Panewippchen 04/2020 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°133 4/2020

Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung gemaach

www.panda-club.lu


News

Jelliskäpp am Stauséi

Ufangs September goufen am Stauséi fir d’éischte Kéier Séisswaasser-Jelliskäpp gesinn. Fräschmänner vum CGDIS konnte si fotograféieren an hunn d’Fotoen un d’Waasserwirtschaftsamt an d’Natur- a Bëschverwaltung geschéckt. Do konnten d’Jelliskäpp bestëmmt ginn. Si gehéieren zu der Séisswaasseraart Craspedacusta sowerbii.

Dëse Jelliskapp ass friddlech a keng Gefor fir de Mënsch. E léist bei Hautkontakt keng Verbrennungen a keen Ausschlag aus, wéi seng Cousinen aus dem Mier.

Dës ‘invasiv’ Aart kritt héchstens en Duerchmiesser vu 25 mm.

Dëse Séisswaasser-Jelliskapp kënnt ursprünglech aus Asien. Hien huet sech awer och schonn a Länner vun anere Kontinenter breet gemaach. Dat kënnt duerch den Transport vu Fësch a vu Waasserplanzen.

Si huet gär proppert, kloert a rouegt Waasser, dat steet an dat am Summer iwwer e puer Méint eng Temperatur vun iwwer 20 °C huet. Dofir gesäit ee si vu Juli bis September, déi meescht vun Enn August bis September. Am Dag hält si sech déif am Waasser op, an der Owesdämmerung kënnt si un d’Uewerfläch erop.

2,5 cm

Datt si sech elo méi dorueter ausbreet, huet warscheinlech mat der globaler Klimaerwiermung ze dinn. Beobachtunge vu Séisswaasser-Jelliskäpp kënnen hei gemellt ginn: peche@eau.etat.lu

2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

TEXT: FRÄI IWWERSAT NOM PRESSECOMMUNIQUÉ


PW 4/2020 From Dark to Light

Geheimnisvoll Eedelsteng, déi an alle Faarwe blénken. Kommt déi nei Ausstellung vum ‘natur musée’ kucken an entdeckt eng faszinant Welt, wou et heiansdo schwéier ass, richteg a falsch ze ënnerscheeden.

Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2020 Thema: EISE BËSCH SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 WÉI GEET ET EISE BEEM? SÄIT 10 KNIWWEL Kuch am Glas SÄIT 12 DE KLOTERMÄERTEN SÄIT 16 LIEWEN OP DER VENUS? SÄIT 20 KNIWWEL Libellen am Wanter SÄIT 21 BIODIVERSITÉIT 4 SÄIT 22 WIMMELBILD Déieren a Planzen am Wanter zu Lëtzebuerg SÄIT 24 BIODIVERSITÉIT 4 SÄIT 25 FIR MATZESANGEN De Bammarder SÄIT 26 DOUDEGRIEWERKIEWERLEK SÄIT 30 NATUR- A BËSCHZENTRUM MIRADOR SÄIT 36 THEMEN AM ‘natur musée’ Biodiversitéit SÄIT 42 KNIWWELEN Landart am Bësch Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’

I3


Wéi geet et dem Bësch zu Lëtzebuerg? De Bicheschläimfloss ass eng Krankheet, déi de Bam schwaach mécht. D’Bichewollschëldlaus (Cryptococcus fagisuga) frësst d’Schuel vum Bam.

D’Larve vum Meekiewerlek (Melolontha melolontha) friessen d’Wuerzele vun de jonke Beem.

*Schuedorganismen un de Beem sinn Déieren, Planzen oder Pilzen, déi de Bam ugräifen a krank maachen.

De Grousse Bronge Rüsselkiewerlek (Hylobius abietes) frësst d’Schuel vun de jonken Nolebeem.

D’Larve vum Grousse Fraschtspanner (Erannis defoliaria) friessen am Fréijoer d’Blieder vun allméigleche Bamaarten, déi herno plakeg do stinn.

De Kofferstiecher (Pityogenes chalcographus) an de Buchdrécker (Ips typographus) sinn déi heefegst Borkekiewerleke bei Fiichten. Si friesse massiv Gäng ënner der Schuel ,déi d’Saaftleitunge vum Bam zerstéieren: de Bam verdréchent an erhéngert.

Den Zunderschwamm (Fomes fomentarius) ass ee Champignon, dee geschwächt Beem befält.

4 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


Sinn eis Bëscher gesond? An de leschte Joren hu Waassermangel, héich Temperaturen, *Schuedorganismen an esou weider eis Bëscher geschwächt. Duerch déi extreem Dréchent hu vill Beem hir Blieder scho fréi ofgeworf, fir manner Waasser ze verdonsten. Dee permanente Stress huet eis Bëscher méi ufälleg fir Krankheeten a Schädlinge gemaach.

No de leschte Kontrollen an eisem Land si méi wéi d‘Halschent vun eise Beem krank. Dëse Bichebësch ass vun der Dréchent geschwächt.

Wéi erkennt een, datt eise Bësch krank ass? Déi éischt Unzeechen, datt eise Bësch krank ass, falen net direkt op. Et kommen zum Beispill méi schiedlech Insekten, Champignonen an esou weider op, well dat natierlecht Gläichgewiicht gestéiert ass. Aner Krankheetsunzeeche vu gestresste Beem sinn d’Verfierwe vun de Blieder oder d’Ofwerfe vum Laf oder den Nolen, laang virum Hierscht. E kranke Fiichtebësch.

Firwat geet et eise Bëscher schlecht? Dat läit virun allem um Klimawiessel. Duerch de mënschlechen Afloss op seng Ëmwelt gëtt d‘Wieder ëmmer méi extreem. Bei eis zu Lëtzebuerg weist sech dat mat méi waarmen an dréchene Summeren, an naasse Wanteren. Vill vun eise Bëscher goufen och mat Bamaarten ugeplanzt, déi net un de Buedem ugepasst sinn, op deem se stinn. Esou Bëscher sinn aarm un Aarten an dofir ufälleg fir all méiglech *Naturgeforen.

*Naturgefore sinn Insekten, déi sech onkontrolléiert vermeeren, de Wand, dee Beem ëmgeheit an de Schnéi, ënner deem Äscht ofbriechen.

Eis einheimesch Beem packen Temperaturen iwwer 40 ° net.

TEXT: ROBY BINTNER & MARTINE NEUBERG I

5


Wéivill Waasser brauch e Bam? Dat hänkt vu Villem of. Bei de Beem ass et wéi bei eis Mënschen: Wat et méi waarm ass, wat se méi Waasser brauchen. Wann e Bam méi al a méi grouss ass, da brauch en och méi Waasser. De Waasserbedarf hänkt och vun der Bamaart of: Déi eng sti gäre mat de Féiss am Waasser, anerer hunn et léiwer méi dréchen. Eng grouss Bich brauch zum Beispill 500 Liter Waasser pro Dag, dat sinn ongeféier 4 Buedbidde voll.

4. D’ Waasser, wat zevill ass, gëtt verdonst an de Sauerstoff gëtt vun de Blieder ausgeotemt.

O2

3. *Photosynthees:

Aus Waasser a Kuelendioxid (aus der Loft) mécht de Bam an de Blieder mat Hëllef vu Sonneliicht Drauwenzocker a Sauerstoff. Den Drauwenzocker brauch de Bam fir ze wuessen.

