De Panewippchen 1/2019

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°126 1/2019

www.panda-club.lu


News

Lauschter, ween do rifft!

Maach mat beim Nuetsbësch-Quiz! Lauschter d’Stëmmen aus dem Bësch an der Nuecht a fann eraus, ween do rifft. Wéivill Stëmmen erkenns du? Kuck op:

www.panda-club.lu/quiz/

Traus du dech… Hei en Challenge fir dech an deng Famill oder Frënn:

Gitt zesummen e klengen Tour duerch de Bësch maachen, owes wann et schonn däischter ass – ouni Täscheluucht! Wiel eng kloer Nuecht an e Wee deen s de kenns.

A looss d’Täscheluucht doheem!

Geräischer vun der Nuecht Huel mat engem Smartphone Stëmmen an der Nuecht am Bësch op a schéck eis se eran op

panda-club@mnhn.lu Da seet de Panewippchen dir, ween do rifft.

…an den däischtere Bësch? 2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016

TEXT: CARMEN GREISEN / SYLVIE HAGEN


PW 1/2019 Wat ass dran?

Lëtzebuerg-Stad mécht mat bei der

CITY NATURE CHALLENGE 2019 de 26. - 29. Abrëll

– grad wéi iwwer 250 Stied ronderëm d’ganz Welt. Sammel 4 Deeg laang sou vill wéi méiglech Beobachtunge vu wëllen Déieren a Planzen an der Gemeng Lëtzebuerg, mat Hëllef vun der App - App roflueden a sech aloggen - mat oppenen Aen duerch d’Natur goen - Fotoe maachen an eroplueden - ganz einfach Déieren a Planze bestëmmen

 Wëssenschaftler an Naturalisten aus der ganzer Welt bewäerten a benotzen deng Donnéeë fir hir Fuerschung. Méi Info kriss de op citynaturechallenge.org Oder komm einfach de Sonnden 28. Abrëll tëscht 10:00 an 12:00 Auer mat denger Famill an de Bambësch op d’Spillplaz a maach mat! Dësen Challenge ass vum Natural History Museum of Los Angeles an der California Academy of Sciences an d’Liewe geruff ginn. Den ‘natur musée’ mécht dëst Joer fir d’éischt mat.

TEXT: CARMEN GREISEN

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2019 Thema: D’Nuecht SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 NUETSJEEËR D’Zwergflantermaus SÄIT 6 FUERSCHUNG AM ‘natur musée’ Verréckt Fräschen SÄIT 12 KNIWWELEN Flatterdéieren SÄIT 13 FIR MAT ZE SANGEN D’Fliedermaus SÄIT 14 NUETS ËNNERWEE Firwat grad an der Nuecht? SÄIT 16 LIICHTEND WONNERWIESEN SÄIT 20 KNIWWELEN En Angschtfrësser bastelen SÄIT 22 NUETS ËNNERWEE Kee Problem fir nuetsaktiv Déieren SÄIT 28 DAG AN NUECHT Wéi entsi si? Probéier et aus! SÄIT 30 LIICHT OUNI LUUCHT SÄIT 33 STÄREBILLER AM FRÉIJOER SÄIT 34 THEMEN AM NEIEN ‘natur musée’ D’Mamendéieren SÄIT 40 D’NUECHT AN DER MYTHOLOGIE SÄIT 42 KNIWWELEN Schietfiguren Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’ I3


Nuetsjeeër

Pitti, dobausse fänkt et un däischter ze ginn an dofir ginn ech elo op d’Juegd. Du schécks dech an du bleifs schéin hei hänken, bis ech erëm sinn.

Opgepasst! dohanne kënnt e geféierlecht Béischt, dat ons fänke wëll!

Dohannen ass op 3 Meter no Weste mäin éischt OwesIesse fir haut: eng kleng Matt.

Kee Problem, deen Zwerg do ësst dach nëmme kleng Mécken a wäert ons a Rou loossen.

D’Fliedermaus jäizt a wann d’Téin op en Déier treffen, gi se als Echo bei d’Fliedermaus zréckgehäit.

Elo huet et mäi Kolleg erwëscht an dobäi war hien iwwerzeegt, net gefriess ze ginn!

4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

An elo fléien ech nach e klengen Tour laanscht d’Stroosseluuchten, well do sinn ëmmer vill Mécken a Moustiquen ënnerwee.


Dohanne kënnt awer eppes grousses geflunn an dofir gëtt et héich Zäit, datt ech heem kommen.

Deen hat awer méi Gléck wéi Verstand, well dat wier e gudde Maufel fir den Owend gewiescht!

Hei! Hei!

Pitti, wou bass du? Jhemp, du brauchs guer net hei ze ruffen, well ech erkennen de Pitti u senger Stëmm. A just de Pitti fidderen ech mat Mëllech.

SpannwÄit: 18-24 Zentimeter, Gewiicht: 4-8 gramm Kanns Du am ganze Land owes gesinn (Dacks rondrëm d’Stroosseluuchten oder um Bëschrand. Steet zu Lëtzebuerg ënner Naturschutz. eng Zwergflantermais am Haus ass datselwescht wéi d’grousst Lous an der Lotterie: Moustiquen an aner Plogeeschter hunn näischt méi ze laachen!

s ermau lus gflied trel is Zwer ip p s s rellu ermau e Pipist gfled mun m o Zwer c relle lle pipist istre on pip comm

TEXT: CLAUDE HEIDT I

5


Fuerschung am Verréckt Fräschen: Vu geklaute Genen a Mutanten!

“Lauschter, hei si mer bei eisem Weier, ech héiere se schonn!” “Jo, dat sinn der vill, do wäerte mer der jo 15 dovu fir eis Etude gefaange “Lo kriss du kréien.” mol d’Zéiweneel geschnidden!” “An deem Stéckchen Haut ass deng DNA dran, an da wësse mer genee, ween s du bass”

6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


'

'natur musee' De Fräsch ass vun der greller Luucht ewéi verstengert a léisst sech mat bloussen Hänn afänken.

Zwee Biologen, d’Hannah an de Chris, desinfizéieren déi kleng Wonn a setzen de Fräsch rëm aus. Dee verschwënnt séier am Weier.

Hei gëtt d’Aarbechtsgeschir desinfizéiert. D’Hannah Weigand (Dr. rer. nat.) huet et mat de ‘Gréngfräschen’. So Hannah, sinn d’Fräschen dann net alleguerte gréng?!

De laténgeschen Titel ‚Doctor rerum naturalium’ (oder ofgekierzt Dr.rer.nat.) bedeit, datt d’Hannah en Doktorat a ‘Saache vun der Natur’ huet. Dofir huet hatt 10 Joer an Däitschland op der Uni studéiert. TEXT: CARMEN GREISEN I

7


Nee, Panewippchen; d’Fräschen sinn net all gréng! Deen heefegste Fräsch zu Lëtzebuerg, deen am Mäerz-Abrëll* duerch d’Wisen hopst oder op de Stroosse pecht, ass de Bronge Fräsch, an deen ass brong!

Wann s de e grénge Fräsch begéins, dann ass et:

Bronge Fräsch

Grasfrosch, grenouille rousse, common frog, Rana temporaria

oder ee vun de Gréngfräschen, an do gëtt dat Ganzt elo e bësse méi komplizéiert:

Gett et net zu Letzebuerg : :

entweder en Heckefräsch, an dann hues de d’grousst Lous gezunn: Dëse klenge Fräsch gëtt et zu Lëtzbuerg nëmmen nach op e puer Plazen an ass ganz schwéier ze fannen.

*am Mäerz-Abrëll zéien d’Grasfräschen zréck bei dee Weier, wou si selwer op d’Welt komm sinn, fir do ze läichen, d.h. hir Eeër an d’Waasser ze leeën.

+ h mon tree c m s o ä c r , e f t e r e k Hec ette v h, rain Laubfrosc arborea frog, Hyla

Klenge fräsch r Waassre Waasserfroschr,te, Kleine renouille ve g x petite g, Pelophyla ro pool f ae lesson

De Weierfräsch ass entstanen duerch eng Kräizung vum Séifräsch – deen et zu Lëtzebuerg guer net gëtt – an dem Klenge Waasserfräsch. Et ass also e Baaschtert, en Hybrid*.

*En Hybrid ass eng Kräizung tëscht zwou verschidden Aarten. Ee bekannt Beispill ass de Mauliesel, deem säi Papp e Päerd an deem seng Mamm en Iesel ass. 8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

=

Séifräsch Pelophylax ridibu ndus

Weierfräsch Teichfrosch, grenouille verte, Edible frog, Pelophylax esculentus

De Klenge Waasserfräsch an de Weierfräsch sinn awer vum Ausgesinn hier kaum vuneneen z‘ënnerscheeden!


+

Klenge r fräsch Waasse

Klenge r fräsch Waasse

=

h

sc Weier frä

+

vill pp Kauzekä e ng vum Kle ch r fräs Waasse

Wann d’Weibche vum Klenge Waasserfräsch Eeër leet an e Männchen vum Klenge Waasserfräsch sprutzt seng Spermien driwwer, da schlüpfen aus dem Läich Kauzekäpp vum Klenge Waasserfräsch (wa se dann net virdru vun engem Fësch oder enger Int ofgeschléckt gi sinn!) Beim Weierfräsch ass dëst "normaalst vun der Welt" awer net esou!

h

sc Weier frä

=

doudeg pp Kauzekä

D’Kauzekäpp vum Weierfräsch sinn net liewensfäeg

h

sc Weier frä Mutant

+

=

sch Weier frä Mutant

Ausser mir hu Weierfräschen mat enger Mutatioun*. Déi kënnen Nowuess zesumme kréien, deen iwwerlieft!

sch Weier frä n Mutante

Dofir brauch De Weierfräsch ass de Weierfräsch an dësem Fall e Klepton nieft sech Kleng (griichesch: Déif): hie kann Waasserfräschen, als Aart aleng net bestoen, fir sech mee muss bei eng aner Aart fortzeplanzen: Ierfmaterial klaue goen. sch Weier frä Klepton

+

Klenge r fräsch Waasse

=

sch Weier frä en Klepton

*Eng Mutatioun ass eng spontan Verännerung an der DNA vun engem Liewewiesen. Sou e "Kopéierfeeler" ka positiv oder negativ sinn, oder och guer keng Auswierkungen op dat Liewewiesen hunn. Ouni Mutatioun ass d’Evolutioun net méiglech! TEXT: CARMEN GREISEN I 9


Dofir schafft d’Hannah stonnelaang am Labo.

Well de Klenge Waasserfräsch, de Weierfräsch Klepton an de Weierfräsch Mutant awer alleguerten einfach nëmmen ausgesinn wéi ‘e grénge Fräsch’, musse mer - wéi sou oft an der Fuerschung - e bësse méi genee kucken.

D’Ierfmaterial gëtt aus den Zéiwespëtze vun de verschiddene Fräschen erausgeléist a preparéiert.

De Super-Sequencer op der Uni Lëtzebuerg* geheit dann zwee Deeg laang Laser-Luucht a véier verschiddene Faarwen (A-T-C-G) op d’DNA vun 100 Fräschen, a liest esou d’Buch vun hirem Ierfmaterial. Da späizt d’Maschinn dem Hannah 400 Millioune Sequenzen** eraus! * An der Recherche schaffen dacks verschidden Instituter enk zesummen: komplizéiert an deier Apparater ginn zesumme genotzt, Computere gi vernetzt, fir hir Kapazitéit ze erhéijen, Kollektiouns-Stécker gi verléint, Informatiounen a Resultater gedeelt… ** Eng genetesch Sequenz ass eng laang Rei vun de 4 Buchstawen A, T, C, G, déi fir déi 4 Basen stinn aus deenen d’DNA vun alle Liewewiesen opgebaut ass: Adenin, Thymin, Cytosin a Guanin. 10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


Do gëtt déi preparéiert Fräschen-DNA dropgeschmiert. Hei kënnt d’Plack dran fir d’Analyse. Do programméiert den Techniker déi richteg Astellungen.

Den NGS – Next Generation Sequencing Gutt, dass mer staark Computeren hunn an extra Programmer, fir dës vill Donnéeën auszewäerten! Déi hëllefen dem Hannah, aus deene 4 Millioune Sequenze pro Fräsch erauszefannen, wéi een et dann elo ass.

400.000.000 X 150 Buschtawen!!! Dat ass eng riseg Textdatei mat lauter A, T, C a G’en.

Zimlech vill Opwand! A wat soll dat Ganzt? Gréng oder brong, all d’Fräsche sinn europawäit geschützt. Lëtzebuerg muss dofir all 6 Joer der EU e Bericht liwweren, wéi et bei eis mat deene verschiddene Fräschenaarte steet. Et ass och interessant ze wëssen, wéi déi verschidde Populatioune vu Fräschen ënnerenee vernetzt Lo versti mer och, sinn. firwat mer eis Weieren a Fiichtgebidder erhale mussen!

An datt een ni däerf e Fräsch aus engem Weier eraushuelen, fir en an engem anere Weier rëm auszesetzen!

TEXT: CARMEN GREISEN I

11


Pabeier Schéier

Fuedem Bic oder Bläistëft

dënnen Drot

Flatterdéieren 1

Mol d’Schabloun

Schneit d’Form aus.

2

op de Pabeier. Fal de Pabeier vun der riichter Säit aus wéi e Fächer.

3

Wéckel e Stéck Drot ëm d’Mëtt vum Fächer.

4 Zéi d’Flilleke virsiichteg auserneen.

6

12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

Verdréin déi zwee Wutze mateneen.

Diebel d’Enner vum Drot ëm de Bläistëft zu Kréngelen.

5

Stréck e Fuedem drun, fir opzehänken.

terdéieren a lee oder ill Flat v h d’ganzt Haus. ac erch Ma u d k se n ä h

Mat Pabeier, mat Liichtfaarf ugestrach, kanns du deng Flatterdéieren an der Nuecht eraushänken!


D’Fliedermaus

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op inecc.lu/pw

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

13


An der Nuecht frësst keng Schmuewel mer d’Insekten ewech! An der Däischtert kann ech mech gutt verstoppen. Well heiansdo muss ech jo awer aus dem Buedem erausluussen.

90 % vun de Knabberdéieren sinn nuets- oder dämmerungsaktiv!

An der Nuecht hetzen déi nerveg Hënn mech net duerch mäi Bësch!

A meng Nopesch, d‘Kréchel, verschäicht a verschléngt mer meng Mais net!

D’Kréchel (Turmfalke) geet am Dag op d’Juegd no Mais. Ech ginn nuets op d’Juegd, well do vill Déieren ënnerwee sinn, déi mengen, nuets wiere se méi sécher. HEHE!

Nuets kann ech an aller Rou op d’Juegd goen, well do schwiewen déi meescht aner Fësch am Energie-Spuermodus.

14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

D’Fësch verschlofen e gudden Deel vun hirem Liewen, och wann een hinnen dat net sou ugesäit.


Géint der Owend kënnt endlech Rou a mäin Territoire! Keng Kanner déi jäizen, Mountainbiker, déi gebriedert kommen, oder trappweis Bengelwalker mat hirem topege Gequasels!

An der Nuecht hëllefen d’Stären um Himmel mer de Wee rëm heem ze fannen aus der Iwwerwanterung.

2/3 vun den Zuchvullen zéien nuets, obschonns se soss éischter dagaktiv sinn. Wann d’Sonn dréckt, si vill Turbulenzen an der Loft, déi mech hin an hir rappen a mech vill Kraaft kaschten. Nuets ass alles friddlech.

Vill vun eise Bëschdéiere sinn och am Dag ënnerwee, awer nëmmen do, wou mir Mënsche se net stéieren. Endlech geet d’Sonn ënner! Déi kann ech jo fir d’Vrecken net verdroen.

Mouke mussen ëmmer eng fiicht Haut hunn, soss stierwe se.

Ech hunn och léiwer, wann et méi fiicht ass sou wéi meeschtens an der Nuecht.

An ech si guer net frou mat der Hëtzt. Ausserdeem fannen ech dann näischt ze räissen an ze bäissen.

E Liewen an der Däischtert mécht awer nëmme Sënn fir déi Déieren, déi dorun ugepasst sinn (kuck den Artikel Säit 22). TEXT: CARMEN GREISEN I

15


Liichtend Wo Et gi vill verschidde Liewewiesen, wéi Bakterien, Champignonen, Insekten, Jelliskäpp, Fësch, Wierm, Tëntefësch an Dausendféissler, déi Liicht no bausse kënnen ofginn.

Dat nennt ee Biolumineszenz: Bio = lieweg/ Lumineszenz = Liichten

Dëst ass eng biochemesch Reaktioun an den Zellen, bei där Energie entsteet, déi a Form vu Liicht fräigesat gëtt.

J e ll iska

pp

Eng Explosioun vu Liicht!

Gehaansfén kel ch

An der Puerungszäit kommen déi weiblech Wierm vun ënnen erop aus dem Mier, schwammen an enke Kreesser a liichten. D’Männercher, déi selwer och liichten, stierze sech op dëst Liicht a fanne sou hir Partnerinnen!

m uer w r Bermuda Feie

en

Gehaansfénkelcher (Glühwürmchen, ver luisant, glow-worm) liichten an der Nuecht, fir de richtege Partner ze fannen. Genial einfach! Jiddwer Aart huet hir eege Liichtfaarf, hiren eegene Liichtrhythmus, hir eege Liichtdauer. Och d’Larve vun de Gehaansfénkelcher liichten. Si warnen domat: Opgepasst! gëfteg! Kuck Panewippchen 1/2017, S. 34-37

16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


onnerwiesen

Mee wat fir Liewewiese liichten eigentlech a firwat maache si dat? Spektakuläert Mieresliichten

Geheimnisvoll an onheemlech

er

knäuelin g

*Spore bei de Champignone sinn ze vergläiche mam Som bei de Planzen.

He rb

erg Zw

Mat hirem gréngelzeche Liicht an der Däischtert lackele verschidde Champignonen Insekten un, déi dofir suergen, datt d’Spore* verbreet ginn.

res Mie

Och Jelliskäpp (Quallen, méduses, jellyfish) benotzen hiert Liichten dofir.

liichtdéierche

n

Wéi entstinn dës bloliichtend Wellen? Mieresliichtdéiercher si winzeg kleng eenzelleg Liewewiese wéi Algen. Wa si zu Milliounen am Waasser sinn, gesäit een d’Mier blo liichten. Duerch d’Beweegung vun der Well (oder wann s du an d’Waasser spréngs!) ginn d’Zelle vun de Mieresdéiercher zerdréckt a verformt an dëst léist eng Liichtreaktioun aus. Wëssenschaftler ginn dovun aus, datt si domat Friessfeinden ofschrecken.

Feenfeue r TEXT: MURIEL NOSSEM / PHILIPPE JEITZ I

17


Monsterwiesen aus den Déifte vum Mier Dr aa

ch

An den Déifte vum Mier ass et ëmmer däischter, well d’Strale vun der Sonn net bis dohi kommen. Trotzdeem liewen och an dëser onendlecher Däischtert Déieren. Déi liichten, fir hir Beutedéieren/hiert Friessen unzelackelen.

ef ë

ibs

h sc

Lii ch tk ri

D’Weibercher vum Draachefësch fänken hir Beute mat engem raffinéierten Trick. D’Liichten am laangen, wuermähnlechen Unhängsel un hirem Kifer ass e perfekte Liichtköder. Aner Fësch ginn iergeféiert, well se mengen, beim Liicht wier eppes ze frupsen... a landen da selwer als Fudder am Bauch vum Draachefësch.

De riisege Frëndeskrees vum Zwergtëntefësch

D’Kriibse gi Liichtsignaler of, déi Ufanks ganz intensiv sinn an da lues a lues ëmmer méi schwaach ginn. Dës Signaler hëllefe bei der Erkennung an Orientéierung am Liewensraum, der Kommunikatioun a beim Zesummenhalt vum Schwaarm. Liichtkriibse goufe wärend dem 2. Weltkrich vun der japanescher Arméi agesat, fir am Däischtere Kaarten ze liesen oder kuerz Zäit ze beliichten. Am Mëttelalter hunn déi räich Leit Liichtkriibsen op d’Iesse gemaach, fir datt herno hir Lëpsen an Zonge sollte liichten.

Zwergt

ënt efë

sch

Dësen 3,5 cm klengen Tëntefësch liicht wéinst Millioune Frënn, liichtende Bakterien, déi bannen a sengem Kierper an engem Organ liewen! Ënner der heller Waasseruewerfläch kënne 18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

seng Feinden, déi vun ënnen eropschwammen, dee liichtenden Tëntefësch net gesinn. Gläichzäiteg lackelt dat grellt Liicht kleng Beutedéieren un, déi dee klengen Tëntefësch ganz einfach mat sengen Tentakele fësche kann.


An nach eppes aus der

Wonnerwelt vun den Insekten

pecheg Fied

em

An de Waitomo Hielen an Neiséiland kann een e ganz besonnescht Liichte gesinn. Dausende vu Méckelarve loosse laang Fiedem vum Plafong erofhänken a fänken un ze liichten. Aner Insekte ginn ugelackelt a verfänke sech an de pechege Fiedem: Lo kënnen d’Larve friessen, bis se sat sinn.

Biolumineszenz gëtt awer och vum Mënsch genotzt.

Aner Fuerscher schaffen un enger Technik, fir biolumineszent Bakterien an Algen als ëmweltfrëndlech Liichtquell an eise Stied ze benotzen. Schëlter, Zebrasträifen, Bushaisercher kéinten diskret a permanent beliicht ginn, ouni datt dofir Elektresch gebraucht gëtt.

is Ma

ma

3 amerikanesch Fuerscher hunn e Nobelpräis kritt, well si aus enger Quall dee grénge fluoreszente Stoff isoléiert hunn. Dës Eewäisser kënnen op aner Liewewiesen (z.B. Mais) iwwerdroe ginn a sou an der medezinescher Fuerschung agesat ginn (z. B. fir Kriiibszellen ze beobachten). kterien ente Ba z s e n i olum t bi

Lieweg LED souzesoen! Maus ouni ent sz biolumine terien Bak

TEXT: MURIEL NOSSEM / PHILIPPE JEITZ I

19


Bastel dir en Angschtfrësser…

Ritschratsch, dee selwer pecht Nol a Fuedem

Schnouer/Band

Hues du och mol Angscht an der Nuecht? Ploen dech d’Monstere vun der Nuecht? Da bastel dir en Angschtfrësser, deen s du mat denge gemoolten oder geschriwwenen Ängschten a Monstere fidders.

Jee nodeem wéi däin Angschtfrësser ausgesi soll, brauchs du: Knäpp

Woll

Pech e Läppchen

eng Pillemhousse, déi d’Tirette hannendrop huet

Filz Schéier

… aus engem Läppchen 2

3

1 * Aen, Nues,

* Knäpp drop bitzen

Zong, Zänn aus Filz schneiden an oppechen/ bitzen

* Schlitz fir de Mond an eng Säit schneiden

6

* uewen zoustrécken

5 * mat Woll oder

4a

* mat enger Nol e Stéck Schnouer uewen an eent ënnen um Schlitz duerchzéien

20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

4b

oder * Ritschratsch oppechen

ale Strëmp e bëssen opstoppen


… aus enger Pillemhousse

… aus Filz 2

4 1

5

3 En dueble Knuet fest ënner de Knapp man.

Knapp ubitzen

* Filz duebel leeën, Kierper an Oueren ausschneiden * Aen an Zong eenzel ausschneiden * Schlitz fir de Mond op eng Säit vum Kierper schneiden * Aen drop bitzen, Zong ënner de Schlitz bitzen * Oueren a Band/Ficelle fir opzehänken tëschent d’Kierperstécker leeën an de Kierper zoubitzen * Ritschratsch ënner d’Zong pechen

* aus Filz Aen, Oueren, Zong, Zänn ausschneiden an ubitzen/pechen * Knäpp op d’Aen bitzen * aus Woll Hoer schneiden an ubitzen/ pechen * e Këssen dra stiechen

zesummebitzen

Kanngnscehtre,n oder Monstere vun

eift är Ä ckt moolt oder beschr ng Envelopp a sché e n a se ht c ie St . ht der Nuec n se. en! dem Panewippche , datt si verschwann fir o d t rg e su n he c De Panewipp

Fir d’Elteren

Mat 2-3 Joer fänkt bei de Kanner eng Phas un, wou hir Fantasie sech entwéckelt a wou si Angscht kréien. Dat ass normal a wichteg a fir d’Kanner si Monsteren da ganz real. Dofir ass et gutt, hinnen nozelauschteren a fir si do ze sinn. Op kee Fall dierf ee si auslaachen oder einfach soen, et géif keng Monstere ginn.

Hei e puer Iddien, fir d’Monstere vun der Nuecht lass ze ginn: * Virum Schlofegoen d’Zëmmer mat de Kanner gutt duerchsichen, och ënner dem Bett kucken! * Eng kleng Luucht uman fir d’Nuecht, well d’Monsteren hunn et jo am léifste ganz däischter. * Eng Sprutzfläsch mat Waasser fëllen a virum Schlofegoen dësen Anti-Monsterspray am Zëmmer

‘natur musée’ De Panewippc hen 25, rue Münste r L-2160 Lëtzebu erg sprutzen, well d’Monstere verdroe jo kee Waasser. * Ee Monster-fort-Zaubersproch virum Schlofegoen opsoen. * An natierlech: d’Kanner hir Monstere vun der Nuecht molen oder beschreiwen (dir schreift op en Ziedel, wat d’Kand beschreift) an an den Angschtfrësser stieche loossen. TEXT: SYLVIE HAGEN I

21


NUETS ËNNERWEE Kee Problem fir nuetsaktiv Déieren! Owes, wann d’Aen dir vu Middegkeet zoufalen an d’Landschaft fir eis Mënschen hannert engem schwaarze Riddo verschwënnt, gi ganz vill Déieren eréischt monter!

22 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


Ma, wéi maache si dat, fir an der Däischtert eens ze ginn?

Dat ass ganz einfach: All Liewewiese sinn ideal un hire Liewensraum an un hir Aufgab an der Natur ugepasst. D’Sënner vun den nuetsaktiven Déiere sinn also entweder besser wéi déi vum Mënsch oder si funktionéieren einfach ganz anescht!

GROUSS AEN...

Nuetsaktiv Déieren hunn oft riseg Aen. Hir Pupille kënnen an der Dämmerung extrem grouss opgemaach ginn a sou vill Liicht opfänken. Wann et awer stackdäischter ass, gesinn och déi beschten Aen näischt méi!

Uhu, hibou

fir datt ech dech besser kucke kann! grand-duc, eagl

e-owl, Bubo bubo

tarsier, Tarsius

Déi nuetsaktiv Déieren hu virun allem Bengelcher an hiren Aen. Si gesinn domat Beweegungen, hell an däischter, awer net vill Faarwen.

Kaz, Katze,

Wann d’Liichtstralen duerch d’Pupill an d’A falen, treffe si op d’Netzhaut. Dës dënn Haut hannen am A besteet aus Millioune vu liichtempfindlechen Nervenzellen (Zäppercher fir Faarwen, Bengelcher fir Däischtert an Hellegkeet). Si ginn déi Informatiounen iwwer de Sehnerv un d’Gehir weider.

Koboldmaki, tarsier,

Grouss Aen a Pupillen, fir e Maximum vu Liichtstralen opzehuelen!

chat, cat, Felis silvestris catus Lëns

Pupill

Siicht vum Mënsch

Liicht

Netzhaut hell-däischterempfindlech Bengelcher

Netzhaut Sehnerv

faarfempfindlech Zäppercher

Siicht vun der Kaz Liicht

TEXT: CATHERINE FABER I

23


Mat agebautem RESCHTLIICHTVERSTÄERKER 2x vun all Liichtstral profitéieren! Tapetum lucidum Netzhaut

Kazena

afalend Liicht reflektéiert Liicht

Fuuss,

E weideren Trick an den Ae vu villen nuetsaktiven Déieren ass eng spigelaarteg Schicht hanner der Netzhaut, de sougenannten “Tapetum lucidum”. Fällt e Liichtstral op dës Schicht, sou gëtt hie reflektéiert. De selwechte Liichtstral reizt eng zweete Kéier d’Zellen an der Netzhaut. Sou wierkt dës Schicht wéi e Reschtliichtverstäerker.

Fuchs, renard

, fox, Vulpes

vulpes

aschbär, Wäschbier, W

Wann d’Liicht vun eiser Täscheluucht oder den Autosluuchten nuets an dës Déierenaen fällt, da gesi mir se opliichten. a norma lt Liicht

c ht vill Lii raccoon, raton laveur,

Procyon lotor

Well dës héichempfindlech Aen awer am Dag virun der Sonn iicht ineg L musse geschützt ginn, zitt sech wé bei grellem Liicht d’Pupill extrem zesummen. Bei villen Déieren a beim Mënsch bleift se kreesronn, bei de Klengkaze verengt se sech zu engem vertikale Schlitz.

direkt eugestraalt an d r Däisch ter

l: de e i

ch

Eile s

vu

m

au s.

Eilen hunn och riseg an extrem liichtempfindlech Aen. Am Verglach dozou missten eis Mënschenaen sou grouss wéi Äppel sinn. Mee si hunn zousätzlech dozou nach extra Alënsen, déi wéi en Teleskop vergréissere kënnen. Sou erkenne si nuets, bei wéineg Liicht, eng Maische schonn op 100 Meter Distanz.

D’Ae maachen en Drëttel

t

pp Ka

24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

iicht ineg L


OUERE «GESINN»

Mat den - net nëmmen d’Spezialitéit vun de Fliedermais! Spionage mat Parabolantennen a schifen Oueren

e, , Waldohreul

reil Hue

s otu

Opgepasst: déi ‘Fiederoueren’ bei bestëmmten Eilen uewen um Kapp si keng richteg Oueren, mee déngen der Ofschreckung.

