Panewippchen 02/2021 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°135 2/2021

Administration de la nature et des forêts

Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung gemaach

www.panda-club.lu


News

Intressantes um Stärenhimmel vu Juli bis September 2021 Konjunktiounen:

Den 12. Juli sti Venus a Mars, vun der Äerd aus gekuckt, esou um Stärenhimmel, datt ee bal mengt, si géife sech beréieren. Dat nennt een eng Konjunktioun. Den 18. August erliewe mer nees eng Konjunktioun, dës Kéier tëschent Mars a Merkur, an dëst um westlechen Horizont.

Mëllechstrooss:

Am August dierft der d’Geleeënheet net verpassen, ons Mëllechstrooss um Himmel ze beobachten. Déi Abberzuel vu Stäre sinn da besonnesch gutt ze gesinn.

Stäreschnäizen:

Juli: Stärebild Skorpioun

Den 12. an 13. August ass den Héichpunkt vun de Perseiden, engem richtege Stäreschnäizfestival.

Stärebiller:

Um südlechen Horizont kënne mer dës Stärebiller gutt gesinn:

Juli: Stärebild Schütze

TEXT: MIKE HAGEN

Buchtipp: Tiere haben Rechte An dësem Buch kommen d’Déieren zu Wuert a ginn eis Mënsche Virschléi, wat mir maache kënnen, fir si besser ze schützen. Mir gi gewuer, wéi d’Zesummeliewe vun Déier a Mënsch am Laf vun der Zäit geännert huet. Mat wonnerschéinen Illustratiounen. Vum Ola Woldanska Plocinska am Beltze & Gelberg Verlag. ISBN 978-3-407-75566-7

2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


PW 2/2021

Friessen a gefriess ginn am Urzäitmier

Wat ass dran?

Paläontologen ëm de Christian Klug vun der Uni Zürich an de Robert Weis vum ‘natur musée’ hunn an der Zäitschrëft «Swiss Journal of Palaeontology» ee spektakuläre Fall vu Friessen a Gefriess ginn aus der Jurazäit opgedeckt.

Op enger Schiferplack aus dem Steebroch vun Holzmaden a Südäitschland leien d’Iwwerreschter vun engem Kriibs, dee vun engem Belemnit, enger Zort Tëntefësch, gefriess ginn ass. Den Tëntefësch konnt sech awer net laang iwwer dës Molzecht freeën, well kuerz drop ass hien och vun engem Raiber, warscheinlech engem Hai, erwëscht ginn. Den Hai huet den Tëntefësch mat de Kriibsreschter nees ausgespaut, méiglecherweis fir keng Verdauungsproblemer ze kréien. TEXT: ROBY WEIS

Opléisung Rätsel Säit 22: Sou ass all Déier richteg doheem. Südleche Séielefant

o St

rc

h

a al Ko

r Go

illa

Pazifesche Risenoktopus

Zebra

an

Antarktis

Tu k

G ri er

bi

zz ly Südamerika

r

n

Australien

gui Pin

Afrika

ed a

D ro m

Asien

Nordamerika

r Tige

Europa Arktis

r

ie

sb

Äi

Kéiseker

r bie da

a

Lam

n

Bis o

n Pa

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2021 Thema: SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 HU MIR ALIENS HEI AM LAND? SÄIT 14 KNIWWEL Salzeg Kuchen SÄIT 15 KNIWWEL Eng Beiendränk SÄIT 16 DE RASCHTROUDEN NOPER SÄIT 20 RÄTSELEN Zauberzuel Sich dat richtegt Doheem SÄIT 21 FIR MATZESANGEN Sonn a Wolleken SÄIT 22 DEN NATURSCHUTZZENTRUM BIODIVERSUM SÄIT 28 DE KLENGE METEOROLOG Dës Kéier: Sonn a Wolleken SÄIT 32 MAM MUSÉE AN D’NATUR SÄIT34 DE KLENGE FUUSS SÄIT 36 Themen am ‘natur musée’ ONMÉIGLECH NOPEREN SÄIT 42 KNIWWELEN Bastelen a spillen dobaussen: Mikado an 3 gewënnt Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’

I3

Nar w

al


Hu mir

aliens

hei am Land?

4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Aliens? Hei zu Lëtzebuerg? Op englesch heeschen invasiv gebittsfriem Aarten "Invasive Alien Species". Dat sinn exotesch Aarten, déi net heemesch sinn, dat heescht: Si sinn net vun hei. Si si bewosst oder onbewosst bei eis agefouert ginn a kënnen eiser Ëmwelt schueden.

Neelchesblumm, gemeiner Flieder,

lilas commun, common lilac, Syringa vulgaris

Wéi kënnen dës invasiv aarten eiser Ëmwelt da genee schueden? Eis Déieren a Planzen hu sech zënter laangem zesummen entwéckelt. An där Zäit hu si sech uneneen ugepasst a sinn zu engem Team zesummegewuess. Wann aner Planzen oder Déierenaarten heihinner kommen, kann d'Gläichgewiicht, wat dat Team sech zesummen erschafft huet, verluer goen. Dat ka verschidde Konsequenzen hunn:

Asiatesch Runn, Asiatische Hornisse, frelon asiatique à pattes jaunes, asian hornet, Vespa velutina nigirithorax

Sprangkraut, Drüsiges Springkraut, balsamine de l'Himalaya, Himalayan balsam, Impatiens glandulifera Wat eis Mënsche méi direkt betrëfft, ass datt déi nei Aarten, déi sech hei ausbreeden, Krankheeten iwwerdroen oder Allergien ausléise kënnen. Verschidden invasiv Aarte kënnen och grousse wirtschaftleche Schued maachen, wa si sech do ausbreeden, wou dat net gewollt ass (wann Touristen zum Beispill kee Kayak méi däerfe fueren, well zevill invasiv Planzen et onméiglech maachen, fir duerch d'Waasser ze fueren).

Nilgäns, Nilgans, ouette d'Egypte,

Signalkriibs, Signalkrebs, écrevisse signal, signal crayfish, IPacifastacus leniusculus

Eng nei invasiv Aart kann zum Beispill dat selwecht Fudder iessen, wéi eng heemesch Aart. Doduerch fënnt eis heemesch Aart net méi genuch fir z’iessen an iwwerlieft net. Heiansdo geet et och schonn duer, datt déi invasiv Aart sech méi séier a méi wäit ausbreet, an eis heemesch Aart keng Plaz méi fënnt, fir sech fortzeplanzen.

Himmelsbam, Götterbaum, Ailante glanduleux, tree of heaven, Ailanthus altissima

Schäin-Akazi Robinie, robinier, black locust, Robinia pseudoacacia

egyptian goose, Alopochen aegyptiaca

TEXT: TIAGO DE SOUSA I

5


Wéivill "Aliens" hu mir dann aktuell hei am Land? Et ass schwéier, fir genee ze wëssen, wéivill friem Aarte bei eis sinn. Am Moment hunn eis Wëssenschaftler 144 invasiv Aarte fonnt, déi fir Lëtzebuerg relevant sinn. Dëst ass awer just eng Schätzung an d'Zuel vun dësen „Aliens“ kann a Wierklechkeet vill méi héich sinn.

Wou verstoppe si sech?

Du wäers et net gleewen, mee si sinn e bëssen iwwerall! Si verbreede sech am Bësch, an der Wiss, am Séi, am Floss, um Stroosserand, an eisem Gaart an heiansdo souguer bis an eis Haiser!

