De Panewippchen 3/2020 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

N°132 3/2020

www.panda-club.lu


News

Eng Tigermatt

Den ‘natur musée’ publizéiert reegelméisseg Beobachtungen aus Lëtzebuerg, déi iwwer d’App INaturalist gemellt ginn. Hei e flott Beispill vum Lucilleschmitz senger Beobachtung vun enger Tigermatt bei Berbuerg, de 6. August. Den ‘natur musée’ huet dëst zu senger iNaturalist-LëtzebuergBeobachtung vun der Woch gemaach. Déi Tigermatt (Spanische Flagge, écaille chine, Jersey Tiger, Euplagia quadripunctaria) lieft a Mëttel- a Südeuropa. Hir viischt Flilleke si schwaarz mat wäissen oder giele Sträifen an typescher «V» Form. Déi hënnescht Flilleke sinn orange. D’Tigermatte fléie gär beim Waasserdost (Wasserdost, eupatoire chanvrine, hemp-agrimony, Eupatorium cannabinum). D’Raupen ernäre sech am Juni vu ville verschiddene Planzen an d’Matt kënnt e Mount méi spéit. D’Larve kommen am September eraus an iwwerwanteren.

iNaturalist ass eng App, wou d’Mënsche vun der ganzer Welt kënnen hir Beobachtungen aus der Natur androen. Weltwäit benotze Wëssenschaftler dës Beobachtungen, fir d’Biodiversitéit ze studéieren an all d’Organismen an der Natur besser kennenzeléieren an ze verstoen, wéini a wou se optrieden. Iwwer eng Millioun Leit hu scho Beobachtunge vu Planzen, Déieren a Champignone bei iNaturalist.org agedroen.

Ideenbuch Insektenhotels Eng helle Wull fott Hoteller fir eis Insektefrënn kanns du mat dësem Buch bauen. Vläicht hues du Loscht, en Insektenhotel fir ënner de Beemchen ze fabrizéieren!

2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016

Melanie von Orlow, Ideenbuch Insektenhotels, 30 Nisthilfen für Wildbienen und Co, Ulmer Verlag.


PW 3/2020 Déi éischt asiatesch Runn zu Lëtzebuerg Fir d’éischte Kéier ass zu Lëtzebuerg an der Géigend vu Jonglënster eng asiatesch Runn (asiatische Hornisse, frelon asiatique, asian hornet, Vespa velutina nigrithorax) gesi ginn. Dës Aart Runn kënnt aus Südost-Asien. Si ass an Europa fir d’éischt 2004 a Südfrankräich opgetaucht. Säithir huet se sech séier an aner Länner verbreet, war awer nach ni zu Lëtzebuerg fonnt ginn.

Wat ass dran?

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2020 Thema: Eedelsteng SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 MINNEN zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun SÄIT 8 SCHOUL DOHEEM Wëlldéieren, déi d’Yana an där Zäit beobacht huet SÄIT 10 DÉI 7 FEELER BEI DE 7 ZWERGEN! SÄIT 12 AUS DER DÄISCHTERT UN D’LIICHT SÄIT 16 KNIWWELEN Bau Kristallstrukturen SÄIT 18 BERUFFER ronderëm d’Eedelsteng SÄIT 22 KNIWWELEN Séiss Monsteren SÄIT 23 2020 JOER VUN DER BIODIVERSITÉIT 3 SÄIT 24 WIMMELBILD Déieren a Planzen am Hierscht zu Lëtzebuerg SÄIT 27 FIR MATZESANGEN Äddi Summer SÄIT 28 D’HOLZBEI SÄIT 33 KNIWWEL Bliederdéiercher SÄIT 34 DE KLOUSCHTERGAART AM GRONN SÄIT 40 THEMEN AM ‘natur musée’ Landschaft an Natur SÄIT 46 KNIWWEL Kristaller ziichten Impressum SÄIT 48 ‘natur musée’ I3

2 2

6

3 2

1 7

5 3

4 2

Opléisung Feelerbild S. 10 1 An den Zwergen hirer Minn fënnt ee Steng vun alle Faarwen (gréng, blo, rout an duerchsiichteg). Dat sinn déi 4 Eedelsteng Smaragd, Saphir, Rubin an Diamant. An enger Minn fënnt een awer ni déi 4 Eedelsteng beieneen. 2 D’Steng op dësem Bild si scho geschlaff a fonkele ganz schéin. Do kéint ee mengen, datt d’Eedelsteng sou an der Minn fonnt ginn. Dat ass awer net esou. 3 E Rank. 4 Eng Kaffismaschinn. 5 E Lagerfeier fir waarm ze sinn. 6 Flipfloppen un de Féiss vun engem vun den Zwergen. 7 Eng Planz mat Blummen.


Minnen

zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun Aus enger Minn, iwwer oder ënner dem Buedem, ginn Äerzer (mat Eisen, Gold, Koffer, Uran, …) oder aner wäertvoll Ressourcen (wéi Kuel, Salz oder Steng mat Diamanten, …) erausgeholl.

Fërdertuerm

Weier, wou den Dreck oder de Bulli aus dem Ofwaasser aus der Minn getrennt gëtt.

Entlëftungsschacht de Wee fir an d’Minn erof

oppe Grouf

Spléck, wou d’Äerzer ze fanne sinn Wou d’Äerzer erausgeholl sinn, ginn d’Lächer an der Spléck erëm mat Steng opgefëllt.

Transportwee vum Äerz an de Fërderschacht Hei (am Stollen) ginn d’Äerzer vun uewen no ënnen an der Spléck erausgeholl.

Waasserbaseng. An all Minn gëtt et normalerweis Grondwaasser, dat erausgepompelt gëtt oder eventuell och geholl gëtt fir d’Äerzer ze wäschen oder fir manner Stëbs ze hunn. Dat Waasser, wat an de Weier erop gepompelt gëtt, ass knaschtegt Ofwaasser mat Bulli.

Pompelstatioun gesammelt Äerz

Buerunge fir ze gesinn, wéi d’Spléck weider verleeft

4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Fërderkëscht

am Briecher gëtt d’Äerz vum Gestengs getrennt

hei ginn d’Fërderkëschte gefëllt


Minette

D’Grouwen zu Lëtzebuerg: Keng Eedelsteng, dofir Äerzer Zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gëtt et keng Eedelsteng, awer Minnen, wou Äerzer ofgebaut goufen. Eent dovun huet dem ganze Land de Wuelstand bruecht: d’Eisenäerz, och Minett genannt. Et ass an de Minnen aus de Gestengsschichten am Süde vum Land an an der belscher a franséischer Lorraine ofgebaut ginn. Aus aner Minnen ass fréier: - Kofferäerz zu Stolzebuerg bei Veianen, - Antimon zu Géisdref bei Esch-Sauer - a Bläiäerz zu Allerbuer/ Longvilly bei Wëntger erausgeholl ginn.

Grouwen zu Rëmeleng

Minnemusée zu Rëmeleng

Hei gouf fréier Eisenäerz ofgebaut

Minn Ellergronn zu Esch

Koffer

Biergaarbechter ëm 1900

Eng nei Aart fir d’ganz Welt Luxembourgit mam Numm Luxembourgit Déi neist mineralogesch Entdeckung zu Lëtzebuerg ass nach net al. 2012 goufe bei Aarbechten zu Biwels bei Veianen a Schifergestengs ganz reng mineraliséiert Odere fonnt. Dës Odere si besonnesch mat dem Mineral Dolomit ausgefëllt, awer och mat eenzelne feinen, metallesche Faseren, déi net méi wéi 6 Mikrometer* déck an 190 Mikrometer laang sinn. Dëst winzegt Mineral ass extreem seelen an et ass noweislech eng nei Aart mat der cheemescher Formel AgCuPbBi4Se8. Dëst weltwäit neit Mineral krut den Numm «Luxembourgit»! D’Aart an den Numm goufen den 9. Abrëll 2019 vun der Internationaler Mineralogescher Gesellschaft (IMA) validéiert. *Ee Mikrometer ass de Milliounsten Deel vun engem Meter

TEXT: SIMON PHILIPPO I

5


Achat

Achat vun Idar-Oberstein Dës kleng Stad a Rheinland-Pfalz ass duerch hir Achatminne räich ginn. Mat den eegenen Achaten, an dono mat importéierte Steng, ass Idar-Oberstein en internationalen Zentrum fir d’Schläife vun Hallef-Eedelsteng ginn.

