4 minute read

BETZDORF

Next Article
AARBECHTSMOART

AARBECHTSMOART

BETZDER

Interview mam Buergermeeschter

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?

D’Gemengen assuréiere vill Servicer um Bierger. Et ass elo d’Aufgab vun de Gemenge flexibel a kreativ ze sinn, fir de Leit dës Servicer weider kënnen unzebidden op eng no de Sécherheetsconsignë vun der Santé konform Aart a Weis. De Bierger muss sech an all Situatioun och wärend enger Pandemie op eng Gemeng verloosse kënnen.

Wéi hëlleft Är Gemeng sengen Awunner, senge Betriber a Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?

Eis Gemeng huet direkt no der Deklaratioun vum Etat de Crise en Akafsservice fir eis eeler a vulnerabel Matbierger op d’Been gestallt. Mat reegelméissege Flyeren à toutes boîtes, Informatiounen op eiser Internetsäit oder op Facebook hu mir eise Bierger all wichteg Informatioune weidervermëttelt. Zesumme mat de Scouten an der Seniorekommissioun kruten eis Bierger iwwer 70 Joer fir Ouschterméinden e klenge Cadeau ausgedeelt, eis Maison Relais huet mat engem 3D-Printer Bigele fir Schutzmaske produzéiert an d’Membere vun der Seniorekomissioun hu geleeëntlech bei Bierger ugeruff déi eleng doheem wunnen. Fir eis lokal Ekonomie, dat hescht eis Betriber, Commercen, Caféen a Restauranten ze ënnerstëtzen, hu mir all Stot e Bong am Wäert vu 25 Euro zoukomme gelooss, deen huet misse bis de 15. September ageléist ginn. Dobei krut all Stot eng Lëscht mat all de Betriber aus der Gemeng matgeschéckt. Dëst fir de Bierger nees eng Kéier bewosst ze maache, wat fir eng Offer vu verschiddenste Commercen a Méiglechkeeten et iwwerhaapt an eiser Gemeng gëtt, fir déi vill Virdeeler vun de lokale Commercë mol nees eng Kéier ze rappeléieren.

Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt?

Wärend der Adventszäit hu mir 3 kulturell Manifestatiounen am Kultursall Syrkus virgesinn. Jidde-

JEAN-FRANÇOIS WIRTZ

reen ass wëllkomm, mir hunn de Sall esou ageriicht fir datt jiddereen an engem séchere Kader e flotten Owend ka verbréngen an sou vläicht op aner Gedanke komme kann.Des Weideren hu mer en Opruff un eis Bierger gemaach fir bei der Aktioun „Adventsfënster 2020 zu Betzder“ matzemaachen.

Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?

Mir wäerte sécher d’nächst Joer manner Recettë vum Staat kréie wéi geplangt a versichen dëse Manque u Recetten duerch eng realistesch Planung am Budget ze kompenséieren, andeems mer op verschiddene Plaze wäerte Montante kierzen oder Projeten zäitlech decaléieren. Verschidde Projete vu méi klenger Envergure wäerte méi spéit ëmgesat gi.

Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?

Positiv Aspekter waren déi, datt mer et fäerdeg bruecht hunn immens flexibel, séier an onkomplizéiert nei Servicer op d’Been ze stelle, fir eise Bierger an der Zäit vum Confinement d’Liewen ze vereinfachen. Déi grouss Bereetschaft beim ganze Gemengepersonal an d’Solidaritéit bei de Leit fir ze hëllefe war eng immens positiv Erfarung.

D’GEMENG BETZDER WËNSCHT SCHÉI FEIERDEEG

Rebekka Marx, Personal Trainer

Ihre Expertin für Fitness, Ernährung und Gesundheit

Investieren Sie jetzt in sich und Ihre Gesundheit und fragen Sie mich nach einem kostenlosen Beratungstermin. - Einzelstunden oder Training in Kleingruppen - Fitness, Ernährung, Beweglichkeit - Drinnen, im Freien oder Online www.rebekkamarx-pt.lu

Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn?

Jo, et si Projeten fäerdeg ginn, wou och schonn d’Invitatioune fir d’Aweiunge prett ware fir verschéckt ze ginn, dat huet du leider missen annuléiert ginn. Mir hoffen, datt mer dat awer kënnen nohuele fir eise Bierger ze weisen, wat geschafft ginn ass.

Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joer anescht. Vill Leit hu Vakanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joer bäi Iech an der Gemeng?

Mir hunn als Randgemeng vun der Haaptstad vill flott Wanderweeër ronderëm eis Dierfer, duerch eis schéi Bëscher an duerch déi schéi Landschaft laanscht d’Syr. Mir hunn dofir am Summer op eiser Facebooksäit eng kleng Campagne ënnert dem Motto „Vakanz doheem/Support Locals“ lancéiert, andeems mer reegelméisseg kuerz Video- a Photoanimatiounen iwwert eis Wanderweeméiglechkeeten a lokal Commercë gepost hunn, fir de Leit an och den Touristen d’Méiglechkeete vum Wanderen innerhalb vun der Gemeng Betzder méi nozebréngen an de Feeling vu Vakanz opkommen ze loossen. Dobäi sinn och déi lokal Restauratiounsbetriber, Duerfcaféen oder kleng Epicerien an Evidenz gesat ginn. Den Zoulaf vun den Touristen ass schwéier ze moossen, mee ech sinn iwwerzeegt, datt Leit aus der ganzer Ëmgéigend eis Wanderweeër ausprobéiere komm sinn.

Steckbréif Gemeng Betzder

DIERFER Bierg, Betzder, Mensder, Ouljen, Ruedt-Sir FLÄCH 2.608 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 4.087 AWUNNER BIS HAUT 4.130 NATIONALITÉITEN 64 BUERGERMEESCHTER Jean-François Wirtz SCHÄFFEN Marc Ries, Sylvette Schmit-Weigel GEMENGERÉIT Marc Bosseler, Frank Bourgnon, Reinhold Dahlem, Fernande Klares-Goergen, Patrick Lamhène, Jean-Pierre Meisch, Jules Sauer, Olafur Sigurdsson

D’Joer geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen?

Dem ganze Gemengepersonal fir hir wonnerbar Aarbecht, de Betzder Bierger fir hir Disziplin a Solidaritéit a menger Famill fir déi alldeeglech Ënnerstëtzung an dëser spezieller Zäit.

Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d‘Chrëschtzäit?

Den Awunner wënschen ech weiderhi vill Gedold an datt si eng schéi Chrëschtzäit hunn, trotz der Begrenzung vun de soziale Kontakter. De Betriber wënschen ech datt si mat hire Mataarbechter an hirer Aarbecht kënne weiderfueren.

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Betzder

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021

This article is from: