
10 minute read
R EZEPT Feierstengszalot
from Muselzeidung 477
by Presss sarl
Recette pour 6 Personnes
SAUCE MOUTARDE Moutarde Luxembourgeoise 150 g Moutarde de Dijon 150 g Huile de tournesol 100 g Eau (quelques gouttes)
FEIERSTENGSZALOT Macreuse de boeuf du terroir 1000 g (ou autre viande à bouillir) Cornichons 150 g Oignons 150 g 4 oeufs durs Persil 100 g Sauce Moutarde 400 g
Feierstengszalot
Préparation
Émulsionnez tous les ingrédients pour obtenir une sauce lisse.
Cuire la viande dans un court-bouillon pendant 3 heures. Laissez refroidir et réservez le bouillon pour une autre recette.
Coupez la viande dans des petits cubes de 1 cm.
Hachez tous les autres ingrédients. 5.
6.
7. Mélange z les cubes de viande, les ingrédients hachés et la sauce moutarde.

Assaisonne z avec le sel et le poivre selon votre goût.
Servir avec des frites et de la salade ou simplement avec du bon pain.

Bon appétit!

Restaurant Koeppchen
Das Restaurant Koeppchen steht für traditonelle Küche mit regionalen Produkten und einem freundlichen Service. Die jungen Besitzer bleiben dem zeitlosen Konzept von Qualität und Herzlichkeit treu und führen das Restaurant im Stil des hundertjährigen Familienbetriebs weiter.

9, Berreggaass • L-5485 Wormeldange-Haut [+352] 76 00 46 • iessen@koeppchen.lu • www.koeppchen.lu
KFZ-MEISTERBETRIEB
JETZT NEU IM PROGRAMM
Automatikgetriebeservice
Wir spülen Ihr Automatik-/ DSG Getriebe um Probleme wie unruhigen Getriebelauf, störende Geräusche oder Leistungsverlust vorzubeugen, oder zu beheben.
Professionelle Dieselpartikelfilterreinigung
Innerhalb eines Tages reinigen wir Ihren DPF ohne kostspieligen Ausbau mittels speziell entwickeltem chemischen Verfahren
Innenraumdesinfektion
Beseitigung jeglicher Bakterien und Viren (inkl. Covid-19) und Gerüche mittels speziell entwickeltem
Air2San Ozonverfahren



68, rue Hiel | L-5485 Wormeldange Haut Tel: (00352)76 82 66 www.garage-lang.lu | info@garage-lang.lu
KAROSSERIE & LACKIEREREI
Unfall Instandsetzung
Alle Karosseriearbeiten an Ihrem Fahrzeug, die Sie benötigen
Lackierungen aller
Art nach Ihren Wünschen
Vollrestaurierungen sowie Teilrestaurierungen
Vereinbaren Sie einen Termin [00352] 76 82 66

RÉIMECH d’Pärel vun der Musel
Di sëllege Wäifester sinn ëmmer rëm eng flott Geleeënheet fir de Leit dobaussen d’Liewen op der Musel méi no ze bréngen. Di schéi Stied an Dierfer laanscht d’Musel hu vill ze bidden, hir Leit, hir Traditiounen a hir Betriber maachen all Stiedchen an Duerf eenzegaarteg. An engem Interview mam Buergermeeschter vun der Stad Réimech, dem Jacques Sitz, wëlle mir dat flott Zesummeliewen zu Réimech ënnert d’Lupp huelen.

