Panewippchen 3/2023 - Service de la médiation et du développement des publics

Page 1

De Panewippchen

N° 144 3/2023

De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit www.panda-club.lu

D’Nautilussen hu souguer d’Dinosaurier iwwerlieft!

Hues du dech schonn eemol gefrot, wéi d’Liewe viru Millioune Joer déif ënner der Uewerfläch vum Mier ausgesinn huet? Hei gëtt et eng faszinant Welt vu Liewewiesen, dorënner den Nautilus. Wéi d'Fossilie weisen, gouf et d’Nautilusse scho viru ronn 500 Millioune Joer. Si hu Katastrophen iwwerlieft, déi vill aner Aarten et net gepackt hunn, z. B. um Enn vun der Kräidezäit, wéi d’Dinosaurier ausgestuerwe sinn. Zu Lëtzebuerg ginn den Ament am 'natur musée' ronn 100 Nautilusfossilie vum Paläontolog Robert Weis an dem wëssenschaftleche Mataarbechter Driss Sadki vun der Uni Meknès aus Marokko ënnersicht. Si beschreiwen all déi Fossilien an dokumentéiere si, fir datt jiddweree weess, wat mir an eise Sammlungen hunn. Sou kënnen och aner Fuerscher a Fuerscherinnen op dës Informatiounen zréckgräifen.

Nei Schätz an der Mineraleschatzkummer vun der Expo

Eemol d’Joer ongeféier iwwerleeë sech eis Mineralogen a Mineraloginnen, wat fir nei Stécker si kéinten an eiser Dauerausstellung weisen, fir hir Begeeschterung an hiert Wëssen iwwer déi vill verschidde Mineralen un d’Visiteuren an d'Visiteuse weiderzeginn. D’lescht Joer ware Mineralen aus der sougenannter „CassedanneSammlung“ aus Brasilien ausgestallt. Déi hunn elo misse Plaz maache fir all méiglech Zorte Kristaller, déi kënnen an der Schatzkummer bewonnert ginn. Kristaller definéiere sech duerch hir siichtbar Geometrie. Dobäi kënne si ganz verschidde Formen a Faarwen unhuelen. Gitt Iech se ukucken a versicht rauszefannen, aus wat fir geometresche Formen déi schéi blénkeg Minerale bestinn.

Ënnen: Asteroid, Meteorid, Gravitatiounstrakter

De Robert Weis ënnersicht Nautilus-Fossilien
2 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023 TEXT: SIMONE DENGLER News Uewen: Et si 37 Blieder vu 7 verschidde Beem. 4 Biche-, 6 Eeche-, 5 Käschte-, 5 Ahorn-, 3 Nëssert- , 4 Weide- an 10 Bierkeblieder.
Vitrine mat Kristaller an der aktueller Expo
Rätsel Säit 16:
Opléisung

Wat ass lass am Musée?

Vum 6. bis 8. Oktober sinn d’“Geodiversity Days“. Wat ass Geodiversitéit? Alles wat an der Natur net lieweg ass: Steng, Fossilien, Sedimenter, Buedem, Flëss, Bierger…

Alles wat lieweg ass gëtt als Biodiversitéit bezeechent.

De Musée hëlleft de Leit ze erklären, firwat dës Geodiversitéit esou wichteg ass, an och wou zu Lëtzebuerg besonnesch flott a seele Plaze sinn, fir se ze kucken a besser ze verstoen.

Nuit des musées

De 14. Oktober ass d’Nuit des Musées zu Lëtzebuerg. Vu 17 bis 1 Auer an der Nuecht kënnt Dir am ‘natur musée‘ alles ronderëm d’Déierewelt, d’Natur an d’Evolutioun gewuer ginn. Atelieren, Musek a speziell Virféierunge loossen d’Zäit verfléien. Verpasst och net en éischte Bléck op eis Expo, déi fir Mëtt November geplangt ass: Asteroid Mission – do dréint sech alles ronderëm d’Asteroiden an de Weltall.

Asteroid Mission

Alles ronderëm Asteroiden, Ressourcen aus dem Weltall a wéi mir eis verdeedege kënnen, wann et zu engem Aschlag kéint kommen. Vum 10. November 2023 bis den 18. August 2024 fannt Dir eng ganz nei Expo zu dësem spannenden Theema bei eis am ‘natur musée‘. Natierlech och mat engem flotte Programm do ronderëm mat villen Atelieren an Aktivitéiten.

Science Festival

Vum 9. bis 12. November 2023 ass de Science Festival am a ronderëm den ‘natur musée’. Atelieren, Aktivitéiten, Experimenter, Spiller… Alles dréint sech ronderëm d’Theema Wëssenschaft.

S Ä IT 1

DE PANEWIPPCHEN 3/2023

Theema: Asteroiden

S Ä IT 2

NEWS

Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg

S Ä IT 4

ASTEROIDEN

Zeien aus der Vergaangenheet

S Ä IT 8

KNIWWELEN Taaschtspill

S Ä IT 10

REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG

Charaktereegenschaften

S Ä IT 16

RÄTSELEN Bliedergewulls

S Ä IT 17

FIR MATZESANGEN Asteroiden!

S Ä IT 18

FIR KLENG LIESRATEN

D’Stallschmuewel

S Ä IT 20

ASTEROIDEN Gefor aus dem Weltraum

S Ä IT 26

KNIWWELEN Meteorittecourse

S Ä IT 28

DE SCHWAARZEN HIELENNER

S Ä IT 30

ASTEROIDEN Schatzkummer Weltraum

S Ä IT 34

BERUFFER AUS DEM ‘natur musée’

Interview mam Odile

S Ä IT 38

PLOGEESCHTER AM

VULLENNASCHT

S Ä IT 42

KNIWWELOnsiichtbare Kuch

Impressum

S Ä IT 44

‘natur musée’

NATUR MUSÉE ASTEROID MISSION 10/NOV/23 18/AUG/24 25, rue Muenster L-2160 Luxembourg Opening Hours WED–SUN 10AM – 6PM N,6°8’8.34 Type made in Lux. Impact imminent
science-festivallu
ateliers
I 3
3/2023
Naturmusée & Neimënster Luxembourg-Grund
Shows et
Shows und Workshops
PW
TEXT: SIMONE DENGLER

Zeien aus der Vergaangenheet

Niewent de Stären, Planéiten, Zwergplanéiten a Mounde gëtt et um Nuetshimmel nach eng Hellewull aner kleng Himmelskierper ze entdecken. Zwee dovunner wëlle mir haut e bësse méi genee ënner d’Lupp huelen: d’METEOROIDEN an d’ASTEROIDEN.

A woukënntdëst Wu e rt hier?

D’Wuert ASTEROID ass aus algriichesche Wierder zesummegesat. Et heescht, datt den Asteroid ausgesäit wéi e Stär. Am Algriichesche sinn awer och Stäreschnäizen an hellt Liicht als Stär bezeechent ginn.

* Koméit: e feste Kierper aus Äis, Steng, Stëbs a gefruerene Gasen, deen e sougenannte Schwäif hannert sech zitt.
4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
vumSamMersch(ZLS)
ASTEROID MISSION

Vergaangenheet

Fir ze verstoen, wat si sinn a wou si hierkommen, musse mir e gudde Strapp zeréck an der Zäit goen, nämlech bis bei d’ENTSTEEUNG VUN ONSEM SONNESYSTEM.

Viru 4, vu Gas a Stëbs souwuel ons SONN ewéi och d’PLANÉITEN entstanen. Fir d’éischt huet sech dee Stëbs zu klenge Jicke geformt, déi hin an hier geflattert sinn. Dobäi si se natierlech och aneneegeknuppt, hu sech matenee verbonnen a si lues a lues ëmmer méi grouss ginn. Esou si se ëmmer weider gewuess an zu de Planéiten an hire Mounde ginn.

Mee net all den Urstëbs huet et gepackt, e groussen Himmelskierper ze formen, an dofir ass onse Sonnesystem och haut nach iwwerséit mat méi oder manner grousse Kierper, déi do hir Bunnen zéien. D’Wëssenschaftler an d'Wëssenschaftlerinnen, déi sech mam Weltraum beschäftegen, nennen dës dann och KLENGKIERPER. Niewent de Meteoroiden an den Asteroiden zielen och d’Koméiten* dozou.

TEXT: MIKE HAGEN I 5
6 MILLIARDE JOER sinn aus Wolleke

AsteroidCeres

METEOROIDE sinn tëschent engem Millimeter an engem Meter grouss Stécker, déi duerch de Weltraum flitzen. Si stamen oft vun Asteroiden, déi bei Kollisioune mat aneren Himmelskierper auserneegebrach sinn, oder och vu Koméiten, ASTEROIDEN nennt den Astronom an d'Astronomin déi Badettien aus Steng a Metaller, déi méi grouss sinn ewéi e Meter. Si kënne bis zu e puer honnert Kilometer grouss ginn. De gréissten Asteroid, dee mir kennen, ass de Ceres. Hien ass net manner wéi 946 Kilometer grouss – en zolitte Batti.

D’Wëssenschaftler an d'Wëssenschaftlerinnen hunn erausfonnt, datt d’Asteroiden entweder just aus Metall, Eisen an Néckel bestinn oder awer eng Mëschung tëschent Gestengs a Metaller sinn.

meeschten Asteroiden an och Meteoroide fanne mir tëschent de Planéite Mars a Jupiter am sougenannten ASTEROIDERIMM. An do ass nawell eng lass… et gëtt geschat, datt an dësem Rimm 1 bis 2 Milliounen Asteroide mat engem Duerchmiesser vu méi wéi 1 Kilometer erëmfléien, niewent e puer Millioune vu méi klenge Kierperen. Datt si net dauernd aneneeknuppen, kënnt dohier, datt tëschent Mars a Jupiter net manner wéi 550 Millioune Kilometer Distanz leien. Riseg vill Plaz fir eng Hellewull un Asteroiden an Meteoroiden!

Asteroidegierdel

Asteroiden um Jupiter senger Ëmlafbunn

Jupiter Venus Mars Merkur Sonn Earth
6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

Donieft fanne mir awer och nach eng ganz Rëtsch Asteroiden um Ëmlafbunn. Si bilden zwou grouss Kludderen, eng virum Jupiter an eng hannert him, an dréinen zesumme mat dem risege Gasplanéit ronderëm d’Sonn. D’Wëssenschaft nennt si d’TROJANER.

D’NASA iwwerwaacht d’Fluchbunne vu geféierlech aklasséierten Asteroiden. Hei en Diagramm, dee vum JPL (Jet Propulsion Laboratory) op der Caltech (California Institute of Technology) a Kalifornien fir d’Nasa erstallt gouf.

An da gëtt et och nach déi Asteroiden, déi den Astronomen an Astronominnen alt mol kënnen zerguttstert Kappzerbrieches maachen, d’NEA. NEA steet fir „Near Earth Asteroids“ also fir Asteroiden, déi no bei der Äerd sinn. Hir Ëmlafbunne kommen der Ëmlafbunn vun onsem Heemechtsplanéit nawell zolidd no. An dat kéint eventuell zu grousse Problemer fir ons féieren. Du wëlls wësse firwat? Da lies weider an dësem Panewippchen op der Säit 20. Et bleift spannend!

TEXT: MIKE HAGEN I 7
Asteroid 951 Gaspra Asteroide-Kollisioun Trojaner Äerd Asteroid

Taaschtspill

Sammel Hierschtfriichten (Käschten, Nëss, Bucheckeren, Eechelen, Dillendäpp, Spackelter…) am Park, am Bësch oder am Gaart. Huel awer nëmme Friichten, déi um Buedem leien!

Da brauchs du nach e Säckelchen.

Benotz e Säckelchen, deen s du doheem hues, oder maach dir selwer een.

Dofir brauchs du: Stoft, (Tuschbic), Schéier, Woll/Zwier, Bitznol

4 vun ënnen no uewen a sou weider

3 vun uewen no ënnen

2 a vun ënnen nees no uewen

1 mat der Nol am Fuedem vun uewen duerch de Stoft

Maach de Fuedem an d’Bitznol.

Elo bitz du déi zwou Säite vum Säckelchen zesummen.

Laanscht de Bord, ëmmer duerch déi zwou an uewe beim ëmgediebelte Stéck duerch déi dräi Loe Stoft.

Stiech Hierschtfriichten an de Säckelchen.

8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
4 6

21 cm

an zwee, zeechen e Stéck vun ongeféier 30 x 21 cm op a schneit et aus.

de

an all Enn vum Fuedem e Knuet

Een nom anere stécht seng Hand an de Säckelchen a fëscht sech ee Stéck. Duerch Oftaaschte probéiert hien oder hatt erauszefannen, wéi eng Hierschtfruucht et ass. Hien oder hatt seet, wéi eng Fruucht et ass, an zitt se aus dem Säckelchen. No e puer Ronnen huet dee gewonn, deen déi meeschte richteg Äntwerten hat.

Lee de Stoft sou openeen, datt ongeféier 3 cm iwwerstinn. Fal Stoft Eng Käscht!!! En Dännenzapp!!! Dat Stéck diebels du ëm.
+/-
TEXT: SYLVIE HAGEN I 9 2 1 3 5
Maach
3 cm +/-
+/30 cm
D’Spill:

Redakter/Redaktesch

Fleißig wie eine Biene

Steckbrief

Tier: Biene

Sorten:

Seidenbienen

Mauerbienen und Schneckenhausbienen

Hummeln

Blattschneider- und Mörtelbienen

Furchenbienen

Blutbienen

Holzbienen

Sandbienen

Nahrung: Nektar und Pollen

Heimat: im Bienenstock oder in der freien Natur

Aufgabe in der Natur: bestäuben oder Honig machen

Gewicht Honigbiene:

Königin: 250 bis 300 Milligramm

Arbeiterin: 82 Milligramm

Größe Honigbiene:

Königin: 15 bis 18 Millimeter

Arbeiterin: 11 bis 13 Millimeter

Drohne (männliche Biene): 13 bis 16 Millimeter

Quiz

Welche Bienensorte macht Honig? __ __ __ __ __ __ __ __ __ __

Wie heißen männliche Bienen? __ R __ H __ E

Wie groß ist die Bienenkönigin? __ - __ mm

Welche Bienensorte gibt es nicht?

A. Furchenbiene

B. Schneckenhausbiene

C. Straßenbodenbiene

D. Sandbiene

Lösung: Honigbiene, Drohne, 15-18,

C.
• • • • • • • • • • • • •
10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

fir en hallwen Da g

Super flott a kreativ Artikelen zum Theema «Charaktereegenschaften unhand vun Déierespréchwierder» hunn 10 Panda Kanner geschriwwen. Iwwer de Redaktiounskommitee, d’Recherche, d’Biller molen an d’Säiten zesummestellen, hu si alles selwer gemaach. Gratulatioun fir dës fantastesch Aarbecht!

Ist die Biene wirklich fleißig?

Die Honigbiene ist fleißig. Um 25 g Honig zu produzieren fliegt sie 3000 km.

Drohnen sind nicht so fleißig. Sie sind nur während der Paarungszeit bei den Weibchen und verlassen sie dann, sie machen keinen Honig und sammeln keinen Pollen und Nektar.

Der Spruch «Fleißig wie eine Biene» bedeutet, dass jemand sehr fleißig ist und seine Arbeit gut macht.

Quiz

Setze diese Symbole ein, so dass in jeder waagerechten Reihe jeweils vier verschiedene Symbole sind.

Drohne Königin Biene Arbeiterin

Lösung:

Charlott e Elena TEXT: CHARLOTTE AN ELENA MAM ANNE-MARIE BIS I 11 Redakter/Redaktesch

Schlau wie ein Fuchs

Steckbrief

Name: Fuchs

Größe: bis 40 cm

Länge: 45 cm - 90 cm (ohne Schwanz)

Alter: 3-4 Jahre

Lebensraum: Wald

Essen: Wühlmäuse, Nagetiere, Regenwürmer,Vögel, Hühner, Käfer, Beeren, Fallobst und Restmüll

Feinde: Wolf, Luchs, Steinadler, Uhu

Manche Füchse, die in Städten leben, können sogar sicher die Straße überqueren und suchen sich Essensreste aus dem Abfall. Le

a Giulia
12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023 I TEXT: GIULIA A LEA MAM ANNE-MARIE BIS
Warum heißt es «Schlau wie ein Fuchs»?

Frechdachs

Der Dachs ist ein Säugetier. Er baut sehr viele Gänge und Kammern. Das nennt man zusammen

Dachsbau

Im Gesicht ist der Dachs schwarz und weiß gestreift. Auch auf dem Rücken ist er schwarz und weiß, aber nicht gestreift. Auf dem Bauch ist er schwarz-grau.

Seine Babys sind im Gesicht auch schon schwarzweiß gestreift, aber auf dem Rücken und auf dem Bauch sind sie überall schwarz.

Er kann bis zu 15 Jahre alt werden.

Er isst Insekten, Kleinsäuger, Früchte und Beeren. Er lebt in hügligen Gebieten und im Wald, man findet ihn in ganz Europa.

Er wird 7-14 kg schwer

Seine Größe ist 64-88 cm, plus 11-18 cm Schwanzlänge.

Ist der Dachs wirklich frech?

Der Fuchs ist eigentlich frecher als der Dachs, weil er den Bau vom Dachs klaut.

«Frechdachs» ist eigentlich nur ein Ausdruck, den die Menschen benutzen. Frechdachs sagt man zu Menschen, die etwas Freches gesagt oder gemacht haben, das lustig ist.

Lösung:

Ist der Dachs frech?

Ist der Schwanz 11-18 cm lang?

Ist der Dachs nur Fleischfresser?

Wird der Dachs 7-14 kg schwer?

Wird der Dachs 16 Jahre alt?

Sind seine Babys überall schwarz-weiß gestreift?

Ja Nein ✘ ✘ ✘ ✘ ✘ ✘ TEXT: LYEL AN NOAH MAM ANNE-MARIE BIS I 13
Noa h Lyel

Lösung:

Flink wie ein Wiesel

Im Sommer ist das Fell eines Wiesels braun mit schwarzer Schwanzspitze und im Winter ist es weiß.

Das Fell der Wiesel wurde früher für die Mäntel der Könige benutzt.

Zwischen April und Mai bringen die Weibchen vier bis neun Junge zur Welt.

Auch im Winter müssen die Wiesel ein bis zwei Mäuse pro Tag erbeuten, denn ihr Magen knurrt alle drei bis vier Stunden.

Das Wiesel isst hauptsächlich Kleinsäuger und Kaninchen und manchmal kleine Vögel. Er isst auch Ratten, Mäuse und Eidechsen.

Das männliche Wiesel ist doppelt so groß wie die weiblichen Wiesel. Es hat eine Länge von 33 Zentimetern, ohne Schwanz. Die Männchen wiegen rund 100 Gramm und die Weibchen rund 50 Gramm.

Das Wiesel ist 35 km/h schnell

Der Spruch: «Flink wie ein Wiesel»

heißt so, weil das Wiesel klein und schnell ist, deswegen flink.

Quiz

Die Farbe des . . . . . . . . des Wiesels ist im Winter weiß. Flink wie ein . . . . . . . . . !
den weißen
wurden die . . . . . . . . gemacht.
Aus
Fellen des Wiesels
Timo M a xime 14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023 I TEXT: MAXIME AN TIMO MAM ANNE-MARIE BIS
Setze die fehlenden Wörter ein und finde sie im Diagramm!

Gefährlich wie ein Tigerhai

Steckbrief

Name: Tigerhai (Galeocerdo cuvier)

Klasse: Knorpelfisch

Ernährungstyp: Fleischfresser (Carnivor)

Größe: 3 bis 5,5 Meter

Gewicht: 400 bis 600 Kilogramm

Alter: 15 bis 25 Jahre

Verbreitung: Atlantik, Pazifik und Indischer Ozean

Lebensraum: Meist in Küstennähe

Natürliche Feinde: Schwertwal

Nachwuchs: 1 Jungtier

Ist der Tigerhai wirklich gefährlich?

Gefährlich für den Menschen, weil er seine Beute im Ganzem verschlingt.

Die Attacken auf den Menschen sind in den letzten Jahren stark gestiegen, aber noch immer sehr selten.

Quiz

Wie groß ist er?

A 10-15 m

B 3-5,5 m

C 50 cm-1 m

Welche Feinde hat er?

A Papagei

B Löwe

C Schwertwal

Wie ist sein lateinischer Name?

A Asterix

B Squalotigre

C Galeocerdo cuvier

Lösung: B, C, C

Pasca l Nelio
TEXT: NELIO A PASCAL MAM ANNE-MARIE BIS I 15

Weess du, wéivill Blieder hei sinn a vu wéi enge Beem?

Wéi eng zwee Himmelskierper ginn am Panewippchen ënner d’Lupp geholl?

Eng Méiglechkeet fir d’Fluchbunn vun engem Asteroid ze veränneren ass:

? D’Léisung fënns du op der Säit 2.
E = F = G = H = A = B = C = D = I = J = K = L = M = N = O = P = Q = R = S = T = U = V = W = X = Y = Z = 16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

Meteoroiden!

TEXT A MUSEK: BOB MINETTTE I 17
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

D’Stallschmuewel

Rauchschwalbe

hirondelle rustique

barn swallow

Hirunda rustica

woukënntdëst

A

Wu e r t hier?

D’Wuert Schmuewel ass sou al, datt kee weess, wat et wierklech heescht. Déi lëtzebuergesch Form kënnt vun engem eeleren swalwe, bei deem l a w vertosch goufen an aus sw ee schm gemaach gouf, fir et besser kënnen auszeschwätzen.

vumSamMersch(ZLS)

D’Stallschmuewel ass ee vun den heefegste Vullen op der Äerd, mat iwwer enger Milliard Stéck.

Déi europäesch Stallschmuewelen iwwerwanteren a Mëttel- a Südafrika.

bréien – Mee bis August

iwwerwanteren – Oktober bis Mäerz

18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023 Fir kleng Liesraten

Am Abrëll kommen d’Stallschmuewelen aus Afrika erëm an eis Dierfer a Stied.

Domat baue si e schosselfërmegt Nascht, dat no uewen op ass. Am léifsten un eng Mauer, direkt

ënner engem Plaffong oder Ënnerdaach. Si fänken direkt un, no Bulli ze sichen.

D’Weibche leet 4 bis 7 Eeër, déi gutt zwou Woche laang ausgebréit ginn.

D’Eltere fänke Fluchinsekte fir hir Kanner. Dobäi fléie si mat bis zu 72 km/h.

Dräi Woche laang ginn déi Kleng gefiddert –da si se grouss.

Am Hierscht sammelen d’Schmuewele sech, fir zesummen an de waarme Süden ze fléien.

TEXT: GUY KERSCH I 19

Gefor aus dem Weltraum?

Wien huet se net schonns gesinn, déi Hollywood-Filmer an deenen onse Planéit riskéiert duerch e risegen Asteroid zerstéiert ze ginn?

Intro

Mee wier dat dann iwwerhaapt méiglech oder ass dat just eng fantastesch Dréibuchgeschicht?

Majo, d’Äntwert ass: Jo, et wier schonns méiglech, mee mir brauchen dowéinst awer net vill Angscht ze hunn. D’Warscheinlechkeet, datt dat an nächster Zukunft passéiert, ass zimmlech kleng.

20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
ASTEROID MISSION
De Vera C. Rubin Observatoire am Chile, wou den 8,4 m groussen Teleskop steet.

Weltraum?

Am Weltraum jauwe Millioune vu méi oder manner groussen Asteroiden a Meteoroiden op verschiddensten Ëmlafbunne ronderëm. Dobäi ginn et och sougenannt NEA (Near Earth Asteroids). Dat sinn Asteroiden, déi sech no un der Ëmlafbunn vun der Äerd beweegen (kuck och Säit 4 «Zeien aus der Vergaangenheet»). An déi hunn d’Astronomen an d'Astronominnen - dat sinn d’Wëssenschaftler an d'Wëssenschaftlerinnen, déi sech mam Weltraum beschäftegenbesonnesch am Bléck.

Si konzentréiere sech op déi NEA, déi 140 Meter oder méi grouss sinn. Dat sinn der momentan esou ëm déi 30.000. Vun dëse sinn der dann ongeféier 3.000, déi als méiglecherweis geféierlech aklasséiert ginn. An dëst wéinst hirer Gréisst an hirer Fluchbunn, déi d’Ëmlafbunn vun der Äerd kräize kéint. Si kéinten, wa si dann an ons Atmosphär erafléien an op d’Äerd knuppe géifen, schonns zolitte Schued uriichten.

Mat Hëllef vu groussen Teleskopen, wéi zum Beispill am „Vera Rubin” Observatoire am Chile, ginn dës Asteroide genee beobacht, fir kënnen hir Fluchbunn ze berechnen. Esou kënne mir schonns Joren am Viraus wëssen, ob en Asteroid riskéiert an d’Äerd ze knuppen oder net. Dat gëtt ons dann och déi néideg Zäit fir ons ze wieren.

NEA Sonn Äerd
TEXT: MIKE HAGEN I 21
Venus Merkur Mars
den Teleskop 1 0 8 m 140 m

Mee wéi géife mir dat da wëlle maachen? Mir kënnen dee risege Badetti jo net einfach afänken, wéi de Golkipp de Fussball am Netz. Ma och do huet d’Wëssenschaft sech schonns eng ettlech Saachen afale gelooss. Et ginn zwou Méiglechkeeten. Déi éischt ass déi, den Asteroid ze zerstéieren an déi zweet besteet doranner, seng Fluchbunn esou ze veränneren, datt hie laanscht d’Äerd fléie wäert.

D’ATOMBOMMEN

Déi éischt Iddi huet doranner bestanen, den Asteroid mat Atombommen ze bombardéieren.

Dës Iddi ass awer zolidd ëmstridden, well dann den Asteroid zimmlech sécher auserneebrécht an eng helle Wull vu Stécker onkontrolléierbar duerch d’Géigend sausen. Déi kéinten dann trotzdeem op der Äerd aschloen a Schued uriichten.

Haut sinn d’Wëssenschaftler an d'Wëssenschaftlerinnen éischter der Meenung et sollt een d’Atombomm just niewent dem Asteroid sprengen, esou datt d’Hëtzt vun der Explosioun een Deel vum Himmelskierper verdämpt. Hien gëtt doduerch méi liicht a seng Fluchbunn verännert sech.

D’LASERSTRALEN

Eng änlech Iddi wéi déi virdrun: mat Hëllef vu ganz staarke Laserstralen, déi vun der Äerd oder vu Satellitten op den Asteroid geriicht ginn, soll en Deel vun dësem verdämpen. Esou géif en dann op eng aner Fluchbunn ëmgeleet ginn

D’FAARF

All Stralung verursaacht een Drock op de Kierper op dee si trëfft, also och d’Liichtstralen. De sougenannte Liichtdrock verännert sech jee no der Uewerfläch op déi si trefft; gëtt méi Luucht vun hir zeréckgespigelt, dann ass den Drock méi grouss. Wann een et fäerdeg bréngt, een Deel vum Asteroid mat enger Faarf unzesträichen, déi d’Sonneliicht staark reflektéiert, da kann een de Liichtdrock beaflossen. Den héije Liichtdrock kéint dann dem Asteroid seng Fluchbunn veränneren.

Laser Satelitt
22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

DE GRAVITAIOUNSTRAKTER

Hei géif een eng Raumsond an de Weltraum schéissen a niewent den Asteroid placéieren. Elo kann een d’Unzéiungskraaft vun der Sond notzen, fir den Asteroid lues a lues op eng aner Ëmlafbunn ze kréien. Heifir brauch een awer e bëssen Zäit, well esou en Ëmguidéiere wäert Joren daueren.

DEN IMPAKT

Dës Technik gouf viru Kuerzem ausprobéiert. D’NASA, déi amerikanesch Weltraumagence, huet am November 2022 eng Missioun mam Numm DART gestart. Hei goung et drëms, eng Sond op dem Asteroid Dimorphos aschloen ze loossen fir esou deem seng Fluchbunn ze veränneren. D’Experiment ass och gegléckt an d’Sond vun der Gréisst vun engem Frigo, huet et gepackt, fir den 160 Meter décke Badetti vu senger Fluchbunn erofzekréien.

JidderengvundëseProposen huetVir-anNodeeler.Anall AsteroidassaneschtwatGréisst, BeschafenheetaVitessugeet.

Asteroidëmzeleeden.

