De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
En neien Numm fir eise grousseMieressaurier
1983 goufe bei Metz d’Schanke vun engem
6 Meter laange Pliosaurier fonnt, dee viru ronn 170 Millioune Joer gelieft huet. Viru Kuerzem huet eise Paleontolog Ben Thuy mat enger internationaler Ekipp déi Schanke méi genee ënnersicht. Si hu festgestallt, datt et sech ëm eng nei Pliosaurieraart handelt, an dofir konnte si déi Aart och nei benennen. De Mieressaurier heescht elo mat wëssenschaftlechem Numm Lorrainosaurus keileni, no der Regioun, wou e fonnt gouf an no engem vu sengen Entdecker.
Fuerschung um aneren Enn vun der Welt
Net just hei zu Lëtzebuerg fuerschen eis Leit vum ‘natur musée’. Viru Kuerzem hunn den Zoolog Dr. Alain Frantz a säin Team eng Hirschaart an hirer Ëmwelt op der Insel Neikaledonien ënnersicht. Dat ass no bei Australien.
Déi sougenannt Rusa-Hirsche sinn eng invasiv Aart – also eng Aart, déi net natierlech do virkënnt – a si maache vill vun der Natur do futti. Verschidde Planzenaarte sinn dowéinst scho bal ausgestuerwen. Well all d’Versich fir d‘Rusa-Hirschen an Zonen anzegrenzen net gekappt hunn, mécht et kee Sënn kleng Zonen anzeriichten mee et muss gekuckt ginn d’Hirschen op der ganzer Insel an de Grëff ze kréien.
Maacht mat beim City Nature Challenge 2024
Och dëst Joer mécht de Musée nees mat beim City Nature Challenge. Vum 26. bis den 29. Abrëll geet et dorëms, d’Biodiversitéit zu Lëtzebuerg mat der iNaturalist App ze erfaassen.
D‘Aktioun leeft weltwäit. Lëtzebuerg mécht mat säit 2019. Déieren, Planzen a Pilze ginn a Bild an Toun opgeholl. Den ‘natur musée’ erfaasst se a sengen Datebanken, fir ze wëssen, wou déi verschidden Aarten zu Lëtzebuerg virkommen. Et dokumentéiert een, wat ee gesäit. An der App gëtt ee weider guidéiert fir d’Bestëmmung. Op der ganzer Welt sinn Experten online, bestëmmen déi dokumentéiert Aart a ginn d’Informatioun weider. D’lescht Joer hu weltwäit 400 Regioune matgemaach a ronn 1,9 Millioune Beobachtungen erageschéckt. Hei zu Lëtzebuerg goufen eng 6.059 Beobachtunge gemaach. Mat Iech zesumme kënne mir dat dëst Joer bestëmmt toppen!
2 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024 I TEXT: SIMONE DENGLER
teamwaasser.lu
Den neien Internetsite www.teamwaasser.lu vun der Waasserverwaltung ass extra fir Kanner, Jugendlecher an all Leit, déi mat Kanner ze dinn hunn. Hei fannt dir vill Informatiounen zum Theema Waasser. A reegelméisseg kommen nei Saachen dobäi.
Wësse ronderëm d’Waasser
Du wëlls méi wëssen zum Theema Waasser?
Kee Problem! Um teamwaasser.lu fënns du vill Informatioune ronderëm dat wichtegt Element.
Du fënns allerlee zu den Theemen Drénkwaasser, Waasserschutz, Flëss a Baachen a villes méi...
Experimenter
Spannend Experimenter fir selwer nozemaachen an och Spiller waarden op dech.
Toun a Sproochen Verschidden Artikele sinn a verschiddene Sproochen, sou fënns du Saachen op Lëtzebuergesch, anerer op Däitsch oder Franséisch. An e puer Artikele sinn och fir ze lauschteren.
Léisung vun de Rätselen op de Säiten 12,13 a 17:
S Ä IT 1
DE PANEWIPPCHEN 1/2024
S Ä IT 2
NEWS
Neiegkeeten aus dem 'natur musée' an der Natur zu Lëtzebuerg
S Ä IT 4
VULL VUM JOER 2024
D’Flossséischmuewel
S Ä IT 6
WAS EIN IMKER SO TUT
S Ä IT 10
KNIWWELEN
Blummen
S Ä IT 12
REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG
Déieren, zum Verwiesselen änlech
S Ä IT 18
RÄTSELEN
Wéi een Déier leet wéi een Ee?
S Ä IT 19
FIR MATZESANGEN
Imkerboogie
S Ä IT 20
DEN DINOKILLER
Kaartespill Flossquartett
Léier eis Flëss kennen… an dat an engem Spill
S Ä IT 24
KNIWWELEN
Geckeg Déieren an Dräiermemory
S Ä IT 26
BERUFFER AM ‘natur musée’
Interview mam Mariepol
S Ä IT 30
FIR KLENG LIESRATEN
D’Guckucksblumm
S Ä IT 32
SCHÉIN, AWER NET BELÉIFT
D’Kréi
S Ä IT 34
KNIWWELEN
Courgettepizza
Impressum
S Ä IT 48
‘natur musée’
Léisung vum Rätsel op der Säit 18:
I 3 H A U T I E R A B G R U P E K A N I N C H N K A T T E O S U P E R E B E R I R I D C S H S C H L A K H I N E R P O F E T N S C H W R G O ß A E U G E T E I R S H N E L L A S E W E S E N E I N Z L G E A G N E R F E L U N T E R S C H I E D
NICO BRETTNER
TEXT:
Vull vum Joer 2024
Flossséischmuewele sinn e bësse méi grouss wéi eng Märel. Déi growäiss Vulle sinn um schwaarze Kapp, dem roude Schniewel mat enger schwaarzer Spëtzt an den zwee Schwanzspiissen ze erkennen. Séischmuewele gehéieren zur Famill vun de Méiwen an hunn näischt mat de Schmuewelen ze doen, déi ronderëm ons Haiser fléien.
