1 minute read

Mustike picken…Mustike picken…Mustike

Next Article
zu lëtzebuerg

zu lëtzebuerg

… awer net all d’Mustiken.

Et sinn nëmmen déi weiblech Déiercher, déi Blutt suckelen, an och just virum Eeër leeën. Fir déi ze fabrizéiere brauche se nämlech Proteinen (Eewäiss) an Eisen, déi se am Blutt vun hirem ‚Wiertsdéier‘ (ënner Ëmstänn bass du dat!) fannen. Fir de Rescht liewen d’Stiechmécke vun Nektar a Planzejus, dee se oplecken oder opsuckelen.

Advertisement

… net jiddereen. Bei Fuerschunge gouf erausfonnt, datt déi cheemesch

Zesummesetzung vum Schweess – déi fir all Mënsch eenzegaarteg an typesch ass –d’Pickmécke méi oder manner unzitt. An d‘Blutt vun der Bluttgrupp 0 schmaacht hinnen anscheinend am Beschten!

… awer net bei mir! Stiechmécke ginn net al (just e puer Wochen) a fléien net wäit. Hir Larve brauche Waasser wat steet. Kuck wat s de kanns maache fir de Mustike ronderëm dem Haus keng Chance ze loossen; keng Chance ze loossen; op www.mosquitoes.lu fënns du e flotte Flyer mat méi Info.

… net nëmme Mënschen.

Je no Mustikenaart gi souguer haaptsächlech oder nëmmen aner Déiere geplot, op Fräsch, Vull oder Mamendéier. Dobäi kënnen d’Bluttsëffer och Viren oder Parasiten iwwerdroen, déi krank maache kënnen.

An net vergiessen: Och wa verschiddener eis nerven, d’Mustiken hunn hir wichteg Plaz an der Natur. Déi vill kleng Mécken an hir Larve sinn e gudde Maufel fir vill Fësch, Vullen, aner Insekten, Spannen an Amphibien.

Dëst Joer huet den 'natur musée' e Moskito-Atlas erausbruecht; e Buch wou drasteet wéi eng Aarten et zu Lëtzebuerg ginn, wéi heefeg se sinn a wou se ze fanne sinn. D’Mustike gutt ze kennen ass wichteg - ënner anerem wéinst dem Klimawandel. Sou hunn an de leschte Joeren zwou nei Méckenaarten de Wee an d’Land fonnt, déi eigentlech an Asien doheem sinn: déi Japanesch Heckemustik (Aedes japonicus) an déi Wäissgezeechent Iergermustik (Aedes albopictus). Vläicht kënne mat den Insekten och Kranheete bei eis kommen, déi et virdrun nëmmen a méi waarme Länner gouf.

E Weibche vun der schicker WäissknéiIergermustik (Aedes geniculatus) an Aktioun. Gutt geniert kann déi zimmlech grouss Méck bis zu 130 Eeër leeën.

Zu Lëtzebuerg sinn 29 verschidde Mustikenaarte fonnt ginn (vun ongeféier 3600 op der ganzer Welt). Hei sinn der just e puer:

D’Keellëpsen-Nolmustik (Anopheles claviger) bei hirer Molzecht. Och d’Weibchen ernärt sech meeschtens vegan!

Ass et eng Äschegro Iergermustik (Aedes cinereus) oder eng Zweelaf-Iergermustik (Aedes geminus)? Dat kann ee just un de männleche Genitalien erkennen. Bewonner déi extra-schéin Antennen! (Och d‘Stëppleg Iergermustik (Aedes vexans) ass nëmmen op e puer Plaze fonnt ginn.)

Keeltmustik (Culiseta longiareolata) erkenns de liicht un den helle Längelzech-Sträifen um Schëld. Déi nächste Kéier kucks de der dat Déier mol genau un, iers de drop schléits!

D’Larve vun der RichiardiËnnerwaasermustik (Coquillettidia richiardii brauchen extra laang fir hir Entwécklung. Si verloossen d’Waasser eréischt am Fréijoer drop. Hues de déi schéin Ae gesinn?

This article is from: