Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N°115 2/2016
www.panda-club.lu
News
Dat fënnt de Panewippche super!
De Leo Kries vu Waasserbëlleg huet dëst geniaalt Bild an den ‘natur musée’ geschéckt. De Panewippchen ass begeeschtert!
Verschidden Eeër am Nascht?
Dëst Nascht ass Enn Mee an engem Vullenhaus an engem Bësch beim Carelshaff fonnt ginn. Hei huet e lidderege Schwaarze Méckefänkert (Trauerschnäpper) seng Eeër (déi blo) einfach an d’Nascht vun enger Schielmees geluecht. Leider sinn d’Eeër awer net ausgebritt ginn.
2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Pickeg Raupen?
A leschter Zäit sinn op e puer Plazen zu Lëtzebuerg Eechen-Prëssessiounsmatte gesi ginn. D’Hoer vun hire Raupe kënne bei de Leit ganz schlëmm allergesch Reaktiounen ausléisen: Picken op der Haut, Houscht an Asthma, wann d’Hoer ageotemt ginn. Dofir heescht et ganz einfach vun de Raupen an hiren Näschter ewechbleiwen a se op kee Fall upaken. Weider Infoen zu den EechenPrëssessiounsmatten: https://www.panda-club.lu/2011/09/ panewippchen-032011-2/
PW 2/2016 Besich de Biodiversum! Zu Rëmerschen ass de Biodiversum Ufank Juni opgaangen Hei fënns du Infoen iwwer d’Geschicht vun der Muselgéigend an iwwer d’Déieren an d’Planze vun de Baggerweieren. Du kanns Fliedermais live ausspionéieren, Déierestëmme lauschteren a Mikro-Béischten ënner de Mikroskope kucken. De Biodiversum ass vis-àvis vum Schwammweier an ass vun Dënschdes bis Sonndes vun 10:00 bis 17:00 Auer op.
kuck hei:
http://bit.ly/biodiversum
Den ‘natur musée’ ass och op facebook!
www.facebook.com/MNHNL
Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 2/2016 Thema: Summer SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 DEN DRÉIHÄLSCHEN SÄIT 6 FUERSCHUNG AM MUSÉE D’Zoologie SÄIT 10 KACHEN E Courgetteflan SÄIT 11 KNIWWELEN Eng Lanter aus enger aler Béchs SÄIT 12 HECKEN Päiperlekshecken SÄIT 14 AUSFLUCH an de Päiperleksgaart SÄIT 15 KNIWWELEN E Päiperleksmobile SÄIT 16 MAACH MAT Päiperleke kucke mécht Spaass SÄIT 17 LIDD Schlaangen SÄIT 18 SCHLAANGEN Exotescher an heemescher SÄIT 26 DE STÄRENHIMMEL AM SUMMER Stäreschnäizen, Eise Mound SÄIT30 KNIWWELEN Eng Lampionsketten SÄIT 31 Impressum SÄIT 32 Wat ass lass am ‘natur musée’?
TEXT: CLAUDE HEIDT
I3
Schlaangen am Vullenhaus? Elo hat ech awer Gléck, well am Haus huet eng Schlaang op mech gelauert.
Komm, mir fléie séier wäit fort, da kritt dat Béischt ons net. Kanner, hutt dir gesinn, wéi séier dee Plogeescht do fort war? Also, soubal een nerve kënnt, de Kapp an d‘Luucht strecken a lues dréinen.
Gutt, datt s du kënns, ech hu scho vum laange Sëtzen an dësem Vullenhaus alles wéi. Ech huelen de Kack vun de Jonke mat raus.
S! UP
Ech halen d’Kanner waarm an du kanns Fudder siche goen.
Séier fort, hei ass e Monster, dat ons frësst.
4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Du hues dat gutt gemaach, an als Belounung kriss du e puer déck Seejomessen.
14 Deeg méi spéit
Yeah! Yippieh!
E puer Deeg méi spéit
Dir sidd jo elo grouss an al genuch fir eleng eens ze ginn. An denkt drun, soubal et owes éischter däischter gëtt, flitt dir an Afrika. Wéi fanne mir dann de Wee? Keng Opreegung, mir sinn esou programméiert, datt mir de richtege Wee fannen an och wëssen, wéini mir ukomm sinn. Vill Gléck!