Interview mam Buergermeeschter Jacques Sitz
J a c q u e s S i t z
D’Wäifester laanscht d’Musel hunn dëst Joer alleguer missten ofgesot ginn, och zu Réimech sinn eng Rei Manifestatioune ronderëm de Wäin ofgesot ginn. Wéi ass d’Situatioun zu Réimech? Eis ëffentlech Plazen erlaben eis et de Moment net fir Fester ënnert deenen aktuelle Hygiènesmesuren géint d’Bekämpfung vum Covid-19 ze organiséieren. Am August sinn d‘Bacchusfest an och d‘Crémantsfescht mat der Wal vun der Miss Crémant ofgesot ginn. Elo am September wäert och eise Crémants- a Kulturfestival, dee vun der Gemeng organiséiert gëtt, net kënne stattfannen. Dat ass immens schued, mee et ass wichteg, dass mir alles maache fir d’Gesondheet vun eise Matmënschen ze schützen. Amplaz vun de Wäifester kann een awer de Moment zu Réimech vun eise „Wine Hike“ Toure profitéieren. Dës guidéiert Visitten duerch d’Wéngerten, zesumme mat Wäischmaachen, gi säit Juli ugebueden a kënnen iwwert d’Tourist Info oder iwwer de visit Remich Shop fir Gruppe gebucht ginn. Dës Toure komme ganz gutt u bäi de Leit a sinn och scho vill gebucht ginn. Wéi vill Wënzer ginn et an Ärer Gemeng an op wéi ville Plaze kann een an Ärer Gemeng Wäiner schmaachen? Zu Réimech ginn et 9 Wënzerbetriber. Bäi Caves St Martin a bäi Caves Desom kann een all Dag hir Wäiner schmaache goen ausser méindes. Bäi de Betriber Domaine Claude Bentz, Domaine Mathias Bastian, Domaine viticole Krier Frères, Caves Gales, Domaine Kox, Domaine L&R Kox an Caves Kox-Plyta kann een sech am beschten op hiren Internetsäiten iwwer hir Ëffnungs- respektiv Degustatiounszäiten informéieren. Am visit Remich Shop ginn op Demande och Degustatioune ugebueden a Navitours huet en neit Schëff, op dem och all Dag Degustatiounen ugebuede ginn.
Hierschtaktioun
Fir Drauwelies kache mir all Dag e Menü fi r Iech, a bréngen Äerch deen Heem.
Op de Bestellungen an eise Buttecker kritt Dir och Prozenter!
Gemeng
Dierfer
Awunner
Hektar Wéngert
Réimech
d’Stad Réimech
3.800
61 ha
Crémants- a Kulturfestival
18. & 19. September 2021


Wéi kann ee bäi Iech an der Gemeng en Dag ganz am Zeeche vum Miseler Wäin verbréngen? A wat mécht Är Gemeng doriwwer eraus eenzegaarteg laanscht d’Musel? Wann een en Dag zu Réimech wëll verbréngen, kann een zum Beispill eis gutt Wäiner a Cremante bäi d’Wënzer schmaache goen. Doriwwer raus kann een sech awer och kulinaresch zu Réimech verwinne loossen. Am visit Remich Shop fënnt een eng grouss Offer u lokale Produiten an do kann ee reegelméisseg Ausstellunge vu Lëtzebuerger Kënschtler bewonneren. De Moment stellt de Fotograf Raymond Reuter seng Biller „Gens de Luxembourg“ do aus. D’Esplanade zu Réimech ass eenzegaarteg laanscht di ganz Musel, well néierens fënnt ee beim Flanéieren esou eng grouss Offer ewéi zu Réimech. Nieft Wäin a Cremant stécht Réimech och ervir duerch säi flotte Waasserpanorama mat de Schëffer, säi Sportseck (Skaterparcours, Fitnessaktivitéiten, Piscine, Mini-Golf), seng Spillplaz a seng Verbindung zur Natur. Ganz schnell ass ee vun der Esplanade iwwer eng Rei Wanderweeër am Bësch oder an de Wéngerten. Zu Réimech kann ee Wäin, Waasser, Sport an Natur matenee verbannen an dat ass dat wat Réimech eenzegaarteg mécht an ëmmer eng Rees wäert ass.


