Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N°121 4/2017
Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung gemaach
www.panda-club.lu
News
Superstar
An Däitschland ass d’Spréif zum Vull vum Joer 2018 gekréint ginn. Spréiwe gehéieren nach zu den heefegste Vulle bei ons. Si bauen hiert Nascht a Lächer a Beem an och a grousse Vullenhaiser. Um Menü stinn Insekten (besonnesch Schneideren), Wierm an och Friichten (Drauwen). Och wa vill Leit (wéi Wënzer) net frou mat de Spréiwe sinn, gehéiere si dach zu onse schéinste Vullen: hire Kierper liicht an all méigleche
Spréif, Star, étourneau, sta
kuck och op der Säit 3 vum
rling, Sturnus vulgaris
Panewippchen 3/2014.
Faarwen. Si si méi kleng wéi Märelen an am Fluch falen hir dräieckeg Flilleken direkt op. Spréiwe maachen d’Stëmme vun anere Vullen an och aner Geräischer
no an dofir ass et dacks net einfach si um Gesang z’erkennen. Am Hierscht bidde Spréiwen ons eng genial Fluchshow, wa si zu dausenden op hir Schlofplaze fléien.
Melusina am Musée
an Tëntefësch. Plesiosaurier si wéi d’Dinosaurier viru 65 Millioune Joer ausgestuerwen.
An den ‘natur musée’ kanns du elo e Plesiosaurier De Plesiosaurier aus kucke kommen, deen op dem Musée ass am den Numm Microcleidus Minett fonnt ginn an hien melusinae gedeeft ginn ass.
huet virun 185 Millioune Joer gelieft. Hien ass besonnesch, well et eng ganz nei Aart ass. Säin Numm erënnert un d’Melusina, eng bekannte Mierjoffer mat engem fëschähnleche Schwanz, déi un der Uelzecht gewunnt huet.
Plesiosaurier hunn am Mier gelieft, si hate 4 Flossen, e laangen Hals an e klenge Kapp. Um Menü stounge Fësch 2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
TEXT: CLAUDE HEIDT
PW 4/2017 Wat ass dran?
Happy Birthday!! WOW … dem PandaClub seng Naturspill-filmer kréien elo schonns 1 Joer. Mir hunn eis getraut a sinn an de Bësch gaang an dat zu all Joreszäit. Mir hunn d‘Natur erfuerscht mat alle Sënner a bei all Wieder. Mir hunn entdeckt a gefuerscht. Fir all déi, déi intresséiert sinn a mat Kanner schaffen, fir Familljen oder aner Pädagogen, déi no Iddie siche ronderëm d’Thema Natur. Reegelméisseg gi Mini-Filmer gepost, wou einfach gewise gëtt, wat een dann alles esou am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëser Aktioun ass d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur an hir Ëmwelt ze
begeeschteren. E grousse Merci de klenge Schauspiller an dem Romain GIERENZ, eisem Kameramann a Regisseur, fir säin Engagement a seng Gedold.
Hei fannt dir d’Videoen: www.panda-club.lu/naturspill-filmer/
De Panewippchen ass online: www.panda-club.lu/category/panewippchen/ Hei kënnt dir iech all d’Nummere vum Joer 2000 un ukucken.
TEXT: CHRISTIANE FLESCH, MURIEL NOSSEM
SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2017 Thema: De Wollef zu Lëtzebuerg SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 DE WISEL SÄIT 6 FUERSCHUNG AM ‘NATUR MUSÉE’ Ecologie SÄIT 12 KNIWWELEN Origamistäre falen SÄIT 14 DE WOLLEF ZU LËTZEBUERG SÄIT 20 KACHEN E knusprege Chrëschtbeemchen SÄIT 22 LOSUNGEN A SPUREN De Wollef SÄIT 26 KNIWWELEN En Dillendappbeemchen SÄIT 27 FIR MATZESANGEN Ech si kee béise Wollef SÄIT 28 DEN NEIE MUSÉE Eis hyperaktiv Äerd SÄIT 32 DROLEG BÉISCHTEN AM MUSÉE De Binturong an de plakegen Ibis SÄIT 34 KNIWWELEN Geweier Impressum SÄIT 36 ‘natur musée’
I3
Hellen oder däischtere Pelzemantel? Zwee Wisele begéine sech owes bei enger Heck op engem Feld
Verschwann, hei wunnen ech, hei hues du näischt ze sichen.
Hei si masseg Lächer, mä wouhin ass déi Maus verschwonn? Och wann ech haut nach näischt tëschent d’Zänn kritt hunn, ginn ech awer elo schlofen.
4 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Gutt, datt ech dat Monster mat Zäit gesinn hat, well soss wier ech verluer gewiescht.
Ech gi schonns, mä ech kommen erëm, well mat dengem schéine Pelzemantel liefs du net méi laang. Dech gesäit ee jo op Honnert Kilometer.
Den nächsten Owend
Genial, elo sinn ech ganz gutt getarnt an hu bestëmmt méi Gléck mat der Juegd wéi mäi brongen Noper.
Dee wäisse Misär do kann ech guer net gebrauchen! Elo kréien ech et méi schwéier fir mäin Iessen ze fannen.
elin Herm l alias t e a is o t W s sse alias Grou rmine inea e m h r e s a alia ustel alias M
Dat do ass e richteg gudde Maufel. Dat geet duer fir dës Nuecht.
- D’Grousst Wisel lieft am ganze Land op Felder mat Hecken, um Duerfrand an awer och ganz gär a Fiichtgebidder. - Um Menu sti virun allem Mais, mä och Vullen, Eidechsen a souguer Fësch. - Am Hierscht, wann d’Deeg méi kuerz ginn, kréien d’Wiselen de Wanterpelz. An onse Géigende kréien net all Wiselen am Wanter e wäisse Pelzemantel. D’Temperatur huet anscheinend en Afloss dorop, ob de Pelz am Wanter méi hell gëtt. Am Fréijoer kritt d’Wisel erëm säi Summerpelz. D’Schwanzspëtzt bleift awer ëmmer schwaarz. - Seng Feinden: Eilen, Gräifvullen, Marderen a Fiiss. - Gréisst: 250 bis 300 mm, Gewiicht: 230-350 g. D’Männercher si méi grouss wéi d’Weibercher. TEXT: CLAUDE HEIDT I
5
FuerschUNG am Qwertzu
6 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
De Christian Ries ass am ‘natur musée’ zoustänneg fir de Beräich vun der Ekologie, a virun allem fir déi invasiv Aarten .
m ‘natur musée’: Ekologie Invasiv Aarten ?
Dat sinn Déieren, Planzen oder Wat ass dat dann? Champignonen, déi anzwousch opdauchen, wou se ursprénglech net heemesch sinn, an déi sech dann op A Käschte vun den typesch heemeschen sou? A wéi Déieren ausbreeden. koum hien da bis E Beispill fir eng invasiv Aart ass z.B. de heihinner? Japanesche Knuettrausch. Hie kënnt ursprénglech aus China, Korea a Japanknöterich, re noué du Japon, japaneese knotweed Japan. Mëttlerweil fënnt een hien , fallopia japonica awer och esou zimlech iwwerall uechter Europa an Nordamerika. Majo, wéi vill aner invasiv Aarten och, gouf hien am 19. Joerhonnert vum Mënsch mat an Europa bruecht, fir hei als Zierplanz an als Fudder fir d’Wëld ugeplanzt ze ginn. Hmmm, mä et ass jo awer eng ganz schéi Planz, wat ass dann elo do de Problem?
Hie wiisst immens séier a mécht sech breet op Käschte vun aner heemesche Planzen, déi dann net méi genuch Plaz, Waasser a Luucht kréien, fir ze wuessen a sech ze vermehren. Seng Wuerzele sinn esou staark, datt si d’Fëllement vun engem Haus kënne futti maachen. Ausserdeem leie si esou déif am Buedem, datt een dës Planz ganz schwéier nees lass gëtt. Do geet et net duer, d’Gréngs einfach ewech ze schneiden, do muss de ganze Buedem ëmgegruewen a gesifft ginn. Ech verstinn. A wat kann een elo maachen, fir déi heemesch Planze virun esou enger invasiver Aart ze Am schützen? beschte léisst een d’Fanger vun esou exotesche Planzen an et planzt een nëmme Blummen, Hecken a Beem vun hei a säi Gaart. TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
7
De wonnerschéine Buddleia (Päiperleksstrausch) ass iwwregens och een Exot. Well hie vill méi Päiperleken an aner Insekten unzitt, wéi hie fiddere kann, ass hien och éischter eng Plo wéi ee Seege fir déi fläisseg Insekten. Ausserdeem gëtt hien dacks vill ze no un de Stroossen ugeplanzt, wouduerch vill Insekten dem Verkéier zum Affer falen. An der Stad ass hien iwwregens am Gaang, sech staark auszebreeden. r
wöhnliche rausch), ge avid, äiperleksst Buddleia (P , buddleia du père D er i di vi Sommer flied da c, Buddleia summer lila
Dat mécht Sënn, d’Fanger vun den exotesche Planzen ze loossen! Kenns du de Label Wa jidderee frou mat de Planzen “Heck vun an Déiere wär, déi natierlech bei him hei” schonns? wuessen a liewen, a mir guer keng Dee mécht dir friem Aarte méi géife bei eis aféieren, et ganz einfach wär de Problem vun den invasiven erauszefannen, Aarten also wéi eng Heck ee fir eenheemesch ass. alle Mol geléist?
http://www.environnement.public.lu/conserv_ nature/dossiers/heck_vun_hei/index.html
Illegal Passagéier?
8 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Dat wär op jidde Fall mol ee gudden Usaz, mä esou einfach ass dat leider net. Et ginn nämlech och där Aarten, déi als illegal Passagéier bei eis kommen.
Ma iwwerlee mol. All Dag fléie méi wéi 100.000 Fligere ronderëm d’Äerd. Da fueren nach esou vill Zich, Schëffer, Camionen an Autoen, zech dausend Kilometere vun A op B. Do kann et séier mol virkommen, datt een en onerwënschte Gaascht u Bord huet, ouni, datt een et matkritt. Hautdësdaags ginn et do zwar vill Kontrollen – besonnesch beim Transport vu Liewensmëttel a Planzen – ma ganz sécher kann ee sech do ni sinn.
Lo wou s du et sees! Déi leschte Kéier, wou ech mam Fliger aus Afrika zréck an Europa geflu sinn, hu se virum Start een Insektegëft an der Kabinn vum Fliger gesprëtzt. War dat och fir esou illegal Passagéier ofzemuerksen?
Jo genee. Hei hate si et wuel virun allem op d’Moustiquen ofgesinn, déi d‘Malaria, d‘West-NilFéiwer an aner tropesch Krankheeten iwwerdroen.
Hmmm, mä wann esou eng Moustique als blanne Passagéier u Bord vun engem Fliger mat bis an Europa kënnt, kann déi hei dach souwisou net iwwerliewen. Hei ass et där dach vill ze kal?!
Hues du schonns eppes vum Klimawandel héieren? D’Temperature sinn am Gaang ze klammen. Am Mëttelmierraum an um Balkan kann esou eng Moustique iwwerliewen. Och a Groussstied, wou vill Fligeren aus tropesche Länner landen, ginn et ëmmer nees Fäll vun tropesche Krankheeten. Ech selwer krut d’West-Nil-Féiwer bei engem Besuch zu Wien vun enger Moustique iwwerdroen.
TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
9
Vun Abrëll bis Oktober sëtze mir CO2 Falen op. Vum CO2 an zousätzleche Schweess-Stoffer ginn d’Moustiquen ugezunn a falen dann an een Netz. Déi Fal leeft all Woch eng Kéier, am beschte bei schéinem Wieder a 24 Stonne laang.
So Christian, a wéi weess du dann, ob et déi Moustiquen och schonns an eise Géigende ginn?
CO2 ass déi chemesch Formel fir Kuelendioxid, oder méi exakt Kuelestoffdioxid. Dat ass eng chemesch Verbindung aus Kuelestoff a Sauerstoff. Wann s du Sport méchs, fänks du u mat schweessen a produzéiers Schweess-Stoffer. Dës Schweess-Stoffer lackelen d’Moustiquen un. Wëll wou geschweesst gëtt, do fanne si normalerweis een Déier, bei deem si Blutt suckele kënnen. Dem Christian seng Fal schmiert d’Moustiquen also un. Si fléien an d’Fal eran, well si mengen, si géifen hei een Da Déier fannen, dat si picke kéinten. sammele mir déi gefaange Moustiquen a lagere se an enger Killtru. Een Expert kuckt sech déi Moustiquen da méi genee un a seet eis, zu wéi enger Aart se gehéieren. Esou fanne mir eraus, ob eng exotesch Moustiquenaart am Gaang ass sech bei eis auszebreeden.
Am Moment ginn et 54 Planzen-, 52 “Invertebraten”- a 25 Wierbeldéieren déi hei zu Lëtzebuerg als invasiv Aarte bekannt sinn. Déi Lëscht fënns du am Detail op www.neobiota.lu
Invertebraten? Dat sinn Déieren ouni Wierbelsail. 10 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Wierbeldéieren oder och Vertebraten sinn Déiere mat enger Wierbelsail.
Kanner Science / Citizen Science Mat der Hëllef vun de Vullen, déi hire Som an der Natur verspreeën, huet d’Lolberkiischt et gepackt, sech aus dem Gaart an de Bësch ze woen. Si gouf schonns a Bëscher an der Géigend vun Diddeleng a vu Steesel am Uelzechtdall gesinn. Wann s du d’Lolberkiischt bei dir am Bësch gesäis, da schéck mir w.e.g. eng Foto mat dësen Informatiounen op info@neobiota.lu
Wëlls n, du mir hëllefe g vun d’Ausbreedun r Aart ze enger invasive studéieren?
1. Wéivill Stäck Lolberkiischt hues de gesinn?
2. Wou hues de se gesinn? (vläicht hunn deng Elteren en Handy mat GPS?)
t D’Lolberkiisch (Prunus ass en laurocerasus) gëftegen exoteschen a h aus Heckentrausc een dacks Klengasien, d lanzt a Gäert ugep gëtt.
3. Däin Numm, däin Alter, deng Adress an deng Emailsadress Du erkenns se un hire Blieder, déi wéi Lolberblieder (DE: Lorbeer) ausgesinn, déi iewescht Säit ass blénkeg däischtergréng, déi ënnescht Säit ass méi hell. Si ass ëmmer gréng, och am Wanter.
Op tt ass eng flo ia d e ip ik der W ler: ng mat Bil u e iw re h c s Be rbeerkirsch o L i/ ik /w rg edia.o s://de.wikip
http
Ech rci ools Me lm il v ir d soen Hëllef! fir deng ateur am v r e s n o Ries, C Christian atur musée’ ‘n TEXT: MICHELLE SCHALTZ I
11
Origamistär Net ze dégcekePabeier véierecke
1
Schéier
2
D’Récksäit vum
3
7
wen.
Pabeier läit ue
5
6
9
10
4
8
ier.
ären aus Pabe
utsch St Fal eng ganz R
.
Dréin ëm
11
12 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
12
n. Fal ausernee
13
14
. t alle 5 Säiten
a Maach dat m
16
15
Maach dat mat
17
alle 5 Ecken.
18
19 nn.
ken am Auersë
t alle 5 Ec Maach dat ma
20
21
Maach
Stärespëtzten dat mat alle 5
22
Dréin ëm. Déi lescht Spëtzt ischt gëtt ënner déi é gefaalt.
am Auersënn.
er Maach mat eng Nol Lächer an e eng Spëtzt vun d Stären an zéi e rch. Fuedem derdue n Du kanns d’Stäre eenzel oder als n. Girland ophänke
TEXT: SYLVIE HAGEN I
13
De Wollef ass erëm zu Lëtzebuerg! De 24. Abrëll 1893 huet den Här Wolff bei Ouljen e Wollef erschoss. Dat war de leschte sécheren Noweis vum Wollef zu Lëtzebuerg fir méi wéi honnert Joer.
14 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Dat sinn d’Fotoen aus der Nuecht vum 5. Juli 2017.
An der Nuecht vum 5. Juli 2017 huet e Bauer bei Leideleng wahrscheinlech e Wollef fotograféiert. E puer Deeg méi spéit huet e Schofsziichter bei Garnech 8 Schof fonnt, déi vun engem
Déier dout gemaach goufen. An de Wonne vun de Schof ass Spaut gesammelt ginn, deen am Senckenberg-Institut an Däitschland ënnersicht ginn ass. D’Resultat war ganz kloer: Et ass Spaut vun engem Wollef!
Vu wou koum de Wollef? D’Fuerscher hunn erausfonnt, datt de Wollef aus den Alpen war. Hien ass also iwwer Frankräich bis bei eis komm. Ob de Wollef awer nach ëmmer zu Lëtzebuerg ass, weess keen. E Wollef kann ouni Problem 3040 Kilometer an enger Nuecht wanderen. An Ostdäitschland ginn et och nach Wëllef, déi bis bei ons komme kënnen.
Op dëse Plazen lieft de Wollef stänneg huet ee Rudel sech installéiert ass e Wollef nogewise ginn ass e Wollef dout fonnt ginn
TEXT: CLAUDE HEIDT, FACHLECHE ROT: LAURENT SCHLEY I
15
Kann de Wollef zu Lëtzebuerg iwwerliewen? Natierlech, well bei ons fënnt hie genuch grouss Bëscher, Wisen a Felder, wou hie genuch fënnt fir ze friessen (kuck de
Panewippchen 1/2015 https://www.pandaclub.lu/2015/04/ panewippchen-12015/).
Hei zu Lëtzebuerg kann de Wollef ganz gutt gutt mëttel schlecht ganz schlecht liewen.
Experte mengen, datt 6-8 Rudelen bei ons liewe kënnen. De gréisste Problem fir de Wollef sinn déi vill Stroossen zu Lëtzebuerg.
E Wollefruddel a Frankräich. Ee Wollefruddel ass eng Wolleffamill.
Wölfe
in Luxemburg ?
Bei der Naturverwaltung kanns du dir eng flott Broschür iwwer de Wollef eroflueden: http://www.environnement.public.lu/conserv_nature/dossiers/ loup-wolf/le_loup_F/Broschuere_Woelfe_in_Luxemburg_2017.pdf 16 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Ass de Wollef eng Gefor fir de Mënsch? De Wollef ass e scheit Déier, dat virum Mënsch fortleeft! Wann s du awer engem Wollef begéins, (wat eng riseg Chance ass!), da bleif stoen a kuck, wat de Wollef mécht. Normalerweis ass hie méi séier fort, wéi s du kucke kanns. Kënnt hien awer op dech duer (en Zeechen, datt hien dech nach net bemierkt huet oder
datt hien nach jonk a virwëtzeg ass), da maach Kaméidi a gehei mat Bengelen oder Steng a seng Richtung. Dat geet duer, fir de Wollef ze verdreiwen. Hal däin Hond onbedéngt un der Léngt. En Hond, deen op e Wollef duer leeft, ass fir de Wollef e Konkurrent a gëtt vum Wollef ugegraff an dout gemaach.
Dat ass en italienesche Wollef
TEXT: CLAUDE HEIDT, FACHLECHE ROT: LAURENT SCHLEY I
17
Ënnerscheed Hond-Wollef Wa bei ons Schof dout gemaach ginn, ass meeschtens net de Wollef de Schëllegen, mä Hënn.
donkel Sträif
Huet e Wollef en Hausdéier gerass, fir et ze friessen, kritt de Proprietaire vum Déier de ganze Schued vum Emweltministère bezuelt.
Et ass immens schwéier, an der Natur e Wollef vun engem Schéiferhond ze ënnerscheeden.
breede Kapp
kleng Oueren
grouss Oueren keng donkel Sträif
kuerze Schwanz mat donkler Spëtzt
laange Schwanz
schmuele Kapp héich Been méi kuerz Been
Wollef Gestalt
Héich op de Been
Faarf vum Pelz
Gro bis giel-brong, huet oft eng däischter Sträif um Réck
Kapp
Grousse breede Kapp Hell Aen
Oueren
Kleng dräieckeg Oueren
Kuerz (geet just bis un Schwanz d’Feescht) mat enger Spëtzt donkeler
Hond en Huet éischter méi kuerz Be ck
Keng däischter Sträif um Ré Grousse schmuele Kapp Blo bis donkel brong Aen Grouss Oueren Laang (geet iwwer d’Feescht eraus)
m Keen Ënnerscheed tëscht de Foussofdrock Ofdrock vun engem Wollef nd an engem groussen Ho Wollef oder er a wéineg Ho ng Ke vu Hond?? er ck Hoer an oft Sté Kack vum Kack am n nke ha Sc Schanken am Kack Haushond Bassspuren um um Hals an ren pu sss Ba er od llef Wo m Vu ganze Kierper, Déier h uc Ba , en Be de un ut do vum Hond meeschtens net s an Organer a ras ge op ier Dé n sse ba ge iess gréisstendeels ugefr Muskele gefriess 12 cm laang, 10 cm breet
18 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Afloss vum Wollef op d’Natur Am Yellowstone Nationalpark an Amerika ass de Wollef virun honnert Joer ausgerott ginn. D’Hirschen hate kee Feind méi an hu vill Jonker kritt, vun deenen déi meescht iwwerlieft hunn. Dës Déieren hunn iwwerall no Friesse gesicht an hu vill Beem niewent de Baachen ugeknabbert. De Biber huet net méi genuch ze friesse fonnt (Schuel a Blieder vun de Beem) an ass am Nationalpark méi rar ginn. Am Joer 1995 sinn erëm Wëllef aus Kanada an der Géigend ausgesat ginn. Well vill Hirschen (Wapiti) do waren, hunn d’Wëllef am Ufank keen Honger gelidden. Mat der Zäit hunn d’Wapitien hiert Verhale geännert: aus Angscht virum Wollef hu si sech net méi laanscht d’Baachen opgehal, mä éischter bei de Bëscher. D’Beem konnten nees wuessen an de Biber asss zréckkomm. Heen huet erëm genuch Friesse laanscht d’Baache fonnt, hat genuch Bamstämm fir säin Damm ze bauen a konnt sech am Nationalpark ausbreeden. Doduerch hunn och vill aner Déieren hire Liewensraum erëmfonnt. De Wollef huet also e ganz positiven Afloss op d’Natur an der Géigend gehat: hien huet dofir gesuergt, datt et manner Hirsche gi sinn an och, datt d’Hirschen erëm méi schei gi sinn. Am ‘natur musée’ kanns du en opgestoppte Wollef aus dem Yellowstone bewonneren.
Ouni Wollef…
… a mat Wollef
Och an onse Géigende géif de Wollef dofir suergen, datt et manner Hirschen, Réi, Fiiss a Wëllschwäin ginn, an datt dës Déieren erëm méi schei ginn. Domat erkritt de Bësch sech, well manner jonk Beem ugeknabbert ginn.
TEXT: CLAUDE HEIDT, FACHLECHE ROT: LAURENT SCHLEY I
19
Knusperbeemercher
sat
Ta p en ad
e
Tomat E Ru
o
Pes t
Schneit mam Pizzamesser 1 cm breet Sträifen a pick se wéi en Akkordeon op Spiissercher.
20 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
e re
g
erdee llo Blied
ep ü
Du kanns, mat engem Läffel oder engem Pinsel, däi Bliederdeeg beleeën, mat wat s du Loscht hues. Gréng, rout oder schwaarz *Tapenade, Tomatepüree, **Pesto oder ganz einfach Ham a Kéis. Denger Fantasie si keng Grenze gesat.
Du kanns deng Knusperbeemercher mat rosa Peffer dekoréieren.
Mam Rescht Deeg kanns du Knusperschleeke maachen. Lee deng Knusperbeemercher mat Bakpabeier op e Bakblech a bak se bei 200° Grad 12-15 Minutten.
*Tapenade ass e Püree aus Oliven oder Tomaten **Pesto gëtt aus Basilikum, Piniekären, Parmesan an Olivenueleg gemaach
TEXT: SABINE GOERENS I
21
Et ass wichteg de Mënschen ze weisen, wéi Wëllef liewen. Loosst se lauschteren, wéi d’Wëllef nuets haulen, weist hinne Kadaver, déi Wëllef gerass hunn, Spuren a Wollefsdreck. Dee gesäit zwar aus, wéi dee vun den Hënn, mee loosst se mol dru richen. Dat vergiesse si ni!» Luigi BOITANI, italienesche Naturschutzbiolog a Wollefsexpert.
22 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Héich intressant fir de Biolog: de Kacka vum Wollef!
Dem Wollef seng Toilette Huet eng Wollefskoppel sech entscheet an engem Gebitt ze bleiwen, da markéiere si dat mat Urin a Kacka.
n
éiere beim Mark E Wollef
Dat groussaartegt Déier ass zu Lëtzebuerg zënter 1893 net méi gesi ginn. Wow! Elo stinn ech op enger Plaz, wou viru kuerzer Zäit en echte wëlle Wollef stoung (Kuck Säit 15). An tatsächlech schéngt en hei gehuppt ze hunn, fir e Kacka ze man.
Jo, ech weess, dat kléngt elo net genial, mee sou muss et awer gewiescht sinn. Net ze gleewen, lo just war nach e Wollef hei, an huet duerch Muskelkontraktiounen Reschter vu verdaute Réi duerch säin elegante Kierper gepompelt an elo stëppelen ech an de Reschter vum verdaute Réi!
An dat maache si sou opfälleg wéi méiglech, fir hiren Firwat? Aartgenossen ze Sou kann ech weisen: Hei ass mäi erausfannen, wat de Revéier an dat Wollef gefriess huet! ass scho besat! Si Fir e Biolog /Fuerscher setzen hir ass Wollefsdreck Gold Kéipercher wäert! matten op Dëse gëtt efotograféiert, dokumentéiert a de Wee, gemooss. Prouwe ginn an eng Tut gemaach an souguer op déifgekillt, fir weider Analysen ze maachen. eng Weekräizung. Kleng Stécker ginn och an Alkohol geluecht. D’Wahrscheinlechkeet, datt Sou kënnen d’Fuerscher och nach a 50 aner Wëllef dat gesinn a Wat e Joer d‘Genetik vun engem Déier mat richen ass grouss. Gefill, virum Kack der jeweils aktueller Populatioun Och aner Déiere gesinn vun engem Wollef ze vergläichen. a richen, wat de Wollef stoen! hannerlooss huet a bleiwen chwaarz Faarf: s ewech aus dem eg , ofhäng o r g ll Revéier. e h bis Blutt Fleesch, l il iv é w dovun, n der anken a h c S r e od n. cht ware e lz o M r leschte cm déck 4 is b : t Gréiss ht, g Wursc n e i é w Form: laang. 20 cm TEXT: MURIEL NOSSEM I
23
Wollefsdreck an Hoer fënnt een do, wou de Wollef een Déier gerass huet! Et ass net einfach Kack an Hoer vun Hond a Wollef ze ënnerscheeden. Dofir musse genetesch Analyse gemaach ginn. Hoer a Wollefsdreck ginn dofir agesammelt an an e Laboratoire geschéckt. Hoer kënnen ënner dem Mikroskop
ënnersicht a bestëmmt ginn. Kack kann awer schonns op der Plaz Hiweiser liwweren, ob et sech ëm Wollefs- oder Hondsdreck handelt. Ee wichtegen Hiweis ass d’Plaz, wou e fonnt ginn ass. Wat fënnt een am Wollefskacka? Vill Hoer vun Hirsch, Réi a Wëllschwäin, och 24 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
Schankestécker, Huff an Zänn vun Déieren. Well een ënner dem Mikroskop staark vergréissere kann, erkennt een d’Struktur vun den Hoer an den Zänn a sou kann ee bestëmmen, wéi en Déier de Wollef gefriess huet.
Genetesch Analyse E puer ausgescheeten Daarmzelle ginn duer fir d’DNA* vun engem Wollef ze bestëmmen. D’Resultater gi verglach mat de Resultater, déi et schonns vun anere Fondplaze ginn. Sou kréien d’Experte vill Informatiounen iwwer de Wollef, wéi z.B.: War et e Weibchen oder e Männchen? Aus wéi engem Ruddel staamt en? Wéi wäit ass e gewandert? Wat frësst en am léifsten? 2000 Kotprouwen huet de «Senckenberg Museum für Naturkunde, Görlitz» gesammelt an ënnersicht. Si hunn erausfonnt, datt besonnesch Réi, Hiersch a Wëllschwäin an Ostdäitschland gefriess ginn. *DNA, kuck déi nächst Säit
Ofhängeg dovunner, wéi eng Beutedéieren et a sengem Revéier ginn, stinn och Hues, Fuuss, Damwëld, Biber, Schof, Hénger oder Kanéngercher um Menü.
All Liewewiesen huet e genetesche Code, deen eenzegaarteg ass! Dee Code oder DNA kënnt an all eenzel Zell vum Kierper vir a gesäit aus wéi eng ganz laang, verdréite Stréckleeder, déi opgerullt ass. Dem Wollef säi Code - an och däin eegenen - besteet aus 4 Buschtawen C, G, T, A an ass eng Bauuleedung fir de Kierper, fir Schanken, Muskelen, Haut, Gehir, Hoer, Häerz, Longen, a.s.w. ze bilden.
Aus Geméisstécker kanns du dir ganz einfach esou eng verdréinte Stréckleeder nobauen. Du brauchs just 4 verschidde faarweg Geméis zorten a kleng Stécker ze schneiden an opzespiissen. Looss der d’Geméis gutt schmaachen. TEXT: MURIEL NOSSEM, MARIANNE HOFFMANN I
25
Dillendappbeemchen xx
Géi mat dengen Elteren en Tour an de Bësch man a sammel Dillendäpp. Faarf Du brauchs nach: (Gouache, Stären (Holz, Stréi, Acryl) Pabeier) Pechpistoul
1
Wäistëpp Pinsel
2
Sträich d’Dillendäpp un.
kuck PW 4/2014 S.6
3
Mëtt Pech d’Wäistëpp an d’ ënner d’Dillendäpp.
gem Looss der dobäi vun en ss gutt pa a en Erwuessenen hëllef eg! dd gli ass ul isto hp op - d’Pec
kuck S.10
Schneit Stären aus Kartong aus oder huel fäerdeg Stä ren a pech se op d’Dillendäpp.
26 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017 I TEXT: SYLVIE HAGEN
sioun vum D’Musek an eng gesonge Ver https://www.inecc.lu/pw/
Dëst Lidd ass en extrait vum «Ech si kee béise Wollef», eng Geschicht, geschriwwe vum Vanessa Staudt. D’Buch dozou kënnt dir bestelle bei: www.kannerbuch.lu All d’Lidder zu dëser Geschicht fannt dir um site www.inecc.lu/pw
Lidd fënns du op:
TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS I
27
Themen am neien 'natur musée':
Eis Äerd dréint sech net nëmmen all Dag ëm sech selwer, an all Joer ronderëm d’Sonn. Och
28 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
bannen an der Äerd an op hirer Uewerfläch beweegt a verännert sech ëmmer alles.
Wéi a wisou dat geschitt, kanns du am neien ’natur musée’ gesinn.
Eise Sonnesystem ass viru ronn 4,6 Milliarde Joer entstanen. Explodéiert Stären haten eng gigantesch Wollek aus Gasen a Stëbs hannerlooss, déi ronderëm sech selwer gedréint huet. Duerch d’Schwéierkraaft hu sech bal 99,9 % vun der Mass an der Sonn konzentréiert. Déi aner 0,1 % hu sech an engem Rank verdicht. Esou sinn aus dem Stëbs lauter Bléck aus Gestengs an Äis entstanen. Well grouss Masse kleng Massen unzéien, sinn déi Bléck zesumme geknuppt a matenee verschmolt. Et sinn ëmmer méi grouss Fielsbléck entstanen, bis hin zu Mini-Planéiten, a schliisslech Planéiten. Eis Äerd besteet also aus recycléiertem Stärestëbs, grad wéi alles wat et op der Äerd gëtt.
Duerch déi vill Aschléi vu Meteoritten ass eng immens Hëtzt entstanen, an déi fréi Äerd war ee Feierball aus geschmoltenem Gestengs. No an no huet d’Äerd hir Ëmlafbunn gebotzt, wéi ee risege Stëbssuckler, deen alles a senger Noperschaft unzitt.
TEXT: GUY KERSCH I
29
Wéi d’Bombardement nogelooss huet, huet d’Äerd sech baussen ofgekillt, an déi éischt fest Äerdkuuscht ass entstanen. Äerdkuuscht: 6 bis 70 km déck Äerdmantel: 2850 km déck Äerdkär: 3471 km déck Et kann een den Opbau vun
der Äerd mat enger Piisch vergläichen: Déi dënn haart Äerdkuuscht entsprécht der Schuel vun der Piisch. D’Äerdkuuscht ass an der Moyenne 50 km déck dat ass manner wéi 1 % vum Äerdradius oder manner wéi 0,5 % vum Äerdduerchmiesser.
Ënner den Ozeaner ass d’Kuuscht vill méi dënn wéi ënner de Kontinenter. Den Äerdmantel aus flëssegem Gestengs entsprécht dem Fruuchtfleesch, an dee schwéieren Äerdkär entsprécht dem Kär vun der Piisch.
*Tektonik ass d’Wëssenschaft vum Opbau an de Beweegunge vun der Äerdkuuscht. D’Äerdkuuscht besteet aus verschidde Placken, déi op deem gliddegen, zéiflëssegen Äerdmantel schwammen.
Wann déi tektonesch Placken auserneen dreiwen oder zesumme stoussen, kënnt et zu Vulkanismus an Äerdbiewen. 30 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
EURASESCH PLACK HIMALAYA INDIEN HAUT
Bierger entstinn Viru ronn 40 Millioune Joer, no 6400 km Rees, ass déi indesch Plack mat där eurasescher zesumme gestouss. Doduerch gouf
INDESCH PLACK
a n a w d Gon Mesosaurus, ~285 Mio Joer al
viru 55 Millioune Joer
INDESCHEN OZEAN
Lystrosaurus, ~250 Mio Joer al
Cynognathus, ~240 Mio Joer al
virun 38 Millioune Joer
Äquator 5 cm/ Joer
Ozeaner entstinn Den Atlantik ass entstanen, wéi déi westlech an déi östlech Kontinenter viru ronn 150 Millioune Joer auserneegedrift sinn. Nach haut réckelen Europa an Nordamerika all Joer 2,5 cm auserneen, genee wéi Afrika a Südamerika.
virun 10 Millioune Joer
/Joer -
Gestengs bal 9 km no uewe gedréckt, an den Himalaya ass entstanen. Nach haut dréckt Indien sech mat 5 cm/Joer an Asien eran.
16 cm
Mat Satellite kënne mer genee moossen, ëm wéivill Zentimeter déi tektonesch Placke sech am Joer beweegen. Sou wësse mer haut z. B., datt Indien sech virun 150 Millioune Joer vum grousse Südkontinent Gondwana getrennt huet, a mat 16 cm/Joer no Norde gedrift ass.
Glossopteris, 300 bis 250 Mio Joer al
virun 71 Millioune Joer
Südamerika an Afrika passen zesumme wéi 2 Puzzlestécker. Och d’Fonntplaze vu Fossilien op de Südkontinenter hunn de Geologe gehollef, dee fréiere SuperKontinent Gondwana ze rekonstruéieren. Pangaea war nach méi grouss wéi Gondwana. Kuck emol am Internet! TEXT: GUY KERSCH I
31
Droleg Béischten De Binturong gesäit aus wéi e schwaarze Bier, mä gehéiert awer zu der Famill vun de Schläichkazen. Hie lieft a Bëscher a Südostasien, wou hien awer zimlech rar ass.
g n o r u t n i B De
alias bearcat g n ro u t in b s är alia alias Marderb binturong alias Arctitis bis 1,80 m 10 - 20 Kilo
De Binturong ass nuets ënnerwee. Hie ka gutt op Beem klammen (dofir benotzt hie säi Gräifschwanz) an hie ka souguer schwammen.
Op sengem Menu stinn Insekten, Vullen, kleng Mamendéieren, Fësch an awer och Friichten. De Binturong gëtt an Asien och als Hausdéier gehal an och giess, well säi Fleesch gutt schmaacht. 32 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017
am ‘natur musée musée’’
60-8
0 cm
De Plakegen Ibis ass liicht u sengem grousse roude Schniewel, sengem plakege Kapp an un de schwaarze Plommen (déi och gréng-violett liichten) ze erkennen.
De Plakegen Ibis Wou geet d’Rees dann hin?
alias Waldrapp alias ib is chauve alias northern bald ibis alia s Geronticus eremita
Um Menü stinn Insekten, Wierm, Schleeken an och doudeg Déieren. Fréier ass dëse Vull an Däitschland, a Südosteuropa an an Nordafrika virkomm. Haut gëtt et just nach eng Kolonie a Marokko. De Plakegen Ibis ass op ville Plaze verschwonn, well de Mënsch hie gejot huet, fir en z’iessen. Fir dem schéine Vull ze hëllefen, ginn an Däitschland an Éisträich Ibisse gezillt. Well dës Vullen awer hir Iwwerwanterungsplazen
net kennen, hunn d’Fuerscher si dru gewinnt, fir engem klenge Fliger no ze fléien. Mat dësem Trick hunn d’Fuerscher Ibissen an d‘Toskana gelackelt, wou si am Wanter bleiwen. Glécklecherweis si schonns e puer Ibisse vum selwen aus Italien zréck an Däitschland an an Éisträich komm. Mat e bësse Gléck bréien an e puer Joer erëm Plakeg Ibissen an Europa.
Plakeg Ibisse bréien a Kolonien a Fielswänn.
TEXT: CLAUDE HEIDT I
33
Faarf, Gouache oder Acryl kleng Äscht
Geweier, Geweier, …
Zeecheblieder Tuschbic Pinsel
Wackelaen
1
Maach Faarf op däi Fanger oder däi Fouss.
2 3
Dréck däi Fanger oder däi Fouss op d’Zeecheblat.
Mol Geweier oder pech (mat der Pechpistoul) Äscht drop.
Mol Nuesen an Aen oder pech Wackelaen drop.
34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2017 I TEXT: SYLVIE HAGEN
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounscomité:
C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, M. Nossem, L. Schley, F. Theisen, M. Ursone.
Texter:
C. Flesch, S. Goerens, M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem, Michelle Schaltz, L. Schley.
Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
Probéier mol mat Afennëss: Maach d’Schuel vun den Nëss an der Halschent op, iess d’Nëss a pech d’Schuelen op en Zeecheblat. Mol d’Gewei, d’Aen an d’Nues a fäerdeg!
S1 Silviu Chiriac S2 Hannergrond: shutterstock, Spréif: shutterstock, Foto Plesiosaurier: mnhn, Plesiosaurier Schädel: Studi Frank Weber, Illustratioun Plesiosaurier: Joschua Knüppe S3 mnhn S5 shutterstock S6&7 shutterstock S8 SigmaB S9 shutterstock S10 mnhn S11 shutterstock S12&13 mnhn S14 Silviu Chiriac S15 Gaston Origer S16 Julien31 S17 Vincent Vignon S19 mnhn S20 &21 mnhn S22 Ralph Manz S23 Daniel Mott S24 Juan Lacruz S25 mnhn S26 mnhn S28 mnhn S29 Nasa S30 shutterstock S31Beweegung Placken: Roumine, Gondwana: Osvaldo cangaspadilla S32 Binturong grouss: mnhn, Binturong Iessen: mdk09, Binturong Bam: Tassilo Rau S33 Ibis grouss: mnhn, Ibis Bam: Richard Bartz, Ibis Fiels: skar S34&35 mnhn Poster: Kamp a Beil: Wolfgang Sauber, aner: shutterstock
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Fabrizéier domat Biller fir ze verschenken, fir opzehänken, Chrëschtkaarten, Geschenkunhänger, …
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
I 35
Imprimerie Exe