Muselzeidung 496

Page 112

D'Muselzeidung ënnerwee

Op Besuch an der Kierch St. Martin zu Jonglënster

Am Interview mam Här Paschtouer Francis Erasmy vun der Par Regioun Iechternach gitt Dir haut intressant Hannergrënn iwwert d’Lënster Kierch an hir Geschicht gewuer.

Zanter 1961 sinn d’Kierch St. Martin an de Kierfecht als „monuments nationaux“ klasséiert. Kéint Dir eis e bëssen eppes iwwert d’Besonneschkeete vun der Kierch St. Martin zielen?

FE D’Lënster Kierch ass eng vu ganz wéinege Barockkierchen zu Lëtzebuerg. Mat hiren ausgeglachenen Dimensiounen, hirem räiche Mobiliar – zum Deel aus dem ale Klouschter Mariendall – hire Molereien, hirer Uergel an hire Grafsteng ass si e besonnescht schéint Beispill vun der Liewensfreed, déi déi barock Zäit zum Ausdrock bréngt.

An der Kierch selwer fënnt een eng eemoleg Sammlung vu Grafsteng vun den Häre vu Lënster, wie waren dës Hären?

FE D’Grafsteng sinn Erënnerungen un d’Famillje vun der Lënster Herrschaft, déi an der Buerg (Buerglënster) hire Wunnsëtz a bis zur franséischer Revolutioun iwwert wäit Deeler vun der haiteger Gemeng Jonglënster d’Soen haten. Konschthistoresch intressant ass, datt déi Grafsteng vun der Gotik, iwwert d’Renaissance bis an d‘ Barock Zäit ginn. Et ass déi gréisst Sammlung vun historesche Grafsteng an enger Lëtzebuerger Kierch.

Muselzeidung

112

Den Altor an d‘Uergel vun der Kierch stame vum fréiere Klouschter Marienthal. D’Gehais vun der Uergel (ëm 1600) gëllt als dat eelst vu ganz Lëtzebuerg. D’Uergel gouf no enger opwänneger Restauratioun am Joer 2010 nei ageweit. Wéini kann een d’Uergel live erliewen, fannen an der Kierch och Concerte statt?

FE An der Kierch fanne reegelméisseg Concerte statt, organiséiert vun de „Frënn vun der Lënster Kierch a.s.b.l.“. Donieft ass all Sonndeg um 10.45 Auer d’Uergel ze héieren, wann den Titularorganist Laurent Felten Literatur aus der ganzer Welt spillt.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.