E puer Alien-Beispiller hues du hei:

Päiperlekstrausch

Schmetterlingsflieder, buddleia de David, summer lilac, Buddleja davidii

Dëse Strauch gesäis de ganz vill an de Gäert an och an de Stied. Hien zitt d’Päiperleke staark un (dowéinst säin Numm), mee de Strauch bitt kee gudde Liewensraum fir d'Päiperleken. Hir Raupe kréie sech net do entwéckelt. Well awer vill Päiperleken dëse Strauch ganz attraktiv fannen, gi si doduerch net méi op eis heemesch Planzen, déi vill besser gëeegent sinn, well se hinnen och Nektar bidden an eng gutt Plaz fir d’Opwuesse vun hire Raupen.

Kamberkriibs Dës invasiv Kriibsaart kënnt och an eise Baachen a Flëss oder an eise Séie vir. Déi grouss Gefor vun dëser Aart ass, datt si eng geféierlech Krankheet fir eis europäesch Kriibsaart a sech dréit. Dat bedeit, datt iwwerall do, wou den amerikanesche Kriibs opdaucht, eisen europäesche Kriibs ausstierft.

Kanadische Wasserpest, élodée du Canada, canadian waterweed, Elodea canadensis

Dës Waasserplanz kanns de an eise Gewässer entdecken. Si verbreet an entwéckelt sech esou séier, datt d’Waasser mat Momenter net méi richteg fléisse kann. Wat geschitt? De Sauerstoffgehalt vum Waasser geet erof! 6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

sus

mo

Kanadesch Waasserpescht

Kamberkr ebs spinychee , écrevisse k crayf i sh, améric Orco ain nect e, es l i


Wéi komme si iwwerhaapt op Lëtzebuerg? Déi verschidden invasiv Aarte kënne gewollt oder ongewollt hei an eiser Ëmwelt agefouert ginn. Et fält eis warscheinlech net op, mee et ka sinn, datt sech a Wuereliwwerungen oder an engem Auto, dee vu wäit hier kënnt, eng invasiv Aart verstoppt. Et kënnt och vir, datt Jeeër a Fëscher invasiv Aarten an der Natur fräiloossen.

Mam Auto Dat Schmuelt Kräizkraitchen huet vun den Autobunne profitéiert, fir sech an Europa auszebreeden. De Som ass duerch déi vill Autoen, déi op der Autobunn fueren, ëmmer weider geflunn an huet sech esou duerch e groussen Deel vun Europa verbreet.

Schmalblättriges Greiskraut, séneçon du Cap, narrow-leaved ragwort, Senecio inaequidens

Mam Schëff Déi grouss Schëffer benotzen e spezielle System, fir sech besser fortzebeweegen. Si hunn e Waassertank ënnen am Schëff, fir méi Déifgang an eng besser Waasserlag ze hunn, wa se net voll oder ongläichméisseg beluede sinn. Wann d’Schëff an Asien fortfiert, mécht et do säi Waassertank voll mat Mierwaasser, a wann et dann hei an Europa ukënnt, gëtt dat Waasser bei eis ausgeschott. Sou kommen invasiv Planzen oder Déiercher, déi am Waasser matgereest sinn, an eis europäesch Mierer.

Mam Fliger Wa mir mam Fliger an d’Vakanz fueren an d’Diere vum Fliger fir eis op sinn, kënnen am selwechte Moment och Insekten erakommen, wéi zum Beispill Mustiken. Déi kënnen da mat eis vun engem Land an dat anert fléien, a wann d’Klima hinnen op der neier Plaz gefält, kënne si sech do ausbreeden. Dëst ass zum Beispill de Fall vun der Asiatescher TigerMustik, déi elo bei eis an Europa ass.

Asiatische Tigermücke, moustique-tigre, Asian tiger mosquito, Aedes albopictus

TEXT: TIAGO DE SOUSA I

7


«Mieux vaut prévenir que guérirVorbeugen ist besser als heilen» Wa mir gesond Zänn ouni Karies wëllen hunn, musse mir eis all Dag d’Zänn gutt wäschen. Wa mir gesond wëlle bleiwen, musse mir Uebst a Geméis iessen an eis reegelméisseg beweegen. Dëst nennt ee «Preventioun», dat heescht, et verhënnert een zukünfteg Problemer, andeems een op verschidde Saache verzicht an oppasst. Et ass dofir ganz wichteg, datt mir exotesch Planzen an Déieren, déi net vun hei sinn, net bei eis an der Natur loossen. Wann déi sech nämlech bis wuel fillen, kënne si sech zevill an ze séier ausbreeden an dann zu enger invasiver Aart ginn, déi eisen heemeschen Aarte schuet. Bei de Blummen ass et genee dat selwecht! Et ass besser Blumme vun hei ze planzen an onbedéngt exotesch Planzen ze vermeiden. Déi sinn zwar dacks schéi faarweg an et fillt ee sech domadder wéi an der Vakanz, mee leider kënne si eiser Planzenan Déierewelt schueden. E Beispill heifir ass déi Kanadesch Goldrutt. Eng Plaz, wou ee ganz dacks exotesch Planzen erëmfënnt, ass am Waasser. Dat kann zum Beispill an engem Weier oder Aquarium sinn, ouni datt ee sech Gedanken doriwwer mécht. Hei ass et wichteg opzepassen, datt déi Planzen net an d’Natur erauskommen a sech dann do verbreede kënnen. Hei e puer Beispiller vun esou exotesche Waasserplanzen:

Kanadesch Goldrutt Kanadische Goldrute,

solidage du Canada, Canada goldenrod, Solidago canadensis

Wiesselblat-Waassergras

Verschiedenblättriges Tausendblatt, Myriophylle hétérophylle, Various-leaved water-milfoil, Myriophyllum heterophyllum

Waasserfar

Großer Algenfarn, fougère d'eau, water fern, Azolla filiculoides

Asiatesche Goujong

Blaubandbärbling, Goujon a Topmouth Gudgeon, Pseudor

Dichtbliedreg Waasserpescht Dichtblättrige Wasserpest, élodée dense, large-flowered waterweed, Egeria Densa

8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Wéi kann ee vermeiden, datt invasiv Aarte sech hei ausbreeden? Et gi verschidde Gesten, déi mir alleguer kënnen unhuelen, fir datt déi invasiv Aarte sech net an eiser Ëmwelt nidderloossen. Fir d’éischt ass et wichteg, datt mer keng exotesch Planzen an eise Gaart setzen. Fir sécher ze sinn, datt een e gudde Choix mécht, kann een déi sougenannt «Hecke vun hei» planzen. Deng Eltere kënne sech beim Gäertner informéieren, wa si sech net sécher sinn. Wann dir schonn esou exotesch Planzen an ärem Gaart hutt, dann dierft dir se op kee Fall an d’Natur geheien. Wann dir se ewechrappt oder -schneit, musst dir se an d’Biotonn geheien, oder se an e Recyclingzenter bréngen. Wann dir se an der Natur loosst, kënne si sech nees ganz séier verbreeden an dann eis heemesch Planzen an hirer Entwécklung stéieren. Hei e puer Beispiller vun Hecken, déi ee vermeide soll:

Essegbam

Essigbaum, sumac vinaigrier, staghorn sumac, Rhus typhina

Seideg Haartrutt Seidiger Hartriegel, cornouiller soyeux, Red-osier dogwood, Cornus sericea

Gewéinlech Mahonie

Dat wat s du elo schonn alles iwwer d’Planze geléiert hues, gëllt och fir d’Déieren, egal wéi kleng se sinn. Wann s du Fësch, Kriibsen oder Villercher doheem hues, däerfs de se net einfach aussetzen, wann s de se net méi wëlls. Fleegestatioune fir Wëll Déieren, zum Beispill: https://www.naturemwelt.lu/de/ uns-entdecken/pflegestation/, këmmere sech ëm déi Déieren, déi kee méi wëllt.

Gewöhnliche Mahoniee, Mahonia faux houx, Oregon grape, Mahonia aquifolium

Hei e puer Beispiller vun exoteschen invasiven Déieren, déi mir hei a Lëtzebuerg hunn:

Kollisperruche

g

asiatique, rasbora parva

Halsbandsittich, Perruche à collier, Rose-ringed parakeet, Psittacula krameri

Chinesesch Wollhandkrabb

Chinesische Wollhandkrabbe, crabe chinois, Chinese mitten crab, Eriocheir sinensis

TEXT: TIAGO DE SOUSA I

9


Elo ass et un dir!

Probéier mech ze molen!

Nilgäns

Nilgans, Ouette d'Égypte, Egyptian goose, Alopochen aegyptiaca

2 2 184

183

182

185 186

Verbann d'Punkten!

294

181

180 179 178 177 176

187

188

189

172 175 174 173 190

170 171

3 3

3 169 168

167 166

165 164 135 134 192 191 163 136 133 137 132 193 162 138 194 153 131 195 214 161 215 213 212 152 139 130 211 154 216 140 196 155 151 129 128 150 217 197 156 160 210 201 218 200 149 142 159 141 209 219 199 157 127 143 144 202 203 148 124 208 198 126 220 221 158 222 223 93 125 207 204 147 145 92 91 206 224 95 94 123 90 96 205 225 146 89 97 98 88 226 122 227 99 121 87 231 86 108 100 228 120 110 85 116 119 109 107 105 101 229 81 230 84 82 117 80 106 118 112 104 102 111 83 113 103 78 235 237 79 114 77 76 233 63 75 238 236 234 278 287 115 74 64 66 285 239 240 232 277 68 70 257 283 259 241 242 243 62 69 72 73 65 276 2662 286 71 279 256 67 274 289 288 275 258 255 284 282 280 56 263 261 254 252 290 291 273 58 54 265 52 253 281 260 55 53 271 251 59 51 57 293 292 249 272 266 264 50 250 270 267 268 60 48 49 247 248 296 302 45 301 40 295 298 47 269 246 305 44 46 303 304 41 42 43 39 306 245 300 297 38 61 27 307 325 299 308 37 29 36 309 322 28 34 244 326 26 324 31 35 311 33 30 310 319 321 32 312 335 327 323 337 318 25 334 333 314 316 313 320 340 336 338 342 317 332 331 315 341 339 329 343 330 345 359 18 13 15 356 344 16 347 328 350 353 358 360 14 346 19 17 21 348 349 355 357 352 354 12 11 20 351 361 22 10 9 8 23 7 6 24 3 5 4 2

RiseBiereklo

Riesenbärenklau, Berce du Caucase, giant hogweed, Heracleum mantegazzianum

10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

362

1

3

3

2

2

3

3

1

2

3

3

3

3

3

1 3

2 3

3 3 2

2 1

2

Mol mech faarweg!

Asiatesch Runn

Asiatische Hornisse, frelon asiatique à pattes jaunes, asian hornet, Vespa velutina nigrithorax

Wëlls du en Alien-Expert ginn? D’Naturverwaltung huet Bestëmmunsfichë gemaach. Du kanns déi op emwelt.lu eroflueden oder dëse QR Code scannen.


No der ganzer Theorie, hei e puer Beispiller: Wëll Déiere fidderen? hmm, léiwer net!

Huele mir d’Beispill vun der Nilgäns. Un déi kanns du zum Beispill op der Esplanade zu Réimech oder um Séi zu Iechternach ganz no erukommen. Vill Leit mengen et gutt an hunn d’Iddi hinnen zum Beispill Brout fir z’iessen ze ginn. Leider ass Brout keng gutt Ernierungsquell fir wëll Déieren a mir maache méi schlecht wéi gutt, well verschidden invasiv Aarte vun deem Fiddere profitéiere kënnen an d’Déieren am Allgemengen dovunner kënne krank ginn!

Nilgans, ouette d'Egypte, egyptian goose, Alopochen aegyptiaca

Invasiv Planzen a mengem Gaart?

Lorbeerkirsche, laurier-cerise, cherry laurel, Prunus laurocerasus

D’Lorberkiischt ass déi Heck, déi hei am Land ganz dacks ugeplanzt gëtt. Du frees dech wisou? Ma ganz einfach: Et ass ganz einfach se ze planzen a se bleift dat ganzt Joer laang iwwer gréng. De Problem ass, datt déi Heck sech mëttlerweil ëmmer méi an eise Bëscher verbreet. Dofir ass et wichteg, ëmmer méi op heemesch Hecken zeréckzegräifen, wéi zum Beispill d‘Hobuch. Wann s du d’Lorberkiischt an dengem Gaart ewechhuele wëlls, da vergiess net, se op kee Fall an der Natur ze loossen, mee se an eng Decharge vun engem Recyclingszenter ze féieren.

En Hausdéier muss iwwerluecht sinn an däerf ni an der Natur fräigelooss ginn! Ganz laang war d’Routbaken-Deckelsmouk e Bestseller an eisen Déieregeschäfter hei am Land. Wa si dann ze grouss gi sinn, goufe verschiddener an der Natur fräigelooss. Et soll ee sech also ganz gutt iwwerleeën, ob a wisou een en Hausdéier wëll an et soll ee sech bewosst sinn, datt et eng jorelaang Verantwortung fir déi ganz Famill ass. Wann een dat Déierchen elo awer net méi wëll, dann op kee Fall an der Natur aussetzen, mee bei eng kompetent Institutioun bréngen, déi sech dann ëm se këmmert.

, i de lor F e Rotwangen-Schmuckschildkröte, Tortue d s Red-eared slider, Trachemys scripta elegan

TEXT: TIAGO DE SOUSA I

11


Quiz

Wat ass déi richteg Äntwert? Mäin Essegbam huet sech a mengem ganze Gaart verbreet a mir wëllen en endlech lassginn! Wat soll ech mat der Planz maachen?

Einfach hannen an de Gaart geheien, et ass souwisou just e Bësch hannendrun. An de Recyclingszenter bei de Gréngschnëtt féieren.

Leider huet kee vu menge klenge Fësch am Aquarium iwwerlieft. Elo hunn ech nach all déi Planzen, déi mir kaaft haten am Aquarium. Wouhinner soll ech déi am beschte geheien?

An de Flooss nieft mengem Haus. Op de Kompostkoup oder an de Komposteemer.

Wéini sinn déi meescht invasiv Aarten op Lëtzebuerg komm?

An de leschten 100 Joer. Am Mëttelalter.

Wat ass eng invasiv Aart?

Eng friem Aart, déi eiser Ëmwelt schuet. All Aart, déi net vun hei ass.

Wousst du dat schonn? Mir hu ganz vill exotesch Planzen hei zu Lëtzebuerg, mee déi sinn net onbedéngt invasiv. Nëmmen e klengen Undeel dovunner ka problematesch fir eis Ëmwelt ginn. Et kann ee soen, datt 1 exotesch Planz vun 1000 invasiv gëtt. 12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Gëff Naturdetektiv! Heiansdo breede sech verschidden invasiv Aarte bei eis aus, ouni datt mir eppes dovunner mierken. An deem Moment, wou eng nei invasiv Aart bei eis ukënnt a sech installéiert, ass et wichteg, dat gewuer ze ginn an dofir brauche mir Naturdetektiven. Wa mir zum Beispill bericht kréien, datt e puer exotesch Hecken am Bësch sinn, dann hu mir vläicht nach eng Chance, déi nees all erauszehuelen. Wa mir dëst awer ze spéit gewuer ginn a se si schonn zu 100, da gëtt déi ganz Aktioun scho vill méi komplizéiert.

beobachten

Wéi a wou kann ech dat mellen? entdecken

Hautdesdaags ass et ganz einfach matzedeelen, wat s du ënnerwee als Naturdetektiv entdeckt hues. Du kanns deng Eltere froen, datt si sech zum Beispill d'App "iNaturalist" op hirem Handy eroflueden. Domadder kanns du da Planzen oder Déiere fotograféieren, déi s du gesäis, an déi ginn dann un déi zoustänneg Persoune weidergeleet. Wann et sech ëm eng problematesch invasiv Aart handelt, ka sech dorëms gekëmmert ginn. An der App «iNaturalist» kanns du dech och dem Projet "Neobiota Luxembourg" uschléissen. Hei kriss de méi Informatiounen zu invasiven Aarten, an du kanns och deng Beobachtunge besser kommunizéieren. Eng aner Méiglechkeet deng Beobachtunge weiderzeleeden, bitt nach eng Daten-Plattform vum 'natur musée':

https://data.mnhn.lu/maach_mat

bestëmmen

Wann déi Planzen- oder Déierenaart, déi s de sichs, nach net drop ass, kanns du se selwer bäisetzen, andeems de eng Foto dovunner méchs. Wann s de elo déi nächste Kéier am Bësch oder Park ënnerwee bass, hal deng Ae grouss op a kuck emol ronderëm dech, ob s de vläicht deen een oder aneren "Alien" entdecks.

mellen

TEXT: TIAGO DE SOUSA I

13


Fazit!

Jo, mir hunn och "Aliens" zu Lëtzebuerg!

Mir mussen onbedéngt verhënneren, datt invasiv Aarte sech bei eis ausbreede kënnen, a mir mussen, sou gutt et geet, eis Natur mat eisen eenheemesche Planzen an Déiere schützen!

Dofir konzentréiere mer eis op d'Preventioun!

. ecken a Blummen H ch es em he er n ech léiw Am Gaart planze als Hausdéier. er éi D t ch es ot ex Ech huele keen éck. net an der Natur zr en er éi D an en siv Planz Ech loossen inva den len Aarten iwwer el m a iv kt te de ur h mat". Ech ginn en Nat wer de "Maac

"iNaturalist"

oder iw

Wann s du nach méi Informatiounen iwwer déi invasiv gebittsfriem Aarte wëlls, da kanns du eis Brochure op eiser Internetsäit eroflueden: https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/ lutte_contre_les_eee/indentification-eee-au-luxembourg.html oder op der englescher Säit www.neobiota.lu.

Spill: Fann d'Léisungswuert! 1

5

6

2/ 4 2

4

6

5

3

1 Wéi heescht déi App, mat där s de invasiv Aarte festhale kanns? 2 Blummen, Hecken, Beem sinn … 3 Planzen an Déieren, déi net vun hei sinn a geféierlech fir eis heemesch Ëmwelt sinn, nennt een … Aarten. 4 Fir ze verhënneren, datt d'Leit verschidde Feeler maachen, muss ee … maachen. 5 En Hond, eng Kaz, eng Bei, eng Spann sinn … 6 Planzen, déi net vun hei sinn, nennt een … Planzen. Erstellt mit XWords - dem kostenlosen Online-Kreuzworträtsel-Generator https://www.xwords-generator.de/de

3 1

Léisungswuert: 14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021 I TEXT: TIAGO DE SOUSA

1

2

3

4

5

6


2

#MamMuseeAnDNatur

Filmer op

De Patrick, (Biolog am ‘natur musée’), d’Lisa (11 Joer), d’Yana (10 Joer) an d’Sara (7 Joer) lt weisen dir d’Déierewe beim Stengeforter Fräscheweier. Scann dëse QR-Code an entdeck Fräschen, Waasserschleeken, Libellen a villes méi. Komm och mat an den ‘natur musée‘, do gesäis de e Modell vun enger ee Meter grousser Riselibell, déi virun 300 Millioune Joer gelieft huet.

k D’Lisa an de Patric ginn op d’Sich nom Feiersalamander. e Scann dëse QR-Cod a kuck, wou een de i Feiersalamander he t, zu Lëtzebuerg fënn ch le firwat en eigent Feiersalamander déi heescht a firwat en um schéi giel Flecken Kierper huet.

DÉIERE BEIM WEIER (6:12 min)

DE FEIERSALAMANDER (5:46 min)

TEXT: PATRICK DELHALT I

15


Deeg:

Fi

r

n de

Salzeg Kuchen

i 150 M

llil

Réier d’Miel an de Bakpolver mam Waasser, dem Ueleg, dem Salz am Peffer zu engem glaten Deeg.

r

P e f fe Sal z

dat, wourop s du Loscht hues oder dat,

rigo ass wat am F

Mësch d’Garnitur ënner den Deeg.

r:

B a k p ol

Fir d’Ga rnitu

1

i t e r Ue Pak

v er

i 100 M

lli l

0G ramm M

Hëtz de Schäffchen op 180 Grad.

i el

le g

a iter W

ass e r

25

Tomaten, gréng Spargelen (kuerz gebroden), Paprika, * gedréchent Oliven, gereecherten Tofu --> a kleng Stécker geschnidde

Wann néideg, lee Bakpabeier an d’Kucheform oder schmier se mat Fett. Fëll den Deeg an eng rechteckeg Kucheform oder a Muffinformen oder Minicakeformen. Maach d’Form awer net ganz voll, den Deeg geet nach op.

Courgette, Wuerzel --> gerappt a gutt ausgedréckt * Kraider (Salbei, Rosmarin, Oregano, …) --> gehackt (Parmesan, Gruyère, Geessekéis, …) --> gerappt * Kéis Nëss (Hieselnëss, déck Nëss, …) --> gehackt * gedréchent Uebst (Figen, Aprikosen, Korinten) --> a kleng * Stécker geschnidden (Speck, Ham, Zoossis, Rescht gebrodene Poulet, …) * Fleesch --> a kleng Stécker geschnidden

Bak d’Muffinnen oder d’Minikuchen ongeféier 15 bis 20 Minutten, de grousse Kuch e bësse méi laang. Si solle bausse goldgiel sinn a banne lëfteg a säfteg.

16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021 I TEXT: SYLVIE HAGEN

D’Kuche kanns du mat op e Picknick huelen oder och afréieren.


Schuel/Te

ller

tle wo

c h t Wa a ss er

kleng Äscht, Holzstéckercher, Korkstéckercher, eidel Schleekenhaisercher, Moos, eidel Nëssschuelen kle

ng

Kiselsteng/

s Kr e

i

e

n

h laac f g

Beie kënnen net schwammen, si brauche flaach «Inselen», wou si gutt lande kënnen. Bau hinne mat dengem Material Landeplazen.

Schëtt e bësse wotlecht Waasser an den Teller.

Beiendränk

D’Beie brauchen nieft Narung aus Nektar a Pollen och Waasser. Si läschen domat hiren Duuscht a verdënnen Hunneg, fir hir Brut ze fidderen. Si killen och domat de Beiestack, wann et ganz waarm ass. Si verdeelen Drëpse Waasser op de Waben an duerch d’Beweegung vun de Flilleke verdonst dat Waasser am Stack an et killt of. En Deel vum Waasser kréie si mam Nektar, dee si sammelen. Deen aneren Deel drénke si um Bord vun engem Pull oder am Da moies fréi. Wann et awer eng Zäit dréchen a waarm ass, da musse si wäit fléien, fir Waasser ze fannen. Du kanns eise Frëndinnen, de Beien, hëllefen an hinnen eng Dränk dohistellen.

Vläicht hues de scho mol am Summer eng Bei gesinn, déi probéiert un engem Krunn dobaussen ze drénken.

Dës Insel ass fir ALL duuschteregt Insekt wäertvoll!

Stell d’Beiendränk op eng sonneg Plaz, wou kee Wand bléist. Maach reegelméisseg frëscht Waasser dran a kuck, datt keng doudeg Déieren dra schwammen.