Eedelsteng schläifen

Fréier gouf et vill Austausch tëschent IdarOberstein an dem mineralieräiche Brasilien. Bekannt ass, datt e puer Lëtzebuerger tëschent Idar-Oberstein a Brasilien vermëttelt hunn. Wéinst de Schläifereien hu sech vill Kënschtler an Händler hei néier gelooss. Eedelsteng schneiden

Kräiz aus Achat, an der Felsenkirche zu Idar-Oberstein

Minn zu Idar-Oberstein

6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Mineraliemusée zu Idar-Oberstein


u Ro N te 1 92

Fluorit vu Seilles

Ru e

Carrière «du Cimetière» St

Jo se

ph

Accès Carrière

Accès Carrière

Ru e

Kierfent

Carrière «du Boltry»

Rue

D

u

Ci

m

et iè

re

Boltr

y

Église de Seilles

iers

Rue des Carr es

D e s Ru ole Ec

Ferme de Natrive

SEILLES 0

100

N 200

300m

Rue Vi

gna

De Fluorit vu Seilles 1964 gouf am Kallekbroch «Brison», an der belscher Gemeng vu Seilles eng Fluoritoder entdeckt, a Form vun enger Schminni vu 16 Meter héich a 4 Meter Duerchmiesser. Dëse Fluorit, deen nëmme ganz seele grouss Kristaller bilt, huet eng ganz grouss Faarwevilfalt (mov, violett, blo, rout, rosa, duerchliichtend, …) an ass ganz kloer.

Fluorit vu Seilles

Dëst Mineral ass relativ mëll mat enger Häert vu 4 op enger Skala, wou den Diamant 10 huet, (kuck de Poster). Och wa Fluorit sech liicht spléckt an net haart ass, gëtt hien awer als Schmocksteen verschafft. Duerch d’Schläife ginn déi vill verschidde Faarwen erausbruecht, déi typesch si fir dëst Fluorit-Virkommen an der Groussregioun.

Fluorit vu Seilles geschlaffene Fluorit

TEXT: SIMON PHILIPPO I

7


m e e h o d l u o h c S n där Zäit Wëlldéieren, déi d’Yana a iert huet. beobacht an dokumenté

De Blannschlécher ass keng Schlaang, mee eng Echs ouni Been. Seng Schuppenhaut glänzt sëlwreg! Hie frësst haaptsächlech Reewierm a Schleeken. De Blannschlécher ass net geféierlech, net gëfteg a bäisst och net. Ech hat hie just kuerz a mäin Terrarium gesat, fir hien ze beobachten an hunn hien duerno nees fräi gelooss.

D’Eidechs

De Fräsch gehéiert zu den Amphibien, dat heescht hie kann u Land an am Waasser liewen. Dat hei ass e Waasserfräsch, et ass e Männchen. Dat erkennt een u sengen zwou Schallblosen. Déi Haut blosen d’Waasserfräschen op an da produzéiere si verschidden Téin. Si kënne ganz schéin haart quaken! Sou man si weiblech Waasserfräschen op sech opmierksam.

Eidechse gëtt et just an Europa, Afrika an Asien. Eidechsen hunn et gär dréchen a waarm, si gehéieren zu de wiesselwaarmen Déieren, dat heescht hir Kierpertemperatur passt sech der Baussentemperatur un. Duerfir hat ech och fir d’éischt e wéineg kaalt Waasser op si geschott - du gouf si méi lues an ech konnt se fänken. Ech hu gutt opgepasst a se net um Schwanz gezunn, soss hätt si en Deel dovu verluer.

D’Bengeldéier

8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

De Waasserfräsch

Bengeldéiere ginn et keng an Europa. Si kommen aus Südost-Asien, do ass et méi waarm. Hei géife si de kale Wanter net iwwerliewen. Et kann ee si ganz liicht an engem Terrarium halen, si friessen am léifsten d’Blieder vu Rousen, Schwaarz- an Äerdbieren an och Brennnesselen. Dacks muss een zweemol kucken, ier ee si erbléckst, well si si ganz gutt getarnt.

D’Fla

Eng aussergew Himmelsdéierc A wat krabbelt dann do? Dëst ass eng Larv vun engem Himmelsdéierchen, déi speziell ausgesäit. Ech froe mech, ob déi hei heemesch ass? Si gesäit aus, wéi wa si vun enger Wuessschicht bedeckt wär…


D’Blomees ass déi klengste

Mees, déi mir hei an Europa hunn. D’Blomeese si bei eis Mënsche beléift, well si schéi faarweg Plommen hunn an haaptsächlech am Fréijoër mat hirem flotte Gezwitscher fir gutt Stëmmung am Gaart suergen. Ganz vill Blomeese stierwen un enger bis elo nach onbekannter Krankheet. Et erkennt een, datt si krank sinn, wa si opgeplustert sinn, wa si sëtze bleiwe wann e Mënsch kënnt, wa si d’Aen an de Schniewel verpecht hunn, oder wa si Otemproblemer hunn.

aachbauch-Libell

D’ Kaweechelchen

D’Libell ass en Insekt mat 4 Flilleken. Si kann déi onofhängeg vunenee beweegen. Si ka ganz séier d‘Richtung wiesselen, an der Loft stoe bleiwen a suguer hannerzeg fléien. Libelle liewen no bei Weieren a Flëss mat ville Planzen.

D’Kaweechelcher si flénk Kloterer a si sinn zimmlech schei. Dat hei ass een europäescht Kaweechelchen, dat een u sengem rout-bronge Pelz erkennt. Och dat amerikanescht Grohörnchen huet mëttlerweil hei an Europa een Doheem fonnt. Irgendwann hate wuel Mënsche si aus Amerika oder Kanada matbruecht. Si si méi donkel wéi eis Kaweechelcher an och méi grouss a méi staark a si verdrängen eis einheimesch Kaweechelcher ëmmer méi.

wéinlech chers-Larv

D’Milly ...an zum Schluss natierlech och nach d’Milly, dat wëllsten Déier vun en alleguer.

Yana, 10 Joer

Lauschtert d’Yana op

6l2XT0&feature=youtu.be 3s W Rw = ?v ch at /w om .c be tu https://www.you sinn huet, gewuer! ieren, déi hatt ge

a gitt nach méi iwwer d’Dé

TEXT: MURIEL NOSSEM / YANA MAY DIMMER I

9


10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


Déi 7 Feeler bei de 7 Zwergen Mir wëssen all, datt déi 7 Zwergen, déi d’Schnéiwittchen bei sech ophuelen, fir et virun der béiser Kinnigin ze schützen, Biergaarbechter sinn. Si hunn hir eege Minn, dat heescht, si sinn e Familljebetrib. Op dësem Bild vun den Zwergen an hirer Eedelsteng-Minn hu sech eng Parti Mësselen ageschlach. Fënns du déi 7 Feeler?

TEXT: SIMON PHILIPPO I

11


Aus der Däischtert u Sou heescht déi nei Ausstellung iwwer d’Eedelsteng, déi vum 22. Oktober un am ‘natur musée’ ze gesinn ass. De Panewippchen zielt der méi iwwer déi schéi blénkeg Steng.

Déi 4 grouss ënner Diamant Den Diamant ass dat häertste Mineral, dat et gëtt (10 op der Häerteskala, kuck Poster). Hien ass seelen a wann e geschlaff ass, fonkelt e wéi dausend Liichter. Dowéinst ass hie vill gefrot. Den Diamant besteet aus rengem Kuelestoff (chemesch Formel C).

C

D’Diamanten entstinn 150 km déif an der Äerd a kommen duerch e Vulkanschlot erop, zesumme mat engem Gestengs, dat Kimberlit heescht. D’Diamante si bekannt als duerchsiichteg wäiss Eedelsteng. Et gëtt se a liicht giel, rosa, schwaarz, blo, rout a gréng. Fréier si vill Diamanten an Indien, duerno a Brasilien ofgebaut ginn. Haut kommen déi schéinste Steng aus Afrika.

En Diamant mat 8 Flächen aus dem Congo (Kollektioun ‘natur musée’) An dëse Forme fënnt een den Diamant an der Natur:

Küb

Diamant mat 12 Flächen

de Faarwen

Diamanten a verschid 12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Diamant mat 8 Flächen


Rubin aus dem Vietnam (Kollektioun ‘natur musée’)

(Kollektioun ‘natur musée’)

den eedle Steng

Saphir aus dem Vietnam

un d’Liicht

Rubin a Saphir Rubin a Saphir sinn zwou Faarf-Variante vum selweschte Mineral, dem Korund. De Rubin ass rout, well Chrom dran ass. Saphir heeschen déi Korunden, déi net rout sinn, also déi blo, rosa, giel, orange, violett a gréng.

O

De Korund ass ganz haart (9 op der Häerteskala). E besteet aus Aluminium (chemesch Formel Al) a Sauerstoff (chemesch Formel O), déi Kristallen a Form vu Prisme mat 6 Ecke bilden. Déi schéinst Rubine sinn aus Birma, vill anerer kommen aus Thailand a Kambodscha.

Al

An dëser Form fënnt een de Korund an der Natur:

Smaragd Smaragde si gréng Beryll-Mineraler (Beryll, kuck Säit 16). Dësen Eedelsteen huet d’Form vun engem 6eckege Prisma* an d’Häert 8 op der Skala. D’Smaragde goufen an Eisträich scho vun de Réimer gesicht. Déi gréisst europäesch Fondplaze leien an de russeschen Ural-Bierger. Haut kommen déi meescht vun dësen Eedelsteng aus Kolumbien. An dëser Form fënnt een de Smaragd an der Natur: *E Prisma ass eng Form, wou d’Grondfläch e Villeck (z. B. Dräieck, Sechseck) ass. All Säitekante si parallel an d’nämlecht laang.

Smaragd aus Kolumbien (Kollektioun ‘natur musée

’)

TEXT: SIMON PHILIPPO I

13


Wat ass dann iwwerhaapt … … e Mineral

E Mineral ass e feste Bestanddeel vun de Steng, deen natierlech entstan ass. All Mineral huet seng eege chemesch Zesummesetzung, duerch déi et sech vun anere Mineraler ënnerscheet. Steng kënnen aus engem eenzege Mineral bestoen, oder aus enger Mëschung vun e puer Mineraler.

D’Mineral Quaarz huet

sech an de Splécke vu m Sandsteen gebilt

Am Moment gëtt et ronn 5.600 Mineralaarten, déi unerkannt sinn!

… e Kristall Hei ass d’Mineral Opal am Steen gewuess.

Äiskristaller

14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Salzkristaller an Zockerkristaller

E Kristall ass e Mineral, wou déi baussegt Säite schéi reegelméisseg geformt sinn. Nëmme sou erkennt een déi typesch Kristallform vun engem Mineral. D’Schnéiflacken, de Kristallzocker, d’Salz a méi haart Mineraler, wéi de Biergkristall (Quaarz) an d’Eedelsteng sinn déi gängest Kristaller.


… en Eedelsteen Déi meescht Eedelsteng si Mineralien an de Steng vun déif aus der Äerdkuuscht. Si musse schéin duerchsiichteg sinn, fir duerch d’Schläife besonnesch schéin ze fonkelen, an haart genuch, fir laang als Bijou ze déngen. Eedelsteng si vun Natur aus duerchsiichteg, haart a seelen, anescht wéi déi vill kënschtlech a bëlleg Imitatiounen. *Atomer sinn extreem kleng Bausteng, aus deenen all Matière besteet, egal ob se fest, flësseg oder gasfërmeg ass.

Kristallstruktur vum Diamant

… eng Kristallstruktur? D’Atomer* an engem Mineral hänken uneneen a bilden e Muster. Dës Struktur widderhëlt sech esou dacks am Raum, bis e Kristall erkennbar ass. Esou Kristallstrukture kanns du och mat magnéitesche Bullen nobauen. Sinn dës Magnéitkugelen all d’selwecht, da besteet d’Mineral aus engem eenzege chemeschen Element.

C Kristallstruktur vum Salz

Dat ass de Fall beim Diamant, deen nëmmen aus mega ville Kuelestoffatomer besteet. Seng chemesch Formel ass kuerz an einfach C.

Salzkristall

Cl

Wéi eng Kristallstruktur sinn dës Eisenträger ënnerenee verbonn a stäipen esou eng Bréck.

Na

Och Mineraler mat verschiddenen Atomer hunn eng Kristallstruktur. Beim Salz, mineralogesch Halit genannt, hänken 2 verschidden Atomer uneneen, den Natrium, chemesch Formel Na, an de Chlor, chemesch Formel Cl. Dës NaCl-Struktur widderhëlt sech sou dacks a reegelméisseg, bis ee Wierfel entsteet, d’Kristallform vum Salz. D’Kristallstrukture spillen eng wichteg Roll an der Wëssenschaft an an der Technologie. Op den nächste Säite kanns du selwer Kristallstrukturen aus Pabeier nobauen. Et gëtt 7 HaaptKristallstrukture mat ganz extraen Nimm! TEXT: SIMON PHILIPPO I

15


Fluorit

Lo ass et un dir: rmen Vergréisser dës Fo ol r. M op feste Pabeie aus faarweg, schneit en. a pech zesumm

Bau Kristallstrukturen * kubesch kubesch

Pyrit

Bar

it

To

pa

s

orthorombesch

* orthorhombesch

Albit

Kya

16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Beryll

rz

* hexagonal

aa Qu

hexagonal

nit


Diebel de Pabeier op de gestréchelte Linnen no hannen, maach Pech op d’Wutzen an dréck se ënner dem passenden Deel vun der Form fest.

quadratesch

eng kombinéiert Form

S

on

rk Zi

monoklin

* monoklin

* triklin

Neptunit

* quadratesch

it

ol kap

Calci t

trigonal

tri

kli

n

Gips

Hematit

* trigonal TEXT: SYLVIE HAGEN I

17


D’Beruffer

ronderëm d’Eedels

De Geolog De Geolog ass e Wëssenschaftler, dee sech mat Steng an der Äerdkuuscht auskennt: hie kuckt, wéi se entstan sinn, wat hir Eegenschafte sinn, a wouraus se bestinn. Am Biergbau hëlleft de Geolog bei der Sich no intressante Mineraler, déi ee kann ofbauen. Gëtt en neit Mineralievirkomme fonnt, ënnersicht hien hir Eegenschaften a kuckt genee, wat fir eng Mineraler et do gëtt.

tressante Op der Sich no in Mineraler

An enger neier Minn mécht de Geolog d’Pläng an d’Zeechnunge fir den Ofbau sënnvoll ze plangen.

r vum

echie

gst G

ichte

Dat w

De Geolog kuckt sech de Buedem un

og Geol

De Geolog klappt Stengprouwen aus dem Fiels

18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

De Geolog dréit d’Daten an


steng

Fir datt e Mineral, dat am Fiels gewuess ass, zum schéinen Eedelsteen gëtt, ass vill Aarbecht néideg.

De Biergaarbechter De Biergaarbechter grueft mat sengem Handwierksgeschier a senge Maschinnen am Fiels no Mineraler. Hie schafft iwwer oder ënner Buedem. Mat der Entwécklung vu modernen an décke Maschinnen huet dee Beruff sech ferm weiderentwéckelt.

De Biergaarbechter buert

an de Fiels

Et bleift e schwéieren an haarde Beruff, mee vill Mineuren sinn dofir houfereg op hir Aarbecht an hir Grouf.

Op der Sich no Diamanten

D’Gestengs gëtt eraus gefouert

Aarbecht an enger Eedelsteng-Minn

Schwéier Maschinnen, fir an de Fiels ze bueren

TEXT: SIMON PHILIPPO I

19


Den Eedelsteen-Schläifer

E Computerprogramm weist, wéi de Steen ka geschl aff ginn

Wann en Eedelsteen aus dem Fiels erausgeholl gëtt, ass en am Réizoustand. Nëmmen heiansdo huet een natierlech Säite vun engem Kristall, dacks ass e gebrach oder ofgerënnt duerch d’Hin-anhier am Waasser. Den Eedelsteen-Schläifer kuckt, ob et méiglech ass, dee réie Mineral zu engem schéinen Eedelsteen ze schläifen. Seng Aarbecht ass et, fir dem Mineral déi Form ze ginn, déi d’Luucht esou era léisst, datt seng Faarf a seng Eegenschaften am beschten opliichten.

r hie

fir

e gz

fen

sc

i hlä

Maschinn fir d’Steng ze schläifen

en

t d’S

Den Eedelsteen-Schläifer bei der Aarbecht

Fir ze s c op e St hläife gëtt d e Steen af gepe cht

sc

Ge

Vum réie Mineral zum schéinen Eedelsteen

20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


De Bijoutier

Geschier vum Bijoutier

Et gëtt Bijoutieren, déi nëmme Bijoue verkafen (bijoutier) an et gëtt Bijoutieren, déi hir eege Schmockstécker fabrizéieren (joaillier). Duerfir sicht de Bijoutier déi (Eedel)Steng eraus, déi fir hien dee schéinste Schlëff hunn. Mat sengem kënschtlereschen Talent mécht hien domat e Rank, eng Ketten, eng Brosch, … All Bijoutier huet säin eegene Stil, deen dacks senger Perséinlechkeet entsprécht. De Bijoutier bei der Aarbecht

Ënner der Lupp kuckt de Bijoutier, wéi de Steen am schéinsten am Bijou wierkt

Den Eedelsteen gëtt agesat

TEXT: SIMON PHILIPPO I

21


3

Hëtz de Schäffchen op 200° vir.

2

Brietchen Knäip Bakpabeier

Wäsch an dréchen d’Séissgromperen.

Schneit se a Rondelen.

5 6

(MiniAusstiechformen)

2 Séissgromperen

Salz

1

Olivenueleg

Séiss Monsteren

4

Schneit mam Knäip Aen a Mond an all Rondel.

Lee d’Monstergesiichter op e Bakblech mat Bakpabeier.

Oder stiech Formen aus: lee d’Kichelchersform op de Rondel Séissgromper, dodrop e Brietchen an dréck ganz fest.

Sprutz oder pinsel Olivenueleg driwwer a stree Salz drop.

7

22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020 I TEXT: SYLVIE HAGEN

Bak d’SéissgromperMonstergesiichter ongeféier 20 Minutten. Séissgrompere si ganz haart. Du brauchs e schaarft Messer fir se ze schneiden. Looss der dobäi vun engem Erwuessenen hëllefen.


2020

Joer vun der BIODIVERSITÉIT 3

Biodiversitéit ass iwwerall! Do wou vill ënnerschiddlech Liewensraim no beienee sinn, ginn et och vill verschidden Aarten. Dat sinn déi sougenannt

Hotspots vun der Biodiversitéit wéi zum Beispill de Reebësch oder d’Korallerëffer an den Tropen. An den dréchene Wüsten oder an de batterkale Polarregiounen herrschen extreem Bedingungen, mat deenen net sou vill Liewewiesen eens ginn. Do ass d’Biodiversitéit méi kleng.

Biodiversitéit läit op der Hand: Wousst du, datt eleng op denger Haut e puer Honnert verschidde Bakterienaarte liewen? Si gehéieren - grad wéi déi Mikroben an dengem Daarm oder denge Longen ganz fest zu dir a sinn zum Deel liewenswichteg!

Och du bass e Biotop!

Awer net nëmmen am Amazonas, och op engem eenzege Quadratmeter Dréchewiss zu Lëtzebuerg kann een eng erstaunlech Zuel vu verschiddenen Aarten entdecken.

TEXT: CARMEN GREISEN I

23


a nn

äizsp Kr e-

Äppelbam

w

n

or

Siweschlé ifer

Ah

n da

ier s c htku eb

H

sc

hte bam

Grousst Himmelsd

M

uer o s au

éie

Gaa rd

24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Wäissda

N ë s se rt

r

rc he n

el

Sta llsc

h

mu e


ht rsc sp e i H

innigin

llef

Marko

Ha

us

wé nkelspann

G

de Zid s s u ro

eri igg

h Sc

e

spe lk

elter

Héngerfou

i

ntrell

seklé Wi

eker Kéis

u mm htbl c s ier

blo-

H

waarz Ho sch

St

ac

en pc h

st

a

f

Bisa

mrat

Hie s Härendré i s c he l

ap p

äm

r

Hielän n

ll Wë

re

e

ll Di

r G o l d r u t t / R i s e -Péi te

Ha

k

an

sc hw

- Wa n z

Wutztëntelek

ei lzb

ss a ch S /

n an p s r

n

I 25


Fir dës Biodiversitéit hei bei eis besser kennen ze léieren a jiddwereen drop opmierksam ze maachen, gëtt all Joer de “Biodiversitéitsdag” organiséiert - am Fréisummer, wa bei eis an der Natur eng richteg lass ass. Da schläichen dee ganze Weekend zeg Naturfuerscher vun alle Fachgebidder duerch d’Wisen, d’Felder, d’Bëscher oder d’Waasser. Si beobachten alles wat do wiisst, steet, krabbelt, leeft, flitt oder schwëmmt… kuerz gesot, wat do lieft! All d’Beobachtunge gi gesammelt an nationalen an internationalen Datebanken. Och Planzen an Déieren selwer gi matgeholl, fir se kënne genee ze bestëmmen a mat deenen aus de Kollektiounen ze vergläichen. Esou kann ee Verännerunge feststellen un de verschiddenen Aarten, de Populatiounen an der Aartenzesummesetzung. Och nei Aarte fir Lëtzebuerg ginn esou all Joer entdeckt!

An nëmme wat ee kennt, kann een och erhalen! Wier dat näischt fir dech? Probéier mol, sou vill wéi méiglech vun de Planzen an Déieren um ‚HierschtWimmelbild‘ selwer an der Natur ze fannen! Vläicht ass dat e flotten Challenge fir d’ganz Famill? Hänk de Poster op, wou jiddwereen drukënnt, a ween eppes entdeckt huet, mécht säi Krop dobäi.xx

D'Nimm vun den Déieren a Planze vum Wimmelbild Déieren

Planzen

Vullen - Markollef, Eichelhäher, geai des chênes, jay, Garrulus glandarius - Stallschmuewel/Schaarschtechschmuewel, Rauchschwalbe, hirondelle rustique, barn swallow, Hirundo rustica - Hierschtkueb, Saatkrähe, corbeau freux, rook, Corvus frugilegus Mamendéieren - Kéiseker, Igel, hérisson, hedgehog, Erinaceus europaeus - Siweschléifer, Siebenschläfer, loir gris, fat dormouse, Glis glis - Grousst Mausouer, Großes Mausohr, grand murin, greater mouseeared bat, Myotis myotis - Bisamrat, Bisamratte, rat musqué, muskrat, Ondatra zibethicus Insekten - blo-schwaarz Holzbei, große blaue Holzbiene, abeille perce-bois, carpenter bee, Xylocopa violacea - Harespelkinnigin, Wespenkönigin, reine guêpe, wasp queen, Vespinae - Himmelsdéierchen, Marienkäfer, coccinelle, ladybird, Coccinella septempunctata - Dillendapp-Wanz, Kiefernzapfenwanze, punaise des pommes de pin, pine cone bug, Gastrodes grossipes Spannen - Hauswénkelspann, Hauswinkelspinne, tégénaire domestique, domestic house spider, Tegenaria domestica - Hierschtspann, Herbstspinne, méta d’automne, lesser garden spider, Metellina segmentata - Grouss Zidderspann, Große Zitterspinne, pholque phalangide, longbodied cellar spider/skull spider, Pholcus phalangioides - Gaardekräizspann, Gartenkreuzspinne, épeire diadème, cross spider/diadem spider, Araneus diadematus

Beem - Käschtebam, Rosskastanie, marronnier, horse-chestnut, Aesculus hippocastanum - Nëssert, Walnussbaum, noyer, walnut tree, Juglans regia - Äppelbam, Apfelbaum, pommier commun, apple tree, Malus domestica - Ahorn, Ahorn, érable, maple, Acer Hecken - Hieselter, Haselstrauch, noisetier, hazel, Corylus avellana - Wäissdar, Weißdorn, aubépine, hawthorn, Crataegus monogyna - Hielänner, Schwarzer Holunder, sureau noir, elderberry, Sambucus nigra Blummen - Hierschtblumm, Herbstzeitlose, colchique d’automne, autumn crocus, Colchicum autumnale - Wisekléi, Wiesenklee/Rotklee, trèfle des prés, red clover, Trifolium pratense - Wëlle Schiggeri, Wegwarte/Zichorie, chicorée sauvage, chicory, Cichorium intybus - Goldrutt/Rise-Péiterstaf, Späte Goldrute/Riesen-Goldrute, solidage géant, tall goldenrot, Solidago gigantea Champignonen - Wutztëntelek, Schopftintling, coprin chevelu, shaggy ink cap, Coprinus comatus - Härendréischel, Steinpilz, cèpe, cep, Boletus edulis - Héngerfouss/Schantrell, Pfifferling, girolle, golden chanterelle, Cantharellus cibarius - Stackschwämpchen, Stockschwämmchen, pholiote changeante/ agaric à soupe, sheathed woodtuft, Kuehneromyces mutabilis

26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020 I TEXT: CARMEN GREISEN


Ä

S i u mm e r d d

eng D’Musek an

gesonge Ve

rsioun vun d

ëse

non fënn m Hierscht-Ka

s du op mim

amu.lu/pw

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

27


D'Holzbei

Wann s du déi nächst Kéier spadséiere gees a grouss Lächer (bis 1cm Duerchmiesser) an engem doudege Bam gesäis, dann huel der Zäit a kuck wat do sou ronderëm flitt.

Héiers du e Geräisch, dat wéi e Brumme kléngt?

Flitt do op eemol e wonnerschéint schwaarzt Insekt onroueg hin an hir, da kuck begeeschtert no, well dann ass et: déi blo-schwaarz Holzbei, Holzbei, blaue Holzbiene, xylocope violet, Carpenter bee, Xylocopa violacea. 28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


E Ris ënner de méi wéi 340 Wëllbeienaarten, déi et zu Lëtzebuerg ginn.

Opfälleg haart summt d’Holzbei duerch d’Géigend. Mee keng Angscht, si ass sou eppes vun ongeféierlech! D’Weibercher hunn zwar e Stachel, mee dee benotze se just bei allergréisster Gefor.

De Männchen erkenns de un de gielroude Réng kuerz virum geknéckten Enn vun de Füler.

Eng schwaarz Schéinheet: e schwaarze Kierper an opfälleg blo Flilleken, déi blénken. Ka bis 28 mm grouss ginn, déi gréisst Wëllbei vu Lëtzebuerg

TEXT: MURIEL NOSSEM I

29


Wéi kënnt si un den Numm Holzbei?

Am Fréijoer knabbert si mat de kräftege Kifere Gäng an dat mëllt doudegt Holz vu Bamstämm, Pottoen oder Dunnen, stonnelaang an onermiddlech. Et ass hir egal op de Poul do steet oder um Buedem läit. Bis zu 30 cm (sou héich ass eng Panewippchenzeitungssäit) laang kënnen dës Gäng sinn. D’Weibchen ënnerdeelt d‘Gäng mat Holzspéin an eenzel Kummeren. An all Kummer leet si Pollen an en 1 cm laangt Ee, am ganze bis 7 Eeër am Joër. Aus dem Ee entwéckelt sech eng Larv, duerno eng Popp an am Summer krauche jonk erwuessen Holzbeien eraus…

… a léieren hir Mamm kennen! Dat ass bei dëser Beienaart méiglech, well d’Holzbeieweibercher aussergewéinlech laang liewen (bis zu 10 Méint) a réischt am spéiden Hierscht stierwen.

A wat geschitt am kale Wanter? Déi jonk Beien, déi am Summer op d’Welt komm sinn, iwwerwanteren. Si verkrauche sech eenzel oder a Gruppen a Mauersplécken, a selwer gegruewe Lächer am Buedem oder och a Bamstämm, wou si op d’Welt komm sinn. Gutt geschützt virun der Keelt waarde si op dat nächst Fréijoer. 30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


Am léifste suckelt si den Nektar vu Planze wéi Wécken, Geessebaart, Zalfei, …, Bléien, wou si mat hirem extreem laange Rüssel drukënnt. Wa si net un de séisse Bléiesaaft kënnt, da bäisst si kuerzerhand e Lach an e Bléieblat a suckelt den Nektar eraus.

Den Dagesmenü vun der Holzbei?

Pollen sammelt si och, entweder un de Been, oder si schléckt en of a lagert en am Krapp, engem Sammelorgan bannen am Kierper..

Wéi praktesch!

Bléie bidden den Insekte Landeplazen un! Wann d’Holzbei déi notzt an hire Kapp déif an d’Bléi presst, fir un den Nektar ze kommen, da klappen d’Stëbsblieder mam Pollen (Bléiestëbs) erof a komme widder hire Réck. De Bléiestëbs, deen do peche bleift, sträift d’Bei ongewollt nees un der Narb (weiblechen Deel) vun der nächster Bléi of. An esou ass déi Bléi bestëbst.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

31


Klimawiessel, e Problem fir d’Holzbei? An de leschte Jore gi méi heefeg Holzbeien zu Lëtzebuerg gesinn. Si schéngt sech deemno hei wuel ze fillen an dat méi waarmt Klima schéngt hir ze gefalen.

Wéi kënne mir der Holzbei hëllefen?

Fir hiert Iwwerliewen a fir vill aner Insekten a Vigel ass et ganz wichteg, datt doudegt Holz an eise Gäert, Felder a Bëscher leie bleift. 32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


m Hierscht Sammel elo a ganze Koup dobaussen e g Blieder an schéi faarwe Dillendäpp.

1

r e h c r e i é d r Bliede Du brauchs:

eder vill schéi faarweg Blich pistoul (looss Pe er od ck Sti , Pech ssenen ue Erw m der vun enge hëllefen) feste Pabeier Schéier

2

Lee d’Blieder esou op däi Blat Pabeier, datt se wéi een Insekt ausgesinn.

Pech se op e Blat Pabeier.

3

4

Schneit deng Bliederdéiercher aus.

TEXT: SABINE GOERENS I

33


De Klouschtergaart am Gronn Bananne si giel, Äerdbiere rout a Muerten orange?

Fréier goufen a ganz Europa esou faarweg Muerten ugeplanzt, mee déi orange Zort huet sech duerchgesat. Kuck emol déi nächst Kéier beim Akafen: Entdecks du eng aussergewéinlech Zort? Et ginn iwwer 25 cm laang Muerten! Schued, datt een déi haut bal néierens méi kafe kann.

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Et gi violett Muerten, rouder, gieler a wäisser. Fréier goufen et och vill méi Formen: z.B. kuerz an déck Muerten, extra laanger, a.s.w.


Vill al Geméiszorte si vum bedrot. Firwat? Ausstierwe

1.

D’Geméis gesäit fir vill Leit net «normal» aus, an dofir kafe si et net. Bis an d’Joer 1900 war et normal, wäiss, giel, schwaarz-rout a violett Muerten ze kafen. Dono huet déi orange Zort sech awer duerchgesat. D’Leit hunn déi méi kaaft, well se hinne gefall huet. D’Baueren a Gäertner hu just nach orange Muerte geséit, well se déi besser verkaaft kruten. An dat obwuel déi violett Zort vill méi aromatesch ass!