, Asio d owl are

Lénks a riets Ouerenëffnunge vun der Tuermeil

g-e

hibou m

eule, Tuermeil, Schleier

op béide Säite vum Kapp ënnerschiddlech héich sëtzen (bei ons Mënschen geséich dat nawell ganz witzeg aus...), kann d’Eil hir Beute millimetergenee uerten (3D-Héieren), an dat esouguer ënner de Blieder oder dem Schnéi. Dat bréngt keen anert Wirbeldéier esou gutt fäerdeg wéi d’Eilen! lon

Eile verloosse sech awer haaptsächlech op hiert gutt Gehéier. Vill Eilen hunn e ganz opfällege Gesiichtsschleier: d’Plomme sti krees- bis häerzförmeg ronderëm d’Gesiicht a bilde sou eng Aart Parabolantenne, déi d’Geräischer sammelt a verstäerkt. De Kapp gëtt sou laang ronderëm gedréint, bis d’Téin op béiden Oueren d’selwecht haart kléngen. Well d’Oueren

oy e n-d uc,

rn owl, Tyto alba

chouette effraie, ba

Juegd mat ULTRASCHALL D’Fliedermais stoussen, duerch de Mond oder d’Nues ganz héich Téin aus, sougenannten Ultraschalltéin, déi mir Mënschen net héiere kënnen. D’Schallwelle breede sech an all Richtung aus a wa si op e Géigestand treffen, gi se reflektéiert a beweege sech bis bei déi extrem gutt Fliedermausoueren zréck. Un dësem Echo erkennen d’Fliedermais d’Form, d’Gréisst an d’Beweegung vun engem Déier. Sou kënne si an der kompletter

Däischtert ganz op hir (zimlech schappeg) Aen verzichten, fir op d’Juegd ze goen. D’Delfinen notze genee deeselwechte Prinzip, fir am dréiwen oder däischtere Waasser Fësch ze joen.

TEXT: CATHERINE FABER I

25


Ëmmer der

DOFTSPUER no!

Ouni Nues e Weibche richen: d’Antenne weisen de Wee! Wann een am Déiereräich no de Liewewiese mam beschte Gerochsënn fuerscht, stéisst ee komescherweis net op Déiere mat enger grousser Nues, mee op männlech Nuetspäiperleken! Pëppelsp

saule,

h, Leucoma sa

white satin mot

inner, liparis du

n, Pappelsp ënner-Männche

Um Kapp sti riseg gebéiten Antennen, op deenen Dausende vu Richhoer mat Richzelle wuessen. Mat dëse kammaartegen Antenne kann déi männlech Matt d’Doftstoffer vum Weibche kilometerwäit richen. Weibchen

licis

Antenne vum Pëppelspënner-

Déi weiblech Matte waarden nom Ofgi vun den Doftstoffer drop, datt e Männche si fënnt a sech mat hinne verkoppelt. Mat hire manner gutt entwéckelten Antenne siche si dann déi richteg Raupefudderplanzen, fir d’Eeër ofzeleeën.

Supernuesen... op d’ Gréisst kënnt et un!

loup, wolf, C

Däin Hond huet z. B. 10x méi Richzelle wei s du, sou datt hie vill méi Gerécher ënnerscheede kann.

anis lupus

Donieft verloossen déi nuetsaktiv Mamendéiere wéi d’Maus, den Hirsch, d’Wëllschwäin, de Wollef oder de Fuuss sech awer natierlech op hir laang Schnuff, an där eng riseg Richschläimhaut ënnerbruecht ass.

Wollef, Wolf,

Am Verglach dozou bass du bal “richblann”.

ren Fuuss, Fuchs, 26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

Hirsch, Hirsch, cerf, deer, Cervus

ard, fox, Vulp

es

vulpes


TAASCHTHOER permanent op Empfang!

Wäschbier,

Fischotter, lout re, otter, Lutra lutra

Taaschthoer

Bluttkummer Nerv

Bëschmaus,

All Taaschthoer sëtzt op enger mat Blutt gefëllter Kummer an der Haut, déi mat Nerve verbonnen ass. Wann elo d’Taaschthoer iergendwou widderstéisst a beweegt gëtt, béit et sech, dréckt d’Blutt an der Kummer ewech an

oon,

laveur, racc

r

Dat sinn Taaschthoer, spezialiséiert déck fest Buuschten, déi eng wichteg Aufgab beim Taaschten hunn. Si sinn däitlech méi laang wéi de Rescht vum Pelz a sëtze ronderëm d’Nues, d’Aen an heiansdo souguer un de Patten. Virun allem bei dämmerungs- an nuetsaktiven Déieren si se gutt entwéckelt.

raton Waschbär,

Fëschotter,

Procyon loto

Du hues dech vläicht schonn heiansdo gewonnert, firwat verschidde Mamendéieren esou e schéine grousse Schnauz hunn?

Waldmaus, souris de terre, wood

mouse, Apodemus sylvaticus

Mat

den Nerv gëtt gereizt. Deen informéiert d’Gehir an esou kënnen dës Déieren sech orientéieren. Dës Taaschthoer sinn also iwwerliewenswichteg.

Eng waarm Molzecht fannen? Mat

HËTZTSENSOR klappt dat! Infraroutstralung. Well dëst hëtztempfindlecht Organ an enger Kailchen tëschent de Nueslächer an den Aen sëtzt, schwätzt een och nach vum Grubenorgan.

Wéi mat enger Wärmebildkamera kritt s lu ta d’Schlaang sou klengste it viper, Cro r, crotale, p Verännerungen (op 0,003 Grubenotte Verschidde Schlaangen Grad genau) vun der (wéi zum Beispill Python, Lofttemperatur mat a Boa a Grubenotter) hunn gesäit nuets e raimlecht e Sensor fir Hëtztstralung, Wärmebild. Dat ass déi sougenannten praktesch, well Déiere mat

waarmer Kierpertemperatur, wéi Mamendéieren a Vullen, sti ganz uewen op hirer Menuskaart! Wärmebild, ähnlech wéi d’Grubenotteren et nuets gesinn

TEXT: CATHERINE FABER I

27


Duerch d’Sonn kritt d’Äerd Luucht a Wäermt. Awer d’Äerd kritt d’Luucht net ëmmer d’nämlecht.

D’Äerd dréint sech a 24 Stonnen emol ronderëm hir eegen Achs. Dobäi gëtt ëmmer eng Halschent vun der Äerd vun der Sonn beliicht = Dag. Déi aner Halschent vun der Äerd ass dann am Schiet = Nuecht. Well d’Äerdachs schif steet, hu mer net iwwerall op der Äerd 12 Stonnen Dag an 12 Stonnen Nuecht.

Op der Nordhallefkugel ginn d’Deeg am Fréijoer lues a lues méi laang. Ëm den 21. Juni si se am längsten an dono gi se nees méi kuerz, den 21. (oder 22.) Dezember ass dee kierzten Dag. Um Nordpol geet den 21. Dezember d’Sonn guer net op, et bleift de ganzen Dag däischter. Den 21. Juni ass et um Nordpol 24 Stonne laang hell, do geet d’Sonn da guer net ënner. Op der Südhallefkugel ass alles just ëmgedréint.

28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

Äqu

ato

Süd

po

l

r


Spiiss

23,5°

Äerdachs No

Tuschbic

Täscheluucht Punaise

rdp

ol

Stiroporskugel oder Orange

Mol d’Kontinenter op d’Kugel a pick d’Punaise dohin, wou Lëtzebuerg ass. Dat bass du.

Stiech de Spiiss duerch d’Kugel. Dat ass d’Achs vun der Äerd. Hal de Spiiss mat der Kugel e bësse schif, well d’Achs vun der Äerd steet net riicht, mee, fir d’Experten ënner iech, an engem Wénkel vun 23,5 Grad.

Dréin elo de Spiiss mat der Kugel lues ronderëm sech selwer. Ee Kolleg beliicht d’Kugel vun enger Säit mat der Täscheluucht.

Lo gesäis du, wéi s du (d’Punaise) ofwiesselnd an der Luucht an am Schiet bass. Dat ass den Dag an d’Nuecht. TEXT: FRANÇOISE THEISEN / SYLVIE HAGEN I

29


Den Astrofotograf Manuel Huss huet dës Foto vum Mound, an och déi op der nächster Säit, hei zu Lëtzebuerg gemaach. Hie fäert awer, datt d’Liicht- an d’Loftverschmotzung esou Biller ëmmer manner gutt zouléisst.

30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


Op der Äerd kënnt d’Liicht an d’Wäermt vun der Sonn, eisem Stär. Kuck Säit 28.

D’Stäre liichte selwer. Si liichten Dag an Nuecht, awer mir gesi se just als kleng Punkten am Himmel, wann et däischter ass. Mat bloussem A kënne mir nuets op der nërdlecher Hallefkugel ongeféier 3.000 Stäre gesinn, déi all zu eiser Mëllechstrooss gehéieren.

Polarliicht (oder Nordliicht) gesäit een heiansdo an der noer Ëmgéigend vun de Polen. Polarliicht entsteet, wann Deelercher vum Sonnewand, (Sonnewand besteet aus geluedenen Deelercher, déi vun der Sonn aus an all Richtunge geschoss ginn), mat der Äerdatmosphär zesumme knuppen. Dëst Liicht danzt dann an de Faarwe gréng, blo, rout oder violett duerch den Himmel; e wonnerschéine Spektakel!

De Mound ass no der Sonn deen zweethellste Kierper an eisem Himmel. De Mound liicht awer net selwer, mee hie gëtt vun der Sonn beliicht a straalt dat Liicht zréck. Mir gesinn de Mound awer net ëmmer d’selwecht, well en an 28 Deeg eemol ronderëm d’Äerd dréint. Bei Neimound liicht de Mound guer net, well en dann tëschent der Äerd an der Sonn steet, sou datt mir just déi däischter Säit vum Mound gesinn. No 7 Deeg hu mer Hallefmound, 14 Deeg méi spéit ass Vollmound. Da steet d’Äerd bal tëschent der Sonn an dem Mound, sou datt mer déi beliichte Säit vum Mound gesinn. TEXT: FRANÇOISE THEISEN I

31


Wann de Blëtz aschléit, kënne Bëscher, Hecken oder dréche Wise spontan ufänken ze brennen. Dobäi gëtt vill Hëtzt fräi an d’Feier liicht hell. Bannen an der Äerd ass et immens waarm, sou datt d’Steng net fest , mee zéiflësseg sinn. Bei engem Vulkanausbroch kënnt dëse Magma un d’Uewerfläch a leeft oder sprutzt als gliddeg Lava eraus. Dës Lavastréim liichten orange-rout.

Blëtz entsteet duerch staark Loftstréimungen an décke Wolleken. D’Wollekendeelecher gi widdereene geriwwen a luede sech elektresch op. Déi schwéier, negativ gelueden Deelercher falen an der Wollek no ënnen, déi positiv gelueden Deelercher ginn erop gewirbelt. Sou kënnt et an der Wollek zu elektresche Spannungen. Duerch en helle Blëtz mat Zickzackliichtspuer gëtt dës Spannung entlueden: e Kuerzschluss am Himmel! Wann dat nuets geschitt, ass et fir kuerz Zäit ganz hell, ier et gläich drop nees stackdäischter gëtt.

32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019 I TEXT: FRANÇOISE THEISEN

Am Juni-Juli liichten nuets verschidde Kiewerleke mam hënneschten Deel vun hirem Panzer. Dës Bioliichtercher hëllefen dem Kiewerlek e Partner an der Däischtert ze fannen. Bei deenen engen Aarte liichte just d’Männercher, bei anere liichten d’Weibercher oder alle béid, déi eng blénken a ginn un an aus, déi aner liichten dauernd. An enger waarmer Summernuecht ass et flott, fir deene ville klenge Liichtercher nozekucken. Kuck Säit 16-19 an am PW 1/2017 S. 34-37.


Hues du scho mol sou richteg de Stärenhimmel gekuckt? Dës Stärekaart weist d’Stären an d’Stärebiller, déi de 15. Abrëll um 22.00 Auer hei zu Lëtzebuerg um Fréijoershimmel Deneb ze gesi sinn.

Do dech waarm un a géi mat dengen Elteren a Frënn nuets, wann et däischter ass, op eng Plaz, wou s du den Himmel an den Horizont gutt kanns gesinn a wou keng Stroosseluuchte sinn. An da vill Spaass beim Entdecke vun de Stären an de Stärebiller!

Wega Polarstär Kapella

Arkturus

Regulus Spica

l

l Abrë

15

Du kucks no Süden. Huel e Kompass mat!

och w t t Më 0 Auer 22.0

Am Kader vun der Ausstellung "Nuit" organiséiert den ‘natur musée’ zesumme mat den Amateurastronomen all éischte Samschde vum Mount eng Stärenobservatioun: 6. Abrëll, 4. Mee, 1. Juni a 6. Juli um 21 Auer. RV op der Gare zu Dippach. Kuckt op aal.lu oder mnhn.lu TEXT: SYLVIE HAGEN I

33


Themen am neien ‘natur musée’

-

MamenDeieren Virun iwwer 300 Millioune Joer goung de Synapsiden* hir Erfollegsgeschicht un. 100 Millioune Joer méi spéit hate verschiddener vun hinne sech zu Mamendéieren entwéckelt. Laang stounge se am Schiet vun den Dinosaurier, mee wéi déi viru 66

Millioune Joer ausgestuerwe sinn, goufen d’Mamendéieren déi dominant Wierbeldéieren u Land. Et gëtt haut ongeféier 6.400 Aarte vu Mamendéieren. Dozou gehéieren d’Kloakendéieren, d’Beideldéieren an d’Plazentadéieren.

eligel, w e i n sch Laang kendéier a ee Klo Paraceratherium, 7,5 m laang, huet viru 25 Mio. Joer gelieft.

, nguru ä k e s Ri ier eideldé B e e Ech sinn ee moderne Synapsid*.

34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018 1/2019

Brongbier, adéier ee Plazent

*Erkläerung op der nächster Säit


,

-

-

D   Entwecklung zum Mamendeier Kapp m a r e t Eng Fens :

Aenhiel

*Synap te=r mat Fëns sid

D’Virfare vun de Mamendéiere gi Synapside genannt. Si hu sech virun 300 Mio Joer nëmmen duerch eng Fënster am Schiedel vun de Reptilien ënnerscheet. Nueslach

Keen Dino

Den Dimetrodon ass ee vun de gréisste fréie Synapsiden. Hien huet Amphibien, Reptilien an aner Synapside gefriess.

leng k i e m a s Mei flenk SauroctonMuio. Joer, 5 -

Fënster

virun 295 bis 272 Mio. Joer, 3,5 m laang

-

virun 25 1,5m

n oer, n Joer, o o d d o o s J r ost Mio. Probele230 Mio. z a g n 0 viru cm Me un 20 m 50 vir 10 c

Fir z’iwwerliewen hunn d’Synapsiden ëmmer méi flénk misse ginn. Virun 230 Mio Joer hunn d’Dinosaurier ugefaang, d’Déierewelt u Land ze dominéieren. Do sinn d’Synapsiden an d’Nuecht ausgewach, an ëmmer méi kleng ginn. Virun 200 Mio. Joer hate si sech zu richtege Mamendéieren entwéckelt – si hunn awer ëmmer nach Eeër geluecht. Rees mat der Zäitmaschinn virun 280 Mio. Joer Séier eran, Professer, do kënnt een Dino!

Sou e Kabes! D’Dinosaurier entstinn eréischt 50 Mio Joer méi spéit!

Dat do ass een Dimetrodon. Deen ass méi no Famill mat eis wéi mat engem Dinosau....

