Muselzeidung 496

Page 128

D'Muselzeidung ënnerwee

Am Gespréich mam Tim Karius An eiser Serie „D’Muselzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neie Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng am Interview.

Tim, fir déi, déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?

TK Ech sinn den Tim, 38 Joer jonk, a säit Mäerz Papp vun 2 Kanner. Vu Formatioun sinn ech Ekonomist a schaffe säit 6 Joer am Logementsministère, wou ech mech haaptsächlech mam Beräich Locatioun a Präisentwécklung beschäftegen. Ech wunnen zu Kanech, wou ech och opgewuess sinn. Aktiv sinn ech säit ville Joren am Sport ënnerwee a si gären op de sëllege Rendez-vous’en an der Gemeng a sinn doriwwer eraus och an der Regioun gären ënnerwee.

Säit Mäerz 2022 bass du den neie Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng. Wéi koum et dozou?

TK Am Laf vum Joer hunn eng Rei Leit aus dem Lennenger Gemengerot demissionéiert, soudass et huet missten zu Komplementarwale kommen, fir dass de Gemengerot erëm komplett géif ginn. Ech hu mech du mat e puer Leit zesummegedoen, déi och gewëllt waren an der Gemeng Verantwortung ze iwwerhuelen a mir hunn eis Kandidature gestallt. Bei der Gemengekomplementarwal am November 2021 si mir

Muselzeidung

128

an den Gemengerot gewielt ginn. Zesumme mat den neie Schäffen, dem Philippe Gengler an dem Jean-Marie Hermann, freeë mir eis, eis an Zukunft gemeinsam fir d’Gemeng ze engagéieren. Wars du scho virdru politesch aktiv? Wat war deng perséinlech Motivatioun fir ze kandidéieren?

TK Duerch mäi Beruff verfollegen ech dat politesch Geschéien all Dag op nationalem Niveau. Dat huet mir Loscht gemaach, mech zesumme mat menge Kolleegen op


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.