1 minute read

REZEPT

Kaempff -Kohler zanter 1922 Äert Traditiounshaus fir Är kulinaresch Wënsch.

Rieslingspaschtéit zanter 1928

Tel.: 47 47 47-1 Remich — domainekox.lu

»Regional an nohalteg.«

shop.cremant.lu

Den neie Cremant

„Alexandre de Musset“

Pinot Noir Rosé 2019 elo an eiser virtueller Vinothéik!

Kniddelen

mat Zitroun, Ricotta a frësche Kraider

Mir brauche fir 2 Persounen:

FIR D‘ KNIDDELEN 120 g Miel 80 ml Mëllech ca. 20 ml Spruddelwaasser 1 Ee 2 Pouze Salz

FIR D’ZOOSS 100 ml Olivenueleg 1 ganze Knuewelekskapp 1 Bio Zitroun 2-3 Stiller Zitrounen-Thymian 50 g Fréijoërszwiwwelen – dat Grëngt Salz & frësch gemuelene schwaarze Peffer 100-150 g frësche Spinat 2 EL Vermouth 250 g Ricotta (oder Mascarpone) 80-100 ml frësch Ram - crème fraîche 33%

FIR DE KNIDDELSDEEG ○ Miel, Ee, Salz, Mëllech a Spruddelwaasser an d’Réierschossel maachen, mam Handmixer oder der Bakmaschinn gutt verréieren. ○ En Dëppe mat Salzwaasser un d’Kache bréngen, den Deeg mat engem Iessläffel ofsteechen an an d’Waasser maachen (am besten de Läffel als 1. an d’Waasser zappen an dann an den Deeg). ○ Wann d’Kniddelen un d’Uewerfläch kommen, si se prett. Mat engem Schaumläffel raushuelen, an enger Schossel waarm halen.

FIR D’ZITROUNE RICOTTA ZOOSS ○ Déi ganz Knuewelekskapp ongeschielt horizontal durchschneiden, ZitrounenThymian kleng schneiden, d’Grëngs vun de Fréijoërszwiwwelen a schmuel Rondelle schneiden. De Spinat a graff Stécker schneiden. Den Zest vun der Zitroun ofreiwen an de Jus ausdrëcken a separat ophiewen. ○ Den Olivenueleg an enger déiwer Pan ophëtzen, de Knuewelek mat der opgeschniddener Säit no ënnen op mëttlerer Hëtzt 7-8 Minutte lues brode loossen. Den Zeste, den Thymian, an d’Fréijoërszwiwwelen dobäi man. De Knuewelek eraushuelen. De Spinat an d’Pan man a kuerz zesummefale loossen. Mam Vermouth an Zitrounejus ofläschen.

Zum Schluss de Ricotta an de Ram dobäi man, gutt waarm man a mat Salz a frësch gemuelene schwaarze Peffer ofschmaachen. ○ D’Kniddele bei d‘Zooss man a gutt vermëschen.

Falls et net flësseg genuch ass, e bësse vum Kniddelwaasser dobäi man. Geriwwene Parmesan je no Goût driwwerstreeën. E bësse frëschen Thymian, Fréijoerszwiwwelen an e puer Zitrounescheiwe, sënn eng schéin Deko. Frësch Bratzelsbléien erginn e schéine farfleche Kontrast.

This article is from: