Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N°131 2/2020
Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère gemaach
www.panda-club.lu
News
Maach mat!
A
s?
ache kann
t s du ma ng Iddi, wa
Hues du e
AKTIOUN FIR WËLLBEIEN
Wat sinn deng Iddien? n eise Virschléi? Vläicht gefällt dir eppes vu tzung? wou brauchs du Ënnerstë Wat kanns du selwer man, mat? oder deng Jugendgrupp Mécht vläicht deng Klass
C E
B D
BALCON VERSCHÉINEREN COMIC ZEECHNEN DRÉCHEMAUER BAUEN
Schreif deng Iddien op:
EN ANZEN ERSETZ EXOTESCH PL FLYER AUSDEELEN
H
F
G
GA ART BEPLANZEN
HAUS FIR INSEKTE BAUEN
I J L K M N O P Q R S T U V W
INFORMATIOUNE SAMMELEN
JUGENDGRUPP GRËNNEN
KRAIDER SÉIEN
LIESERBRÉIF SCHREIWEN MAARTSTAND MAN
PSCHREIWEN NISTPLAZEN O ONKRAUT STOE LOOSSEN
PLAKAT MOLEN
H DE QUEESCH DUERC PLANZEN E M UM BL RT GAA RECHERCHÉIER EN
X Y
SCHOTTERGAART ERSETZEN
XXL- POUSTER ZEECHNEN
YOUTUBE-VIDEO OPHUELEN
Z
ZÄIT HUELE FIR ZE BEOBACHTEN
2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
TIPP ZUM THEMA BEIESCHUTZ VIRUGINN USÉIE VUN ENGER BLUMMEWISS VERHANDELEN WEIDEN UPLANZEN
TEXT: MURIEL NOSSEM
PW 2/2020 Wat ass dran?
Kaméidismécher Fuerscher hu virun e puer Joer a Brasilien d’Vullen aus dem Amazonas-Gebitt ënnersicht. Schonns vu ganz wäit hu si de Wäisse Klackevull héieren. De Vull séngt immens haart an d’Wëssenschaftler hunn 125 dB (DeziBel) gemooss! Hie mécht also méi Kaméidi wéi e Presslofthummer (100 dB) oder e Formel1 Auto (110 dB)! Wa mir normal matenee schwätzen, ginn ongeféier 60 dB gemooss. Ob de Wäisse Klackevull esou haart séngt, fir Weibercher aus enger grousser Distanz unzelackelen, gëtt nach ënnersicht. Interessant ass op jidder Fall: wat hie méi haart séngt, wat säi Gesang ëmmer méi kuerz gëtt. Weißglöckner oder Einklappenkotinga, oiseau cloche, white bellbird, Procnias albus
TEXT: CLAUDE HEIDT
De Panewippchen online
www.panda-club.lu/category/panewippchen/ Hei kënnt Dir iech all d'Nummere vun 1995 un ukucken.
SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2019 Thema: SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 ROUT FRIICHTEN SÄIT 10 D'FEEËLANTERSPANN SÄIT 14 KNIWWELEN Geblimmelt Gréiss SÄIT 16 SECH DOBAUSSE BEWEEGEN SÄIT 22 KNIWWEL Eng knackeg Summerzalot SÄIT 23 2020 JOER VUN DER BIODIVERSITÉIT 2 SÄIT 24 WIMMELBILD Déieren a Planzen am Summer zu Lëtzebuerg SÄIT 26 2020 JOER VUN DER BIODIVERSITÉIT 2 SÄIT 27 FIR MTZESANGEN Schweessnaass SÄIT 28 SCHWEESSNAASS SÄIT 32 INFEKTIOUNSKRANKHEETEN SÄIT 36 WËLL BEIEN SÄIT 40 THEMEN AM 'natur musée' Iwwerliewen duerch Upassung SÄIT 46 KNIWWELEN Palettenorchester an Zwitschridoo Impressum SÄIT 48 ‘natur musée’
I3
Rout Friichten Elo am Summer liichten a lackelen déi schéi rout Friichten am Gaart, um Maart, am Bësch a laanscht d’Weeër. Gitt eraus a maacht iech zesummen op d’Sich no dëse Vitamin-C-Bommen, dat mécht Spaass an déi selwer gepléckte schmaachen am allerbeschten! De Panewippchen huet Tippen a lecker Rezepter fir iech!
4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Äe
Ha
M
Pä
K
h! m Mm
Molbier, Äerdbier, Hammbier, Päerdsbier a Kréischele gehéieren zu de roude Friichten. Mee
erdbier
ammbier
Molbier
äerdsbier
Juni
Juli
September
Äerdbiere sinn zeideg vu Mee bis Juli, Hammbier, Molbier, Päerdsbier a Kréischele vu Juni bis September. An dëse Méint schmaache rout Friichten am beschten a si ganz séiss. Kréischele schmaachen ëmmer e bësse sauer.
Kréischelen
Vitaminn C Firwat si se sou gesond? An de roude Friichten si ganz vill Vitaminn C, Antioxidanten a Ballaststoffer.
Ballaststoffer Antioxidanten wéineg Kalorien
D’Vitaminn C an d’Antioxidante si gutt fir eisen Immunsystem. Eise Kierper ka sech also besser géint Krankheete wieren.
Waasser
D’Ballaststoffer si gutt fir eis Verdauung. Rout Friichte bestinn och aus vill Waasser an hu ganz wéineg Kalorien.
Wéi gi se versuergt? Rout Friichte sinn empfindlech a sollen am beschten direkt, nodeems ee se gepléckt oder kaaft huet, giess ginn. Se hale sech 2 Deeg am Frigo. Se sollen do esou versuergt ginn, datt se net zermätscht ginn. D’Blobieren hale sech e bësse méi laang wéi 1 Woch am Frigo. Virum Iesse solle se ëmmer gutt ënner kalem Waasser gewäsch ginn. Awer net ze laang am Waasser leie loossen, well soss verléiere se hire Geschmaach. TEXT: ANNE MARX I
5
r fënnt een Am Summe m Gaart an a n re ie B s dë sch. och am Bë
Wou dierf ee plécken?
Am ëffentleche Bësch a laanscht ëffentlech Weeër a Stroossen (ausser an engem Naturschutzgeb itt) dier f ee Friichte fir de n eegene Gebrauch plécken.
WICHTEG! Wann een d’Friichten an der Natur sammelt, ass et wichteg, datt een net scho beim Sammelen naschelt. Fir d’éischt musse se gewäsch ginn. Och d’Hänn soll een net an de Mond stiechen, a wann een doheem ass, se gutt wäschen.
D’Friichten, déi ee pléckt, sollen och net ze no iwwer dem Buedem sinn, op enger Héicht vun engem Meter (wou d’Hënn net kënnen dowidder pissen an d’Fiiss hire Kacka, wou ee sech eventuell kéint mam Fuussbandwuerm ustiechen, net kënnen ofleeën). Wann et Friichte sinn, déi no um Buedem wuessen, soll ee sech Plazen eraussichen, wou Hond a Fuuss net gutt hikommen.
Opgepasst:
Nëmme Friichte plécken, déi ee kennt! Net all rout Friichte kann een iessen, verschiddener si souguer ganz gëfteg. E Bestëmmungsbuch kann hëllefen, fir sécher ze sinn, datt een d’Bieren iesse kann.
6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020 I TEXT: ANNE MARX
An Däitschland, an der Belsch an an Holland gëtt et Plazen, wou ee selwer kann an d'Uebstfelder plécke goen.
Sich fir all Fruucht hiert richtegt Blat, hire richtegen Numm a mol se faarweg! Äerdbier Erdbeere Fraise Strawberry Fragaria
Hammbier Himbeere Framboise Raspberry Rubus idaeus
Päerdsbier Brombeere Mûre Blackberry Rubus fruticosus
Molbier/Blobier Blaubeere/Heidelbeere Myrtille Blueberry Vaccinium myrtillus
Schwaarz Kréischel Schwarze Johannisbeere Cassis Blackcurrant Ribes nigrum
Rout Kréischel Rote Johannisbeere Groseille Redcurrant Ribes rubrum TEXT: SYLVIE HAGEN I
7
Rout Friichte schmaache gutt am Müsli, als Dessert oder als Pausesnack. Rout Friichte kann een och an e salzege Plat man, zum Beispill an eng Zalot.
Blobier Paangecher fir 4 Leit
300 g Miel 300 ml Mëllech 4 Eeër 2 Päck Bakpolver 2 Iessläffel Zocker E Grapp Blobieren
D’Eewäiss vum Eegiel trennen. Mam Mixer oder Schnéibiesem d’Eewäiss zu Schnéi schloen. D’Miel, d’Mëllech, d’Eegiel, de Bakpolver an den Zocker mëschen. De Schnéi drënner hiewen. Fir 30 Minutten an de Frigo stellen. E bësse Fett an eng Pan man an erhëtzen. Eng Louche Deeg an d’Pan schëdden. E puer Blobieren op den Deeg leeën. Wa bis kleng Bullen am Deeg opdauchen, de Paangech ëmdréinen a weider broden, bis en duerch ass. Dat selwecht widderhuelen, bis de ganzen Deeg opgebraucht ass.
8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Äerdbier Carpaccio
500 g Äerdbier 10-15 Blieder Basilikum 1 Zoppeläffel Zitrounejus 1 Schotz Balsamicoesseg
D’Äerdbiere gutt wäschen an d’Blieder erofschneiden. Se a ganz dënn Scheiwe schneiden. D’Stécker a Form vun enger Blumm op en Teller leeën. Basilikum wäschen an a kleng Stécker schneiden oder rappen. An enger Schossel den Zitrounejus, de Balsamicoesseg an de Basilikum mëschen. D’Zooss iwwer d’Äerdbier schëdden.
Bowle fir 4 Leit
150 g Hammbier 150 g Äerdbier 200 ml Hielännerbléiesirop E Grapp Peffermënz 500 ml Waasser (kann och Spruddelwaasser sinn)
D’Friichte gutt wäschen a botzen. D’Äerdbieren de laange Wee a 4 Stécker schneiden. E puer schéin Äerdbiere fir d’Dekoratioun op d’Säit leeën. Friichte mam Hielännerbléiesirop an enger grousser Schossel eng Stonn am Frigo zéie loossen. No enger Stonn d’Friichte mam Waasser opgéissen. Wann et ze séiss schmaacht, nach e bësse Waasser oder Zitroun dobäi man. Mat e puer Friichten dekoréieren.
TEXT: ANNE MARX I
9
.
'
D'Feeelanter spann hue td
a nn he So i de Pa n
w 10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
g d l e F Wisen a
e, e rw ne n ë er d l e Fe
e ss wipp du c he nd n, du vlä bass dach vill a n? ich t sin t, w e h c s en dat kéint gewie
'
ee
t h c ees
er
n W ie
kleng
Lampio
ne fir d'Nue ch
t opgeha an
g?
Wéi ëmgedréinte Wäiglieser gesinn dës Lanteren aus, si heesche
. Feeelanteren
Du gleefs bestëmmt net u richteg Feeën an och net u Feldgeeschter? Mir och net, mee fréier hunn d’Leit fonnt, den Numm „Feeenlämpchen“ géing passen. Deemools sinn nach vill flott Feeëgeschichten erzielt ginn. Un niddrege Planzen, un héije Grashällem, un dënnen Äscht, u Blieder a souguer ënner Steng kann een, mat vill Gléck, dës Naturkonschtwierker entdecken.
. . An hei stelle mir dir de Kenschtler vir . '
. Déi brong Feldspann, och Feeelanterspann genannt, . Feenlampchenspinne, agroeca brune, Fairy lamp spider, Agroeca brunnea aus der Famill vun de Feldspannen.
Weibchen
bis 1cm
. Mannchen
bis 7 mm
TEXT: MURIEL NOSSEM I
11
. Stell dir dat Bauen esou vir .
Et ass eng aussergewéinlech Spannenaart, well dat, wat déi meescht Spanne gutt kënnen, en NETZ ze spannen, fir Insekten ze fänken, dat ka si NET! Dës Spann geet an der Nuecht op d’Juegd a klotert ganz virsiichteg iwwerall hin a sicht no eppes, wat se friesse kéint.
1. Nuecht
Mee, stopp! Wéi ass dat mat de Feeëlanteren, déi sinn dach gewieft?
D’Spann spënnt als éischt e seident Band ronderëm en Hallem oder Aascht an dodrun en décke Fuedem, deen erofhänkt. Dann hänkt si sech ënnendrun a spënnt eng Zort Becher. Dofir muss si ganz reegelméisseg am Krees ronderëm lafen, ëmmer nees, d’ganz Nuecht duerch, bis de Becher fäerdeg ass.
Richteg, mee do spënnt si e Fuedem a baut an enger eenzeger Nuecht dëst Konschtwierk, e Meeschterwierk, Respekt!
WOW!
12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Si leet tëscht 40 a 60 Eeër an déi iewescht vun deenen 2 Kummeren, déi si am Kokon ugeluecht huet.
2. Nuecht Si spënnt e Seidefuedem vum Kokon erof, krabbelt op de Buedem a bréngt kleng Stengercher a fiicht Buedemgrimmele mat erop. Déi pecht se un, sou laang bis de Kokon esou ausgesäit wéi op der Foto. Perfekt getarnt!
Et dauert 3-4 Wochen, bis aus den Eeër Jongspannen erauskrauchen an an déi ënnescht Kummer plënneren.
Do bleiwe se nach 2 Wochen, ier se als erwuesse Spannen de Kokon opbäissen an an d’Fräiheet lafen. Schued, datt een dës Spann net dacks gesäit. Si verstoppt sech gär ënner dem Moos, ënner Steng a Blieder.
TEXT: MURIEL NOSSEM I
13
Geblimmelt Gréiss
Du brauchs: - en Eeërkarton, - eng faarweg Zerwéit od er Krepppabeier - gedréchente Blummesom aus der Blummewiss - eng Schossel - e Miessbecher - e Sift - Kichelchers-Bakformen - e Blat Bakpabeier - en Zoppemixer
Schëtt Waasser driwwer a looss et mautschen.
Zerapp den Eeërkarton an déi faarweg Zerwéit an eng Schossel. Zermuel alles mam Zoppemixer zu engem décke Bräi.
Dréck d'Waasser gutt eraus.
Fëll de Bulli an d’Kichelchersformen an dréck en um Bakpabeier platt. 14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Looss dat Ganzt dréchnen. Dréck d’Somkäre vun de Blummen an d’Kaarten.
Lo kanns de deng geblimmelt Gréiss verschécken!
TEXT: MURIEL NOSSEM I
15
Mir spillen dobaussen a beweegen eis ... … wéi dës Déiere mat hire besonnesche Stäerkten.
16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Als „Champion“ vun hirer Kategorie ginn d'Déieren eis e puer flott Iddien, an dann ass et un dir!
Bass du och sou „staark“ wéi all dës Déieren?
Wat brauche Just e bësse mer? Fantasie.
Reegelen? Déi maache mir eis selwer! Zu wéivill spille mer? Sou wéi et grad ass: alleng oder zu puer zesummen. Géi eraus op eng Plaz an der Natur an da kann et direkt lass goen! Mir hopse mat plakege Féiss iwwer de Sand. Kanns du eppes mat dengem Fouss oprafen a festhale wéi ee Stuerk? Mir sprangen op engem Bee weider.
Mir siche Bengelen a bauen en Nascht, sou wéi de Stuerk eent baut, lafen a fléie ronderëm… Et muss séier goen, well mir wëllen Eeër leeën an eisen Nowuess am Nascht fidderen.
, arze Stuerk oire, w h c S : m m en Nu rch, cigogn Schwarzstostork, Ciconia nigra black -100 cm Gréisst: 95
wäit: 155 cm
Fligelspan
Gewiicht: 3
kg
: schwaarz, Ausgesinn em Bauch just ënner d Patten a wäiss, rout iewel roude Schn
n
Numm: Wäisse Stuerk, Weißstorch, cigogne blanche, white stork, Ciconia ciconia Gréisst: 100-115 cm
Fligelspanwäit: bis 215 cm Gewiicht: 2,3 à 4,4 kg Ausgesinn: wäiss a schwaarz mat roudem Schniewel a roude Patten Iessen: Fräschen, Fësch, Insekten
De Stuerk a säi Partner bauen e grousst Nascht, dat all Joer rëm benotzt an ausgebessert gëtt. Sou kann et no 30 Joer riseg grouss sinn! Wann hien duerch d’Waasser leeft a jot, breet e seng Flilleke vu bal 2 Meter wäit auserneen.
sch, Insekte
schen, Fë Iessen: Frä
TEXT: MARIANNE HOFFMANN I
17
D’Kaweechelche ka Säi buschege Schwanz bis zu 4 Meter vun engem benotzt et als Balancéierstaang, Aascht op deen anere sprangen! Et fir d’Gläichgewiicht beim Sprangen huet laang, spatz Krallen a kann de a Lafen ze halen, als Steier beim Bamstamm erop- an nees mam Sprangen, als Fallschierm beim Falen, Kapp no vir eroflafen! als Sonneprabbeli am Summer an als Decken am Wanter.
Klamm op e Bam an hal dech eng Zäitchen un. Net sou einfach? Natierlech kann d’Kaweechelchen (an och de Bammarder) dat besser, mee et ass flott, et och mol ze probéieren! Kanns du sou séier a geschéckerlech wéi e Kaweechelche klammen oder iwwer en décke Bamstamm lafen? Kuck, ob s du e Bamstamm fënns, deen um Buedem läit a probéier net erofzefalen.
Wéi laang kanns du un engem Aascht hänken? Wann dir zu 2 sidd, kënnt dir iech ofwiesselen an zielen... Wie packt et méi laang? Ronderëm lafen, kucken a sichen: Wie fënnt en Dännenzap? Oder eng Eechel? Mir sammelen alles op enger Plaz a kucken eis un, wat mer fonnt hunn. 18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Duerno verstoppe mer « eis Reserven », sou wéi d’Kaweechelchen. Fanne mer eis Stopp erëm no enger Zäitchen?
Eis gréissten Eil, den Uhu, ass e gudde Jeeër a ka séier an ouni Geräisch fléien! Wéi all d‘Eilen ass hien haaptsächlech an der Nuecht ënnerwee.
Kanns du ronderëm fléien, wéi eng Eil, ouni e Geräisch ze maachen? Bass du sou e gudde Jeeër wéi den Uhu? Lauschter mol gutt, ob s du eng Maus am Bësch héiers. Gesäis du se och?
Wann nach e Kand dobäi ass, kann et sech d’Aen zouhalen a lauschteren, ob et dech héiert, wann s du méi no kënns.
TEXT: MARIANNE HOFFMANN I
19
es, Rote s bois, red m jo e e s h ësc e de Numm: Bise, fourmi rouss Waldame , formica rufa wood ant bis 1cm Gréisst:
arzn: schwa Ausgesin er rp roude Kie arven, sekten, L Iessen: In Hunneg vun de m, Planzeso Lais
Bass du sou staark wéi eng Seejomes? Mir bauen eis eng ganz einfach Bud aus ofgefalen Äscht a schaffen zesummen, wéi d’Seejomessen.
20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
D'Bëschseejomesse bauen en Nascht, dat 1 Meter héich ka ginn an nach eng Kéier sou déif erof an de Buedem geet. Eng Kolonie besteet aus enger oder méi Kinniginnen a bis zu enger Millioun Aarbechterinnen. Si schaffen all zesummen a jiddereng huet hir Aufgab.
De Mëschtkiewerlek baut Tunnellen an de Buedem a fëllt dës mat Mëscht. Dora leet hien da seng Eeër. Wéi schwéier bass du? Stell der vir, du misst 60 000 Kilo ouni Paus drécken!
Numm: Päerdskrécher/Mëschtkiewerlek, Mistkäfer, géotrupe du fumier, dung beetle, Geotrupes stercorarius Gréisst: 1-2 cm grouss Ausgesinn: blénkeg bloschwaarz Iessen: Mëscht, Champignonen, Humus Stäerkt: Mëschtkugelen drécken, bis zu 2000 mol säi Kierpergewiicht!
Kuck och de Filmchen iwwer de Päerdskrécher #MamMuseeAnDNatur
Aha! Kuck mol ganz genee. Heiansdo gesäis de kleng brong Milben um Réck vum Kiewerlek. Dës Milbe benotzen de Kiewerlek als Taxi a loosse sech bei deen nächste Mëschtkoup transportéieren.
Sich dir en décke Steen oder e klenge Bamstamm an dréck dëse sou laang, bis du net méi kanns. Wéi wäit bass de komm?
TEXT: MARIANNE HOFFMANN I
21
knackeg Summerzalot fir 4 Leit
Wäsch eng hallef Kornischong an en Apel a schneit se a kleng Stécker. Schiel dräi Wuerzelen a rapp se.
Réier eng Zooss mat engem Iessläffel Esseg, zwee Iessläffelen Ueleg, enger Messerspëtzt Moschter, Salz a Peffer.