2.

Verschidde Geméiszorte kënnen net mat Maschinne gepléckt ginn. An dat wëlle grouss Gäertnereien net, well da musse se méi Leit bezuelen, déi d’Geméis mat der Hand plécken, an dat dauert och méi laang. Beispill Tomat: Et ginn al Tomatenzorten, déi immens gutt schmaachen. Mee si hunn eng dënn an zaart Haut, déi séier opplatzt. Dofir kënne se just mat der Hand gepléckt ginn an net mat Maschinnen.

3.

Nëmme wéineg Gäertner ziichten haut nach hire Som selwer. Fréier huet jiddfereen de Som vun de Planze versuergt an dat nächst Fréijoer ausgeséit. Noperen a Frënn hunn de Som ënnerenee getosch.

Sou blouf eng grouss Vilfalt vu Geméiszorten erhalen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

35


A genee dat ass d’Uleies vun de Gäertner, déi am Gronn am Klouschtergaart Geméis ubauen. d Ënner

De Gaart am Gronn Wou genee ass dee Gaart?

, tëschent der em Bockfiels Festu ht, ngsma uer an der Uelzec

Melus ou d ’ w o d

t ina an d’Uelzech

kuckt.

d’Uelzecht

d’Melusina

en

d’Festungsmauer

Zënter 2004 gëtt hei Geméis ugeplanzt an engem Gaart vun der Stad Lëtzebuerg.

Tëschent de Fielsen an den Dréchemaueren ass e spezielle Klima (Mikroklima): Am Summer sinn d’Deeg laang an d’Nuechte kuerz, an de Gaart kritt Sonn vu moies fréi bis owes spéit! D’Fielsen an d’Maueren hëtze sech am Dag op, späicheren d’Wäermt a gi se nuets un de Buedem of. Do huet de Gäertner a Jore wéi dësem vill Méi, well d‘Planze brauche Waasser, an dat heescht: nätzen, nätzen, nätzen!

Terrassegaart

d’Fielsen 36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Dréchemauer


D’Aartevilfalt vun alen einheimesche Planzen erhalen, eng spannend Aufgab! An de leschten 100 Joer si 75 Prozent vun de Kulturplanze* verschwonn an definitif verluer gaang. D’Geméis aus dem Klouschtergaart gëtt net verkaaft, mee et geet drëm, Planzen, déi scho ganz laang zu Lëtzebuerg wuessen, ze ziichten an hire Som ze erhalen an ze verbreeden.

Som zéien, net sou einfach! Et brauch een z. B. zwee Joer, fir Muertesom ze zéien an auszeséien:

1.

2.

Etapp

Fréijoer: Muertesom séien

Summer/ Hierscht: grouss Muerten ouni Bléi

éischt Joer

Wanter: Rou

3.

Etapp Fréijoer/Ufank Summer: grouss Bléi, gëtt vun Insekte bestëbst

Etapp

4. 1.

Summer: verblitte Bléie mat Som, Som sammelen

zweet Joer

Etapp

Fréijoer: Som ausséien

drëtt Joer

Kuck dir d’Sammele vum Muertesom mat ville schéine Fotoen hei un: https://www.ichbindannmalimgarten.de/moehren-mehren/#comment-14262 De Gaart ass e liewege Kreeslaf, dee mam Somkär ufänkt an nees mam Somkär ophält. Du verstees elo, datt Som zéie vill Gedold brauch an et e laange Wee ass vum Som iwwer d’Planz bis bei den neie Som. *Kulturplanze si vum Mënsch geziicht an doduerch verbessert ginn. De Mënsch notzt se als Fudder fir sech a seng Déieren, oder fir schéin ze maachen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

37


D’Beiestäck am Gronn Net wäit ewech stinn och Beiestäck. D’Hunnegbeie komme ganz gär op Besuch a bestëbsen d’Bléie fläisseg. Op d’mannst grad esou wichteg sinn awer déi vill Wëllbeienaarten, déi scho vun den éischte waarmen Deeg am Fréijoer bis spéit an den Hierscht hei no Pollen an Nektar sichen. kuck PW 3/2018 S. 30-33 https://www.panda-club.lu/2018/08/depanewippchen-3-2018/

Méi wéi 250 verschidde Geméis- an Notzplanzen hunn d’Gäertner schonn am Laf vun de Joren ugebaut. De Som gëtt gesammelt, gedréchent a gebotzt. All eenzel Zort gëtt an eng Lëscht agedroen.

D’POST Philately huet dës Serie mat Timberen iwwer al Geméiszorten erausginn, mat Illustratioune vun der lëtzebuerger Kënschtlerin Mariepol Goetzinger.

Aalt Geméis am neie Klima… D‘Klima ass um änneren, de Summer ass an de leschte Jore méi waarm a méi dréchen. Do ass et vu Virdeel, wann een op Som zréckgräife kann, deen an esou Konditioune besser wuesse kann. Al Geméiszorte sinn alt mol méi widderstandsfäeg, wiere sech besser géint Krankheeten an Insektebefall a gi besser mat der Dréchent eens.

38 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


du maachen, s n n a k t a W fir al Geméiszorten ze erhalen? Geméis, dat aus eise Géigende * Iess kënnt (zum Beispill Hammbier amplaz Ananas). Dat nennt ee

regionaalt Uebst a Geméis.

Geméis zur richteger Zäit (Saison): * Iess Courgetten an Tomaten am Summer, Kabes am Wanter. Dat nennt ee

saisonaalt Uebst a Geméis Sou ënnerstëtz du d’Gäertnereien, déi einheimesch Geméiszorten zu Lëtzebuerg ubauen an dréis dozou bäi, datt dës Zorten erhale bleiwen. Dofir lies ëmmer op der Etikett vu wou d’Geméis oder d’Uebst hirkënnt. Kuck PW 4/2007 S.14-15 https://www.panda-club.lu/2007/12/ panewippchen-042007/

kuck PW 4/2009 S.3 https://www.panda -c

lub.lu/2009/12/pan

Sammel och Som! Bounen,

Tomat, Sonneblumm, Koriander, Chilli, Courgette,

ewippchen-042009

/

Paprika, … … an elo am Hierscht zum Beispill Kalbass!

* Fësch d’Kären eraus. se gutt an engem Sift bis kee *Wäsch Fleesch méi drunhänkt. se mat engem Duch dréchen *Tupp a lee se op Zeitungspabeier oder Kichepabeier, bis se ganz dréchen a liicht sinn.

Kabes,

se an eng Pabeierstiitchen * Maach oder eng al Envelopp, schreif den Numm drop an hal se op enger killer, dréchener an däischterer Plaz bis d’nächst Fréijoer. Da kanns de se nees an de Buedem séien a gutt nätzen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

39


Mëllerdall

’:

Themen am neien ‘natur musée

Landschaft

Éislek

an Musel Minett

40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

Natur


Zu Lëtzebuerg gëtt et verschidde Landschaften. Net iwwerall liewen déiselwecht Planzen an Déieren. Firwat? Den Ënnergrond besteet aus verschiddenen Zorte vu Gestengs. Plazeweis ass méi Kallek am Buedem, anerwäerts méi Toun, oder méi Quaarz.

Geologie Éislek Am Norde besteet den Ënnergrond aus haardem Tounschifer (Toun = Leem). Hie léisst d’Waasser net gutt duerch, sou datt et sech an den Däller staut, a Fiichtwisen entstinn.

De Mëllerdall, de Stadgronn leien am Gebitt vum Lëtzebuerger Sandsteen. Dëse besteet aus Quaarz-Kären an engem Zement aus Kallek. Hei gëtt et vill Quellen, an d’Flëss hunn déif Schluchten an d’Fielse gegruewen.

Minett Am Süde gouf fréier Eisenäerz ofgebaut, fir Stol draus ze maachen. Déi al Äerzgrouwe ginn haut erëm frësch vun der Natur bewuess.

Musel an Ënnersauer Hei gëtt et vill Kalleksteng, awer och Mergelen, déi aus enger Mëschung aus Kallek an Toun bestinn.

E puer typesch Planze vun dëse Géigenden:

Pyramid en- Orc am Mine his tt

Supp-Fangerkraut am Éislek uwen Riesling-Dra l op der Muse

Bichen am Mëllerdall

klima

D’Éislek läit 450 bis 550 m iwwerem Mieres-Spigel, d’Musel nëmmen 130 bis 140 m. Dofir ass et am Éislek an der Jores-Moyenne bal 2 °C méi kal wéi am Museldall. Op der Musel ginn et genuch waarm Summerdeeg fir Wäindrauwen ze zillen.

TEXT: GUY KERSCH I

41


:

:

iz A w h c S g n e l k g n e : l l a MEllerd D’Sandsteen-Fielsen am Mëllerdall si bis 35 m héich. Hei wiisst een imposante Bichebësch, an deem vill intressant Planzen a Déiere liewen.

t echt, Schwaarze Spi pic t, ch pe Schwarzs ecker, noir, black woodpus Dryocopus marti

3

2

1

4

rlek Bock-Kiewerlek, Bockkäfer, capri- ou longicorne, longhorn beetle, Cerambycidae

ll Wanderfalke, Spuervull, regrine faucon pélerin, pe grinus falcon, Falco pere chtel, Walddës techpalme, gemeine Smmon holly, houx, co olium ilex aquif

4 4. Um

1. 1 Op de géie Fielswänn bréit de Spuervull. 2 2. De Schwaarze Spiecht hummert seng Hiel an dat haart Bichenholz. 3 3. Hie frësst gäer d’Larve vu Bock-Kiewerleken, déi sech am doudegen Holz entwéckelen.

hen, Stackschwämpc en, ch m Stockschwäm te, pholiote changeanft, sheathed woodtu abilis Kuehneromyces mut

4

Buedem wuessen d’Walddëschtel, vill Fare wéi de Bichefar, a bal 400 Aarte vu 5 Champignone wéi de Moos! 5. Stackschwämpchen erniere sech vu mierfem Holz.

henfarn, Bichefar, Bucêtre, fougère du h egopteris beechfern, Ph connectilis

5

6 Op der 6. Streeschicht um Buedem wuessen dee staark gëftege Grénge Mierder an déi beléift Genéissbar Morchel. 7 Am Hierscht 7. el Genéissbar Morchel, Reewuerm, R e eg fale ronn 250.000 Speisemorchel, morill lo mbric commuenwurm, commune, common morel, Blieder op all Ar earthworm, L n, common umbricus Morchella esculenta terrestris Bëschbuedem (1 Ar = 10 x 10 m = 100 m2). No e puer Joer wier dës Streeschicht schonn ee Meter héich, wann r grüner Grénge Mierder, lz, rpi tte d’Reewierm se net géifen zersetzen. Si gehéieren zu engem Knollenblä amanite phalloïde, death ganze Recycling-Team vu klenge Buedemdéieren, cap, Amanita phalloides Champignonen a Bakterien.

6

6

7

42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


-

-

Naass Feiss am Eislek

Eng Rei Déieren- a Planzenaarte sinn op kloert Waasser als Liewensraum ugewisen.

1

frell Bachforelle, Baachfrell, truite fario, river trout, Salmo trutta fario

2

ramsel, Waassermärel, Wasse te Äisvu cincle plongeur, whi lus nc Ci r, pe dip m ed at ro artinl-l, Eisvoge th l, pê king cinclus sher,cheur, Alcefi do at 1 1. D’Baachfrell brauch séier, this sauerstoffräich Baachen, mat Kiselsteng fir hir Eeër ofzeleeën. Biber, Biber, castor, Biber 2 An esou Baache joen och 2. beaver, Castor fiber d’Waassermärel an den Äisvull.

2

4

3

el FlussFloss-Pärelmuschel, e perlière, ul mo el, perlmusch ssel, freshwater pearl muifera rit Margaritifera maga

3 3. D’Larve vun der rarer Floss-Pärelmuschel entwéckele sech an de Kime vun der Baachfrell. 4 De Biber baut Dämm aus Bamstämm, 4. Äscht a Bulli, fir d’Ëmgéigend vun de Baachen ze iwwerschwemmen. Sou schaaft hien nei Liewensraim, fir sech a fir vill aner Aarten.

5 Schwaarze Stuerk, gne noire, Schwarzstorch, cigo nigra black stork, Ciconia

7 ika, chte Arn e , a ik n r Echt A s montagnes, arnica de arnica, Arnica mountain montana

5 De 5. Schwaarze Stuerk fänkt Fësch a Fräschen an de Baachen, Fiichtwisen an Dëmpelen. 6 Déi Echt Arnika kënnt nëmmen op moere Wise vir. 6. 7 7. D’Däiwelsklo wiisst dacks an dichte Bestänn zesummen. 8. 8 D’Adder (=Réngelnatter) lieft gäer no beim Waasser a kann tipptopp schwammen.

6

8

lo Däiwelsklo, Schlangen-Knöterich, renouée bistorte, common bistort, Bistorta officinalis

Adder, Ringelnatter, couleuvre à collier, grasssnake, Natrix natrix

TEXT: GUY KERSCH I

43


t n in w r e v n n o S r e d n u Musel: v rt,

*Wéngert = Wäigaa D’Musel, dee gréisste Floss vu Lëtzebuerg, ierg mécht op 42 km Längt d’Grenz zu Däitschland. Wäibngert = Uebstgaart, **Bo m Wéinst deem mëlle Klima gëtt et am Museldall Wiss mat Uebstbee vill Wéngerten*, a vill Bongerten**.

2

z  z, Garderoutschwan ugequeue, ro z, an w Gartenrotsch Phoenicurus , rt ta common reds phoenicurus

3

4

1 s Wendehals, torcol Dréihals, wryneck, fourmilier, eurasian Jynx torquilla

ht Grénge Spiecht, pic vert, t, spech Grün r, pecke wood green laanger, dënner Zong viridis Picus 2 De fänkt den Dréihals Insekten 2. u a ink z, Gaarderoutschwänzchen bréit an Hielen an ale Steekauz, Ste che, little evê 3 Hei lieft och de Grénge Spiecht, e sëtzt awer chouette ch octua Beem. 3. Athene n och dacks um Buedem fir Seejomessen ze friessen. owl, 4 Dee rare klenge Steekauz brauch e 4. villfältege Liewensraum mat Kappweeden, Gäert an Uebstwisen. 1 Mat senger 1.

6

5

Mauereidechs, lézard Mauereidechse, wall des murailles, l, e m m u lis H , Podarcis mura rd Bommell, , za e li e b le b bum bourdon, Bombus 5 Bommelen a Wëll Beie 5. bestëbsen d’Bléie vun den Uebstbeem a Wäiriewen, sou datt dës spéider Friichten droen. 6 6. A géie Wéngerte ginn Terrasse mat Dréchemaueren 7 An de Mauerfouen a -splécken hausen eng ugeluet. 7. Hellewull vu Planzen an Déieren, wéi z. B. d’Mauereidechs. 8 De Wéngertsschleek huet dee kallekege Buedem 8. gäer, well och säin “Haus” besteet aus Kallek.

9 Fir de Siweschléifer 9. a seng “Cousinën”, de Gaardeschléifer an d’Hieselmaus, si Wéngerten a Bongerten ideal Liewensraim. Et kritt ee se awer bal ni ze gesinn, well se nuetsaktiv sinn an e laange Wanterschlof halen.

44 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020

7

schleek, rgot Wéngertsgschnecke, escaail, Weinber gogne, roman sn de Bour matia Helix po

9 er Siweschléifer, er, loir gris, äf hl Siebensc s edible dormouse, Glis gli

8


Minett: nei Natur op Industrie-Broochen*

Am Minett sinn d’Steng an de Buedem raschtrout, well vill Eisen dran ass. net méi genotzt gëtt *eng Brooch = een Terrain deen D’Eisenäerz gouf bis 1981 ofgebaut: ënner fräiem Himmel, an a Galerien ënnert dem Buedem. Zënterhier ass d’Natur amgaang, d’Stengwüsten, déi d’Mënschen hannerlooss hunn, erëm ze erueweren.

1

2

Gefränjel t gewöhnlic en Enzian, Fransenenzher ciliée, frin ian, gentiane Gentianopsged gentiane, is ciliata

Flechten, Lichen

2

Schaarfe Mau erpeffer, r Scharfer Mau e brûlant, bitin rpfeffer, orpin Sedum acre g stonecrop,

1 Als éischt wuesse 1. Flechten a Moosen op de plakege Steng. Aus hire Reschter an aus verwitterte Steng entsteet een éischte moere 2 Dorop wuessen da Grieser, Blummen a Kraider wéi Buedem. 2. de Schaarfe Mauerpeffer, de Gefränjelten Enzian... No an no gëtt de Buedem mat Humus ugeräichert. Pionéierbeem wéi Bierken, Weeden a Kifere kënnen sech dra festkrämpen a geheien ëmmer méi Schiet. Si wäerten an e puer Jorzéngten engem zouene Bichebësch Plaz maachen.

4

3

3 D’Quisel huet et gäer 3. dréche-waarm. Si huet sech zënter 2004 staark an der Minettgéigend verbreet. r 4 De Bloflillek-Steesprénger weist seng 4. Bloflillek-Steesprénger, recke, ch ds lan schéin hënnescht Flilleken nëmme wann e flitt, Blauflüglige Öd ues, blue et à ailes ble 5 Och criqu soss ass e perfekt am Gestengs getarnt. 5. oda, winged grashopper, Oedip de Broochschësser huet et gäer stengeg. Hie oedipoda bréit a Fielssplécken, ass awer leider zënter 2019 zu Lëtzebuerg ausgestuerwen. Broochschëss er in, er et nb S sa teinschmätzer, , te ot 6 G , el 6. Den Quis motteux, north traquet ropean mante religieuse, eu Uhu war no 1928 zu wheatear, Oenanern sa io lig re tis an the M mantis, Lëtzebuerg verschwonnen. oenanthe Zënter 1982 bréit en erëm am Land, och a géie Fielswänn am Minett. 7 An de verloossene Galerien 7. iwwerwantere verschidden Aarte vu Fliedermais.

4

5

3

7

6

u hu, hibo n Uhu, U ia c, Euras bo u d d n a r g Bubo bu , l w o e eagl

Fliedermais Fledermäuse, Fliedermais, Chauves-souris, bats, Microchiroptera

TEXT: GUY KERSCHI

45


Du brauchs:

maach deng Kristallen

- Kristallzocker - waasser - en eidelt Gebeessglas - hëlze Spiisser - Liewensmëttelfaarf - frischhaltefolie du brauchs d'Hëllef vun engem Erwuessenen

2

1 2 Portiounen Zocker fir 1 Portioun Waasser

3

Zapp de Spiiss an d’Flëssegkeet, fir en naass ze maachen. Schëtt Zocker op en Teller an dréin de Spiiss dran, bis den Zocker ronderëm peche bleift.

Heibäi soll een Erwuessenen der hëllefen: Fir d’éischt gëtt d’Waasser gewiermt. Wann et kacht, kënnt den Zocker derbäi. Dono gëtt geréiert, bis datt e flësseg gëtt. Opgepasst den Zocker ass ganz ganz waarm, wann en erhëtzt gëtt!! Looss d’Flëssegkeet stoen, bis se ofgekillt ass.

4

Schëdd déi ofgekillte Flëssegkeet an d’Glas.

46 I DE PANEWIPPCHEN 3/2020


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

C. Faber, S. Goerens, MP Goetzinger, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kayser, G. Kersch, M. Kirsch, M. Nossem, S. Philippo, F. Theisen

Texter:

Yana May DImmer, C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, S. Hagen, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem, S. Philippo, N. Serrig

Grafik an Illustratioun:

5

S. Goerens, MP. Goetzinger, L. Grosbusch, S. Hagen

Du kanns Liewensmëttelfaarf dobäi maachen, fir datt deng Kristaller faarweg ginn.

6 Setz de Spiiss an d’Glas an deck et mat Frischhaltefolie zou.

Lo muss du Gedold hunn. Et ka bis 3 Wochen daueren ier Kristaller entstinn. Wat s du däi Bengelche méi laang am Zockerwaasser stoe léiss, wat deng Kristaller méi schéin a grouss ginn!!

7

Fotoen:

S1 shutterstock S2 Hannergrond: shutterstock S5 rout Fielsen: Zinneke, Minnemusée: Schnékert, Grouw Rëmeleng: Remo Raffaelli, Grouwenaarbechter: MNM Rëmeleng, Koffer: Jonathan Zander, aner: mnhn S6 Achat rout: Saliko, Achat mov: shutterstock, Kräiz: AK-Bino, Schëld, Minn a Musée: Nuckmann S7 mnhn S8&9 Yana May Dimmer S12&13 dräi wäiss Diamanten: shutterstock, aner: mnhn S14 Quarz: Padsad, Opal: Robert M. Lavinsky, Salz&Zocker Kristall: Oleg Panichev S15 bloe geschlaffene Steen: Sapphiredge, roude geschlaffene Steen: Beaver223, réi Eedelsteng: shutterstock, Slazkristall: Didier Descouens S16&17 gefalte Këschten: mnhn, Pyrit: JJ HArrison, Neptunit: Didier Descouens, Calcit: Parent Géry, aner: Robert M. Lavinsky S18 shutterstock S19 Eedelstengminn: Dianatino, Gestengs eraushuelen: Dan Lundbert, Diamantesich: Mummane, aner: shutterstock S20 Computer: mnhn, Schläifgeschir: Mauro Cateb, Schläifer: Africraigs, Schläifmaschinn: Desireforjoy, réie Steen: Jay Boyle, geschlaffene Steen: YippieeD S21 Bijoutier: Peter van der Sluijs, Réng: Daniela Komatosic, Geschir: Mauro Cateb, Bijoutier Lupp a Bijoutier Pince: shutterstock S22 mnhn S23 Reebësch: Thomas Schoch, Dréchewiss: SImone Schneider, Neimäerder: Stubenviech, aner: shutterstock S26 shutterstock S28 shutterstock S29 Robert Bour S30 mnhn S31 Robert Bour S32 Holzbei: mnhn, aner: shutterstock S33 mnhn S34&35 Foto Gronn: mnhn, aner: shutterstock S36&37 Somtitecher: shutterstock, aner: mnhn S38&39 Timberen: POST Philately, aner: mnhn S40 Mëllerdall: Mark Ryckaert, Éislek: Steve Troes, Musel: shutterstock, Minett: Zinnecke S41 Mëllerdall: Marc Ryckaert, Supp-Fangerkraut an Drauwen: shutterstock, Orchidee: Gilles San Martin S42 Spuervull: Georges Lignier, Spiecht: Xulescu_g, Bockkierwerlek: shutterstock, Walddëschtel: Roberta F., Bichefar: Muriel Bendel, Stackschwämpchen: Ermell Reinhols Möller, grénge Mierder: Archenzo, Morchel: Andreas Kunze, Reewuerm: shutterstock S43 Baachfrell: Aaron Gustavson, Waassermärel: Åsa Berndtsson, schwaarze Stuerk: Franz Vassen, echte Arnika: Jmp48, Däiwelsklo: Pjt 48, aner: shutterstock S44 Dréchemauer: mnhn, Wéngerteschleek: George Chernilevsky, aner: shutterstock S45 Flechten: Tomascastelazo, Mauerpeffer: AnRo 0002, Steesprénger: gailhampshire, aner: shutterstock S46 Nina Serrig Poster: Mohs: Joseph Kriehuber, Testkëscht: Hannes Grobe, Ritztester: mnhn, aner: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info

Deng Kristaller um Spiiss kanns du an den Téi zappen oder als Lutsch um 4 Auer iessen.

panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

TEXT: NINA SERRIG

I 47


Imprimerie


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.