Rapp kee Moos an der Natur eraus, huel es just wat nieft dem Wee, der Mauer, … wiisst a wat souwisou géif ewech gemaach ginn. SYLVIE HAGEN I

17


V

en

us

De rasch

Op onse klenge Nopeschplanéit gi schonns zanter Joerhonnerten d’Teleskope geriicht an esou munchereen huet och gemengt, hei Spuere vun ausserierdeschem Liewen z’entdecken. Gréng Männercher um roude Planéit? Dat wëlle mer ons awer eemol e bësse méi genee ukucken.

18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Sa

turn

htrouden Noper

Kär aus flëssegem Eisen

Silikaten

De Mars ass de 4. Planéit an onsem Sonnesystem, nëmmen hallef esou grouss wéi ons Äerd. An awer gläicht en hir am Opbau nawell zimmlech vill: Et ass e Gestengsplanéit mat engem flëssege Kär aus Eisen, engem Mantel aus Silikaten* an enger Kuuscht mat vill eisenhaltegem Gestengs. Dëst erkläert och seng raschtrout Faarf.

eisenhaltegt Gestengs

Et ginn och Vulkaner um Mars. Dee gréissten, den Olympus Mons ass 26 Kilometer héich a 600 Kilometer breet; do géif de Mount Everest dach glat dräi mol dra passen!

Valles Marineris Olympus Mons

Spektakulär ass och de Valles Marineris, e 7 Kilometer déiwen a 4000 Kilometer laange Gruef, dee sech laanscht de Marsäquator zitt – dem Mars säi „Grand Canyon“ souzesoen.

* D’Silikate sinn déi Grupp Mineralien, déi am meeschten am Äerdgestengs ze fanne sinn. Bekannt Silikaten sinn de Feldspat oder och nach den Olivin. TEXT: MIKE HAGEN I

19


Grad ewéi d’Äerd huet onse Nopeschplanéit 4 Joreszäiten. Well hien awer 2 (Äerde)Joer brauch, fir ronderëm d’Sonn ze jauwen, dauert all Joreszäit um Mars 6 Méint an net wéi bei ons 3 Méint.

D’Mars-Uewerfläch

Um Mars senger Uewerfläch ass et fir ons Mënschen awer net wierklech gemittlech. Nëmme Steng a Stëbs fanne mer hei, zolidd Stierm vu bis zu 400 km an der Stonn an eng extrem dënn Atmosphär. Dëst bréngt dann och zimmlech niddreg Temperature mat sech. Déi leien am Duerchschnëtt bei -60 Grad Celsius mat Spëtzte vu 27 Grad Celsius am Summer an Déifte vu -133 Grad Celsius am Wanter.

Mee och d’Ootmen ass fir de Mënsch um Mars net ganz einfach. D’Marsatmosphär besteet nëmmen zu 0,3 % aus Sauerstoff an zu 95% aus Kuelendioxid, CO2. Dat ass dee Stoff, dee mir op der Äerd ausootmen, nodeems mer de Sauerstoff an onse Longen aus der Otemloft erausgefiltert hunn. Op der Äerd gëtt den CO2 vun de Planzen opgeholl an nees a Sauerstoff ëmgewandelt; um Mars gëtt et awer keng Planzen an dofir nawell vill CO2. Och huet de Mars keng esou eng grouss Unzéiungskraaft wéi d’Äerd. Mir weien um roude Planéit nëmmen ongeféier een Drëttel vun deem, wat d’Wo ons heiheem uweist. An ënner dëse Konditioune soll Liewe méiglech sinn?

E Stëbsdäiwel (eng Stëbskolonn, déi vun engem Wierbelwand gehuewe gëtt), 800 Meter héich an 30 Meter laang

Schonns virun 300 Joer hu Wëssenschaftler de roude Planéit an d’Viséier vun hirem Teleskop geholl a gemengt Rillen a Kanäl ze erkennen, déi duerch eng ausserierdesch Zivilisatioun entstane sinn. Dëst gouf zwar am Laf vun der Zäit widderluecht an dach hunn d’Leit weider vu Marsmännercher a Marsianer geschwat. Eréischt wéi 1965 d’Raumsond "Mariner 4" laanscht de Mars geflitzt ass a Fotoe vun der Uewerfläch op d’Äerd geschéckt huet, war ee sech sécher, datt ee keng „mënschenänlech“ Alien op dem eidelen, stengeg-sandege Planéit wäert begéinen.

De Mariner 4 an eng vu senge Fotoe vun der Mars-Uewerfläch

20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


De Mars-Rover Perseverance an eng vu senge Fotoe vun der MarsUewerfläch

2007 huet e Fuerscherteam um Mars senge Polen Äis entdeckt. Eng Sensatioun! Well Waasser ass fir d’Weltraumfuerscher e sougenannte Biomarker. Et ass also e Stoff, deen drop hiweist, datt et eventuell hei Liewen, sou wéi mir et kennen, kéint ginn. Zënterhir gëtt eisen Nopeschplanéit nees vill méi erfuerscht.

Äis um Mars

Dëst Joer ass et der NASA gegléckt, de Mars-Rover «Perseverance um Planéit ze landen. Et ass e mobile Laboratoire, deen eng Hellewull wëssenschaftlech Analyse vum Marsgestengs, dem Äis an der Atmosphär duerchféieren an d’Resultater op d‘Äerd schécke soll. De 15. Mee huet och de chinesesche Rover Zhurong um Mars opgesat. Iwwregens brauch e Liichtsignal vum Mars bis bei ons tëschent 4 a 7 Minutten. Géife mer wëlle mat enger Rakéit dohi fléien, sollte mer ons genuch ze liesen apaken, well d’Rees dauert net manner wéi 6-7 Méint.

Den Elon Musk, en amerikanesche Milliardär, plangt momentan un enger Marsstatioun. Hie wëll, datt an noer Zukunft Leit um Mars liewe kënnen. A villäicht huet bis dohin d’Wëssenschaft jo och echt „Marsianer“ am Äis fonnt. Wee weess? Et bleift spannend!

Steckbréif Mars Duerchmiesser Distanz zur Äerd Distanz zur Sonn (Mëttel) Temperatur (Mëttel) 1 Marsdag 1 Marsjoer 2 Mounden

6794 Kilometer tëschent 55 a 95 Millioune Kilometer 227 Millioune Kilometer -60 Grad Celsius 24 Stonnen a 37 Minutten 687 Äerdendeeg Phobos (27 Kilometer laang) an Deimos (15 Kilometer laang) TEXT: MIKE HAGEN I

21


?

Zauberzuel

Loscht op e bësse Mathé?

Schreif d’Léisung all Kéiers an d’Kolonn!

Denk dir iergend eng Zuel aus: Multiplizéier se mat 2: x 2 Ziel 12 dobäi:

+ 12

Zéi 3 of:

- 3

Ziel 5 dobäi:

+5

Deel duerch 2:

: 2

Zéi d’Ufankszuel of:

- Ufankszuel

Wat kriss de eraus?

Probéier dat nämlecht mat enger anerer Zuel, an enger anerer, an nach enger anerer…

Sich dat richtegt Doheem

22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

D'Opléisung fënns du op der Säit 3


D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

23


«Haff Réi mech» en Naturschutzgebi tt zu Remerschen t ia

Fësch

Den Haff Réimech ass säit 1998 en europäescht Vulleschutzgebitt (Natura 2000) a steet op der Lëscht vu wichtege Fiichtgebidder, well hei eng grouss Vilfalt vu Waasservulle liewen, iwwerwanteren oder raschten. Bis haut sinn 253 Vullenaarten nogewisen an 156 Zuchvullenaarte beobacht ginn.

Fischad adle ler, ba r, P lbu a za nd rd i o flu v

n

tus aesprey i l haile, o

n he bleue c t e ch, gorg s ë br hen Blo hlc

uke Bla

Bruttvullen, déi just am Fréijoer a Summer hei sinn, fir hir Jonk opzezéien: Klenge Jäizert, Grousse Jäizert, Kleng Dommel, Guckuck, Flossséischmuewel, Klenge Wakeleefer

hirundo Flossséischmuewel, Sterna mon tern Flussseeschwalbe, goélette,

com

do m m m el, bu el, to r é Bot a to ilé uru ,g rea s st e tb itte lla rn ris

Klenge Jäizert, Acrocephalus scirpaceus Teichrohrsänger, rousserolle effarvatte, reed warbler, deen e jonke Kuckuck fiddert

24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

nd

ce

r, hé ron

Fisch

ica svetchroat a i e u in bl sc iroir, u , L àm

Vigel, déi de Wanter hei verbréngen: Grouss Dommel, Reeër, Tafel- a Schellinten

G r ou ss D om Rohr

Zuchvullen: Fëschadler, Purpurreeër, Blobrëschtchen, Wattvullen

Reereëihre, Ardea

ci

re e n


De Schutzstatus Viru genee 50 Joer gouf an der iranescher Stad Ramsar déi international Konventioun zum Schutz vun de Fiichtgebidder ënnerschriwwen. Dofir schwätzt ee säitdeem bei Fiichtgebidder vun internationaler Wichtegkeet och vu ˮRamsar-Gebidderˮ. Zu Lëtzebuerg hu mer 2 esou Plazen: Den “Haff Réimech” op der Musel an den “Uewersauer Dall” am Naturpark Uewersauer.

eron

d

yh ea, gre ré

Den Hauwendaucher D'Maskottche vum Haff Réimech!

Den Hauwendaucher ass d’ganzt Joer hei. Am Wanter komme Vullen aus dem Norde vun Europa heihinner, well do d’Waasser zougefruer ass. Et ass eng vun de wéinege Plazen, wou dëse Waasservull nach genee déi richteg Bedingunge fënnt, fir aartgerecht ze liewen a seng Kleng opzezéien.

TEXT: MURIEL NOSSEM, ISABELLE ZWICK wëssenschaftlech Mataarbechterin vum 'natur musée'I

25


Am Gebitt Haff Geheimtipp vum Panewippchen:

D’Weeër si ganz ofwiesslungsräich an dofir mécht spadséiere goen hei vill Freed. Et geet een iwwer Brécken a Steegen an et gi Plazen, wou ee sech hisetze kann, fir einfach nëmmen d’Schéinheet vun der Natur ze genéissen.

Denk drun d‘Spektiv an de Fotoapparat matzehuelen, well hei gëtt et ëmmer eppes ze entdecken!

Ganz flott sinn d‘Beobachtungshaisercher. Hei kann een a Rou de Waasservullen nokucken, ouni si ze stéieren.

M

Zie

E wéineg Geschicht Viru ville Jore gouf de Museldall reegelméisseg iwwerschwemmt. Zu Remerschen, wou den Dall méi breet war, hu sech am Laf vun de Joer Sand a Steng, déi d’Musel mat aus de Vogese bruecht huet, ofgelagert. Sand a Kiselsteng sinn ausgebaggert ginn a viru verkaaft gi fir de Bau vun Haiser a Stroossen.

26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

ng Kle Klein

Tëscht 1958 an 1964 gouf d’Musel kanaliséiert, fir datt grouss Schëffer Material tëscht Diddenuewen a Koblenz transportéiere konnten. Dono war et eriwwer mat der Baggerei. Déi riseg Sandkaulen hu sech mat Reen a Waasser aus ënnerierdesche Quelle gefëllt: Sou ginn et haut ongeféier 35 Weieren.

e

Ki

Kö nn nig iksl slib i e ll


Réi mech ënnerwee Hei e puer Beispiller:

aus, My iedermus, murin à ootis emargin l f r reilles é atu pe ederma ch

Libellen

sj fe u n rc gf h er e , le n u

40 Aarte fléien a liewen am Gebitt. An do sinn der drënner, déi ganz seelen hei zu Lëtzebuerg sinn. dalis cauue, a i corrhin ue eurhine à large qeface L , or lilypad whit

Wimimperf

ancr

s

ées , Ge

off roy 's

ba t

Zwee fle Zweif ck, E le ck p , co ithe

r Eur dulie ca à asi an de bim ba ux sk ta ac et c ta he il s,

c

f

ë sj oo o o M

h lic er

l

W

Fliedermais

a at ul

e

G

ich

fro

e, e

di b

ule

le

o

g

ta

fr

n

Te

sc h, R a n a ge Frä n esc nouille ve e é r g r rt s c h,

h,

ia rar frog o p on a tem mm

Rarnousse, co

lle scnoui ä r e

Amphibien

ro

Fräschen, Mouken a Molche wanderen am Fréijoer bei d‘Weieren. D'Weibercher leeën hir Eeër ganz gär un de flaachen Uferen an tëscht dem Schilf of.

B

Gr ron as f

F gr gesch,

ibe l

le, a

e r l, Anax parthenop pero

nax na poli

e tain, lesser

m

n

gilis rta ahes, sand lizard e c ouc , La des s s e d Gréng Eder , lézar Reptilien Zauneidechse

a geln Rin

tter

(B

ke

Ad

etica v l ouleuvre helvétique, ba rred he ter), c gra x i t r ss t nna a sn N rre , r e a d a

-

Ba rr e

M

Haut ass den Haff Réimech e wäertvolle Liewensraum fir vill Déieren a Planzen, déi hei ideal Liewensbedingunge fannen.

TEXT: MURIEL NOSSEM, ISABELLE ZWICK wëssenschaftlech Mataarbechterin vum 'natur musée' I

27


Fir eng Entdeckungsrees geet een am beschte fort beim Biodiversum, dem Naturschutzzentrum vun der Naturverwaltung

De Biod i

Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira 5, Bréicherwee - L- 5441 Remerschen Tel : (00352) 247-56531 biodiversum@anf.etat.lu vum 1. November bis den 31. Mäerz dënschdes bis sonndes vun 10:00 bis 17:00 Auer vum 1. Abrëll bis den 31. Oktober dënschdes bis sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer

Bannen am Zentrum vun der ANF fënnt een eng flott interaktiv Ausstellung, déi engem vill Infoe gëtt iwwer dat, wat een dobaussen erwaart: - D’Geschicht vum Museldall an dem Haff Réimech (Infoe vum Nationalmusée fir Konscht a Geschicht, www.mnha.lu) - D‘Déieren an d‘Planzen am Waasser - D‘Vullewelt - Natierlech Vilfalt - Naturschutzmoossnamen an Nohaltegkeet si weider Theemen.

28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


ver su m Camille Gira

Natur & Ëmwelt asbl. ass Partner am Biodiversum an ënner anerem zoustänneg fir d‘Informatiounen zu de Vigel aus dem Gebitt: Wéi eng Vullenaarte liewen am Gebitt, wéi sinn hir Liewensgewunnechten, wéi eng Aarte bréie grad am Gebitt, wéi orientéiere sech d'Vigel wärend dem Vullenzuch, … ? Si beréngen och Vullen, fir méi iwwer de Vullenzuch erauszefannen a festzestellen, wat fir Aarten do sinn.

Aktuelles

Am Moment ass ënnenan am grousse Sall eng Ausstellung zum Theema: Wat d’Kelten an d'Réimer fréier giess hunn. Centre national de recherche archéologique, www.cnra.lu TEXT: MURIEL NOSSEM, ISABELLE ZWICK wëssenschaftlech Mataarbechterin vum 'natur musée' I

29


De klenge WIEDER

2

Sonn a Woll .. Hues de flaisseg de Ree gemooss? Firwat reent et dann iwwerhaapt? .. Ma dat ass nemme well d’Sonn Sonn ` schengt!

Eng Wollek

1

Preparéier eng Titche mat Äiswierfelen, déi s de fest zoupechs.

2

Schëtt e bësse waarmt Waasser an e grousse Bokal, deen hanne mat schwaarzem Pabeier verdonkelt ass. Dat ass dee waarmen Äerdbuedem.

..

Besonnesch schei` gett deng Wollek, wann s ` ` de e Fixspoun kuerz umechs, dann ausbleis .. .. an an d’Glas hals, ier s de d’Aistitchen drop lees. (Maach dat awer mat engem Erwuessenen!) 30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Rfuerscher

leken D’Sonnestrale schéngen op d’Aërd a wiermen den Äerdbuedem. Déi waarm Äerd hëtzt d’Loft iwwer dem Buedem op. Waarm Loft geet ëmmer no uewen. Uewen am Himmel ass et normalerweis méi kal. Wat da geschitt, gesäis de an dësem Experiment.

am Glas

3

Lee d’Titche mam Äis uewen op de Bokal. Dat ass dee kalen Himmel uewen.

..

Hei d’Erklarung:

4 Kuck elo wat geschitt.

An der Loft ass ëmmer Waasser a Form vu Waasserdamp, deen s de net gesäis. Kal Loft kann net souvill Fiichtegkeet (Waasserdamp) a sech droe wéi waarm Loft. Wa fiicht Loft ofkillt - well se eropgeet, do wou et méi kal ass - da bilde sech dofir Waasserdrëpsen*. Dat sinn d’Wolleken!

*Dat nenne mer ‘Kondensatioun’, dat ass de Géigendeel vu ‘Verdonstung’. TEXT: CARMEN GREISEN I

31


Kuck mol an den Himmel: D’Meteorologe beschreiwen de

Bedeckungsgrad vum Himmel an Aachtelen:

0/8 ouni Wolleken

2/8 kloer

4/8 wollekeg

6/8 staark wollekeg

Den Heliograph** aus der Wiederstatioun vum Musée schreift op, wéini a wéi laang d’Sonn schéngt.

8/8 bedeckt

**Sonneschreiwer

D’Sonn huet deen Dag moies dräi mol kuerz geschéngt. An och vun 11:30 bis 14:00 Auer a vu 15:10 bis 16:00 Auer hunn hir waarm Stralen e Lach an de Pabeier gebrannt.

32 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Eng Wollek ass net wei` dei` aner! Wolleke kënne ganz héich (10 km) am Himmel sinn an aus Äiskristaller bestoen, …

Cirrus, Fiederwolleken … mëttelhéich (5 km) sinn an aus Waasserdrëpse bestoen …

Altocumulus, Scheewercherswolleken … oder niddreg (1 km) sinn, wéi dës Schichtwolleken.

Cirrostratus

Stratus, Schichtwolleken

Déi Wollek hei läit um Buedem.

Verschidde Wolleke weise schéi Wieder un.

Niwwel

Bei dëse ‚Monsterwolleken‘ (an der Héicht vun 0-13 km) hues de besser séier ënnerdaach ze goen!

Cumulus, niddreg Scheewercherswolleken

Cumulonimbus, Donnerwiederwollek Nimbostratus, Reewollek TEXT: CARMEN GREISEN I

33


De Klenge Fuuss E klenge Fuuss ass net dat nämmlecht wéi e Klenge Fuuss:

Moien! Ech sinn ee klenge Fuuss.

Ech och.

Wat hues du schéi faar weg Oueren!

Kleiner Fuchs - Petite tortue - Small tortoiseshell - Aglais urticae

34 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


De Klenge

Fuuss ass ee vun eisen

heefegste Päiperleken. Mat ausgebreete Flilleken ass e 4,5 bis 6 cm breet.

D’Ënnersäit vun de Flilleken ass brong. De Klenge Fuuss suckelt den Nektar vun de Blummen.

D’Päiperleken iwwerwanteren a Fielssplécken a Bamhielen, an och gär a Gaardenhaiser. Am Fréijoer leeën d’Weibercher hir Eeër op Brennnesselsblieder.

4 Woche méi spéit sinn d’Raupen 3 cm laang. Elo siche si sech eng Plaz fir No enger bis dräi Woche

sech ze verpoppen.

krauchen déi kleng Raupen aus den Eeër. Si liewen zesummen a Gruppen, a friesse just Brennnesselsblieder.

No 2 bis 4 Woche klëmmt dann dee fäerdege Päiperlek aus der Popp. TEXT: GUY KERSCH I

35


Th ee m en am ‘n at ur m us ée ’:

-

Tafelint, Tafelente, fuligule milouin, common pochard, Aythya ferina

onmeiglech Noperen Am ‘natur musée’ stinn heiansdo Liewewiese beieneen, déi sech an der Natur nimools begéinen.

Tyrannosaurus rex

Si liewen op verschiddene Kontinenter, oder a verschiddene Liewensraim. Oder si sinn hautdesdaags ausgestuerwen. An awer hu si eppes gemeinsam.

Zuolong salleei

36 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021

Den T. rex ass mat der Tafelint (a mat alle Vullen) duerch e gemeinsame Virfuer verbonnen. Dëse Virfuer huet wuel dem Zuolong geglach, dee virun 160 Mio. Joer gelieft huet.


:

Fluchfescher

Wanderalbatros, Wanderalbatros, albatros hurleur, wandering albatross, Diomedea exulans

Pterodactylus antiquus

Virun 150 Millioune Joer huet de Pterodactylus am Mier gefëscht. Haut mécht de Wanderalbatros dat och. De Pterodactylus war keen Dinosaurier, mee e Fluchsaurier. Dogéint ass den Albatros e modernen Dinosaurier – wéi all d’Vullen.

-

Knabberdeieren Feldhamster, Feldhamster, hamster d’Europe, european hamster, Cricetus cricetus

Eurasesch Zwergmaus, Eurasische Zwergmaus, rat des moissons, harvest mouse, Micromys minutus

D’Kaweechelchen an de Feldhamster sinn „normal“ Knabberdéieren. Dat klengst Knabberdéier, déi Eurasesch Zwergmaus, gëtt nëmme 6 cm laang, a 6 g schwéier. Capybara, Wasserschwein, cabiaï, capybara, Hydrochoerus hydrochaeris

Dat si Knabberzänn!!

D’Capybara oder Waasserschwäin ass dat gréisst Knabberdéier. Dëst „Rise-Mierschwéngchen“ aus Südamerika kann iwwer 1,3 m laang an iwwer 80 kg schwéier ginn.

TEXT: GUY KERSCH I

37


-

HoufdEieren Kleinkantschil, petit chevrotain malais, lesser mouse-deer, Tragulus kanchil

Dat gréisst Houfdéier, d’Giraff aus Afrika, ka bal 6 m héich ginn a bal 2000 kg weien. Giraff, Giraffe, girafe, giraffe,Giraffa camelopardalis

Och Houfdéiere si ganz verschidden, wéi den nordamerikanesche Bison an den afrikaneschen Dikdik.

Nordamerikanesche Bison, Nordamerikanischer Bison, bison d’Amérique du Nord, american bison, Bison bison

Dik-dik, madoqua

Dat klengst Houfdéier ass de 45 cm laangen an 2 kg schwéiere Klengkantschil aus Südostasien.

-

Pickeg Deieren Séiigel, Igelfësch, Igel, Stachelschwäin . . . Vill verschidden Déieren hu Picken, fir Feinden ofzewieren. Igel, Igel, hérisson, hedgehog, Erinaceinae

Igelfësch, Igelfisch, diodon, porcupinefish, Diodontidae,

Stachelschwäin, Stachelschwein, porc-épic, porcupine, Hystricidae

Séiigel, Seeigel, oursin, sea urchin , Echinoidea

38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


n . . . a , en g n a la h c S , m r ie W Duebelschlécher, Doppelschleiche, amphisbène, worm lizard, Amphisbaenia

Ouni Been um Bauch rëtschen: Net nëmme Schlaangen a Wierm komme gutt esou duerch d’Liewen. Blannschlécher an Duebelschlécher sinn Echsen ouni Been.

