De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
N°127 2/2019
Dës Nummer ass an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère entstanen
www.panda-club.lu
News
Wann s de ëm dës Zäit mat oppenen Aen duerch d’Natur gees, fënns du op ville Plazen eppes Gutts ze naschelen:
Traus de dech… … op e Bam ze klamme voller Kiischten, Mirabellen, Prommen oder Aprikosen?
‚Direkt an de Mond gepléckt‘
schmaacht dat Uebst nämlech am allerbeschten. Vläicht brauchs de e Kolleeg, deen der hëlleft, fir erop? Vergiess och net, datt elo d’Zäit vun Hambier, Äerdbier, Molbier, a Kréischel ass! A fir déi ze naschelen, brauchs de net mol op e Bam ze klammen!
… op e Bam ze k lam men? Op der Säit mundraub.org kanns de wëll oder net genotzten Uebstbeem an Heckeplanzen op der Kaart fannen oder fir jidderee markéieren.
TEXT:CARMEN GREISEN
D’Geheimnis vum Melusina Op der Sich nom Melusina sinn d’Zoe, seng bescht Frëndin Alice an där hire klenge Brudder Clarence owes am Musée ënnerwee. Kréie si tëschent Fësch- a Fluchsaurier, tëschent Vullen, déi net fléie kënnen an Datebanken Äntwerten op hir Froen? E spannend Kannerbuch aus der Serie «Enquêtes au Muséum», op Franséisch. Am Shop vum ‘natur musée’ fir 6 Euro.
2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
TEXT: SYLVIE HAGEN
PW 2/2019
«Die Bienenhüterin»
Vun Natur aus liewe Beie wëll am Bësch a Bamhielen, geschützt viru Reen, Sonn, Schnéi a Wand. Dëse Bamstamm steet am Gronn a bitt zënter dem 18. Abrëll engem Beievollek d’Méiglechkeet hei ze liewen. Dëst Vollek gëtt sech selwer iwwerlooss, de Mënsch gräift net an an et gëtt och keen Hunneg erausgeholl. De Bamstamm gouf dem ‘natur musée’ geschenkt am Kader vun engem Projet vum Grupp „Honey Bee Wild“, mat der Ënnerstëtzung vum FNR. Dëst Joer goufen 11 esou Stämm am Land verdeelt opgestallt an erlaben ze beobachten, wéi dës wëll Beievëlker sech am Laf vum Joer entwéckelen.
Skulptéiert gouf dësen 1,80 m héijen an 1m décke Stamm vum Nadine ZANGARINI, enger lëtzebuergescher Artistin, déi gär am Holz schafft. Besonnesch gefall huet hir, datt dëse Projet Konscht an Natur verbënnt.
Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 2/2019 Thema: Summer SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 LECKERT WAASSER SÄIT 8 ENG BLUMMENAUER SÄIT 12 FIR MATZESANGEN Sonnestralen, hell a waarm SÄIT 13 KNIWWELEN E leckere Kéiskéiseker SÄIT 14 E GAART OP DER FËNSTER SÄIT 20 SONNESCHUTZ SÄIT 22 KNIWWELEN Lieweg Strëmp SÄIT 24 D’GOLDA SÄIT 28 GRILLZÄIT SÄIT 32 Themen am ‘natur musée’ D’LIEWEN HIEFT OF SÄIT 38 KNIWWELEN E Beienhaus Impressum SÄIT 40 ‘natur musée’
www.nadinezangarini.com TEXT: MURIEL NOSSEM
I3
Eise Kierper besteet zu engem groussen Deel aus Waasser, dofir ass et wichteg, vill Waasser ze drénken.
Ass et am Summer waarm, brauch eise Kierper nach méi Waasser, well mir och méi schweessen.
Drénk also esou dacks wéi méiglech iwwer de ganzen Dag a virun allem wann s de dech beweegs.
4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Kanner sollen op d’mannst 0,5 bis 1 Liter an Erwuessener op d’mannst 1,5 Liter den Dag drénken.
Et fënnt een iwwerall e Krunn mat deem beschten a bëllegste Waasser a Waasserfläsche kann een iwwerall mathuelen: an d’Schoul, op den Training, op Ausflich... Denk un d’Ëmwelt a bréng deng eege Fläsch mat, fir se mat frëschem Krunnewaaser opzefëllen.
Nëmme Waasser läscht den Duuscht!
An der Limonad, am Jus an am Sirop ass ze vill Zocker an de séisse Goût mécht dech just nach méi duuschtereg.Dofir drénk si just heiansdo fir de Genoss.
Maach léiwer däin eegent Erfrëschungsgedrénks, ganz ouni oder mat just e bëssen Zocker, wéi Waassercocktailen, Äistéi oder Schorlen.
TEXT: ANNE MARX, NATASCHA REUTER I
5
Gëff Uebst, Kraider an / oder Gewierzer an e Krou oder an eng Fläsch a schëtt kaalt Waasser driwwer. Drénk et direkt oder looss et am Frigo zéien. Wat d’Waasser méi laang steet, wat et méi no eppes schmaacht. Am beschte kënnt keen Zocker an d’Waasser. Inspiréier dech u folgende Rezepter an zéck net, deng eege Kreatiounen ze mëschen. Denk just drun, datt
frëscht Uebst (och d’Orangen an Zitrounen) a frësch Kraider ëmmer mat Waasser gewäsch musse ginn, ier se benotzt ginn. Wann alles gedronk ass, kanns du de Krou nach eng Kéier mat Waasser opfëllen, well d’Kraider an d’Uebst ëmmer nach Goût hunn. No engem Dag solls de awer alles ewech geheien, well et soss schlecht gëtt.