C6 H12O6

O2

C6 H12O6

O2

Saue

C6 H12O6 Drauwenzocker

CO2 CO2

2. D’Waasser gëtt vun de Wuerzelen an d’Blieder transportéiert.

O2

Kuelen Waasser

(kuck Sä

1. De Bam suckelt Waasser aus dem Buedem.

Dës Bamaarten hu manner Problemer mat der

Drauweneech

Traubeneiche, chêne rouvre, sessile oak, Quercus petraea

6 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

Fatzeg Dänn

Waldkiefer, pin sylvestre, scots pine, Pinus sylvestris

Wanterlann

Winterlinde, tilleul à petites feuilles, small-leaved lime, Tilia cordata

Spëtz

Spitzahorn, Norway maple,


De *Bamwuerzelsystem sinn déi déck an dënn Wuerzele vun de Beem ënner dem Buedem.

Sonneliicht

Wéi kommen d’Beem un d’Waasser? All Bam hëlt d’Waasser aus dem Buedem iwwer säi wäit verzweigte *Wuerzelsystem op. Vun do aus gëtt d’Waasser dann duerch d‘*Waasserleedbunnen ënner der Schuel bis an d’Kroun vum Bam geleet. An de Blieder gëtt d’Waasser da verdonst, fir datt de Bam kann Drauwenzocker produzéieren, deen hie brauch fir ze wuessen. D’*Waasserleedbunne si ganz dënn Waasserleitungen ënner der Bamschuel.

Wat mécht de Bam, wann en net genuch Waasser kritt?

O2

erstoff

Wann e Bam Duuscht kritt an net méi u genuch Waasser kënnt, mécht e fir d’éischt d’*Spaltëffnungen u senge Blieder zou, fir manner Waasser ze verdonsten. Kënnt de Bam da weiderhin net u Waasser, da verléiere seng Blieder d’Faarf. Dat läit dodrun, datt de Bam manner *Photosynthees mécht, fir esou nach manner Waasser ze verbrauchen. An engem nächste Schrëtt werft de Bam dann en Deel vu senge bausseschte Blieder of. Sollt et da weiderhin dréche bleiwen, stierwe ganz Äscht of.

CO2

ndioxid

äit 17)

*Spaltëffnunge si butzeg kleng Lächer op der ënneschter Säit vun de Blieder.

Waasserversuergung:

zahorn

érable plane, Acer platanoides

Maasselter

Feldahorn, érable champêtre, field maple, Acer campestre

Hobich

Hainbuche, charme, common hornbeam, Carpinus betulus

Bierk

Hängebirke, bouleua verruquex, silver birch, Betula pendula TEXT: ROBY BINTNER & MARTINE NEUBERG I

7


Wat mécht d’Dréchent mat eise Bëscher? 2010: De Bësch ass gesond.

2013: Brong Bamkroune sinn déi éischt Unzeeche vu Krankheet.

2016: Bannen am Bësch si Beem ofgestuerwen.

Kuerzfristeg wuessen d’Bëscher méi lues an et kommen no de leschten dréchene Summeren ëmmer méi Krankheeten a Schuedorganismen op. Mëttelfristeg, also am nächste Joerzéngt, wäerte vill vun de geschwächte Beem un hire Krankheeten zu Gronn goen. Laangfristeg ass awer net ofzegesinn, wat iwwer déi nächst Joerzéngte mat eise Bëscher geschitt. Wéi sech de Bësch entwéckelt, hänkt dovun of, ob d’Summere weider esou dréchen a waarm bleiwen, oder ob sech d’Situatioun dann erëm normaliséiert. Wann et weiderhin ëmmer méi dréchen a waarm gëtt, wäerten eis Bëscher sech aus anere Bamaarten zesummesetze wéi haut.

Sou verleeft d’Ofstierwe vun engem aartenaarme Bësch.

2019: De Bësch ass futti.

Wéi séier erhuele sech eis Bëscher vun engem Dréchejoer? Eis Bëscher si widderstandsfäeg a kënnen eenzel dréche Jore relativ gutt verdroen. Wann et no engem dréchene Summer am nächste Wanter genuch reent, fir de Buedem an de Grondwaasserspäicher erëm mat Waasser ze fëllen, da starten d’Beem normal an dat nächst Fréijoer. Sou een dréchent Joer bedeit fir d’Beem just, datt se manner déck ginn. Kommen allerdéngs méi dréche Joren hannerteneen, da ginn d’Beem geschwächt an et kënnt zu Schied, vun deene si sech net méi erhuelen. 8 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

Wat mécht d’Dréchent mat de Beem? D’Beem produzéieren extra vill Som, wa se wéinst der Dréchent gestresst sinn. Dat maache se aus engem Iwwerliewensdriff eraus: Si versiche fir Nokommen ze suergen, am Fall wou se géife stierwen. Et bréngt se awer och dem Doud méi no, well d‘Produktioun vu Som d’Beem immens vill Kraaft kascht. Den Dréchestress schwächt och hiren Immunsysteem, sou datt se éischter krank ginn.


Verglach:

En aarteräiche Mëschbësch…

… an en aartenaarme Bësch. Déi brong Flecke si krank an doudeg Beem.

Wat kann d’Forstwirtschaft maachen? Fir d’Auswierkunge vum Klimawiessel ofzeschwächen, kann d’Forstwirtschaft u verschiddenen Hiewelen usetzen. Et solle Bëscher geschaaft ginn, déi net nëmmen aus enger Bamaart bestinn, mee an deene vill Bamaarten dra gemëscht sinn. Well all Aart anescht op déi verschidde Problemer (Dréchent, Stuerm, Krankheeten, Schädlingen...) reagéiert, mécht dat de ganze Bësch méi stabil. An engem Mëschbësch fannen och vill méi Planzen an Déieren en Doheem, eng Villfalt, déi zu engem gesonde Bësch gehéiert. Déi Beem, déi an Zukunft an eis Bëscher geplanzt ginn, musse gutt un de Buedem ugepasst sinn. Net all Bamaart gëtt nämlech mat all Buedemaart eens.

Bei der Holznotzung muss och ëmgeduecht ginn. D’Beem an eise Bëscher sollten nëmmen nach eenzel oder héchstens a Gruppen ëmgehae ginn. Sou bleift de Krounendaach vun eise Bëscher zou, an et verdonst nëmme wéineg Waasser aus dem Bësch. Zu gudder Lescht sollte mir méiglechst vill Kuelendioxid a Form vu liewege Beem an Doutholz an eise Bëscher späicheren. Mir sollten d’Holz aus eise Bëscher net verbrennen, mee am beschten doraus Miwwel oder Daachgespärer maachen. Sou bleift de Kuelendioxid iwwer laang Zäit am Holz gespäichert.

Wat kanns du dozou bäidroen, datt et eise Bëscher besser geet? Fir eise Bëscher ze hëllefen, kanns du mat denge Kolleege probéieren, an ärem Alldag esou ze liewen, datt de Klimawiessel ofgeschwächt gëtt. Zum Beispill: Manner Fleesch iessen, méi zu Fouss goen, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport fueren, manner Saache kafen. TEXT: ROBY BINTNER & MARTINE NEUBERG I

9


E salzege Kuch Du brauchs:

3 Eeër 150 Gramm Miel 1 Päckelche Bakpolver 100 Milliliter Olivenueleg 100 Milliliter Mëllech 200 Gramm gerappte Kéis 400 Gramm kleng geschnidden: Tomaten, Ham, Courgetten , Choufleur... Salz a Peffer D’Eeër klappen, d’Miel an de Bakpolver domadder vermëschen. Dono all déi aner Zutaten dobäi ginn a verréieren.

Fir all d’Rezepter:

Gebeessglieser botteren a mielen. D’Glieser hallef fëllen a be virgehëtzte Schäffchen 20 i 180° am baken. Mat engem Spiiss -25 Minutte wann en dréchen eraus këdra picken, a du d’Glieser eraushuelen nnt, kanns (mat Hëllef vun engem Er a gläich drop den Deckel fest drop zoudwuessenen) Ëmgedréint op enger Hier réinen. tchen ofkille loossen.

e t h c s e b r e All Bomi-Kuch 10 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

Eng Fletsch, eng Etikett, e flotte Sproch a schonns hues du de perfekte Kaddo.


E flotte Kaddo: Kuch am Glas

4/4 Kuch am G las Du brauchs : 250 Gram m Zocker 250 Gramm m ëlle Botter 4 Eeër 250 Gramm M iel 1 Päckelche Ba kpolver

De Botter ma m Zocker verm ëschen. D’Eeër eent no m aneren dobä i ginn a gutt verréieren. D’M iel mam Bakpo lver drënner réieren.

Bopi-dubass-deeBeschten-Kuch

berkuch: e Mar r fi Als Variant ka nns du 1/3 vum Deeg mat 2 Zoppeläffele K akaospolver ve rmëschen. D’selwecht wé i bei deenen ane re Kuchen, déi zwee Deege r an d’Glas ginn . Fir d’Marbermuste r eemol eng Forschett derd uerch zéien.

Eng ganz einfach Brioche Du brauchs: 375 Gramm Miel 50 Gramm Zocker 50 Gramm mëlle Botter 2 Eeër

1 Päckelche frësch Hief 1/8 Liter wotlech Mëllech den Eeër D’Miel mam Zocker, dem mëlle Botter an lech gutt vermëschen. D’frësch Hief an der Mël ginn a opléisen an dono bei de Rescht vum Deeg eng hallef verréieren. Eng Bull formen an zougedeckt an an de Stonn opgoe loossen. Kleng Bulle maachen eng hallef gebotterten a gemielte Glieser nach emol Stonn opgoe loossen.

GuttLaunKuch

Merci-Kuch

Si-froumat-dir -Kuch TEXT: SABINE GOERENS I

11


De Klotermäerten Bammarder oder Bëschmarder (Baummarder, pine marten, martre des pins, Martes martes)

Héich uewen an de Beem ass hien ënnerwee: heemlech an ouni Kaméidi ze maachen, vun engem Aascht op deen aneren. Daucht hien op, verfuusse sech d’Kaweechelcher an d’Villercher maache sech aus dem Stëbs: et ass de Bammarder.

12 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


Säin drotegen, renge Kierper a säi käschtebronge Pelz si perfekt un de Liewensraum Bësch ugepasst. Mat nëmmen 1,5 bis 1,8 Kilo Gewiicht kann hien op den dënnen Äascht kloteren a vu Bam zu Bam sprangen. An dat muss hien och kënnen, well do uewen an de Bamkrounen ass säi Juegdrevéier.

Obwuel hien och mol daagsiwwer ënnerwee ass, geet hien am léifsten op d’Juegd, wann et dobaussen ufänkt däischter ze ginn. Do mussen d’Mais, d’Kaweechelcher, d’Vigel an d’Insekte sech an Uecht huelen, well de Bëschmarder huet si am Schna. Awer och Vulleneeër a Friichte wéi Bëschäerdbier oder Vullekiischte léisst hie sech gutt schmaachen. TEXT: MIKE HAGEN I

13


An huet eise Marder sech de Ränzelchen da voll geschloen, da mécht hie sech op a säin Nascht. Dat huet hien an engem huele Bam oder awer an engem verloossene Kobel* oder Gräifvullennascht ageriicht. Am Wanter, wann et kal an naass ass, an de Wand duerch d’Beem hault, verleet hie seng Stopp awer schonns léiwer op de Bëschbuedem ënner en décken, ëmgefalene Bam oder e grousse Wuerzelstack. Do ass et nämlech e gutt Stéck méi schuckeleg a gemittlech. * Um Pouster gëtt erkläert, wat e Kobel ass.

Mat der Sonn vum Fréijoer bréngt d’Mudder 2 bis 3 Klenger op d’Welt. Si sinn ufanks nach blann a kënnen eréischt no 5 Wochen eppes gesinn. Déi ganzen Zäit leie si gutt agemummelt am Nascht a gi vun hirer Mamm mat Mëllech versuergt. No annerhallwem Mount gi si da mat der Mamm op den Tour. Do musse se virun allem en A op d’Gräifvullen an d’Eilen hunn, well déi hunn et op si ofgesinn. An och de Mënsch ass bei hinnen net gutt gelidden; hu si een erbléckst, husche se sou séier se kënnen erop op de Bam, well nëmmen do uewe fille si sech sécher. 14 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


Wa mir och weiderhin dëse wibbelegen, schmocke Raiber bei ons wëlle gsinn, brauche mir Bëscher mat héijen ale Beem, deenen hir Krounen anenee wuessen, mat ville Bamlächer, an alt mol mat engem ëmgefalene Bam um Buedem. De Bammarder gëtt dacks mat sengem Koseng, dem Steemarder verwiesselt. Si ënnerscheede sech an dëse Punkten: De Bammarder huet e laange schmuele Kierper vun ongeféier 50 cm Längt. En huet e muussegen, käschtebronge Pelz mat engem grousse giele Fleck um Hals an eng donkel bis schwaarz Nues. Am Wanter huet hie vill Hoer ënner de Balere vun de Patten. Hie lieft am Bësch.

Bamm

martre arder, Bau Martes des pins, pine mmarder, foina marten ,

De Steemarder ass e bësse méi kleng wéi de Bammarder, awer e bësse méi schwéier. Hien huet e grobronge Pelz mat engem wäisse, gespléckte Fleck um Hals an eng fleeschfaarweg Nues. Hie lieft an oppene Landschaften, dacks an der Géigend vum Mënsch, z. B. an engem Schapp oder op engem Späicher.

marder, Steemarchdemrar, teSten,in fouine, bee

Martes foina

TEXT: MIKE HAGEN I

15


Liewen op D’Noriicht huet ageschloe wéi eng Bomm! Am September hu Wëssenschaftler geschriwwen, datt si op dem Planéit Venus e sougenannte Biomarker nogewisen hätten.

16 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


der Venus? Biomarker ginn déi Elementer genannt, déi op Liewen hindeiten. Dat heescht, Stoffer, ouni déi et Liewen, esou wéi mir et kennen, net géif ginn. Kéint et also sinn, datt et op onsem Nopeschplanéit Ausserierdescher gëtt? Kuuscht

Kär

Magma

D’Uewerfläch vun der Venus

Dofir sollte mer ons onsen «Zwillingsplanéit» mol e bësse méi genee ukucken. «Zwilling», well hien nawell a ville Punkten onser Äerd gläicht. En ass praktesch d‘selwecht grouss an och e Gestengsplanéit mat engem gliddegwaarme Kär a Magma ënner enger dënner haarder Kuuscht. Mee op senger Uewerfläch ass et awer alles anescht wéi gemittlech. Hei fënnt ee keng Beem, Planzen, Plagen a Mierer, mee eng Hellewull u Vulkaner a Flëss aus Lava. Et ass 400 Grad Celsius waarm an et gëtt en Drock vu ronn 90 Bar*. Och fanne mer do kee Sauerstoff, mee ganz vill CO2*. Ouni Schutzausrüstung géife mir op der Venus gläichzäiteg erstécken, verbrennen an zerquetscht ginn!