Gehéiert zur Famill vun de Spiechten, mä kann awer net selwer e Lach an e faule Bam meesselen (dofir ass de Schniewel ze kleng) Iessen: Seejomessen, aner Insekten a Spannen Iwwerwantert an Zentralafrika, den Dréihälsche flitt nuets an eleng Ass bei ons an de leschte Joere méi seele ginn, well säi Liewensraum (dat si Bongerte mat ville Seejomessennäschter) deelweis verschwonn ass en älsch Dréih ehals Wend illier ourm f l o torc eck wryn quila o t r Jynx
TEXT: CLAUDE HEIDT I
5
Verstoppte Milliounen am ‘natur musée‘ qwertzu
6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Glieser, Këschten, Tiräng a Regaler voll Krabbeldéieren!
Fuerschung am ‘natur musée’: Zoologie* Scho säit Joerhonnerte sammelen Naturalisten a Fuerscher fläisseg
Firwat sinn déi Sammlunge vun Déieren och haut nach ganz wichteg? Ma dat erlaabt eis erauszefannen, wou dat Déier fréier gelieft huet, a mir kënne kucken, ob et haut nach do ass, a verstoen, firwat et bei eis vläicht verschwonn ass. Den Dr. Gustavo Becerra-Jurado fuerscht un den Lucanidae, eng Famill vu Kiewerleken, zu deenen och den Hirschkiewerlek gehéiert.
Insekten** an der Natur zu Lëtzebuerg an och rondërem d’Welt. Fir se ze versuergen, ginn d’Kiewerleken a Co fir d’éischt an Alkohol agemaach, an dann all eenzel gedréchent, propper preparéiert an op der rietser Kierpersäit opgespéngelt. Wéivill Mécke sinn hei am Alkohol agemaach? 100, 1000 oder vläicht 7189? E puer Honnertdausenden, oder vläicht souguer Millioune kleng 6-Beener leien esou an de Sammlunge vum ‘natur musée’.
Mä: Déi schéinsten a gréisste Sammlung notzt näischt, wann s de net weess, wat s de dran hues!
Den Hirschkiewerlek ass dee gréisste Kiewerlek an Europa. Leider ass déi lescht 50 Joer kee méi zu Lëtzebuerg fonnt ginn. Si liewen a groussen, alen Eeche-Bëscher a fir hir Entwécklung brauche se doudegt Holz.
* Am Fuerschungszentrum vum ‘natur musée’ gëtt et 2 wëssenschaftlech Sektiounen an der ZOOLOGIE. Déi vun
de Wierbeldéieren (Vullen, Mamendéieren…) an déi vun de Wierbellosen, wou och d’Insekten dozou gehéieren. ** Am ganzen Déiereräich ginn et am meeschten Insekten. Vill dovu sinn awer nach net erfuerscht, och zu Lëtzebuerg.
TEXT: CARMEN GREISEN I
7
Mat dësem Code (kann ee mat engem Scanner ofliesen, wéi an der Keess vum Buttek) an der Nummer fënnt een dat Déierchen an der grousser Databank “RECORDER” vum ‘natur musée’ erëm. Do stinn all weider Informatiounen iwwer dat Sammlungsstéck (wou ass et fonnt ginn? wéini? ween huet et gesammelt?…) an all Wëssenschaftler kann dës Daten notzen, fir weider ze fuerschen. Fir en Iwwerbléck ze kréien, wat fir eng Aarte Lucanidae et zu Lëtzebuerg gëtt oder gouf, huet de Gustavo a verschidde Këschten (vun engem bestëmmte Sammler, aus enger bestëmmter Zäit, …) all déi Panzerdéiercher erausgeholl, déi zu där Famill gehéieren. Dobäi sinn Exemplaren net nëmme vu Lëtzebuerg, mee och aus Frankräich, Däitschland, Spuenien oder Kroatien.
De Gustavo huet all d’Exemplare vun där Famill an nei Këschten zortéiert. All Déier kritt eng nei Etikett, mat engem QR-Code an enger eegener Nummer drop a gëtt da fotograféiert.
En Exemplar, wou keng Etikett dobäi ass, oder wou d’Informatiounen net komplett sinn, ass fir d’Wëssenschaft net ze gebrauchen. Et kann awer am Musée gewisen oder fir d’Aarbecht mat de Schoulklasse gebraucht ginn. 8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Acanthocinus meyeri De Francesco Vitali vum Fuerschungszentrum vum ‘natur musée’ huet viru kuerzem seng Dokteraarbecht iwwer
d’Bockkiewerleken ofgeschloss, zesumme mat der Uni Tréier. Dobäi huet hien an de Sammlunge vum ‘natur musée’ eng ganz nei
Aart fonnt. Hautesdaags ginn an de Kollektioune vun de Muséeë méi nei Aarte fonnt wéi an der fräier Natur.
Dëst Déierche war viru 36 Joer vum Marc Meyer a Portugal gesammelt ginn. Den Zoolog aus dem ‘natur musée’ hat deemools net erkannt, datt nach kee virun him dës Aart fonnt oder beschriwwen hat. Dofir heescht si elo: Acanthocinus meyeri.
217 Déiercher vu 7 Aarten huet de Gustavo esou an 3 Këschte frësch zortéiert, etikettéiert an digitaliséiert (an de Computer eraginn). Dobäi huet hien eng ganz detailléiert Method ausgeschafft, z.B: Luucht fir ze fotograféieren, Computerprogramm fir den Detail vun der Foto automatesch auszeschneiden, Plaz vun der Etikett, Gréisst vun der Schrëft op der Etikett… An Zukunft soll genee dës Method och bei aneren Insektefamillen ugewandt ginn.
Vill aner Insekte waarden nach an ale Këschten oder an Alkohol-Bokaler drop, datt hinnen dat nämlecht passéiert. Et ass sécher nach Aarbecht do fir dech, als Entomolog (Insektefuerscher) op Missioun:
Fuerscher am natur musée
TEXT: CARMEN GREISEN I
9
eK 50 g frësch é
is
1 / 2 kleng Cou r ge 1tten 1
1
fir 4 Flanë brauchs du:
Hëtz de Schäffche vir op 180°C.
al be ibli e
der
Peffer
1
E Courgetteflan
3 Eegiel 4 feier fest Dëppercher
e puer S
3
Wäsch d’Courgette. Schneit se a ganz dënn Rondelen an d’Schossel. Peffer gutt a mësch alles virsiichteg.
4
Verdeel dat Ganzt an déi 4 Dëppercher a looss et 15-20 Minutten am Schäffche goen.
Du kanns d’Flanë waarm oder kal genéissen, an eventuell e bëssen Tomatenzooss drop man.
Eng gutt Iddi fir e Summerfest dobausse mat Lampionen a Lanteren (kuck Säit 11 & 30)
Gudden Appetit!
10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016 I TEXT: SYLVIE HAGEN
2
Mësch d’Eegiel mam Kéis an de kleng geschniddene Salbeiblieder an enger Schossel.
Eng nei al Lanter
! g n i l c y c p U t h c s e e Dat h
T
Upcycling ass, wann een eppes Ales net ewech gehäit, mee eppes Neies draus mécht an et sou rëm méi Wäert kritt.
chs eng Wéi aus enger aler Bé schéi Lanter gëtt: Du brauchs: e puer al Béchsen en Tuschbic el verschidden déck Ne en Hummer festen Drot eng Zaang eng Téiliichtchen
1
Huel de Pabeier vun der Béchs erof a spull se.
2
Mol mat engem Tuschbic e Muster op d’Béchs. Klapp da mat engem Nol an engem Hummer Lächer iwwer de Stréch. Looss der heibäi onbedéngt vun engem Erwuessenen hëllefen!
3
Du kanns deng Lanter sou loossen, se mat waasserfester Faarf usträichen oder se e puer Méint dobausse stoe loossen, da gëtt se schéi raschteg.
4
Wann s du wëlls, kanns du eng Hänk dru man. Pick uewen op zwou Säite Lächer an d’Béchs. Zéi e Stéck Drot derduerch an diebel den Drot fest.
5
Setz eng Téiliichtchen dran a fäerdeg ass deng Lanter.
TEXT: SABINE GOERENS I
11
Wee kennt net de Päiperleksstrauch? Am Summer sëtzen op de faarwege Blummen dacks dosene Päiperleke mat hiren ausgerullte Rüsselen déi zockerséiss Flëssegkeet, den Nektar, aus de Bléien ze suckelen.
12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Zitrouneblat, Zitronenfalter, citron, common brimstone, Onepteryx rhamni Landkäertchen, Landkärtchen, carte géographique, map, Araschnia levana Pohunnenan, Tagpfauenauge, paon du jour, European Peacock, Aglais io Dëschtelpäiperlek, Distelfalter, vanesse du chardon, painted lady, Vanessa cardui Klenge Fochs, Kleiner Fuchs, petite tortue, small tortoiseshell, Aglais urticae Amirol, Admiral, vulcain, Red Admiral, Vanessa atalanta Wëllen Apel, Holzapfel, pommier sauvage, european crab apple, Malus sylvestris heemesche Liguster, Gewöhnlicher Liguster, troène commun, wild privet, Ligustrum vulgare Weed, Weide, saule, willow, salix Schwaarzdar, Schlehdorn, prunelier, blackthorn, Prunus spinosa Wäissdar, Weissdorn, aubépine, hawthorn, Crataegus Heckerous, Hundsrose, églantier, dog rose, Rosa canina Brennnessel, Brennnessel, ortie, nettle, Urtica Faulbam, Faulbaum, bourdaine, alder buckthorn, Frangula alnus Kräizdar, Kreuzdorn, nerpruns, buckthorn, Rhamnus cathartica
eblat
Landkäertc h
n rou Zit
en
Wat de Raup net kennt, dat frësst en net…
Déi kleng Raupen, déi aus den Eeër vum Zitrouneblat (Zitronenfalter) schlüpfen, verdroe keen anert Iessen, wéi d’Blieder vum Faulbam oder Kräizdar!
Ouni Faulbam géif et keng Zitrouneblieder ginn; nëmmen op deene Beem leet d’Weibche seng Eeër of.
n na
un n
e
Raupefudder Fir datt mir eis un de Päiperleke freeë kënnen, brauche mir awer nach vill aner Planzen am Gaart. D’Raupen, déi sech spéider an déi schéi faarweg Päiperleke verwandelen, friesse Blieder a Bléien. Si si ganz glott a verdroe meeschtens just bestëmmte Planzen.
Po h
Dësc
htelp
äip erle k
wëllen Apel
ee
Ganz beléift bei de Raupe sinn och d’Brennnesselen. Déi si Lieblingsfudder fir Pohunnenan (Tagpfauenauge), Dëschtelpäiperlek, Klenge Fochs, Amirol a Landkäertchen.
nh
ch
Amiro l
e
Lig uste r
nn es se l
We ed
r da ss äi
Hec ker ou s
Bre n
rzdar
W
wa a Sch
es m
ge Fochs klen
Heemesch Hecken a Straicher si ganz wichteg fir eis Päiperleken. Si bidde Fudder fir Raupen an och Nektar a Polle fir d’Päiperleken.
ee
Wéi, kenns du déi Päiperleken net? Ma da kuck séier op der Säit 16.
TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
13
rkplaz mierkt een, Schonn op der Pa gouf. erleke geduecht datt do un d’Päip a planze fir Raupen Hei wuesse Fudder Päiperleken.
t ass vum 25. De Päiperleksgaar . Oktober all Dag Mäerz bis den 31 :00 Auer) op (vun 9:30 bis 17
rt kanns du Am tropesche Gaa ch Päiperleken honnerten exotes gutt waarm do, entdecken. Et ass . % Loftfiichtegkeet ëmmer 27°C a 70
n, kann n, déi fräi do fléie ke le er ip Pä de t ef Ni exotesch bewonneren, vill un tio sta ns ko Ko arweg een d’ n, besonnesch fa le te ch ue W ng eten. Planzen, kle en aner Seelenhe dd hi rsc ve ch na Dauwen an 14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016 I TEXT: MICHELLE GROSBUSCH
E Päiperleksmobile dëser Säit rleke vun e ip ä ’P d Looss éien. Zëmmer fl m a ir d i e b
Du brauchs: -eng Schéier -Pechpabeier -Ficelle oder Zwir
1
Schneit d’Päiperleken aus an diebel se an der Mëtt.
2
Pech all Päiperlek mat Pechpabeier un en dënne Fuedem. Stréck se un e klengen Aascht oder hänk se un eng Zëmmerplanz.
Bei oppener Fënster oder dobausse si si bal wéi lieweg! TEXT: SABINE GOERENS I
15
Den ‘natur musée’ an den Naturschutzsyndikat SICONA sammelen Informatiounen iwwer d’Virkommen an d’Verbreedung vu verschiddene liicht erkennbare Päiperlekaarten.
Et sinn 8 Aarten, déi een nach zimlech heefeg ze gesi kritt, och wann hir Zuelen ofhuelen.
16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016 I TEXT: MICHELLE GROSBUSCH
Fir sou vill wéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech, eis matzedeelen, wou a wéini Dir ee vun dëse Päiperleke gesinn hutt. Dës Informatiounen hëllefen eis besser ze verstoen, firwat dës Aarte méi seele ginn a wat mer kënne maachen, fir se ze erhalen. Mat der Aktioun Päiperlek wëlle mir och op d’Gefäerdung vun de Päiperleken opmierksam maachen.