© Fernand Morbach
D’Ofso vun de Wäifester wéinst der Pandemie betrëfft net nëmmen d‘Wënzer. Wéi gesäit et bäi deenen anere Betriber aus Ärer Gemeng aus, wéi hunn si sech op di nei Situatioun mam Covid-19 ugepasst? Vill Betriber hu versicht sech wéinst der Pandemie op eisen neien Alldag anzestellen. Mee dat ass net sou einfach, Réimech lieft vu sengen Touristen a wann der manner kommen, gëtt et enk fir verschidde Betriber. De Moment leeë manner grouss Croisièresschëffer zu Réimech un. Déi Touriste feelen och wann d’Campagne „Lëtzebuerg – dat ass Vakanz!“ vum Tourismusministère dëst deelweis kompenséiere kann. Et muss ee scho soen, dass dëst Joer méi Touristen aus dem Land selwer eis Stad Réimech besichen. Wat wäerten d’Erausfuerderunge fir Är nächst Manifestatioune sinn? Ech hoffen, dass mir geschwënn eis Fester erëm un d’Rulle kréien, dass mir eise Lieblingsproduit, de Miseler Wäin, erëm iwweralll ubidden an zesumme genéisse kënnen, natierlech ëmmer am Respekt vun de néidegen Hygiènesmesuren, well dat Wichtegst ass, dass d’Leit gesond bleiwen.




SCHENGEN #schengenisalive
Di sëllege Wäifester sinn ëmmer rëm eng flott Geleeënheet fir de Leit dobaussen d’Liewen op der Musel méi no ze bréngen. Di schéi Stied an Dierfer laanscht d’Musel hu vill ze bidden, hir Leit, hir Traditiounen an hir Betriber maachen all Stiedchen an Duerf eenzegaarteg. An engem Interview mam President vum Organisatiounscomité vum Schwéidsbenger Wäifescht, dem Pit Gloden, wëlle mir dat flott Zesummeliewen an der Gemeng Schengen ënnert d’Lupp huelen.

Interview mam Präsident vum Comité des Fêtes Schengen
P i t G l o d e n
D’Wäifester laanscht d’Musel hunn dëst Joer alleguer missten ofgesot ginn, och zu Schengen ass d’Schwéidsbenger Wäifest ofgesot. Steet den 1. Weekend am September eppes aneres bäi Iech an der Gemeng um Programm? Eise Comité huet dëst Joer e klenge Film iwwert d’Schwéidsbenger Wäifescht maache gelooss. Dëse Film wäerte mir dee Weekend, wou eigentlech d’Wäifescht soll sinn, verëffentlechen als kleng Erënnerung un dat flott Fest. Am Film selwer gëtt op eng witzeg Aart a Weis d’Wäifest virgestallt, am Fong ass et eng Konkel, déi d’Wäifest erlieft, loosst Iech iwwerraschen… Mir plangen dëst Joer eng Drauwelies an eisem Ministeschwéngert ze organiséieren. Mir giffen eis freeën, wann eis Ministeren aus dem Osten Zäit hätte fir an d’Lies ze kommen. Mat deenen Drauwe wëlle mir dann och eng extra Cuvée maache loossen.
Wéi vill Wënzer ginn et an Ärer Gemeng an op wéi ville Plaze kann een an Ärer Gemeng Wäiner schmaachen? D’Gemeng Schengen huet di gréisste Fläch u Wéngerten un der Musel. An der Gemeng selwer ginn et 12 Privatwënzer an d’Kooperativ Domaines Vinsmoselle. An der Caves du Sud vun den Domaines Vinsmoselle kann een all Dag Wäi schmaache goen. All aner Kellerei huet op Rendez-vous op fir Degustatiounen. Wéi kann ee bäi Iech an der Gemeng en Dag ganz am Zeeche vum Miseler Wäin verbréngen? A wat mécht Är Gemeng doriwwer eraus eenzegaarteg laanscht d’Musel? Bäi eis an der Gemeng huet ee vill Méiglechkeete fir en Dag am Zeeche vum Wäin ze verbréngen, sief dat bäi de Wënzer selwer, mat enger Wäindegustatioun oder enger Visitt an hire Betriber, oder bäi engem Trëppeltour duerch d’Wéngerten. Nieft dem Wäi mécht awer och d‘Duerf Schengen eis Gemeng Schengen eenzegaarteg laanscht d’Musel, well keen Duerf op der Musel sou bekannt ass ewéi Schengen. Säit 1985 ass Schengen weltwäit bekannt, duerch d’Schengener Ofkommes, wat deemools um Schëff M.S. Princess Marie-Astrid ënnerschriwwe ginn ass. D’Ofkommes steet fir oppe Grenze fir d’Mënschen an den Handel aus iwwer 25 Länner. Am Musée zu Schengen, mee och op der Esplanad zu Schengen, kann een alles iwwert d’Schengener Ofkommes gewuer ginn. Och befënnt sech zu Schengen eis Touristeninformatioun, déi d’Touristen iwwer eis Wënzer an eis aner Attraktiounen an der Gemeng informéieren. An der Gemeng Schengen ass deen eenzege Yachthafen op der Musel. Zu Schwéidsbeng kann ee mat sengem Schëff uleeën an och eng Nuecht um Camping verbréngen, deen direkt niewent dem Hafe läit. D‘Duerf Rëmerschen ass bekannt fir säin Naturschutzgebitt an de Biodiversum, wou ee villes iwwert d’Natur gewuer gëtt. Direkt do dernieft sinn d’Baggerweieren.
Gemeng
Dierfer