*Bar: Op der Äerduewerfläch ass e Loftdrock vun 1 Bar. Dat ass d’Gewiicht vun der Loft, déi iwwer eis ass an op eise Kierper dréckt. *CO2: Kuelendioxid ass och e ganz klengen Deel vun eiser Loft (0,04%). En entsteet zum Beispill beim Verbrenne vu Bensinn oder Holz oder och beim Ausootmen. (Planzen huelen den CO2 nees op a gi Sauerstoff of.) Zevill CO2 an der Atmosphär féiert dozou, datt d’Äerd sech erhëtzt; et ass e sougenannten Zäregas. TEXT: MIKE HAGEN I

17


D’Wolleken an der Venusatmosphär

Wa mer dann awer méi héich an d’Venusatmosphär fléien, sou ongeféier 50 bis 60 Kilometer iwwer d’Uewerfläch, gerode mer an déck Wolleken aus Schwiefelsaier*.

Hei gëtt et nach ëmmer kee Sauerstoff, awer agreabel 30 Grad Celsius an och déi nämmlecht Drockverhältnisser wéi bei ons op der Äerd. *Schwiefelsaier ass eng vun de stäerkste Saieren, déi mir kennen. Se ass ganz staark ätzend, dat heescht se gräift déi aner Stoffer un a léist se op.

Phosphin an der Venusatmosphär

An et ass genee an dëse Wolleken, wou d’Wëssenschaftler mat Hëllef vu groussen Teleskopen de Biomarker Monophosphan (och nach Phosphin genannt) entdeckt hunn.

Fir Liewewiesen, déi Sauerstoff brauche fir ze liewen, ass Phosphin Gëft. Awer fir déi, déi op Plaze liewen, wou et kee Sauerstoff gëtt, kann et duerchaus méiglech si fir z‘iwwerliewen. A well an de Wolleke ronderëm dëse Planéit vill Phosphin fonnt ginn ass, rätselen d’Wëssenschaftler, wou deen dann all hierkomme kann.

Eng Erklärung wier, datt kleng Mikroorganismen, déi ganz ouni Sauerstoff liewen, Phosphin ofginn. Wann dëst esou richteg wär, hätte mer also wierklech ausserierdescht Liewen a Form vu butzegen Aliens op der Venus!

18 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

Mee et gëtt awer eventuell nach aner Méiglechkeeten, wéi de Phosphin kéint entstoen. Villäicht duerch Blëtzer an der Atmosphär, duerch Vulkanausbréch oder duerch chemesch Reaktioune mat der Schwiefelsaier vun de Wolleken.


Fir dat erauszefannen, gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet. Mir mussen eng Raumsond op déi 40 Millioune Kilometer laang Rees bis an d’Atmosphär vun der Venus schécken, fir ons déi néideg Informatiounen ze besuergen. Mir mussen ons also nach e bësse gedëllegen, bis mer wëssen, ob et op onsem Nopeschplanéit «VenusMännercher» ginn. D’NASA huet e Roboter fir d’Ënnersiche vun der Venus entwéckelt. Hie funktionéiert mat Wandenergie a bal ganz ouni Stroum.

Besonnesches op der Venus

Een Dag op der Venus dauert méi laang wéi ee Joer! Ee Venusdag, dat heescht, een Tour ronderëm seng eegen Achs, dauert 243 (Äerden)Deeg, ee Venusjoer, also een Tour ronderëm d’Sonn, dauert 225 (Äerden)Deeg. D’Venus dréit sech also méi lues ronderëm sech selwer, wéi eemol ronderëm d’Sonn.

D’Venus ass mat dat éischt, wat mir an der Owesdämmerung gesi kënnen. Dëse Planéit ass sou gutt sichtbar, well déi déck Wolleken, déi hien ëmginn, iwwer 70 % vun dem Sonneliicht, wat op si fällt, zeréckstralen. De Maat Mons

De Maat Mons ass en 8000 Meter héije Vulkan um Venusäquator. De Vulkan Theia Mons huet ënne 700 km Duerchmiesser. Richteg feiereg Giganten!

TEXT: MIKE HAGEN I

19


Libellen am Wanter

en

Aho

r

om s n

Waasserfaarf a Pinsel

gÄ n e l k

2

sch

t

Holzläim oder Pechpistoul

1

Sammel «Fligere» vun den Ahornbeem a reng Äschtercher mat Gafel.

Du kanns d’Flilleke faarweg molen.

3

Bastel vill Libellen. Du kanns se mat renger Ficelle am Zëmmer oder an der Fënster ophänken, oder e Mobilee draus man. 20 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020 I TEXT: SYLVIE HAGEN

Maach mat enger Drëps Pech virsiichteg 2 Koppele Flilleken uewen un engem Äschtche fest.

paass! S l l Vi


2020

Joer vun der BIODIVERSITÉIT 4

Wéivill Aarte ginn et op der Welt? Ongeféier 1,7 Milliounen (1 700 000) Aarte si bis elo wëssenschaftlech beschriwwe Ech sinn ginn. All Joers kommen der Dausenden dobäi! e Motacilla alba, du bass All Aart kritt en eenzegaartegen Numm aus 2 en Homo sapiens, dat versteet Wierder op Latäin; sou weess jiddwereen op een dach op all der Welt, wat genee gemengt ass. Sprooch!’’ D’Insekten eleng maache schonn iwwer d’Hallschent vun den Aarten aus. Iwwerhaapt gëtt et vill méi verschidde klengt Gedéiesch (Spannen, Wierm, …) a Pilzen oder Planzen, wéi Wirbeldéieren.

nt Aa

on

? b eka n rt e

n

bekannt Aarten

Déi 1,7 Milliounen Aarte sinn awer nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Déi allermeeschten Aarte sinn nach guer net entdeckt! D’Fuerscher kënnen also nëmme schätzen, wéivill Aarten et tatsächlech op der Welt ginn! Hautesdaags gi méi nei Aarten an de Kollektioune vu Muséeën entdeckt, wéi an der fräier Natur. Vläicht gi souguer nei Planzen oder Déiere beschriwwen, déi et an der Natur scho guer net méi gëtt. Hues de scho vum

Biodiversitéitsverloscht héieren, oder vum Aartestierwen?

Et gëtt ENG Aart Déier op der Äerd, déi sech zimmlech breet mécht an dobäi aner Aarten ausbeut, ongenéiert natierlech Ressourcen opbraucht oder verknascht,

Fleesch a Fësch-Konsum Buedemschätz, wéi Ueleg, Mineralien, …

Loft, Waasser, Buedem, …

vill wäertvoll Liewensräim zerstéiert an esouguer d’Klima verännert!

Urwald, Fiichtwisen, ... Klimawandel!

Dat ass de MËNSCH! Aarte stierwen aus! D’Biodiversitéit geet verluer! Dobäi ass d’Biodiversitéit d’Grondlag, och vun eisem Liewen!

TEXT: CARMEN GREISEN I

21


n nospe m-K

a Kiischteb

gen Grén

el Zeis

M

ës pe l

es lome

Käschtebam-Knosp en

Bammarder

Bic h

Wa nt

I er

-

h eec er

chléif

weech Ka

n

Märel

er h Buc

e ck

22 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

s lau t a l -B ër e z Ee

S

elc

E

Sp a c

Fatzeg Dänn

r lte e k

hel ec

he

Popp ekerl äip rap Auro

Dillend app

Pi

llo

Fiicht


d eg

isouer J e ll

Austerechampignon

r riewer-Kiewe

lek

rg

r

e We

éng

K d-

Fuuss

n

spe no

Spëtzmaus Bësch-

e nt

K ar d e

hlé iwe nh ec k

Sc

Wa nt e r c h ampign on

Wa

l

Wëllk a n éngch en ëschtrous Chr

MauerbeiLarv

H

Réi

F el

dhu es

s rou s d on

u Do

I 23


Am Sall vun der Biodiversitéit am ‘natur musée’ um 2. Stack kriss du eng kleng Iddi vun der Aartevilfalt ronderëm eise Globus. Dee risegen Andekondor, dat bossegt Schuppendéier, mee och eng Hellewull Insekten, Korallen, Reptilien a Fësch waarden op dech. Eng laang Mauer vum Sall ass reservéiert fir d’Déieren an d’Planzen, déi s du zu Lëtzebuerg an der Natur gesi kanns, sief et an de Bëscher, Wisen a Felder, laanscht d’Waasser oder no bei eis an den Uertschaften. Do steet och d’Brongbrëschtchen. E klengen, onscheinbare Vull, deen s de awer net méi an der Natur fënns. Deen ass zu Lëtzebuerg (schonn) ausgestuerwen!

TEXT: CARMEN GREISEN

D’Hallschecht vun eise Brutvulle stinn op der rouder Lëscht. Si sinn entweeder ausgestuerwen, riskéieren an der Zukunft auszestierwen, si seelen oder an de leschte Joere vill méi seele ginn.

Mir mussen dofir der Biodiversitéit méi Raum – an dat net nëmmen am ‘natur musée’!

ginn

D'Nimm vun den Déieren a Planze vum Wimmelbild Déieren

Planzen

Vullen: - Eisleker Poufank, Bergfink, pinson du Nord, brambling, Fringilla montifringilla - Blomees, Blaumeise, mésange bleue, blue tit, Cyanistes caeruleus - Pillo, Gimpel/Dompfaff, bouvreuil pivoine, bullfinch, Pyrrhula pyrrhula - Gréngen Zeisel, Erlenzeisig, tarin des aulnes, siskin, Spinus spinus - Märel, Amsel, merle, blackbird, Turdus merula Mamendéieren: - Kaweechelchen, Eichhörnchen, écureuil roux, red squirrel, Sciurus vulgaris - Réi, Reh, chevreuil, roe deer, Capreolus capreolus - Fuuss, Fuchs, renard, fox, Vulpes vulpes - Bammarder, Baummarder, martre des pins, pine marten, Martes martes - Bësch-Spëtzmaus, Waldspitzmaus, musaraigne, shrew, Sorex araneus - Feldhues, Feldhase, lièvre, brown hare, Lepus europaeus - Wëllkanéngchen, Wildkaninchen, lapin, rabbit, Oryctolagus cuniculus Insekten: - Ierze-Blatlaus, Erbsen-Blattlaus, puceron vert du pois, pea aphid/pea louse, Acyrthosiphon pisum - Aurorapäiperlek, Aurorafalter, aurore, orange-tip, Anthocharis cardamines - Doudegriewerkiewerlek, Totengräber, nécrophore, burying beetle, Necrophorus vespillo - Mauerbei, gehörnte Mauerbiene, osmie cornue, orchard bee, Osmia cornuta

Beem: - Wantereech, Traubeneiche, chêne rouvre, sessile oak, Quercus petraea - Bich, Rotbuche, hêtre commun, common beech, Fagus sylvatica - Ficht, Fichte, épicéa, spruce, Picea abies - Fatzeg Dänn, Kiefer, pin sylvestre, Scots pine, Pinus sylvestris - Knospen (Kiischtebam, Weed a Käscht, Aascht mat Knospen) Hecken: - Hondsrous/Spackelter, Hundsrose, églantier des chiens, dog rose, Rosa canina - Schléiwenheck, Schlehdorn, prunelier, blackthorn, Prunus spinosa Blummen: - Kardel, Wilde Karde, cardère sauvage/cabaret des oiseaux, wild teasel, Dipsacus fullonum - Chrëschtrous, Christrose/Schneerose/Schwarze Nieswurz, rose de Noël/hellébore noire, Christmas rose/black hellebore, Helleborus niger - Mëspelt, Mistel, gui, mistletoe, Viscum album - Wantergréng, Efeu, lierre, ivy, Hedera helix Champignonen: - Wanterchampignon, Winterpilz/Gemeiner Samtfußrübling, collybie à pied velouté/enokitaké, enoki/velvet shank, Flammulina velutipes - Austerechampignon, Austern-Seitling, pleurote en huître, tree oyster mushroom, Pleurotus ostreatus - Jellisouer, Judasohr, oreille de Judas, jelly ear, Auricularia auricula-judae

24 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


De Bammarder

D'Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fĂŤnns du op mimamu.lu/pw

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

25


DouDegriewer Doudegriewer, Totengräber, nécrophore, burying beetle, Nicrophorus

Ech stellen iech hei ee faszinant Déierchen aus dem Bësch vir, dat ganz wichteg am Kreeslaf vun der Natur ass.

26 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


A wat huet de Panewippchen dann do am Bësch un engem doudege Maulef entdeckt?

Dat sinn *Askiewerleken!

*As = Kierper vun engem Déier wat scho méi laang dout ass.

Déi kleng Kiewerleken huschen am Bësch iwwer de Buedem op der Sich no Fudder. Op hirem Menü stinn Insekten, Larven, Fleesch vu klengen, doudege Wirbeldéieren, wéi zum Beispill Mais, Maulefen, Schlaangen, Amphibien oder Villercher. Och Champignone schmaachen hinne gutt an et kann een der och op Eilekatz entdecken. Nieft de Kiewerleke gesäit een nach aner Insekten op der Foto, déi mat iessen.

hw

rzh örni

ger Tote

roph ngräber, Nic

sv oru

es

arz

u er T otengräber, Nicrophor

u sh

a m

Déi Askiewerlek-Aart mat roudem Hals fënnt een och zu Lëtzebuerg. Si heescht Rothalsige Silphe, Oiceoptoma thoracicum

l pi

lo

Sc

wa

to r

Dës Fotoe sinn an de Kollektioune vum ‘natur musée’ geknipst ginn.

pi

S

ch

llo

ide

s

Hei sinn dräi Askiewerlek-Aarten, déi een am meeschten zu Lëtzebuerg fënnt.

Ge me

iner Tote

ph ngräber, Nicro

s oru

s ve

TEXT: MURIEL NOSSEM I WËSSENSCHAFTLECH BERODUNG: FRANCESCO VITALI I

27


Den Doudegriewer-Kiewerleken Hu Männchercher e Kadaver fonnt, da lackele si d’Weibercher un, andeems si e speziellen Doftstoff ofginn. Soubal d’Koppele sech fonnt hunn, fänkt e Konkurrenzkampf un. Jiddwer Koppel probéiert déi aner ze verdreiwen. Elo ass Teamwork ugesot an um Enn gewënnt dat stäerksten Team, dacks sinn dat déi stäerkst Kiewerleken. Och dëse Kiewerlek ass aus de Kollektioune vum ‘natur musée’ an ass ënner dem Mikroskop geknipst ginn.

éischt Virbereedungen Déi 2 Kiewerleke bäisse mat hire schaarfe Kiferzaangen en Deel Hoer/ Plommen of oder rappe se eraus.

Zäit fir d’Begriefnes Stonnelaang schäre si de Buedem ënner dem Déier ewech. Sou verschwënnt de Kadaver no an no am Buedem.

Da buddele si e schréie Gang an de Buedem an zéien de Kadaver ëmmer méi erof. Wat mussen déi eng Kraaft hunn!

em aus, Sou gesäit de Buleed ken e Vull nodeem Askiewer . en «begruew » hunn

28 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


hiren interessante Liewenslaf An elo muss et séier goen! Männchen a Weibche puere sech. D’Weibche leet tëscht 10 an 20 Eeër an e puer Bruttkummeren am Buedem, déi hatt e Stéck ewech vum Kadaver gegruewen huet. Duerno frësst hatt e Lach uewen an de Kadaver a verdaut d’Fleesch vir. (De Verdauungssaaft zersetzt d’Fleesch zu Bräi.) De Friesspäckelche fir d’Larven ass fäerdeg! No 5 Deeg krauchen d’Larven aus den Eeër, geleet vum Geroch, a Richtung vun der KadaverBull. Am Ufank këmmert d’Weibche sech ëm d’Kanner, hatt fiddert d‘Larve mat virverdautem Bräi, deen hatt eropwiergt. Fir ze wuessen, mussen d’Larven aus hirer aler Haut erausklammen an da kréie se eng nei, déi méi grouss ass. Wa si sech fir d’drëtt gehait hunn, verléisst d’Mamm si. Elo frupsen d‘Larve selwer de Fleeschbräi a kënne sech puppsat friessen un hirem Friesspäckelchen, bis dee ganz opgebraucht ass. No ongeféier 35 Deeg vergruewe sech d’Larven, verpoppe sech a krauchen als fäerdeg entwéckelt Insekten aus dem Buedem. Déi jonk Kiewerleken iwwerwanteren dann ënner der Schuel vu Beem oder ënner doudegem Holz, dat um Buedem läit.

Perfekte Recycling Dem Doudegriewerkiewerlek seng Aarbecht ass e Beispill, wéi d’Natur dat, wat net méi gebraucht gëtt, perfekt weider verwäert. TEXT: MURIEL NOSSEM I WËSSENSCHAFTLECH BERODUNG: FRANCESCO VITALI I

29


Den Naturschutzzentrum

Mirador

Natur- a Bëschzentrum Mirador 1, rue Collart L-8414 Steinfort Tel : 247 56541 mirador@anf.etat.lu Méindes-Freides 8.00 bis 12.00 an 13.00 bis 17.00 Auer

Schonn direkt am Agank vum Naturschutzgebitt

„Schwaarzenhaff“ empfänkt eis den Aly, d’Spaassbréngmouk.

Léif Kanner, grouss a kleng, kommt bei mech op Besuch op Stengefort! Hei gëtt et ni langweileg, mir bleiwen och net dobannen. Mir hunn nämlech e Schatz verstoppt, deen et ze fanne gëlt. Fir un dësem Abenteuer deelzehuelen, brauchs du net vill. Pak däi Picknick an däi Rucksak a komm mat denger Famill heihin. Am Mirador waarden ech op dech, do kriss du deng Schatzkaart an da geet et an de Bësch! Ech kann äre Besuch kaum erwaarden.

Sandmou

ur ts

to

eur, midwife uch o c c ud a , crapa ad öte r , Alytes obstetricans k r fl e he

k,

b Ge

30 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

Ma dat héiert sech gutt un! Mee wisou ass eng Mouk de Maskottchen vum Mirador? An dësem Gebitt lieft d’Sandmouk, déi zu Lëtzebuerg extrem rar a vum Ausstierwe bedrot ass.


E wéineg Geschicht

Stengefort huet eng interessant Vergaangenheet, hei ass

lëtzebuerger Geschicht geschriwwe ginn. Op Schratt an Tratt entdecks du Iwwerreschter aus dem Industriezäitalter*. Zu Stengefort huet deen 1847 ugefaang a bis 1932 gedauert.

*Industriezäitalter: Dat ass déi Zäit, wou d’Mënschen ugefaang hu grouss Maschinnen (z. B. Dampmaschinnen) a Fabriken (z. B. Textilfabriken) ze bauen.

alä

erz

D’Héichiewen

vi Alu

Vun 1846 u sinn eisenhalteg Steng (Eisenäerz) geschmolt ginn, an dat, ier am Minett d’Héichiewe gedämpt hunn. Am Ufank ass Alluvialäerz* an dëser Géigend gesammelt ginn, méi spéit ass d’Eisenäerz aus dem Minett heihinn transportéiert a geschmolt ginn. *Alluvialäerz: Eisenhalteg Steng, déi vun engem Floss transportéiert an op enger Plaz ofgelagert goufen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

31


D’Steng sinn an den Héichiewen iwwer 1000 Grad erhëtzt ginn an d’Eisen am Steen ass flësseg ginn. An engem Walzwierk ass d’Eisen z. B. zu Schinne weider verschafft ginn. Dat, wat iwwreg bliwwen ass, d’Steng ouni Eisen (Schlaken) si gebraucht ginn, fir Weeër a Stroossen ze befestegen oder fir Eisebunnsschwellen a -schinnen dropzeleeën. 1873 gouf eng Eisebunnslinn gebaut vu Péiteng op Stengefort. Elo konnt Eisenäerz aus dem Minett transportéiert an an der Stengeforter Schmelz geschmolt ginn.

D’Atertlinn

Eisenäerz aus dem Minett

D’Gebitt vum Schwaarzenhaff war bis 1955 e bekannte Steebroch. Hei si Steng (Sandsteen) aus de Fielse geschlo ginn, fir Haiser a Maueren ze bauen. An der Zäit vun der Eisenindustrie ass de Sand och an den Héichiewe gebraucht ginn.

De Steebroch Schwaarzenhaff

Dat ass alles awer laang hier! 32 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


An haut?

Natur pur!

D’Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff läit am gréissten

Fabricksruinen

Natura-2000-Gebitt vu Lëtzebuerg. Zil ass, datt d’Déieren an d’Planzen hiren natierleche Liewensraum behalen oder nees zeréckkréien. Mënsche setze sech an, fir d’Natur esou ze erhalen, datt vill verschidden Déieren a Planzen ënner beschte Bedingungen hei kënne liewen.

B ec

hs

te

in -F lie d

er ma

us

2 Beispiller: 1. Vill Déiere fanne Schlofplazen an

de Fabricksruinen. Besonnesch Fliedermausaarte sichen dës al Gemaier op: am Summer als Tëschequartéier fir ze raschten an am Wanter ass et fiicht a fraschtfräi an ideal fir hei ze iwwerwanteren.

Grousst Mausouer

Sandmouk Waasser-Fliedermais

2.

D’Männercher vun der Sandmouk droen d’Eeër a Schnéier ronderëm déi hënnescht Been gewéckelt mat ronderëm. Réischt d’Kauzekäpp ginn an d’Waasser gelooss. Dat muss net déif sinn, e Pull nom Reen geet schon duer. Haaptsaach, et si keng aner Lurchen dran. D’Mouke vergruewe sech gären am Buedem, wou et gutt fiicht ass. An dës Liewensbedingunge fannen d’Sandmouken zu Stengefort an den ale Steekaulen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

33


Ënnerwee Mir sinn haut ënnerwee zu Stengefort mat de Spillschoulskanner an der Joffer Bernadette. Rendez-vous ass beim Mirador. Do waart d’Liz op eis! Zesumme gi mir e Stéck an de Bësch, laanscht Eisebunnsschinnen. Ob do nach en Zuch fiert? Op enger schéiner Plaz maache mir eng éischt Paus a genéissen eis Schmier a fräier Natur.

