1 minute read
REZEPT Hénkeler Kréinercher
from Sauerzeidung 377
by Presss sarl
De Mëllerdall, eng Regioun mat Go ut!
Rezept vum kulturhaff millermoler
Hénkeler Kréinercher mat Zalot
4 P ortiounen 15 M inutten
De Speck oder d’Ham kleng schneiden a mat Olivenueleg oder Botter an der Pan lues ubroden, d’Zwiwwelen derbäi maachen an dëst mat engem Schotz wäisse Wäin oder Geméisbritt läschen. E klenge Schotz Ram derbäi schëdden an dat Ganzt eventuell mat Miel bannen. Wierzen an d’Ierbëssen derbäi ginn. Eng Kéier opkache loossen. D’Nuddelen hunn eng Kachzäit vun ca. 9 Minutten. Dat Ganzt mat oder ouni gerapptenem Kéis zerwéieren. Déi réi Rommele (2–3 Stéck) schielen a kleng rappen, Päerdsbieresseg derbäi schëdden, Peffer a Salz an Zalotekraider an d’Schossel maachen. D’Zwiwwele schielen an a ganz dënn Rondele schneiden. Duerno den Zalotenueleg an den Hanfueleg derbäi schëdden. Zum Ofschloss d’Lorbeerblat derbäi maachen an dat Ganzt e bëssen am Frigo stoe loossen (am Beschten iwwert d’Nuecht).
Produkter:
regionale Buttek, Raimlechkeete fir Seminarer, Couren a Feierlechkeeten
Philosophie:
De Kulturhaff Millermoler ass e Buttek mat regionalen a lëtzebuergesche Produkter, mat deene mir och Corbeillë fir all Geleeënheeten an all Portmonni zesummestellen. Am Summer kann een op eiser Terrass, no un der Vëlospist, gemittlech eppes drénken an chillen. An eise Raimlechkeete kënne Seminarer a Couren organiséiert ginn. Och eis Konschtgalerie kann ee lounen. Des Weidere bidde sech eis Raimlechkeete fir familiär a betriblech Feierlechkeeten un. Gären organiséiere mir mat oder fir Iech Är Fester. Am Laf vum Joer organiséiere mir Aktivitéiten an Themenowenter fir Kanner an Erwuessener. Och Kannergebuertsdeeg kann ee bei eis organiséieren.
13, rue Girsterklaus L – 6560 Hénkel +352 53 27 73 www.kumimo.lu
Loscht kritt? Fir weider Rezepter a Produzenten, besicht eis op eisem Site: