De Panewippchen 3/2019

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°128 3/2019

n e l l u V g e k c e G

www.panda-club.lu


News

Traus du dech …

… un d'Big Five?

Neen, du muss dofir net an Afrika op Safari goen! Och zu Lëtzebuerg kanns de wëll Déiere beobachten. Kriss du eng Lotto-Këscht voll? Bëschvullen Big Five : : ve Fi ig B n e Fudderhaischen-Vullen Big Five: Blo Stadvull mees Spatz Märel Routbrëschtchen Blomees Kueb Poufank Schielmees Kréi Bontspiecht Märel Spatz Markollef Routbrëschtchen Dauf : meng perséinlech Big Five n e l Big Five: l u v r e s s a Wa Stackint r Groreeë ngchen é h r e s s a Wa Schwan r dauche Hauwen Kuck do: www.lbv.de/ratgeber/tipps-voegel-bestimmen/ TEXT:CARMEN GREISEN

Sadakos Kraniche

Déi schéin an och traureg Geschicht vum klenge Sadako aus Japan. D’Sadako huet mat 2 Joer den Ofworf vun der Bomm zu Hiroshima iwwerlieft. 10 Joer dono ass hatt krank ginn. D’Sadako héiert vun der Legend vun den 1000 gefaaltene Pabeierkrukerten. Hatt fänkt un Origamikrukerten ze falen, well hatt hofft, gesond ze ginn. Säi Wonsch geet leider net an Erfëllung.

Nach haut gi vu Kanner an der ganzer Welt Pabeierkrukerten als Zeeche vum Fridde gefaalt an op Hiroshima geschéckt.

2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016

TEXT: SYLVIE HAGEN


PW 3/2019 Léisung vun der Säit 22: A-4, B-7, C-6, D-5, E-2, F-3, G-1

D'Beienhidderin am Gronn Erënnert dir iech un d’Foto vum skulptéierte Bamstamm am Gronn? Vläicht frot dir iech, wat an der Tëschenzäit geschitt ass? Den 2. Juli huet eise Beiemann Georges Gidt e klengt Hunnegbeievollek an de Bamstamm alafe gelooss. Dir fannt de Video ënner: https://www.mnhn.lu/lu/blog/2019/07/beienhidderin/ Et war einfach wonnerschéin nozekucken, wéi d’Kinnigin an hir Aarbechterinne kuerz entschloss amarschéiert sinn. 2 Stonnen huet et gedauert, du waren ongeféier 2000 Beien am huele Stamm. Mir hu si a Rou schaffe gelooss an no 2 Wochen e virsiichtegen, éischte Bléck an d’Beienhidderin gewot.

mir Riseg gefreet hu n eis, wéi mir gesin Wuebe hunn, datt d‘Beie ar a Pollen gebaut an Nekt n. Si hunn eragedroen hate efinitiv ugeholl! t neit Doheem d

also da

TEXT: MURIEL NOSSEM

Wat ass dran?

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2019 Thema: GECKEG VULLEN SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 COMIC: Blo Haiser SÄIT 6 VULLESAMMLUNG SÄIT 8 WAT SI VULLEN? SÄIT 14 KNIWWELEN Vullefudder selwer man SÄIT 15 FIR MAT ZE SANGEN Vigelchen, Vigelchen, danz mat mir SÄIT 16 GECKEG VULLEN SÄIT 22 RÄTSEL Dee richtege Schniewel SÄIT 23 KNIWWELEN Eng „exotesch” Vullefieder SÄIT 24 VULLE KUCKEN SÄIT 26 DEN DOUDESVULL RIFFT SÄIT 27 SPATZEGEHIR? SÄIT 31 KNIWWELEN Geckeg stenge Villercher SÄIT 32 DÉI GROUSS REES SÄIT 38 KNIWWEL Origamikrukert a -Fangervillchen SÄIT 41 THEMEN AM 'NATUR MUSÉE' Zréck an d'Waasser SÄIT 46 KNIWWELEN En Haus fir d'Pipmatzen Impressum SÄIT 48 Geckeg Vullen Ausstellung am ‘natur musée’ I3


an duerno leet hatt seng Eeër an däin Haus?

4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


De bloen Architekt: - Gréisst : 32 cm (wéi eng Märel) - Lieft am Reebësch an Australien - Iessen: Friichten, Bieren an Insekten Déi blo Architekte probéiere blo Stécker bei hir Nopere klauen ze goen. Dat schéinsten Haus zitt jo déi meescht Weibercher un. ekt Archit alias Bloen ubenvogel rbird e la in bow eiden alias S in alias sat iolaceus v t a s u s ynchu oisea norh Ptilo TEXT: CLAUDE HEIDT I

5


Vullesammlung

Bro oc

u ll hv

Kakapo

An der Sammlung vum 'natur musée‘ sinn ongeféier 3900 Vullen, déi zu 1500 verschiddenen Aarte gehéieren. Doniewent hu mir nach Eeër, Näschter, Skeletter a Plomme vu Vullen. Domat ass et déi gréisst a wichtegst Vullesammlung am ganze Land. Ouni dës Sammlung wier et am Musée bestëmmt net sou faarweg, a mir hätten och keng Ausstellung iwwer Vulle maache kënnen.

Awer och Vullen, déi bal ausgestuerwe sinn, wéi de Kakapo (Strigops habroptila) an de Broochvull mam dënne Schniewel (Numenius tenuirostris), kënnen an der Ausstellung „Geckeg Vullen“ bewonnert ginn.

6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Déi Vullen aus der Sammlung kommen aus der ganzer Welt: Europa, Asien, Afrika, Amerika an och Australien. Fréier sinn Déiere geschoss ginn, fir duerno u Muséeë verkaaft ze ginn. Haut ass dat awer glécklecherweis verbueden, sou datt mir just nach Déiere kréien, déi dout an der Natur fonnt gi sinn oder an Zooe stierwen.

R a ll Den eelste Vull aus der Sammlung ass eng Kleng Rall (Zapornia parva), déi am Joer 1850 bei Zéisseng fonnt gouf. Dës Vullenzort wunnt a Fiichtgebidder an Osteuropa a kënnt just heiansdo an ons Géigenden. Sch

e il

né i

Tui

Kl e ng

Aner ganz al Vullen aus der Sammlung sinn d’Schnéieil aus Nordeuropa (Bubo scandiacus), déi 1857 bei Zéisseng geschoss ginn ass, an den Tui aus Neiséiland (Prosthemadera novaeseelandiae), deen de Musée 1884 geschenkt krut.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

7


Wat si Vullen? Vulle si ganz liicht z’erkennen: et sinn déi eenzeg Déieren, déi haut liewen a Plommen hunn. Typesch fir Vulle sinn och nach 2 Been, e Schniewel an huel Schanken.

Wéi bei engem Rits Ratsch!

Wousst du schonns? Flamingoe kréien hier rosa Faarf duerch hiert Iessen: kleng Kriibsen.

Op de Plomme vum Äisvull si kleng Plaquetten, déi blo blénken, wann d’Luucht drop fält. 8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


anzplomm - Schw Guckuck

Da ck u k c Gu

u n ep lo m m

Déi eenzel Plommen hu verschidden Aufgaben. Denk un deng Daunejackett!

Dauneplommen halen de Kierper waarm. D’Kierpertemperatur vun de Vulle läit bei ongeféier 40°, dat sinn 3 Grad méi héich wéi bei ons. Wa mir also schonn héich Féiwer hunn, geet et de Vullen nach ganz gutt.

ck cku Gu Flillekplom

m

D'Plomme vum Schwanz a vun de Flilleke gesi ganz anescht aus wéi d'Dauneplommen. Um Still si ganz vill Äscht mat klenge Kreep. Dës Kreep verkralle sech a suergen dofir, datt d’Plomme stabil bleiwen. Dat ass ganz wichteg, wann d’Vulle fléien. Wann dës Verbindunge lass ginn, zitt de Vull d’Fieder just duerch de Schniewel a schonns verkrallen d’Kreep sech erëm.

Schanken

An thra c

ocero s

coro

Fir gutt fléien ze kënnen, sinn d’Vulle ganz liicht. Dofir sinn hir Schanken huel. Déi Schanke sinn awer stabil, well ganz vill dënn Fiedem bannendra sinn. Dat ass gutt op natus dësem Kapp vun engem Nashornvull aus Asien ze gesinn. rn b

i

l l,

ied ho abar p Ma l

M de

r,

rhor

nvo ge

l,

C

o ala

ba ala

Malaba

tsch-

Plommen

Bei engem amerikanesche Wäisskapp-Séiadler weien d’Plommen 3 mol souvill wéi d’Schanken.

Zwerrgschwan, Cygne de Bewick, Bewick's swan, Cygnus bewickii

Sangvullen hunn ongeféier 2000-4000 Plommen. Déi meescht Plomme sinn awer bei engem Zwergschwunn am Wanter fonnt ginn: nämlech 25216!

We ißkopfseeadler, Pygargue à tête blanc he, bald eagle, Haliaeetus leucocephalus

TEXT: CLAUDE HEIDT I

9


Lieweg Dinoen? Si viru 66 Millioune Joer wierklech all d’Dinosaurier ausgestuerwen? Fir dat erauszefannen, ënnersiche mir Skeletter, Plommen an Eeër vun Dinosaurier a vu Vullen. laange Schwanz

1. Skeletter Dat éischt Skelett vum Archaeopteryx ass 1861 an engem Steebroch an Däitschland fonnt ginn. Niewent de Schanke waren och nach Ofdréck vu Plommen ze gesinn. Den Archaeopteryx (och als Urvull bekannt) huet virun 150 Millioune Joer gelieft. Fluchsaurier hunn e ganzt anert Skelett (ee Fanger ass ganz laang) wéi d‘Vullen a sinn dowéinst och net mat de Vulle Famill.

Dem Archaeopteryx säin Numm bedeit 'ural Plomm'.

De Velociraptor war e klengen Dinosaurier, deen aner Dinoe gejot huet. Hien hat Plommen, konnt awer net fléien.

Flillek vum Fluchsaurier Ueweraarm Ënner- Hand aarm

Flillek vum Vull Ueweraarm Ënneraarm Hand

10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Dëst originaalt Fossil vum vollstännege Skelett vun engem Archaeopterix kann een am Museum für Naturkunde zu Berlin bewonneren. Am 'natur musée' ass eng Kopie ze gesinn.

Ve lo

aptor r i c

Kiferschank mat Zänn

«Gabelbein» an der Form vun engem Bumerang

Zéif mat Krall, déi zréckgekrëmmt ass

Archaeo

ryx e t p

Ur-Urbopa?

Kiferschank mat Zänn «Gabelbein» an der Form vun engem Bumerang

Dauf

Fiederen

Fanger, déi unenee gewuess sinn

kuerze Schwanz

Schniewel ouni Zänn «Gabelbein»

Zéif mat Krall, déi zréckgekrëmmt ass

typesch Vull typesch Dino Beim «Gabelbein» sinn déi 2 Schlësselbeen zesummegewuess.

Fiederen grousst Broschtbeen Hei sinn d’Muskelen, déi d’Flilleke beweegen, festgemaach.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

11


2. Plommen Virun 30 Joer ass den éischten Dinosaurier mat Plommen a China fonnt ginn: de Sinosauropteryx prima. An der Tëschenzäit sinn nach Fossilie vun ongeféier 40 Dinosaurier fonnt ginn, un deenen och Ofdréck vu Plommen ze gesi waren. De gréissten Dino mat Plommen ass de Yutyrannus huali, dee 9 Meter laang war a Famill mam bekannten Tyrannosaurus rex ass.

A

iorn nch

is

D’Plommen un den Äerm, de Been an um Schwanz si méi grouss ginn a konnte benotzt ginn, fir ze segelen an duerno och fir ze fléien. Dem Archaeopteryx seng Plomme vum Flillek gesi bal d’selwecht aus wéi déi vun de Vulle vun haut. Hie konnt also wahrscheinlech scho gutt fléien. 12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

a li

n nu

s

hu

y Yut

ra

Déi éischt Plomme vun den Dinoen hunn den Dauneplomme vun de Vulle geglach an hunn dofir bestëmmt de Kierper waarm gehal. Duerno si bei verschiddenen Dinosaurier faarweg Plommen um Kapp, un den Äerm an un de Been opgedaucht. Déi si bestëmmt benotzt ginn, fir e Partner ze fannen, wéi dat haut och d’Vulle maachen. Weess de nach, wat dem Archaeopteryx säin Numm bedeit?

Arch

a eop tery x


3. Eeër Am Joer 1995 ass e Skelett vum Dinosaurier Oviraptor op engem Nascht mat Eeër fonnt ginn. Vläicht hunn also och schonns Dinosaurier hir Eeër ausgebritt.

Dem Oviraptor säin Numm bedeit 'Eeërdéif'.