Zanter 2014 bréie mir an de Baggerweieren. Fir eis Vullenzort sinn extra kënschtlech Inselen an d’Weiere gesat ginn.
D’Weibche grueft mat de Krallen eng kleng Kaul an de Buedem a rutscht mam Bauch dran, fir si glat ze maachen. Verschidde Séischmuewele polsteren déi Kaul mat Planzen a Fiederen, anerer sinn awer dofir ze liddereg a leeën hir Eeër einfach esou an d’Kaul. Normalerweis ginn 3 Eeër geluecht, déi vum Weibchen a Männchen ongeféier 3 Wochen ausgebréit ginn. Déi Jonk kënnen eréischt no engem Mount fléien. Iwwregens verdeedegen d’Elteren hir Näschter an hir Jonk géint Feinden. Si fléie ganz déif iwwer de Plogeescht a kënnen deen esouguer mam spatze Schniewel blesséieren oder si kacke ganz einfach op hien.
Flussseeschwalbe , sterne
4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
D’Flossséischmuewele stierze sech aus der Loft an d’Waasser fir kleng Fësch, déi manner wéi 10 cm hunn, ze fänken. Déi Fësch gi mam Kapp no vir ganz ofgeschléckt. Schuppen a Sprenzen, déi net verdaut ginn, ginn erëm eraus gekatzt.
Well Flossséischmuewelen am Wanter bei ons net genuch ze friesse fannen, fléie si an de Süden. Si iwwerwantere virun der afrikanescher Küst am Mier, normalerweis nërdlech vum Äquator. Erwuesse Flossséischmuewelen hale sech bal déi ganz Zäit um Mier op, mä déi Jonk bleiwen awer méi no bei der Küst. Ufank Abrëll kommen d’Flossséischmuewelen an onse Géigenden un a fléien Ufank August erëm an de Süden. Jonk Flossséischmuewele bleiwen dat éischt Joer an Afrika a kommen eréischt zeréck an Europa, wa si op d’mannst zwee Joer al sinn.
TEXT: CLAUDE HEIDT I 5
3 cm
4,2 cm
common
ern
pierregarin ,
t
, S t ernahirundo
VUL L FLOSSSÉISCHMUEWEL VUM J OER2024
Was ein Im ker so tut
Das wichtigste Material eines Imkers:
6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
2 Jahre lang habe ich meinem Mentor, Laurent Winandy, bei der Bienenpflege geholfen. Jetzt ist es soweit, ich bekomme mein eigenes Bienenvolk.
Marz ..
Es geht mit einer kreativen Aktivität los: Die Bienen brauchen einen Bienenstock!
April
Frisch geschlupfteBieneund mit Honig gefullte Waben
Der nächste Schritt, einer der wichtigsten für Imker und Bienenvolk, ist das „Umpflanzen“ in einen größeren Bienenstock. Die Königin muss eingefangen werden und mit einem Teil ihres Volkes umgesiedelt werden. Der Rest des Volkes folgt dem Geruch ihrer Königin.
April - Juli
Alle 10 Tage ist eine Volkskontrolle notwendig: Es muss kontrolliert werden, ob die Königin genügend Eier legt. Dabei kann es zu einer Überraschung kommen: Eine Biene schlüpft live aus der Wabe!
Da im Frühling die meisten Blüten blühen, braucht man sich nicht um die Ernährung des Bienenvolkes zu sorgen.
.. .. Volkskontrolle TEXT: JOSHUA MARTINS, 12 JOER I 7
Entdeckeln der Waben
Mitte Juli
Endlich ist es Zeit für die Honigernte Zuerst muss der Honigraum vom Bienenstock abgenommen werden.
Danach werden die mit dem flüssigen Gold gefüllten Waben entdeckelt, denn sie wurden von den Bienen mit einer dünnen Wachsschicht geschlossen.
Dazu wird ein Entdeckler benutzt.
Honigschleuder
Die Honigrähmchen werden jetzt in eine Honigschleuder, eine Art umgedrehte Waschmaschine, gelegt und ganz schnell gedreht, damit der Honig aus den Waben herausfließt.
Der erste Tropfen Honig fließt!
Der Honig wird in einem kleineren Behälter aufgefangen und 2 bis 3 Wochen lang behandelt, d.h. zweimal am Tag gerührt, damit er cremig wird. Um diesen Prozess zu beschleunigen, kann man den Honig mit Frühlingshonig impfen.
Anfang August
Jetzt kann der Honig in die Gläser eingefüllt werden.
