e puer Vertrieder aus der grousser
Kazefamill Ozelot
Karakal Sandkaz Gepard
Serval Léiw Puma Tiger
Jaguar
Manul
Leopard
Luchs Marberkaz
Hauskaz DE PANEWIPPCHEN 2/2017
Wëll Kaz Bengalkaz Tropesche Reebësch
Gras
Savann
Wüst
Fielsen
Bësch
Sandkaz
Nordamerika
Nordasien
Europa
Wëllkaz
kuck S.32
kuck S.22
Südasien
Luchs kuck S.34
Manul
Südamerika eo
Ka
s r
De Puma fillt sech bal an all Liewensraum wuel. Hie ka vum Buedem aus mat engem Saz 5 m an d’Luucht op e Bam sprangen, sou rett hie sech viru sengem eenzege Feind, dem Wollef. De Puma kann net brëllen, mee hie ka verschidden Téin, dorënner och jäizen, wéi e Mënsch. De Puma frësst gär Hirsch, Elch, Rendéier a Raten. Hie schläicht sech u si run, sprint kuerz, spréngt drop a bäisst zou. Bei sou engem kuerze Sprint kann hie bis 70km an der Stonn séier rennen. Pumae gëtt et ëmmer manner, well de Mënsch se jot.
Bengalkatze,
ardofel i
D’Marberkaz tuernt am léifsten an de Beem. Hiren décke pelzege Schwanz hëlleft hir fir dobäi d’Gläichgewiicht ze behalen. An der Nuecht jot si Hörnchen, Fräschen, Vullen an Insekten. Si huet aussergewéinlech laang Eckzänn. D’Marberkaz gëtt gejot wéinst hirem Pelz an hirem Fleesch, och wa se a ville Länner geschützt ass.
Den Tiger ass déi gréisst Kaz, déi haut lieft. Déi zweetgréisst Kaz ass de Léiw an op drëtter Plaz ass de Jaguar. Hei sinn d’Kaze vun dësem Poster der Gréisst (Schëllerhéicht) no: 100cm _ 50cm _
DE PANEWIPPCHEN 2/2017 Text: Sylvie Hagen
eetah, Acinonyx jub ard, guépard, ch De Gepard ass dat séierst Déier um Land. Hie ka bis 100 km an der Stonn séier rennen. Hien hält dat awer net laang duerch, dofir muss hien no u säi Friessen erun, fir se da wéi e Blëtz ze fänken. Hie frësst am léifste Gazell an Antilop. De Gepard ass schlank an huet ganz laang Been. Hie ka seng Krallen net anzéien und huet, anescht wéi déi aner Kazen, ronn Pupillen. De Gepard lieft eleng an huet gär seng Rou, dofir geet hie sengen Aartgenossen aus dem Wee. Geparde gi vun de Léiwe gejot, awer och vun de Véiziichter, déi fäerten, si géifen hinnen hiert Véi friessen.
r a u g , jaguar,Panthera r a u g a a j J ar, o u
a nc
Pu
ch at
Marberkaz marbré, marbled cat, P
D’Bengalkaz lieft an de Beem, awer och am Gestrëpp um Buedem. Si ka gutt klammen a schwammen. Si geet an der Dämmerung an nuets op Juegd no Maus, Hörnchen, Hues, Fësch a Reptil. D’Bengalkaz steet ënner Naturschutz, gëtt awer nach ëmmer vill gefaang wéinst hirem Pelz, hirem Fleesch a fir als Hausdéier gehal ze ginn.
u
Gepard
s marmorata
Puma ma, puma, cougar, Puma concolo
Den Tiger ass zimlech liddreg a rascht vill. Dobäi läit hien och alt gär am Wasser. Hie geet just op d’Juegd an drénken, wann et onbedéngt néideg ass. Am léifsten huet hien Hirsch, Büffel a Wëllschwäin. Hie rennt hinnen net no, mee schläicht sech no drun, spréngt drop, bäisst se an d’Genéck a schleeft se an eng Stopp. Do frësst e bis e sat ass an dono gëtt gerascht. Virun 100 Joer gouf et nach 100.000 Tigeren, haut gëtt et der nëmmen nach ronn 4.000, well hire Liewensraum futti gemaach gëtt an d’Mënsche se schéisse fir hire Pelz.
Gep
De Leopard ka gutt klammen. Wann hien e Bam erofklëmmt, geet hie mam Kapp no ënnen an déi lescht 4m spréngt en. Hien ass e gedëllege Jeeër a lauert laang op engem Aascht oder engem Fiels, bis den Hirsch oder d’Antilop no genuch ass a gräift da wéi de Blëtz un. Dacks gesäit een e Leopard op engem Bam schlofen a friessen, do ass e sécher viru Léiwen an Tigeren. De Leopard ka schnurren a brëllen. Et gëtt ganz schwaarz Leoparden, déi nennt een da schwaarze Panther. Leoparde si vum Ausstierwe bedrot, well si nach ëmmer vum Mënsch gejot ginn.
tigris
, leopard cat, Prionail
ch a t -
a tus
ardu
ra p
Tiger, tig
Marmorkatze,
O
Oz
Bengalkaz léopard
ngalensis
Leopard pard, leopard, Panthe
Tiger re, tiger, Panthera
De Serval ass eng schlank Kaz mat ganz héige Been. Hie ka bis 50km an der Stonn séier lafen a bis 2m héich sprangen a sou Vulle fänken. Wann Hyänen oder Wëllhënn hannert him hier sinn, rennt e mat grousse Spréng fort a klëmmt héich op Beem. Hien huet grouss Oueren an héiert all Geräisch vu wäitem. Hie geet an der Dämmerung op d’Juegd an huet gär Hues, Maus a Wëllhinger. Hie schläicht sech no u säi Friessen erun, spréngt mat sengen Tatzen drop, bäisst zou a frësst direkt.
r us be
Den Ozelot geet an der Nuecht op d’Rull, am Dag rascht e verstoppt am Gestrëpp. Hie ka gutt klammen a schwammen. Op der Sich no Friessen trëppelt hee kilometerwäit. Hie frësst Mais, Kanéngecher a kleng Reptilien. Den Ozelot ass a Gefor, well säi Liewensraum zerstéiert gëtt a well der vill vun Autoen iwwerfuer ginn.
d , lé o
Leopa r
De Karakal huet Pinselouere wéi de Luchs a gëtt dofir och Wüsteluchs genannt. Hie lieft eleng, mee deelt säi Revéier mat Aartgenossen. De Karakal frësst gär Huesen an Zwergantilopen. Hie geet nuets op Juegd, hie schläicht sech u si run a gräift dann u wéi de Blëtz. Well seng hënnescht Been méi laang si wéi déi viischt, kann hien aus dem Stand bis 3m héich sprangen a sou och alt mol e Vull fänken. Mat deem, wat heen ësst, kritt hie genuch Flëssegkeet, dofir brauch heen net extra ze drénken. An Ägypten an Indien goufe fréier zahm Karakale gehal fir dem Mënsch bei der Huesejuegd ze hëllefen.
ser
l
al cara
Serval rval, serval, Leptailurus
va
e
Karakal kal, caracal, caracal, Carac
s
t o l e z lot, ocelot, ocelot, Leopardus pardali
ra
se , l a v
ca l
De Léiw ass gemittlech a schléift alt 20 Stonnen am Dag. De Léiwemann huet eng schéi Mähn an ass e richtege Pascha: d’Léiwinne mussen op d’Juegd goen! Si schläiche sech zu e puer un hiert Friesse run, sprinte kuerz, geheie se op de Buedem a bäisse se. Als éischt frësst de Léiwemann, dono d’Léiwinnen an da réischt déi Jonk. Si hunn am léifste Büffel, Zebra a Gazell. De Léiw ass déi eenzeg Grousskaz, déi am Rudel lieft, all déi aner liewen eleng. Säi Gebrëll kann een 8km wäit héieren. Et gëtt net méi vill Léiwen, well hire Liewensraum zerstéiert gëtt a si duerch Krankheete stierwen.
Jag
Lö
Afrika Ser
Léiw we, lion, lion, Panthera l
kuck S.31
De Jaguar ka gutt klammen a schwammen. Hie frësst am léifste Pekari (südamerikanescht Wëllschwäin) an Hirsch, ass awer net kriddelech a frësst och Schof, Reptilien, Vullen an Insekten. Op der Juegd lauert hie gedëlleg alt stonnelaang, a wann hien no genuch ass, gräift en u wéi de Blëtz a bäisst zou. Hien huet dat stäerkst Gebëss vun alle Grousskazen. Et gëtt ganz schwaarz Jaguaren, si gi schwaarze Panther genannt. Et gëtt ëmmer manner Jaguaren, well si wéinst hirem Pelz gejot ginn a well hiere Liewensraum zerstéiert gëtt.