Dës Nobildung vum Fossil vun engem Oviraptor, deen a sengem Nascht d'Eeër ausbréit, kann een am Naturmuseum Senckenberg gesinn.

nger Dinosa u rierfieder Zeck op e

Virun e puer Joer sinn Zecken an Hoer vu Speckkiewerlek-Larven op enger Dinosaurier-Plomm am Bernstein (verstengert Haarz) fonnt ginn. D’Larve vun de Speckkiewerleke liewen haut besonnesch an de Vullennäschter. Dat dierft och e Beweis sinn, datt d'Dinosaurier sech ëm hir Eeër gekëmmert hunn. Verschidden Dinosaurier hate schonns Plommen, hiert Skelett gläicht deem vu Vullen a si hunn och hir Eeër ausgebréit. Dat weist, datt d‘Vulle vun Dinosaurier ofstamen, déi op 2 Been gelaf sinn a Fleesch gefriess hunn. Viru 66 Millioune Joer sinn also just déi Dinosaurier ausgestuerwen, déi net fléie konnten! TEXT: CLAUDE HEIDT I

13


Vullefudder

e fidderener?de Buedem fest Firwat VuallSc hnéi läit od

n. Am Wanter, w wéineg fir ze friesse nz ga lle Vu d’ en fidders. gefruer ass, fann fen, wann s de se lle hë en nn hi du s Dofir kann

Wat soll gefiddert ginn? Käre

Wéi soll gefiddert ginn?

ar

trongsbech

S c ss p kri Su

Maach de Becher hallef voll Kären.

ng es , Le al zt

m t sf e du alz g (=Schwén b am er eim Metzler oder ma rché )

Réier dat Ganzt mam Bengel, fir et gutt ze vermëschen.

Looss de Bengel als Still dran a stell de Becher eng Nuecht an de Frigo. Duerch d’Ofkille gëtt däi Fudderbräi nees haart. 14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019 I TEXT: CLAUDE HEIDT

t,

klenge Beng el

nf,

en, am ins n Nëss…) e

Ha

h

Eng Fettbull selwer man

en (Sonneblumme Kär Huewer flacken, o kären

er

K

D’Vullefudder däerf net naass ginn! Schëtt et dofir am beschten an e Fuddersilo. Et ass och wichteg, datt d’Vulle sech net op d’Fudder setzen,well si soss drop kacke kënnen.

n, Huewer, ongesalzten Nëss, Äppel (kuck PW4/2016, S.12 ) a Fe ttbulle kanns du de Vu lle ginn. Dogéint si Reschter vu m Iessen (do ass Salz dr an), Brout a Frittefett ganz schlecht fir d’Vullen.

Schmëlz de Schmalz an engem Dëppen op niddreger Temperatur a schëtt en an de Becher.

Maach de Becher futti.

Du kanns och Ko

kosfett huelen, ku

ck PW4/2018, S.1

Stréck e Stéck Schnouer ëm de Bengel an hänk deng Fudderbull un e Bam.

An elo brauchs d u just nach drop ze waarden, datt M eesen, Spiechte na Kueben an däi Re staurant komme n.

9


TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

15


Geckeg Vullen Mir Mënsche verloossen ons besonnesch op eis Aen, fir d’Welt ze entdecken. Am Verglach mat de Vulle kënne mir awer apaken, well déi gesinn däitlech besser wéi mir. Am

eri

c es

ka n

he lle Fa

k, rfa nde Wa c Fau lke,

er pèl on

g in, prer

lc n, Fa alco rine f

in eg r o per

us

16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Piss kucken

A

e he Fall c s e n a m e ri k

k

Amerikanesch Falleken entdecken en 2 mm grousst Insekt aus enger Distanz vun 18 Meter.

2mm

An d’Vulle kënnen nach vill méi: Si gesinn déi ultraviolett Luucht (kënnt vun der Sonn a verbrennt ons Haut, wa mir ons net acrèmen). Dat erlaabt et den Tuermfalleken, de Piss vu Mais ze gesinn, an dofir fanne si dës Béischte ganz séier.

erelle, faucon créc , e lk fa m r u T Tuermfallek, tinnunculus o lc a F l, re t s common ke

A verschidde Vullen (Perruchen, Blomeesen) benotzen d’UV-Luucht, fir e Partner ze fannen.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

17


Mais héieren

Virg

inia-Uhu, Grand-duc d'Amériqu e, g rea th orn ed

Och wann Eilen am Däischtere besser gesi wéi mir, fanne si d’Mais awer mat den Oueren. Eile fléien ouni Kaméidi ze maachen, net wéi eng Dauf, z. B., déi virun ons opflitt. An d’Vullen héiere vill besser wéi mir. le ra rterel crou u o t , e b a au m auert e, Zena ida r T , f ov dau rning d r e u u Tra te, mo tris

s anu i n owl, B i ubo virg Bei den Eile läit dat rietst Ouer e bësse méi héich um Kapp, wéi dat lénkst, an dofir kommen d’Geräischer net zur selwechter Zäit bei deenen 2 Oueren un. D’Eil weess doduerch genee, wou d’Maus ass, och wa si nach knapp 50 Meter ewech ass.

Lénks a riets Ouerelächer vun der Tuermeil

St ee

ka u

z, S

teink auz,

cho uet te c

he vê

e ch

18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

wl, A o e tl , lit

thene noctua


Wierm richen Déi meescht Vulle kënnen net ganz gutt richen. Mä verschiddener verloosse sech awer ganz op hir Nues, fir hiert Iessen ze fannen.

Kiwi, Apteryx mantelli

De Kiwi aus Neiséiland ass nuets ënnerwee an hien huet ganz kleng Aen. Fuerscher hu souguer blann Kiwien an der Natur begéint, déi topfit waren, also ouni Problemer hiert Iesse fonnt hunn. Mat dësem Experiment konnt bewise ginn, datt d'Kiwien hiert Iessen duerch d’Riche fannen: Wann 2 Eemeren (ee just mat Buedem, ee mat Buedem a Wierm) bei d’Kiwie gestallt gi sinn, hunn d’Kiwie just am Eemer mat Buedem a Wierm gewullt. Deen aneren huet si guer net interesséiert. TEXT: JCLAUDE HEIDT I

19


Plogeeschter verdreiwen Flou, Floh, pu Well jonk Vulle sech net gutt wiere kënnen, si Vullennäschter e Paradäis fir Bluttsëffer, wéi Zecken, Fléi a Lausmécken. Normalerweis iwwerliewe gesond Vullen d‘Attacke vun dëse Mini-Draculaen. Wann déi jonk Vullen awer schwaach sinn, well si net genuch ze friesse kréien, kënne se stierwen, wa si ze vill Blutt ofgezaapt kréien.

Ze

c

Ze cke,

tique, t ick, Ixodida

20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

onaptera

k,

, ge flie, e i fl us ouse a l L k, és, c é id e sm osc cida u La ppob bos hi ippo H

ce, flea, Siph


Vullen hunn awer Tricke fonnt, fir d'Plogeeschter ze verdreiwen.

Sinn ze vill Zecken am Nascht, sammele mexikanesch Hauspilloen Zigarettestëmp. Déi gi kleng gerappt an an d’Nascht geluecht. An den Zigaretten ass Nikotin, e staarkt Gëft, dat d'Zecken dout mécht. Wéi schlecht dëst Gëft awer fir déi kleng Vullen ass, muss nach ënnersicht ginn.

