8 minute read
JONGLËNSTER
from Sauerzeidung 392
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Jonglënster
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Jonglënster
Romain Re itz
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d‘Gemeng Jonglënster den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Mir sinn op eiser Gemeng an Zesummenaarbecht mam ganze Personal wärend der ganzer Zäit vun der Pandemie ganz gutt eens ginn a mat enger grousser Disziplin hu mir et gepackt erëm an den normalen Aarbechtsbetrib iwwer ze wiesselen.
E grousse Rendez-vous war de Lënster Maart, dee wärend zwee Deeg am September an enger neier Form mat flotte Concerten a ville verschiddene Stänn stattfonnt huet. Do krute mir en immens gudde Feedback a mir schaffe schonn drun, fir et am nächste Joer nach besser ze maachen. Mir hunn de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen, well Integratioun an eiser Gemeng e ganz wichtegt Thema ass. Den neie Klimapakt wäert eis an den nächste Joren an alle Beräicher alles ofverlaangen. matenee verbënnt. An op de méi wéi 25 Wanderweeër an eiser Gemeng hänken elo Schëlder mat QR-Coden. Wann een déi scannt, kritt een e ganze Koup Informatiounen iwwert déi Plaz, op där ee grad dee Moment ass.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Eent vun de markantsten Erliefnisser am Summer waren di grouss Iwwerschwemmungen, déi net nëmmen d’Uertschafte laanscht déi grouss Flëss aus dem Land gepräägt hunn, mee och dat villt Waasser, dat eisen Awunner aus der Gemeng grouss Problemer a Schied bruecht huet. Immens grouss war di geliefte Solidaritéit ënnert de Leit, an dat huet een houfreg gemaach. De Leit vum CGDIS an eisem Regiebetrib soen ech e grousse Merci, dass si an Zesummenaarbecht dës oft schwéier Situatiounen exzellent geléist hunn. Mir sinn amgaangen e Konzept auszeschaffe géint de Staarkreen an hoffen domat den Auswierkunge vum schnelle Klimawiessel entgéintzewierken.
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Eise Gemengebuet, de Lënster MAG, kënnt an engem ganz neie Format eraus an an engem Layout, deen der haiteger Zäit entsprécht. E wäert nëmmen nach all zwee Méint publizéiert ginn, dofir awer méi e spannende Contenu wéi Reportagen an Interviewen enthalen. Och den Internetsite gëtt un déi haiteg Bedierfnisser ugepasst: Do
kënne sech eis Bierger op eng ganz aner a praktesch Opmaachung freeën. Zil ass et, dass d’Awunner online direkt dat fannen, wat si brauchen – ouni laang mussen ze sichen. An deem Sënn hu mir och wëlles, d’App vun der Gemeng Jonglënster am Laf vun 2022 unzepassen an nach méi flott ze gestalten.
Eis gréissten Infrastrukturprojeten an der Gemeng sinn aktuell d’Traversé vu Gonnereng an de Bau vun enger neier Maison relais zu Jonglënster. Zousätzlech wëlle mir awer och am Wunnengsbau eis zwee Projeten zu Guedber an zu Lënster ufänken a soumat e Bäitrag zum bezuelbare Wunnraum fir jonk Leit leeschten. D’Plange vun der Naturcrèche, der Museksschoul an dem neie Parkhaus gi weider viru gedriwwen a missten 2023 kënne gebaut ginn.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Ech wënsche mir fir d’Zukunft, datt mir dës Kris als Welt, EU a Lëtzebuerg bewältegen a mir als Mënschheet eis Léieren doraus zéie wäerten. Dëst wënschen ech mir och fir d’Klimakris, wou och mir als Gemeng eise Bäitrag leeschte wäerten! Fir d’Enn vun dësem Joer wënschen ech jidderengem eng besënnlech Chrëschtzäit a fir 2022 eng gutt Gesondheet mat vill Freed, och wann d’Zäiten net ëmmer einfach sinn.
Steckbréif
Gemeng Jonglënster
DIERFER Allënster, Amber, Beidler, Blummendall, Buerglënster, Eescheler, Eesebuer, Gonnereng, Grolënster, Guedber, Jonglënster, Roudemer AWUNNER 8.377 NATIONALITÉITEN 88
BUERGERMEESCHTER Romain Reitz SCHÄFFEN Françoise Hetto-Gaasch, Ben Ries GEMENGERÉIT Gilles Baum, Jean Boden, Tarik Chergui, Christiane Degraux, Mike Hagen, Michèle Loreti-Goedert, Romain Reitz, Raymond Schintgen, Raphaël Schmitz, Anne Schroeder, Tom Weber
DʼGEMENG JONGLËNSTER WËNSCHT SCHÉI FEIERDEEG
De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?