Blannschlécher, Blindschleiche, orvet, slow worm, Anguis fragilis

Blannschlécher: Keng Schlaang!

-

Duebelschlécher: Kee Wuerm!

-

Lieweg Fossilien

Nautilus, Perlboot, nautile, Nautilus, Nautilidae

D’Nautilussen an d’Feilschwänz gesinn haut nach bal d’nämmlecht aus wéi virun 150 Millioune Joer.

Feilschwänz, Pfeilschwanzkrebse, limulidés, horseshoe crabs, Limulidae

TEXT: GUY KERSCH I

39


Monsterblumm Net all Blumm richt gutt a léisst sech gutt plécken. D’Rafflesia a Südostasien kann iwwer 1 m am Duerchmiesser hunn. Si sténkt no faulem Fleesch a gëtt vun Aasmécke bestëbst.

Rafflesia, Rafflesie, rafflésie, rafflesia, Rafflesia arnoldii

40 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


'

Loschbur-Mann

'

De Loschbur-Mann ass dat eelst komplett Mënschesklett, dat zu Lëtzebuerg fonnt gouf. Hien huet an der Steenzäit gelieft. Dat heescht: Du an de „Loschi“, dir sidd duerch 8000 Joer vunenee getrennt.

i h c Los

An nawell war och de Loschbur-Mann een Homo sapiens „wéi s du an ech“.

Du

Du kann heihinner esng Foto vun dir pechen. TEXT: GUY KERSCH I

41


Mat engem Knäipche schapps du déi kleng Kniet ewech (oder fro een Erwuessenen dir ze hëllefen) Dono ritz du de Bengelchen op annerhallwen Zentimeter vum Wutz an. Huel d’Schuel op där Plaz erof.

Lo mol d’Wutze faarweg: 1 schwaarze Bengel 20 Punkten 5 giel Bengelen 10 Punkten 5 blo Bengelen 5 Punkten 15 gréng Bengelen 3 Punkten 15 rout Bengelen 3 Punkten

Tic Tac Toe fir zwee Spiller

5 Pissblummen, 5 Margréidercher a 4 Bengelcher. Du kanns awer och Dillendäpp, Blieder, Steng oder soss eppes huelen. 42 I DE PANEWIPPCHEN 2/2021


Naturmikado an Natur 3 an enger Rei Mikado

fir minimum 2 Spiller Schneit mat engem Secateur (oder fro een Erwuessenen) 41 riicht Äscht, déi ënner den Nësserte wuessen. (dacks sinn dat ganz riicht Waasserschëtz, déi si genee richteg)

Ee vun de Spiller léisst d’Bengelen op den Dësch falen. Lo probéiert een nom aneren d’Bengele vum Koup erofzehuelen, ouni datt déi aner wibbelen. Soulaang keen anere Bengelche wibbelt, kann de Spiller weider fuere Bengelen ze sammelen. Wann e Bengelche wibbelt, ass et um nächste Spiller. Wann d'Bengelen all agesammelt sinn, zielt jiddweree seng Punkten. Wien am meeschte Punkten huet, gewënnt.

Ee Spiller hëlt d’Pissblummen, deen aneren hëlt d’Margréidercher. D'Spiller setzen ofwiesselnd hir Blummen eng no der anerer an e Feld. Et soll een 3 an eng Rei kréien. Vun uewen no ënnen, vu riets no lénks oder schif. TEXT: SABINE GOERENS

De Panewippchen

‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen.

Texter:

P. Delhalt, T. De Sousa, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem, I. Zwick.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz, K. Scholtes.

Fotoen:

S2 Hannergrond: shutterstock S3 Friessen a gefriess ginn Fossil: C. Klug, Friessen a gefriess ginn Illustratioun: G. Schweigert S5 Signalkriibs: (C)Adobe Stock vipersgarden, Asiatesch Runn: Franck Hidvégi, Nilgänsen: (C) Adobe Stock Alexander von Düren, aner: Tiago de Sousa S6 Päiperlekstrausch: Mireille Feldtrauer, Waasserpescht: Krzysztof Ziarnek S7 Kräizkraitchen: Tiago de Sousa, Tigermustik: public domain S8 Fong: shutterstock, Goldrutt: Tiago de Sousa, Waasserfar: Daniel J. Layton, Waasserblat: Leslie J. Mehrhoff, University of Connecticut, Bugwood.org, Waasserpescht: Lamiot S9 Essegbam: Tiago de Sousa, Haartrutt: Andrea Moro, Mahonie: H. Zell, Goujong: Seotaro CC BY-SA 3.0, Krabb: Christian Fischer, Perruche: mnhn S11 Deckelsmouk: Jamie S93, aner: shutterstock S12 Essegbam Aascht: AnRo0002 S15-17 mnhn S18 Mars: ESA & MPS for OSIRIS Team MPS/UPD/LAM/ IAA/RSSD/INTA/UPM/DASP/IDA, CC BY-SA IGO 3.0, S19 Olympus Mons: NASA, Valles Marineris: ESA/DLR/FU Berlin (G. Neukum) S20 Marsuewerfläch & Mariner4: NASA, Stëbsdäiwel vum Buedem gekuckt: NASA/JPL; modified/coloured by D Mitriy, Marsuewerfläch Foto vum Mariner4: NASA/JPL S21 Krater mat Äiswaasser: ESA/DLR/FU Berlin (G. Neukum), Äis a Stëbs: ESA/DLR/FU Berlin (G. Neukum), Rover Perseverance & Marsuewerfläch Foto vum Rover Perseverance: NASA S24&25 Hannergrond: shutterstock/Raymond Thill, Fëschadler: Mike Baird, Reiher: mnhn, Blobrëschtchen: Frebeck, Dommel: https-/www.flickr.com/photos/lincsbirder, Flossséischmuewel: Andreas Trepte, Jäizert: Per Harald Olsen, Hauwendaucher: Patrick Lorgé collaborateur scientifique mnhn, Panno Hauwendaucher: Asurnipal S26&27 Hannergrond: Asurnipal, Plang: photostudio C Bosseler, Hütten: mnhn, Geschicht: industrie. lu, Fliedermaus: C. Robiller / www.naturlichter.de, Moosjungfer: Andreas Eichler, Zweifleck: Thomas Bresson, grénge Fräsch: Sebaho, Kinnikslibell: Alpsdake, Bronge Fräsch: shutterstock, Gréng Ederes: Böhringer Friedrich, Adder: Bernard Dupont S28&29 Hannergrond: shutterstock/Raymond Thill, Bierken an Déieren: Asurnipal, aner: Mireille Feldtrauer S32 mnhn S33 Cirrus: Dmitry Makeev, Cirrostratus: GerritR, Altocumulus: shutterstock, Stratus: Piccolo Namek, Niwwel: Böhringer Friedrich, Cumulus: Uoaei1, Cumulonimbus: mnhn, Nimbostratus: Indrajit Das S34 shutterstock S35 Klenge Fuuss op Hand: I naturen, Flilleken ënnendrënner: Svdmolen, Eeër leeën: Böhringer Friedrich, Raup 3 cm: Quartl, Popp: Jehl, aner: shutterstock S36 Tafelint an T-Rex: mnhn.lu, Zuolong: Funk Monk S37 shutterstock S38 Bison: mnhn, Klengkantschil, Séiigel, Iglfësch, Stachelschwäin: shutterstock, Giraff: Hans Hillewaert, Igel: Tamaž Demsar S39 Blannschlécher, Feilschwänz an Nautilus: shutterstock, Duebelschlécher: Johanna Goyes Vallejos, nautilusfossil: mnhn S40 shutterstock S41-43 mnhn

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

I 43



Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.