+ +
=
Waasser. Looss Kach fir d’éischt d’ Minutte laang den Téi dann e puer zéien. Huel am gliddege Waasser aus. Gëff, dann den Téibeidel er , Kraider oder wann s de Loscht hues n Téi ofgekillt Uebst dobäi. Wann de Äiswierfelen ass, kanns du e mat zerwéieren. méi séiss hues, Wann s du et léiwer fel Zocker, kanns du een Zoppeläf 1 Liter Waasser Hunneg oder Sirop op dobäi ginn.
6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
=
+
+
s, wéi Mësch 1/3 Ju angejus, Äppeljus, Or Drauwejus, Kiischtejus, Ananasjus... ddelwaasser. mat 2/3 Spru er Jus kafen od e d s n n a k u D s ressen. Wann och selwer p del wëlls, du kee Sprud platt kanns de och m en. Bei dëse Waasser huel n e e uchs du k Gedrénks bra obäi ze man. Zocker méi d
+ =
Fëll Uebst, wéi a fréier et wéi Molbieren, Äerdgewéinlech an. Wann bieren, Hambieren, d’Wierfele gefruer Schwarzbieren, Kiwi, sinn, kanns de se dann Orange, Zitroun a an e Glas Waasser ginn. Limoun... an/oder Sou kriss de e frësche Kraider, wéi PefferGeschmaach an et gesäit mënz, Salbei, Rosmarin, och nach flott aus. Basilikum... an Vergiess net, d’Uebst d’Äiswierfelform. ze wäschen, ier s de et Schëtt Waasser driwwer afréiers.
+
+
Gëff Uebststécker an d’Glaceformen. Fëll d’Forme bis op d’Halschent mat Jus an da mat Waasser op a verréier dat Ganzt. D’Waasserglace muss e puer Stonnen oder iwwer Nuecht an d’Killtruh. Du kanns Jus huelen, wéi Orangejus, Kiischtejus, Äppeljus, Drauwejus, Ananasjus... an Uebst, wéi Molbieren, Äerdbieren, Hambieren, Schwarzbieren, Kiwi, Orange, Banann, Mango... Sief kreativ a probéier verschidde Kombinatiounen aus. Denk drun d’Uebst ze wäschen, ier s de et schneits an afréiers.
+ + =
= TEXT: ANNE MARX, NATASCHA REUTER I
7
Eng Blum
Wéivill Auer ass et?
Ee Moment, ech kucken op meng Pissblumm!
Eng iwwerraschend Äntwert, oder? De schwedesche Botaniker
Carl von Linné (1707-1778) war e gudden Naturbeobachter an huet eng erstaunlech Feststellung gemaach fir déi deemoleg Zäit:
nzenaarte Bestëmmte Pla ten bléien zu bestsëimgm n op Dageszäiten, em in gene an zou no hir ee Biorhythmus! A sou koum hien op déi genial Iddi, eng
Blummenauer unzeplanzen:
vun m r o F a t e e b e m m lu EB eelt an d e g a , t la b r e f if Z engem onderëm r u o w , r e k c é t s e t r 12 Taa sinn. t z n la p e g u n e m m lu B Hei eng Illustratioun nom Carl von Linné senger Iddi. Hien hat 1745 zu Uppsala a Schweden eng Blummenauer uplanze gelooss. 8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
©Thorbecke Verlag Illustratioun vum Ursula Schleicher-Benz, ëm 1948.
d nlan Fin
Sch wed en
Nor w ema rk
UPSALA
Dän
Sonneblumm
Am Zentrum ass d’ , si dréint hire Kapp all Dag vun Osten no Westen, dem Sonneliicht no, a géint der Owend zréck no Osten. Dëst mécht si awer just bis si ausgewuess ass, da kuckt si ëmmer no Osten.
ege n
mmenauer
Däitschland
12 Felder.
Ronderëm sinn Op dëser Auer liest een
d’Nimm vun de Planzen, déi moies hiren Nektar ubidden an d’Nimm vun de Planzen, déi no 12 Auer hir Bléien zou man.
D’Planz profitéiert vum Besuch vum Insekt, well sou ganz niewebäi de Polle vun enger Bléi op déi aner transportéiert gëtt, d’Bléi ass bestäubt a kann elo Some bilden.
Fir e puer Stonnen huet de Linné keng Blumme fonnt, déi hir Bléien zu der passender Zäit opman. Dofir huet hien do
Aarten agesat, déi zu där Zäit hir Bléi zoumaachen. Déi stinn am Krees bannen.
TEXT: MURIEL NOSSEM I
9
Ënnerschiddlech Ëffnungszäite vun de Bléien hu Virdeeler: te en Aar er d id h c s m er - Déi v te fannen ëm k e vun Ins essen. z’i eppes
he sech - D’Insekte maac bei der keng Konkurrenz Fuddersich.
- D‘Planze spueren Energie, well si just dann hir Bléi opmaachen, wann déi Insekten ënnerwee sinn, déi op dës Bléi spezialiséiert sinn.
Grouss Margréitchen,
Margerite, marguerite, oxeye daisy, Leucanthemum vulgare
- Den Er folleg bei der Bestäubung gëtt erop gesat, well zu enger bestëm mter Auerzäit d’Insekten al l d’Bléie vun der selwec hter Aart besichen, dat as s eng Viraussetzung, fir datt d’Bestäubung klappt!
Huesebrout, Wald-Sauerklee, oseille des bois, wood sorrel, Oxalis acetosella
12:
më
SuppenDuederblumm,
Sumpfdotterblume, populage des marais, marsh-marigold, Caltha palustris
Hunnegbei, Honigbiene, abeille commune, honey bee, Apis mellifera
Goldblumm,
Ringelblume, souci, marigold, Calendula officinalis
Bommel, Hummel, bourdon, bumblebee, Bombus
Gold-Rousekiewerlek, Goldglänzender Rosenkäfer, hanneton des roses, rose chafer, Cetonia aurata
6:00 moies
Wëllbei/Rout Mauerbei, Wildbiene/ Rote Mauerbiene, abeille sauvage/ osmie rousse, wild bee/red mason bee, Osmia bicornis
Heckewann,
Chrysoperla carnea
Zaunwinde, liseron des haies, hedge bindweed, Calystegia sepium
WäIschwäermer, Weinschwärmer, sphinx d vigne, elephant hawk mo Deilephila elpenor Schwiefméck, Schwebfliege, syrphide, hoverfly, Syrphidae
Feierblumm,
Klatschmohn, coquelicot, poppy, Papaver rhoeas
10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Goldaen, Florfliege, chrysope verte, green lacewing,
Schikeri,
Wegwarte, chicorée sauvage, chicory, Cichorium intybus
Kürbis, Kürbis, courge, marrow, Cucurbita
24:
nue
Wéi zouverléisseg ass déi Auer? fléien net Wann et reent, da nnt keng vill Insekten an et fë Bléie Bestäubung statt. D’ nannten ginn net zu der ge nnt aus Zäit zou, d’Auer kë ! dem Takt a geet no
Ëmgedréint kann et och sinn, datt immens vill Insekte bei guddem Wieder fléien a bestäuben. D‘Bléie maache méi fréi zou, d’Auer kënnt aus dem Takt a geet vir!
Opgepasst! Korrekt funktioné iert eng Blummenauer ju st, wann d’Planzenaarten an d’Klimazon an a n d’Joreszäit passen.
Äiskraut/Mëttesblumm,
:00
Mittagsblume, pourpier de Cooper, trailing iceplant, Delosperma cooperi
Dausendgëllekraut
Tausendgüldenkraut, petite-centaurée commune, common centaury, Centaurium erythraea
ëttes
Amirol, Admiral, amiral, admiral, Vanessa atalanta
Sou kéint eng Blummenauer hei bei eis ausgesinn.
Schmuebelschwanz, Schwalbenschwanz, machaon, swallowtail, Papilio machaon
Graslilie,
Graslilie, phalangère à fleurs de Lis, St Bernard’s lily, Anthericum liliago
Zitrouneblat, Zitronenfalter, citron, brimstone, Gonepteryx rhamni
18:00
Ligusterschwäermer, Ligusterschwärmer, sphinx du troène, privet hawk moth, Sphinx ligustri Härekraut-Schwäermer, Nachtkerzenschwärmer, sphinx de l’oenothère, willowherb hawkmoth, Proserpinus proserpina
Wonnerblumm,
Wunderblume, merveille du Pérou, four o’clock flower Mirabilis jalapa
de la oth,
:00
ets
nomëttes
Härekraut, Nachtkerze, onagre, evening star, Oenothera biennis
Nuetsblumm, Acker-Lichtnelke, silène noctiflore, night-flowering catchfly, Silene noctiflora
Geessebaart, Geißblatt, chèvre-feuille, honeysuckle, Lonicera caprifolium
TEXT: MURIEL NOSSEM I
11
1
Pléck d’Drauwe vun de Stiller erof a wäsch se.
2
r e k e s i é k s i é K E leckere
Schneit däi Liiblingskéis an Zentimeter grouss Stécker
Du brauchs:
e Stéck vun dengem Liiblingskéis, Drauwen, Zännstëppler, ze ee Brietchen, fir drop , en eid schn ismesser, e Knäipchen oder e Ké eng Bir, 2 Neelcheskäpp
3
Huel Zännstëppler a pick op jiddwereen eng Drauf an e Stéck Kéis.
4
Stiech d’Zännstëppler op eng Bir.
5
Pick nach zwee Neelcheskäpp als Aen an d’Bier a fäerdeg ass däi Kéiskéiseker.
12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019 I TEXT:SABINE GOERENS
, n e l a r t s e n Shoenll a waarm
m Lidd fënns du op
D’M
nge Versioun vu usek an eng geso
inecc.lu/pw TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS I
13
E Gaart op der Fënster Am allerbeschte schmaacht selwer gezillten, frëscht Geméis. Hues du kee Gaart? Kee Problem! Maach dir e Minigaart um Fënsterbriet.
