Poster

Page 1

l o h c f s en d’Déieren? i é W D’Déiere kënnen net a Rou schlofe wéi mir. Si kënne vun aneren Déiere gefriess ginn a mussen ëmmer prett sinn a séier reagéieren, wann eng Gefor lauert. Dofir huet jiddwer Déier seng eegen Technik. Déi meescht Déieren dösen, dat ass eng Zort liichte Schlof. Dat ass net mat eisem Schlof ze vergläichen, wou mir eis leeën a phaseweis ganz fest an déif schlofen. Mir kréie jo net mat, wat ronderëm eis geschitt. Vill Déiere kënne sech net einfach leeë wéi mir, soss gi si vum Feind gefriess. Et gëtt och ugeholl, datt d’Mamendéieren am déiwe Schlof dreeme kënnen.

DE PANEWIPPCHEN 3/2016


l o h c f s e i é n d’Déieren? W Fliedermais

schlofe kappiwwer

Kazen: raibere

mécht ganz schéi midd Kaze si Jeeër an dat ass en ustrengenden Job a kascht vill Energie. Si laueren op Mais a Vullen a musse gläichzäiteg all hir Feinden am A behalen. Si mussen direkt kënne fortlafen, hiert Revéier beobachten an op Zack sinn, fir eng Maus oder e Vull ze fänken. Vun all deem erhëlt sech eng Kaz am Schlof. Geet eng Kaz owes op d’Juegd, da schléift si am Dag a wann et eng typesch Hauskaz ass, déi net eraus geet, schléift si owes, wéi mir. Eng Hauskaz, déi ëmmer dobannen ass, schléift méi, well si sécher ass a sech wuelfillt. Nom Iessen hält eng Kaz nawell gär e Verdauungsschlof. Eng Kaz gaapst a streckt sech ganz vill, wa si erwächt.

Leeëndecker schlofen

iwwer dem Fléien

Leeëndecker verbrénge bal hiert ganzt Liewen an der Loft. Am Fléie kënne si schlofen. Ënnersichungen hu gewisen, datt d’Leeëndecker ganz héich erop fléien, fir duerno am Seegelflug nees lues erofzekommen an an där Zäit döse si. Si erwächen awer nees an enger gewësser Héicht, ier se an e Bam oder e Stroummast géingen aknuppen. Leeëndecker kënnen 20 Joer al ginn an an där Zäit hu si eng Fluchstreck vu 5x vun der Äerd bis op de Mound zréckgeluecht.

De Fliedermais hir Krallen un de Féiss si sou entwéckelt, datt si ouni Muskelkraaft mam Kapp no ënnen hänke kënnen, fir ze schlofen. Duerch d’Gewiicht vun hirem Kierper rasten d’Krallen automatesch an. Dofir bleiwen och doudeg Fliedermais hänken. Aus hirer Kappiwwerpositioun kënnen d’Fliedermais liicht starten, wa se owes op d’Juegd ginn oder eng Gefor lauert. Si hänke sech ganz héich, fir sech virun hire Feinden ze schützen. Si sinn nuetsaktiv, dat heescht, si schlofen am Dag a ginn owes op d’Juegd.

Päerd schlofe

meeschtens am Stoen

Fësch schlofe

mat oppenen Aen D’Fësch kënne beim Schlofen hir Aen net zou maachen, wéi mir. Si hu keng Aendeckelen. D’Fësch mussen, wéi aner Déieren, rouen, fir sech z’erhuelen. Et gi Fësch, déi sinn nuetsaktiv a Fësch, déi sinn dagesaktiv. Si kënne vun anere Fësch an Déiere gefriess ginn, dofir ass et ze geféierlech fir si, fir fest ze schlofen. D’Fësch falen an en Dämmerzoustand. Verschidde Fësch leeë sech ganz no op de Buedem oder decke sech mat Sand oder Schlamm zou, anerer verstoppe sech a Fielssplécken oder ënner Steng. Eng Well oder e Luuchtstrahl geet duer, fir datt si nees erwächen.

Dat verschlofenst Déier Sou vill Stonne schlofen dës Déieren ongeféier pro Dag: Giraff 2 Stonnen Päerd 3 Stonnen Elefant 5 Stonnen Schwäin 8 Stonnen

Päerd schlofen net vill, well si ëmmer prett sinn, fir bei Gefor fortzelafen. Dat läit an hire Genen. D’Päerd schlofen eigentlech nëmmen e puer Stonne richteg fest. Dofir musse si sech leeën a sécher sinn, datt aner Päerd am Trapp oppassen. Päerd an enger Herd schlofen ni all mateneen, et sinn der ëmmer e puer, déi Wuecht halen. Meeschtens döse si am Stoen. Dofir maache si hir Aendeckelen hallef zou, loossen hir ënnescht Lëps hänken, stellen en Huff vir op déi viischt Kant a verlageren hiert Gewiicht op dat anert hënnescht Been. Sou kënne si ganz gutt raschten.

Mënsch 8 Stonnen Int 9 Stonnen Kanéngchen 9 Stonnen Pinguin 10 Stonnen Méck 10 Stonnen Schimpans 11 Stonnen Hond 11 Stonnen Dauf 12 Stonnen Hong 12 Stonnen Kaz 13 Stonnen Léiw 14 Stonnen Fauldéier 16 Stonnen Opossum 19 Stonnen Fliedermaus 20 Stonnen DE PANEWIPPCHEN 3/2016

I TEXT: MONIQUE KIRSCH


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.