An de leschte Méint hu mir am Beräich Mobilité douce vill ëmgesat. En Netz vun iwwer 50 Kilometer Weeër, déi ons zwielef Uertschafte matenee verbannen, ass ausgeschëldert ginn. Op der Gare zu Lënster hu mir eng M-Box installéiert, mir hu bis ewell zwou Fléck- a Pompelstatiounen zur Dispositioun gestallt, an d’Busarrête gi mat Vëlosstänneren ekipéiert. Nieft dem City Bus hu mir säit dem Summer eng Navette fueren, déi di grouss Parkinge vu Jonglënster matenee verbënnt, fir den Individualverkéier am Zentrum ze reduzéieren. Mir hunn zu Gonnereng de Pedibus fir d‘Kanner konnten aféieren, dat huet dozou gefouert, dass manner Trafic virun der Schoul ass. Dann hu mir ons Subventiounen ugepasst an neier agefouert, wéi z. B. fir gréng Diecher a Vëloen. Mir haten eng Sensibiliséierungscampagne géint stenge Gäert lancéiert, sougenannte Schottergäert, déi iwwregens an der Gemeng zanter 2018 verbuede sinn. Am Energieberäich si mir gutt ënnerwee, mat e sëllege PV-Anlagen op elo bal all onse Gemengegebaier, den Anlage vu Betriber zu Lënster a Beidler an de ville PV-Anlage vun de private Stéit.
Ben Ries
Dann hu mir duerch d’Biogasanlag e Fernwärmenetz, dat quasi CO2 neutral ass.
Och an Zukunft striewe mir weider Installatiounen an Investissementer vun erneierbaren Energiequellen un.
Ons Neibauten erfëllen déi héchste Bestëmmungen a mir renovéiere bestänneg ons bestoend Gebaier fir méi energieeffizient ze ginn.
Bei kommunalen Neibaute froe mir gréng Fassaden, gréng Diecher, PV-Anlagen a Reewasserkollekteren a striewen d’LENOZZertifizéierung un. An de kommende Projete fléissen ëmmer méi Elementer vun der Economie circulaire eran, ons Klimaberoderin an d’Ëmweltkommissioun gi progressiv ëmmer méi agebonnen.
Mir hunn ons och weider dem Klimaschutz verbonne mat der Adhesioun vum Klimapakt 2.0, d’Klimateam gëtt grad opgestallt a kann zäitno ufänke mat schaffen.
D’Gemengebëscher ginn och no an no den neie Klimakonditiounen ugepasst, mir engagéieren ons nach méi Beem an Hecken ze planzen, an och Kompensatiounsmoossnamen, déi mir als Gemeng musse leeschten, probéiere mir um Gemengenterritoire ze realiséieren.
De Lënster Maart am September ass als „Green Event“ zertifiéiert ginn. Et war mengen ech fir jiddereen eng Ëmstellung, mee et huet sech gelount. Dat ass konkreten Ëmweltschutz, ëmgesat duerch all d‘Veräiner, Produzenten a Kënschtler, déi deelgeholl hunn an un engem Strang gezunn hunn. Dofir hinnen e grousse Merci!
Äre politische Wee geet geschwënn op en Enn, op wat kuckt Dir zeréck?
Schoulberäich, Integratioun, Soziales, Wirtschaft, Tourismus a Kultur, dat alles waren déi Beräicher, fir déi ech mech an eiser Françoise HettoGaasc h Gemeng als Schäffen agesat hunn. Alles Beräicher, déi mir richteg um Häerz leien, a wou mer villes konnten a Bewegung setzen. An trotzdeem hunn ech d‘Entscheedung getraff meng politesch Mandater néierzeleeën. Meng Nofolger wäerten hir nei Aufgab mat ganz vill Engagement an Ugreff huelen, dorunner besteet keen Zweifel. Selwer hunn ech di grouss Chance dierfen op eng laang erfollegräich, spannend an erfëllend politesch Carrière zeréckzekucken, wou ech nieft dem ganz noe Kontakt mat de Bierger aus eiser Gemeng, och dee flotten Austausch an der Regioun geschat hunn (dat éischter als Minister an Deputéiert). Wärend deenen 22 Joer politeschem Engagement hunn ech vill léif an interessant Leit kennegeléiert, an hat ganz vill schéi Momenter mat enge sëlleche Menschen. Hinnen alleguer ee grousse Merci fir hiert Vertrauen an di flott Zesummenaarbecht.
Iech alleguer alles Guddes a bleift gesond.
Contact +352 2740 5858 6, Iernzwee L-6129 Junglinster
EST. 2019
D’Ekipp vum Bistro Lënster wënscht Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
AUERZÄITEN Op 7/7
SO - DO 11h - 23h FRI - SAM 11h - 0h
Réckbléck
D‘Highlights vum Joer 2021 an der Gemeng Jonglënster
GONNERENG
Den alen Hotel zu Gonnereng gouf ëmgewandelt an eng Struktur fir Demandeurs de protection internationale. Säit Mee wunnen do Famillje mat Kanner aus Eritrea, Syrien, dem Afghanistan an dem Irak
JONGLËNSTER
Strandfeeling zu Jonglënster: Op der Lënster Plage konnt ee sech iwwert de Summer fille wéi an der Vakanz
JONGLËNSTER
Un der Coupe Scolaire hu 70 Kanner deelgeholl, fir hiert Fuerverhalen um Vëlo ze testen