April - November
Nach der Honigernte müssen die Bienen wöchentlich mit Zuckerwasser oder Futterteig gefüttert werden, damit sie genug Nahrung für den Winter lagern können. Im Winter muss der Bienenstock geschlossen bleiben, damit keine Hitze verloren geht, ansonsten kann das Bienenvolk vor Kälte sterben.
8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Varroamilbe aufBienenlarve
Zweimal im Jahr soll eine Varroamilbenkontrolle und Behandlung durchgeführt werden. Varroamilben ernähren sich von der Körperflüssigkeit der Biene und gehören zu ihren gefährlichsten Feinden.
Einige goldene Regeln
1
Summt das Volk ungewöhnlich laut, soll man nach der Königin schauen, denn diese könnte tot oder ausgezogen sein.
2 Bei den Kontrollen die Rähmchen langsam aus dem Bienenstock ziehen. Auf keinen Fall das Rähmchen über den Boden halten, denn die Königin könnte runterfallen und im Gras ist Ihre Majestät nicht gut zu finden.
Eine Königin kann nicht alleine in ihren Stock zurück! Sie kann nicht fliegen, da sie zu schwer ist. Während der Paarungszeit nimmt sie ab, um den Stock für den Hochzeitsflug zu verlassen.
A wo u kënnt dëstWuerthier?
D’Wuert Bei op Lëtzebuergesch (ouni den n, deen am däitsche Wuert Biene ass), ass eng ganz al Form vum Wuert, vun där een awer net genee weess, wou se genee hierkënnt. Fréier huet een zu Lëtzebuerg fir den Imker oder Beienziichter och Beiemann gesot. De Kuerf, an deem d’Beie wunnen, heescht Beienheip oder Beienhäip. Den eeleren Numm fir eng Wab ass eng (Beie-)Ros.
3 Nie ruckartige Bewegungen machen, denn die Bienen könnten sie als Bedrohung einstufen und angreifen.
vumSamMersch
TEXT: JOSHUA MARTINS, 12 JOER I 9
Eeërkartrong
Pinsel
Du brauchs:
Spiiss
Woll / Ficelle
Schéier
Faarwen
Schneit den Eeërkartrong a seng Eenzeldeeler.
Huel déi ronn Deeler, pech 2 Stéck uneneen a schneit Bléieblieder eraus.
Schneit och Bléien an déi längelzeg Stécker.
● 1 ● 3 ● 2
10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Blummen
Mol deng Bléie schéi faarweg.
Elo kanns du all deng Blummen an
Kranz an hänk däi Kranz op.
Du kanns deng Blummen awer och un e Spiiss pechen (am Beschte geet dat mat enger Pechpistoul) an an e
●
● 7 ● 4 TEXT: ANNE-MARIE BIS I 11
5
Redakter/Redaktesch Hase und Kaninchen
Quiz Kaninchen
1. Ha_st_ _r
2. Wo lebt das Kaninchen?
3. Wie lebt das Kaninchen?
4. Wie heißt das Tier auf dem Bild?
5. Was isst ein Kaninchen gerne?
Viele denken, dass Feldhasen und Kaninchen zu einer Art gehören, das ist aber nicht so. Das Kaninchen lebt in großen Kolonien und der Hase ist eher ein Einzelgänger. Das Kaninchen wiegt 1-2 kg und der Hase 3-6 kg.
Et ass net ëmmer einfach de Feldhues an d’Kanéngchen auserneen ze halen, mee ech verroden iech e puer Tricker:
Den Hues huet méi ee laangen, schlanke Kierper a méi laang Ouere wéi d’Kanéngchen.
D‘Kanéngche wunnt ënner dem Buedem an engem Bau. Den Hues buddelt sech eng Kaul an de Wisen a Felder ronderëm. Den Hues ka no der Gebuert scho kucken an héieren an hien huet souguer scho Pelz. D’Kanéngche kënnt blann, daf a plakeg op d’Welt.
Witz
Ein Hase kommt in die Apotheke und fragt den Apotheker: „Hast du Möhrchen?“ Der Apotheker antwortet: „Nein.“ Am nächsten Morgen steht der Hase wieder da: „Hast du Möhrchen?“
Der Apotheker sagt: „Ja.“
Da sagt der Hase: „Dann iss die Möhrchen, die sind gesund!“
12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Vicky Jana
2. 3. 4. 5.
1.
fir en hallwen Da g
1. U_BER_RD_ _CH
2. S_HL_ _K
3. Das Gegenteil von Vorderpfoten
4. Das Gegenteil von leicht
5. Wie ist ein Riese?
6. Säu_eti_r
7. Das Gegenteil von langsam
8. Wie heißt das Tier auf dem Bild?
9. Wo lebt der Hase?
10. EI_Z_L_ÄN_E_R
Wie macht man einen Schattenhasen?
Super flott a kreativ Artikelen zum Theema «Zum Verwechseln ähnlich» hunn 8 Panda Kanner geschriwwen. Iwwer de Redaktiounskommitee, d’Recherche, d’Biller molen an d’Säiten zesummestellen, hu si alles selwer gemaach. Gratulatioun fir dës fantastesch Aarbecht!
Quiz Hase
11. Wo lebt der Hase noch? Wiese und ___? Kaninchen
Du brauchst: Klopapierrolle, Blatt Papier, Farben, Kleber
1. Klopapier ein bisschen einschneiden.
2. Kopf und Füße malen und ausschneiden. Füße aufkleben und Kopf einstecken.
TEXT: JANA, VICKY A KATHARINA KURT AN ANNE-MARIE BIS I 13 Redakter/Redaktesch
basteln
ä = ae, ü = ue 1. 2. 3. 4. 5. 6. 8. 9. 10. 7. 11. Opléisunge S.3
Hausesel und Maultier
Der Hausesel hat sehr lange Ohren.
Das Fell des Esels kann grau oder braun bis schwarz und manchmal rötlich sein. Sehr selten gibt es rein weiße Esel. Es dauert 12 bis 14 Monate, dann werden ein oder zwei Jungen oder Mädchen geboren. Esel sind sehr aufmerksam. Esel haben eine Schulterhöhe von 90-160 cm.
Ein Maultier ist meist etwas kleiner als die Pferdemutter und größer als sein Eselvater. Das Maultier sieht dem Pferd ähnlicher wegen des großen und gestreckten Kopfs und seines Fells. Es hat die Ohren aber von seinem Vater, dem Esel.
Wenn sich ein Esel und ein Pferd kreuzen, kommt ein Maultier heraus. Das Maultier kann sich aber selbst nicht vermehren. Die Mutter des Maultieres ist immer ein Pferd und der Vater ein Esel.
14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
*Um die Antworten auf die Fragen zu finden, müsst ihr den Text gut lesen!
Quiz
1. Bei der Zeugung eines Maultiers ist der Esel das Männchen oder das Weibchen?
A Männchen
B Weibchen
2. Was hat das Maultier vom Pferd?
A Kopf
B Beine
C Fell
Witz
Opléisung:
Leo Camille
Oma geht mit Lotte in den Zoo. Oma sagt: „Das ist aber ein komisches Pferd.“ Lotte sagt zu ihrer Oma: „Oma, das ist ein Zebra.“
Der Esel möchte zum Pferd um ein oder zwei Maultiere zu bekommen.
Quiz: 1.: A 2.: A TEXT: LEO, CAMILLE A KATHARINA KURT I 15
Bison und Wisent
Der Amerikanische Bison und der in Europa lebende Wisent sind beide Wildrinder.
Fakten
Name: Amerikanischer Bison
Alter: 20 Jahre
Länge: 2,2 - 3,8 m
Höhe: 1,8 - 2,1 m
Gewicht: 350 - 1.000 kg
Ernährung: Kräuter, Gras, Moos
*Das Männchen ist gewöhnlich etwas größer und schwerer als das Weibchen.
Name: Wisent
Alter: bis zu 25 Jahre
Länge: 2,7 - 3 m
Höhe: 1,7 - 1,9 m
Gewicht: 300 - 900 kg
Ernährung: Gras, Rinde und Kräuter
Quiz
1. Höhe Wisent:
2. Wie alt kann das Wisent werden?
Pit Cha r el
Männchen: A 1,9 m B 2,1 m C 1,7 m Weibchen: A 1,3 m B 1,7 m C 1,5 m
A
B
C
30 Jahre
43 Jahre
25 Jahre
16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024 I TEXT: PIT, CHAREL A KATHARINA KURT
Bison Wisent
1.: Männchen A, Weibchen B 2.: C
Opléisung:
Lama und Alpaka
Oft verwechseln wir Lamas mit Alpakas, dabei haben die Alpakas eine weichere Wolle als Lamas.
Sudoku
„Ass dat elo een Alpaka oder ee Lama“?
„Déi zwee gehéiere mol zur Famill vun de Kaméiler a sinn an de südamerikaneschen Anden doheem.“
„Wéi oft hunn ech mech dat scho gefrot, wéi ech iwwer hier Wise geflu sinn. Ech hunn elo och erausfonnt, datt et verschidden Tricker gëtt fir si ze ënnerscheeden. D’Lama ass méi grouss an och méi schwéier wéi d’Alpaka.
Kuckt ee sech hire Kapp un, gesäit een och do Ënnerscheeder, dem Lama säi Kapp ass vill méi laang gezunn, d’Alpaka dogéint ass vill méi behoert am Gesiicht.
Kuck dir emol hier Ouere méi genee un, dem Lama säin Ouer erënnert mech e bëssen un eng Banann, dem Alpaka säin Ouer ass méi kleng a spatz.“
Gilles Emmy
Lama Alpaka
60 kg
90 cm
140 kg
De Kapp ass ronn, vill Hoer um Kapp an eng ronn Nues.
130 cm
De Kapp ass laang gezunn, net esou vill Hoer, an d’Nues ass laang gezunn.
TEXT: GILLES, EMMY AN ANNE-MARIE BIS I 17
Alpaka Lama
S.3
Opléisung
Orca
Krokodil
Wéi
een Déier leet wéi een Ee?
Flossséischmuewel
H g
Réngelnatter
Frell iH m melsdéierc h ne
Heckefräsch
Schnieweldéier
Pohunnena
1 cm 2 cm 3 cm 4 cm 5 cm 6 cm 7 cm D’Léisung fënns du op der Säit 3.
18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
2 3 4 5 6 7 9 10 1 8
TEXT A MUSEK: BOB MINETTE I 19
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw
Den Dinokiller
Viru 66 Millioune Joer si ganz vill Déiere mateneen ausgestuerwen: Ënner aneren d’Dinosaurier* an d’Fluchsaurier u Land, d’Mosasaurier, d’Plesiosaurier an d’Ammonitten am Mier.
*Fir genee ze sinn: Nëmmen d’Net-VullenDinosaurier sinn deemools ausgestuerwen.
20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Fluchsaurier Quetzalcoatlus, 11 m Flilleksspan
Dinosaurier:
Edmontosaurus, 11 m
Triceratops, 8 m
Tyrannosaurus, 12 m
Ankylosaurus, 6 m
Velociraptor, 2 m
m
Mosasaurier Mosasaurus, 12 m
Plesiosaurier
Hydrotherosaurus, 8 m
All dës Déieren, an nach vill anerer, si viru 66 Millioune Joer vun der Äerd verschwonnen. Dat Massenausstierwe markéiert d’Enn vun der Kräidzäit, an den Ufank vun der Paleogenzäit.
Mee wien
oder wat huet deemools d’Dinoen an e ganze Koup aner Déiere gekillt? Joerzéngtelaang gouf dono gesicht.
Ammonit Discoscaphites, 10 cm
Pachycephalosaurus, 4,5
Alamosaurus, 30 m
TEXT: GUY KERSCH I 21
Am Joer 1980 hunn de Physiker Luis Alvarez a säi Jong, de Geolog Walter Alvarez, een „Täter“ presentéiert: E risegen Asteroid, dee viru 66 Millioune Joer op der Äerd ageschloen ass.
De Beweis:
Bei Gubbio an Italien hu si Iridium a 66 Millioune Joeren ale Steng fonnt. Iridium ass en Edelmetall, wéi Gold oder Platin, awer vill méi rar. Mee op der Grenz tëschent der Kräidzäit an der Paleogenzäit ass 1000mol méi Iridium an de Steng, wéi e puer Zentimeter drënner oder driwwer. Iridium ass awer ganz heefeg an de Meteoritten, déi aus dem Weltall op d’Äerd falen. Doropshi goufen och an anere Länner Steng op der K-Pg-Grenz ënnersicht, an anormal héich Iridium-Wäerter fonnt.
E Meteorittenimpakt, deem seng Spuren nach no 66 Millioune Joer op der ganzer Äerd fonnt ginn – esou eppes muss dach e gewaltege Krater hannerlooss hunn!
De Luis an de Walter Alvarez bei Gubbio (Italien) virun der K-Pg-Grenz.
D’Sich no deem Krater ass lass gaang…
Chicxulub
Iridium op der Kräid-Paleogen-Grenz (= K-Pg-Grenz) ass säin Numm!
Op der mexikanescher Hallefinsel Yucatan gouf dunn am Joer 1991 ee 66 Millioune Joer ale Krater fonnt. E gouf Chicxulub-Krater genannt, no enger Uertschaft no bei sengem Zentrum. En huet en Duerchmiesser vun 180 km! Bei Buerungen am Krater si lauter Impaktitte fonnt ginn – dat si Steng, déi duerch extreemen Drock an Hëtzt bei Meteorittenaschléi entstinn.
22 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
… bei Drumheller (Alberta, Kanada)…
D’K-Pg-Grenz voller Iridium am Trinidad Lake State Park (Colorado, USA) …
… a bei Stevns Klint (Dänemark).
Chicxulub Puerto
Yucatan Hallefinsel
Chicxulub Krater
Wéi dee ronn 14 km groussen Asteroid mat 72.000 km/h an d’Äerd geknuppt ass, gouf eng Energie vun 200 Milliounen HiroshimaAtombomme fräigesat. Doduerch ass den hie bal komplett verdämpt a bis 50 km héich an d’Stratosphär geschleidert ginn, grad wéi Onmasse vu verdämptem Gestengs vun der Aschlagsplaz.
Duerch déi ongeheier Energie vum Aschlag sinn och riseg Bëschbränn entstanen.
Impakt-Wanter
Dee ganzen Damp a Rouscht a Stëbs huet sech iwwer Méint a Joeren an der Atmosphär gehalen. D’Sonn konnt net méi op d’Äerd schéngen an et koum eng laang, däischter Kalzäit: dee sougenannten Impakt-Wanter. Doduerch si vill Planzen, déi d’Katastroph bis dohin iwwerlieft haten, ofgestuerwen.
Vill Déieren, déi den Impakt nach iwwerlieft haten, si lo erhéngert: D’Planzefrësser hu keng Planze méi fonnt, an d’Fleeschfrësser keng Planzefrësser…
Paleogenzäit: eng nei Welt
Net all Déiere si viru 66 Millioune Joer ausgestuerwen. E puer kleng Vullen hunn iergendwéi nach genuch Käre fir ze friesse fonnt, bis den Impakt-Wanter eriwwer war. Och e puer Mamendéieren hunn iwwerlieft; vläicht andeems se Wanterschlof gehalen hunn.