DART Missioun
TEXT: MIKE HAGEN I 23
Dofirmussend’Wëssenschaftler and'Wëssenschaftlerinnenoch geneeofweien,wéiengdéi beschteMethodass,fire bestëmmten

ASTEROID

Wat géif da geschéien, wann esou e Bugger vun ASTEROID awer géif an d’Äerdatmosphär eragejauft kommen?

Fir d’alleréischt géif hien emol fatzeg ofgebremst ginn. Hie kënnt mat enger duerchschnëttlecher Vitess vu 65.000 km/h an d’Atmosphär erageflattert a wann en ënnen um Buedem ukënnt, huet hien nëmmen nach ongeféier 6000 km/h drop.

AsteroidBenn u AsteroidEros

METEOROID

Niewent dëse spektakuläre Knupperten kommen all Dag Dausende vu klenge METEORITTEN op onser Äerd un. Si stame vun de Meteoroiden, déi jo niewent den Asteroiden an de Koméiten duerch onse Weltraum sausen. Dës METEOROIDEN hunn d'Gréisst vun engem Stëbskär bis zu engem Steen vun engem Meter Duerchmiesser a kënnen, grad ewéi d’Asteroiden, d’Ëmlafbunn vun der Äerd kräizen.

Mee egal wéi grouss oder kleng se sinn, d’Meteoritte sinn e Geschenk vum Himmel fir d’Weltraumfuerschung. All eenzele vun dëse klengen Himmelskierper ass e wichtegt Puzzelstéck fir d’Verstoen, wéi onse Sonnesystem mat senge Planéiten a Mounden entstanen ass.

Bei dem Ofbremsen duerch d‘Atmosphär entstinn Hëtzt an Drock. Duerch si zerbrécht dee Koloss vun Asteroid a méi kleng Stécker, hirem Wee no ënnen entweder ganz oder verdämpen a schmëlzen. Dëst kann een Äerd aus als grousse FEIERBALL um gesinn. Begleet gëtt de Feierball duerch Drockwellen, déi Fënsterscheiwe baschten alles ëmgeheien, wat net ugeschrauft ass.

FEIERBALL Stäresc

METEOR

Vun deem Moment un, wou d'Meteoroiden an d’Atmosphär vun onsem Heemechtsplanéit erafléien, nennt d'Wëssenschaft si METEOREN. Déi allermeescht vun hinne verdämpen a vergléie komplett op hirem Wee no ënnen. Mir gesinn dëst Vergléien als helle Stréch um Himmel – als Stäreschnäiz!

MIKRO-METEORIT

D‘ Astronomen datt all Joer engem Gewiicht ukommen.

d’Ozeaner gläich fonnt. vu MIKRO-METEORITTEN mir si net héchstens

Asteroid Ida
24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

zerbrécht

Stécker, déi op oder deelweis da vun der Himmel staark baschten dinn an ass.

METEORIT

Sollt nach e Stéck vum Asteroid et bis op d’Äerduewerfläch packen an do aschloen, da kritt dat Stéck en neie Numm: METEORIT. A wann dëse Meteorit méi grouss wéi 10 Meter war, wéi en ageschloen ass, wäert hie mat zimmlecher Sécherheet e Krater hannerloossen, deen 100 bis 200 m am Duerchmiesser huet.

MIKRO-METEORIT

Bekannte Kratere sinn den Chicxulub-Krater a Mexiko, wou viru 66 Millioune Joer en Asteroid vun ongeféier 15 km Duerchmiesser ageschloen ass. Dëst huet dunn zum Ausstierwe vun den Dinosaurier gefouert.

Awer och an Däitschland, méi genee a Bayern, huet et viru 15 Millioune Joer zerguttstert geknuppt.

Am Nördlinger Ries ass en Asteroid vun 1 km Duerchmiesser ageschloen an huet e Krater vu 24 km Duerchmiesser hannerlooss.

Mikro-Meteoritten, ënner dem Mikroskop gekuckt

Astronomen an d'Astronominne schätzen, Joer ongeféier 20.000 Meteoritten (mat Gewiicht vu méi wéi 100 gr) op der Äerd ukommen. Déi meescht vun hinne falen awer an d’Ozeaner oder an d’Wüüsten a ginn dofir och net fonnt. Donieft falen awer och Dausende

MIKRO-METEORITTEN op ons erof. Datt bemierken, läit un hirer Gréisst: si sinn héchstens esou grouss ewéi e Spéngelskapp!

d‘Atmosphär
Feierball Manicouagan Krater , Quebec Ries Krat e r , B a y nre schnäiz
regnirraB K r a t e r, Arizona TEXT: MIKE HAGEN I 25
Meteorit

Du brauchs:

Meteorittecourse

Mol de Meteorit op e Blat a schneit en aus. ...stréck de Fuedem op enger Säit un eng Klensch op där aner Säit un e Stull.
26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
Stréck de Fuedem op enger Säit un eng Klensch an op där aner Säit un e Stull.
2
Zéi e grousst Stéck Fuedem duerch de Schalimo.
7
Looss de Ballon lass a kuck, wéi séier e flitzt. Wann s du wëlls eng Course maachen, da stréck zwee Ballonen un zwee verschidde Still an un déi selwecht Klensch a kuck, ween dee séiersten ass. 4 Blos e Loftballon op an hal e just fest zou. 5 Pech den ausgeschniddene Meteorit op de Ballon.
TEXT: SABINE GOERENS I 27
6 Pech de Ballon mat Pechpabeier un de Schallimo. Hal de Ballon dobäi nach ëmmer fest zou.

DeSchwaarzen Hielenner

Schwarzer Holunder, sureau noir, black elderberry, Sambucusnigra

De Schwaarzen

Hielenner ass e 5-7 m héije Strauch oder e klengen, bis 10 m héije Bam. Am Wanter huet e keng Blieder.

Den Hielenner ass ganz heefeg an Europa.

E wiisst awer och a Klengasien, am Kaukasus an an Nordafrika.

28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

Am Mee a Juni ginn déi schéi wäissgëlle Bléie vum Hielenner op. Si riche ganz staark.

D’Friichte sinn ufangs gréng. Wa se zeideg sinn, sinn d’Friichten däischterschwaarz.

Aus den Hielennerbléie kann ee Sirop maachen. Aus den däischtere Friichte vum Hielenner kann een och Sirop maachen. Déi zwee schmaache richteg gutt! Vill Bestëbser si frou mam Polle vum Hielenner, zum Beispill Kiewerleken.

Et ginn iwwer 60 Vullenaarten, déi gären d’Friichte vum Hielenner friessen! Dorënner zum Beispill d’Märel oder d’Schwaarz Graatsch.

A woukënnt

dëst Wu ert hir?

D’Wuert Hielenner ass zimmlech al an et gouf et wuel scho virun Dausende Joren an enger änlecher Form. Et heescht: de Bam mat de schwaarze Bieren.

vumSamMersch (ZLS)

Wousst du schonn?

Den Hielenner heescht op Englesch

„Elderberry”. Wann s du „Harry Potter” kenns, kënnt deen Numm dir bestëmmt bekannt vir. Den Elderstaf ass nämlech de mächtegsten Zauberstaf an der Geschicht vum Harry Potter. An den Elderstaf besteet aus Hielennerholz!

TEXT: JOY MENTGEN I 29

Schatzkummer Weltraum

2019 stoung et a grousse Buschtawen op der éischter Säit vun all Zeitung: D’NASA entdeckt en Asteroid aus Gold! De „Psyche 16“, esou säin Numm, soll e Wäert vu 700 Quintilliounen* Dollar hunn. Wa mir dat Geld géingen ënner alle Mënschen op der Äerd opdeelen, kréich jiddereen ongeféier 80

Milliarden Dollar!** Ma, wourop waarde mir nach?

Onermiesslech Schätz flitzen am Weltraum ronderëm! Mir musse se just afänke goen a schonns sinn all ons Problemer geléist!

* 1 Quintillioun = 1 x 1018 = 1.000.000.000.000.000.000 ** Gold ass op der Äerd esou wäertvoll, well et zimmlech seelen ass. Wann een elo esouvill Gold op d’Äerd brénge géif, wär et net méi rar an dofir och net méi vill wäert. Déi Rechnung vun de Journalisten a Journalistinnen, datt jidderee Milliardär wär, ass dohier komplett falsch. Psyche 16 G e n e s is Rock, Proufstéck uv n d e r Ap o l lo 15 Missioun 30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
ASTEROID
MISSION

Weltraum

Wat hei wéi eng schéin an einfach Geschicht kléngt, ass a Wierklechkeet e bëssen anescht an och e gutt Stéck méi komplizéiert.

Et ass richteg, datt et am Weltraum eng grouss Zuel vun Himmelskierper gëtt, déi zum Deel aus WÄERTVOLLE MATERIALIE bestinn. Gold, Platin, Kobalt, Néckel, Eisen sinn hei ze fannen. Dës schwéier Elementer sinn ënner fatzegem Drock an extreem héijen Temperature bei der Entsteeung vun onsem Sonnesystem entstanen. An elo fléie se duerch de Weltraum ënner Form vu Planéiten, Mounden, Asteroiden a Meteoroiden.

Well awer d’Planéiten ze wäit ewech an d’Meteoroiden ze kleng sinn, hunn d’Wëssenschaftler an d'Wëssenschaftlerinne virun allem onse MOUND an déi no un der Äerd sech beweegend Asteroiden, déi sougenannt NEA, am Schna. D‘Fuerscher an d'Fuerscherinne beschäftege sech ënner anerem mat der Zesummesetzung vun deenen Himmelskierper an iwwerleeë sech, wéi a wéini een hinnen am beschte begéine kéint.

Astronaute vun der Apollo 17 sammele Proufstécker um Mound. Kapsel mat Prouwen, déi vum Stardust Raumschëff gesammelt gi sinn. Gold Platin Kobalt
TEXT: MIKE HAGEN I 31
Nickel

D’Iddi fir op hinnen no deene Materialien ze gruewen, déi mir hei op der Äerd brauchen, fir ons sëlleg Handyen, Computer a Batterie kënnen ze produzéieren, ass nawell keng domm. Doduerch kéint een ophalen dës op der Äerd ofzebauen an d’Natur an d’Ëmwelt géif manner zerstéiert a besser geschützt kënne ginn.

Op der anerer Säit géif dat awer och heeschen, datt mer aner Himmelskierper zerstéieren.

Misst et dann net awer esou eppes wéi e „WELTRAUM-ËMWELTSCHUTZ“ ginn?

Och Rakéite fortzeschéissen ass zimmlech komplizéiert a virun allem onheemlech deier.

Misste mir déi Suen net huelen, fir hei op der Äerd Guddes ze maachen a Problemer ze léisen, amplaz se an „d’Stären ze schéissen“?

Asteroid Psysch e16

Et stelle sech eng helle Wull u Froen an niewent der Weltraumfuerschung sinn och schonns vill aner Wëssenschaftsgebidder mat dem Theema beschäftegt. D’PHILOSOPHEN an d’PHILOSOPHINNEN denken no iwwer d’Moral an d’Ethik*** vun esou Iddien, d’KLIMAFUERSCHER an d’KLIMAFUERSCHERINNE rechnen aus, wéivill déi vill Rakéitestarten onse Klima géife beaflossen an d’JURISTEN an d’JURISTINNEN**** denken no iwwer d’Gesetzer, déi ee brauch, fir dat alles ze reegelen.

*** D’Ethik beschäftegt sech mat de Saachen, déi mir normalerweis maachen an analyséiert ons Virstellunge vu richteg oder falsch, wichteg oder onwichteg. D’Ethik freet also ëmmer: Däerf een dat maachen? a Muss een dat maachen?

Fluch Sender-Emfänger

**** Jurist/Juristin: Dëst si Leit, déi sech mat dem Recht an de Gesetzer besonnesch gutt auskennen. Juristen a Juristinne kënnen z. B. Riichter a Riichterinnen, Affekoten an Affekotinnen oder Nottäre sinn.

D’Raumschëff Psysche, dat den Asteroid mam nämmlechten Numm erfuerscht Solarpanno
32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
D’Raumschëff OSIRIS-REx vun der NASA, um Wee fir um Asteroid Bennu Prouwen ze sammelen.

AsteroidBennu

Schonns 1967 hunn d’Vereenten Natiounen e WELTRAUMVERTRAG proposéiert, deen och vun 110 Länner ugeholl gouf. Dëse leet fest, datt

de Weltraum an alleguerten d’Himmelskierper kenger eenzeler Natioun gehéieren, mee der ganzer Mënschheet.

Mee, wa mir elo d’Buedemschätz op d’Asteroide siche ginn, gehéieren déi da jidderengem oder gehéiere se deem, deen d’Rakéit an d’Aarbecht am Weltraum bezuelt huet?

Fir esou Froen ze klären, brauche mer méi genee Gesetzer. 2015 hunn d’Amerikaner an d'Amerikanerinne mam „SPACE ACT“ e Gesetz gemaach, dat reegele soll, wien am Weltraum no Buedemschätz gruewen dierf.

Lëtzebuerg huet dunn 2017, als éischt a bis elo och eenzegt Land an Europa, e Gesetz mam Numm „WELTRAUMRESSOURCEGESETZ“ gemaach. Dëst leet fest, wien op Himmelskierper no wäertvolle Minerale sichen dierf an ob hien dat, wat e fënnt, och behalen dierf. An dësem Gesetz gëtt nach eng Kéier widderholl, datt Land a keng Firma op der Äerd en Himmelskierper besëtzen dierf. Lëtzebuergesch Firmaen dierfen awer op hinne baggeren an dat, wat se fannen, och behalen. Dofir ginn et zu Lëtzebuerg och elo ganz vill Büroe vu Firmaen, déi méi oder manner prett sinn, fir beim „SPACE MINING“ (dem „Biergbau am Weltraum“) matzemaachen.

Op dësem Gebitt wäert sech mat Sécherheet an de nächste Joren nach esou Munches doen. Et bleift also spannend.

TEXT: MIKE HAGEN I 33
D’Raumschëff Hayabusa2, dat op enger Fuerschungsmissioun Prouwen um Asteroid Ryugu gesammelt huet AsteroidRyugu

Wéi heeschs du?

Interview mam Odile, Botanikerin am ‘natur musée’

Beruffer aus

Ech sinn d’Odile.

Wat ass däi Liblingsgiessen?

