an d’Fënsteren.
De Serge an de Vincent. De Camion ass hire ganzen Houfert, si fleegen en a kucken dono, datt e prett fir den Asaz ass. Ass d’Plaz grouss genuch?
Kann de Camion Laang dohi manövréiert virdrun gi mir eis ginn? d’Plaz ukucken, wou de Camion stoe kënnt.
Mir fëllen de Waassertank nees op a mir reparéieren och scho mol Saachen, déi futti sinn.
Kann d’Plaz ofgeséchert ginn? Ass de richtege Stroumuschloss nobäi?
ence i déi nächst Ausstellung vum Sci wé en, ng pla a n nke da Ge eis All 3 Joer maache mir ten Informatiounen lt ass, gi mir op d’Sich no intressan wie ge a hem d’T nn Wa l. an sol si Mobil ausge t wéi méiglech ze presentéieren flot sou a hem d’T ner Kan de ass Klass mam an Experimenter. Wichteg am Bauch gëtt dann déi éischt it sité rvo Ne n sse bë e t Ma . lten interaktiv ze gesta enter verbessert an ngen. Regelméisseg ginn Experim faa em bil Mo e enc Sci am ma d’Kanner neien The vun de 5 Animateuren am Bus fir ee g Da all ass nd sel ies Ofw ht. nei Iddiën erabruec ze maachen. virwëtzeg op Naturwëssenschaften
YES! Si hunn et verstan! Et mëcht Freed, Naturwëssenschaft ze vermëttelen!
E richteg gutt Gefill ass et, wann d’Kanner mir Lächer an de Bauch froen a bei den Experimenter an d’Staune kommen.
Genial ass, wann d’Schüler soen: Wow, dat war flott! Wéini komme mir zréck? Selwer experimentéieren ass wichteg!
TEXT: MURIEL NOSSEM I
29
Themen am neien ‘natur musée’
Ee Bakterium, 10.000 mol
’ kanns du erAm ‘natur musée eg Blatschneid gesinn, wéi liewch Pilzen als Fudder Seejomesse se zillen.
E Méckepräbbeli am Moos.
Jonken Homo sapiens viru Mammutbam
30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
Et ass schwéier, genee ze soen, wat Liewen ass. E puer Aktivitéite sinn typesch fir d’Liewen:
vergréissert.
D’Liewewiesen huele sech alles, wat se brauchen aus hirer Ëmwelt. Hire Kierper verschafft déi Saache, fir ze wuessen, fir sech selwer ze erhalen, a fir Energie ze hunn. Dat nennt ee Stoffwiessel.
Sonneliicht Sauerstoff
Fir ze wuessen, brauchen d’Planzen Nährstoffer aus dem Buedem, a virun allem Zocker, dee se selwer aus Kuelendioxid a Waasser produzéieren. Dat kënne se awer nëmme mat Hëllef vum Sonneliicht maachen. Dëse Prozess gëtt Photosynthes genannt. „Photo-Synthes” genannt – dat heescht „Liicht-Wuessen”.
Déiere kënnen net vun der Sonn liewen. Si mussen eppes iessen: Planzen, Pilzen, oder aner Déieren.
Kuelendioxid
Waasser
D’Déieren ootme Sauerstoff an, a si ootme Kuelendioxid aus. Mam Sauerstoff produzéieren hir Zellen Energie.
Vill Landdéieren ootme ma t Longen – och d’Mënschen.
Waasserdéieren ootme mat Kimen. Dëse Kammmolch-Kauzekapp huet nach seng baussenzeg Kimen.
TEXT: GUY KERSCH I
31
Déieren erkennen hir Ëmwelt mat hire Sënner a reagéieren drop. Zum Beispill rullt en Dausendféisser sech bei Gefor zesummen. Aner Déiere lafe fort oder si verstoppe sech.
Och Planze spiere Verännerungen a reagéieren drop. Blummen dréine sech am Laf vum Dag ëmmer zur Sonn. Verschidde Planze kënnen och méi séier reagéieren:
D’Mimosa faalt hier Bliede cher bei Beréierung zesummen.
D’Venus-Méckefal fänkt Insekten, andeem se hir gezännt Blieder ganz séier zesummeklappt.
Sou wéi d’Mënsche Kanner kréien, setzen all d’Liewewiesen Nowuess an d’Welt. Domat droe si dozou bäi, datt hir Aart iwwerlieft, och wa si selwer stierwen.
32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
All Liewewiese besteet aus butzeg klengen Zellen – vum klengste Bakterium bis zum 30 Meter laange Blowal oder 115 Meter héije Mammutbam.
Planzen an Déiere bestinn aus enger Onzuel vu mikroskopesch klengen Zellen.
Vergréissert Mooszellen.
Ee Bakterium besteet aus enger eenzeger Zell.
Zellen aus dem Schankemuerch.
All Liewewiesen entsteet aus enger eenzeger Zell. Bei deene meeschten Déiere muss d’Eezell vun der Mamm duerch eng Somzell vum Papp befruucht ginn.
D’DNA an den Zellen enthält all d’Pläng an d’Kommandoen, fir datt een neit Liewewiesen sech aus enger Eezell entwéckele kann. All Zelle vun alle Liewewiesen op der Äerd verstinn déi DNA-Sprooch, well mer all vun engem gemeinsame Virfuer ofstamen.
Éischt Foto vun der DNA aus dem Joer 1953. Deemools gouf erkannt, datt d’DNA eng duebel Spiral ass. TEXT: GUY KERSCH I
33
Briocheshiesercher h
lec l ë M rcher
iese h s e h c o i Br
-
ef 30 g Hi ech Mëllech otl 1/8 l wo iel 375 g M er ck 50 g Zo molzene Botter sch räichen t s e 50 g ge z n u n 1 fir 2 Eeër a
der Mëllech n a f e i ’H D d’Zutaten ll a n a n e s opléi eeg zu engem D . En Duch verknieden leeën an g e e D n e d iwwer . goe loossen p o n n o t S eng
… a Bulle rullen. Mat enger Schéier Ouere schneiden, mat enger Pick d’Aen markéieren. Stécker Den Deeg a schneiden…
ten Ee p p a l k e g nutte bei i Mat dem M 5 1 r n a fi usträiche äffche baken. Sch 200°am 34 I DE PANEWIPPCHEN 1/2018
r Bull e g n e l k er e Mat eng hwänzch . c S e g e De u pechen r d n a n rulle
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
Eeërdëppercher
cher rdëpper
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounscomité:
A. Faber, C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, S. Majerus, P. Michaely, M. Nossem, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.
Eeë
Eeër n e t h c a k aartge e puer h weg Zervéiten aar e puer f e Lastik k fir op d’Eeër bi en Tusch ze molen
Texter:
S. Goerens, M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus, P. Michaely, M. Nossem, M. Schaltz, B. Thuy.
Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
S1 Schierbelen Schieren: CNRA, aner: kuck S.16-20 S2 Hannergrond: shutterstock, aner: MNHNL S3 © Nature Communications/Penalver et al S5 Blobrëschtchen: Francesco Veronesi S6&7 MNHNL S8 Buedemfal: Kemalen, aner: MNHNL S9-11 MNHNL S13 MNHNL S14 Batty Weber: Familljesammlung Guy Pelletier, aner: MNHNL S15 MNHNL S16 Mënz: Tom Lucas MNHA, aner: MNHNL S17 Bomm: M3E, Dromedar: MNHNL S18 Vertrag: MNHNL, Foto Ënnerschrëft: MAE, Renert: CNL S19 Historia naturalis: BNL, Klack: MNHNL S20 Mumiennetz: Patrick Michaely, Fësch: MNHNL S21 MNHNL S22 shutterstock S23 Hues duckelt am Gras: Hans Hillewaert, Hues duckelt am Schnéi: Accipiter, Hues rennt Schnéi a Gras: shutterstock S24 Hues Steckbréif: Jean-Jacques Boujot, Huesspuren: Böhringer Friedrich, Hues frupst: shutterstock S25 Ouschtereeër: Ivana Sokolovic, Schokohues: shutterstock, kleng Huesen: Autumnalis S26-29 MNHNL S30 General Sherman: Neil Parish, Seechomëssen: Grey Wulf, Bakterium a Méckeprabbeli: shutterstock S31 Äisvull: Alpsdake, Ootmen: shutterstock, Kaweechelchen: hedera.baltica, Kammmolch: Piet Spaans S32 Millipedes: Bubba73, Mimosa: StenPorse, Méckefal: shutterstock, Jippelchen: shutterstock, Orang Utan: Jordi Ferrer, Himmelsdéierchen: aka, Eecheschotz: Phrontis S33 Mooszellen: Kristian Peters, Schankemuerchzellen, Eezell an DNA: shutterstock, S34 & 35 MNHNL S36 MNHNL
Zervéit Diebel deng p der Foto. sou wéi hei o
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
nt Ee an e t h c a k e g t r a Pak d’ha egrullten Zervéit déi zesummzwee Ouere mat an hal déi tik fest. engem Las
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
TEXT: SABINE GOERENS
35
Imprimerie WEPRINT