Mee do, an eisem Réck, hanner den Hecken, luusst do net en ………? Dee wäert jo net hongreg sinn?

Eng Kloterpartie um Krokodil a weider geet et! D’Liz hëlt eis mat an de Bësch, well do gëtt et vill ze entdecken!

Kéiseker, Kéiseker un der Wand, wien huet méi Picken am ganze Land? Et gëtt gesot, et géifen haut net méi souvill Igele ginn, wéi fréier. D’Liz verréit eis, datt mir op d’Sich nom Kéiseker ginn. Soll hatt da wëssen, wou hien op eis waart? Viru laange Joren war hien e Gaascht, deen d’Mënsche gär am Gaart gesinn hunn, an och haut nach si mir frou wa mir engem begéinen. Wat frësst e Kéiseker, firwat ass hien e wichtegt an nëtzlecht Déier? Wéi verbréngt hien de Wanter? Kënne mir dem Kéiseker hëllefen? 34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


D’Liz spéngelt eis Fotoe mat Déieren (Schleeken, Spannen, Wierm, Kiewerleken, Insektelarven, Mécken, Mais, Vulleneeër) hannen op de Réck. Ee Kand geet bei en anert Kand kucken, wéi een Déier dat um Réck huet. Da stellt dat Kand eng Fro, z. B.: «Hunn ech Hoer? Sinn ech grouss? Hunn ech 4 Been?» , a sou weider, soulaang bis dat Kand säin Déier erroden huet. Dono wiessele mir d’Rollen. Wat hunn déi Fotoe mam Kéiseker ze dinn? Ma ganz einfach, déi kleng Déiere stinn all op senger Menüskaart! E Vegetarier ass hie sécher net!

De Stiwweltest! Wichteg, fir ze wëssen, ob d’Féiss

Wann et elo kal gëtt, da brauch de Kéiseker eng Schlofplaz, wou hien am kale Wanter schlofe kann a geschützt ass virun aneren Déieren. Mee, wie géif sech trauen e Kéiseker ze friessen? Bei sou ville Stachelen, (bis 8000 Stéck), do musse Kazen, Hënn, Fuuss, Marder, Uhu scho gutt oppassen!

dréche bleiwen…

Mir siche genuch Bëschmaterial zesummen an tässelen et no bei de Bam: op de Buedem komme Blieder a Moos, do kann de Kéiseker da gutt kuschelen, driwwer kënnt eng déck Schicht Blieder, kleng Äscht an da grouss Äscht. Da reent et net zevill eran, mee ënner dem Bam ass jo souwisou eng gutt Plaz. Elo muss hien nach just säin neit Wanterheem teste kommen. An do ass e jo schonn! Léiwen Igel ! Era mat dir an eis mat vill Léift gebaute Wanterstopp, duckel dech ënner d’Bliederdecken a schlof gutt bis d’Fréijoerssonn dech nees erwächt. Friess dir virdrun nach eng deck Fettschicht un, soss gëss du am Wanter hongereg! Ei, e Schleek! Ma dann: Gudden Appetit!

Äddi Aly, bis déi nächste Kéier!

Sou en Nascht kanns du ganz einfach an dengem Gaart bauen, sou hëllefs du dem Igel gutt geschützt iwwer de Wanter ze kommen. TEXT: MURIEL NOSSEM I

35


: Themen am ‘natur musée’

Villfalt vum Liewen

Biodiversitéit Am Laf vu ronn 3,5 Milliarde Joer huet d’Evolutioun onvirstellbar vill verschidde Liewewiesen ervirbruecht. 36 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

D’Wuert “Biodioversitéit” bezeechent dës ganz Villfalt: · D’Villfalt vun de Liewensraim · D’Villfalt vun den Aarten · D’Villfalt vun de Genen


aim r s n e w ie L e d n u v t l a f Vill Et gëtt vill verschidde Liewensraim op eiser Äerd, mat Dausende vun Déieren- a Planzenaarten, déi u si ugepasst sinn.

An der Savann liewen z. B. ganz aner Planzen an Déiere wéi op engem Strand.

Tropesch Reebëscher sinn déi aarteräichst Liewensraim u Land. Am Mier sinn et d’Koralleriffer.

An extreeme Liewensraim, wéi an de Bierger oder an de Polarzonen, gëtt et vill manner Aarte vun Déieren a Planzen.

TEXT: GUY KERSCH I

37


en Villfalt vun den Aart Et gëtt 41 Kazenaarten: Tiger, Léif, Leopard... Et gëtt awer iwwer 6.000 verschidden Aarte vun Himmelsdéiercher! Hei sinn der nëmmen e puer dovun:

Déi 6.000 Himmelsdéierchersaarte sinn nëmmen e klengen Deel vun de ronn 400.000 Kiewerleksaarten. An d’Kiewerleke si just en Deel vun 1 Millioun Insektenaarten, déi bis haut bekannt sinn. Dogéint sti mir Mënsche mat deenen anere knapps 70.000 Wirbeldéieraarten (Fësch, Lurchen, Reptillen, Vullen a Mamendéieren) e bësse schappeg do. Wat en Déier méi grouss ass, wat et méi e grousse Liewensraum brauch. Dofir gëtt et vill manner Wirbeldéieraarte wéi Insektenaarten.

38 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


Villfalt vun de Genen Och an enger selwechter Aart ginn et lauter kleng Ënnerscheeder. Keen Individuum gläicht genee engem aneren. Dat kënnt duerch d’Genen*, déi wéi e Kaartespill ëmmer erëm nei gemëscht ginn. Kucke mer eis dat emol um Beispill vun de 14-PunktHimmelsdéiercher méi genee un:

D’Faarf ka variéieren, vu beige iwwer giel bis orange.

Och d’Muster ka variéieren, vu giel mat schwaarze Flecken, bis zu schwaarz mat giele Flecken.

*E Gen ass e mikroskopesch klengt Stéck cheemesch Informatioun. Bei der Fortplanzung verierwen Elteren d’Genen un hir Kanner. E Gen bestëmmt z. B., ob e Kand brong oder blo Ae kritt.

Déi meescht genetesch Ënnerscheeder gesäit een net: Déiere kënnen z. B. gutt oder manner gutt gesinn, héieren, richen, lafen oder fléien, oder si verdroen Hëtzt, Keelt, Dréchent oder Fiichtegkeet gutt oder manner gutt.

Firwat ass d'Genetesch Villfalt wichteg? Duerch si ass d’Chance méi grouss, datt op d’mannst e puer Variante vun enger Aart iwwerliewen, wann eppes sech an hirem Liewensraum ännert. Sou kënne vläit e puer Déieren en neie geféierleche Friessfeind vu wäitem richen, a sech verstoppen. Duerch si lieft hir Aart weider, obschonn déi meescht vun hire Kolleege gefriess ginn. Oder e puer Déiere vun enger Aart passe sech besser un de Klimawiessel un, well se besser mat Hëtzt an Dréchent eens ginn.

