Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N°124 3/2018
Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mat der Natura Bëschverwaltung gemaach
www.panda-club.lu
News
Vum Big Bang bis haut!
D’Evolutioun spilleresch erliewen
Dëst flott Spill
“Vom Big Bang bis heute. Bau dir deine Reise durch die Zeit“
gouf vum Service Educatif vum ‘natur musée’ entwéckelt a kënnt dësen Hierscht eraus.
vor 4,6 Milliarden Jahren
Wann Dir Iech wëllt Ären Exemplaire virbestellen, da schreift ons eng Email op
panda-club@mnhn.lu
Jahren Milliarden vor 4 Erstes Leben
Bak
mat Ärem Numm, Ärer Adress an Ärer Matricule*. Mir schécken Iech d’Spill dann esou séier wéi méiglech zou.
teri
e
vor 4 Milliarden Jahren
*D’Matricule brauch de Staat, fir kënnen eng Rechnung ze schreiwen an eng Iwwerweisung unzehuelen. Natierlech sinn dës Donnéeë streng vertraulech a ginn och net konservéiert oder weidergeleet.
- 2,5 Milliarden Jahren
Unser Sonnensystem enstseht
N
ep
tu
s
n
rn tu
pit
nu U
ra
s
Sa
Ju
ar M
Er de
M er ku r Ve nu s
er
Sonne
vor 4,6 Milliarden Jahren
Erster Sauerstoff
Blaualge
Str
om
atol
Vielzeller
ith
- 2,5 Milliarden Jahren
-1,3 Milliarden Jahren
vor 1,3 Milliarden Jahren Kambrische Explosion is
ar
oc
al
m
no
A
Tr
ilobit
Tiere ell
e
Landgang der
en lib
Dunkleo
Ries
steus
n
-550 Millionen Jahren ßler
io
dfü
rp
tausen
Sko
Riesen
til
Zeit der Dinos
Rep
us
locaul
Diplo
Ar
-550 Millionen Jahren
Dip
docus
ryx
pte
chaeo
ab
-400 Millionen Jahren
Comp
sognathu
s
Dilophosaurus
T-rex
Me
t
gazo
Belemi
str
Ammonit
od
on
Ichthyosaurie r
ab vor 230 Millionen Jahren Säugetiere werden groß
-230 Millionen Jahren
ut
mm
Ma
Wollnashorn
-65 Millionen Jahren
Höhlenb
är
Säbelzahntiger
cus
Australopithe
Hirsch
Wo
lf
Urpferd
ab vor 65 Millionen Jahren
2 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018 I TEXT: MIKE HAGEN
Jahren 400 Millionen
FNR_ResearchersDays_2018_Annonce_Panewippchen_125x148.5_PROD.pdf
1
07/08/2018
F V
C
M
J
CM
MJ
CJ
CMJ
N
De Panewippchen ass online: www.panda-club.lu/category/panewippchen/ Hei kënnt Dir Iech all d’Nummere vum Joer 1995 un ukucken.
15:16
PW 3/2018 Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2018 Thema: D’EechenPressessiounsmatt SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ SÄIT 4 COURSE AM BËSCH De Bëschmarder SÄIT 6 FUERSCHUNG AM ‘natur musée’ Planzenökophysiologie SÄIT 12 FIR MATZESANGEN D’Blieder fléie fort SÄIT 13 KNIWWELEN Bliedermännercher SÄIT 14 D’EECHEN-PRESSESSIOUNSMATT SÄIT 20 CONCOURS: GËFF ENGER NEIER AART EN NUMM SÄIT 21 KNIWWELEN Vulkaneeër mat Zalot SÄIT 22 LIEWENSRAUM EECH SÄIT24 THEMEN AM NEIEN ‘NATUR MUSÉE’ D’Liewe geet u Land SÄIT 28 KNIWWELEN E Stoftkuerf mat Nëssblieder SÄIT 30 HUNNEG AUS DER STAD SÄIT 34 GASTRONOCOMIC SÄIT 40 CHEFREDAKTER FIR ZWEE NOMËTTEGER Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’
I3
Course am Bësch? Owes am Bësch
Hëllef, e Monster!
Haha, du kriss mech net!
Gutt, haut hues du gewonnen. Wie weess, vläicht kréien ech nach eng Kéier meng Chance.
Super, elo brauch ech mech net méi midd ze maachen, fir Kaweechelcher oder Mais ze fänken. Dat hei ass e gutt OwesIessen.
4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Nodeems de Marder en déckt Stéck vum Fuuss gefriess huet, geet hien an de Bësch zréck.
Ei, Hei kann ech schlofen ouni genervt ze ginn.
anz a ka g scher
der Steinmar der alias ch marten Steemar ee B s ia al ine alias Fou tes foina alias Mar
gutt
a Bë - Lieft , kleng cher n l e e m h m a c kl ee st is, Kaw n, Ueb en: Ma éiere - Iess D g e d e u ard r n, do r ëschm Vulle B e d n awe ss hie honns a , c t s n b n ë - O nz d virk ch ga ze Lan ass o t E am gan sinn. . ze ge eefeg ens h Déier it e h néier at sc éier, d schw eren. Mard 2 t e , ginn arder uerg Steem ëtzeb e L d u t. n f Z a d lie der a Stie chmar r s e ë f B r De Die n den irem och a n un h deen in s e n: Beim r arde heede c M 2 s i r é e D ch z’ënn beldu lduch d’Sab Sabbe t e e g a beim arder n mat Steem t Bee h c s ii déi v bis un net. rder Bamma
Bëschmarder alias Baummarder alias martre alias pine marten alias Martes martes
Net mol propper kann dat Béischt iessen an dofir huet et e Sabbelduch un.
Pass op, wann ech dech kréien, da vergeet dir d’Laachen.
TEXT: CLAUDE HEIDT I
5
Fuerschung am Schonns Scho säit 4 Joer interesséiert sech zënter 4 Joer d‘Laura Daco fir de Gieléckerintresséiert sech d‘Laura Daco fir de Gielécker (Wundklee, Anthyllis vulneraria). (Wundklee, anthyllide vulnéraire, kidneyvetch, Anthyllis vulneraria)
6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Komplizéiert Wuert!