14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Wat wiisst do? Chilien
Kraider
Zitrounekraut Salbei
Oregano
Teimerjännchen
Bratzelen
Äerdbier
Koriander
Réidercher
Peffermënz
Cresson
Péiterséileg Rosmarin
Basilikum
Minitomaten
Bliedercherszalot Bliedercherslaitue
Mauséiercher
Rucola TEXT: SYLVIE HAGEN I
15
Wéi maache mer 1. Aus Som selwer zillen Somtiitecher gëtt et am Supermarché oder am Gaardegeschäft.
Buedem an Eeërdëppecher, extra Planzdëppercher, Schossel, Blummendëppen, Eemer… fëllen.
Wann d’Plänzercher ongeféier 5 cm héich sinn, ëmdëppen. Ganz virsichteg eraus huelen…
16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
e Fënstergaart?
Som ongeféier 1 cm déif an de Buedem drécken. Op d’Fënsterbriet op en Teller stellen. Hell a waarm soll et sinn. Fiicht halen, awer net naass.
… an eenzel oder zu e puer an Dëppen, Blummekëschten, … planzen. Op d’Fënsterbriet oder de Balcon stellen.
Fiicht halen, awer net naass, Kraider stinn net gär mat de Féiss am Waasser.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
17
2. Planze setzen Planze gëtt et um Maart, am Gaardegeschäft oder am Supermarché.
Virsichteg aus dem Dëppchen eraushuelen an an Dëppen, Blummekëschten… planzen. Eleng oder zu méi, awer net ze no beieneen. Fiicht halen, awer net naass.
Och Schalott, Ënn a Knuewlek kanns du am Fënstergaart uplanzen. Einfach d’Zéiwen an de Buedem drécken.
D’Planze brauchen:
+
Dagesluucht
+Wäermt+ Knuewlek
Schalott
Ënn
Dobannen ass d’Saison vill méi laang wéi am Gaart, well dobannen ass et ëmmer schéi waarm.Och am Wanter gëtt et Kraider, Réidecher a Pléckzalot op der Fënster… 18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
An dann Gudden Appetit! Kraider mat enger Schéier ofschneiden. Tomaten, Äerdbier a Chilischote plécken. Réidercher erauszéien. Wäschen a gutt schmaache loossen!
Waassercocktail, Schorle, Äistéi, (kuck S. 6&7)
Kraiderkéis Kraideromlett
Eeër mat Salz, Peffer a kleng geschniddene Kraider klappen. An der Pan broden.
Wäisse Kéis oder/an Jugurt mat geschniddene Kraider a Peffer verréieren.
Réiderchersschmier
(PW1/2016 S. 11) https://www.pandaclub.lu/2016/05/de-panewippchen-12016/
TEXT: SYLVIE HAGEN I
19
! . s i r e idd
m fi ner D ze n t a ut och m itamin llen
n n o ’S
’V e g ann him d n eis Z d s as a sinn ëlleft ken a
ster
h h t näc n i g r S a n e . h r é d c h sch Kierpe r eis S op estac k e s c u a nn se r, fi t, w tt fir ei e me auen. iten: K a So t u d g h ä eis ch gu brauc opzeb gutt S ebran n e o l r i n e fil n é ss Mir nn a ren. D ann viru So . m o ir n D’S rizéie h h kanns hütze c b o a c f h s er aw u dec t e d u n h wéi s n o , S t D’ Säi
D
De Ministère de la Santé huet zwee Pixi-Bicher ausgeschafft, ausgeschafft, wou et ëm d’Sonn geet a wéi ee sech virun zevill Sonn ka schützen. Du kanns dës Bichelcher op Sante.lu ënner dësem Link bestellen: http://sante.public.lu/fr/publications/index.php?q= sechs+Freunde+und+die+Sonne&%7E=do&from=search Da gëtt et och nach d’Sunnybox, eng interaktiv Léierkëscht zum Thema “Sonn”, fir Schoulklassen aus dem Fondamental. Déi kann een hei ausléinen: https://www.mennien.lu/sunnybox 20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
ees, g s engem u a t r a e m u d e m h, iers dder Sonnecrè c e d m è nei r . C n u n e g a m r r m e u g a e mat en nneschutzfact sol nom Schw lméisseg nei héije So sserfest Crème drun, dech rege an d'Féiss net. Och waae ginn. Denk och d'Oueren, d'Stir opgedro rèmen a vergiess anzec Hal dech tëschent 12 a 4 Auer am léifsten am Schiet op. E klengen Trick: Soulaang däi Schiet méi kleng ass wéi s du, kanns du ganz séier e Sonnebrand kréien.
Vergie deng A ss däi Son De Br e virun de nebrël net Mier " ël sol "CE Sonnest . Dee sch ra CE 4") ützt 3 dropst" (oder fir alen. o n dir de richteen hunn. Dë der Vakanz Hutt ge Sch s Norm beim der , Kap u t g z fir den arantéie a W Sonn , Som g Aen. rt verg ol eke ze ve brero iess sol rsto ; al e en. een ppe s as d'So n. Oc s gu nne h b tt sch ei b fir utz ede de K En -Moo ckte app T d'So -Sh ssn m W viru ame iede n nne irt n ne r m str at t a de len laa San ne nge d a t un n Ä n a de erm m W ch léis s p e a i r Wa gele nt un st n d er o . D'W nn 'So ch aa nne de ss mé et w str Sc er, i. D a alen hné a ofi rm i, . rd a en ss, k sc oc hw Wa h d e e dré asse run, sst nk r z vil ee en e .
TEXT: SABINE GOERENS I
21
Lieweg Strëmp! Amplaz Somen an en Dëppen ze planzen, gitt eraus, erfuerscht ären Terrain a maacht är Strëmp dobäi sou dreckeg wéi méiglech! Dobäi sammelt dir ganz vum selwe Somen an entdeckt, wat do sou wiisst.
Dot al Strëmp un a maacht se naass. Klammt dofir an eng Biitche mat Waasser oder sprutzt är Féiss mam Schlauch. Nach méi einfach ass et, wann dir no enger Reeschauer Wann der méi laang ënnerwee an d’Natur erausgitt. sidd, kënnt der d’Strëmp och iwwer är Schung undoen.
Rennt dann duerch Wisen, ënner Hecken a Beem oder duerch de Bësch an dréckt är Féiss an de Buedem an de Mätsch, fir datt souvill Some wéi méiglech hänke bleiwen. Laaft dann awer net méi duerch d’Waasser, soss ginn d’Somen nees erausgewäsch. 22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Wann d’Strëmp sti vun Dreck, da leet all Kéiers eng Strëmp an ee Glas oder e Bokal, maacht en Deckel drop a stellt se op eng sonneg Fënster. Wann d’Strëmp sech dréchen ufillen, maacht e bësse Waasser dobäi.
Lo musst der just nach waarden. No e puer Deeg wäerten déi éischt Kénge sech weisen. Spéitstens no 2 Woche sollten d’Some gekéngt sinn an d’Strëmp gréng ginn. Wann et dës Kéier net sollt geklappt hunn, da probéiert nach emol op enger anerer Plaz Somen ze sammelen.
Bei dësem coole Summerspaass kënnt dir erfuerschen, wat fir Planzen an ärer Wiss, ënner Hecken oder am Bësch wuessen.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
23
Bass du schonn der klenger, wonnerschéiner Fee Golda begéint? Am Dag verstoppt et sech meeschtens ënner Blieder, mee an der Dämmerung an nuets kanns du et ronderëm flatteren an op Bléien, Blieder oder Mauere sëtze gesinn. 24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Et huet gär Pollen, Nektar an den zockerséissen Hunnegda. Dee kritt et vun de Blatlais.
Et fillt sech iwwerall op der Welt wuel, ausser an Australien. Et lieft am Gaart, am Park, um Bëschrand an a Wisen, do wou et flaach ass an och an de Bierger.
Seng Fühler si Fiedem, mat deenen et taascht a säi Wee fënnt. Si kënne bal sou laang gi wéi de Kierper.
Säi Kierper ass hellgréng an ongeféier 1 cm grouss. Am Hierscht fierft de Kierper sech brong.
+/- 1 cm
Seng Aen sinn Hallefkugelen, déi metallesch blénken, dofir gëtt si Golda genannt.
Seng Flilleke sinn duerchsichteg mat ganz rengen Oderen Dat gesäit aus wéi eng zaart Spëtzt. Si hunn eng Spannwäit vun 1,5 - 3 cm. Wann d’Golda roueg sëtzt, si seng Flilleke wéi en Daach zesummegeklappt.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
25
Op Planzen, an der Noperschaft vu Blatlauskolonien zitt d’Weibchen pecheg Stiller erop, déi méi reng si wéi en Hoer. Dorop mécht et seng Eeër fest. Jee nodeem wéi d’Temperatur ass a wéivill et ze friessen huet, kann d’Weibche bis 20 Eeër den Dag, an am Ganze bis 700 Eeër ofleeën.
No 3-10 Deeg klammen d’Larven aus den Eeër. Si ernäre sech am léifste vu Blatlais, awer och vun anere klengen Insekten. An hirer Entwécklungszäit kënne si bis 500 Blatlais oder bis 10.000 Eeër a Larve vu Spannmilbe friessen. Si ginn dofir «Blatlausléiwen» genannt. Si gi 7-8 mm laang.
Aus dem Kokon klammen dann déi erwuessen Déieren. An engem Joer kënne bis 3 Generatiounen entstoen. D’Goldae gi meeschtens nëmmen 2 Méint al. Wa si et hikréien, fir ze iwwerwanteren, da gi si och méi al.
No 8-18 Deeg verpoppt d’Larv sech an engem wäissen, ronne Kokon.
26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
D’Golda gëtt vu villen Déiere gefriess, z. B. vu Vullen. Wann een et beréiert, stréimt e ganz ellenen, faule Geroch aus hire Sténkdrüsen, dat verdreift eng ganz Parti vun hire Feinden.
De Wanter verbréngt d’Golda dobaussen an dréchene Laf- oder Heekéip, a Bamhielen oder ënner der Bamschuel, dobannen am Schapp, der Garage, um Späicher, a Fënstersplécken an hanner der Rido oder der Rollued. Si ass ganz diskret, dofir, jot si net aus dem Haus, mee gitt hir an ärem Doheem Asyl fir de Wanter. Am Fréijoer flitt si duerch d’oppe Fënster nees eraus an d’Natur.
Déi kleng gréng Fee ass ganz nëtzlech, well hir Larv d’Planze vu Blatlais an aner Ongeziwwer befreit. Si ass beim Gäertner als biologesche Schädlingsbekämpfer ganz beléift. E Gaart mat ville Bléieplanzen an en Haischen, wou si sech dra verstoppe kënnen, lackelen dës schéin Déierecher un. Wéi et schéngt hu si den Nektar vun der Kazemënz a vum Purpursonnenhutt extra gär.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
27
! t i ä z l l i Gr Sidd dir och benzeg drop, bei guddem Wieder, de Grill unzefänken an ze gesinn, wéi d’Burgeren an d’Geméisspiisser lues iwwer der Glous brutzelen? Majo, dann hunn ech hei e puer Rotschléi fir iech an och e puer lackeleg Rezepter fir e besonnescht Grillerliefnis.
Wann s de en hëlzene Spiiss hëls, fir eppes opzespiissen an dat duerno ze grillen, da lee de Spiiss virdrun eng Stonn an d’Waasser, fir datt e sech gutt vollsuckele kann. Da verbrennt en der net um Grill! Pass op, datt beim Grillen net ze vill Fett an d’Feier drëpst oder leeft. Wann dat Fett nämlech verbrennt, bilde sech Stoffer, déi net gesond fir de Mënsch sinn. Wann s de eng Grillschossel benotz, da so dengen Elteren, si sollen eng aus festem Metall kafen an net eng aus Aluminium. Déi aus festem Metall kann ee spullen an ëmmer nees benotzen! Sollt eemol ee vun denge Grillstécker ugekuelt sinn, da schneit dat ewech an iess et net mat. Och dat ass net gesond fir ons. 28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
r e h c r e n n ä m e r Grompe
GRO
MPER
L E Z R E U W
AP TAT
Schiel eng réi Gromper an eng réi Patat a schneit se an 2 cm déck Stécker.
Wäsch eng Muert an deel se eemol an der Längt.
Huel hëlze Spiisser, déi s du virdrun ageweecht has.
Spiiss se op a Form vu Männercher.
Vermësch e bësse Sojaszooss mat Agavendicksaft a pinsel deng Männercher domadder an.
Elo si se prett fir op de Grill. No ongeféier 10 Minutte misste se fäerdeg sinn. TEXT: MIKE HAGEN I
29
n e r e g r u B s i a M 500 g
4
nen
1 k le
1 TL P
1 kleng geschn Jus vun e
50
Dat Ganzt gutt vermëschen a Burgeren doraus formen.
30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
3 EL M
aisstäerkt
l o v er, 1T p a k i r pa
e r d n e t a l K o r i e nibb
L Salz, Peffer
te
nger Lime
ewelek i f Kn u
Ë n e d di nn
c a k ten Zé h e g gn
De Mais an d’Bounen an eng Schossel ginn a mat dem Mixstaf püréieren.
g frësch gesch
ren ä k s i a M
äiss Bou w g 00
D’Maiskären op e Kichenduch schëdden an esou vill wéi méiglech Flëssegkeet erausquëtschen.
e c a l G n u o l e m Waasser Schneit d’Waassermeloun a kleng Véierel.
Schneit e klenge Schlitz an d’Schuel a stiech do e naasse Glacebengel dran.
Um Grill brauche se just 2 Minutte vun all Säit! TEXT: MIKE HAGEN I
31
’:
Themen am neien ‘natur musée
D'Liewen
hieft
of.
32 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
-
t h c u u L r e d n a t h c is e i De -
Wéi déi éischt Wirbeldéiere viru ronn 360 Millioune Joer aus dem Waasser komm sinn, haten d’Insekten, d’Spannendéieren an d’Dausendféisser sech scho laang u Land niddergelooss. Déi éischt Déieren, déi de Loftraum eruewert hunn, waren d’Insekten.
D A
B
C
Déi éischt Fluch-Insekte konnten hir Flilleken net zesummeklappen, sou wéi haut nach d’Libellen. Si haten nach 6 Flilleken: 2 ganz klenger um éischte Broschtsegment, a 4 grousser um 2. an 3. Segment.
elibell Fossil vun der Ris ger Meganeura aus en Kuelegrouf an , 300 Zentralfrankräich Flillek-Span Millioune Joer al, 68 cm
An der Karbonzäit si grouss Bëscher entstanen, an déi éischt Insekte mat Flilleke sinn opgedaucht. Si konnten direkt vun engem Bam op deen anere fléien (A→D), ouni mussen erofzeklammen, bei en anere Bam ze lafen, an dann nees do erop ze klammen (A→B→C→D).