TEXT: GUY KERSCH I

39


en w r ie t s s u a n e s s a M . 6 Dat Duerch d’Studium vun de Fossilie wësse mer, datt et 5 mol an der Geschicht vun der Äerd e Massenausstierwe gouf. Dat lescht war viru 66 Millioune Joer, wéi een 12 km décken Asteroid op d’Äerd geknuppt ass. Deemools sinn d’Dinosaurier a vill aner Déieren ausgestuerwen.

Schold doru sinn d’Zerstéierung vu Liewensraim, d’Iwwerjoung an d’Iwwerfëschung vun de Mierer, de Klimawandel, Ëmweltgëfter... An dat gëtt alles vu Mënsche gemaach!

De Mënsch verursaacht grad dat 6. Massenausstierwen. All Dag verschwannen 380 Aarten; d’Villfalt vum Liewe geet also uerg zeréck.

A Malaysia gëtt den Orang-Utanen hire Reebësch zerstéiert, fir UelegPalmen ze planzen.

Am Mato Grosso a Brasilie stoung fréier e risegen tropesche Reebësch, mat Dausenden Déieren- a Planzenaarten. Haut wuessen do kilometerwäit just nach Sojabounen. Dat ass een enorme Verloscht u Biodiversitéit. 40 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020

De Mënsch zitt der Natur de Buedem ënner de Féiss ewech.


' d a t S r e d n a it e it s r e iv Biod Och bei eis ginn d’Felder ëmmer méi grouss a méi liewensfeindlech, an d’Industriezonen, d’Stroossen an d’Uertschafte friesse sech ëmmer weider an d’Natur eran. Dowéinst flüchte verschidde Planzen- an Déierenaarten an d’Stied, a fannen tëschent den Haiser a Gäert a Parken en neie Liewensraum. A muenche Stied gëtt et duebel sou vill Wëllplanzenaarte wéi an den “Agrarwüste” ronderëm. elkraut, en, Zimb Laiskraitch es murs, ivycymbalaire d a x, Cymbalari leaved toadfla muralis

uchs, Fuuss, Rotf red fox renard roux, s Vulpes vulpe

D'Kréchel jot Mais a grouss Insekten an de Stied.

D’Laiskraitchen huet et gär waarm a wiisst op Fielsen a Steng. Dat ass ideal fir an enger Stad ze iwwerliewen.

Kaweechelchen, Eichhörnchen, écureuil roux, red squirrel, Sciurus vulgaris

De Fuuss an d’Kaweechelchen hale sech vill a Stied op, den Dachs méi rar, a bal nëmmen nuets. ureiher, héron Groreeër, Gra ron, Ardea cendré, grey he cinerea

con rmfalke, fau Kréchel, Tu el, st e kr n mmo crécerelle, co s culu Falco tinnun

Mat ekologesche Gäert, z. B. op Diecher a Balkonen, kënne mer d’Villfalt vun den Aarten an de Stied nach vergréisseren.

Dachs, Europäischer Dachs, blaireau européen, badger, Meles meles

De Groreeër fillt sech och wuel a Stied. Am Stadgronn bei der Uelzecht hannert dem Naturmusée ass dacks een ze gesinn.

TEXT: GUY KERSCH I

41


Landart am Bësch Du brauchs: deng Famill, deng Frënn, Bësch a vill Fantasie. Géi mat denger Famill an de Bësch. Grad lo am Wanter fannt dir villes um Bëschbuedem, fir Konschtwierker ze bauen: Äscht, Blieder, Dillendäpp, Eechelen, Moos, Bamschuel, … Sammelt, wat iech Iddie gëtt a maacht doraus Konscht am Bësch.

42 I DE PANEWIPPCHEN 4/2020


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité:

S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, M. Nossem, F. Theisen.

Texter:

R. Bintner, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Neuberg, M. Nossem.

Grafik an Illustratioun: S. Goerens, L. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen.

Fotoen:

S2 Hannergrond: ©shutterstock, Gelliskäpp: © GSAQCGDIS Jean-Luc Linster S3 mnhn S4&5 Hannergrond: ©Photostudio C. Bosseler, Buchenschleimfluss: ?, Buchenwollschildlaus Bam: ?, Buchenwollschildlaus: Joseph O’Brien, Meekierwerlek: Björn S, Meekierwerlek Larv: Elekes Andor, Frostspanner: Harald Süpfle, Frostspanner Larv: S.Rae, Kupferstecher: Fdcgoeul, Borkenkäfer Schuel: James K. Lindsey, Rüsselkäfer & Buchdrucker: beentree, Buchebësch: ©Mireille Feldtrauer, Fichtebësch: ©Catherine Theisen, Thermometer: Graeme Abraham Dreamstome.com S6&7 Eech: public domain, Kifer: Ramin Nakisa, Lann: AnRo0002, Spitzahorn: Wlodzimierz Wysocki, Feldahorn & Hobuch: Willow, Bierk: public domain S8&9 Eechelen: ©Mireille Feldtrauer, Bam ëmhaen: Fährtenleser, Daachgespär: Abderitestaos, Dësch: shutterstock S10&11 mnhn S12-15 shutterstock S16&17 shutterstock S18 shutterstock S19 Himmel: Wikiolo, Aner: NASA public domain S20 mnhn S24 mnhn S26 Liliane Burton S27 Foto Maulef: Luis Fernándes García, aner: mnhn S28 Fong: Liliane Burton, Askiewerlek: mnhn, Zaangen Kiewerlek: gailhampshire, Buedem: Buteo S30&31 Hannergrond a Borne: ©Mireille Feldtrauer, Aly: mnhn, Mouk: shutterstock, Wier: ©Photostudio C. Bosseler, schwaarz-wäiss Foto: Syndicat d’Initiative Stengefort S32&33 Hannergrond: ©Photostudio C. Bosseler, al Fotoen: Syndicat d’Initiative Stengefort, Eisenäerz: Simon Philippo, Ruin: ©Mireille Feldtrauer, Bechsteinfliedermaus: Dietmar Nill, Waasserfliedermaus: F. Schwaab, Grousst Mausouer: JPir, Mouken: shutterstock S34&35 mnhn S36&37 shutterstock S38 Himmelsdéiercher vu riets no lénks: Hectonichus, @entomart, M.Knapp, Chales J. Sharp, Andreas Trepte (www.avi-fauna.info), Kaldari, Gilles San Martin, Reytan, Pudding4brains, Davis Bauzys, Chetankjain, Olei, Gilles San Martin, Katja Schulz, Kurt Kulac, Katja Schulz. S39 Himmelsdéiercher vu riets no lénks: James K Lindsay, Michael Knapp, Hectonichus, Michael Knapp, S. Rae, Beentree, Paul Kirillov, Gailhampshire, Olaf Leillinger, S40&41 shutterstock S42&43 Michèle Goedert Poster: Nëss a Somen: mnhn, Zänn: Klaus Rassinger und Gerhard Cammerer, Museum Wiesbaden, Friessspuren: Agnieszka Kwiecień, Kobel: Mathieu Giraudeau, nei gebuer: Tejal modhavadiya, aner: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Rappt awer wgl. keng Planzen eraus a briecht keng Stécker vu liewege Planzen of!

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

TEXT: SYLVIE HAGEN

I 43


LUXEMBOURG

23 | 10 | 2020 - 6 | 6 | 2021

Imprimerie

natur musee

25, rue Münster

Tuesday - Sunday

Gems

OPENING HOURS :

@

&

10 h 00 - 18 h 00

Minerals


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.