Muselzeidung 474

Page 44

SONDERTHEM A REGION A LE PRODUZENTEN

Kaempff-Kohler zanter 1922 Äert Traditiounshaus fir Är kulinaresch Wënsch.

»Regional an nohalteg.«

Rieslingspaschtéit zanter 1928

Tel.: 47 47 47-1

Remich — domainekox.lu

Den neie Cremant

„Alexandre de Musset“

Pinot Noir Rosé 2019 elo an eiser virtueller Vinothéik! shop.cremant.lu

Kniddelen mat Zitroun, Ricotta a frësche Kraider Mir brauche fir 2 Persounen: FIR D‘ KNIDDELEN 120 g Miel 80 ml Mëllech ca. 20 ml Spruddelwaasser 1 Ee 2 Pouze Salz

FIR D’ZOOSS 100 ml Olivenueleg 1 ganze Knuewelekskapp 1 Bio Zitroun 2-3 Stiller Zitrounen-Thymian 50 g Fréijoërszwiwwelen – dat Grëngt Salz & frësch gemuelene schwaarze Peffer 100-150 g frësche Spinat 2 EL Vermouth 250 g Ricotta (oder Mascarpone) 80-100 ml frësch Ram - crème fraîche 33%

FIR OP D’KNIDDELEN Geriwwene Parmesan no Goût, Fréijoërszwiwwelen, gehackte Péiterséileg, Zitrounen-Thymian, Bratzelsbléien

FIR DE KNIDDELSDEEG ○ Miel, Ee, Salz, Mëllech a Spruddelwaasser an d’Réierschossel maachen, mam Handmixer oder der Bakmaschinn gutt verréieren. ○ En Dëppe mat Salzwaasser un d’Kache bréngen, den Deeg mat engem Iessläffel ofsteechen an an d’Waasser maachen (am besten de Läffel als 1. an d’Waasser zappen an dann an den Deeg). ○ Wann d’Kniddelen un d’Uewerfläch kommen, si se prett. Mat engem Schaumläffel raushuelen, an enger Schossel waarm halen.

FIR D’ZITROUNE RICOT TA ZOOSS ○ Déi ganz Knuewelekskapp ongeschielt horizontal durchschneiden, ZitrounenThymian kleng schneiden, d’Grëngs vun de Fréijoërszwiwwelen a schmuel Rondelle schneiden. De Spinat a graff Stécker schneiden. Den Zest vun der Zitroun ofreiwen an de Jus ausdrëcken a separat ophiewen. ○ Den Olivenueleg an enger déiwer Pan ophëtzen, de Knuewelek mat der opgeschniddener Säit no ënnen op mëttlerer Hëtzt 7-8 Minutte lues brode loossen. Den Zeste, den Thymian, an d’Fréijoërszwiwwelen dobäi man. De Knuewelek eraushuelen. De Spinat an d’Pan man a kuerz zesummefale loossen. Mam Vermouth an Zitrounejus ofläschen.

Zum Schluss de Ricotta an de Ram dobäi man, gutt waarm man a mat Salz a frësch gemuelene schwaarze Peffer ofschmaachen. ○ D’Kniddele bei d‘Zooss man a gutt vermëschen. Falls et net flësseg genuch ass, e bësse vum Kniddelwaasser dobäi man. Geriwwene Parmesan je no Goût driwwerstreeën. E bësse frëschen Thymian, Fréijoerszwiwwelen an e puer Zitrounescheiwe, sënn eng schéin Deko. Frësch Bratzelsbléien erginn e schéine farfleche Kontrast.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.