Eng Schockelasbotter-Schmier mat engem Glas Mëllech.

Wat ass däi Beruff?

Ech si Botanikerin – mäi Posten am Musée heescht Assistante de conservation an der Botanik.

Aloe-Planze prett fir an d’Planzepress.

Hues du eng Liblingsplanz?

Briza media, Mittleres Zittergras, brize intermédiaire oder amourette commune. Op Lëtzebuergesch heescht si Ziddergras.

Den Ib Friis schreift Notizen fir op d‘Etikett.

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

dem ‘natur musée’

Wat méchs du am Musée?

Am Musée këmmeren ech mech em d’Herbarbeleeger vu Planzen a Pilzen an der Kollektioun. Wann en Herbarbeleeg am Musée ukënnt, ass et normalerweis e lassent Stéck Planz an engem Blat Zeitungspabeier mat enger Etikett, wou drop steet, wien déi Planz wou a wéini gesammelt huet. D’Informatiounen op der Etikett ginn an de Computer an eng Datebank agetippt, de Numm gëtt iwwerpréift

an heiansdo gëtt d’Planz nei bestëmmt. D‘Planz gëtt opgepecht (dat mécht normalerweis mäin Aarbechtskolleeg, de Romain) an duerno leeën ech se am Herbier LUX op hier richteg Plaz. Wann e Wëssenschaftler oder eng Wëssenschaftlerin ee vun eise Beleeger wëll studéieren, da brauch hien oder si mir just den Numm vun der Aart ze soen an da weess ech wuer ech dee Beleeg an d’Sammlung siche ginn. Mir verschécken heiansdo

Beleeger u Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen an der ganzer Welt, zum Beispill, wa si eng Studie vun engem Grupp Planze maachen.

fäerdege Beleeg vun engem Aloe-Specimen am Herbarium

Däin Hobby? Ech spille gären Dëschtennis. Deng Liblingsfaarf? Giel.
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 35
De Wege Abebe mécht eng Planzepress zou.

Beruffer aus

Wouru schaffs du am Moment?

Ech selwer studéieren den Ament Kléiaarten aus Äthiopien. Ech kucke mir sou vill wéi méiglech Exemplare vu Kléiplanzen un, fir d‘Ënnerscheeder tëschent den Aarte kënnen anzeschätzen. Ech vergläiche Beleeger aus aneren Herbarien (Kew, Florenz, Leiden an Addis Ababa) a sammle selwer nei Herbarbeleeger wärend Expeditiounen. Dat ass eng Zesummenaarbecht mat äthiopesche Botanikerkolleegen a -kolleeginnen wéi dem Ergua Atinafe, dem Sebsebe Demissew an dem Ermias Lulekal

Kew ass ee mat deene gréissten Herbarie vun der Welt, mat ongeféier 7 Millioune Beleeger. Kew Gardens ass no bei London.

d’äthiopesch Botanikerin Ergua Atinafe

Ech maachen och nach ganz vill aner spannend Saachen, dofir bréicht ech awer ee Panewippchen fir mech ganz eleng.

gutt Iddi Odile, dat maache mir d’nächst Joer!

Äthiopien

Plazen an Äthiopien, op deene mir Observatioune vu Planze gemaach hunn.

Plaz, wou mir den Trifolium mattirolianum fonnt hunn.

Wat gefällt dir am beschten un dengem Beruff? Mäi Beruff ass einfach super, well ech mat vill verschidde Leit - déi zum Deel Experten an Expertinnen an hirem Beräich sinn - zesumme schaffen, fir Wëssen iwwer d‘Aartevilfalt ze generéieren. D’Welt, an där mir liewen, faszinéiert mech a mäi Beruff ass et, se ze studéieren.

Interview mam Odile, Botanikerin am ‘natur musée’
Addis Ababa
36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
de Professer Ib Friis aus Dänemark Trifolium mattirolianum

dem ‘natur musée’

Wollts du schonn

ëmmer Botanikerin ginn? Guer net.

Wat war däin Dramberuff als Kand? Et gouf eng Zäit, do wollt ech Polizistin ginn. Duerno wollt ech Archeologin ginn.

Wat hues du geléiert?

Ech hu Biologie studéiert, mat Spezialisatioun am Beräich vun Ekologie an Ëmweltschutz.

War de Studium cool? Gemëscht – et goufe cool Saachen an et goufen och net sou cool Saachen. Et war flott, datt mir als Studenten a Studentinne vill Fräiraum haten, fir eegen Iddie weiderzeentwéckelen. All Semester hu mir en Theemeberäich mat engem vun eise Professeren oder Professorinnen ausgewielt an hunn dann a klenge Gruppe vu 4-5 Studenten a Studentinne mat dem Professer oder der Professorin driwwer geschwat, wat mir géife léieren, wat d’Wëssenschaft vun neien Erkenntnisser grad amgaang sinn z‘erschaffen, wat gutt Informatiounsquelle sinn, firwat dat alles relevant an interessant ass.

Hues du vill misste léieren? Op jidde Fall. Wat war däi Liblingsfach an der Schoul? Sport a Bastelen.

Wou ass deng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée? Et gëtt am Musée e puer Gäert. Ech sinn am léifsten am Gaart mat de ville Beeter, déi all eng aner Regioun vu Lëtzebuerg representéieren – zum Beispill d’Éislek mat Schifergestengs a Planzen, déi fir déi Géigend typesch sinn.

Hues du nach een Tipp un eis Lieser a Lieserinnen?

Wie sech fir d’Welt ëm sech ronderëm interesséiert, brauch sech net ze langweilen.

NATUR MUSEE TEXT: ANNE-MARIE BIS I 37
SPORT

Plogeeschter am

38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Den Hierscht ass déi beschten Zäit, fir deng Vullenhaiser ze botzen. Huel dat aalt Nascht eraus a kuck dir et méi genee un. Du brauchs just eng Becherlupp an eng Pince .

Vullennascht

Schielmees

Heiansdo fënns du nach Vulleneeër, déi net ausgebréit goufen. Gehei si awer ewech, well déi si meeschtens faul a richen dofir net gutt. An et kann esouguer virkommen, datt zwou verschidde Vullenzorten hir Eeër an dat selwecht Nascht geluecht hunn: op der Foto sinn an engem Meesennascht Eeër vun der Schielmees (wäiss mat routbronge Punkten) a vum schwaarze Méckefänkert (blo) ze gesinn. Hei ass also entweeder d’Schielmeeseweibche gestuerwen oder vum Méckefänkert verdriwwe ginn.

Méckefänkert

TEXT: CLAUDE HEIDT I 39 am

Recycling-Ekipp

Déieren aus der Recycling-Ekipp iesse muuschteg Planzen, doudeg Déieren, de Kack vun aneren Déieren an och Reschter vu Fiederen.

Dat si Milben, Schwéngercher (= Assel), Dausendbeen, Collembolen, Larve vun Insekten, Stëbslais, verschidde Kiewerleken, Ouereschlëffer, Matten an och Schleeken

Schwéngercher iesse muuschteg Deeler vu Planzen an hale sech gär op däischtere Plazen op.

Collembole si kleng Déieren, déi meeschtens am Buedem liewen, mee awer och a Vullennäschter virkommen. Si iesse besonnesch muuschteg Planzen a Champignonen. Typesch fir d’Collembolen ass eng Sprongfieder um Hannerläif, mat där si sech bei Gefor an d’Luucht schleidere kënnen.