Planzenökophysiologie ass d’Wëssenschaft vun der Upassung vun de Planzen un hir Ëmwelt.
:
'
'natur musEe' PlanzenOkophysiologie De Gielécker ass keng seele Planz. Hie wiisst bal iwwerall an Europa, vum
Mëttelmier bis an den héijen Norden. Och an den Alpe fënnt
Firwat intresséiers du dech da fir de Gielécker?
Am Bauch vun Europa ass et meeschtens manner waarm, et reent méi dacks an am Wanter huet een och emol Minusgraden. Beim Mëttelmier ass et gutt schuckeleg waarm, d’Sonn schéngt dat ganzt Joer iwwer, et reent net ganz vill, an am Wanter gëtt et net immens kal. An de Gielécker bréngt et fäerdeg an all dëse verschiddene Klimakonditiounen ze liewen?
een hie souwuel am Dall wéi och op 3000 m héije Bierger. Well hien an esou ville verschiddene Klimazonen doheem ass! Am Norden ass d’Sonn just während de Summerméint ze gesinn. Am Wanter ass et hei also net nëmme schrecklech kal, ma och stackdäischter.
An den Alpen gëtt et och immens kal an et ka mol zolitt reenen. D’Sonn kann um Bierg awer och schéin drécken an d’Loft staark blosen. Jo. Dat mécht hien eben esou besonnesch an intressant! Natierlech huet hie sech missen un déi vill ënnerschiddlech lokal Konditiounen upassen.
Zum Beispill bleift de Gielécker, deen am héijen Norde vun Europa oder op den 3000 m héije Bierger an den Alpen wiisst, méi kleng wéi de Gielécker, dee bei eis laanscht d’Weeër an an de Wisen ze fannen ass. TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
7
De Gielécker passt säin Ausgesinn also un déi lokal Klimakonditiounen un?
Genee. An net nëmme säin Ausgesinn, ma och säi Liewenszyklus. An de Bicher steet nämlech, datt de Gielécker nëmmen 2 Joer lieft an am 2. Joer an d’Bléi kënnt. Meng Fuerschung weist awer dorop hin, datt hien op verschiddene Plaze méi al ka ginn an och réischt no méi wéi zwee Joer blitt.
A wéi mécht de Wundklee, oder Gielécker dat, fir sech un déi lokal Klimakonditiounen unzepassen? Entweder duerch genetesch oder plastesch Upassung.
Bei der genetescher Upassung verännert sech d’DNA, also d’Liewensrezept vun der Planz. Esou eng genetesch Verännerung ass duerch natierlech Auswiel vun de bescht ugepasste Planzen iwwer vill Generatiounen zustane komm. Genetesch Upassung brauch also Zäit. 8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Eng plastesch Upassung ass eng direkt Reaktioun vun enger eenzelner Planz op eng Verännerung an hirer Ëmwelt. Hei gëtt direkt d’Ausgesinn vun der Planz beaflosst, an net hir DNA. Si erméiglecht der Planz eng direkt Flexibilitéit. Ee Beispill ass z.B. déi méi grouss Blieder déi eng Planz mécht, wa se am Schiet steet.
Intressant! Ass de Gielécker aus den héije Bierger an aus Nordeuropa dann elo méi kleng, well seng DNA sech verännert huet oder handelt et sech hei ëm eng plastesch Verännerung? Dat hunn ech versicht mat engem Experiment erauszefannen. Virun 3 Joer war ech de ganze Summer mam Campingcar ënnerwee, fir Som vum Gielécker ze sammelen. Op 40 verschiddene Plazen hunn ech Gieléckersom matgeholl.
A mat deem Gefier bass du fir e puer Wochen duerch Europa getourt?
Jo, dat do war mäi 4-Stären Hotel fir e ganze Summer.
Lo verstinn ech och, firwat de Gielécker, Gielécker heescht.
TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
9
Zréck zu Lëtzebuerg hunn ech dëse Som am Labo keime gelooss an an engem gemeinsame Gaart ugeplanzt.
d n a l Is
Nor wege
g r e u b e Lëtz
10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018 I TEXT: MICHELLE SCHALTZ
D’Konditiounen (Temperatur, Reen, Sonn, Buedem, a.s.w.) ënner deenen déi 4000 Planzen am Gaart opgewuess sinn, waren esou déi nämmlecht fir all Planz. Wann et Ënnerscheeder am Ausgesinn oder Liewenszyklus tëscht de Planze goufen, konnt ech also dovun ausgoen, datt dës Ënnerscheeder eng genetesch Ursaach haten, also an der DNA vum Gielécker festgehale waren.
en
Wow, do hues du dir awer vill Méi gemaach! Firwat ass et da wichteg, datt s du de Gielécker esou genee ënner d’Lupp hëls? Ma, wann ech erausfannen, wéi de Gielécker sech u seng verschidden Ëmweltkonditiounen upasst, kann ech virausgesinn, wéi hien op Verännerungen an der Ëmwelt reagéiert.
Schweden
Dänemark
Däitschland Éisträich
Schwäiz fran Alspéeisch n
Aha! An dat ass besonnesch elo wichteg, wou d’Klima sech jo ännert: also op verschiddene Plazen op der Welt de Summer méi waarm gëtt, et manner oder méi reent oder de Wanter méi kal gëtt. Ganz genee. An dat Wëssen, dat ech iwwer de Gielécker sammelen, kann ee spéider fir aner Planzen iwwerhuelen. Ech sammelen also Wësse fir eng grouss Villfalt (Biodiversitéit) u Planzen ze erhalen. Dëst Wësse brauch een, fir d’Natur op Basis vu Fakte kënnen ze schützen. An doriwwer freet sech bestëmmt net nëmmen de schéine Gielécker ;) Op der Kaart gesäis du mäi Parcours. Ech war fir d’éischt an den Alpen (Frankräich, Schwäiz an Éisträich) a sinn du vu Süden no Norde gefuer. 11
D’
r e f d l é e i ie l B
12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018 I TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS
fo r t
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op: inecc.lu/pw
Käschten
Blieder aus dem Bësch
Handbuerer waasserfeste Stëft Spiisser
Bliedermännercher Maach en Tour an de Bësch oder de Park mat denger Famill an denge Kollegen. Sammel Blieder a Käschte vum Buedem. Pick Blieder op e Spiiss.