Mësch d'Kornischong, den Apel, d'Wuerzelen, eng kleng Béchs Mais an d'Zooss an enger Schossel.
22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020 I TEXT: SYLVIE HAGEN
Looss der dem Panewippchen se ng Liblingszalot vun dësem Summer gutt schmaachen!
2020
Joer vun der BIODIVERSITÉIT 2
Biodiversitéit ass wäertvoll! Ouni Planzen an Déiere kéinte mir Mënschen net liewen op dëser Äerd, dat ass gewosst! Mee firwat ass et da wichteg, datt et sou vill verschidde Liewensraim, Aarten a Gene gëtt?
uen? vum Haus ze ba h c a a Ass et net egal, D n e d fir er huelen, *wat fir een Holz mper mer an d’Frittendëppe geheien? tt? fortgeschwemmt gë en Re ste *Wat fir eng Grom ppelbléie bestëbst? ch nä im tt en net be *Wéi een Insekt d’Änge Wuerzelen de Buedem unhält, fir da *Wéi ee Kraut mat set fir propper Loft suergt? *Wéi ee gréngt Bla
Neen, et ass net egal! Well alles matenee vernetzt ass! Keng Planz, keen Déier, kee Bamstomp, keng Baach steet fir sech eleng a gëtt eens, ouni déi aner ronderëm. Och net de Mënsch! Sou en EkoSYSTEM1 ass eng zimlech komplex Geschicht a verännert sech stänneg. Iwwerlee der mol bei eisem Summer-Wimmelbild, wien do verbonnen ass mat wiem:
D’Maus z. B. frësst d’Weesskären, de Marder frësst d’Maus, de Päerdskrécher fält iwwer dem Marder säi Kacka hier, d’Seejomesse verbreeden de Som vum Teimerjännchen, de Keesermantel suckelt un de Päerdsbierbléien… an dat alles passéiert an der Heck, déi mat Hëllef vu Pilzen Närstoffer aus dem Buedem eraushëlt, a fir ze wuesse Reen a Loft brauch; eng Heck, déi d’Verbindung ass tëscht dem Feld an dem Bësch.
1
‘systema’ kënnt aus dem ale Griicheschen an heescht: ‚e Ganzt, wat aus eenzelen Deeler zesummegesat ass‘.
TEXT: CARMEN GREISEN I
23
el
is Qu
Karb lu
mm
ch Fo
s
kle
Feld maus
ng e
Bëschäerdbi er
m echo e s h c Bës
es
Groussen
m er
Te i
n jännche
Feie rbl u
Kar
H
ier b am m
Fe e ë
te lan rspa
Wol lbei
nn
Rou
de
Klé
ré Sp
mm
if
i Maulef
Pä
er
24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
e
Ro ud e
S ch
c ie hé rs
K
nt
erma ee s
wa nz
dsbier er
c he n
Sonneblumm
ei rb er
ard
mm
mm
Ba
u
er tt
er Ha
Tri ich t
dbl
kr rds
é ch ldé ier
Weess
r es
me
Geescht
G ol
chneid Blats e
ere de
e
au
He
M
res W
pel
margréi ise
he n c t
sch t i Piw
el
Mustik
n rspa n
Dach
s
Réngeln a
I 25
Pä
Wann de Buedem um Feld ze dréchen an ze haart ass (well et net vill gereent huet an de Bauer mam schwéieren Trakter driwwer gefuer ass), an d’Reewierm sech all verkroch hunn, dann huet de Maulef et schwéier do z’iwwerliewen. Da sinn ech Schéierschwanz frou, wann ech amplaz vum verfroossene Maulef vill Spréiwe fannen, fir se ze joen. Déi bleiwen awer nëmmen a mengem Revéier, wa se amplaz vun de leckere Reewierm (déi jo net méi ze fanne sinn) déi säfteg Friichte vun den Hecke picke kënnen.
All Kéiers, wann eng Aart verluer geet - oder wann eng friem Aart ageschleeft gëtt, déi net an deen Ekosystem passt - mussen déi ganz Netzer, déi déi verschidden Elementer verbannen, frësch gesponne ginn. An dat ass nëmme méiglech, wa vill verschidden Elementer do sinn. A wann déi eenzel Aarte genetesch verschidde genuch sinn, datt se sech kënnen un déi nei Konditiounen upassen an net Uff, och ausstierwen. dat war komplizéiert!! Dofir ass et och sou schwéier virauszegesinn, wat genee geschitt, wann eng bestëmmten Aart ausstierft!
D'Nimm vun den Déieren a Planze vum Wimmelbild Déieren
Planzen
Bammarder, Baummarder, martre des pins, pine marten, Martes martes Feldmaus, Feldmaus, campagnol des champs, common mole, Microtus arvalis Maulef, Maulwurf, taupe, mole, Talpa Dachs, Dachs, blaireau, badger, Meles meles Roude Schéierschwanz, Rotmilan, milan royal, red kite, Milvus milvus Spréif, Star, étourneau, common starling, Sturnus vulgaris Piwitsch, Kiebitz, vanneau huppé, northern lapwing, Vanellus vanellus Bëschseechomes, Rote Waldameise, fourmi rousse des bois, red wood ant, Formica rufa Harespel, Wespe, guêpe, wasp, Vespula vulgaris Blattschneiderbiene, abeille découpeuse, leafcutter bee, Megachile versicolor Wollbei, Wollbiene, wool-carder bee, abeille cotonnière, Anthidium manicatum Quisel, Gottesanbeterin, mante religieuse, praying mantis, Mantis religiosa Heemeldéierchen, Feldgrille, grillon champêtre, field cricket, Gryllus campestris Mustik, Stechmücke, moustique, mosquito, Culicidae Dachs, Dachs, blaireau, badger, Meles meles Päerdskrécher, Waldmistkäfer, géotrupe des bois, dor beetle, Anoplotrupes stercorosus Keesermantel, Kaisermantel, Tabac d’Espagne, silver-washed fritillary, Argynnis paphia klenge Fochs, kleiner Fuchs, vanesse de l’ortie, small tortoiseshell, Aglais urticae brong Feldspann/Feeëlanterspann, Feenlämpchenspinne, agroeca brune, Fairy lamp spider, Agroeca brunnea Réngelnatter, Ringelnatter, Couleuvre à collier, grass snake, Natrix natrix Mauerederes, Mauereidechse, Lézard des murailles, wall lizard, Podarcis muralis
Sonneblumm, Sonnenblume, tournesol, common sunflower, Helianthus annuus Goldblumm, Ringelblume, souci, common marigold, Calendula officinalis Karblumm, Kornblume, bleuet, cornflower, Centaurea cyanus Feierblumm, Klatschmohn, coquelicot, poppy, Papaver rhoeas Wisemargréitchen, Wiesen-Margerite, marguerite, oxeye daisy, Leucanthemum vulgare Roude Kléi, Rot-Klee, trèfle des prés, red clover, Trifolium pratense Groussen Teimerjännchen, Feld-Thymian, thym faux pouliot, broadleaved thyme, Thymus pulegiodes Bëschäerdbier, Wald-Erdbeere, fraisier des bois, wild strawberry, Fragaria vespa Hammbier, Himbeere, framboisier, raspberry, Rubus idaeus Päerdsbier, Wilde Brombeere, mûre sauvage, blackberry, Rubus fruticosus Weess, Weichweizen, froment, common wheat, Triticum aestivum Kar, Roggen, seigle, rye, Secale cereale Geescht, Gerste, orge commune, barley, Hordeum vulgare
26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020 I TEXT: CARMEN GREISEN
en s s e e w h l a r o m c n z n S s ga s a
D’Musek an
/pw
s du op mimamu.lu
oun vum Lidd fënn eng gesonge Versi
TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I
27
s s e e w h c s s S -naa
Un engem sonnege Vakanzendag spills du op der Plage an du spiers, wéi de Schweess der de Réck eraleeft. Oder du kënns heem vum Fussballspillen a bass zoppnaass geschweesst. Hues du dech schonns eemol gefrot, firwat mer eigentlech schweessen? 28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Dofir ginn et gläich e puer Grënn
D’Schweessen ass d’Klimaanlag vum Kierper. Wa mir an der Sonn oder an der Sauna sinn, awer och wa mir ons Muskelen ustrengen (z. B. beim Sport), hëtzt de Kierper sech op. Well ons Kierpertemperatur idealerweis ëm déi 37° C soll leien, muss d’Gehier dofir suergen, datt mer déi Hëtzt do nees lass ginn. D’Gehier gëtt dann den Uerder un d’Schweessdrüsen*: “Waasser marsch!”. Dat Waasser verdonst op onser Haut an déi killt dobäi of. D’Blutt, dat duerch d’Odere just ënner der Haut fléisst, killt mat of a sou gëtt onse ganze Kierper lues a lues erfrëscht.
iewescht Hautschicht
Hoer
Doftdrüs
De Schweess hëlleft awer och de Kierper ze entgëften. Iwwer d’Schweessdrüse gi verschidde Stoffer, déi beim Stoffwiessel* ufalen an net gebraucht ginn, aus dem Kierper eraus transportéiert.
Schweessdrüs
Wa mir nervös sinn oder Angscht hunn, ginn ons Hänn a Féiss schweesseg. Domadder bereet sech onse Kierper op d’Flucht vir, well fiicht Hänn a Féiss hafte besser um Fiels oder um Buedem. Dat war bei den Urmënsche wuel nach iwwerliewenswichteg, haut ass et éischter just ongemälleg. TEXT: MIKE HAGEN I
29
Wou sinn déi Schweessdrüsen? Mir hunn tëschent 2 an 3 Millioune Schweessdrüsen an der Haut iwwer onse ganze Kierper verdeelt. Op verschiddene Plazen hu mer der méi wéi op aneren; z. B. ënner den Äerm, an den Ielebéi, op der Stier, ënner de Féiss oder an den Hänn sinn der eng helle Wull. An deene Regioune gëtt et ons méi séier waarm, an dofir huet de Kierper do virgesuergt.
Firwat mëffelt Schweess? Et ginn zwou verschidden Zorte Schweessdrüsen. Déi eng produzéieren e Schweess, deen net richt. E besteet nämlech zu 99 % aus Waasser an nach aus e bësse Salz an anere Stoffer. Dofir schmaacht de Schweess och salzeg! De Schweess aus deenen anere Schweessdrüsen, den Doftdrüsen, richt ee schonns; do sinn eng etlech aner Stoffer dran, wéi Eewäiss, Fett oder och nach Doftstoffer. E richt also net frësch, mëffelt awer och net wierklech. An dësem Schweess sinn all déi verstoppte Botschaften dran, déi mir riche kënnen, wéi Angscht oder Stress. Sténkeg gëtt onse Schweess eréischt dann, wann e vu Bakterien, déi op onser Haut sinn, zersat gëtt. Dobäi entsteet och Bottersaier, déi wéi alen, ranzege Botter richt; an dat sténkt nawell zolidd! Do hëlleft nëmmen nach Seef a Waasser. Iwwregens soen ons d’Doftfuerscher, datt Schweess vu Fraen éischter no Ënnen oder Geesse richt, dee vu Männer éischter no Schwäin oder Moschusochs. 30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Mir gesinn, schweessen ass sënnvoll a wichteg fir de Kierper. Well duerch dat villt Schweessen awer och vill Waasser aus onsem Kierper erauskënnt, ass et wichteg, eise Waassertank ëmmer nees opzefëllen! Dofir musse mir genuch drénken, an zwar de ganzen Dag iwwer ëmmer nees e gutt Glas Waasser. (kuck och PW 2/2019 Säit 4-7)
*Drüsen
si kleng Fabricken am Kierper, déi eng Flëssegkeet (Sekret) produzéieren, déi de Kierper brauch fir kënnen ze funktionéieren. Déi Sekreter kënne bannen am Kierper gebraucht ginn (z. B. am Mo an am Daarm) oder baussent dem Kierper (z. B. Schweess, Tréinen, Spaut)
*De Stoffwiessel
ass eng cheemesch Reaktioun an de Kierperzellen, wou déi Stoffer, déi an onse Kierper erakommen, gespléckt ginn. Doduerch kréie mir engersäits Stoffer, déi ons Zelle kënne verwäerten, an anerersäits Offallstoffer, déi de Kierper rëm muss lass ginn. TEXT: MIKE HAGEN I
31
Infektiounskrankheete gëtt et iwwerall op der Welt, et gëtt vill verschiddener an et gëtt se scho säit éiweg. Mam Fliger, Schëff, Bus an Auto maachen d‘Krankheete séier den Tour vum Globus.
Dës Krankheete ginn iwwerdroen duerch Mikroben wéi z.B Viren, Bakterien, P ilzen oder Protozoen (= kleng Déiercher) oder duerch knaschtegt Waasser a befale Liewensmëttel. D’Infektioun ka vu Mënsch zu Mënsch weidergoen oder vun engem Déier op de Mënsch.
32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020
Wa vill Leit matenee krank ginn, an dat iwwer eng länger Zäit, da schwätzt ee vun enger Epidemie a wann dës Epidemie sech iwwer déi ganz Welt ausbreet, wéi z. B. d’Krankheet Covid-19, déi duerch de Coronavirus ausgeléist gëtt, dann ass et eng Pandemie.
Pandemie
VIRUSKR ANKHEETEN Vire si mini kleng. Si sinn op aner Liewewiesen ugewisen, fir sech kënnen ze vermeeren an auszebreeden. D‘Gripp, de Mumps, d‘Riedelen, d ‘Riselen, d‘Waasserpouken, d‘Kannerlämung, … si Krankheeten, déi duerch Viren iwwerdroe ginn.
Vire ginn duerch Kierperflëssegkeeten ( z. B. Blutt, Spaut,…) vun engem zum aneren. Beim Schwätzen, Houschten oder Néitsche fléie kleng Drëpsercher Spaut duerch d’Loft an esou kënnen dann aner Mënschen, déi nobäi stinn, dës Viren erwëschen. TEXT: FRANÇOISE THEISEN I
33
Wéi kë n n e mir eis géin t eso u V ir usk rank h e e t e sch ü t z e n? Antigen
Antikierper
Mikroben
wäisse Bluttkierperchen "Police"
Eisen Immunsystem ass normalerweis op Zack a passt op, dass kee vun deene schiedleche Mikroben eis krank maache kann. Soubal e Mikrob an eise Kierper erakënnt, erkennt déi ‚Police‘ an eisem Blutt, ob et en neien ass oder een, mat deem hie schonn eemol Kontakt hat. Dës Mikroben hunn op hirer Uewerfläch Antigenen, un deene se erkannt ginn. Alles wat den Immunsystem als friem ugesäit, gëtt gläich ugegraff.
Wann dat awer ee Virus ass, mat deem mer schonn eemol Kontakt haten, da gräift eisen Immunsystem op säi Gediechtnis zréck a mobiliséiert eis Antikierper am Blutt, déi dee schiedlechen Ugräifer séier Meeschter ginn. Wann et awer e ganz neie Virus ass, wéi dat beim Covid-19 de Fall war, dann hu mir nach keng Antikierper am Blutt. Bis déi da forméiert sinn, vergeet eng Zäitchen an an Tëschenzäit kënne mer richteg schwéier krank ginn.
Et ass also wichteg, dass eise Kierper vill Antikierper huet, fir méiglechst vill schiedlech Mikrobe séier z’erkennen an onschiedlech ze maachen. Wa mer op d’Welt kommen, da kréie mer duerch d’Mammemëllech éischt Antikierper, déi eis géint Krankheete schützen. Lues a lues musse mer dann awer eis eegen Antikierper opbauen an dat geschitt ëmmer dann, wa mer krank ginn oder mat engem neien Erreeger a Kontakt kommen. No enger Krankheet si mer da besser geschützt, fir déi selwecht Krankheet net nach eemol mussen duerchzemaachen.
34 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
E t gë t t aw er o ch e n g Méig l e chke e t A N T I K I E R P E R z e k r éie n , o uni k rank z e g in n ! Mir hunn hautesdaags d’Chance, dass mir eis géint vill geféierlech Krankheete kënnen impfe loossen. Impfungen hëllefen eisem Kierper genuch Antikierper am Blutt ze bilden an eis esou géint verschidde Krankheeten ze schützen. Bei enger Impfung kréie mer eng ganz kleng Dosis vum Mikrob oder Virus, déi eis net krank mécht, gesprëtzt. Dat geet just duer fir eisen Immunsystem ze këddelen an hien unzereegen, fir eegen Antikierper ze bilden. Dofir kann een no enger Impfung scho mol e bësse Féiwer kréien. Du bass bestëmmt och scho geimpft ginn. Säit d’Impfunge systematesch duerchgeféiert ginn, si vill Kannerkrankheeten, wéi Kannerlämung, Riedelen …. ganz oder bal ganz verschwonnen!
Säit 1980 gëtt et keng Pouke méi op d er Welt, eng oft déidlech Krankheet.
Dee gréissten Erfolleg am Kampf géint Infektiounskrankheeten hunn d’Impfunge bruecht. Et ass awer wichteg, dass méiglechst vill Leit geimpft ginn, fir dass e Virus sech net weider verbreede kann.
TEXT: FRANÇOISE THEISEN I
35
Wëllbeien
Hei summt et, hei brummt et an hei bléit et! Sou eng Blummewiss ass e wonnerschéinen a wäertvolle Liewensraum fir Déier a Mënsch. Tëschent deene villen Insekten, déi sech do wuel fillen, kanns du och Wëllbeien entdecken, eng méi schéi wéi déi aner. Méi wéi 330 verschidden Aarte ginn et zu Lëtzebuerg. 36 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
—›
g inn e i e nt b l n l a n Wë e g ärbeie t i l o S h oc
Dës Beie liewen net an engem Vollek zesumme wéi d’Hunnegbeien. Et gëtt just Männercher a Weibercher, awer keng Aarbechterinnen.
so litär heescht: eleng oder eenzel
Mir sinn net als Vo llek zesummen
›—
—› —› D’Weibche lieft just e puer Méint laang a leet seng Eeër a kleng Lächer an alem Holz, an huel Planzestiller, a Mauersplécken, an de Buedem, …
Virdru muss et dëst Lächelchen awer nach botzen; dann dréit d’WëllbeiWeibchen eng Mëschung aus Pollen an Nektar eran, leet en Ee drop a mécht vu baussen d’Lach zou. Aus dem Ee entwéckelt sech eng Larv, déi mam Pollen an Nektar direkt eppes ze friessen huet. D’Larv 2 Ausname ginn et: spënnt e Kokon a verpoppt sech. d’Bommelen a verschidden Um Enn vum Summer sinn Aarte vu Spléckbeien. Bei hinnen d’Wëllbeie voll entwéckelt iwwerwantert e Weibchen a gëtt an iwwerwanteren. am Fréijoer zur Kinnigin vun engem klenge Vollek mat Aarbechterinnen. Hei sinn ech.
Wou Wëllbeien doheem sinn Hei och!
An hei!
Gesäis du mech? An och hei!
An do!
Do och!
TEXT: MURIEL NOSSEM I
37
Beien, déi op Blieder duerch d’Loft reiden? Wann s du eng Bei op engem opgerullten, grénge Stéck Blat duerch d’Loft fléie gesäis, dann ass dat eng Blatschneiderbei.
Wat maachen déi mat deene Blieder?
erbeni/eiderbiene/ Blattsecnhbnleaid t t Garille coupsecuhse de feuilles/ abe -Cutter Bee/ Leafachile willibughbiella Meg
D’Blatschneiderbei schneit sech en ovaalt Stéck un der Baussesäit vum Blat eraus (dat dauert just e puer Sekonnen) a flitt mat den opgerullte Bliederstécker fort op déi Plaz, wou si hiert Nascht baut. Dat kann an enger Mauerspléck sinn oder an engem Friessgang vun engem Kiewerlek an engem Bamstamm. Si kann awer och selwer en Tunnel an e morscht Stéck Holz knabberen. Mat den opgerullte Blatstécker kleet si den Tunnel aus, si tapezéiert! Si sammelt Pollen (Bléiestëbs) an de Bléien; dee bleift un hirem horege Kierper gutt hänken. Mat de Beenercher schäert si de Polle vun Zäit zu Zäit un hir Hoer um Bauch. Si suckelt Nektar (Bléiesaaft) op a späizt deen am Nascht eraus. Zesumme mam Pollen, dee si vun der Bauchbiischt ofkämmt, ass dat eng perfekt Mëschung, fir en Ee drop ze leeën. Da schneit si ronn Blatstécker eraus a leet déi wéi Deckelen openeen an d’Ëffnung. Dës Kreesser pecht se mat Spaut un déi längelzeg Blatstécker. Elo ass d’Kummerdir zou a réischt nom Wanter (am spéide Fréijoer), krauchen déi jonk Beien eraus.
38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Op dës Manéier kënnen awer och e puer Kummeren hannertenee leien.
Eng Bei, déi Watt transportéiert? Dës grouss, pummeleg a wonnerschéi giel-schwaarz Wëllbei fält dir vläicht dëst Joër am Gaart op. Kuck emol genee, hir Beenercher si giel an d‘Sträife kommen um Réck net beieneen, den Deel an der Mëtt ass schwaarz.
Wou kënnt si dann un d’Watt a woufir brauch si déi?
Gaarde ei / Garten-W-Wolollblb ie ne ol-carder Bee/ abeille cotonniè/reWood Anthidie à manchetteser Anthidiu m manicatum /
Si schappt mat den Zännercher vun hiren ieweschte Kifere Planzewoll of. Dat si Planzenhoer vun de Stiller a vun de Blieder vu Weiden, vu Stréiblummen, vum Baartnéckel, vu Quiddebeem. Si sammelt och gäre Somkäre vu Pëppelen an Dëschtelen. Si rullt déi Planzewoll mat hire Been zu enger Bull an transportéiert alles an en Huelraum: an eng Mauerspléck, an e Lach an engem alen Holzpotto, a leemeg Wänn. Do baut si aus deem Material eng Rëtsch Zellen, entweder niefteneen oder an enger Rei hannerteneen. An all Zell leet si en Ee. An de viischten Deel vum Huelraum tässelt si Stengercher, Planzewoll, Holzdeelercher, dréche Blieder, kleng Buedemknuppen, … Domat verbarrikadéiert si d’Nascht vu baussen.
Geschéckerlech!
Opfälleg grouss Wollbeien, déi bei de Bléien hin- an hirfléien??? Dat sinn d’Männercher! Si patrulléiere virun de Bléien, wou d’Weibercher onermiddlech Pollen an Nektar sammelen a weisen: hei ass mäi Revéier! Sou verdreiwe si aner Wollbeiemännercher an och soss Insekten. Si stoussen déi ewech a gräife se souguer mat Picken un, déi si um hënneschten Deel vum Kierper hunn.
TEXT: MURIEL NOSSEM I
39
Th em en a m ‘n a tu r m us ée ’:
Wüstefuuss
Iwwerliewen Roude Fuuss
duerch
Upassung
Polarfuuss 40 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
-
D'Liewen ass zei.
Europäeschen Hues
:
Wou genuch Waasser ass, a wou et net ze kal an net ze waarm ass, lieft et sech am beschten. An esou enger moderéierter Zon fënnt een z.B. de Roude Fuuss an den Europäeschen Hues. D’Liewen huet sech awer och un extreem Géigenden ugepasst, wou et ganz waarm, ganz kal oder ganz dréchen ass. Wüstefuuss oder Fennek
Hetzt
Dem klenge Wüüstefuuss seng Ouere ginn 10 cm laang; si maachen 1/5 vu senger Kierperuewerfläch aus. Den afrikanesche Kaphues huet déi gréisst Ouere vun allen Huesen. Iwwer hir grouss Ouere ginn dës Déieren iwwerschësseg Hëtzt of.
Isoléierung
Schnéihues
Kaphues
De Schnéihues an de Kaphues hunn allebéid Pelz ënner de Féiss. Sou kritt de Schnéihues d’Féiss op Äis a Schnéi net kal, an de Kaphues verbrennt sech se net am gliddege Sand.
Keelt
Äisbier
De Polarfuuss an de Schnéihues hu kleng Oueren. Hir Been sinn och zimlech kuerz an hire Kierper ass mockeleg. Alles dat verklengert hir Kierperuewerfläch, fir datt se sou mann wéi méiglech Hëtzt verléieren. Dem Äisbier seng Fousssuele si rau wéi Sandpabeier, fir datt en um Äis net ausrëtscht. An en huet eng déck Speckschicht ënner dem Pelz. Dat isoléiert, wann en am äiskale Waasser säi Fudder sicht.
TEXT: GUY KERSCH I
41
-
DrEchent
Planzen hu verschidden Tricken entwéckelt, fir an extreem dréchene Géigenden z’iwwerliewen. De Kaktussen hire Stamm hält d’Waasser wéi e Schwamp.
ico us Mex
Dem Mesquitebam seng Wuerzele suckele bis 100 m déif am Buedem déi lescht Waasserdrëps op.
Agav a
Vill Planzen hunn déck Blieder, fir Waasser ze späicheren.
Baobab
Den afrikaneschen Afebroutbam (Baobab) kann 140.000 Liter Waasser a sengem décke Stamm späicheren. En huet just Blieder an der Reenzäit. Aner Planze loosse sech bal komplett ausdréchnen (lénks). Wa se Waasser kréien, Onecht Rou s vu Jerich o komme s’erëm zou sech (riets). Hei um Link ass dat am Video ze gesinn: https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Unechte_Rose_von_Jericho.ogv 42 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
-
An der Wüst mussen och d’Déiere mat engem Minimum vu Waasser iwwerliewen. Wa Schlaangen, Spannen oder Skorpiounen een anert Déier friessen, “drénke” se an engems, andeem se déi ganz Kierperflëssegkeet opsuckelen.
Drenken
Niwweldrénk-Kiewerlek
Éier d’Sonn opgeet, streckt den NiwweldrénkKiewerlek an der Namib-Wüst säin Hënner an d’Luucht. Op sengem Kierper bilde sech Da-Drëpsen; si lafen dann erof bei säi Mond a gi gedronk. Moukenechs
Och déi amerikanesch Moukenechs an den australesche Pickdäiwel loosse fréi mueres den Da iwwer hire Kierper an de Mond lafen.
Waasser halen
Pickd ä
iwel
Net verbrennen Säitewënner-Klapperschlaang
Fir kee Waasser ze verléieren, pisst d’Routknéi-Vullespann net flësseg, mee si scheet butzeg kleng Salzkristaller aus.
n Vullespan Routknéi-
D’SäitewënnerKlapperschlaang rëtscht säitlech iwwer de gliddege Sand a beréiert de Buedem nëmmen op 2 Punkten. Sou iwwerhëtzt hire Kierper net.
Kuck dat um Video-Link: https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Sidewindingtracks.gif TEXT: GUY KERSCH I
43
Bierdéierche
:
n
Extreem Emwelten Vill Eenzeller, wéi z.B. Bakterien, Déi zéist kënnen op ganz extreeme vun de Plazen iwwerliewen. Saier, villzellegen extreem Temperaturen, Déiere sinn enormen Drock d’Bierdéiercher. Si ginn an immens héich nëmmen 1 Millimeter Radioaktivitéit schueden grouss. Am Zoustand dem Deinococcus vum Schäindoud kënne radiodurans net. si souguer ouni Sauerstoff kuck PW 2/2012 S.14&15 am Vakuum vum Weltall https://www.panda-club.lu/2012/09/ panewippchen-022012/ iwwerliewen!
Deinococcus
Tarnen
l
Orchideeë-Quise
Upassung heescht och, mat allen anere Liewewiesen eens ginn. A virun allem: Eppes ze friesse fannen, a selwer net gefriess ginn.
Gréng Blatspann
D’Orchideeë-Quisel an déi Gréng Blatspann lauere gutt getarnt op onvirsiichteg Insekten.
Bengeldéier
D’Bengeldéier ass sou onopfälleg wéi méiglech, fir net an engem Bauch ze landen.
Wee sech wiere kann, brauch sech net ze tarnen. Et ass souguer nëtzlech, wa Feinden een direkt erkennen a mat Rou loossen. Dofir hunn d’Harespelen en opfällegt Warnmuster mat gielen a schwaarze Sträifen.
Warnen
Falsch Warner
Schwiefméck, eng Méck 44 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Et gëtt vill Insekten, déi zwar net picke kënnen, awer den Harespele gläichen, z.B. vill Schwiefmécken an eng Rei ck, Harespelbo k Kiewerleken a Päiperleken. e rl e e Kiew Si all profitéiere vun hirem Ausgesinn, well Friessfeinden och hinnen aus dem Wee ginn.
Harespel
Runne -G e Päiplasflillek, erlek
Zesummeschaffen
Dacks hu sech verschidden Aarte vu Planzen an Déieren zesummen entwéckelt an hëllefen een deem aneren. Sou eng gemeinsam Entwécklung heescht: Ko-Evolution, an déi géigesäiteg Hëllef: Symbios.
Een Akaziebam an Ostafrika huet Seejomessen Picken an huel Bullen. Doranner liewe Seejomessen, déi vum Bam mat Zocker gefiddert ginn. Dofir verdeedege si de Bam net nëmme géint Insekten, mee souguer géint Elefanten! Vachelia
D’Stär-Orchidee op Madagaskar huet een iwwer 30 cm laangen Nektarschlauch. Nëmmen eng Mattenaart kënnt mat hirem laange Rüssel m e llt ru e un den Nektar. Matt mat opg Rüssel Dobäi beréiert d’Matt mat hirem Kapp de Pollen an hëlt en dono mat bei déi nächst Bléi, déi esou bestëbst gëtt.
Waffen
Hier z
Pollen
Nektarschlauc
h
Xanthopan
Fir sech fortzeplanzen, musse vill Männercher géintenee kämpfen. Si hunn dofir Haren, Geweier a Stousszänn entwéckelt. Wee gewënnt, däerf sech mat de Weibercher pueren.
Stär- Orchide
e
Déckhar-Sc
hof TEXT: GUY KERSCH I
45
Palettenorchester…
Baut iech e coolen Orchester! Alles, wat der braucht ass eng holze Palett, ganz vill Saachen déi Musek (Kaméidi) man, Hummer, Ficell, Pabeierpech, Schrauwenzéier a vill Fantasie! Stellt d'Palett den héije Wee dohin a lass! Panflütt aus metalle Staangen, mat Pechpabeier zesummegehal
Kartrongsrull mat Neel a Räis oder Pistacheschuelen, mat engem décken Nol un der Palett ugemaach, fir ze dréinen
Rësel aus zwee Kichesifter, mat Lastiker zesummegehal, mat metalle Stëpp vu Fläsche gefëllt.
Glieser mat Waasser an e puer Drëpse Faarf gefëllt
all méiglech metalle Behälter, Kläckelcher, CDen, Hiertchen a Stëfter un d'Palett ugestréckt, geneelt oder gepecht
46 I DE PANEWIPPCHEN 2/2020
Strécknole mat Stëpp fir drop ze klappen
Du hues bestëmmt scho mir a menge Kolleegen nogelauschtert. Probéier mol, wéi eng Vullestëmm s du mat dengem Zwitscheridoo nomaache kanns!
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
… an Zwitscheridoo
2
L
Du brauchs:
as
tiker
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum
Redaktiounscomité:
S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen.
kpabeier), sou breet an beier (Ba a p e er e Glacebengelchen hmi i laang wéi d c S 2G k mé téc mmel lac S e ri eb G en eng 2 S ge t lch zes écke er fir O umm r Sch e fsta ge alim nd faa o ( o l ze ha te Pa der len be ier)
Lee de Schmierepabeier op ee Glacebengelchen, do drop déi 2 Stécker Schalimo an den zweete Glacebengelchen drop. Wéckel op enger Säit ee Lastik ronderëm, zéi de Schmierepabeier virsiichteg glat a bann déi aner Säit mam zweete Lastik zesummen.
Texter:
C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, M. Hoffmann, Annemie H., J.-P. Majerus, A. Marx, M. Nossem, F. Theisen.
Grafik an Illustratioun:
A. Faber, S. Goerens, MP. Goetzinger, L. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen
Fotoen:
S2&3 Hannergrond: ©shutterstock, Glackevull: Hactor Bottai S4 mnhn S5 Molbier: Татьяна Прозорова, Bëschäerdbier: H.Zell, Äerdbier: Mike Prince, Hambier: Rasbak, Päerdsbier: FrankVincentz, Schwaarz Kréischelen: BeAr, Rout Kréischelen: Jerzy Opiola, aner: mnhn S6 Kanner plécken: shutterstock, Päerdsbierheck: Samornet, Äerdbierfeld: J. Pilsak S8 Anne Marx S9 Anne Marx an mnhn S10&11 Feeëlanteren: shutterstock, weiblech Spann: Arno Grabolle, männlech Spann: Benedikt S12 Nico Schneider S13 Feeëlanter hellbrong a Feeëlanter wäiss: Liliane Burton, Feeëlanter donkelbrong: Nico Schneider S14&15 mnhn S16-21 Jonge orange Sweatshirt S.19: mnhn, aner: shutterstock S22 mnhn S23 Shutterstock S28-31 shutterstock S36 Simone Schneider S38 Blatschneiderbei: pjt56, Blummendëppen an agerullte Beienee: Nico Schneider, Blatschneiderbei am Holz: Bernhard Plank S39 Wollbeien: shutterstock, Baartnéckel: Fornax, Wollbeihënneschten: Soebe S40 Wüstefuuss a Roudefuuss: shutterstock S41 europäeschen Hues: Böhringer Friedrich, aner: shutterstock S42 Onecht Rous vu Jericho: Rose of Jericho, aner: shutterstock S43 Niwweldrénk-Kiewerlek: GbbIT, Routknéi-Vullespann: George Chenilevsky, Klapperschlaang: HCA, aner: shutterstock S44 Bakterien: D.Radiodurans, Bengeldéier: Bernard Dupont, Harespel: Sid Mosdell, Schwiefméck: Alvesgaspar, Harespelbock: Siga, Runneglasflillek: J. Brandstetter, aner: Shutterstock S45 Vachelia: Alvesgaspar, Akazieseechomes: Pharaoh han, Matt: Esculapio, Orchidee: Sunoochi, Hierz: P. Pomah, Schof: shutterstock S46&47 mnhn
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
An dann dra blosen a lauschteren, wéi ee Villchen dir äntwert.
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
TEXT: SYLVIE HAGEN
I 47
11. Oktober 2019
- 23. August 2020
Dienstag - Sonntag | mardi - dimanche : 10h00 - 18h00
AUX E S I O ’ D S E DRÔL ÖGEL V E G Ä R H SC squ’au prolongée ju zum bis verlängert
natur musée
25, rue Münster L-2160 Luxembourg www.mnhn.lu
23.08.2020