Schwéngchen

Stëbslais kënnen net fléien an iessen am léifste Schimmel.

Ouereschlëffer sinn nuets ënnerwee an iessen doudeg Déieren awer och kleng lieweg Béischten. Si klammen normalerweis net an deng Oueren eran.

Am Vullennascht iesse Matte Reschter vun de Fiederen, déi si do fannen.

Och d’Reschter vun de Fiedere stinn um Menü vu Pelzkiewerleken an hire Larven.

Heiansdo entdecks du nach Kiewerleke mat kuerze Flilleken

entweder doudeg Déiere friessen oder aner kleng Béischte joen.

Huel d’Nascht auserneen an da begéinen dir masseg kleng Béischten, déi zu 3 verschiddene Gruppe gehéieren.
40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023
Matt Floularv Insektelarv

wéi Zecken, Milben, Fléi a Lausmécke suckele Blutt bei de Vullen.

Bluttsëffer, Jeeër

Zecken a Milbe gehéieren zu de Spannen, well si hunn 8 Been.

hunn déck hënnescht Been a kënnen doduerch gutt sprangen. Vullefléi kënnen awer och op de Mënsch goen, fir Blutt ze suckelen. si méi sympatesch, well si iesse muuschteg Planzen an doudeg Déieren.

si platt Mécken, déi normalerweis de Mënsch a Rou loossen. Verschidden Aarte ginn esouguer just op eng Vullenaart: déi Lausméck op der Foto nervt bal nëmmen Hausschmuewelen. Et ginn och Lausmécken, déi hier Flilleke verléieren, soubal si hiert Affer fonnt hunn.

Collembole

Ouereschlëffer

An ale Vullennäschter wunnen also ganz vill kleng Béischten, déi do hiert Iesse fannen. Ënnersich d’Näschter awer am beschten net am Haus, well Fléi verstoppe sech gär am Teppech (a sprangen erëm op dech wa se hongreg sinn) a Matten iessen deng Kleeder.

Um Science Festival kanns du déi verschidde Béischten

ënner de Mikroskope observéieren a ëennersichen.

Kuck Säit 3

TEXT: CLAUDE HEIDT I 41
Flou
Lausméck Milb
Spann

onsiichtbare Kuch

An dësen onsiichtbare Kuch kommen dran:

4 Eeër 40 g Zocker

40 g brongen Zocker

200 ml Mëllech

140 g Miel

De Schäffchen op 180° (Ëmloft) virhëtzen.

4-5 Äppel d'ofgeriwwe Schuel an de Jus vun enger onbehandelter Zitroun

Schiel d'Äppel a schneit se an dënn Tranchen. Wann s du wëlls, kanns du dir vun engem Erwuessenen hëllefe loossen.

Schëtt den Zitrounejus op d'Äppel, da gi se net brong a si schmaache gutt. Gëff d’Schuel dobäi a mësch alles mateneen. Schëtt d’Mëllech bei déi schaimeg Eeër a réier gutt.

An enger zweeter Bakschossel klapps du d’Ëeer mat deenen zwee Zockeren, bis se schaimeg sinn.

1 2
42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2023

Mësch d’Miel an de Bakpolver drënner.

‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu

www.panda-club.lu

Redaktiounskommitee:

A. Bis, S. Dengler, C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, P. Michaely, M. Nossem, F. Theisen.

Texter:

A.-M. Bis, S. Dengler, S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, S. Mersch, B. Minette, J. Mentgen.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S1 Asteroid Vespa an Äerd: NASA, aner Asteroiden: Emily Lakdwalla for the Planetary Society2, Komet: Geoff Chester U.S. Navy

S2 Hannergrond: ©shutterstock, aner: MNHNL

S4&5 Komet: Geoff Chester U.S. Navy, Asteroid Vespa, Hannergrondfoto a Planéiten: NASA, Asteroiden: Emily Lakdwalla for the Planetary Society2

S6&7 NASA

S8&9 MNHNL

S10&11 MNHNL

S12&13 Déieren: shutterstock, aner: MNHNL

S14&15 Déieren: shutterstock, aner: MNHNL

S18 Hannergrond: shutterstock, Kaart: Alexander Kürthy

S19 Schmuewel: Andreas Trapte, Nascht: shutterstock, Eeër: Alpsdake, Schmuewel flitt: Zeynel Cebeci, Klenger: brdavids, Hierscht: Elke Brüser

S20&21 Rubin Observatory: NSF/AURA/B. Quint, Rubin

Teleskop: LSST, aner: NASA

S22&23 Laser Satellit: U.S. Air Force, aner: NASA

S24&25 Stäreschnäiz: Navicore, Meteorit: H. Raab, Mikrometeoritten Kugelen: Shaw Street, Feierball: public domain, Krater Arizona: public domain, aner: NASA

S26&27 MNHNL

Hal Bakpabeier kuerz ënner d'Waasser a rësel dat iwwerflëssegt Waasser erof. (Da léisst d'Kucheform sech besser domat auskleeden.)

Schëtt den Deeg an d'Kucheform a bak de Kuch 40 Minutten.

Den Deeg geet duer fir eng laang Këschteform oder fir zwou klenger.

S28 Bléi: pixabay, Strauch mat Bléien: Joy Mentgen, Blat: shutterstock, Kaart: Giovanni Caudullo

S29 Bléi: Joy Mentgen, Kiewerlek a Vull: shutterstock, aner: pixabay

S30&31 Asteroid mining: David Santaolalla, Platin: Robert M. Lavinsky, Gold: Didier Lescouens, Nickel: Alchemist-hp, Kobalt: James St John, aner: NASA

S32&33 Hayabusa: DLR German Aerospace Center, Asteroid Ryugu: ISAS/JAXA, aner: NASA

S34&35 Portrait Odile Weber a Kompaktusfotoen: mnhn, aner: Odile Weber

S36 Odile Weber

S37 MNHNL

S38 MNHNL

S39 Eeër: Claude Heidt, Schielmees: Luc Viatour, Méckefänkert: Marton Berntsen, aner: MNHNL

S37 Plogeeschter: Claude Heidt, aner: MNHNL

S40 MNHNL

Poster: Foto Säit 1: Space Robotics Research Group, UNI Lëtzebuerg

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture -

Musée national d’histoire naturelleMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable -

Administration de la Nature et des ForêtsMinistère de la Santé

Info

panda-club@mnhn.lu

Tel.: 462233 450

E bësse Pudderzocker drop ... mmmh, looss dir dësen "onsiichtbare" Kuch gutt schmaachen!

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

5
6 4 6 7
Gëff déi geschnidden Äppel an de Kuchendeeg a mësch se mam Deeg.
8
9
I 43
De Panewippchen
Impressum
Abonnementer &
TEXT: SABINE GOERENS
MISSION 10/NOV/23 18/AUG/24 Location Musée national d’histoire naturelle 25, rue Muenster L-2160 Luxembourg Opening Hours TUE 10Am – 8PM WED–SUN 10AM – 6PM Coordinates 49°36’34.88’’ N,6°8’8.34’’ E Type exhibition made in Lux. First production Impact imminent
NATUR MUSÉE ASTEROID

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.