Hei e puer Déieren, déi schonn 2 bis 3 Millioune Joer nom ChicxulubAschlag gelieft hunn:
Well déi grouss Dinosaurier verschwonne waren, hu si vun elo un d’Äerd dominéiert a vill nei Aarten ervirbruet. Haut gëtt et ronn 11.000 Vullenaarten a 6.600
, 15 cm Waimanu
Purgatorius
TEXT: GUY KERSCH I 23
geckeg Déieren ...
Mol e puer Déieren op e Stéck Kartrong. All Déier soll op dräi verschidde Stécker Kartrong kommen: Emol de Kapp, emol de Bauch an emol d’Féiss. Mol se schéi faarweg. Schneit d’Déierendeeler a gläichméisseg Stécker.
24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Lo kanns du deng Kartrongsdéiere mat der gemoolter Säit als Memory dohileeën.
Bei dësem Memory däerfs du pro Spillzuch 3 Kaarten ëmdréinen. Wann s du zwee Stécker fonnt hues däerfen déi opgedeckt leie bleiwen. Bei dësem Beispill dréins du de Fuuss nees ëm.
Wann s du dräi Stécker vun engem Déier fonnt hues däerfs du se halen.
Du kanns elo mat all de Stécker verréckten Déieren zesummesetzen.
Looss dir cool Nimm fir deng geckeg Déieren afalen!
Eng Beieméck? Oder eng Méckebei?
Flossséischmueweldachsekéiseker?
e
TEXT: SABINE GOERENS I 25 ...
an Dräiermemory
Wéi heeschs du?
Ech sinn d’Mariepol.
Hues du e Liblingsgiessen? Kniddelen an Île flottante.
Wat ass däin Hobby: Ech maache ganz gäre Gravure, dat ass eng Drockkonscht. Hei op der Foto gesäis du e japaneschen Holzschnëtt (eng ganz al Drockkonscht), deen ech selwer gemaach hunn.
26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Interview mam Mariepol, Grafikerin am 'natur musée'
Hues du eng Liblingsfaarf?
Déi ännert sech heiansdo, mee am Moment ass et Pëtrol.
Wat ass däi Beruff?
Ech si Grafikerin.
Wat méchs du da genee als Grafikerin am 'natur musée'?
Ech schaffe mat anere Grafiker a Gafikerinnen an engem Team. Mir maachen zesummen d’Ausstellungen, déi dir iech am Musée kënnt ukucken. Fréier hunn ech nach ganz vill op der Hand gemoolt a gezeechent. Haut entsteet de gréissten Deel vu menger Aarbecht um Computer. Um Computer zeechnen ech z. B. Illustratiounen, Grafiken oder setzen Texter op Deeler vun der Ausstellung.
Mir maachen awer och nach ganz vill aner kreativ Aarbechte wéi z. B. Pousteren (do kënnt dir iech op der S.5 een ukucken), Broschüre fir Schoulklassen, déi bei eis an de Musée kommen, sträichen an der Ausstellung un, handwierke vill (bastelen z. B. eng Män fir eng Kaz, baue Modeller, bemolen Teppecher a villes méi.
Kanns du eis ee Beispill vun enger vun dengen Aarbechten am Moment ginn?
Vum Isabelle
Am Moment schaffen ech un engem digitale Plakat fir de City Nature Challenge, wou och dir kënnt am Abrëll deelhuelen, fir esou vill Planzen- an Déierenaarte wéi méiglech ze fannen. Bei all Aarbecht ass et wichteg, als éischt ee Konzept auszeschaffen, wou ee festleet, wat een iwwerhaapt wëll erreechen. Dono sichen ech da vill verschidden Iddien a kucken, wat ech duerstelle wëll. Hei ass et wichteg, datt d’Stad, d’Natur, d’Planzen an d’Déieren ofgebilt sinn, mee och en Handy, well een dëse brauch, fir beim Challenge matzemaachen. Deemnächst gesitt dir dann, wéi de fäerdege Pouster ausgesäit. Kuck dir de fäerdege Pouster op der Säit 2 un a maach mat beim Challenge.
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 27
An op wat muss du da besonnesch oppassen, wann eng nei Ausstellung ausgeschafft gëtt?
Do ass d’Teamaarbecht ganz wichteg, also datt jiddereen aus der Ekipp zesummeschafft. Mir mussen als Ekipp och esou zesummeschaffen, fir datt dono alles zesummepasst. Wat och ganz wichteg ass, ass, datt dir dono alles verstitt an datt et e ganz flott Erliefnis fir iech ass, fir bei eis an den 'natur musée' ze kommen.
Méchs du nach eppes aneres am Musée?
Jo, ech sinn nach Beoptraagte fir d’Gläichberechtegung am Musée. Wann nei Leit sech virstelle komme fir bei eis ze schaffen, kucken ech z. B., datt Fra a Mann d’nämmlecht behandelt ginn. Oder wann eng Persoun, déi am Musée schafft, ee Problem huet, da kucken ech fir där Persoun ze hëllefen.
Wolls du schonn ëmmer Grafikerin am 'natur musée' ginn?
Deemools an der Schoul wousst ech guer net, datt am 'natur musée' Grafiker schaffen. Mee wann ech dat gewosst hätt, da ganz bestëmmt!
Wat war dann eigentlech däin Dramberuff als Kand?