TEXT: GUY KERSCH I

35


:

:

Wichteg Verannerungen Mellech

D’Synapsiden hunn hir porös Eeër mat Schweess befiicht, fir datt se net an der Sonn verdréchent sinn. No an no waren ëmmer méi Nierstoffer fir den Embryo an der Flëssegkeet. A schliisslech huet dës Mëllech och déi Kleng geniert, déi schonn eraus aus dem Ee waren.

tmen o o r e s s e en, b Seier laf -

Déi hënnescht Rëppe si verschwonnen. D’Wierbelsail gouf méi beweeglech an een neie Muskel, d’Zwerchfell, huet d’Ootmung ënnerstëtzt.

lzeg e p a m r Waa

Mat der Zäit sinn de Synapsiden hir Been ëmmer méi vertikal ënner de Kierper geréckelt.

kal Loft

Ee waarme Kierper ka sech besser beweegen. D’Synapside kruten ëmmer méi eng héich Kierpertemperatur, an een horege Pelz als Isolatioun.

-

eren i e h n a n ae Besser kn

Deckhoer Wollhoer Haut waarme Kierper

Scho virun 250 Millioune Joer hate Synapsiden een typescht

Déi Mamendéier-Gebëss mat Schneid-, Eck-, Virbaken- a horeg Zwergen hei si Bakenzänn. Mamendéieren. Si dreemen dovun, enges Daags d’Äerd ze beherrschen. ‘t ass fir sech futti De Kënnbak gouf méi stabill. En huet sech op eng Schank ze laachen!

reduzéiert an een neit Gelenk mam Schiedel gebilt.

Zwou Schanke vum ale Gelenk si ganz kleng ginn, an an d’Mëttelouer “gewandert”, wou si de Schall vum Trommelfell an d’Bannenouer leeden. 36 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

aalt Gelenk: blo-giel

neit Gelenk: rout-mof


-

ier Schnieweldé

Kloakendeieren

D’Kloak ass een eenzegen Ausgang fir flësseg a fest Exkrementer, wéi bei de Reptilien a Vullen. D’Kloakendéiere leeën Eeër – wéi déi éischt Kuer zsch niewelige l Mamendéiere virun 200 Millioune Joer! Et liewen haut just 5 Aarten: 1 Schnieweldéier a 4 Schnieweligelen, all an Australien an Neiguinea. D’Kloakendéiere si Mamendéieren, well se Mëllech, ee Pelz, een neit Kifergelenk an Ouereschänkelcher hunn. Si hunn awer keng Mamen (Zitzen, mamelles, teats): Déi Kleng lecken d’Mëllech op, déi d’Mamm um Bauch ausscheet.

-

eier

ld Schniewe

D’Schnieweldéier huet Schwammhait un de Patten an e platte Schwanz. A sengem Schniewel ass een elektrescht Organ, mat deem et ënner Waasser no Kriibsen, Insektelarven a Wierm sicht. D’Schnieweldéier leet seng Eeër an en Nascht ënner dem Buedem. No 10 Deeg kommen déi Kleng aus dem Ee a lecke 5 Méint laang Mëllech bei der Mamm.

mm ldéier-Ma Schniewe ngen mat 2 Kle

Déi eenzeg Déieren, déi Mëllech ginn an Eeër leeën.... r Domadde mir maache ene eisen eeg ! Flan

An eis eege Crème brulée!

el

lig Schniewe

D’SchnieweligelMamm britt hir Eeër 10 Deeg laang an enger Bauchtäsch aus. Déi Kleng sinn nëmmen 1 cm grouss, wa se aus dem Ee kommen. Si bleiwen an der Täsch a lecke Mëllech, bis hir Picken no 8 Wochen ufänken ze wuessen.

eligel Schniew e g e tz u Eb s dem Ee kënnt au

4 Woche

n ale Sc

hnieweli

gel

TEXT: GUY KERSCHS I

37


-

Beideldeieren D’Beideldéieren hunn eng ganz kuerz Schwangerschaft. Hir Neigebuere si sou kleng, datt d’Mamm d’Gebuert mol net mierkt. Dono mussen déi embryoaarteg Jonk sech nach e puer Méint laang am Beidel vun der Mamm entwéckelen. Et liewe ronn 350 verschidden Aarte vu Beideldéieren an Australien, Neiguinea an Amerika. Ee neigebuerent Risekänguru, 2,5 cm laang an 0,8 g schwéier. Et huet just 2 Äermecher, fir vum Gebuertskanal an de Beidel ze krabbelen. Do suckelt et sech fest un enger Mam a léisst se 70 Deeg laang net méi lass. Den Nord-Opossum lieft als eenzegt Beideldéier an Nordamerika. Wann déi Kleng net méi all an de Beidel passen, dréit d’Mamm der e puer um Réck.

Den tasmanesche Beidelwollef gouf duerch d’Juegd ausgerott. Dee leschten ass 1936 an engem Zoo gestuerwen. Als Beideldéier war hie vill méi no Famill mat de Kängurue wéi mat de Wëllef. Raum endlech däin Zëmmer op!!

De Koala lieft an Australien a frësst nëmmen Eukalyptusblieder. Dat Klengt klëmmt mat 6 bis 7 Méint aus dem Beidel. Et reit dann nach e puer Méint op senger Mamm hirem Réck, bis et vun der Mëllech entwinnt ass. 38 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019


-

Plazenta-Deieren Plazenta Nuebelschnouer Fruuchtblos Fruuchtwaasser

D’Plazenta-Déieren hu méi eng laang Schwangerschaft an déi Kleng si bei der Gebuert méi wäit entwéckelt. D’Plazenta verbënnt den Embryo mam Bluttkreeslaf vun der Mamm. Den Embryo kritt duerch d’Nuebelschnouer Nierstoffer a Sauerstoff a scheet Offallstoffer aus. D’Plazenta ass och ee Puffer: Si verhënnert, datt de Kierper vun der Mamm den Embryo als Friemkierper ofstéisst. 94% vun alle Mamendéier-Aarte si Plazenta-Déieren.

Bei deene meeschten Huffdéiere sinn d’Mamen tëschent den hënneschte Been, bei den Elefanten an de Primaten un der Broscht, bei de Schwäin, Kazen an Hënn um ganzen Ënnerleif.

D’Plazenta-Déieren hunn och de Waasser- an de Loftraum eruewert.

No 9 Méint ënner Waasser misst ech amplaz vum Gebuertsakt een Dauchschäin kréien.

TEXT: GUY KERSCH I

39


d'Nuecht an d r m, geet d’Sonn ënne All Owes, ouni Ausnah ischtert breet sech an et gëtt Nuecht. D’Dä méi fiicht. No an no, aus. Et gëtt méi kal a . D’bleecht Liicht vum dauchen d’Stären op ll vun der Sonn. Mound ersetzt déi he

Am Ufank vun der Zait…

echt. Wou geet Nom Dag kënnt d’Nu er dem Horizont d’Sonn hin, wa se hann sech virgestallt, verschwënnt? D’Inka hu am Mier am Westen datt se, nodeems se an der Nuecht ënner ënnergedaucht wier, schwammen, fir den der Äerd géif duerch Osten opzegoen. anere Mueren erëm am d’Sonn natierlech A Wierklechkeet geet s d’Äerd, déi rondrëm néirens hin, mee ‘t as t de Wiessel vun Dag sech selwer dréint, wa bréngt an d’Liewen an Nuecht mat sech ert. op der Äerd rhythméi

De Gelede ass en Danzritual vum nigerianesche Vollek vun den Yoruba. Domadder éiere si weiblech Muechten, weiblech Gottheeten, weiblech Virfaren an al Fraen. D’Zeremonie fänkt ufangs der Nuecht un an huet d’Aufgab dës weiblech Muechten ze berouegen a se ze iwwerzeegen, hir nächtlech Kräften, déi Onheel bréngen a gutt Zauberkräften ëmzewandelen. De Vull ass hire Botschafter.

Gelede-Mask mat Vull aus dem Brooklyn Museum.