Looss der vun engem Erwuessenen e Lach an eng Käscht picken. Mol e Gesiicht op d’Käscht a stiech se uewen op de Spiiss.
Maach eng ganz Rëtsch Bliedermännercher a setz se zu e puer beieneen an de Gaart, de Virgäertchen, an d’Blummekëscht op der Fënster oder bei de Blummestack an der Stuff. TEXT: SYLVIE HAGEN I
13
D'EechenPressessiounsmatt Och wa si zur Zäit fir vill Opreegung suergt, sou ass d’Eeche-Pressessiounsmatt just e klengt Insekt, e Päiperlek. Well de Päiperlek nuets aktiv ass, gehéiert en zu den Nuetspäiperleken, also zu deenen, déi mir och nach gären “eng Matt” nennen. D’Eechen-Pressessiounsmatt ass en heemescht Insekt. Datt si zu munche Momenter a grousse Massen opkommen, ass näischt Neies, och net zu Lëtzebuerg. Allerdéngs läit de leschte bekannte Fall, wou souvill Eechen-Pressessiounsmatte dorëmmer waren, well iwwer 100 Joer zréck. D‘selwecht wéi déi aner Vertrieder aus der Uerdnung vun de Päiperleken duerchleeft d’Eechen-Pressessiounsmatt e puer Entwécklungsstadien. Allerdéngs suergt si just als Raup fir Opreegung.
i sp s n
14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
io y ss e ar z n o r io ss np , e e a h c e c o n Ei o pr t, si k t s a a ce , o sm o n e u pr ên io a ss ch e e s o du es op Pr re t i e na en um sio ch s a e e E Th oc pr
e nn
r,
h, ot m
MMH
Vum Ee zur Raup Am September leeën d’Weibercher befruchten Eeër an d‘Beem, an zwar net an egal wat fir eng Beem. Si siche sech Eechebeem eraus, wou si hir Eeër op jonken Äscht uewen an der sonneger Kroun ofleeën. Hei kënne si tëschent 30 an 300 Eeër ganz dicht beieneen un d‘Schuel vun engem klengen Aascht pechen. Si iwwerzéien hir Eeër herno mat
PF
MM
SCHMA TZ
"Afterschuppen" an engem Sekret, sou datt et besser geschützt sinn an een et nëmme ganz schwéier erkenne kann. An dësen Eeër entwéckle sech séier déi kleng Raupen. Si iwwerwanteren nach geschützt an hirem Ee a krauchen dann Enn Abrëll oder ufanks Mee eraus aus hirem Ee a maache sech op d‘Sich no hirem Liiblingsmenu: Eecheblieder.
0 30-3 0!!
Gesellecht Iessen
D‘Raupe vun der EechenPressessiounsmatt si ganz geselleg. Zesumme siche si sech de Wee duerch den Eechebam, fir un déi bescht Fudderplazen ze kommen. Wann d’Raupen duerch de Bam zéien, krauche si eng hannert där anerer, wéi an enger Pressessioun. Dëst Verhalen huet der EechenPressessiounsmatt hiren Numm ginn. Wa ganz vill Raupen do sinn, kann et och mol virkommen, datt si all d‘Blieder vun der Eech friessen.
Meeschtens deet dat dem Bam awer näischt, well hien ëm de Gehaansdag (24. Juni) rëm nei ausschéisse kann.
TEXT: MARIANNE JACOBS I
15
Eng pickeg Affär D’Raupe wuessen an Etappen: 6 Larvestadië musse si duerchlafe bis si sech verpoppen. Fir wuessen ze kënnen, muss d’Larv no all Stadium eng nei Haut kréien. Am drëtte Larvestadium kritt d’Raup ganz kleng Brennhoer an déi hunn eng extra Aufgab: de Schutz virun de Feinden. Dës kleng Brennhoer si bannendran huel a fale ganz liicht vun der Raup erof. Bannen an den Hoer ass en Eewäiss (Thaumetopoein), dat bei Kontakt mat der Haut eng allergesch Reaktioun
ausléise kann. Dëst soll Friessfeinden dovunner ofhalen, d‘Raupen ze friessen. Leider sinn dës Hoer awer och problematesch fir de Mënsch. Nieft allergeschen Hautausschléi kann een och Reizunge vun den Zum Otemweeër an den Ae Schluss huet si iwwer kréien. eng hallef Millioun sou klenger Hoer op hirem Kierper! All Kéiers,wann d’Raup Impressionant! sech hait, kritt si méi där Brennhoer.
Raupennäschter Den Dag iwwer schlofe si beieneen an engem Nascht. Am Ufank ass dat nach ganz labber beieneen an de Blieder, wou si sech kleng Gespinster bauen. Méi spéit baue si sech méi grouss Gespinstnäschter u méi décken Äscht oder um Stamm. Hei zéie si sech den Dag iwwer zréck, fir ze schlofen a sech ze haiten. Während der Zäit als Raup ginn hier Näschter ëmmer méi grouss. Net seele gesäit een Näschter, déi sou grouss wéi e Fussball sinn oder nach vill méi grouss. An dësen Näschter fënnt een net nëmmen de Raupen hir al Hait mat de ville Brennhoer, mä och ganz vill Raupendreck. 16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Zäit f i r e
Päiperlek ze ginn
Enn Juni, Ufank Juli verpoppen d’Raupe sech an hirem Nascht, nodeems se vill gefriess hunn a gutt gewuess sinn. De Poppestadium dauert 3-5 Wochen, do gëtt näischt gefriess an Enn Juli flitt de fäerdege Päiperlek aus der Popp.
De Krees
schléisst sech Lo geet et drëms séier e Partner ze fannen. D’Weibercher lackelen d’Männercher iwwer extra Doftstoffer un a verkoppele sech. Dono leet d’Weibche seng Eeër an d‘Kroun vun enger Eech of. Kuerz drop stierft de Päiperlek, d’Eeër iwwerwanteren an am Fréijoer geet de Larvenzyklus nees vu vir un.
TEXT: MARIANNE JACOBS I
17
Ee
h
si o u n s
ma
tt
hi
r Fe
c
e
n-
Pr
es s s e
de
De
r
in
n
Obschonns d’ Eechen-Pressessiounsmatt duerch hir Brennhoer geschützt ass, huet si awer Feinden. De Guckuck, d’Larve vum grousse Popperaiber oder verschidde Schlupfwespen. Deene maachen déi geféierlech Hoer näischt aus.
Firwat gouf et dëst Joer sou vill Eechen-Pressessiounsmatten?
Et ass schonns e bëssi hier, datt d’EechenPressessiounsmatt sou heefeg zu Lëtzebuerg war, wéi se elo ass. Datt et der elo rëm méi ginn, ka verschidden Ursaachen hunn: Bei Insekte kënnt et dacks
vir, datt se an engem Joer zu ganz vill do sinn an dat Joer drop erëm manner. D’Eechen-Pressessiounsmatt profitéiert awer och vum Klimawandel: Dat waarmt an dréchent Wieder ass z.B.
* 18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
ideal fir d’Entwécklung vun de Raupen. Dat bedeit fir eis, datt mir eis an Zukunft wahrscheinlech besser op d’ Eechen-Pressessiounsmatt astelle mussen.
Gefor f ir Mënsch an Déier
Déi winzeg kleng Brennhoer, kënne beim Mënsch a beim Déier eng Allergie ausléisen, wa se domadder a Kontakt kommen oder se anootmen.
Widerhaken
Dës Hoer sinn net nëmmen op der Raup selwer ze fannen, mä si bleiwen och an hiren Näschter leien,
laang nodeems d’Raup sech zu engem Päiperlek verpoppt huet a fortgeflunn ass. Leider paakt si hir Hait mat de Brennhoer net an d’Valise, wa si fortflitt…
d’Hoer ass huel a mat Eewäissstoffer gefëllt
CIAO
Gëftdrüs, hei gëtt den Eewäissstoff gemaach
Wéi schütze mir eis?
*
*
*
Wann een d’Raupe vun der EechenPressessiounsmatt oder hir Näschter gesäit, dann dierf ee se op kee Fall upaken.
Och soll een net ënner engem Bam erduerch lafen oder spillen, wann drop en Nascht hänkt.
Wann s du an engem Bësch waars, wou EechenPressessiounsmatte sinn, da solls du am beschten dono an d‘Dusch goen an deng Kleeder wäschen. Sou kënnen déi geféierlech Brennhoer fortgewäsch ginn.
*
*
Mir mussen e bësse virsiichteg sinn, wa mir laanscht Eechebeem ginn.
Wann s du en Ausschlag kriss, dann ass et besser bei den Hausdokter ze goen, dee kann dir weiderhëllefen.
Wann elo en Nascht vun der EechenPressessiounsmatt bei enger vill besichte Plaz ass, wéi zum Beispill enger Schoul, da ginn dës Näschter meeschtens duerch speziell ausgebilte Leit fort geholl. Si hu speziellt Material an eng extra Schutzausrüstung, fir datt hinnen näischt geschitt, wa si sech ëm dës pickeg Affaire këmmeren.
TEXT: MARIANNE JACOBS I
19
Gëff enger neier Aart en Numm! Wat ass dobäi erauskomm? Wéi s du sécherlech am virechte Panewippchen gelies hues, gouf et am Kader vun der Ausstellung
‘Rock Fossils’
e Concours, wou en Numm fir eng nei Aart Fossil gesicht gouf. Jidderee konnt matmaachen a Virschléi eraschécken. Elo ass et geschwënn esou wäit: den originellsten Numm gëtt deemnächst vun de Paläontologen aus dem ‘natur musée’ erausgesicht an als Gewënner verëffentlecht!
*
Virdru wollte mir dir awer e puer vun deene flottsten Nimm weisen, déi virgeschlo goufen:
Ophiotholia kinnekspraebbeli:
well de Fossil - e Schlaangestär aus dem déiwe Mier vu virun 110 Millioune Joer Stachelen a Form vu klenge Präbbelien hat.
*
Ophiotholia keeknaschtandmier an Ophiotholia salvamaria
(Laténgesch fir ‘rett d’Mierer’): well de Concours de Veräin ‘Bloom’ ënnerstëtzt, dee sech fir de Schutz vun de Mierer a virun allem vun der Déifsee asetzt.
*
Ophiotholia desdemonia:
well deen, deen de Numm virschléit, e grousse Fan vun der lëtzebuergescher Metal-Band Desdemonia ass. Vläicht erënners du dech jo: Desdemonia haten de 6. Juli an der Ausstellung ‚Rock Fossils‘ e Concert!
*
Ophiotholia cthulhu:
proposéiert vun de Kanner aus enger Maison relais, inspiréiert duerch d’Geschicht vum ‚Cthulhu’, engem Fabelwiesen vum amerikaneschen Auteur H.P. Lovecraft, an illustréiert mat engem Bild vum Cthulhu a senge Kollegen aus derDéifsee.
20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018 I TEXT: BEN THUY
t o l a Z t a m r ë e e n Vulka uchs du 4 Eeër, Fir 4 Vulkaner bra , Salz a Peffer. Speck oder Ham
em
zu fest Klapp d'Eewäiss Schnéi.
n enger Brod de Speck a a looss en Pan gutt fest un mat e ofkillen, iers du e er ënner bësse Salz a Peff fs. den Eeschnéi hie
Läffel Setz mat engem der Mëschung Kéipercher vun k (mat op eng Bakplac ) an dréck Bakpabeier drop peläffel eng mat engem Zop hen. Bak Kaul an all Kéipc op 200° am se fir 5 Minutten ffchen. virgehëtzte Schä
aus Huel d'Vulkaner a lee dem Schäffchen giel. an all Kaul en Ee ol Bak se nach em 5 Minutten.
Looss der deng Vulkaner mat enger Zalot gutt schmaachen!
TEXT: SABINE GOERENS I
21
Liewensraum D’Eech bitt ville Liewewiesen Fudder, Liewensraum a Schutz viru Feinden a Keelt.
Un Eechen liewe vill Päiperleken a Kiewerleken, déi d’Eech als eenzege Liewensraum notzen an och just hei hiert Fudder fannen.
Päiperleken
leet De 1 Keesermantel el. seng Eeër an d’Bamschu zchen, de Den 2 Eecheschwän lter, mécht seng wonnerschéinen Dagesfa en un der Eech. ganz Entwécklung nëmm nkarmin, den De 3 klengen Eeche eleresch a nuetsaktive Falter, ass wi n Eechen. wunnt am léifsten op ale
Kiewerleken Den 4 Hirschkäfer, e grousse Kiewerlek, deen de Planzesaaft vun der Eech immens gär huet. D’Weibercher vum 5 Eechelbuerer friessen déif Lächer an onzeideg Eechelen a leeën Eeër of. Den 6 Eecheblatwéckler frësst Eecheblieder an d’Weibche rullt d’Eecheblieder wéi Zigaren zesummen a leet seng Eeër dran. D’Weibche vum 7 Eechespéinkiewerlek buert kreesronn Lächer an d’Schuel vun den Eechen a frësst Tunnellen dran, wou et seng Eeër ofleet.
22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Aner Insek
Den 8 Eechespréng Bamkrounen ënner den D’ 9 Eechen-Zantm un der Bamschuel. D’Weibche vun der 10 E Zweepunktmatt lee vun den Eecheblieder o friessen déi haart Eeche sech no der Verpoppun bloe Falteren. D’Raupe vun der 11 gré an dem 12 Eechen-B haaptsächlech Blieder An dann natierlech 13 d
Pressessiounsmatt D’Weibche vun der 14 G
Eeër op d’Ënnersäit vum dann eng ierbseförmeg d’Larven zu Gall-Haresp
kuck och de Poster an dëser Nummer
Eech
Champignonen
Champignone liewen de
r eng helle Wull un den Eechen, um Keim ling, un den Eechelen , un de Wuerzelen, um Stamm, am Holz an un de Blieder. Een dovun, den 15 E echeschwamp, ass e Parasit, deen der Eech schued, well hien d’Ho lz zerstéiert. Awer z.B. 16 d’Eech e-Mëlle
chkap, 17 d’Eeche-Routkap an 18 d’Schwaarzrout E
Flechten
echekap liewen a Partnerschaft mat de r Eech. Si ginn hir Waa sser, Vitaminnen a Salzer of a kréien amplaz vun der Eech Zocker an Nähr stoffer.
eng n Eeche wiisst e d n vu l e u g h Op der Sc . Dës giel-grén s o o m e h c e E Flecht, d’ 19 tt an der Parfumsindustrie ë , déi u Flechtenaart g er hierzestellen ff o st a m ro A fir geholl, m erënneren. frësche Buede
kten
ger sëtzt gär an de
n Eecheblieder. matt sëtzt perfekt getarnt
Dës Déiere liewen net nëmme vun Eechen, si pro fitéieren awer gär dovun:
Eechen-
et hir Eeër un de Rand of. Déi kleng Raupe eblieder an entwéckele ng zu wonnerschéine
20 Markollef, 21 Schielmees, 22 Blomees, 23 Kleiber, 24 Bontspiecht, 25 Schéiersch wanz, 26 Bëschkauz, 27 Poufank, 28 Gaarderoutschwanz, a 29 Bamleefer. 30 Bëschfliedermaus a 31 Bechsteinfliederma us.
énger Eecheneil Bléiematt friessen
32 Kaweechelchen (hatt baut säi Kobel
vun den Eechen.
d’Eechent, kuck Säit 14. Gall-Harespel leet
m Eecheblat. D’Blat bilt g Gall, an däer sech pelen entwéckelen.
(Nascht) dran a frësst ganz gär Eechel
en),
33 Bëschmaus, 34 Gielhalsmaus, 35 Bammarder, 36 Wëllschwäin, 37 Réi an 38 Hirsch. 39 Gréng Huschspann. 40Gréng Sténkwanz a 41 Grousse Popperaib
er.
42 Eecheporling
TEXT: MURIEL NOSSEM I
23
Themen am neien ‘natur musée’
D'Liewe geet u Land
Dës Fësch verbrénge méi Zäit u Land wéi am Mier. Genee wéi dës Schlammsprénger si 24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
viru ville Millioune Joer Planzen an Déieren aus dem Mier u Land gaangen. Verschiddener
vun hinne sinn d’Virfuere vun den haitege LandPlanzen a Land-Déiere ginn.
,
..
D' Land gEtt grEng Déi éischt Landplanze ware Moosen. Si hu sech virun op d’mannst 500 Millioune Joer aus Gréngalgen entwéckelt. Moosen hu kee Still a keng Wuerzelen. Si suckele Waasser mam ganze den Kierper op. g vun
en
Far-Bliedecher
Joer ia, o i n M o s 0 k 43 Coo virun ~ , n e z n al ässpla
e Gefä
éischt
0-300
it: 36 rbonzä
r Ka
s de u a n e sili
fos
Planze
Déi éischt Gefäässplanzen hate viru ronn 450 Millioune Joer nach keng Blieder. Si haten awer Wuerzelen an ee Still mat Leitungen, fir Waasser an Nährstoffer no uewen ze bréngen.
Stamm vun engem Kazeschwanz
Viru ronn 300 Millioune Joer sinn déi éischt Somplanzen opkomm, virun allem Nolebeem. Als lescht si virun iwwer 200 Millioune Joer d’Bléieplanzen opgedaucht.
oer
ne J u o i l l i M
Schuel vun engem Sigelbam (ausgestuerwen Aart Hexemoos)
Viru 500 Millioune Joer: E Blummendéier seet sengen Algefrënn Äddi fir ëmmer.
Verstengert Blumm, ~ 165 Mio Joer al
VILL GLÉCK DOBAUSSEN! A KOPÉIERT MECH W.E.G. NET AN DEN NÄCHSTEN 300 MILLIOUNE JOER!
Verstengerten Nolebam-Zweig, ~ 240 Mio Joer al
TEXT: GUY KERSCH I
25
Et wibbelt an et krabbelt Virun iwwer 500 Millioune Gutt 50 Millioune Joer méi Joer sinn éischt Glidderféisser spéit hate sech schonn u Land gaang. Dausendféisser, Insekten a
Spannen entwéckelt.
Dës 3 bis 45 mm grouss Kriibsecher liewen haut nach am Mier. Si si genetesch zimlech no Famill mat den Insekten an den Dausendféisser.
Sou wéi dësen aktuelle Fëschelchen, haten och déi éischt Insekten nach keng Flilleken.
De Kodymirus huet viru 520 Millioune Joer d’Mier onsécher gemeet. En ass wuel Famill mat de Spannen a Skorpiounen.
De Pneumodesmus ass bis elo dat eelst Fossil vun engem Dausendféisser u Land – 428 Millioune Joer al.
Déi eelst fossil Landspann, d’Palaeotarbus, huet viru 420 Millioune Joer gelieft.
An? Wéi ass et dobaussen?
Och d’Schleeke si viru méi wéi 150 Millioune Joer aus dem Mier u Land gekroch. 26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Super! No Millioune Joer am Mier endlech dréche Féiss. An et richt net no Fësch!!
op 4 Been duerch d'Welt Viru ronn 360 Millioune Joer hunn och Wierbeldéieren de Wee u Land fonnt. Den Iwwergank vu Fësch zu Landdéieren ass
duerch vill Fossilien dokumentéiert.
350
Straleflosser
er Mio. Jo es rp e d e P
Véierféisser
Déi meescht Fësch si Straleflosser: hir Flosse sinn e Fächer aus dënne Schankestiewecher. D’Fleeschflosser sinn d’Virfare vun de Véierféisser u Land. Hir Flossen hunn ee Still aus décke Schanken. Den Eusthenopteron hat nach 6 ënnescht Flossen, de Panderichthys hat der nëmme 4. Den Tiktaalik konnt sech schonn op "FlossenHandgelenker" an d’Lut hiewen. Den Acanthostega an den Ichthyostega hate scho richteg Been, mat 7 bis 8 Fangeren un de Féiss. Si hunn nach ganz am Waasser gelieft. De Pederpes hat nach just 5 funktionell Fangeren. Hie konnt op senge staarke Been scho méi laang u Land goen.
. Joer 362 Mio ga te s o Ichthy . Joer 362 Mio ga oste Acanth . Joer 375 Mio Tiktaalik . Joet 380 Mio thys h c Panderi . Joer 385 Mio teron p o n Eusthe
Eusthenopteron
Fleeschflosser
Panderichthys
Tiktaalik
Acanthostega
Ichthyostega
Pederpes
Mënsch
Uewen eng Schank, ënnen zwou Schanken, a vill kleng Schanken an Hänn a Féiss. Dësen Opbau vu de Gliddmoossen huet de Mënsch vu senge Virfueren aus der Devon-Zäit geierft. Kommt eraus! Ech menge mir sinn déi éischt hei baussen.
Déi éischt!! Mir sinn zënter 60 Millioune Joer hei! Hoffentlech sinn et Vegetarier!
TEXT: GUY KERSCH I
27
Fierwe mat Blieder:
E Stoftkuerf mat Nëssblieder
: Du brauchsrf aus Kotteng (am E Stoftkue onn 1x gewäsch), h Beschte sc ëssertblat, een, e frëscht Nmmer oder décke St een Holzhu at Waasser, 1 Biitche m waasser*, e ½ Glas Eis seg. s 1/2 Glas E
1
Dréin däi Stoftkuerf bannebaussen a stiech däin Nëssblat dran, sou datt et net geknujelt ass, mee schéi riicht läit.
2
Lee de Kuerf mam Blat op e festen Ënnergrond a klapp mam Hummer oder Steen drop, bis een d’Form an d’Odere vum Blat gesäit. Huel d’Reschter vum Blat eraus an zapp de Kuerf 5-10 Minutten an d’Biitche mam Waasser, wou s du ½ Glas Eisewaasser* dobäi gemaach hues. D’Faarf gëtt elo ganz kräfteg an ass fixéiert.
3
Schwenk däi Kuerf nach a klorem Waasser mat Esseg.
5 28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
4
Looss de Stoftkuerf dréchnen a streck en, fir datt e méi schéin ausgesäit.
Du kanns och nach mat anere Planze probéieren. Besonnesch gutt geet et mat Planze mat vill Gierfsaier dran, wéi z. B. Eechen-, Eschen-, Faulbam- oder Fraemantelblieder.
Den décken Nëssert huet an all senge Planzendeeler e staarke Faarfstoff. Dat hues du vläicht scho gemierkt, wann s du Nëss opgeraf hues, wou nach gréng Schuel dru war, dat goufe ganz brong Fanger! An de Blieder vum Nëssert ass de Faarfstoff och dran an du kanns si direkt benotzen, fir domat Stoft ze fierwen.
*Wéi mécht een Eisewaasser? Material: Raschteg Eisendeelercher (Drot, Neel, Schrauwen…) Esseg 2 Schraufglieser Maach deng raschteg Eisendeelercher an eent vun de Glieser a schëtt Esseg drop, bis se bedeckt sinn. Zesumme mat Loft mécht den Esseg, datt deng Deelercher séier raschten. Dofir muss du lo wärend e puer Deeg ëmmer Esseg a Loft un deng Deelercher loossen. Dat heescht, 1x den Dag den Esseg an dat 2. Glas schëdden, deng Deelercher e bëssen un der Loft loossen an da rëm zréck schëdden. Den Esseg gëtt lo ëmmer méi brongelzeg an ass no 5 Deeg prett fir ze gebrauchen. (*Du kanns awer och an der Apdikt Eiseviriol kafen, dat si gréngelzeg Kristallen, dovun dann 1 Läffel op 1 l Waasser.)
TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
29
Hunneg aus der Stad
richteg gutt a séiss! An der Stad am Gronn laanscht d’Uelzecht stinn 10 Beievëlker, déi vum Beiemann Georges Gidt betreit ginn.
30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Déi vill Bléien am Bongert, un der Steemauer, an der Blummewiss an de Blummekëschte bidden de Sammlerinnen ëmmer nees neien Nektar, dee si dann zu Hunneg ëmwandelen. De Pollen, deen d’Beien asammlen, verfiddere si un hir Larven am Beiestack.
ronn
Am Bongert am G
Am spéide Fréijoer „klaut“ de Mënsch hinnen dee séissen Hunneg, fir dee selwer ze genéissen.
Wat maachen d’Beien dann? Et bleift hinnen näischt anescht iwwreg wéi nees neien Hunneg ze produzéieren. Ouni dës Reservë géife si soss am Wanter erhéngeren.
Blummekëschten
D’Hunnegbei ass dat klengst Notzdéier vun der Welt! An net nëmmen dat! Si ass eent vun de wichtegsten! Si bestäubt 80 % vun eisen Notzplanzen (Uebst a Geméis) a vill Wëllplanzen (Kraider, Blummen). n
Eng Steemauer am Gron
TEXT: MURIEL NOSSEM I
31
Nektar ass nach laang Nektar besteet aus Zocker (Fruuchtzocker, Rouerzocker an Drauwenzocker), Waasser, Mineralstoffer, *Enzymer an Doftstoffer.
4
2
Da fëlle si déi kleng Drëpsen onfäerdegen Hunneg an d’Hunnegzellen.
D’Sammlerinne setzen am Fluch Spaut bäi, deen Enzymer* enthält.
1
5
3
Iwwer dem Fléien entzéien d’Beien dem Nektar Waasser, soss géif den Hunneg am Stack gären.
Den H wei
Am Beiestack ginn d’Sammlerinnen den Nektar weider un d’Aarbechterinnen, déi nees Enzymer aus hirem Spaut derbäisetzen.
d‘ V
–v –v
Den Hunneg aus dem Gronn gëtt geschleidert, ëmgeréiert an agefëllt!
2 1
Mat Wuess Hunnegr
) Hunnegrimmchen (Honigwabe aus dem Hunnegraum huelen
Wat ass da sou gesond am frëschen Hunneg? Saccharose 10% Waasser 18% Drauwenzocker (Glucose) 35%
32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Fruuchtzocker (Fructose) 35%
2% *Enzymen, *Inhibinen, Vitaminnen, Mineralstoffer, Aminosaieren, Eewäissstoffer, Aromastoffer. Et ass en natierlecht Liewensmëttel, an deem iwwer 150 Aromastoffer dra si kënnen! *Enzyme setzen eng Ëmwandlung a Gang, z. B. fir den Nektar an Hunneg ëmzewandelen. *Inhibine sinn natierlech Antibiotiken
7
keen Hunneg.
Eréischt wann d’Beien entscheeden, datt den Hunneg fäerdeg ass, verdeckele si e mat enger dënner loftduerchlässeger, awer waasserdichter Wuessschicht.
6
8 Den Hunneg räift elo an den Zellen.
Den Hunneg gëtt e puermol an aner Hunnegzellen ëmgefëllt.
v
s verdeckelt rimmchen
– 3
4
Rimmercher schleideren
Entdeckelen
5 –v
Filteren an afëllen
–
Hunneg verléiert ider Waasser duerch Verdonstung.
v
5
Merci dir léif Beien, datt dir sou äifreg sammelt!
De Geschmaach vum Hunneg hänkt dovun of, vu wéi enge Blummen d’Beien Nektar sammelen. Well d’Beien am Gronn vill verschidde Bléien ufléien, schmaacht den Hunneg richteg gutt!
6
E gutt Glas Hunneg!
TEXT: MURIEL NOSSEM I
33
34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
38 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
r e t k a d e r Cheffir zwee Nomëtteger D'Wëllschwäin Wildschwein, sanglier, wild boar, Sus scrofa
Wildschweine sind Säugetiere
40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
Größe: 120-160 cm lang, 1 m hoch Alter: Bis 21 Jahre Gewicht: 70-200 kg Schnauze: dreieckige kräftige Nase Wildschweine haben kräftige Eckzähne Nahrung: Wurzeln, Knollen, Baumfrüchte, Pilze, Insekten, Schnecken, Mäuse, Früchte, Molche und tote Tiere. Wohnort: Europa, Asien und Nordamerika Winter: dichtes borstiges Fell, dunkelgrau bis grauschwarz Sommer: helles, nicht so dichtes Fell Feinde: Wolf, Fuchs und Mensch Wildschweine reiben sich oft an Bäumen und sulen sich im Schlamm.
r e t k a d e r f Che fir zwee Nomëtteger Wildschweine leben allein oder in Gruppen von bis zu 20 Tieren zusammen. Eine Gruppe heißt Rotte und wird von einer erwachsenen, meist älteren Bache angeführt.
Das Wildschwein gehört zur Familie der Schweine. Die jungen Wildschweine heißen Frischlinge, die Weibchen Bache und die Männchen Keiler. Im Frühling nach einer 115 Tage langen Tragezeit bringen die Bachen bis zu 10 Frischlinge zur Welt. Die Frischlinge haben Streifen.
Die Eckzähne sind Stoßzähne.
Sie haben kleine Augen und sehen nicht gut. Dafür können sie aber sehr gut riechen. Die Spur des Wildschweines
Wildschweine sind schnell und gefährlich wenn sie Junge haben. TEXT: DIANE, LAURA, CHELSEA, DORKAS
I 41
r e t k a d e r Cheffir zwee Nomëtteger
Max, Lena und das Wildschwein beide Angst, dass dem Wildschein etwas passiert ist und fingen an, das Wildschwein zu suchen. Als sie außer Atem waren und kurz rasten mussten, haben
Es waren einmal 2 Geschwister. Sie hießen Max und
sie auf einmal ein leises Grunzen gehört. Sie liefen in
Lena. Sie gingen jeden Tag in den Wald spielen.
die Richtung, wo das Rufen herkam. Als das Grunzen
Eines Tages hörten sie ein Grunzen hinter einem
sehr laut war, sahen sie einen Graben und gingen hin.
Gestrüpp. Als sie guckten, was das wäre, sahen sie ein
Sie sahen das Wildschwein und halfen ihm aus dem
Wildschwein. Es erschrak und lief schnell davon. Max
Graben zu kommen. Nun lief es nicht weg und ließ sich
und Lena gingen täglich an diesen Ort zurück und das
gar von seinen Rettern streicheln.
Wildschwein war auch immer da, aber es traute sich
Am nächsten Tag gingen sie zum gewohnten Platz und
nie, nahe zu ihnen zu kommen.
das Wildschwein kam direkt zu ihnen. Es hatte keine
Als sie an einem Tag wieder zu ihrem gemeinsamen
Angst mehr und sie wurden gute Freunde.
Ort gingen, war das Wildschwein nicht da. Da hatten
Kurzgeschichte von Dorkas
Das kleine Wildschwein Es war einmal eine Wildschweinfamilie, die im Wald lebte. Zu dieser Familie gehörte Mutter Wildschwein, die Bache, und 7 Wildschweinkinder, die Frischlinge. Eines Tages machte die Familie einen Ausflug im Wald. Auf einmal sah ein Frischling eine Spinne. Das kleine Wildschwein beobachtete die Spinne, wie sie auf ihrem Netz hin und her krabbelte. Als es weitergehen wollte, sah es seine Familie nicht mehr. Das kleine Wildschwein fing an zu weinen. Dann kam ein Dachs vorbei und fragte: "Warum weinst du?" Das Wildschwein fragte: "Hast du meine Mutter gesehen?" "Nein!", antwortete der Dachs und sprang in seinen Bau. Ich muss größere Tiere fragen, denn die Kleinen wissen nicht Bescheid. Es ging los und begegnete einem Hirsch. Es fragte den Hirsch: "Hast du meine Mutter gesehen?" "Leider nicht!", antwortete der Hirsch und sprang mit langen Sätzen davon. Da dachte sich der Frischling: "Ich muss noch größere Tiere fragen!" Es setzte seinen Weg fort und begegnete einem kleinen Vogel. "Was ist los?", fragte der Vogel. "Ich finde meine Mutter nicht mehr. Aber du kannst mir ja sowieso nicht helfen!" "Doch, ich habe deine Mutter dort hinten beim Bach gesehen. Komm mit, ich zeige dir den Weg." Da lief das Wildschwein dem Vogel nach, bis sie bei der Familie angekommen waren. Die ganze Wildschweinfamilie und der Vogel freuten sich und feierten das Wiedersehen. Kurzgeschichte von Chelsea
42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2018
TEXT: DORKAS, CHELSEA
r e t k a d Cheffirrezwee Nomëtteger
hirer Eis 4 Chefredaktrice beissa Aarbecht am Réunioun ll vum ʼnatur muséeʼ. 12.7.2018
Virun e puer Wochen hate mir 4 Meedecher bei eis an der Redaktioun op Besuch. D’Diane, d’Laura, d’Dorkas an d’Chelsea hunn eis gehollef d’Säiten iwwer d’Wëllschwäin ze maachen. Zwee Nomëtteger laang ware si bei eis. D’Meedercher hu selwer a Bicher an um Computer recherchéiert a si hunn d’Texter geschriwwen an de Layout gemaach.
esen D’Diane an d’L d’Chelsea li n aura maache a s a rk o ’D D se . ch in N ä ot w iz h en c . ls iwwer d’Wël 12.7.2018
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounscomité:
C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Jacobs, G. Kersch, M. Kirsch, S. Majerus, F. Theisen, M. Ursone.
Texter:
Chelsey, L. Dofing, Dorkas, S. Goerens, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Jacobs, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem, Michelle Schaltz, R. Timakov.
Grafik an Illustratioun:
Diane, S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz, K. Scholtes, E. Sharapova.
Fotoen:
S2 Hannergrond: ©shutterstock, F: M S5 Marder: Dani Kropivnik S6-11 mnhn S13 Z: mnhn S14 Sarefo S15 Pressessioun: Céline Salcher, aner: mnhn S16 Reschter am Nascht: Christian Fischer, aner: Céline Salcher S17 Matten: Orchi S18 Matt: shutterstock, Guckuck: Locaguapa1, Larv Popperaiber: Gyorgi Csoka, Schlupfwespe: eto Burri, Popperaiber: Pavel Kirillov, Foto ënnen: Céline Salcher S19 Céline Salcher S20 Cthulhu: Bendu Kiwi, aner: mnhn S21 mnhn S24 Bernard Dupont S25 Moos: Earth100, Far: James St John, Kazeschwanz: shutterstock, Sigelbam: Porshunter, verstengerten Nolebam: Ghedoghedo, verstengert Blumm: Akhenatenator S26 Kriibs: Joris van der Ham, Fëschelchen: Christiane Fischer, Pneumodesmus a Spann: Matteo De Stefano/ Muse, Schleek: Madmax S27 Saurier: Maija Karalla, Patten uewen: Emma Kissling, Patten ënnen: Conti S28-29 mnhn S30-31 mnhn S32-33 Hunnegdëppen: mnhn, aner: shutterstock S40-41 Gebëss: mnhn, aner: shutterstock S43 mnhn
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
D’Dia
ne m
oolt e
e Wël
lschw
äin.
19.7.2018
is , déi e ze n e 018 c i n 2 r e t . t i k ä a 7 d'S Red 19. Déi 4llef hunn geho chen. maa TEXT: SABINE GOERENS
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
I 43
N e i A u s s t e l l u n g a m n at u r m u s é e
michael Benson’s
Otherworlds VISIONS OF OUR SOLAR SYSTEM
Vernissage am Virfeld vun der Nuit des Musées 2018
Imprimerie Centrale
13.10.2018 - 06. 01.2019