Mexikaneschen Hauspillo, Hausgimpel, house finch, Ro selin familier, Haemorhous mexicanus

Spréiwe sammele Kraider wéi d'wëll Muert, d'Dausendblietchen an d'Geessekraut, déi mat am Nascht verbaut ginn. Dës Kraider verhënneren, datt sech ze vill Bluttsëffer am Nascht entwéckelen.

Wëll Muert, wilde

Geessekraut, gewöhnlic

Möhre, carotte sauvage, wild carot, Daucus

Aegopodium podagraria

Achilea millefolium

Dausendblietchen,

her Giersch, herbe aux

goutteux, ground elder,

millefeuille, yarrow,

Gemeine Schafgarbe,

carota

Spréif, Sta

is

g, Sturnus vulgar

arlin onnet, common st r, Étourneau sans

TEXT: CLAUDE HEIDT I

21


el kënnen Mat hirem Schniew er sichen, d’Vullen hiert Fudd er räissen. fëschen, bäissen od t, wat de De Schniewel verréi Vull frësst.

Dee richtege Schniewel Fënns du eraus, wéi ee Vull wat frësst? Verbann de Kapp mat dem passende Fudder!

Panewippchen Bachstelze Bergeronette grise white wagtail Motacilla alba

A

1

Wäisse Storch Weißstorch Cigogne blanche White Stork Ciconia ciconia

Grogäns

Graugans oie cendrée graylag goose Anser anser

B

C

2

3

Bussar

Mäusebussard buse variable common buzzard Buteo buteo

D

4

Fëschreeër Graureiher héron cendré grey heron Ardea cinerea

E

5

Poufank

Buchfink pinson des arbres common chaffinch Fringilla coelebs

F

6

Bontspiecht

Buntspecht pic épeiche great spotted woodpecker Dendrocopos major 22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

G

7 D'Léisung fënns du op der Säit 3


s u a h c e n e h c a a m Wéi n e m m o l P e h c einfa „exotescher”?

gesammelt? Déi Hues du Vullefiedere molen. kanns du ganz flott be e renge Pinsel an Dofir brauchs du just e bëssen Acrylfaar f. Schonn e puer Punkte ginn duer, fir datt deng Fieder ganz Dat „eenzegaarteg” gëtt. ass vläicht och mol e flotte Cadeau fir een, deen s du gär hues!

er Vullefieder eng Wann s du aus deng chen, brauchs du Schreiffieder wëlls maa eren, si sollen ee Cutter, fro deng Elt dir hëllefen.

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

23


Vulle kucken Bass du begeeschtert vu Vullen? Du hues bestëmmt scho Leit gesinn, déi stonnelaang mat der Spektiv am héije Gras beim Séi sëtzen. Dat si „Birder” oder Vullekuckerten! Wann s du Loscht hues och mol „Birding” ze probéieren, da sinn hei e puer Tippe fir dech.

Ausrüstung

·· ·· ·

Spektiv Bestëmmungsbuch Notizbuch Vullekuck-App Dem Wieder an der sste Kleeder Ëmgéigend ugepa sbuch: E gutt Bestëmmung da? Was fliegt denn Kosmos Kindernaturführer, OS-PLUS, fir D'gratis App KOSM uschteren, Vullestëmmen ze la kascht 9 Euro.

Plazen Fir Vullen ze kucken, brauchs du net wäit ze goen: Gréngflächen an oppe Waasserfläche sinn ideal. Op ville Plaze kanns du aus extraen Hütten eraus Vulle kucken.

E puer Hotspots fir Vullen ze kucken: Conzefenn Clierf

Misärsbréck

ent.public.lu/fr/ https://environnem tiers-nature.html natur-erliewen/sen

Wolz

Iechternacher Séi

Veianen Dikrich

Réiden

Dumontshaff

Iechternach

Miersch

Capellen

Menster Lëtzebuerg

Réimech Esch-Uelzecht

24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

Haff Réimech


Paparazzi!

· · · · · · · ·

Reegelen

Stéier d’Vullen an aner Déieren esou mann wéi méigl ech. Hal dech un d’Verhal ensreegele vum Naturschutzgebitt (géi net vum Wee erof). Bréng dech net a Gef or fir seelen Déieren ze kucken.

Bestëmmen

Gréisst: Probéier ze schätzen, wéi grouss de

Vull ass.

Form a Silhouette: Kuck d’Ausgesinn vum

Vull, d’Form vum Schniewel, ob d’Been kuerz oder laang sinn, beim Fléien d’Form vum Schwanz an de Flilleken. Faarf: Sich opfälleg Musteren, kuck d’Faarf vun den eenzelne Kierperdeeler. Joereszäit: Am Hierscht verloosse vill Vullen eis Géigend, dofir kommen aner Vullen aus nërdleche Géigende bei eis. Et ass wichteg ze wëssen, wéini wéi eng Aarte bei eis sinn. Stëmm: De Ruff an de Gesang si ganz typesch fir déi eenzel Vullenaarten.

Info Gëff deng Beobachtungen op enger vun dëse Plazen an a kuck, wat aner Birder sou gesinn hunn: iNaturalist: Maach mat: https://data.mnhn.lu/maach_mat Géi bei geféierte Wanderungen, z. B. vum ‘natur musée’ oder vun natur&ëmwelt mat a fann Kollegen, déi och gär Vulle kucken. TEXT: CLAUDE HEIDT I

25


Den Doudesvull r ng l an all Duerf e a b t e u h r e Jo Virun 200 uze gebréit. Koppel Steeka kten (Nuetsse In ss u ro g t ss ë Dës kleng Eil fr an och Mais. ) n ke e rl e w ie K Päiperleken a

n Deemools hate e d’Leit nach ke us a Stroum am Ha hlofe si sinn owes sc et gaang, wann ass. däischter ginn un der Just wann ee v nk Famill doudkra am Bett louch, er souzen déi an rz bei enger Käe a sengem Zëmmer, fir hien opzemonteren. Baussen um Fënsterbriet si masseg r Insekte vun de Luucht ugezu ginn. Dat huet de natierlech och

D'Ee vu

mS 26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

st réis

4cm

alg

an kauz Origin e e t

Steekauz alias Steinkauz alias Chouette chevêche alias alias Athene noctua Gréisst: 25 cm (sou grouss just méi déck) Gewiicht: 120-250 g


rifft ckelt, Steekauz ugela auch dee sech de B huet. vollgeschloen et Meeschtens hu nach hien dann och u-itt“ déi ganz Zäit „k geruff. Wann dann de r Kranken an de rwen Nuecht gestue er, ass, war et klo gen wien de Schëlle de ass: natierlech säi Ruff Steekauz. Well mm kléngt wéi: „Ko p mit, bring Schip it“. und Spaten m : Dat heescht jo „Komm mat op de Kierfecht a gruef däi Graf selwer".

Haut gleeft glécklecherweis kee Mënsch méi dës Horrorgeschichten.