40 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

D’Nuecht huet de Mënsch schonns zënter ëmmer faszinéiert. Si war geheimnisvoll an huet genee esou verzaubert wéi se Angscht gemaach huet. A ville Kulturen uechter d’Welt ass d’Rotatioun vun Dag an Nuecht dem Wiessel vu Sonnen- a Moundgottheeten zougeschriwwe ginn, déi Dag fir Dag an Nuecht fir Nuecht duerch den Himmel zéien. De Mound huet dobäi oft d’Roll vun der Schwëster, der Fra oder dem Rival vun der Sonn iwwerholl. D’Himmelszelt mat senge Stärbiller dogéint erzielt Mythen a Legenden. Den thailänneschen Dämon Rahu verfollegt d’Sonn an engem Stéck, fir se opzefriessen. Heiansdo kritt hie se erëm a schléckt se of. Da kënnt et zu enger Sonnendäischtert. Mee, well de Rahu kee Kierper huet, kënnt d’Sonn erëm direkt ervir an et gëtt erëm Dag. Den Dämon Phra Rahu verschléngt d’Sonn. Statue an Thailand.


er Mythologie D’Himmelgëttin Nut verschléckt d’Sonn. Duerstellung um Graf vum Pharao Ramses VI.

D’Nut ass déi ägyptesch Himmelsgëttin. Si gëtt oft mat engem Kierper duergestallt, dee sech komplett iwwer d’Äerd béit. All Owes léisst se d’Sonn doduerch verschwannen, datt si se ofschléckt. No enger Schwangerschaft vun enger Nuecht, bréngt si d’Sonn all Mueres erëm op d’Welt.

Restauréierte Medaillon mat der Gëttin Diana aus der Réimervilla vu Schieren.

An der réimescher Mythologie ass d’Diana d’Göttin vum Mound. Genee wéi hire Brudder Apollo, de Sonnegott, ass si eng Gottheet vum Liicht, mee an dësem Fall vum Moundliicht. D’Diana léist hire Brudder of a verstreet ganz onopfälleg hiert Liicht an d’geheimnisvoll Déifte vun der Nuecht.

Kodex aus der franséischer Nationalbibliothéik. Codex peresianus, Mexiko, 13. Jh.

D’Kodexe vun de Maya si richteg astronomesch Dokumenter mat megakomplizéierte Kalenneren, déi op d’Observatioun vun de Stären an dem Mound baséieren. D’Zeechnungen, déi een hei an am Mëtteldeel erkennt, si Stärebiller vun der Maya: et erkennt een en Hai, eng Eil, e Skorpioun an eng Deckelsmouk.

TEXT: PATRICK MICHAELY I

41


r e t a e h t t e i Sch

Vergréissert dës Déieren, moolt der vläicht och nach selwer e puer. Moolt oder pecht se op Karton, schneit se aus a pecht e Spiiss oder e Schalimo drun. Hänkt de Stofft op engem Seel oder enger Wäschléngt op, riicht d’Täscheluucht vun hannen op de Stofft an da lass: Denkt iech Geschichten aus a spillt se mat de Figuren tëschent dem Duch an der Luucht. Är Nokuckerte sëtze virum Duch.

hëlze Spiisser , er éi h c S , n to ar Dir braucht: K h, en hellt an dënnt Stéck (Schalimo), Pec h) an eng staark Täscheluucht Stofft (Lëlldec

Spill

2 Spiller leeë sech hannert dem Duch op de Réck a spille mat den Hänn an de plakege Féiss Theater. D’Nokuckerte musse roden, wéi eng Féiss an Hänn Spillt selwer zu 2 oder méi Theater. zu wéi engem Spiller gehéieren. Dat mécht richteg Spaass! 42 I DE PANEWIPPCHEN 1/2019

Och dobaussen an der Sonn kënnt dir mam Schiet spillen.


De Panewippchen

‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, A. Marx, M. Nossem, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.

Schietfiguren

Texter:

C. Faber, C. Greisen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, M. Kirsch, J.-P. Majerus, P. Michaely, M. Nossem, P. Jeitz, F. Theisen.

Grafik an Illustratioun: S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

Du brauchs: eng Mauer oder en hellt an dënnt Lëlldech oder e Stéc k Stofft…, eng Täscheluucht an deng Hänn

S2 Hannergrond an Hues: shutterstock, Eil: Martin Mecnarow, Hirsch: Luc Viatour S3 mnhn S7 mnhn S8&9 Portrait Hannah: mnhn, aner: shutterstock S10&11 mnhn S12 mnhn S16 Quall: Ssblakely, Liichtwuerm: James B. Wood, Gehannsfénkelchen: shutterstock S17 Mieresliichten: Hans Hillewäert, Mieresliichtdéierchen: Maria Antónia Sampayo, Instituto de Oceanografia, Faculdade Ciências da Universidade, Lliichtchampignons: lalalfda, Lliichtchampignons Bam: domaine public S18 Draachefësch: Matthew Davis, University of Kansas, Liichtkriibs: Kils, Zwergtëntefësch: M.MCFALLNGAI S19 pecheg Fiedem: Makrorosen rosen an Mnolf, Reagenzglieser: Erin Rod, Mais: Kuebi S20&21mnhn S22 Himmel Hannergrond: shutterstock S23 Mënsch a Kaz gesinn: mnhn, aner: shutterstock S24 Eileschiedel: mnhn, Kazenaen: accocoparisienne, Gabriel Gonzàlez, bbrownpau, LeonardoGG, aner: shutterstock S25 Eielschiedel: mnhn, Flantermaus: domaine public, aner: shutterstock S26 Antenn Pëppelspënnerweibchen: Beentree, aner: shutterstock S27 Wärmebild: Arro Coen, aner: shutterstock S28&29 Sonn: NASA/SDO, Äerd: 1xpert, aner: mnhn S30 Hannergrond: shutterstock, Mound: ©Manuel Huss, www.facebook.com/dlutaus S31: Sonn: NASA/SDO, Stär: Sephirohq, Polarliicht: Kristian Pikner an Paul Turner, Mound: ©Manuel Huss, www.flickr. com/photos/manuelhuss S32 Lava: Alexandre Péribé, Blëtz: Axel Rouvin, aner: shutterstock S34 Hannergrond & Bier: shutterstock, Paraceratherium: Tim Bertelink, Laangschnieweligel: Klaus Rudloff, kdrudloff@web.de, www.biolib.cz, Känguru: Jenny-bee S35 Dimetrodon: DiBgd, Skelett: Jeff Kubina, Sauroctonus: smokeybjb, Probelesodon: Theklan, Megazostrodon: ©interhub S36 Wärmebild: Arno Coen S37 Schnieweldéier: shutterstock, Kuerzschnieweligel: Lyle Radford, Schnieweligel Ee: JPCAROUSEL-1957, klenge Schnieweligel: IAN MC CANN S38 Risekänguru: GUETY, Nord-Opossum: Specialjake, Beidelwollef: Osado, Koala: Benjamint444 S39 Hond, Elefant, Kaz, Flantermaus, Schwäin: shutterstock, Topi: Charles J. Sharp, Delfin: Family Mikol, Baby: Ken Hammond S40 Gelede Mask: Brooklyn Museum, CC BY 3.0, Phra Rahu: domaine public S41 Nut: Hans Bernhard, CC BY-SA 3.0, Diana: CNRA, Codex persianus: domaine public S42&43shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Riicht d’Täscheluucht op eng Mauer a form mat dengen Hänn tëschent der Luucht an der Mauer Schietdéieren. Fannen deng Frënn eraus, wéi eng et sinn?

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

TEXT: SYLVIE HAGEN

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.


EXPOSITION n a t u r mu s é e 14 mars - 4 ao ût 2 019

MNHN.LU/NUIT

Exp osition conçue et réalisée p ar le Muséum national d’histoire naturelle -France

Imprimerie

25, rue Münster L -2160 Luxemb ourg


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.