Awunner
Hektar Wéngert
Schengen
Bech-Maacher, Biermereng, Elweng, Éimereng, Rëmerschen, Schengen, Schwéidsbeng, Welleschten, Wëntreng
4.950
452 ha
Schwéidsbenger Wäifescht
5. September 2021
Hei wëll ech erwänen, dass Ufank dës Jores sech d’ASBL Erliefnisbaggerweier gegrënnt huet, déi eng ganz Rei nei Aktivitéiten op de Weieren ubitt, virun allem d’Ëmsetze vum Label „Design for all“, fir och d’Baggerweieren accessibel fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ze maachen. Des Weideren kann een op de Baggerweieren tauche goen, Standup paddeling maachen an eebe mat engem Rollstull an d‘Waasser goen. Do dernieft gëtt et elo ganz nei e Karpodrom, wou ee Kaarpe fësche kann. D’Gemeng Schengen ass ëmmer eng Rees wäert fir ee vun de ville Wanderweeër ze entdecken. Eise Wäin- a Kulturpad an eis Traumschleife zu Schengen sinn onbedéngt ze recommandéieren. Fir d’Kanner sinn eis Spillplaze vun der Maus Kätti zu Biermereng an d‘Naturspillplaz zu Welleschten ganz flott Plazen.

D’Ofso vun de Wäifester wéinst der Pandemie betrëfft net nëmmen d‘Wënzer. Wéi gesäit et bäi deenen anere Betriber aus Ärer Gemeng aus, wéi hunn si sech op di nei Situatioun mam Covid-19 ugepasst? Zu Schengen feelen de Moment di grouss Gruppe vun Touristen, mee et sinn awer vill Lëtzebuerger a Leit aus dem Dräilännereck dëst Joer komm, déi Vakanz heiheem maachen.
Wat wäerten d’Erausfuerderunge fir Äre Comité d’nächst Joer sinn? Eis nächst Aktivitéit wäert eis Marche gourmande sinn, déi mir dëst Joer leider wéinst dem Covid-19 hu missten ofsoen. Mir hoffen, dass mir eis Marche gourmande wéi och d‘Wäifescht d’nächst Joer kënnen organiséieren, wann och e bëssen anescht wéi soss, well et ass wichteg, dass mir eis Aktivitéiten deenen neie Sécherheetsmesuren upassen.