Leider ginn et awer zu Lëtzebuerg bal keng Steekauze méi. Firwat? Op de Felder gëtt ganz vill Gëft gesprëtzt an doduerch si vill grouss Insekte verschwonnen an de Steekauz fënnt net méi genuch fir z’iessen. An et ginn och ëmmer manner al Beem mat Lächer, wou de Steekauz seng Eeër dra leeë kann.

Fir deem klenge Kauz ze hëllefen, hunn Naturschützer an de Bongerte grouss Vullenhaiser opgehaangen.

little owl wéi eng Märel,

TEXT: CLAUDE HEIDT I

27


Spatzegehir? Fréier hunn d’Leit gemengt, datt d'Vullen domm wieren, well si e ganz klengt Gehir hunn. D’Gehir vun engem Kueb ass just esou grouss wéi eng déck Noss. Mä Vulle sinn awer a Wierklechkeet ganz intelligent, wéi dës Beispiller beweisen.

28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Alex Superpapagei

Gropapagei, Graupapagei, perroquet jaco, grey parrot, Psittacus erithacus

De jonke Gropapagei Alex huet vun der amerikanescher Wëssenschaftlerin Irene Pepperberg ganz vill geléiert. Well den Alex immens intelligent war, konnt hien no e puer Joer 7 Faarwen (gréng, blo, giel, orange…) ënnerscheeden, 50 Saachen erkennen (Pabeier, Holz, Schlëssel, Noss…), 7 Formen erkennen (dräieckeg, ronn…) an och bis 8 rechnen. Kuerz ier den Alex mat 31 Joer gestuerwen ass, sot hien zum Irene: „Du bass gutt. Ech si frou mat dir.“

Nëssknacker

Bëschkueb, Rabenkrähe, corneille noire, carrion crow, Corvus corone corone

Wéi kritt e Bëschkueb eng déck Noss ouni Nëssknacker op? Ma ganz einfach: D’Noss an de Schniewel huelen, an d’Luucht fléien a se op eng Strooss oder en décke Stee fale Op dëse Fotoen ass e Groe Kueb, Nebelkrähe, corneille mantelée, hooded crow, Corvus corone cornix bei der Aarbecht. loossen. Meeschtens platzt d’Schuel op an de Kueb brauch just nach d’Noss ze friessen. Zu München hunn d’Bëschkueben awer nach e besseren Trick fonnt: Ass d’Luucht fir d’Foussgänger gréng, fléien d’Kueben iwwer d’Zebrasträifen a loossen d’Noss falen. Op engem Bam oder Potto gëtt duerno gerascht an den Autoen nogekuckt. Ass d’FoussgängerLuucht erëm gréng, ginn d’Kueben déi vun den Autoen zerquëtschten Nëss sichen, fir se dann a Rou ze friessen. TEXT: CLAUDE HEIDT I

29


Muedefuerscher

Kaledonesche Kueb, kaledonische Krähe, corbeau calédonien, New Caledonian crow, Corvus moneduloides Hierschtkueb, Saatkrähe, coreau freux, rook, Corvus frugilegus

Op enger SüdséiInsel maache sech d’Kaledonesch Kuebe souguer hiert eegent Handwierksgeschir. Soubal si an engem Lach am Bam en décke Mued entdeckt hunn, gi si en dënnen Aascht ofbriechen, rappen d’Schuel mam Schniewel erof a schaffe sou laang drun, bis en déi richteg Gréisst huet, fir de Mued am Lach opzespiissen. De Mued gëtt duerno mat Genoss giess. Déi eenzeg aner Déieren, déi och nach selwer hiert eegent Handwierksgeschir maachen, sinn d’Schimpansen.

En Experiment op der Uni Cambridge wollt erausfannen, wéi en Hierschtkueb e Mued aus engem grousse Glas mat Waasser erauskritt (de Mued schwëmmt um Waasser an d’Glas ass ze déif, fir datt de Kueb de Mued mam Schniewel erausfësche kann). Kee Problem fir den Hierschtkueb: hien huet esou laang Steng an d’Glas

gehäit bis de Waasserspigel geklommen ass an hie mam Schniewel un de Mued komm ass.

Spigelbild

Kréi, Elster, pie bavarde, magpie, Pica pica

An Däitschland hu Wëssenschaftler faarweg (rout, blo oder giel) Punkten op d’Fiedere vu Kréie gemoolt. Soubal dës Kréie sech am Spigel gesinn hunn, hu si direkt probéiert, fir déi Punkten erëm ewechzemaachen. Just schwaarz Punkten hu si net gestéiert (vläicht well si jo schwaarz-wäiss sinn). Dat heescht jo ganz kloer, datt si sech am Spigel erkannt hunn. Kleng Kanner ënner zwee Joer kënnen dat nach net. 30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019 I Claude Heidt

Den Amerikaner Henry W. Beecher hat also Recht, wéi hie virun 150 Joer gesot huet: „Och wann d’Mënsche Flilleken a schwaarz Plommen hätten, wieren déi mannst intelligent genuch, fir Kueben ze sinn.“


Géi eraus (bei d'Baach…) e puer schéi ronn Steng sammelen.

Geckeg stenge Villercher Mir Vullen hunn e ronne Kierper. Dofir si Steng ganz flott, fir eis drop ze molen.

Du brauchs e Pinsel an am beschten Acrylfaarf. (Do al Kleeder un, well Acryl geet net méi of.)

Hei si meng bemoolte Steng. Wanns du wëlls, kanns du eis eng Foto vun denge Steng eraschécken an da weise mer se am nächste Panewippchen. Panda-club, 1a, rue Plaetis, L-2338 Lëtzebuerg oder panda-club@mnhn.lu

ss!

Vill Spaa

TEXT: SABINE GOERENS I

31


Déi grouss Rees All Joer am Hierscht maachen d’Zuchvulle sech op d’Rees an de Süden.

Äddi bis am Fréijoer. Ech wäert iech vermëssen!

32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Mir Schmuewele friesse Mécken. A well et am Wanter keng hei ginn, fléie mir bis an Afrika.

Firwat bleiwen d’Zuchvullen net dat ganzt Joer bei ons? Am Wanter fanne verschidde Vulle bei ons näischt méi ze friessen (Insekten a Fräschen) an dofir fléie si an de Süden. Et ass also net sou, datt et hinnen am Wanter bei ons ze kal wär.

De Schwaarze Storch Johanna ass vu Lëtzebuerg bis an de Burkina Faso an Afrika geflunn an huet a Spuenien, am Marokko an am Mali Rascht gemaach.

Wéini wëssen d’Vullen, datt et Wanter gëtt? Mir Wäissstorchen hunn e Gewiicht vun 3,5 kg. Op eiser Rees an Afrika (4700 km!!) verbrauche mir ongeféier 3 kg Fettreserven als „Bensin”. Klor, datt mir genuch friesse mussen, fir dat ze iwwerstoen!

Am Hierscht, wann d’Deeg méi kuerz ginn, ginn d’Vullen onroueg. Si friesse ganz vill, fir genuch Energie fir hir Rees ze hunn. Ënnerwee brauche si och nach genuch Raschtplaze mat vill Fudder, well et gi Plazen, wou et näischt ze friesse gëtt (z. B. iwwer dem Mier an der Wüst). TEXT: CLAUDE HEIDT I

33


Wéi fannen

d’Zuchvullen de Wee? D’Zuchrichtung ass de Vullen ugebuer. Déi Zuchvullen, déi am Dag fléien (Schmuewelen, Storchen) orientéiere sech un der Sonn. Dofir musse si de Stand vun der Sonn fir all Dageszäit kennen (moies geet d’Sonn am Osten op, mëttes steet si am Süden an owes geet si am Westen ënner).

Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt mir Zuchvullen eng Auer am Kapp hunn.

Wäissstorch

Polarstär Polarstär

Teissel

Klenge Won klenge Won

Grousse Won

Kuck an de Stärenhimmel: wann s du dir eng Linn denks vum Grousse Won bis bei den Täissel vum klenge Won, dann hues du de Polarstär fonnt, deen e bësse méi hell liicht, wéi déi Stäre ronderëm.

Ro

utb rë

grousse Won Aner Vulle fléien nuets (wéi d’Routbrëschtchen an d’Inten). Si orientéiere sech um Polarstär, e Stär, deen zu all Joreszäit am Norde steet. Dat geet awer just bis bei den Äquator, well méi südlech ass de Polarstär net méi ze gesinn. Wouru si sech duerno orientéieren, gëtt nach erfuerscht.

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

sc

htc h

en


Äerdachs

Wann d’Sonn oder d’Stären (bei schlechtem Wieder) net ze gesi sinn, kënne sech d’Vullen un de Magnéitfelder vun der Äerd orientéieren. De Magnéitkompass ass bei de Vullen am rietsen A. Wéi e genee fonctionnéiert, gëtt nach erfuerscht.

magnéitesche Südpol

geografeschen Nordpol

Magnéitfelder vun der Äerd Awer och Bierger, Baachen an Uertschaften hëllefen den Zuchvullen, fir de Wee ze fannen. Dat erkläert, firwat d’Schaaschtegschmuewelen all Joer am selwechte Stall bréien.

geografesche Südpol

Raschten ënnerwee bei engem Séi, wou et vill ze friesse gëtt.

magnéiteschen Nordpol

Firwat bleiwen

d’Zuchvullen dann net an Afrika?

Am Norde ginn et am Summer vill Insekten. D’Zuchvullen, déi am Fréijoer zréck an ons Géigende kommen, fannen also genuch ze friesse fir sech an hir Jonk. Am Süden ass an der Brutzäit d’Konkurrenz fir d’Insekte ganz grouss an et ginn do och méi Feinden. Dofir kommen d’Zuchvulle bei ons zréck a maachen déi geféierlech Rees zweemol am Joer. TEXT: CLAUDE HEIDT I

35


Wéi gouf erausfonnt, wou d’Zuchvullen iwwerwanteren? Fréier hunn d’Leit gemengt, d’Zuchvulle géifen e Wanterschlof halen, wéi d’Fliedermais, déi jo och laang Zäit fir Vulle gehal gi sinn. Eréischt virun 100 Joer hunn d’Wëssenschaftler den Zuchvulle Réng un d’Patten ugedoen an domat d’Rätsel vum Vullenzuch geléist. Déi Réng si ganz kleng a liicht an dofir hënnere si d’Vullen net.

D’Vullenexperte wëssen, wéi si eis upaken! Dat deet eis guer näischt! Chick, mäin neie Rank!

ank vun R e it ä s e Sou g o ull aus. D engem V ra ummer d ass eng N déi Plaz, an gedréckt ënnt. e Rank k d u o w u v

Wat man ech, wann ech e Vull mat engem Rank fannen?

Fir de Vullenzuch besser ze erfuerschen ass all Informatioun vu beréngte Vullen immens wichteg.

36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

Schreif d’Ranknummer, den Datum an d’Plaz, wou s du de Vull fonnt hues, op en Ziedel a schéck dat Ganzt mat denger Adress un: natur & ëmwelt, Haus vun der Natur, L-1899 Kockelscheier. Soubal erausfonnt ginn ass, wou de Vull beréngt gouf, kriss du dës Informatioune geschéckt (dat dauert dacks e puer Méint).


Hunn déi Leit näischt Besseres ze dinn, wéi ons auszespionéieren?

Erfuerschung vum Vullenzuch mat Satelliten Fir de Vullenzuch nach besser ze erfuerschen, kréie verschidde Vulle Senderen ugedoen. Déi gesinn aus, wéi e Rucksak mat enger Antenn. Dëse Sender schéckt Signaler un e Satellit a sou weess een zu all Moment, wou de Vull grad drun ass, a souguer, wat e mécht (flitt oder rascht).

Schwaarzstorch Mat spezielle Programme kënnen d’Vullefuerscher déi ganz Informatiounen am Computer kucken an ënnersichen an domat no Fluchrouten oder Raschtplaze sichen.

Jo, a Südeuropa gi vill Vullen ofgeschoss a gi mol net giess.

Geforen ënnerwee D’Gefore fir d’Zuchvulle sinn d’Zerstéierung vu Fiichtgebidder (= hire Restaurant) an d’Juegd a Südeuropa (Frankräich, Italien, Zypern, Malta).

iss Schéi Gré a! aus Afrik

Johanna

chen Panewipp ’ sée ‘natur mu g Lëtzebuer

kuck och um Poster an dësem Panewippchen TEXT: CLAUDE HEIDT I

37


Origamikrukert 1

Dir braucht dënnen, véiereckege Pabeier.

Faalt de Pabeier wéi gewisen. Et ass wichteg, datt dir ganz fest faalt!

Dee lénksen, rietsen an iewechten Eck no banne falen an nees zréck leeën.

De Krukert, op Däitsch Kranich, ass a Japan e Symbol fir e laangt Liewen. Eng Legend seet: Wann s du 1000 Pabeierkrukerte faals, hues du e Wonsch fräi. A Japan gëtt gesot, datt de Krukert 1000 Joer lieft, dofir muss een der 1000 falen an et muss ee se alleguer halen. Den Origami - Krukert gouf ganz bekannt duerch d’Kannerbuch: «Sadako and the thousand Paper Cranes», geschriwwe vum Eleanor Coerr. Dëst Buch erzielt d’Geschicht vum Meedchen Sadako vun Hiroshima. Kuck Säit 2.

12

Dee rietsen Eck op dee lénkse falen.

8

Den ënneschten Eck no uewen zéien, d'Säiten no bannen drécken a flaach falen.

Ëmdréinen.

14

13

Déi riets a lénks ënnescht Spëtzt no uewe falen an nees zréck. Ëmdréinen.

10 widerhuelen.

13 widerhuelen.

Origami-"Fangervillchen" Dir braucht véiereckegen, faarwegen oder wäisse Pabeier a Faarwen.

8

9

2

1

Faalt de Pabeier wéi gewisen.

Dee lénksen Eck no riets klappen.

38 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

Déi iewecht Spëtzt no ënne falen.

7

6

De Pabeierkrukert ass dee bekannteste vun allen Origami - Modellen. Heen heescht op Japanesch Orizuru - gefalte Krukert.

2

Diagonal falen an nees opman.

Déi 2 Ecker op d'Mëtt falen.

10

De Wutz erastiechen.

Ëmdréinen.

Moolt dem Villchen Aen, Flilleken an e Schwanz.


Origami ass d'Konscht vum Pabeierfalen. Den Numm kënnt aus dem Japaneschen „o ru” fir "falen a „kami” fir „Pabeier".

4

3 Deen Eck zréck no riets huelen, …

9

5

… de Pabeier auserneen zéien an déi iewecht Spëtzt no ënne falen. Flaach drécken.

11

10

6 & 7 widerhuelen.

Riets a lénks Spëtzten zur Mëtt falen.

15

Ëmdréinen an 3 & 4 widerhuelen.

Ëmdréinen.

16 17

Déi riets a lénks Wutzen tëschent déi 2 Pabeieren no uewen zéien. Dobäi d'Wutzen deen anere Wee op der Halschent falen.

D'Spëtzt vun deem enge Wutz fir de Kapp emol no vir an no hannen diebelen.

7

5

3

6

4 An der Halschent zouklappen.

Wéi bei 16 tëschent déi 2 Pabeieren drécken. D'Flilleken no ënnen diebelen.

Dee lénksen Eck op der gestréchelter Linn no riets falen.

Ëmdréinen.

Dee lénksen Eck no riets klappen.

Ëmdréinen.

Stiecht är Zeigefangeren an dem Villche säi Schniewel an denkt iech Geschichten aus. TEXT: SYLVIE HAGEN I

39


Themen am neien ‘natur musée’:

Zereck

an

Reptilien, Vullen a Mamendéieren hunn e puer Mol an der Äerdgeschicht d’Mier als Liewensraum zeréck eruewert. Hire Kierper huet sech iwwert Joermillioune verännert an un d’Liewen am Waasser ugepasst.

r e s s a a D'W

40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Mesosaurier Mat déi éischt Reptilien, déi erëm am Waasser gelieft hunn, waren déi kleng Mesosaurier. Si haten een héije flaache Schwammschwanz, an déck Rëppen als Ballast.

Plesiosaurier

D’Plesiosaurier si mat hire 4 Paddelflossen duerch d’Mier geschwommen, sou wéi haut d’Mier-Deckelsmouken. Et gouf Plesiosaurier mat laangem Hals a klengem Kapp, a Pliosaurier mat kuerzem Hals a groussem Kapp.

D’Plesiosaurier si viru 66 Mio. Joer ausgestuerwen, d’Pliosaurier scho virun 90 Mio. Joer. Den 'natur musée‘ weist een 180 Mio. Joer ale Plesiosaurier vun Zolwer (Panewippchen 2/2018).

TEXT: GUY KERSCH I

41


:

Feschsaurier Och d’Fëschsaurier hu sech aus Landreptilien entwéckelt. Verschidden Aarte si bis 20 m laang ginn. Si si virun 90 Mio. Joer ausgestuerwen. Am Süde vu Lëtzebuerg sinn eng Rei Fëschsaurier fonnt ginn, déi virun 180 Mio. Joer hei am Lias-Mier gelieft hunn.

Dëse fréie Fëschsaurieraartegen huet wuel nach seng Eeër u Land geluecht.

D’Fëschsaurier hunn no an no ëmmer méi den haitegen Delfine geglach. Si konnten dunn net méi u Land goen an hunn am Mier lieweg Jonger gebuer. Hei ass e Fossil vun engem Fëschsaurier-Weibchen, dat grad e Jongt op d’Welt setzt.

42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019


Mierkrokodillen

Och d’Krokodillen hu sech deemools un d’Liewen am Mier ugepasst. D’Mierkrokodillen hu mat verschiddenen Aarte virun 195 bis virun 125 Mio. Joer gelieft.

Mierkrokodil-Fossilie goufen och zu Lëtzebuerg fonnt a sinn am 'natur musée‘ ausgestallt. (Panewippchen 2/2018).

anen r a W r ie M : r ie r u a s a s Mo Wéi d’Mierkrokodillen, d’Fëschsaurier an d’Pliosaurier ausgestuerwe sinn, hunn d’Mosasaurier hir Nisch am Liewensraum Mier besat. Si ware Famill mat den haitege Waranen an hu virun 100 Mio. Joer bis viru 66 Mio. Joer gelieft.

Mier-Deckelsmouken Spéitstens virun 150 Mio. Joer sinn och Deckelsmouken an d’Mier gaangen. Glécklecherweis hunn der e puer dat grousst Massenausstierwe viru 66 Mio. Joer iwwerlieft, sou datt hir Nokommen haut nach duerch eis Mierer schwammen.

TEXT: GUY KERSCH I

43


MierVullen

Virun 100 Mio. Joer hate verschidde Vulle sech esou un d’Mier ugepasst, datt se net méi fléie konnten. Hir Flilleken hu sech bal ganz zeréckgebilt a si si mat hire staarke Féiss geschwommen.

Anerer hu sech zu Pinguinen entwéckelt. Si kënne mat hire Flilleken zwar net méi an der Loft fléien, awer ëmsou besser ënner Waasser.

Robben

-

-

Zu gudder Lescht sinn och Mamendéieren de Wee zeréck an d’Waasser gaangen. D’Robbe gehéieren zu de Raubdéieren. Si verbrénge bal hiert ganzt Liewen am Waasser, mussen awer u Land goe fir hir Jong op d’Welt ze setzen. D’Virfare vun de Robben hunn eisen haitege Fëschottere geglach an och esou gelieft.

Seikei

44 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

D’Séikéi si Famill mat den Elefanten. Si friesse Waasserplanzen an hu sech esou un d’Liewen am Mier ugepasst, datt se net méi u Land kënne goen.


Walen

D’Walen hu sech aus Houfdéieren entwéckelt. Si sinn am nooste Famill mat de Flosspäerd. De Wal-Virfuer Ambulocetus hat nach Spronggelenker wéi d’Gerued-Houfer, awer schonn déck Ouerekapsele wéi d’Walen, fir ënner Waasser ze héieren.

Den Dorudon war schonn e „richtege“ Wal, deen net méi u Land goe konnt. En hat nach 2 kleng hënnescht Flossen. Déi modern Walen an Delfinen hunn nach just déi 2 viischt Flossen. Si hunn awer nach kleng bannenzeg BeckeSchanken – eng Ierfschaft vun hire Virfueren déi op 4 Been gaange sinn.

Viru 25 Mio Joer sinn déi éischt Baartwalen opgedaucht. Baarte si gefränjelt Lamellen am Mond. Si bestinn aus Har (Keratin) – wéi eis Fangerneel an eis Hoer. Mat dëse Baarten amplaz vun Zänn filteren d’Baartwalen hiert Fudder aus dem Mier: Millioune kleng Kriibsecher.

-

u v g n u g e e w e b t r o F D in f l e D n a r ie r u a s h c s E F :

horizontal Schwanzfloss vertikal Schwanzfloss

Reptilie beweegen d’Wierbelsail hin an hir, Mamendéiere beweege se op an of. TEXT: GUY KERSCH I

45


46 I DE PANEWIPPCHEN 3/2019

18 cm

14 cm

24 cm

14 cm

24 cm

27 cm

27 cm

24 cm

2x

14 cm 14 cm

Du brauchs: ongehuwwelt Dännenholz, Neel, 2 Zweespëtzen, 1 Schlämpchen, biologesch Faarf, Drot

2,6-3,4 cm

20 cm

Vullenhaiser ze bauen ass ganz einfach. Looss dir vun engem Erwuessenen d’Holz op d’Mooss schneiden. D’Holz däerf op kee Fall mat Gëfter (=Holzschutzmëttel) behandelt ginn. Sträich d’Haus nëmme bausse mat enger biologescher Faarf un.


De Panewippchen

Een neit Haus n e z t a m p i P fir d’

‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

C. Faber, S. Goerens, MP. Goetzinger, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kayser, G. Kersch, M. Kirsch, A. Marx, M. Nossem, E. Schockmel, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.

Texter:

S. Goerens, C. Greisen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, MP Goetzinger, Grosbusch, S. Hagen.

Fotoen:

Wou gi Vullenhaiser opgehaang? Hänk däi Vullenhaus am beschten op e Bam. Pass just op, datt d’Entrée net no Westen (Reensäit) oder Norde kuckt an datt d’Kaze sech net direkt virun d’Entrée setze kënnen.

E Vullenhaus soll op d'mannst 20 Meter vun engem aneren ewech hänken, well verschidde Vullen (wéi Meesen) soss déi ganzen Zäit mam Noper streiden.

Musse Vullenhaiser gebotzt ginn? D’Vulle bauen all Joer en neit Nascht. Dofir solls du am Hierscht dat aalt Vullennascht eraushuelen a mat enger Biischt eng Kéier duerch d’Këscht

fueren. Benotz awer keng Botzmëttelen. D’Këschte kënnen am Wanter hänke bleiwen, well Vulle schlofen dann heiandsdo dran.

Wie geet dra wunnen?

Feldspatzen, Blo- a Schielmeese gi ganz gär a Vullekëschten. Du muss just Gedold hunn: Net all Vullenhaus gëtt direkt vun Déieren eruewert.

S2 Hannergrond: ©shutterstock, aner: mnhn S3 mnhn S5 Bloen Architekt: Joseph C Boone S6&7 Marc Schmit S8 Tukan: shutterstock, Flamingo: Tierpark_Hellabrunn,_ Múnich,_Alemania, Äisvull: shantanu Kuveskar S9 Schwan: Maga-chan, Séiadler: public domain, aner: mnhn S11F Archaeopteryx Fossil: H. Raab S12 Sinosauropteryxfossil: Sam OlaiOse Skjaervoy, Yutyrannus: Tomopteryx, Anchiopteryx: FiverderHellseher, Archaeopteryx: shutterstock S13 Oviraptornascht: Hans Starer, Zeck am Bernstein: Enrique Penalver S14 mnhn S16 shutterstock S17 Amerikanesche Fallek: Juan Lacruz, Tuermfallek: Kathy Büscher, Papagei: mnhn S18 Uhu: Peter K Burian, Dauf: Andy Reago&Chrissy McClarren, Schiedelen: mnhn, Eil: shutterstock S19 Kiwi Nuecht: Mark Anderson, Kiwi: The.Rohit S20 Nascht: public domain, aner: mnhn S21 Dausendblietchen: A. Nonenmacher, wëll Muert: Rasbak, aner: shutterstock S23 mnhn S24&25 Spatzen: Thedheerajkuma, aner: shutterstock S26 Kauzenee: Klaus Rassinger&Gerard Cammerer S27 Kauz flitt: F.C. Robiller naturlichter.de, Kauz Hiel: Frebeck, Bongert: Ustill, Kauz grouss: Flickr S28 Marie Lippert S29 Groe Papagei: Papooga, Nëss: mnhn, aner: shutterstock S30 Kréi: shutterstock S31mnhn S32 mdk09 S33 shutterstock S34 Storchenfluch: Henrike Mühlichen, Storch: Richard Bartz, Routbrëschtchen: Jang Schock, aner: shutterstock S35 Vullen Silhouette: Andreas Trebte, Vullenzuch Séi: VZFallmigrationUSFishandWildlifeService S36 Beréngung uewen an Opschreiwen: Julio Reis, aner: mnhn S37 Schwaarzstorch: Patrick Lorgé, Computerbild: Gerard M, Jeeër: shutterstockS35 F: M S38&39 mnhn S40 shutterstock S41 Mesosaurier: Nobu Tamura, Pachypleurosaurier: Ninjatacoshell, Plesiosaurier: Dmitry Bogdanov, Pliosaurier: public domain S42 Hupehsuchus: smockeybjb, Ichtyosaurus: Sven Sachs, Naturkundemuseum Bielefeld, aner: Nabu Tamura S43 Plesiosuchus: MT Young an anerer, Archelon Skelett: Frederic Lucas, aner: Dmitry Bogdanov S44 Potamotherium: smokeybjb, aner: Nabu Tamura S45 Baartwal & Delphin: shutterstock, aner: Nabu Tamura S46&47 mnhn S48 mnhn POSTER: S1 shutterstock S2 Pullschnepp flitt & Krukert flitt: shutterstock, Séischmuewel: Dunpharlain, Séischmuewel flitt: Ekaterina Chernetsova, Kormoran flitt: Zeynel Cebeci, Kormoran: Ermell, Schwaarzkapp: Cayambe, Schwaarzkapp sëtzt: spacebirdy, Kolibri flitt: William H. Majoros, Kolibri: IzzyPhotography, Mees flitt: Greg Tee, Schmuewel flitt: Derek Keats, Schmuewel: Dharani Prakash, aner: Andreas Trepte

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

M Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info

panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

TEXT: CLAUDE HEIDT

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

I 47


Imprimerie


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.