
3 minute read
FIR DÉI GUTT SAACH Spenden
from Muselzeidung 471
by Presss sarl
NENNIG Adventskonzert Martinus-Chor Nennig mit Kollekte für die Vereinigung „Zukunft für Tim“, den fünfjährigen Tim aus Onsdorf, der einen tragischen Unfall erlitt. Es wurden insgesamt 1.521 Euro gesammelt
BIWER D‘Organisatore vun der Aktioun „Adventsfënsteren“ hunn e Scheck un d‘Wonschkutsch asbl iwwerreecht


NIDDERAANWEN Opléisung vum Veräi Lokal Video Nidderaanwe mat Iwwerreechung vun Donen un d‘Syrdall Heem asbl, d‘Île aux Clowns an un de Privaten Déiereschutz Nidderaanwen


NIDDERAANWEN Commission des générations, Scheckiwwerreechung


NIDDERAANWEN Uphillchallenge Scheckiwwerreechung

RAMMELDANG Eemol Rammeldanger ëmmer Rammeldanger: Scheckiwwerreechung ET GOUFEN ERËM VILL SUE GESAMMELT

GOUSCHTENG Wanterconcert a Scheckiwwerreechung vun der Fanfare Gouschteng-Beyren un d‘ONG Kindernothilfe Luxemburg


IERNSTER D‘Bitzdammen hunn zesumme mat dem Gaart an Heem vun Iernster eng Patchwork-Ausstellung mat Verkaf vun Dekoratiounsartikelen organiséiert. Een Deel vum Erléis hu si un d‘Organisatioun „Wäertvollt Liewen“ gespent

SCHENGEN De Syndicat d‘Initiative Schengen huet en Don vu 1.500 Euro un d‘Erliefnis Baggerweier asbl gemaach



IERNSTER De Gaart an Heem vun Iernster huet bei senger Generalversammlung e Scheck vu 1500 Euro un d‘SOS-Kannerduerf iwwerreecht
MUNNEREF Den Här Peter Koerner huet e Scheck vun 1000 Euro un d‘Associatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Dës Zomm ass den Erléis vum Chrëschtmoart organiséiert vun der „commission développement touristique et commerces“ vu Munneref


NIDDERAANWEN Concert an der Kierch organiséiert vun der Donwer Musek zesummen mat der Trëntenger Musek. Bei der Quête koumen 1.350 Euro zesummen déi un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner gespend gi sinn




MENSDER Op der Generalversammlung vun der Mensder Musek am Café am Duerf gouf e Scheck vun 1.100 Euro un de Paschtouer Guy Diederich fir déi humanitär Aktioune vun der Par Musel a Syr iwwerreecht. Dëst ass den Erléis vun der Quête nom Chrëschtconcert vun der Mensder Musek

KANECH D‘„Maremu asbl“ huet der Vereenegung „Little Angels“ e Scheck am Wäert vu 1500 Euro iwwerreecht fir hir Projete fir Kanner am Kenia an Uganda ze ënnerstëtzen. Dëst sinn d‘Suen, déi bei der Opléisung vun der „Maremu asbl“ nach iwwregbliwe sinn




