
4 minute read
FIR DEI GUTT SAACH Spenden
from Sauerzeidung 377
by Presss sarl
JONGLËNSTER De Rotary Jonglënster/ Syrdall huet fir d‘Kannerhaus Jonglënster gespent



GRÉIWEMAACHER D‘Kanner aus der Maacher Spillschoul ware fir ee gudden Zweck liichten an hunn un „ALAN - Maladies rares“ gespent


GRÉIWEMAACHER d‘Heemecht vun der Lëtzebuerger Wäikinnigin
Eis schéin Dierfer a Stied – Hir Leit, Traditiounen a Betriber

Di sëllege Wäifester sinn ëmmer rëm eng flott Geleeënheet fir de Leit dobaussen d’Liewen op der Musel méi no ze bréngen. Di schéi Stied an Dierfer laanscht d’Musel hu vill ze bidden, hir Leit, hir Traditiounen an hir Betriber maachen all Stiedchen an Duerf eenzegaarteg. An engem Interview mat der Presidentin vum Comité des Fêtes Grevenmacher, dem Carole Clemens, wëlle mir dat flott Zesummeliewen an der Stad Maacher ënnert d’Lupp huelen.

C a r o l e C l e m e n s
D’Wäifester laanscht d’Musel hunn dëst Joer alleguer missten ofgesot ginn, och zu Gréiwemaacher ass dëst Joer keen Drauwen- a Wäifest. Organiséiert Äre Comité eppes aneres als klengen Ersatz zum Wäifest? De Comité des Fêtes huet zesumme mat den zwou grousse Maacher Kellereien een Cuvée 2020 eraus ginn, déi et als Cremant an als Pinot Blanc gëtt. Sou kënnen d’Leit bei eem goude Patt awer un d’Wäifest denken. Des Weideren hu mir een flott Gamme vu Merchandising Artikelen (Rucksak, Posch a Wäiglas), déi d’Leit sech kafe kënne beim Comité des Fêtes an herno och bei verschiddene lokale Geschäftsleit. An dann hu mir zesumme mat der Bijouterie Hoffmann vu Gréiwemaacher een ganz schéi Schmuckgamme entwéckelt.
Wéi vill Wënzer ginn et an Ärer Gemeng an op wéi ville Plaze kann een an Ärer Gemeng Wäiner schmaachen? Zu Gréiwemaacher ginn et zwou grouss Kellereien, d’Caves Bernard-Massard an d’Kooperativ Domaines Vinsmoselle. Den Aby

Gemeng

Dierfer
Awunner
Gréiwemaacher
d’Stad Gréiwemaacher
4956
Lëtzebuerger Wäikinnigin 2019–2021 Jessica Bastian
Hektar Wéngert
61 ha
Duhr och nach bekannt ënnert dem Numm Château Pauqué, ass isen eenzege private Wënzer zu Gréiwemaacher. All di aner Wënzer liwweren hir Drauwen un d’Caves Bernard-Massard oder un d‘Domaines Vinsmoselle. D’Caves Bernard-Massard an d‘Domaines Vinsmoselle hunn hir Vinothéike bal all Dag op. Beim Aby Duhr kann ee Wäindegustatiounen op Ufro maachen. Wéi kann ee bäi Iech an der Gemeng en Dag ganz am Zeeche vum Miseler Wäin verbréngen? A wat mécht Är Gemeng doriwwer eraus eenzegaarteg laanscht d’Musel? Et kann een an deenen zwou Kellereien een Wäindegustatioun maachen oder am Bistro Quai mat Vue op d’Musel sech di verschidde Wäiner vu Caves Bernard-Massard an Domaines Vinsmoselle an engem flotte Kader schmaache loossen. An der Caves Bernard-Massard kann een awer och een Visitt dorrech hir Kellere man. Des Weideren kann een dorrech d‘Wéngerten trëppele goen, do kann een sech am beste beim Syndiciat d’Initiative et de Tourisme informéieren. Natierlech kann een och dorrech déi schéi Foussgängerzon spadséieren an e bëssen akafen oder e flotten Tour laangst d‘Musel man. Is Schwämm a Spillplaz ënne laangst d’Musel si besonnesch bäi de Kanner ganz beléift. Net ze vergiessen ass ise Päiperleksgaart, deen ee vun Abrëll bis Oktober beséiche goe kann. Déi di un der Kultur intresséiert sinn, kënnen een Visitt am Kulturhuef maachen oder och ise kulturhistoresche Rondgang dorrech d’Alstad vu Gréiwemaacher trëppelen.

D’Ofso vun de Wäifester wéinst der Pandemie betrëfft net nëmmen d‘Wënzer. Wéi gesäit et bäi deenen anere Betriber aus Ärer Gemeng aus, wéi hunn si sech op di nei Situatioun mam Covid-19 ugepasst? Fir d’Geschäftsleit zu Gréiwemaacher, wéi och soss iwwerall, war et sécher net einfach wärend dem Lockdown hir Diere missten zouzemaachen, mee vill Betriber hunn sech wärend där Zäit oder och elo un di nei Situation mam Covid-19 adaptéiert. Vill Restauranten haten Take away ugebueden an och Geschäfter hunn heemgeliwwert. Elo wou erëm alles op ass, huet all Betrib sech ugepasst an och d’Clientë verséiche sech un deen neien Alldag ze gewinnen. Et ass wichteg, dass mir zu Maacher di lokal Betriber ënnerstëtzen, méi wéi je, dass si um Enn vum Joer d’Enner beienee kréien. LES Wat wäerten d’Erausfuerderunge fir Är nächst Manifestatioune sinn? Mir hoffen, datt mir d‘nächst Joar rëm e Wäifest organiséiere kënnen. Dest Joar wär normalerweis d’Kréinung an eem Zelt gewiescht, well de Centre culturel ofgerappt gëtt, sou datt is déi Erausfuerderung nach fir d‘nächst Joar bleift.