De Flyer mat deenen 8 gesichten Aarte fannt Dir hei: www.sicona.lu oder www.mnhn.lu
Réngelnatter & co
ng
a eln
,R tter
ing
euvre coul er, t t a eln
à collier, Grass snake,
natrix
natri x
Ad de ro
de rR
é
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op: inecc.lu/pw
TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I
17
Schlaangen
18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Léiwer waarm Schlaange si wiesselwaarm, wéi all d’Reptilien. Hir Kierpertemperatur hänkt vum Wieder of. Ganz am Norden an am Süde vun der Äerd ass et hinnen ze kal.
Mierschlaangen
Landschlaangen
Fleeschfrësser Schlaange friessen aner Déieren – vum Insekt bis bei d’Réi – awer d’Fudder muss ëmmer frësch sinn. Si ergräife kleng Déiere mat den Zänn a schlécke se direkt of. Méi grouss Déiere gi virum Ofschlécken dout gemaach: duerch Gëft, oder duerch Erwiergen.
lett vun enger Schla e k s p p ang Ka
Ee Lastik am Mond Schlaange kënnen net knaen; si mussen d’Fudder ganz ofschlécken. Dofir kënne si de Mond awer ganz wäit oprappen a Fudder friessen, dat méi grouss ass wéi hire Kapp. Hir Schanken am Mond sinn net zesummegewuess, mee duerch elastesch Bänner matenee verbonnen.
Quadratum Kënnbak
elastescht Band Quadratum Kënnbak
Déi rout Schank, de Quadratum, hänkt ganz labber un deenen anere Schanken. Sou kënnen d’Kënnbake sech an all Richtunge beweegen. Dat gielt Band verbënnt déi zwee Kënnbaken elastesch mateneen.
elastescht Band TEXT: GUY KERSCH I
19
Kuck, eng Schlaang! Ech hoffen, si ginn net méi grouss wéi déi do.
Fudder sichen Wann et ganz däischter ass, erspiere verschidde Schlaangen ee Bild vun hire Fudderdéieren - duerch een Organ an enger Kaul tëschent den Nueslächer an den Aen. Domat erkenne si d’Wäermt, déi aner Déieren ofstralen, ‘t ass e bësse wéi eng thermesch Kamera.
Schlaange kënnen immens gutt richen. Hir gespléckten Zong fänkt Geréch op a bréngt se bei een extrat Richorgan um Gomm. Si mierke souguer, vu wéi enger Säit ee Geroch kënnt.
Gëftschlaangen at vun eng
ppar a t f ë G
er Vip er
Vun ongeféier 3.400 bekannte Schlaangenaarte sinn der gutt 700 gëfteg. Haut gëtt et fir bal all Schlaangegëft e Géigegëft.
Gëftzant mat Gëftkanal Gëftdrüs Muskel De Muskel der Drü dréck sa n de t d’Gëf Gëft t aus zant.
20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
! ! ! !
Fir net gebass ze ginn: Héich stabil Schong an eng laang Box undoen. Fest op de Buedem trëppelen, fir d’Schlaangen ze warnen. Net an Hecken oder Fielssplécken eragräifen. Keng Schlaang zecken, upaken oder fänken.
Déi meescht Gëftschlaange si friddlech a ginn de Mënschen aus dem Wee.
Wiergschlaangen Wéini gees de endlech mat dengem Asthma bei den Dokter?
Grouss Schlaange wéi Boaen an Pythonen, awer och vill Natteren, maachen hir Fudderdéieren duerch Wiergen dout: Si wéckele sech ronderëm hire Kierper an ëmmer wann d’Déier ausotemt, zéie se d’Schléng méi fest zou.
Mimikry Verschidde gëfteg Schlaangen hunn am Laf vun der Evolutioun Signalfaarwe kritt. Aner, net gëfteg Schlaangen hunn och esou Fuerwen entwéckelt. Sou ginn och si a Rou gelooss, well se mat hire geféierleche Cousinë verwiesselt ginn. Dat nennt ee Mimikry.
Scharlachnatter - net gëfteg!
Texas-Korallenotter - gëfteg!
Rout Kinneksnatter - net gëfteg!
„Schlaangeninsekt” Dës Raup bléist hiren Uewerkierper op, fir sech als gëfteg Gréng Mamba ze „verkleeden”. Sou ass si viru Feinde geschützt.
Raup
Gréng Mamba TEXT: GUY KERSCH I
21
Rekorden
Déi schwéierst Schlaang?
laang? Déi gëftegst Sch
Déi Gréng Anakonda aus Südamerika ass déi schwéierst Schlaang vun haut; si ka bis 100 Kilo weien.
n de Westleche ss a g n a la h Sc genuch Déi gëftegst Ee Bëss huet . n lie ra st u A s dout ze Taipan au e Mënschen ss e u rw e 0 3 2 Gëft fir maachen.
Déi gréisst Schlaang, vun däer bis haut fossil Reschter fonnt goufen, ass d’Titanoboa: Si huet virun 58 Millioune Joer gelieft a war bal 13 Meter laang an 1000 Kilo schwéier.
Déi längst Schlaang?
Déi längst Schla ang vun haut die rft mat iwwer 8,7 Meter d’Netzpython aus Südostasien sinn .
Déi gréisst Schlaang vun allen Zäiten?
22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Rätse lfr o
Et huet 2
Wat ass et? t lafen? Beenecher a kann ne
Äntwe Hei gesi mer déi Et ass eng Schlaang. r Boa constrictor. „Beenecher ” bei enge ze kleng fir domat Déi Stëmpecher si vill itsch „Aftersporn” ze lafen. Si ginn op Dä Iwwerreschter vun genannt. Dës butzeg gëtt et och nach den hënneschte Been naarten. bei anere Schlaange rt:
Eng Schlaang mat Been Hei gesi mer ee komplett Schlaangefossil aus Brasilien. Et ass aus der fréier Kräid-Zäit, 113 Millioune Joer al.
sser an der e b r e h c e n e e d’B Et gesäit een n uewe riets. a ks n lé e n n ë g Vergréisserun
viischt Been
Evolutioun
Déi eelst fossil Reschter vu Schlaangen, déi bis haut fonnt goufen, sinn aus der Mëttel-Jura-Zäit. Déi Déieren hu virun 165 Millioune Joer an enger Géigend gelieft,
hënnescht Been
déi haut an England läit. Déi fréi Schlaangen haten alleguer nach Beenecher. Dat ass een Indiz, datt d’Schlaange vun Echse mat 4 Been ofstamen. TEXT: GUY KERSCH I
23
Schlaangen & Co zu Lëtzebuerg
Iiihh, eng Schlaang! Musse mer déi fäerten? Keng Panik, zu Lëtzebuerg gëtt et keng gëfteg Schlaangen, mir brauchen also keng Angscht ze hunn!
24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Réngelnatter oder Heckenéil -
Ringelnatter - couleuvre à collier - Natrix natrix Et erkennt ee se un den zwee hellgiele Flecken hannen um Kapp, déi vun engem schwaarzen Hallefmound ëmgi sinn. Si huet e groe Réck mat donkle Flecken a schwaarz-wäiss Wier felen um helle Bauch. Si huet grouss
donkel Aen a ronn Pupillen. D’Réngelnatter ass eis gréisst Schlaang (bis 1m laang). Si ka gutt schwammen an dauchen, lieft op sonnege Plazen am Gestrëpp beim Waasser a frësst Fräschen, Mouken a Fësch.
er Schlingnatter Adder oder Onk - Glatt-ausodtria ca couleuvre lisse - Coronella
Hir typesch Kierperzeechnunge sinn: schwaarz Sträif vum Mond bis hannert d’An, dräieckeg Zeechnungen uewen um Kapp, 2 Reien donkel Punkten iwwer de ganze Kierper. Si huet e platte Kapp, kleng giel Aen mat ronne Pupillen. Si ka bis 90 cm laang ginn, lieft verstoppt op waarme Plazen a frësst am léifsten
Eidechsen, awer och Mais, kleng Vullen, Blannschlécher an Insekten. D’Fudderdéier gëtt mat den Zänn gefaang, da mam Kierper ëmwéckelt bis et erstéckt an dono ganz ofgeschléckt. Bei Gefor stellen d‘Addere sech entweder dout oder si zische mat der Zong a loossen eng «Sténkbomm» lass, fir de Géigner ofzeschrecken.
Blannschlécher -
Blindschleiche - orvet fragile - Anguis fragilis Obwuel se ausgesi wéi Schlaangen, si Blannschlécher keng Schlaangen, mee Eidechsen ouni Been, déi bis 50 cm laang ginn. Si hu glat a blénkeg Schuppen an e Kapp, deen ouni Ofsaz an de Kierper iwwergeet. Si beweege sech nëmme
lues, sinn dagaktiv, liewen awer verstoppt a si friesse gär Schleeken a Reewierm. Am Ënnerscheed zu de Schlaangen hu Blannschlécher Aendeckelen, fir d’Aen zou ze maachen a se sinn net blann, wéi hiren Numm eis kéint menge loossen. TEXT: FRANÇOISE THEISEN I
25
den Himmel am SUmmer Den 12. August ass eppes lass um Himmel!
Sou wäert den Himmel den 12. August hei zu Lëtzebuerg ausgesinn.
26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Kommt op d’Perseiden-Nuecht den 12. August 2016. RV 22.00 Auer bei der Donatuskapell op der Strooss tëscht Beidweiler an Eschweiler. Spektive matbréngen, eventuell e Liegestull, an eppes fir ze drénken. Waarm Kleeder undoen. Dauert bis 24 Auer.
..
..
Stareschnaizen
Stäreschnäizen
De Meteorestroum, dee mir am August gesinn, gëtt Perseiden genannt, well en an der Richtung vum Stärebild vum Perseus ze gesinn ass.
näiz
Meteore flitzen duerch de Weltall (méi wéi 10.000 km/h). Op hirem Wee duerch d’Atmosphär vun eiser Äerd verdämpe si an hannerloosse Liichtspueren, déi mir als Stäreschnäize gesinn. Stäreschnäize si keng Stären.
esch
All Joer am August flitt d’Äerd duerch e Meteorestroum. Dobäi treffe verschidde Meteoren op d’Äerdatmosphär; anerer
fléie laanscht. Et ass, wéi wann ee mam Auto duerch e Schnéistuerm fiert.
Stär
Koméite si Gestengs an Äisbrocken, déi ronderëm eis Sonn dréien, genee wéi Planéiten. Si hunn en Duerchmiesser vun e puer Kilometer. Op hirem Wee ronderëm d’Sonn loosse si Partikelen oder Meteoren zréck, déi vu manner wéi 1 Millimeter bis zu e puer Meter grouss kënne sinn. Dës Deelercher dréie weider ronderëm d’Sonn an engem Meteorestroum.
Meteorestroum
Äerdatmosphär
Engem ale Glawen no däerf ee sech eppes wënschen, wann een eng Stäreschnäiz gesäit. Mee et däerf ee kengem verroden, wat ee sech gewënscht huet, soss geet de Wonsch net an Erfëllung.
Äerdëmlafbunn
TEXT: CAROL EICHER I
27
Eise Mound Et ass den eenzege Mound vum bloe Planéit «Äerd», op deem mir Mënsche liewen.
Merkur Venus Äerd Mars
Déi aner Planéiten hunn och een oder méi Mounden – mat Ausnahm vum Merkur a vun der Venus: si sinn ze kleng an ze no bei der Sonn.
De Mars huet 2 Mounden, de Jupiter der esouguer 67 (bis elo endeckt).
Neptun
Saturn
Jupiter
Uranus
eise Mound
D’Planéiten an hir Mounden Foto vum Mound a vun der Äerd Eise Mound ass méi kleng wéi d’Äerd, zitt méi schwaach un, huet keng Atmosphär an och kee Magnéitfeld, weist der Äerd ëmmer déi selwescht Säit, huet ganz vill Krateren. Hien huet kee flëssegt Waasser, mä Äis op den zwee Polen.
Mounden dréie ronderëm Planéiten. Planéiten, Zwergplanéiten a Koméiten dréie ronderëm Stären. Stäre gehéieren zu enger Galaxie an dréie ronderëm de galakteschen Zentrum, wou eventuell e schwaarzt Lach ass. Galaxië gehéieren zu Galaxiëkéip aus onsem Universum. Ob et méi Universe gëtt??
D’Mëllechstrooss, eis Galaxie 28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
Neimound
Hallefmound
Vollmound
Hallefmound
Neimound
Mounduewerfläch
Eise Mound dréint a 4 Wochen (1 Mount!) eemol ronderëm d’Äerd. An dofir gesi mir en, vun Dag zu Dag déi selwescht Zäit, op enger liicht anerer Plaz am Himmel. An dofir gesi mir en och vun Dag zu Dag e bëssi anescht vun der Sonn beliicht: Vollmound, eng Woch drop Hallefmound, erëm eng Woch méi spéit Neimound, dann Hallefmound an erëm Vollmound, an esou weider.
Krateren
Kuuscht Mantel aus festem Gestengs Kär, festen Deel flëssegen Deel deelweis flëssegen Deel Krater
De Mound huet eng Kuuscht (“Kruste”) an e Mantel aus festem Gestengs. De Kär ass nëmmen deelweis flësseg. Och déi 4 kleng Planéiten, déi no bei der Sonn sinn, Merkur, Venus, Äerd a Mars, hunn eng fest Kuuscht. Déi aner 4 grouss Planéite bestinn haaptsächlech aus Gas.
Vollmound
Verglach mat de risegen Distanzen, mat deenen een an der Astronomie ze dinn huet, ass de Mound ganz ganz kleng, a ganz ganz no bei der Äerd: d’Luucht brauch eppes méi wéi 1 Sekonn, fir d’Distanz Äerd – Mound zréckzeleeën. Si brauch ëmmerhi méi wéi 8 Minutten, fir vun der Sonn bis bei eis ze kommen. TEXT: ANDRÉ MOUSSET I
29
Eng Lampionsketten fir ft a
të läis
B
Pe c
)
h
al
Line
dr ua
(q
fal de Pabeier eemol deen anere Wee op d’Halschent (lo ass déi Säit, déi herno bausse kënnt, baussen) an nees auserneen
7 Pech e Stéck Päifestëppler oder Schnouer bannen am Lampion fest 30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2016
m
1c fal de Pabeier op d’Halschent (sou, datt déi
Säit, déi herno soll banne kommen, elo baussen ass)
2
m
er
ei
4
1 1c
b Pa
at
ge
es
we
ch
ar
od
fa
er
re
ch
te
ck eg
Schéier
mol mam Lineal all Zentimeter e Stréch vun der gediebelter Säit vum Pabeier bis 1 cm virum Bord vum Pabeier
5 lee de Pabeier ronn a pech e bannendran, uewen an ënnen, mat engem Stéck Pech fest
hänk d’Lampio nen
op enger Schnouer od
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
d’Summerfest
Impressum Redaktiounscomité:
3
S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.
Texter:
schneit de Pabeier op de Strécher mat der Schéier duerch
C. Eicher, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus, A. Mousset, F. Theisen.
Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen, M. Kayser.
Fotoen:
S2 Hannergrond: ©shutterstock, Faarweg Eeër: mnhn, Schielmees: Luc Viatour, Trauerschnäpper: Marton Berntsen, Matten: Nico Schneider S3 Fotos Biodiversum: Mireille Feldtrauer, Christof Weber S5 Dréihälschen: Marton Berntsen S6-9mnhn S10mnhn S11mnhn S12 shutterstock S13 Zitrouneblat: Magnefi, Dëschtelpäiperlek: Quartl, Landkäertchen, Pohunnenaen, Klenge Fox, Amirol: D. Descouens S14 mnhn S15Fotos: mnhn, d’Zeechnunge sinn aus dem Buch «Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen» vum Edelgard Seggewiße am Hans-Peter Wymann, dat am Haupt Verlag erauskomm ass. Et kritt een et och als Bestëmmungs-App. S16 D. Descouens, Quartl, Magnefi S18 shutterstock S19 Kaart: Sarefo, Foto: shutterstock S20 Schlaang blo Zong: Psirex S21 Boa: shutterstock, Korallenotter: Dawson, Scharlachnatter: Alessandro Catenazzi, Kinneksnatter: Dawson, Raup: Daniel H. Janzen, Area de Conservacion Guanacaste, Costa Rica, http://janzen.sas.<http://janzen.sas.upenn>upenn. edu<http://upenn.edu 03-SRNP-11366-DHJ75759, Gréng Mamaba: Patrick Coin S22 Anakonda: Vadim Petrakov / Shutterstock.com, Taipan: XLerate, Netzpython: Mariluna, Titanoboa: Ryan Quick2 S23 Rätsel: Stefan3345, Schlaangefossil: Dave Martill, University of Portsmouth S24 &25 Roland Proess S27 Hannergrondfoto: Matthias Loiseau S29 Vollmound: Gregory H. Revera S30-31mnhn
6
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun
maach e ganze Koup Lampionen
l Spaass b l i v a d n a p ngt o der enger Wäschlé
r fest! e m m eim Su
Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
31
! r e t i e w t h e g r e u e t n e Das A b Verlängerung bis 8. Oktober 2016 Maacht mat beim Workshop „Schlaangen a Seejomessen“ fir Kanner an Erwuessener am Kader vun der Ausstellung «Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika»
Méi Informatiounen zu de Vakanz-Workshoppen a Sonndes-Visiten vum ‚natur musée‘ fannt dir ënner https://www.mnhn.lu/agenda/
Imprimerie: Unijep
Bewonnert lieweg Schlaangen, kuckt de fläissege Blatschneider-Seejomesse beim Schaffen no a schaaft är eegen Déierefigur!