Ech wollt Zeecheproff oder Hiewan (dat sinn déi Persounen déi niewent dem Dokter oder der Doktesch bei enger Gebuert dobäi sinn) ginn.
28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
NATUR MUSEE
Wat hues du geléiert fir Grafikerin ze ginn?
Ech sinn no der Primärschoul an de Lycée komm an hunn do eng Konschtsektioun gemaach. Nom Lycée hunn ech dunn direkt am Musée ugefaange mat schaffen. Et kann een awer nom Lycée och nach ee Studium maache wann ee wëll.
Hues du vill misste léieren?
Jo, mee et huet mir immens vill Spaass gemaach. Ech hu ganz vill Stonnen niewent der Schoul un Zeechnunge geschafft an och ganz vill technesch gezeechent. Am Ufank hate mir an der Schoul nach kee Computer, do ass nach alles op der Hand gemaach ginn. Dono hu mir dunn ee Computer fir déi ganz Klass kritt. Witzeg war, datt kee wousst, wéi déi Maschinn géif funktionéieren!
Wat war dann däi Liblingsfach an der Schoul?
Drockkonscht, hei op der Foto gesäis du e Beispill.
Hues du eng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée?
Mir gefält all Plaz gutt, wou een op d’Uelzecht gesäit, déi direkt hanner dem Musée fléisst. Aus eisem Gaart, deen s du iwweregens och kanns besichen, gesäit een d’Uelzecht z. B. besonnesch gutt.
Hues du nach een Tipp un eis Lieser a Lieserinnen?
Maacht déi kreativ Kniwwelsäiten aus dem Panewippche ganz fläisseg mat.
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 29
NATUR MUSEE
D’Guckucksblumm
Echte Schlüsselblume, primevère officinale, cowslip, Primula veris
D’Guckucksblumm gëtt och nach Schlësselblumm oder Primel(chen) genannt.
Si ass eng vun den éischte Blummen, déi am Fréijoer bléien.
Si lieft an Europa a Westasien, ausser ganz am Süden a ganz am Norden.
30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
Fir kleng Liesraten
D’Guckucksblumm wiisst a Wisen an helle Bëscher Si huet gär kallekegen a moere Buedem.
D’Guckucksblumm gehéiert zum Liblingsfudder vun de Kanéngercher.
D’Blieder vun der Guckucksblumm kann een als Zalot iessen,
D’Guckucksblumm gëtt 10 bis 30 cm héich. Ee Blummestill ka bis zu 30 Bléien droen.
D’Raupe vum rare Wierfel-Päiperlek erniere sech just vun der Guckucksblumm
a vun zwou anere Primel-Aarten.
TEXT: GUY KERSCH I 31
Opgekacht gëtt aus de giele Bléien en Téi géint Houscht a Bronchiten. Et kann een och e séisse Wäin doraus maachen. an och als waarmt Geméis.
Schéin, Schéin,
D’Kréi lieft am ganze Land an ass och ganz liicht ze erkennen: schwaarz-wäiss mat engem laange Schwanz an e bësse méi kleng wéi e Kueb.
K r éi, Elster, p ie bava r de, magpie, Picapica Mä kuck dir mol déi schwaarz Plomme vun de Flilleken an dem Schwanz méi genee un: An der Sonn liichte si gréng oder blo, sou datt d’Kréi ee vun onse schéinste Vullen ass.
D’Kréie liewen a Landschafte mat Hecken a Beem, mee och an onsen Uertschaften. Schonns Enn Februar bis Ufank Mäerz baue si hiert Nascht aus klengen Äscht normalerweis ganz héich uewen an de Beem. Dat Nascht ass och ganz liicht ze erkennen, well et huet en Daach an d’Entrée ass op der Säit. Den Daach soll verhënneren, datt d’Eeër oder déi Jonk am Nascht vu Kuebe gefriess ginn. Dat klappt awer natierlech net ëmmer. Just d’Weibche bréit. No 17-18 Deeg klammen déi Jonk aus den Eeër a si bleiwe knapp e Mount am Nascht.
32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024
t éif net awer bel awer net beléift
Och wa vill Kréien an denger Géigend ronderëm fléien, bréien déi awer net alleguer. Déi meescht si Jonggesellen, déi op hir Chance waarden, datt e Revéier (= d’Géigend ronderëm d’Nascht, wou d’Brutvullen hiert Friesse sichen) fräi gëtt.
3,3 cm
D’Kréie ginn oft beschëllegt, blénkeg Saachen aus Gold oder Sëlwer ze sammelen, fir an hiert Nascht ze schleefen. Dobäi si bal all d’Fotoe vu Bijouen a Kréiennäschter gefälscht. Si gehéieren zu den intelligentste Vullen a sinn immens virwëtzeg. Dofir kucke si sech eppes Onbekanntes méi genee un, mee si verléiere séier den Interessi dorun, wa si mierken, datt et näischt fir ze friessen ass.
W uert hier?
D’Wuert Kréi kënnt aus dem ale
Germaneschen an heescht just: dat Déier, dat vill Kaméidi mécht.