,
s thairo o z a M nsekt oer al, i h c lu J Ur-F llioune cm i M 5 310 pan 5 S k e ll Fli
il foss e t k se En In essem, oer al, J u vu S illioune M g 180 laan m m 9 TEXT: GUY KERSCH I
33
t n n o f r e i e n k e l il l F e d 3mol An de leschten 220 Millioune Joer hu Wirbeldéieren 3mol hir Äerm zu Flilleken ëmgewandelt: Ueweraarm-Schank Ënneraarm-Schanken Handgelenk-Schanken
Mënsch
Mëttelhand-Schanken Fangeren
Déi éischt waren d’Fluchsaurier virun 220 Millioune Joer. Hire Flillek war en Hautsegel, dat tëschtent hirem Kierper an dem risege 4. Fanger gespaant war. Fluchsaurier
Vull Virun 150 Millioune Joer si kleng Dinosaurier geflunn, mat Flilleken aus lauter Fiederen, déi sech iwwerlappt hunn. Dat waren déi éischt Vullen. Virun 150 Millioune Joer kréien d’Fuchsaurier Konkurenz am Loftraum... end Anschein gen ass e klen unn! g r e efl Dinosauri e t Ma seng ! Plammen
Mat Plomme geflunn? Domat kann ee sech héchstens wiermen!
34 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Fliedermaus Viru 55 Millioune Joer sinn och Mamendéiere geflunn: d’Fliedermais. Hire Flillek ass een Hautsegel, dat vu 4 laangen dënne Fangere gespaant gëtt.
en k e l il l F r e g n a F e d t a Dei m -
D’Fluchsaurier ware keng Dinosaurier, awer “Kosenge” vun den Dinosaurier. Déi éischt Fluchsaurier haten e laange Schwanz, grouss Zänn, an nëmmen eng Flillek-Span bis 1,5 m.
don, EudimorphoMio Joer, virun 215an 80 cm Flillek-Sp
Rhamphorhy nchus, Fossil mat Ofdrock vun der Fluchhaut, 15 0M Flillek-Span 1,8 io Joer al, m
Quetzalcoatlus, Joer, Flillekvirun 72 bis 66 Mio Hie war 5 m Span iwwer 10 m! sou grouss héich am Stoen ahrscheinlech wéi eng Giraff - w dat jeemools dat gréisst Déier, geflunn ass.
Um Buedem sinn d’Fluchsaurier op 4 Been gaangen, andeem se d’Fluchfangeren no uewen/hanne gediebelt hunn.
Fluchsaurier Schanke vun Nidderk-ä erjeng, 180 Millioune Joer al
D’Fluchsaurier si schonn 80 Millioune Joer virun eis Vulle geflunn. Leider si se viru 66 Millioune Joer ausgestuerwen, a mir Vulle fléien nach ëmmer. TEXT: GUY KERSCH I
35
-
en k e l il l F r e d ie F e d t a m Dei r, ng, io Joe o l n Gua 160 M g n viru m laan 3
1.
Ur -Vull:eopteryx Archa
A China goufen eng Rei Dinosaurierfossilie mat Iwwerreschter vu Plomme fonnt. Vill Dinoen hu sech mat engem Fiederkostüm géint d’Keelt geschützt, a wuel och e Partner domat ugelackelt. 2.
Mo Daufderne Vu ll:
1. 2. 3.
4.
4.
Déi éischt Vulle ware kleng Dinoen, déi mat hire Fieder-Äerm fléie Den konnten. Archaeopteryx konnt nach net esou gutt fléie wéi eis haiteg Vullen. Archaeopteryx – ee wichtegt Fossil 3.
Haapt-Ënnerscheeder tëschent dem Ur-Vull Archaeopteryx an engem moderne Vull (Dauf): 1. Schnëss mat Zänn dënne Schniewel ouni Zänn* 2. Hand mat 3 Fangeren a Krallen Handschanken zesummegewuess* 3. Laange Schwanz aus ville Wierbelen kuerze Schwanz aus e puer zesummegewuessene Wierbelen* 4. Broschtbeen ouni Kamm breede Broschtbeenkamm** *dat spuert Gewiicht **do sinn d’Fluchmuskele verankert
Zwee Joer, nodeem de Charles Darwin am Joer 1859 säi Buch iwwert d’Evolutioun erausginn hat, gouf a Bayern e klengt verstengert Reptil fonnt – mat däitlechen Ofdréck vu Fiederen! Ouni dës Ofdréck wier d’Déier net vun engem Dinosaurier z’ënnerscheede gewiescht. D’Entdeckung vum Ur-Vull war e wichtegt Argument fir dem Darwin seng Evolutiounstheorie. D’Vulle stamen of vun den il, Archaeopteryx-Foss Dinosaurier – si sinn am , virun 150 Mio Joer Fong Dinosaurier!
50 cm laang
36 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Pass éi tt gu op! D m ill am do si Fam e R T. x!
en k e l il l F d n a H n e d t a m Dei -
Viru 66 Millioune Joer sinn d’Fluchsaurier an d’Net-Vullen-Dinosaurier ausgestuerwen. 10 Millioune Joer méi spéit hu Mamendéieren den Nuetshimmel fir d’Insekten onsécher gemeet: d’Fliedermais. Déi Onychonycteris, éischt virun 52,5 Millioune Fliedermais viru 55 Joer Millioune Joer hu schonn
eise moderne Fliedermais geglach.
Et ass net gewosst, vu wéi enge Virfaren d’Fliedermais ofstamen. Et ass unzehuelen, datt et NuetsMamendéiere waren, déi op Beem gelieft hunn. Si hu vläit dem haitegen AyeAye aus Madagaskar geglach.
déier, Aye-Aye oder Fanger cm, 1 m laang (Kierper 40 Schwanz 60 cm)
Et léisst sech un de Fossilien och net mat Sécherheet feststellen, ob déi fréi Fliedermais hiert Insektefudder scho mat Ultraschall-Echo gejot hunn.
is-Fossil, I caronycter io Joer, virun 52 M 37 cm Flil ek-Span
ossil, Palaeochiropteryx-F Flil ekvirun 48 Mio Joer, Span 30 cm
kt!! Kuckt! Kuc pp! m u Ka Ech stinn
TEXT: GUY KERSCH I
37
E Beienhaus
Bambus oder Schilf bleche Béchs Schrauwenzéier
Frënn e h c le z t ë n , n e Bau eise kleng Schutz i s u o w , h c a a een Ënnerd fannen. n e e R a d n a viru W
1
Schnouer
See
3
Looss der vun engem Erwuessene mat engem Schrauwenzéier e Lach an de Buedem vun der Béchs stiechen, no beim Bord.
Schneit d’Bambusbengelen, zesumme mat dengen Elteren oder Grousselteren, an nämlecht laang Stécker. D’Ränner musse ganz propper sinn, du kanns d’Fatze mat Schläifpabeier glat reiwen.
4
Stiech d’Bambusstécker an d’Béchs, ganz fest beieneen, sou datt keent erausfale kann.
Soss verletze mir eis d’Flilleken!
5
38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019
Hänk oder lee d’Béchs op eng geschützte Plaz, (e Bam, eng Heck, eng Mauer) a pass op, datt d’Lächer a Richtung Süd oder Südost kucken, well d’Insekten hunn d’Moiessonn gär. D’Nisthëllef muss waagerecht hänken.
Bau de Beienhotel onbedéngt zesumme mat engem Erwuessenen a passt gutt op är Fangeren op!
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounscomité:
Dofir suerge mir fir vill Blummen an Uebst!
C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, A. Marx, N. Reuter, F. Theisen, M. Ursone.
Texter:
S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, J.P. Majerus, A. Marx, M. Nossem, N. Reuter, S. Schneider.
Grafik an Illustratioun:
2
S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
S2 Hannergrond: ©shutterstock, Bam klammen: shutterstock, Buch: mnhn S3 mnhn S4-7 Gesondheetsministär S8&9 Blummenauer: Thorbecke Verlag Illustratioun: Ursula Schleicher-Benz S10 Kürbisbléi: Prenn, Schikeri: HZell, Feierblumm: MOs810, Heckewann: J:F: Gaffard, Goldblumm a Fräscheblumm: Wildfeuer, Grouss Margréitchen: B59210, Huesebrout: André Karwath aka S11 Äiskraut: Crochot, Dausendgëllekraut: BerndH, Graslilien: Leif Stridvall, Wonnerblumm: Wildfeuer, Gäässebaart: Meneerkebloem, Nuetsblumm: homeredrewardprice S13 mnhn S14-19 Gesondheetsministär an mnhn S20&21 mnhn S23&24 mnhn S24 Katja Schultz S25 Goldaen op Planz: Melissa McMasters, Goldaen op Blummen: HGolaszewska, Goldaen Hierscht: Christian Fischer, Goldaen grouss: Alvesgaspar1, Goldaen Aen: Dack9, aner: mnhn S26 Goldaen vun uewen: Katja Schultz, Goldaen Eeër: Judy Gallagher, Goldaen Larv: Eric Steiner, Goldaen Kokon: José Verkest, Goldaen Verpoppen: Nikita Kluge S27 Goldaen flitt: Cavid Short, Goldaen Haus: Ra Boe,Goldaen Fanger: AJC1, Kazemënz: JLPC, Sonnenhutt: WeeJeeVee S28-31 mnhn, Waassermeloun: shutterstock S32 shutterstock S33 Beem: shutterstock, Ur-Fluchinsekt: Dibgd, Fossil Riselibell: Monyi, Insektefossil: mnhn S35 Eudimorphodon: shutterstock, Rhamphorhynchus: Motty, Quetzalcoatlus: Johnson Mortimer, Fossil: mnhn S36 Guanlong: Durbed, Urvull a moderne Vull: Gerhard Heilmann, Fossil Archaeopteryx: H. Raab S37 Onychonycteris: Loana Riboli, Aye Aye: shutterstock, Fossil Icanorycteris: Andrew Savedra, Fossil Palaeochiropteryx: Ghedoghedo S38&39 mnhn Poster: Simone Schneider
Zéi e Stéck Schnouer derduerch.
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Dësen Insektenhaus steet zu Miersch am Park.
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
TEXT: SYLVIE HAGEN
I 39
EXPOSITION natur mus é e 14 m a rs - 4 a o ût 2 0 19
MNHN.LU/NUIT
Exp osition conçue et réalisé e p ar le
40 I DE PANEWIPPCHEN 2/2019 Muséum national d’histoire naturelle -France
Imprimerie
25, rue Münster L-2160 Luxemb ourg