Sauerzeidung 392

Page 74

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Jonglënster wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Jonglënster Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Jonglënster

Re

itz

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d‘Gemeng Jonglënster den Alln ai dag an der Pandemie gemeeschtert, m Ro wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Mir sinn op eiser Gemeng an Zesummenaarbecht mam ganze Personal wärend der ganzer Zäit vun der Pandemie ganz gutt eens ginn a mat enger grousser Disziplin hu mir et gepackt erëm an den normalen Aarbechtsbetrib iwwer ze wiesselen. E grousse Rendez-vous war de Lënster Maart, dee wärend zwee Deeg am September an enger neier Form mat flotte Concerten a ville verschiddene Stänn stattfonnt huet. Do krute mir en immens gudde Feedback a mir schaffe schonn drun, fir et am nächste Joer nach besser ze maachen. Mir hunn de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen, well Integratioun an eiser Gemeng e ganz wichtegt Thema ass. Den neie Klimapakt wäert eis an den nächste Joren an alle Beräicher alles ofverlaangen. Donieft hu mir e Vëloskonzept ausgeschafft, dat all eis Dierfer an iwwer 40 km Vëlosweeër duerch d’Gemeng Jonglënster

74 SAUERZEIDUNG JONGLËNSTER

matenee verbënnt. An op de méi wéi 25 Wanderweeër an eiser Gemeng hänken elo Schëlder mat QR-Coden. Wann een déi scannt, kritt een e ganze Koup Informatiounen iwwert déi Plaz, op där ee grad dee Moment ass. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Eent vun de markantsten Erliefnisser am Summer waren di grouss Iwwerschwemmungen, déi net nëmmen d’Uertschafte laanscht déi grouss Flëss aus dem Land gepräägt hunn, mee och dat villt Waasser, dat eisen Awunner aus der Gemeng grouss Problemer a Schied bruecht huet. Immens grouss war di geliefte Solidaritéit ënnert de Leit, an dat huet een houfreg gemaach. De Leit vum CGDIS an eisem Regiebetrib soen ech e grousse Merci, dass si an Zesummenaarbecht dës oft schwéier Situatiounen exzellent geléist hunn. Mir sinn amgaangen e Konzept auszeschaffe géint de Staarkreen an hoffen domat den Auswierkunge vum schnelle Klimawiessel entgéintzewierken. Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Eise Gemengebuet, de Lënster MAG, kënnt an engem ganz neie Format eraus an an engem Layout, deen der haiteger Zäit entsprécht. E wäert nëmmen nach all zwee Méint publizéiert ginn, dofir awer méi e spannende Contenu wéi Reportagen an Interviewen enthalen. Och den Internetsite gëtt un déi haiteg Bedierfnisser ugepasst: Do


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook

Articles inside

LEBKUCHEN

1min
pages 110-111

SÜSSE KRÄNZE

1min
pages 112-113

TOPINAMBURSCHAUMSUPPE

2min
pages 108-109

KIERMESCRÈME

1min
pages 106-107

BÛCHE

2min
pages 104-105

LEBKUCHENMOUSSE

1min
pages 102-103

KLEINANZEIGEN Bitte, danke

6min
pages 100-101

ROUSPERT-MOMPECH

3min
pages 96-99

MANTERNACH

7min
pages 92-95

MÄERTERT

5min
pages 86-91

KONSDREF

6min
pages 82-85

JONGLËNSTER

8min
pages 74-81

MARONEN-APFEL-BROT

2min
pages 72-73

KASTANIEN-GNOCCHI

2min
pages 68-69

GRÉIWEMAACHER

12min
pages 36-47

BIWER

7min
pages 32-35

BETZDER

9min
pages 28-31

BEEFORT

3min
pages 26-27

BECH

8min
pages 22-25

BÄERDREF

5min
pages 18-21

FEIERLECHKEETEN

1min
pages 10-11

PROST OP IECH

1min
pages 8-9
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.