Um Menü vun de Kréie sti Friichten, Kären, Insekten, Wierm, Mais an doudeg Déieren. Well d’Kréien awer och Eeër a jonk Vulle friessen, si si net ganz beléift. Verschidde Leit behaapten esouguer, datt d’Kréie schold sinn, datt et ëmmer manner Sangvulle gëtt. Dat ass natierlech falsch. Déi meescht Vulle gi bei ons méi rar, well hire Liewensraum zerstéiert gëtt an nach ëmmer vill Gëft gesprëtzt gëtt (och an de Privatgäert). Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen hunn esouguer erausfonnt, datt op Plaze mat Kréien och nach vill aner Vulle liewen.
TEXT: CLAUDE HEIDT I 33
vumSamMers
A w ou kënntdëst
c h
Du brauchs:
Schneit d’Courgette an 1 cm déck Scheiwen.
Schneit de Mozzarella a kleng Stécker a lee en op d’Courgette.
Lee d’Pizzaen op de Bakblech a maach Oregano drop.
Tomatenzooss
Mozzarella
Oregano
1 Courgette (pro Persoun) 4
34 I DE PANEWIPPCHEN 1/2024 CourgettePIZZA
3 1
Maach e bëssen Tomatenzooss op d’Courgette.
vum
‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu
www.panda-club.lu
Impressum
Redaktiounskommitee:
A. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, C. Faber, J. Meyer, F. Theisen.
Bak deng Minipizzaen 20 Minutte bei 200°Grad Gudden Appetit!
Texter:
Camille, Charel, Emmy, Gilles, Jana, Leo, Pit a Vicky mam
K. Kurt.
A.-M. Bis, N. Brettner, S. Dengler, S. Goerens, M. Hagen,
C. Heidt, G. Kersch, J. Martins, B. Minette.
Grafik an Illustratioun:
C. Dos Santos, S. Goerens, MP Goetzinger, S. Hagen.
Fotoen:
S2 Hannergrond: shutterstock, Hirsch: E. Berlioz, aner:
MNHN
S3 Team Waasser
S4&5 Hannergrondfoto: Claude Heidt, Sterna sëtzt, Eeër am Nascht a Sterna fiddert: shutterstock, Sterna Schniewel: Amanda Boyd, Ee: Klaus Rassinger und Gerhard Cammerer, Museum Wiesbaden, Plomm: Michelle Kinsey Bruns, Sterna flitt: Thermos, Sterna fiddert: Lukasz Lukasik, Affiche: Mariepol Goetzinger
S6-8 Joshua Martins
S9 shutterstock
S10&11 MNHN
S12-17 MNHN
S18 Orca: pd, Floss-Séischmuewel: Harald WeedonFekjaer, Hong: Valerie Everett, Pohunnena: Amada44, aner Déieren: shutterstock, Ee Floss-Séischmuewel: Klaus Rassinger und Gerhard Cammerer, Museum Wiesbaden, Ee Fräsch: Lukáš Konečný, Ee Pohunnena: W. Schön, Ee Hong: mnhn
S20 shutterstock
S21 Alamoraurus: UnexpectedDinoLesson, Edmontosaurus a Pachycephalosaurus: DBCLS, Velociraptor: Fred Wierum, Plesiosaurier: Nobu Tanura, Ammonit: Daderota a shutterstock, aner: shutterstock
S22 Hannergrond: O.V.E.R.V.I.E.W., Alvarez an Drunheller: public domain, Colorado: Jeffrey Beall, Dänemark: Arnoldius
S23 Impakt: public domain, Impaktwanter: kuhnmi, Waimanu a Purgatorius: Nobu Tamura, Ankalogon: ДиБгд S24&25 MNHN
S26-29 MNHN
S30 Alvals
S31 Bësch: Ruslan Kastani, Primel no: Anne Burgess, Kanengchen: Paulo Costa, aner: shutterstock
S32&33 Hannergrond: Claude Heidt, Kréi flitt: Alexis Lours, Kréi baut Nascht: Frankie Fouganthin, Nascht: Jonn Leffmann, Klenger am Nascht: Asa Berndtsson, Ee: Roger Culos, aner: shutterstock
S34&35 MNHN
S36 MNHN
Poster:
Säit 1: shutterstock
Säit 2: Stachelen: MNHN
Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable panda-club@mnhn.lu
Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
5 I 35
& Info
2
Abonnementer
De Panewippchen
gëtt
TEXT: ANNE-MARIE BIS gëtt erausgi
De Panewippchen
ënnerstëtzt vun
‘NATUR MUSÉE’ VUN DER ZUKUNFT?
Gëtt et e Plang… eh, nee e Planéit B?
Wann Dir een Ersatz-Planéit kéint erfanne fir d’Mënschheet, wéi géing deen ausgesinn? Genee dat hunn déi Jonk aus dem Science Club gemaach an hir Visioun mat Hëllef vun AI (Kënschtlecher Intelligenz) visuell duergestallt. Wéi fannt dir hire Planéit B?
Villäicht kéinte mer awer och e klenge Krack méi kleng gesinn, an eis den ‘natur musée’vun der Zukunft virstellen? Wat fannt dir gutt um Musée, wat géingt dir änneren? Frot är Elteren, fir zesummen de follgende Froebou auszefëllen an eis ze hëllefen, den ‘natur musée’ vun der Zukunft besser opzestellen. Et kann een och eng Rees gewannen an e Stéck Reebësch an engems retten.
FUTURE FUTURE