3 minute read
Beim Tim Karius
from Muselzeidung 496
by Presss sarl
Am Gespréich mam Tim Karius
An eiser Serie „D’Muselzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neie Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng am Interview.
Tim, fir déi, déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
TK Ech sinn den Tim, 38 Joer jonk, a säit Mäerz Papp vun 2 Kanner. Vu Formatioun sinn ech Ekonomist a schaffe säit 6 Joer am Logementsministère, wou ech mech haaptsächlech mam Beräich Locatioun a Präisentwécklung beschäftegen. Ech wunnen zu Kanech, wou ech och opgewuess sinn. Aktiv sinn ech säit ville Joren am Sport ënnerwee a si gären op de sëllege Rendez-vous’en an der Gemeng a sinn doriwwer eraus och an der Regioun gären ënnerwee.
Säit Mäerz 2022 bass du den neie Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng. Wéi koum et dozou?
TK Am Laf vum Joer hunn eng Rei Leit aus dem Lennenger Gemengerot demissionéiert, soudass et huet missten zu Komplementarwale kommen, fir dass de Gemengerot erëm komplett géif ginn. Ech hu mech du mat e puer Leit zesummegedoen, déi och gewëllt waren an der Gemeng Verantwortung ze iwwerhuelen a mir hunn eis Kandidature gestallt. Bei der Gemengekomplementarwal am November 2021 si mir an den Gemengerot gewielt ginn. Zesumme mat den neie Schäffen, dem Philippe Gengler an dem Jean-Marie Hermann, freeë mir eis, eis an Zukunft gemeinsam fir d’Gemeng ze engagéieren.
Wars du scho virdru politesch aktiv? Wat war deng perséinlech Motivatioun fir ze kandidéieren?
TK Duerch mäi Beruff verfollegen ech dat politesch Geschéien all Dag op nationalem Niveau. Dat huet mir Loscht gemaach, mech zesumme mat menge Kolleegen op
kommunalem Niveau anzesetzen. Och, wëll ech ëmmer méi festgestallt hat, dass ech net enger Meenung mam fréiere Buergermeeschter war Dofir haat ech dunn d’Decisioun geholl, fir mech selwer fir d’Walen opzestellen an ech si frou iwwer dat Vertrauen, dat mir d’Biergerinnen a Bierger geschenkt hunn.
De Schäfferot ass de 7. Mäerz vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt ginn. Wou fänken d’Aarbechten elo fir dech un? Wat sinn deng Prioritéiten?
TK Mir hunn eis di éischt Wochen intensiv mam Budget 2022 beschäftegt, dee mir den 30. Mäerz an eiser éischter Gemengerotssëtzung gestëmmt hunn. Mir wäerten ënner anerem elo de Projet vum neie Pompjeesbau fir de CGDIS an de Gemengenatelier fir de Service technique vun der Gemeng op d’Schinne bréngen. Dat ass e Projet, dee laang an der Diskussioun war - mir wäerten elo Neel mat Käpp maachen. Och d’Aarbechte vum neie PAG fir d’Gemeng Lenneng wäerte mir weiderdreiwen, dass mir do endlech zu engem Ofschloss kommen. Mir hunn awer och nach méi kleng Projete wëlles. Mir wäerten an erneierbar Energien investéieren, d‘öffentlech Gebaier mat LED Luuchten ausrüsten an awer och an eis Jugend an an d‘Spillplazen investéieren. An no zwee Joer Pandemie wëlle mir virun allem d’Leit erëm zesummebréngen an d‘Gemeng Lenneng nees an der Regioun integréieren. Ech freeë mech op di nei Aufgab, zesumme mat mengen zwee Schäffen an de Kolleegen aus dem Gemengerot. Mir si laangjäreg Kolleegen, kennen eis ganz gutt, sinn allen 3 vill ënnert de Leit an der Gemeng. Dat wäert och weider eist d’Zil sinn, present bäi de Leit ze sinn an en oppent Ouer fir si ze hunn.
D’Administratioun vun der Gemeng ass rezent a nei Gebailechkeete geplënnert, kréien d’Awunner Abléck an dat neit Gebai?
TK Mir plangen, d’Gebai am Summer offiziell anzeweien an an dem Kader wëlle mir dann och d‘Awunner invitéieren, d’Gemeng kucken ze kommen. D‘Gemeng soll nees eng oppen Ulafstell fir de Bierger ginn wou hien Äntwerten ob seng Froe kritt. Eis als neie Schäfferot ass et wichteg, dass eis Aarbecht transparent ass, mir d’Awunner doriwwer informéieren an zesumme mat hinnen d’Gemeng Lenneng moderniséieren a prett fir d’Zukunft maachen. TIM KARIUS Den Tim Karius gouf am Mäerz als neie Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng vereedegt.
Photos : © Tom Fielitz Photograhy
Angebote
Geführte Besichtigungen Aktivprogramm für Schulklassen Empfänge für Unternehmen Geburtstage oder besondere Anlässe
Aquatower Berdorf a.s.b.l.
106a, rue de Consdorf L- 6551 Berdorf Tel. : (+352) 26 78 4005 aquatower@berdorf.lu www.aquatower-berdorf.lu
Follow us
Buchung nur mit Voranmeldung:
aquatower@berdorf.lu oder: +352 26 78 4005 | +352 79 01 87-37
Ladengeschäft mit belgischen und regionalen Produkten 3 hochwertige Ferienwohnungen Events & Seminare, Café (ab 15. Mai 22)
Trasse Belge GbR Nathalie PIRONT & Dr. Bernhard STEIN
Kehrbachstraße 12 D-54441 Trassem (bei Saarburg)
+49 160 33 503 08 oder +352 621 134 735
trassebelge@gmail.com www.trasse-belge.de Wir bieten in Trassem in unserem renovierten Bauernhof ein Angebot von originalen Produkten und Geschenkideen mit dem
Schwerpunkt Belgien
(Pralinen, Biscuits & Confiserien, Biere, Naturkosmetik, Tee ...).