4 minute read
Zu Jonglënster Kierch St. Martin
from Muselzeidung 496
by Presss sarl
Op Besuch an der Kierch St. Martin zu Jonglënster Am Interview mam Här Paschtouer Francis Erasmy vun der Par Regioun Iechternach gitt Dir haut intressant Hannergrënn iwwert d’Lënster Kierch an hir Geschicht gewuer.
Zanter 1961 sinn d’Kierch St. Martin an de Kierfecht als „monuments nationaux“ klasséiert. Kéint Dir eis e bëssen eppes iwwert d’Besonneschkeete vun der Kierch St. Martin zielen?
FE D’Lënster Kierch ass eng vu ganz wéinege Barockkierchen zu Lëtzebuerg. Mat hiren ausgeglachenen Dimensiounen, hirem räiche Mobiliar – zum Deel aus dem ale Klouschter Mariendall – hire Molereien, hirer Uergel an hire Grafsteng ass si e besonnescht schéint Beispill vun der Liewensfreed, déi déi barock Zäit zum Ausdrock bréngt.
An der Kierch selwer fënnt een eng eemoleg Sammlung vu Grafsteng vun den Häre vu Lënster, wie waren dës Hären?
FE D’Grafsteng sinn Erënnerungen un d’Famillje vun der Lënster Herrschaft, déi an der Buerg (Buerglënster) hire Wunnsëtz a bis zur franséischer Revolutioun iwwert wäit Deeler vun der haiteger Gemeng Jonglënster d’Soen haten. Konschthistoresch intressant ass, datt déi Grafsteng vun der Gotik, iwwert d’Renaissance bis an d‘ Barock Zäit ginn. Et ass déi gréisst Sammlung vun historesche Grafsteng an enger Lëtzebuerger Kierch.
Den Altor an d‘Uergel vun der Kierch stame vum fréiere Klouschter Marienthal. D’Gehais vun der Uergel (ëm 1600) gëllt als dat eelst vu ganz Lëtzebuerg. D’Uergel gouf no enger opwänneger Restauratioun am Joer 2010 nei ageweit. Wéini kann een d’Uergel live erliewen, fannen an der Kierch och Concerte statt?
FE An der Kierch fanne reegelméisseg Concerte statt, organiséiert vun de „Frënn vun der Lënster Kierch a.s.b.l.“. Donieft ass all Sonndeg um 10.45 Auer d’Uergel ze héieren, wann den Titularorganist Laurent Felten Literatur aus der ganzer Welt spillt.
Als Visiteur falen engem natierlech och déi impressionant Fresken um Plaffong op. Wat gëtt do duergestallt?
FE Et ass d’Duerstellung vum „jéngste Geriicht“, wou Christus „an der Herrlechkeet“ um Enn vun der Welt erëmkënnt, fir d’Welt – d. h. eis Mënschen – zur Rechenschaft ze zéien. Et fënnt een nieft Christus all wichteg Personnagen aus der Bibel an aus der Kierchegeschicht erëm, ëmgi vu sëllegen Engelen. D’Molereie si vum Ignatz Millim (1774), dee vu Brno (Tschechien) an eist deemolegt Herzogtum komm ass. Si goufen awer schonns e puer mol restauréiert.
PORTES OUVERTES
au Lycée Technique pour Professions de Santé 23 avril 2022
de 8h30 à 12h30
27, rue Barblé à Luxembourg (en face du CHL)
Aide-soignant(e) Assistant(e) en pharmacie Assistant(e) technique médical(e) de radiologie Infirmier/Infirmière Infirmier/Infirmière spécialisée
anesthésie et réanimation, chirurgie, pédiatrie, psychiatrie
Sage-femme
Bac technique sciences de la santé
préparant à des études supérieures
La formation de bachelier en soins infirmiers à l’étranger
Une formation de qualité Une profession valorisante au service des autres Un emploi assuré Une rémunération attractive
Choisissez une PROFESSION pour la VIE
HANNERGROND:
D’Par Jonglënster (déi haut zur Par Regioun Iechternach St. Willibrord gehéiert) ass méi wéi 1000 Joer al (schrëftleche
Quellen no soll si schonn am Joer 983 existéiert hunn). No enger Zerstéierung a ville Renovatiounen am Laf vun de Joerhonnerten ass d’Kierch St.
Martin am 18. Joerhonnert (1771-1774) – héchstwarscheinlech vum Iechternacher Architekt Paul Mungenast – nei gebaut ginn. Als Virbild huet déi barock
Kierch St. Paulin zu Tréier gedéngt. Déi lescht Renovatioun war vun 2008-2010.
Entdecken Sie den neuen Katalog auf unserer Webseite www.menuiserie-reckinger.com
Wir freuen uns auf Ihren Besuch Familie Reckinger + Team
Cr éation et Fabrication en boi s
Rollstuhlgerecht Parking Hunde erlaubt Buslinie 537, 622, 822, 634, 635 WIR FREUEN UNS AUF IHREN BESUCH: IN POMMERLOCH
SHOWROOM GEÖFFNET:
MONTAG - FREITAG 9:00 - 17:00 SAMSTAG & SONNTAG NACH VEREINBARUNG
HIER FINDEN SIE UNS AUCH: TENDANCES JARDINS
Remerschen • 22. - 24. April Echternach • 17. - 19. Juni Colmar-Berg • 16. - 18. September
AMBIENCE JARDINS Hesperange • 13. - 15. Mai
PORTE OUVERTE
Pommerloch • 08. - 09. Oktober
De Pilgerwee „Via Sancti Martini“, dee vun
Ungarn iwwer Éisträich, Däitschland, Lëtzebuerg, d’Belsch bis an d'Frankräich féiert, geet iwweregens och laanscht d’Kierch St. Martin zu Jonglënster.
ADRESS:
Kierch St. Martin rue de Bourglinster L-6112 Junglinster
ËFFNUNGSZÄITEN:
All Dag vun 10 – 18 Auer
bijouterie: 2 Rue de Macher | L-5550 Remich | Tel. 23 69 87 24 rendez-vous: 18 Rue de Nord | L-3261 Bettembourg | Tel. +352 691 668 810